Déi nei politesch korrekt Sprooch fir eis Sozialisten

De „Figaro“ huet e puer politesch Positiounen vum neie, sozialistesche Premier, dem Här  Manuel Valls, resuméiert. Dat ass besonnesch praktesch fir eis LSAP – just fir si drunn zë hënneren, datt si Leit déi hei zu Lëtzebuerg eppes Aehnleches soen wéi den Här Valls (PS) als „Rietspopulisten“ bezeechent.

http://www.lefigaro.fr/politique/le-scan/decryptages/2014/03/31/25003-20140331ARTFIG00354-les-multiples-points-de-friction-entre-valls-et-la-gauche.php

Iwwer d’Roma seet de franséiche Premier zum Beispill:

«Ces populations ont des modes de vie extrêmement différents des nôtres et qui sont évidemment en confrontation» avec les populations locales, assure-t-il. Et de poursuivre, sur un ton musclé: «C’est illusoire de penser qu’on règlera le problème des populations roms à travers uniquement l’insertion». Le ministre estime que seule une minorité de Roms ont vocation à s’intégrer en France.“

An iwwer d’Auslännerwahlrecht bei de Kommunalwahlen (also mol net bei de Nationalwahlen!!!):

«Est-ce que c’est aujourd’hui une revendication forte dans la société française? Un élément puissant d’intégration? Non.“

Ech organiséieren gär Coursen fir onser LSAP déi nei politesch korrekt sozialistesch Terminologie bäizebréngen! Umeldung direkt hei um Blog!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wéi d’Regierung Bettel „spuert“

Well ech net wollt, datt dëse Bäitrag als Abrëlsgéck sollt verstaane ginn, hunn ech e bewosst nach en 31. Mäerz publizéiert. Ouni dëss Präzisioun kéint een déi traureg Realitéit leider ganz liicht mat engem humoristesche Bäitrag verwiesselen.

D’ADR huet an denen lëschte Wochen dat gemaach, wat eigentlech misst eng parlamentaresch Normalitéit sinn. Wéi schonn zioert huet si all eenzelne Minister a „seng“ zoustänneg parlamentaresch Kommissioun zitéiert fir do de Budget vu séngem Departement ze presentéieren an ze verdeedegen. Déi aner Parteien si bei dem Exercice leider bal ëmmer total passiv – sou als hätten si nach net verstaan wéi déi parlamentaresch Demokratie fonctionnéiert. Alléng an enger eenzeger Kommissioun hunn ech bis lo erlieft, datt d’Kolleegen vun der CSV ë bësschen manner lethargesch wéi soss woren an och e puer Froe gestallt hunn. Sollt si ieren enges Daags awer nach zu enger Oppositiounspartei ginn? Bis lo gëtt et leider nach net vill Hoffnung…

A wat eis Ministeren ugeet – déi schéngen déi Europäesch Kommissioun méi ze fäerten wéi hiert national Parlament. Och dat léisst e puer traureg Conclusiounen iwwer déi politesch Kultur hei am Land zou!

Gespuert gëtt bal néierens ausser bei der Arméi (do allerdéngs rücksichtslos a massiv), bei der Stroossebeliichtung, der Geschicht an der nationaler Identitéit vun eiser Heemecht, bei der Kierch a selbstverständlech bei de Familljen. Mir hunn eben eng Koalitioun vu lénken Dogmatiker a kéng vu verantwortungsvolle Politiker. Net gespuert gëtt dowéinst bei de Feministinnen, der Entwécklungshëllef, der Klima-Relioun a beim Gender an Homo-Sexualunterrecht fir déi aarmen Dräijähregen an de Crèchen.

Am Prinzip sollt all Departement 10% bei de lafende Käschte spueren („frais de fonctionnement„). Dat gouf natierlech meeschtens nëmme simuléiert, well reduzéiert goufen virun allem a reng nominell déi sougenannten „Crédits non limitatifs“ déi allzäit nees kënne gehéicht ginn. Politesch Akzenter huet dëss Regierung – ausser an denen scho méi wäit uewen opgezielte gesellschaftspoliteschen an ideologesche Froen – nach keng gesat. De Budget 2014 ass eng verpasste Chance. Eis Land brauch awer dréngend Reformen a ganz bestëmmt keng lénk Revoluzzer.

Haut hate mir an der baussepolitescher Kommissioun e besonnesch schéint Beispill vun där lénker „Spuer“-Logik. De sozialisteschen Entwécklungshëllef-Minister Romain Schneider huet déi 10% Reduktioun bei der ligne budgétaire 33.010 01.54 „Participation aux frais du cercle de coopération des organisations non gouvernementales et autres mesures visant à promouvoir la coopération au dévelopement“ gelueft.

Well 2013 e Kredit vun 330.000 fir dee „Cercle de coopération“ gestëmmt goufen (natierlech net vu mir!) an 2014 och nees genee 330.000 Euro op där selwechter Linn gefrot ginn, hat ech de Minister gefrot wou dann déi 10% Minus wären? Aentwert: de Cercle de coppération hat däitlech méi wéi déi Zomm gefrot an d’Regierung huet de Cercle de coopération op 330.000 Euro „rof verhandelt“….

Fir mech bräicht dee Cercle ganz sëcher keng 330.000 Euro aus Steiergelder an 10% Minus sinn natierlech par rapport zum Budget 2013 ze rechnen an net zu de Fuerderungen vun e puer para-staatlechen ONGen! Op där Budgetslinn däerften nach maximal – wann d’Regierung sech da géng selwer eecht huelen –  297.000 Euro stoen.

D’Logik an eisem Departement fir Entwécklungshëllef wor einfach ze schéin fir se net hei ze publizéieren – a bei en 1. Abrëll géng se ganz gutt passen!

Mathematesch präzis denkt eis Regierung sou: 330.000 – 10% = 330.000.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Gambia : awer kee Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht ?

An hirem Regierungsprogramm huet d’Gambia-Koalitioun scho ganz, ganz vir, op der Säit 6 ënner dem Titel « Renouveau démocratique » ugekënnegt, datt si e Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht wëll maachen . Hei ass dee betreffenden Auszuch aus dem « programme gouvernemental » :

« Ensuite, en 2015 le peuple sera consulté par voie de référendum sur des questions essentielles, notamment:

 – le financement des ministres des cultes ;

– les droits politiques des concitoyens non luxembourgeois ;

– la participation des jeunes dès l’âge de 16 ans au processus politique ;

– la limitation dans le temps des mandats ministériels.

 Fin 2015, après un premier vote parlementaire, le texte de la nouvelle Constitution sera soumis, selon la procédure constitutionnelle, à un second vote d’approbation par référendum. »

Do steet net ieren « vläicht » oder  eppes wéi « dat hei ass nëmmen eng indikativ Lëscht », nä do steet kloer an däitlech :  « sera consulté sur des questions essentielles notamment – les droits politiques des citoyens non luxembourgeois ». Do ass keng Ambiguitéit drann.

Dowéinst ass et besonnech interessant fir ze gesinn, wéi d’Gambisten schonn no honnert Deeg op Distanz zu hirem eegenen Regierungsprogramm ginn. Natierlech hunn si an der Tëschenzäit verstaan, datt si dee Referendum iwwer d’Auslännerwahlrecht verléieren a mat där Gewëssheet änneren si och hir Taktik. Demokratesch sinn déi lénk Parteien jo bekanntlech  nëmmen dann, wann et si arrangéiert.

A punkto Auslännerwahlrecht gëllt lo eng nei Sroochregelung. Hei si Beispiller :

Am Jeudi vum 20. März stoung dat hei :

« Le ministre de la Justice, Felix Braz, a précisé les vues du gouvernement en matière de réforme constitutionnelle : un référendum « sur questions de principe » – dont la liste sera fixée avec la commission parlementaire – aura lieu début 2015. »  

Am Wort vum 19. März houch et an engem Interview mam Här Braz:

« Die Liste der Fragen, über die das Volk zu entscheiden haben wird, steht noch nicht definitiv. Die im Regierungsabkommen erwähnten Fragen sind indikativ.»

De 15. März sot den Alex Bodry um 100,7 am « Riicht eraus »

http://www.100komma7.lu/files/10/2/248445_riicht-eraus.mp3

Bei ongeféier 85% op der Barre vun dësem Enregistrement stellt d’Journalistin, d’Madame Oppel, d’Fro nom Auslännerwahlrecht. Den Här Bodry freet sech ob e Referendum deen « eenzege Wee » ass fir un déi Fro run ze goen a wann een « ouni Referendum » kéint e Schratt an där doter Fro « weider kommen », so den Här Bodry, da « kann een doriwwer diskutéieren ».

Et gesäit also lo sou aus, als wéilten d’Gambisten dem lëtzebuerger Vollék  d’Auslännerwahlrecht ouni Referendum opzwéngen.

Aeddi Demokratie, wëllkomm an der Lénksdiktatur!

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

De Genosse Schulz on tour

D’LSAP huet houfreg bekannt ginn, datt de Genosse Schulz gëschter bei hinnen zu Besuch war:

 http://www.lsap.lu/lsap_ShowDoc_Pes-spitzenkandidat-martin-schulz-trifft-die-lsap-kandidaten.1945-27-2.html

D’Fro stellt sech natierlech wéi dat mat denen Aussoen vum Här Schulz an Aklang ze bréngen ass, no denen hien geng kloer tëschent senger Amtsféierung als President vum Europäesche Parlament a senger Aufgab als rosa-rouden Spëtzekandidat ënnerscheeden. Et gesäit genee sou aus als géng den Här Schulz op Käschten vum europäesche Budget, also och op Käschten vum lëtzebuergeschen Steierbezueler, seng Wahlkampftournee organiséieren.

D’LSAP hat him jo och gëschter zu engem schéinen „offiziellen“ Optrëtt hei an der Chamber verhollef. Emmerhin huet hien et fäerdeg bruecht eis Lëtzebuerger ze erzielen, datt mir eis Economie missten ëmstrukturéieren fir de Sozien ze gefalen, an hien huet och nach ze verstoe ginn, datt hien och vun enger Gläichberechtegung vun der lëtzebuerger Sprooch näicht hällt. Zu Befehl, Genosse Schulz? Mitnichten! 

Mä loosse mir realistesch sinn: inhaltlech gëtt et praktesch keen Ennerscheed tëschent engem Jean-Claude Juncker an engem Martin Schulz. Déi zwee stinn fir en zentralistesch a federalt Europa an dem eist Land gläichgeschalt gëtt.  CSV an LSAP sinn an der Europapolitik an der Substanz kaum vuneneen ze ënnerscheeden a keng vun denen zwou Parteien steet nach fir eis national Interessie riicht. Wen och nach mar wëll e  Lëtzebuerg an dem vereenten Europa gesinn, dee kann nëmmen fir en Europa vun de Natiounen antrieden.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Claude Turmes an déi schéin, gréng Schäiner

D’Madame Astrid Lulling, déi Damm déi d’CSV op eng ganz onfein Manéier vun hirer Lëscht écartéiert huet, huet jo scho méi wéi eemol op hirem Blog an op hiren Televisiounsclipen ganz spannend Informatiounen ginn.

Hei e Bäitrag vun der Madame Lulling iwwer d’Paien vun eisen Europadeputéierten den virun allem doduerch interessant ass well si iwwer dem Här Claude Turmes seng Remuneratioun schwätzt. Den Här Turmes wor, dësem Bäitrag no, bedeitend méi grousszügeg mat sech selwer wéi déi fënnef aner lëtzebuerger Europadeputéiert. Sou Saachen sinn  interessant ze wëssen, wann et ëm d’Glaafwierdegkeet vun  dene Grénge geet. Si si jo déi, déi denen Aneren permanent Waasser priedegen mae selwer léiwer Wäin drénken. Den Här Turmes kënnt an dësem Bäitrag vun der 6. Minutt un vir.

Ech verweisen hei zum Vergläich op dee Bäitrag op dësem Blog „D'“Erklärung vu Lëtzebuerg“- déi Gréng ruinéieren eis Economie“ mat engem Videomessage vum Här Bausch wou hien proposéiert, datt  d’Leit mol kéinten een- bis zweedausend Euro am Mount manner verdéngen mae sech dofir awer däerfen als Bénévole an der Gesellschaft engagéieren. Déi gutt Rotschléi kéint hien jo mol u seng eege Parteikolleegen viru ginn.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

E puer Deeg zu Washington

Ech hat déi onheemlech Chance fir d’lëscht Woch  zu Washington bei der CPAC kënnen dobäi ze sinn, der « Conservative Political Action Conference » déi all Joer vun der « American Conservative Union » organiséiert gëtt, Vereinfacht ausgedréckt ass d’CPAC eng riiseg Konferenz vun der Republikanescher Partei, déi ënner anerem dozou déngt fir d’Stëmmung an der Partei ofzeschätzen a méiglech republikanesch Presidentschaftskandidaten ze fannen.

Ech wor mat zwee briteschen Europadeputéierten an enger fréierer polnescher Bausseministech een vu véier europäesche Politiker déi hunn däerfen eng kleng Roll op där Riiseveranstaltung spillen. Meng Aufgab wor et op engem Diskussiounspanel iwwer d’NATO ze schwätzen.

Ech wëll op dëser Plaatz eigentlech nëmmen e puer éicht Impressiounen erëmginn, ouni allzevill Politik, well ech wor vun dëser Erfarung ganz einfach begeeschtert. Déi amerikanesch Parteikolleegen kënnen op eng beandrockend héig Zuel vun éichtklassegen Politiker a Riedner zréckgräifen. Wéi gutt huet et dach gedoen fir zë gesinn wéi an Amerika eng kloer Sprooch geféiert gëtt, däitlech Alternativen opgewise ginn an, aanecht wéi an Europa, net déi geréngsten Angscht virun dem lénke Gesinnungsterror ze spieren ass! Fir mech wor dat do eng inspiréierend an erfrëschend Rees. Pech fir déi gréng, lénk, rout a blo Guttmënschen !

Hei zu Lëtzebuerg gëtt jo alles gemaach fir de Patriotismus ze diskreditéieren an en als « Nationalismus » oder souguer als eppes Bronges duerzestellen, als eppes fir dat een sech misst schummen.  Abee bei den Amerikaner ass de Patriotismus eng héig Dugend – a bei mir och! O wéi schéin wor dach de « Ronald Reagan Dinner » (dee selbstverständlech och mäi Lieblingspresident wor!) ! Fir t’éicht gouf de Fändel mat militäreschen Eieren vu Kadetten vun enger ziviler (!) Militärakademie erabruecht, de Pledge of Allegiance gouf opgesot, d’Nationalhymn gesongen a dono gouf gebied – an dono eréicht gouf giess! Iwwer dem Iessen goufen dann och nach besonnesch couragéiert amerikanesch Zaldoten geéiert. Hei zu Lëtzebuerg gëtt bei engem Iessen fir t’alleréicht giess, dobäi gëtt dann iwwer déi puer Patrioten hirgefall déi et nach am Land gëtt, d’Arméi an d’Police ginn erof gemaach, d’Auslännerwalrecht an d’Homo-Bestietnis gi gelueft an d’Kierch gëtt lächerlech gemaach.  Vill vun eis Europäer passe ganz wonnerbar an dëss Beschreiwung : « full stomach and empty soul » !

Op der CPAC wor e Sall mat 100 Ausstellungsstänn als Niewendeel vun der Kongressorganisatioun virgesinn – an dorënner wor NET ENG feministesch Organisatioun, NET ENG Associatioun fir dat sougenannten « Homo-Bestietnis », NET ENG EENZEG Gruppéierung fir déi gréng Ideologie. Dofir awer sou schéin kontroverséiert an idealistesch Associatiounen wéi d’« Tea Party Patriots », d’ « National Rifle Association » a ganz vill Organisatiounen déi géint déi verréckten «political correctness » antrieden, déi amgaangen ass eis Fräiheet futti ze maachen. Wat ass et dach sou schéin fir  KONSERVATIV ze sinn !

A wat eng Freed wor et ze gesinn wéi déi amerikanesch Politikerinnen den idiotesche  Feminismus veruerteelt hunn! Si hunn en als dat entlarvt wat en ass : eng Taktik vun denen lénke Stréimungen fir d’Fraen als éiweg Affer ze stereotypiséieren, fir si mat Ligen ze verdommen, ze erniddregen  an ze  manipuléieren. Vun dem lamentablen, europäeschen Affergejéimers wollten déi republikanesch Fraen awer näicht wëssen an näicht héieren ! Eng Famill ass fir si dat héchste Gutt, e Beruff kann een dobäi och nach hunn wann een dann Loscht dorop huet. Houfreg, energesch, intelligent, couragéiert  a famiiljenorientéiert Fraen – dat sinn d’Republikanerinnen !  An dat Bild vun där houfreger, emanzipéierter, selwerbewosster, amerikanescher Fra huet och nach ganz gutt gepasst, datt e groussen Deel vun der « National Rifle Association » fest a weiblecher Hand ass – bis hin zum Schéissstand um Kongress.  Fir mech wor dat eng Iwwerraschung – ech si jo dru gewinnt, dat eis national Fraenorganisatiounen sech zënter op d’mannst fënnef Joerzéngten all Joer nei als Affer stiliséieren (« Opfer-Abo » nennt een dat jo mat Recht). Wat en Aarmutt a wat fir eng Schaan fir déi Fraen déi an denen Organisatiounen Member sinn!

Mae zréck bei d’Amerikaner. Mat Genoss konnt ech verfollegen wéi mat där hueler Klimawandel-Ideologie well opgeraumt gëtt. Dee Schwindel vum « global warming » gouf intensiv diskutéiert an an d’Dréckskëscht vun de geeschtege Verierunge gehäit. Dat konservativt Amerika kënnt nees a Bewegung! Dem President Obama seng Gesondheetsreform ass just nëmme nach an Europa populär – an Amerika ass se scho laang als e Fiasco entlarvt. Eng allgemeng Steierreform gëtt diskutéiert déi – niewebäi gesot – och Lëtzebuerg géng an Zuchzwang bréngen. Energiepolitik ass drop ausgeriicht där nationaler Economie ze déngen, an Europa maache mir dogéint eng Energiepolitik séi dozou déngt der nationaler Economie ze schueden.

Dat republikanecht Amerika gleeft u seng Stäerkt an u seng Roll an der Welt an d’Republikaner verlaangen dowéinst och méi grouss Militärbudgeten. Zu Lëtzebuerg gi mir geschaaten 0,000000000000001 % vum Budget fir d’Verdeedegung aus a reduzéieren dat lo nach méi. Mir liewen ebe gär sëcher – awer natierlech op Käschte vun eisen amerikanesche Frënn.

An Amerika ass e reliéist Land. Bei de Republikaner wore ganz vill chrëschtlech Associatiounen vertrueden a besonnesch och ganz vill Chrëschten déi géint d’Ofdreiwung antrieden.

Dat ech nees zu Lëtzebuerg ukomm war hunn ech gemierkt wou ech am Fliger d’Wort gelies hunn – mat säiteweis Artikelen iwwer Quoten an d’Benodeelegung vun de Fraen an eiser Gesellschaft…. Oh jeminee !!

Vive d’ « National Rifle Association », déi konservativ, republikanesch  Fraen a GOD BLESS AMERICA !

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

E faule Prozess

Wéi ville Leit geet et wuel an der Tëschenzäit sou wéi mir? Ech si vun dem Bommeleeërprozess därmoossen degoutéiert, datt ech scho laang domatt opgehal hunn en nach iergendwéi am Détail ze verfollegen. Viru kuerzem hunn ech gelies, datt de Me Vogel wëll de Groussherzog Jean héieren. Ech mengen, dat ass vläicht mol eng Geleeënheet fir ze froen wat dee Prozess iwwerhaapt bezweckt ? Op der Titelsäit vun enger Illustréierter ass dëss Woch deeselwechten Affekot ze gesinn mat enger Iwwerschrëft déi sënngeméiss seet dee Prozess wär well zu engem « politesche Prozess » ginn. Ass dat nach rechtsstaatlech ?  Wem gëtt dann hei de Prozess gemaach, denen zwee Ugekloten, sou wéi et eigentlech an engem Rechtstaat misst sinn, oder dem lëtzebuerger Staat ?

Jo, dee Prozess nervt mech. Wuelgemierkt net well ech Offizéier sinn an iergend eppes ze verstoppen hätt.  Ech sinn net de Bommeleeër an ech wees och net wen et wor.  Mä dee Prozess geet mir op de Su well ech den Androck hunn datt vill Leit dëse Prozess virun allem dofir benotzen fir sech selwer ze inszenéieren. A well egal wéi en topecht Bistrotsgespréich op egal wéi engem ënnerierdesche Niveau op eemol prozesswierdeg gëtt. Alles wat kann geholl ginn fir eise Staat, d’Offizéier, d’Gendarmerie, d’Arméi, d’Police, de Geheimdéngscht, d’Regierung, d’Monarchie a soss nach Corpsen oder Institutiounen ze beschiedegen schéngt hautesdaags fir gutt an nëtzlech befonnt ze ginn.   Jo, d’Affär Bommeleeër soll a muss opgekläert ginn, mä sou e Prozess wéi den do hunn eist Land a seng Institutiounen mat Sëcherheet net verdéngt.

An dee Prozess stéiert mech och nach well en an mengen An wichteg rechtsstaatlech Prinzipien verletzt.

D’Geriicht mecht gang kloer eng Instruktioun amplaz sech drop ze konzentréieren iwwer Schold oder Onschold vun denen zwee Ugekloten ze decidéieren. Dat bedeit eng Instruktioun ouni Untersuchungsriichter an ouni datt potentiell Ugekloten kënnen vun all hire Rechter Gebrauch maachen. Wéi ass et mat enger Enquête à charge et à décharge ? Wéi ass et mam Bäistand vun engem Affekot fir méiglech Verdächteger während der Instruktioun? Wéi ass et mam « secret de l’instruction » ? Wéi ass et mam Prinzip dat keen sech selwer muss beschëllegen? Firwat muss de Procureur général net ënner Eed aussoen ?  Wéi ass et mat Zeienaussoen ënner Eed vu Leit déi eventuell selwer iergendwéi kënne beschëllegt ginn a sief et nëmmen wéinst dem vollkommen iwwerzunnenen Gesetz vun der « entrave à la justice » – engem Instrument dat amgaangen ass zu engem « abus de la justice » ze ginn. Jo, ech soen et nach eemol : ech sinn e Géigner vun dem aktuellen Gesetz iwwer d’ « entrave à la justice » an ech hale näicht vum Här Procureur général senger Argumentatioun fir dat Gesetz ze justifiéieren. Och dat Gesetz bréngt a senger aktueller Versioun eng Rei vun rechtsstaatleche Problemer mat sech an ech si frou, datt ech an der Chamber dogéint gestëmmt hunn. Ech hätt gär, datt mir och hei am Land net iwwer dee franséiche Gesetzestext eraus ginn wat d’ « entrave à la justice » ugeet.

An dem Prozess stéiert mech onendlech vill. Als Offizéier stéiert et mech selbstverständlech och, datt vollkommen éierlech an integer Kolleegen do sou behandelt ginn als wären et Ligener wann si sech no drësseg Joer net méi un all Détail vun der Affär kënnen erënneren. Dat si si natierlech net.

An all normalem Rechtswiesen gëtt et en « délai de prescription », e räsonnablen Délai nodem besonnesch a kriminellen Affären net méi enquêtéiert gëtt well keng zouverlässeg Zeienaussoen méi méiglech sinn. Dat mënschlecht Gehier ass an denen allermeeschte Fäll net fäheg fir sech dorun ze erënneren, wat am Détail virun 30 Joer zum Beispill ën 3. Abrël owends um 22.46 Auer geschitt ass. Hei gëtt awer sou gemaach als wären nach viru kuerzem Bommen explodéiert an als missten d’Leit sech nach genee un alles erënneren. Abee, ech kann dat och net an ech gleewen och nach laang net jiddferengem den no 30 Joer mat sengem vermeintlechen Detailwëssen wëll optrompen.

Besonnesch d’Offizéier kréien all Méigleches virgehäit. Si hätten sech zëvill an d’Enquête « agemëscht » an gläichzäiteg hätten si sech net genuch engagéiert. Jo, wat dann lo? Iwwregens wor de Parquet fir d’Enquête zoustänneg an net de Corps vun den Offizéier. Et kënnt mir dacks sou vir als wéilt d’Justiz hir grujeleg  Inkompetenz an hir blamabel Inaktivitéit vun deemools hannert engem massiven « officer-bashing » verstoppen.

Oder soll hei bewosst d’Police als Corps sou demontéiert ginn, datt als Conclusioun  proposéiert gëtt, d’Police judiciaire nees dem Parquet ze ënnerstellen ? Zu sou Iddien an Tendenzen soen ech lo schonn Neen ! D’Justice huet als Drëtte Pouvoir an denen leschten Joerzéngten ëmmer méi Kompetenzen kritt an dat ouni all Gläichgewiicht a Kontroll. Ech halen et fir rechtsstaatlech vill besser a vill méi gesond der Police méi Kompetenzen duerch en anstännegt Polizeigesetz ze ginn a besonnesch bei der « Police administrative » kloer Grenzen tëschent der Police an der Justiz ze zéien. Hei am Land huet d’Police däitlech manner Kompetenzen wéi am Ausland an d’Justiz huet der däitlech méi. Dat misst corrigéiert ginn.

E puer mol hunn ech op dësem Blog scho gesot wat ech vun eenzelnen Aspekter vun dem Prozess halen. Déi Theorie vum « Stay behind » halen ech nach ëmmer fir komplette Blödsinn a sou Zeienaussoen wéi mir eis der an dem Kontext vum « Stay behind »  hu missen unhéieren spotten all Beschreiwung. Ech verstinn och net firwat net schonn am Ufank vum Prozess geklärt gëtt ob iwwerhaapt en zivilt Geriicht fir déi zwee Ugekloten zoustänneg ass. Ech tendéieren jiddefalls och mol dozou fir ze mengen, datt dee Prozess misst virun engem Militärgeriicht stattfannen.

Neen, wat fir en aarmséilege Prozess! Hei gouf souguer d’Gewerkschaftsfräiheet menacéiert doduerch, datt enquêtéiert gouf wen am Comité vun enger Gewerkschaft wéi eng Meenung zu engem bestëmmte Gesetzestext hat. A wou si mir dann? An enger Diktatur? Ass en Attentäter well den, den e bestëmmtent Gesetz net gutt fënnt ?

Ech déngen dësem Land zënter datt ech 18 Joer al sinn – an der Arméi, am Geheimdéngscht, am diplomatesche Corps an an der Chamber. Ech stinn zur Monarchie an zu eisen Institutiounen. Fir mech ass déi – néideg a wënschenswäert – Opklärung vun der Affär Bommeleeër awer absolut net dat selwecht wéi de Versuch fir eist Land a séng Institutiounen ëffentlech ze discreditéieren a systematesch ze demontéieren.

An ech stinn fest zu eisen amerikanesche Frënn an der NATO. Ech sinn hinnen op éiweg dankbar an denken net drunn si als « Yankeeën » ze proträtéieren wéi Eenzelner mengen et missen ze maachen.  Ech gesinn och näicht an iergend engem vun denen an der Press publizéierte Bréiwer dat iergendwellech obskur Verschwörungstheorien kéint ënnermaueren.

Eierlech gesot: dee Prozess ekelt mech. Maacht dach mol eng anstänneg Instruktioun vum Dossier ier Dir e Prozess ufänkt! Sicht a fannt de Bommeleeër! Mee léif Gottesmamm, léif Mamm do uewen, behitt dach wann-ech-gelift d’Lëtzebuerger Land viru bestëmmte Juristen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Sexualunterrecht an de Crèchen

Am Koalitiounsprogramm vun der Lénkskoalitioun steet, dat hei am Land och fir déi ganz Kleng soll  Sexualunterrecht ofgehale ginn. Wéi genee dee soll ausgesinn ass nach net gewosst. Op meng Nofro hin, huet den Här Meisch  just gemengt, e soll „altersgerecht“ sinn. Wat dat awer bei dräi- a véierjährege Kanner soll heeschen ass nach e blo-gréng-rout Geheimnis. Besonnesch den Unterrecht iwwer d'“identité sexuelle“ gëtt bestëmmt zu engem interessanten an altersgerechte Sujet bei denen ganz Klengen….. 

Hei ass den Auszuch aus dem Koalitiounsprogramm:

Au niveau du contenu de l’éducation non-formelle, l’attention portera également sur l’éducation au développement durable et à l’éducation sexuelle et affective qui sera axée aussi bien sur ses aspects biologiques que sur les aspects émotionnels et relationnels ainsi que sur les questions d’identité sexuelle.“

Emsou méi interessant gëtt et fir de Referendum an der Schwäiz ze observéieren. Déi lénkspopulistesch Spaweckssäit „tageblatt.lu“ huet dozou haut dësen Artikel publizéiert:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/europa/story/Referendum-zu-Sexualkunde-in-der-Schule-16327301

Mat dene Positiounen déi an dem Artikel beschriwwe sinn, kann ech mech zu engem gudden Deel identifizéieren. Erzéiung a Sexualerzéiung sinn un éichter Plaatz  eng Aufgab vun den Elteren, déi dat ganz selbstverständlech kënnen an däerfen no hiren eegene Wäertviirstellunge maachen.  De Staat muss mol nees seng Grenze kenne léieren an d’Famiilljen respektéieren. Hei ass eng gravéierend ideologesch Grenz tëschent lénken a  konservative Parteien: déi Lénk wëllen alles staatlech kontrolléieren an d’Fammillje schwächen, déi Konservativ wëlle manner Staat a méi Souveränitéit fir d’Fammilljen.  

Veröffentlicht unter Allgemein | 5 Kommentare

D’CSJ huet eng Chance verpasst

De Nationalkongress vun der CSJ wor am ablécklechen Zoustand vun der CSV natierlech e besonnesch interessante Rendez-vous.

An dene leschte Joeren wor d’CSV ëmmer manner als politesch Partei ze erkennen an si ass ëmmer méi zu engem Apparat fir d’Gestioun vun der Muecht ginn. Sou Begrëffer wéi „Zentrum“, „de gesellschaftlechen Enwécklungen Rechnung droen“ oder „an der Mëtt vun der Gesellschaft stoen“, déi u  sech näicht heeschen a vollkommen beliebeg interpretéierbar sinn, hunn hiren Diskurs, hirt Optrieden an hir Politik bestëmmt. Eng kloer  politesch Linn oder Positionnéierung wor net méi ze gesinn an en „CSV-Profil“ gouf et nëmme nach gedréckt.

 Bal véier Méint no de Walen ass d’CSV nach ëmmer net zu enger Oppositiounspartei ginn. Wann si awer fir de Wieler nees wëll attraktiv ginn, da kann si dat jo wuel kaum mat der Continuatioun vun dem ofgedroschenen Muechtgestiounsdiskurs vun denen leschte Joeren. Huel Floskelen an eidel Rieden kënne wuel net verstoppen, datt d’CSV zu enger Partei ouni Féierung an ouni Orientéierung ginn ass. Ob et nom méiglechen Départ vum Här Juncker wierklech soll besser ginn, ass alles anescht wéi sëcher. 

D’CSJ hätt lo kennen programmatesch Akzenter setzen. Mä si huet sech an dem geübt wat vläicht sënnvoll ass mä einfach net duergeet – si schwätzt iwwer d’Form amplaatz iwwer de Fong. Ob d’CSV lo intern Mediatiounsstrukture brauch sief dohigestallt (Kommentar: déi Aarmen!!!), mä wat wierklech wichteg wär, wär de Courage fir eng nei Linn ze fannen. Fir ze soen, wéi den Här Juncker dat sou gär mecht, datt de Gambia-Programm bal ganz dem CSV-Walprogramm entsprëcht, léisst jiddefalls mol déi legitim Conclusioun zou, datt d’CSV an hirem aktuellen Zoustand eigentlech programmatesch iwwerflësseg ass.  

D’CSV muss sech net nëmme bewegen, si muss sech nei fannen. Als ADR-Politiker freeën ech mech nëmme beschränkt iwwer de Chaos bei der C-Partei. Dem Land wär mat enger staarker Oppositioun gedéngt, eng Roll an där d’CSV am Abléck vollkomme verseet. An dat ass schued, well d’Oppositiounsaarbecht läit am Abléck haatsächlech op de Schëlleren vun der ADR. Déi Lénk spillen hir Roll als Reschtphänomen vun engem iwwerliewten, diktatoreschen Gesellschaftssystem a kënnen fir d’ADR kee politesche Partner sinn. D’Oppositioun, wëll se da staark sinn, muss also sou opgestallt ginn, dat eng punktuell Zësummenaarbecht tëschent ADR an CSV méiglech gëtt. Dobäi kann a muss all Partei hir spezifesch Roll spillen – wann d’CSV dann nëmmen eng hätt!

D’CSJ hätt lo kennen inhaltlech Akzenter setzen: z.B. net nëmmen dat Wuert „wäertkonservativ“ ernimmen, mä him och nees en Inhalt ginn. Doraus ass leider alt nees näicht ginn. Schued!      

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Chamber: d’Meenungsfräiheet ass hei am Land keng „dréngend Fro“ wäert!

Fir de Verbued vun der Manifestatioun vun de „Veilleurs“ géint d’Homosexuelle-Bestietnis mar an der Chamber kënnen ze thematiséieren, hat ech haut eng sougenannten „dréngend Fro“ un den Här Chamberpresident adresséiert.

http://www.adr.lu/question-parlementaire-libertes-dexpression-et-de-manifestation/

Et hätt mir wéi wéi wichteg geschéngt fir der Regierung Geleeënheet ze ginn fir an där aktueller Debatt Stellung ze huelen an d’Meenungs-an d’Demonstratiounsfräiheet hei am Land onmëssverständlech ze bekräftegen. Den Här di Bartolomeo (LSAP) huet d’Drénglechkeet vun där Fro awer net wëllen unerkennen, vläicht jo och – wann ech him gutt wëll – well den Datum vun där verbuedener Demonstratioun schonn vergaangen ass. Awer och aner Explikatiounen schéngen mir plausibel, zemools wann een jo wees, datt eng Debatt iwwer d’Homo-„Bestietnis“ hei am Land mat alle Mëttelen soll verhënnert ginn. 

Ech kann déi Decisioun nëmme bedaueren, well mat Recht am Ausland thematiséiert gëtt, datt eng Manifestatioun déi a villen europäesche Stied ganz selbstverständlech autoriséiert gouf, hei zu  Lëtzebuerg e.a. mat dem haarsträubenden Argument vun der Fleg vun der Kinnékswiss net erlaabt gouf. Et däerf een sech jo wuel froen, wéi déi international Communautéit geng reagéieren wann z.B.  zu Moskau eng „Gaypride-Parad“ géng verbuede ginn, well d’Wis kéint beschiedegt ginn?  Wéi geng eis Gambia-Koalitioun da wuel sou en Argument bewäerten? 

Ech sinn iwwerzeegt, datt hei zu Lëtzebuerg en Event vu Rosa Lëtzebuerg oder aneren Associatiounen fir d’Homo-„Bestietnis“ nimols verbuede gi wär. D’Ministeren an d’Buergermeeschteren wären bei sou enger Manifestatioun net méi ze ziele gewiecht.  Mä hei am Land ass et jo well sou, datt déi traditionell Familljen mat Kanner solle finanziell benodeelegt ginn, an datt déi Leit déi zësummen op natierlechem Wee mat Sëcherheet keng Kanner kënne kréien, lo solle Fammiljerechter kréien. No wéi enge politeschen Prioritéiten mat wéi enge politeschen Absichten gëtt hei gehandelt?

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare