Wat wëllen déi meeschte Fraen? Eng traditionell Famill!

Déi Dammen Feministinnen an hir männlech Schoussmippercher ignoréieren mat hire Gesellschaftsutopien d’Wënsch vun där grousser Majoritéit vun de Fraen. Dat ass mol dat – fir mech – net iwwerrraschend Resultat vun enger neier Etüd. D’Realitéit ass, datt vill Fraen sech wëllen ëm hir Famill këmmeren a vun de Männer erwaarden d’Famill ze erhalen. Sou wor et ëmmer, sou ass et richteg a a sou soll et och bleiwen. 

Dee Liewensentworf den de Frae vun de Feministinnen gepriedegt gëtt, nämlech den fir d’Männer ze imitéieren, hir Weiblechkeet ze verleegnen an eng sougenannte „Carrière“ ze maachen,  iwwerzeegt vill Fraen net (vill Männer souwisou och net).

Selbstverständlech gëtt et Fraen (a Männer) déi duerch d’Liewensëmstänn net kënnen no dem traditionelle Familljebild liewen, och wann si dat wéilten. Den Dout vun engem Partner,  eng Trennung oder Scheedung sinn do meeschtens d’Uersaachen.  Sou Situatiounen si natierlech ganz aanecht ze beuerteelen, wéi déi feministesch Propaganda.    

Jiddefalls ass et e Genoss sou Etüden ze liesen an et ass verdrësslech ze gesinn, datt all déi lénk Politiker net capabel sinn fir déi richteg Conclusiounen ze zéien.  Déi sinn: déi traditionell Famill konsequent ënnerstëtzen, de Mammen erméiglegen doheem ze bleiwen fir d’Kanner ze erzéien wann si dat wëllen, nees déi traditionell Rollebiller vermëttelen virun allem och an de Schoulbicher, keen Gender-Mainstreaming oder aner ideologesch Perversiounen an der Politik. A wéi gesot, déi déi alleng mat engem Kand sinn, aus denen genannten Uersaachen, verdéngen och gehollef ze kréien. De Referenzpunkt ass ëmmer den „intérêt supérieur de l’enfant“. 

Alles wat de Staat ka maachen fir d’Chancegläichheet ze garantéieren ass scho laang geschitt: d’Fraen a Männer hunn Zougank zu alle Studien, Ausbildungen a Beruffer. Aus der Beruffswiel vun de Mënschen, hire Liewensvirstellungen, hirer Privatsphär an hirem Familljeliewen soll de Staat sech raushalen. Seng Aufgab besteet doran déi traditionell Famill ze schützen a si ze ënnerstëtzen.  

http://www.spiegel.de/karriere/berufsleben/studie-rollenverstaendnis-heute-konservativer-als-in-den-neunzigern-a-935522.html

 http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/menschen-wirtschaft/studie-karriere-zaehlt-mehr-als-frau-und-kind-12679063.html

http://corporate.vorwerk.de/de/presse/presseinformationen/?detail=32597&parent=101&activeTab=2013

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Solle mir d’Cargolux wierklech un den Henan ginn?

De Cargolux-Deal ass e komplizéierten Dossier vun dem ech iwwer den Detail net informéiert sinn. Also well ech och net vill doriwwer soen, ausser eppes: ech mengen mir sollten eis e Partner sichen den sou eppes wéi e funktionéierende Rechtsstaat huet.

Am Projet vum Vertrag den RTL publizéiert hat steet bei „Governing law and settlement of disputes“, datt dat chinesescht Gesetz gëllt. Ech hat geduecht, ech hätt net richteg gelies…..

http://news.rtl.lu/news/national/475769.html

Hei schéngt déi lëtzebuergesch Regierung ganz schlecht iwwer den Zoustand vun der Justiz a China, a besonnesch an der Provënz Henan, informéiert ze sinn.

Vläicht sollte mir mol just hei ee Beispill vun de Mënscherechter an där Regioun ginn, datt vun den HIV-Infizéierten. Eventuell liest jo den een oder aneren dësen Artikel den sech dann och mol freet ob d’Cargolux grad do juristesch gutt opgehuewen ass, wou et iwwerhaapt keng Onofhängegkeet vun der Justiz ass, wou d’Politik nach ëmmer arbiträr kann decidéieren a wou et keng Virstellung vun de Mënscherrechter gëtt. Wat hu mir do géintiwwer dem Qatar gewonnen?

D’Fro muss erlaabt sinn, ob d’Regierung sech bei dëse Verhandlungen genuch iwwer d’Zoustänn a China a speziell am Henan informéiert huet.

http://www.ntd.tv/en/news/china/20111130/67864-former-health-official-calls-for-henan-hiv-scandal-probe.html

 http://www.rfa.org/english/news/china/aids-08292012150012.html 

http://fr.wikipedia.org/wiki/Gao_Yaojie

http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/asia/china/9710656/Chinas-Aids-crisis-lingers-over-countrys-new-leaders.html

Niewent dem Zoustand vun der Justiz, schéngt et mir och sou ze sinn, datt d’Regierung relativ naiv ass wat d’Risiken beii der laangfristeger Entwécklung vun de Geschäftsmethouden an dësem Fall sinn.

Ech géng der Regierung roden, mol nach no anere Partner ze sichen, inclusiv a Russland.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi „politesch Korrektheet“ – eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet!

Eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi vun der Mentalitéit vun der politescher Korrekteet dominéiert. Sou eng Entwécklung kann ech nëmme ganz beschränkt akzeptéieren. Souwäit sech de Sproochgebrauch drunn orientéiert fir héiflech ze sinn a keen muttwëlles ze beleedegen, ass jo alles an der Rei. Dat ass net „politesch korrekt“ mee einfach nëmme manéierlech.

Mee d’Verdréinen vun objektive Wouerechten, den Zwank kee méi däerfen ze kritiséieren (ausser dene wäisse, kathoulesche Männer natierlech), an d’Nët-Soen-däerfen  vu ville Wouerechten ass fir mech op kee Fall akzeptabel. Genee sou mann wéi déi Manie vu verschiddene Lobbyen fir sech dauernd als „Affer“ ze gesinn oder sech „beleedegt“ ze fillen, soubal een se kritiséiert.

Déi däitsch „Gesellschaft fir déi däitsch Sprooch“ hat dat Wuert „Opfer-Abo“ zum „Unwort des Jahres“ declaréiert, grad sou als däerften e puer Leit eis erlaben wéi ee Wuert mir däerfe benotzen a wéi eent net. Ech fannen dee Begrëff vum „Affer-Abo“ souwuel witzeg wéi och zoutreffend.

An dem Artikel den ech haut hei publizéieren, ginn zu dem Thema e puer wonnerbar Beispiller bruecht. Wann e Kand net gezillt ass an sech behëllt wéi e Schwäin, da gëllt et haut als „verhaltensoriginell„. D’Feministinnen probéieren jo zënter Joeren déi ganz Schrëftsprooch ëmzeformen fir datt si hinne passt. Ech hoffen, datt dee Spuk riwwer ass, wa mol nees méi intelligent, also konservativ Parteien d’Soen an Europa hunn.  Enner dem Drock vun de Homosexuellelobbyen ginn de „Papp“ an d'“Mamm“ an eisem Code Civil duerch „Elter 1“ an „Elter 2“ ersat – eng Ligen géint déi mënschlech Natur. All Kritik um Islam an un der Scharia – a Gott wees (eisen, also dee richtegen, mol op jiddefall), datt et genuch Uersaache gëtt fir déi Relioun an de politeschen a juristesche System den ënner dem Begrëff „Islam“ subsuméiert gëtt ze kritiséieren.  Och eng Kritik um Islam loossen ech mir net verbidden.  

Genee sou mann wéi den Humor. Ech brauch keng staatlech oder journalistesch Kontrollinstanz fir iwwer d’Qualitéit oder d’Opportunitéit vun engem Witz ze jugéieren. Dat kann ech selwer. Et gëtt hei am Land Leit, déi e Witz wëllen mam Code Pénal bestrofen. Déi därfen sech lo scho freeën, jauchzen a frohlocken well „Selig sind die Armen im Geiste, denn ihrer ist das Reich der Himmel“. Häerzlech Felicitatiounen a gutt Rees! 

Loosse mer et kloer soen: de Kampf géint déi „politesch Korrektheet“ ass e Kampf fir eis Fräiheet: d’Fräiheet vun der Meenung, vun der Ried a vum Gewëssen. An zum Däiwel (well, jo, och dee gëtt et) mat denen, déi mengen si kéinten eis déi Fräiheete wech huelen!  

http://diepresse.com/home/meinung/gastkommentar/389289/Die-politische-Korrektheit-ist-politisch-nicht-korrekt

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Eng komesch Formuléierung, Här Bettel!

Op RTL huet Dir gemengt, Dir géngt dem Grand-Duc déi Informatioune ginn vun denen Dir géngt mengen, datt de Grand-Duc och d’Recht hätt si ze kréien.

Hutt Dir vläicht scho vergiess, datt Dir amgaange sitt dem Groussherzog Seng Regierung ze forméieren an net Aer? Hutt de Groussherzog vu Lëtzebuerg vläicht an Aeren An net dat selbstverständlecht Recht ALLES gewuer ze ginn, wat am Zësummenhank mat der Regierungsformatioun geschitt?

Hutt Dir vläicht scho vergiess wen Iech zum Formateur ernannt huet? Här Bettel, déi éicht Flicht vun engem Minister, engem „Dénger“ (lat. ministrare) am richtege Sënn vum Wuert, ass d’Bescheidenheet!An Aer Flicht ass och nach d’Loyalitéit géintiwwer eisem Staatschef!

Eng Oktoberrevolutioun geet méi wéi duer, mir brauchen lo net och nach e Putsch.

http://replayaudio.newmedia.lu/2013/11/26/d2cfc428b106a12cf719fbf1ccf9dc7e.mp3

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Trennung vu Kierch an CSV

Hat déi kathoulesch Kierch dann d’Walprogrammer vun de Parteien net gelies? Oder huet si geduecht d’Walen génge just drëm goen, wen déi Schéinsten am ganze Land ass?

Déi Naivitéit mat där d’Kierch op d’Koalitiounsverhandlunge reagéiert, léisst mech perplex.

http://www.wort.lu/de/view/katholische-kirche-not-amused-52938404e4b0f8040cceafaf

Obwuel ech mat der Gambia-Reliounspolitik  absolut net d’accord sinn, denken ech, datt d’Kierch muss erkennen datt si eng Matschold un där Entwécklung huet an awer gläichzäiteg och,  datt dëss Entwécklung eng Chance fir si ka sinn.

Matschold, well d’Kierch lo och d’Rechnung kritt fir hir ultraparteiesch-eesäiteg Parteipolitik. Et gouf zënter Joerzéngten hei am Land keen Ennerscheed méi tëschent der Kierch an der CSV – wéinstens kee no baussen perceptiblen – a Moosnamen géint Kierch sinn dowéinst och ëmmer als Moosnamen géint d’CSV geduecht. Mit gegangen, mit gefangen, mit gehangen.

– D’Wort wor ni eppes anecht wéi d’CSV-Parteizeitung. Rezentste Beispill: Walkampf 2013.

– No den CSV-Statuten ass d’Wort an de Parteigremien vertrueden (och wann et net ëmmer präsent ass).

–  D’Kierch huet de Widderstand géint d’Euthanasie vun haut op mar opginn, wou si vun der CSV zréckgepaff gouf.

– D’Kierch huet kee Widderstand géint d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung geleescht, well d’CSV dat Gesetz mat gedroen huet. Eng blamabel Doutsënn! D’Quizfro vum Dag fir den Här Aerzbëschof: Wen hat scho méi gesot: „Du sollst nicht töten!“? 

– D’Kierch leescht kee Widderstand géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“ – an dat géint hir eege Léier! –  well d’CSV dat Gesetz selwer virbereed huet.

Sou eng Kierch ka jo wierklech kee méi eecht huelen. Si priedegt d’CSV amplaatz den Härgott.

D’Kierch wär also lo méi wéi gutt beroden, déi richteg Léieren ze zéien.

Si soll

1. Sech zréck op déi réimesch-kathoulesch Relioun besënnen an zu där stoen – ouni  feig politesch Kompromësser. Sou gëtt d’Kierch nees glaafwierdeg.

2. Si soll eng Aequidistanz zu alle politesche Parteien flegen: luewe wat si gutt fënnt a kritiséieren wat dem Glaawen net entsprëcht.

Dat ass déi Chance déi déi aktuell Situatioun der kathoulescher Kierch schenkt. Si soll se notzen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wéi juddefeindlech ass d’tageblatt?

No dem Interview mam Här Michael Deas den d’tageblatt de 25. November 2013 publizéiert hat, stellen ech déi Fro bewosst sou schaarf formuléiert. Den Här Deas an dee palästinensëschen BDS-Mouvement verlaangen de Boykott vun Israel (an net nëmmen vun den israelesche Wueren), wéi och Sanktiounen géint dee Stat. D’Tageblatt freet: „Was kann man in unseren Gefilden tun, um Ihre Kampagne zu unterstützen?“ 

http://www.bdsmovement.net/bdsintro

Den Här Deas publizéiert iwwregens ënner anerem och op sou Säiten wéi „electronic intifada“.

An dem tageblatt-Interview  sti vill juristesch a politesch Onwouerechten. Enner anerem gëtt d’Okkupatiounspolitik mat der Apartheid gläichgesat wat vollkommene Quatsch ass: all Rahmenbedéngungen sinn ënnerschiddlech. Da ginn Onwouerechten iwwer d’Detentioun vu palästinensesche Prisonnéier an d’Welt gesat. Dozou, am Kontrast zu dem Tagblatt-Interview hei z.B. dëss Presentatioun vun den „European friends of Israel“:

 „Legal Framework in the West Bank: Military Courts

According to art. 64 from the Fourth Geneva Convention, “the law of the occupied territory shall remain in force”. Therefore, the law in West Bank contains elements from the British Law (dating the British Mandate), Jordanian Criminal Law (dating the Jordanian control ending in 1967), and Israeli Military Orders.

In order to deal with criminal offences carried out in the West Bank, the Military Order established two Military Tribunals: one operating in Judea, and one in Samaria.
The legal system also includes a Juvenile Court and a Military Court of Appeal, independent from the military chain of command.

  • All military judges are lawyers, civil servants independent from the military;
  • The hearings are public, with simultaneous translations in Arabic;
  • Every accused has the right to appeal to the Military Court of Appeals.

Prosecution of minors

Although prosecuting minors has always been a sensitive issue, history shows that minors do commit criminal acts, for example, between 2001-2005 383 minors were allegedly involved in terrorist activities.

In September 2009, Israel established a Juvenile Military Court for minors where the sitting judges, appointed by the Chief Justice of the Military High Court of Appeals, receive prior relevant professional training to serve as juvenile judges.

Recent developments include raising the age of minority from 16 to 18 and shortening the length of the detention period (the minor can be remanded for trial for up to one year).

A minor under the age of 14 needs to be brought before a judge within 24 hours of his/her arrest, while one of 16 years old within 48 hours. Whilst detained, all minors are held separately from adults.

Administrative detention

Israel has inherited the legislation regarding administrative detention from the British law which also exists in other western countries fighting terrorism like United States, or combating illegal immigration in the case of Canada and Australia.“

Fir mech ass awer wichteg festzehalen, dat d’tageblatt konsequent eng Israel-feindlech editorial Linn huet déi a mengen An dacks verdächteg no un dem Anti-Semitismus vun der europäescher Lénker läit. Déi lénk Juddefeindlechkeet verstoppt sech hautesdaags hanner enger radikaler Israel-Kritik an engem vollkommen eesäitegen a fanataschen Engagement fir déi extremste palästinensech Uleies.

Déi divers Boykottfuerderungen erënnere mech un de Nazien hier „Kauft nicht bei Juden“-Kampagnen. Et ass grondfalsch, datt den Anti-Semistismus nëmme bei de Rietsextremisten ze fanne wär. Et gëtt vill Schrëften aus der Fréizäit vum sozialisteschen Denken aus dem  19. an dem 20. Joerhonnert, déi sech scho géint d’Judden gedréint hunn. Deeler vum nationalsozialisteschen Propagandadiskurs fënnt een haut a liicht modifizéiert Form bei där politescher Lénker, sou z.B. déi kapitalistesch Weltverschwörungstheorie zu där Israel an d’USA génge gehéieren. 

Israel ass a bleift déi eenzeg Demokratie an den eenzege Rechtsstaat am ganze Noen Osten. Bei wäitem net alles wat do geschitt kann ee gutt heeschen, mee Israel ass nun eemol  e Land dat zënter senger Grënnung muss an engem Krichszoustand iwwerliewen. 

Et wär der palästinensescher Saach sëcher scho ganz vill gedéngt wann dee permanenten Krich tëschent denen verschiddenen palästinensesche Fraktiounen géng ophéieren.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

NSA and compliance: mol eng ganz aner Versioun!

Dësen Artikel aus dem Wall Street Journal weist mol e ganz aneren Aspekt vun der Aarbecht vun der NSA: nämlech den vun enger Agence déi ganz eechtlech drëm beméit ass hir legal Obligatiounen anzehalen.  Hei si mir ganz wäit wech vun denen Theorien déi den Här Snowden an d’Welt gesat huet.

http://online.wsj.com/news/article_email/SB10001424052702304337404579213973407824000-lMyQjAxMTAzMDIwNTEyNDUyWj

Den Artikel seet zu Recht:

The disclosures by the NSA may begin to set the record straight, but the truth must overcome months of disinformation.“

Eng Damm, déi sech jo ëmmer an déi eecht Rei dréckt, wann si mengt si kéint doduerch ë bësschen Opmierksamkeet vun de Medien kréien ass d’Madame Viviane Reding. Dat wor och sou bei der Debatt ëm d’Aktivitéiten vun der NSA an Europa.

Déi Opmierksamkeet déi si wollt huet si och lo kritt, just vläicht net grad sou, wéi si geduecht hat. Hei en Auszuch aus der satirescher Emissioun „heute-show“ vum 22.11.2013

 http://www.youtube.com/watch?v=_uVGjiImEas

 Der Madame Reding hiren Optrëtt ass vun der Minutt 20:20 bis zu 21:00.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’ALPE weist hiert wierklecht Gesiicht

D’Association luxembourgeoise des professeurs d’éthique (ALPE) huet haut e Presscommuniqué iwwer d’Eliminatioun vum Reliounsunterrecht an der ëffentlecher Schoul gemaach.

Et ass a mengen An erschreckend, wéi e Weltbild déi Leit hunn, déi de Kanner a  Jugendlechen eppes wëllen iwwer Ethik erzielen.

Do gëtt geschwat vun enger „prétendue hégémonie des valeurs judéo-chrétiennes„. Iwwer dat Wuert „hégémonie“ kann ee vläicht streiden, mee wéi kann een duerch sou e bëllegen, rhetoresche Täschespillertrick nëmme sou wëlle maachen wéi wann net eis ganz Gesellschaft, inklusiv eisem Mënschebild, eiser Ethik, eiser Moral an eiser Kultur duerch an duerch duerch déi jüdesch-chrëschtlech Kultur geprägt wier? Wat sinn dann déi aner „sensibilités“ déi lo zu Wuert komme sollen? Den Atheismus? Den Islam?  Dat gëtt nawell e flotten Dialog tëschent denen zwee, Koran à l’appui! Ech bestellen scho mol 20 Kaarten fir déi éicht Virstellung!   

An dann déi Fantasterei fir ze behaapten, datt bis elo iwwer d’Euthanasie oder d’Ofdreiwung tëschent Jonken mat verschiddenem kulturellem Horizont net hätt kënnen debattéiert ginn! Ausgerechent déi Leit déi déi kulturell Ennerscheeder am léifsten géngen an hirem pseudo-etheschen Eenheetsbräi niveléieren an nach léiwer géngen ganz eliminéieren, hunn de Culot fir lo ze bedaueren datt sou eng Debatt net méiglech gewierscht wär.

Dono gëtt alt nees ënnerstallt, datt Relioun an eegestännegt Denken incompatibel wären.   A schliisslech gëtt net iwwer d’Waertevermëttlung geschwat mee nëmme nach iwwer eng „prise de conscience“ an eng „clarification“ duerch den „dialogue interculturel et interreligieux“. Geet et dann elo eigentlech ëm Waertevermëttlung oder just nëmme nach ëm Debattéieren? An opgrond vu wat?

A wéi soll dann en  interreliéisen Dialog opgebaut ginn wann et kee Reliounsunterrecht méi gëtt? An zu wat soll da sou en Dialog  gutt sinn, wann d’Reliounen jo anscheinend, jiddefalls mol an den An vun der ALPE,  net zu eegestännegem Denke befähegen?  Sollen déi „ethesch“ Genieen, déi jo  eegestänneg denke kënnen, géint déi aarem endoctrinéiert Massendénger untrieden, déi net eegestänneg denke kënnen?   

Déi Lénkskoalitioun mecht eng Dommheet no där anerer a si huet mol nach net richteg ugefaang. D’Ofschaafung vum Reliounsunterrecht ass e Schlag géint de Pluralismus, eng Mëssuechtung vum Wonsch vu villen Elteren a Schüler an en Zeechen vu grousser Intoleranz. Eis Gesellschaft gewënnt net u Fräiheet a si verléiert hir Wäerter!

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/11/25/caae5c943fb1ac82c5e59bc9a57269ea.pdf&chrome=true

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Multikultifeierdag

U sech enttäusche mech d’Gambisten enorm: lo haten si déi Chance de Nationalfeierdag ganz ofzeschafen, sou e grujeleg-patrioteschen, nationalistesche Relikt aus denen däischteren Zäiten vun där oppressiver Monarchie. Wat ass da schonn eng Natioun? Si mir dann net all Mënschen, egal wou mir hirkommen? A mat wéi engem Recht feiere mir de Gebuertsdag vu nëmmen engem Bierger, nämlech den vum Citoyen Nassau, an net den vun eis all? Brauche mir net iwwerhaapt e ganz neien offiziellen Ulass fir de Multikultifeierdag?

Emmerhin, den Te Deum ass scho mol sou gutt wéi fort – jiddefalls a sénger offizieller Funktioun: 

http://news.rtl.lu/news/wahlen//489229.html

Den Här Bettel,  Maximo Lider vun der Oktoberrevolutioun, sot:

„A mir wëllen och fir Nationalfeierdag, dass selbstverständlech och eng zivil Zeremonie de Staatsakt ass, an net eng connotation religieuse… ech mengen hei muss d’Pluralitéit a virun allem d’Neutralitéit och vum Staat präservéiert ginn, an dofir wäert ab d’nächst Joer fir Nationalfeierdag, ‚t ass net dass mer lo Saache wëllen ofschafen, mä mir sinn der Meenung, dass einfach en zivilt Staatsakt, den acte premier misst sinn, vun engem nationale Feierdag. Dat géif awer net bedeiten, dass elo automatesch den Te Deum z. B. ofgeschaf gëtt, doriwwer misst nach ëmmer d’Kierch entscheeden. Ma den offiziellen Akt vum Nationalfeierdag soll kee reliéise méi sinn.“

Ech ka mir scho virstellen wéi eng politesch korrekt Rieden op där „ziviler Zeremonie“ gehal ginn. Mat sou eppes gëtt net d’Eenegkeet vun der Natioun gefeiert, mee Dissens geséint. D’Rieden wäerten dann och op Chinesesch, Franséisch, Suaheli a Portugiisesch sinn.  Lëtzebuergesch huet jo bei de Gambisten nëmmen nach um Pabeier eng Existenzberechtegung.  

Ech mengen, eis Gambisten wäerten sech nach wonneren wat si mat der Ofschaafung vum Te Deum  lassgetrëppelt hunn.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Lady Thatcher: eng vun dene beschte Rieden iwwer Europa!

Der Lady Thatcher hir Ried vum September 1988 virum Collège d’Europe zu Bruges bleift bis haut eng vun dene beschte Rieden iwwer den europäeschen Eenegungsprozess. Si beschreift kloer de Sënn, d’Méiglechkeeten an d’Grenzen vun där politescher Entreprise. Wann och Verschiddenes net méi aktuell ass sou bleift déi Ried dach eng kloer Grondlag fir eng konservativ, dat heescht eng vernënfteg, verantwortbar an demokratesch Europapolitik. Mir brauchen en Europa vun de Natiounen dat gemeinsam Interessen zësummen ugeet, net manner a virun allem net méi. 

http://fr.wikipedia.org/wiki/Discours_de_Bruges

 

An hei ass den Text a geschriwwener Form:

http://www.margaretthatcher.org/document/107332

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar