De Bobo: „Bourgeois-bohème“

Wou den Här Philippe Arino hei zu Lëtzebuerg geschwat huet (en Artikel zu dem Thema ass op dësem Blog) hat hien och iwwer e Phänomen referéiert dat ech bis dohin iwwerhaapt net kannt hunn: de „Bobo“ (Bourgeois-bohème), dee gutt situéierte Wuelstandsbierger mat enger politesch lénker Mentalitéit. Dee Begrëff huet mech direkt interesséiert well eng grouss Partie vum lénken Elektorat an Europa sou kéint beschriwwe ginn.    

 http://fr.wikipedia.org/wiki/Bourgeois-boh%C3%A8me

Niewent dem Yuppie an dem Nimby also lo de Bobo, et léiert een ni aus! Den Här Arino huet eng Rei Verhalensweisen vum Bobo beschriwwen, de Globetrotter, de Guttmënsch, den urbanen Naturverléiften  mee och den dee Ritualer gär huet ouni awer dobäi hire sakrale Charakter ze akzeptéieren. De Bobo ass nämlech de Mënsch vun eidele Ritualer, dee mat „ville Käerzen bei der Buedbidden“, dee mat „integréierenden“, synkretesche reliéise Virstellungen nom Motto: „tout est rituel, rien n’est sacré„. Den Här Arino hat zum Beispill eng wierklech Hochzäit beschriwwen op där hien invitéiert wor a bei där den Ouchterritual vum Käerzenufänke kopéiert gouf – ouni iergend eng reliéis Referenz. 

Den Här Arino huet op senger Spaweckssäit e „Code Bobo“ publizéiert an dem hien e puer typesch Verhalensweisen schematesch presentéiert. Ech fannen déi Iddi interessant well si et erlabt méi séier a besser op verstoppte Propaganda an de Medien opmierksam ze ginn.

http://www.araigneedudesert.fr/decryptage-de-la-propagande-bisexuelle-bobo-actuelles-50-codes/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Ministeren-Coupe: Lëtzebuerg – USA 18:18

Gutt, e bësschen polemesch ass dat schonn. Lëtzebuerg huet 15 Ministeren an d’USA och. Mir hunn och nach 3 Staatssekretären a bei den USA kéint ee nach bei de Leit mat „Cabinet-level“, de Vize-President, an d’Chefen vun Environment a vum Small business dobäi rechnen, da wär et 18:18.   

http://en.wikipedia.org/wiki/Cabinet_of_the_United_States

Gambia wees also wéi grouss dat eist Land ass a wat et brauch!  Mat 32 Deputéierten,  18 Ministeren an engem EU-Commissaire hunn si e wonnerbare Carrières-Ratio opweises (32:19!). Dat ass scho mol gelieften Sozialpolitik fir déi lénk Clientèle. Mir aner bezuelen dat, finanziell a virun allem och politesch.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Argentinien: feministesche Mob gräift kathoulesch Männer un

An Argentinien huet Enn November e radikale feministesche Mob wëllen eng Kierch stiermen. E Grupp vu Männer hunn d’Kierch wëlle beschützen an hunn sech rondrëm opgestallt a gebied. Si goufen dowéinst verbal a kierperlech ugegraff. Eng Figur déi de Poopst soll duerstellen gouf vun de Feministinnen verbrannt. Zweck vun dem Ganzen wor eng Demonstratioun fir d’Ermuerdung vun ongebuere Kanner. D’Police huet net agegraff.  

Eng interessant Episod fir déi déi sech beruff fillen vu sexistescher Gewalt ze schwätzen! D’Feministinnen weisen ëmmer méi wéi si wierklech sinn.

http://www.avoiceformen.com/feminism/feminist-violence/this-is-how-disgusting-that-feminists-really-are

http://canadafreepress.com/index.php/article/59579

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wéi d’tageblatt manipuléiert

D’tageblatt huet haut en Artikel mam Titel „Umdenken in Gefahr“ publizéiert. Et ass natierlech nees eng reng Propaganda fir d’Homo-„Bestietnis“ an dem den Aspekt vun de Rechter vun de Kanner wéi ëmmer komplett ausgeblennt gëtt.

Mee d’tageblatt wär net d’tageblatt wann et a senger Argumentatioun éierlech wär. Nodem et puer Zuelen zum Homo-Bestietnis an Europa genannt huet (déi ech net verifizéiert hunn, mee un denen ech awer zweifelen) schreift et: „Diese Zahlen sind angesichts der EU-Grundrechtecharta, die ein Verbot der Diskriminierung aufgrund des Geschlechts enthält, enttäuschend.“

Et seet awer net wat zu dem Thema wierklech an der Charta steht, nämlech dat hei:

http://www.europarl.europa.eu/charter/pdf/text_de.pdf

Artikel 9

Recht, eine Ehe einzugehen und eine Familie zu gründen

Das Recht, eine Ehe einzugehen, und das Recht, eine Familie zu gründen, werden nach den einzelstaatlichen Gesetzen gewährleistet, welche die Ausübung dieser Rechte regeln.“

Et ass also ausdrécklech un de Memberstaaten fir festzeleeën wen sech däerf bestueden an eng Famill därf grënnen a wen net. Dat gouf extra an explizit an engem getrennten Artikel vun dem iwwer d’Diskriminéierung (Art. 21) festgehalen.  Dont acte. 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Berlin-Kreuzberg: keng ëffentlech chrëschtlesch Feieren?

Déi rout-gréng Regierung zu Berlin-Kreuzberg wëll anscheinend „keine religiöse Selbstdarstellung auf öffentlichen Flächen„. De „Chrëschtmaart“ gouf eréicht erlaabt wou e „Wantermaart“ genannt gouf. Sou gëtt et mol an de Medien duergestallt.

http://www.bz-berlin.de/thema/schupelius/kreuzberg-weihnachts-und-ramadan-verbot-article1728757.html

Op dësem ZDF-Bäitrag ass e Pirat de Vertrieder vun der reliounsfeindlecher, lénker Programmatik: 

http://www.zdf.de/Peter-Hahne/Kreuzberg-ohne-Weihnachten-29731236.html

Op der Spaweckssäit vu Friedrichshain-Kreuzberg steet allerdéngs eppes anecht. Do gëtt behaapt déi Reportagen an de medien wäre falsch:

http://www.berlin.de/ba-friedrichshain-kreuzberg/aktuelles/pressemitteilungen/archiv/20130903.1735.388805.html

Wou lo genee d’Wouerecht läit wees ech net. Zu Berlin selwer ass d’Situatioun anscheinend och net ganz duerchsiichteg:

http://www.bz-berlin.de/thema/schupelius/frau-herrmann-streitet-weihnachtsverbot-ab-article1731846.html

Tatsaach ass awer dat déi lénk Faschisten ëmmer méi d’Fräiheet vu reliéise Mënschen – virun allem vun de Chrëschten –  aschränken. 

Och de Koalitiounsprogramm vun de Gambisten hei zu Lëtzebuerg ass voll vu reliounsfeindlechen Elementen. Mir mussen eis endlech wieren – och hei zu Lëtzebuerg!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wou steet d’CSV haut?

Haut, ronn 6 Wochen no de Walen, huet d’CSV no baussen nach keng Zeeche gesat. Den Här Wolter wollt zwar net méi Parteipresident sinn fir méi Jonken Plaatz ze maachen, mä ob den Här Spautz déi Conditioun zëfriddestellend erfëllt däerf bezweifelt ginn. Eng personell Erneierung ass dat a mengen An net. Déi moderat Kritik vun Deeler vun der CSJ um Här Juncker gouf direkt erstéckt. Mä datt den Här Juncker als Fraktiounschef allerhéchstens eng Iwwerganksléisung si kann, bezweifelt wahrscheinlech keen an där Partei.

De Problem vun der CSV ass en duebelen. Si ka keng glaafwierdeg Oppositioun maachen obwuel si dat misst, wëll si a) programmatesch ganz no bei Gambia steet a b) e groussen Deel vun denen aktuelle Problemer direkt oder indirekt ze verantworten huet. Ouni personell a programmatesch Erneierung ass d’CSV ganz einfach en doudegt Schwéiergewiicht. Déi Episod ëm dem Här Juncker seng Roll an der SREL-Kommissioun ass dofir e gutt Beispill. De Fraktiounschef vun där gréisster Fraktioun ka seng Aufgaben vun Ufank un net erfëllen. Sou geet et net!

D’Wort hat de 29. November en Artikel vum Här Jochen Zenthöfer, engem däitschen „Polit-Analyst“, mat dem Titel „Die CSV muss ihre Haltung erneuern“ publizéiert. Den Här Zenthöfer huet Recht! Mee déi ganz Problematik huet hien – wahrscheinlech ouni et ze wëllen – a sengem Artikel perfekt demonstréiert. Hien zitéiert den Här Biltgen, nach als Parteipresident,  mat de Wierder: „Nous sommes un parti conservateur, dans le sens où nous respectons des valeurs et des principes“. An dat vun dem selwechten Här Biltgen den d’Gesetz iwwer d’Homo-„Bestietnis“ virbereed huet! Des principes et des valeurs? Lesquels? Ceux de la  gauche? Certainement pas les principes conservateurs! Déi stinn nämlech am Programm vun der ADR.

D’CSV huet nach e ganz, ganz wäide Wee virun sech. Mam Här Juncker a mam Här Spautz kritt si sech net verännert. Ob den Här Wiseler déi néideg Kraaft huet, fir aus der Interessevertriedungs-an-wäit-lénks-vun-der-Mëtt-CSV nees eng Partei mat engem erkennbare Profil ze maachen muss een ofwaarden.

Ech mengen, datt d’CSV hir Chance ob eng politesch Zukunft riskéiert ze verléieren, wann si sou profillos an oninteressant bleift wéi si et elo ass. Si steet op där falscher Plaatz am politesche Spektrum a verspillt hir Chancen op e Come-back wa si sech net geschwënn grondleeënd a Fro stellt.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Homo-„Bestietnis“: Kroatien seet NEEN!

Kroatien huet de Wee gewiesen, Bravo! 

http://m.welt.de/article.do?id=politik/ausland/article122453914/Kroaten-stimmen-gegen-die-Homo-Ehe&cid=politik

An dëser Fro geet et em d’Rechter vun der Famill a vun de Kanner. A Frankräich wär e Referendum bestëmmt och géint déi Homo-Bestietnisimitatioun ausgaangen.

Firwat hu mir net och e Referendum iwwer d’Homo-„Bestietnis“ zu Lëtzebuerg? 

Vill Medien weisen  sech natierlech entsat. Déi menge jo haut si wäre selwer eng Zort Politiker an amplaatz objektiven a kritesche Journalismus ze maachen ënnerstëtzen si oppen déi lénk Ideologie. Dësen Artikel vun der „Presse“ weist dat däitlech:

http://diepresse.com/home/politik/aussenpolitik/1493037/Referendum-in-Kroatien_Fast-zwei-Drittel-gegen-HomoEhe

Jiddefalls soll Gambia och méi Referenden a gesellschaftspolitesche Froen zuloossen! A virun allem och beim Homo-„Bestietnis“!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bravo, Coplaning!

Op eng virbildlech Manéier huet déi Firma Coplaning op déi Kritik reagéiert déi ech géint hir „Santa Claus“-Reklammen am Kontext vu Chrëschtdag hat.

Ech wëll, mat der frëndlecher Erlabnis vu „Coplaning“. hei d’Reaktioun vun där Firma publizéieren a soen hir ausdrécklech Merci fir hir Versteesdemech an hir Entgéintkommen: 

Sehr geehrter Herr Kartheiser,

wir danken Ihnen für Ihre ehrliche Kritik. Selbstverständlich hat jeder das Recht seine Meinung zu äußern. Das ist sehr wichtig für unsere Kultur.

Mit „ho ho ho“ wollten wir in keinster Weise den „Kleeschen“ oder das „Chrëschtkëndchen“ gering schätzen. Ganz im Gegenteil.

Unser Unternehmen ist auf grundsoliden Werten aufgebaut. So sind gerade der Respekt neben der Ehrlichkeit, de Hilfsbereitschaft und der Zuverlässigkeit unsere 4 Unternehmenswerte, auf denen sich alles weitere aufbaut.

Das „ho ho ho“ ist ein typisches Element der Werbesprache, daher haben wir es, ohne dem weitere Bedeutung zuzumessen, benutzt. Wir haben direkt nach Ihrer Kritik diesen Passus von unserer Homepage genommen.

Entschuldigen Sie bitte, wenn wir hiermit ein unpassendes Wort benutzt haben.

Für COPLANING und alle Mitarbeiter ist das christliche Weihnachtsfest, der Geburt von Jesus Christus und das damit verbundene traditionelle Brauchtum sehr wichtig. So haben wir unseren Ausstellungsraum gemäß dem hiesigen Brauchtum geschmückt, um die Menschen auf diese Zeit einzustimmen, einmal inne zu halten, sich der christlichen Religion zu erinnern und auch an andere Menschen zu denken.

Auch unterstützen wir jedes Jahr soziale Einrichtungen und denken auch mit umfangreicher finanzieller Förderung von in Not lebenden Kindern an die Schwächsten in unserer Gesellschaft.

Mit HERZlichen Grüßen aus Junglinster

Werner P. Carl
Geschäftsführer“
Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi zweet Konferenz vu Messina

Dëse Week-end hat ech déi grouss Chance bei där zweeter Konferenz vu Messina kënnen dobäi ze sinn. Bei där éichter, déi an dem selwechten Hotel an – souwäit ech weess – souguer an dem selwechte Sall wor an vum 1. bis zum 3. Juni 1955 gedauert hat, wor Lëtzebuerg nach duerch den  Här Bech vertrueden ginn.

http://de.wikipedia.org/wiki/Konferenz_von_Messina

Déi Kéier woren déi europäesch konservativ Parteien zësummen an ech hat déi grouss Eier fir d’ADR däerfen ze representéieren. Et louch dene briteschen, konservative Kolleegen um Häerz fir mat hiren europäesche Schwësterparteien eng Rei vu Méiglechkeeten a Szenarii ze diskutéieren, déi fir en eventuellen briteschen Austrëtt aus der EU géngen a Fro kommen.

Interessant wor och d’Präsenz vum Här Professer Antonio Martino, engem italieneschen Universitéitsprofesser a Politiker, dem säi Papp, den Här Gaetano Martino Italien bei där éichter Konferenz vu Messina vertrueden hat.

Säi Bouf, ën intellektuell brillanten Akademiker, den well och scho emeritéiert ass, gouf net midd aus dem Gediechtnis vu sengem Papp ze erzielen a festzestellen, datt déi Europäesch Unioun, sou wéi si sech entwéckelt huet, näicht méi mam Projet vun de „pères fondateurs“ ze dinn huet. Am Här Martino sengen An, an net nëmmen a séngen, huet d’EU de Geescht vu Messina verroden.

http://www.dailymail.co.uk/debate/article-2516676/Could-moment-tide-history-turned-EU.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Coplaning mecht de Géck mat eiser Kultur an der Relioun

Déi Firma Coplaning vu Jonglënster gehéiert zu denen déi Chrëschtdag, sou wéi mir et hei feieren, verspotten. Mat Ho! ho! ho! gëtt de Santa Claus imitéiert, dee weder eppes mam Kleeschen nach eppes mam Chrëschtkëndchen ze dinn huet.

Chrëschtdag ass eng Fënster op d’Erléisung an dat éiwegt Liewen – keng op de Gaard doheem. 

http://www.coplaning.lu/live/news.html

Ech erwaarde mir vun enger lëtzebuerger Firma e bëssche méi Respekt vir eise Brauchtum a fir de Glaawe vun de Mënschen déi Chrëschtdag nach eecht huelen. Coplaning huet selbstverständlech dat Recht sou Reklammen ze maachen wann si sech dovun e kommerziellen Erfolleg erwaarden, mee ech huele mir dat Recht raus dat ze kritiséieren. Dat nennt een ebe Meenungsfräiheet fir déi eng wéi fir déi aner!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar