E perséinlecht Wuert

Léif Lieser vun der „konservativer Säit“,

No Wochen vun der Trauer wëll ech nees lues a lues mat menger normaler politescher Aarbecht ufänken. Dat ass nat ganz liicht an dowéinst bieden ech ëm Versteesdemech wann dëse Blog net sou séier nees op vollen Touren ass, wéi ech mer et eigentlech géng wënschen.

All denen ville, léiwe Leit déi mir an denen leschte Wochen hiert Bäileed ausgeschwat hunn och vun dëser Plaatz aus e ganz häerzleche Merci.

Iech an Aere Familljen wënschen ech elo schonn e glécklecht an erfollegräicht neit Joer. Virun allem hoffen ech, dat Dir all gesond a monter bleiwt.

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Fir en anert Europa!

E puer Méint virun den Europawalen muss jiddereen sech iwwerleeën wéi en zu Europa steet. Wëlle mir weiderhin en Europa wat eis dauernd méi Souveränitéit wechhëllt an eis politesch an demokratesch Fräiheeten ëmmer méi aschränkt? Wëlle mir en Euro den a senger aktueller Form zwar net iwwerliewe kann, mä dofir awer d’Budgetsrechter vun de nationale Parlamenter ëmmer méi aschränkt? Oder wëlle mir léiwer en zolitten Euro den nëmmen déi Länner hunn, déi budgetär Disziplin weisen a sech net iwwerméisseg verschëlden?  Wëlle mir vun der Europäescher Kommissioun an e puer grousse Länner vu baussen regéiert ginn, oder wëlle mir nees selwer decidéieren wat an dësem Land geschitt?

Ech si jiddefalls der Meenung datt mir op kee Fall en europäesche Federalstat kréie sollen an dem Lëtzebuerg nëmme nach eng Provënz ass. Mir brauchen eis Souveränitéit zréck fir en  Europa vun de Natiounen opzebauen. Dowéinst si sou Länner wéi England an och ëmmer méi Holland fir eis wäertvoll Partner. Och si si fir e friddlecht Europa mat engem grousse Bannemaart mä eben net fir en europäesche Federalstaat den bis hin zur Kultur, zur Educatioun an zur Gesellschaftspolitik diktéiert wat mir däerfen a sollen a wat net.

An dem Artikel den ech haut hei publizéieren geet et ëm d’Geldverschwendung an der Europäescher Unioun. Mä virun allem ass hei och en alen britesche Reportage ze gesinn, den nach aus där Zäit staamt wou iwwer de Verfassungsvertrag geschwat gouf.  Villes an dem Film ass iwwerdriwwen an heiandsdo och falsch, mee ganz villes ass och absolut richteg. Dowéinst lount et sech dëse Film haut, ronn zéng Joer méi spéit, ze kucken fir d’Aengscht vun deemools mat der Realitéit vun haut ze vergläichen.

Bei den Europawalen kréie mir Lëtzebuerger eng Chance fir der Pollitik e Message ze ginn: wëlle mir e federalt Europa mat enger ëmmer manner existentéierender „lëtzebuerger Provënz“ oder e Lëtzebuerger Land dat sou souverän wéi nëmme méiglech an engem Europa vun de Natiounen viru besteet? Meng Loyalitéit gehéiert jiddefalls Lëtzebuerg an net dem Europa vun de Bréisseler Bürokraten. Déi Politik vum Här Juncker déi eis lëtzebuerger Interessen joerlaang zu Gonschten vu Bréissel konsequent sacrifiéiert huet, muss endlech ophéieren!

http://recentr.com/2013/09/van-rompuy-straft-buchprufer-des-europaischen-rechnungshofs-die-seit-fast-18-jahren-eu-budgets-nicht-absegnen/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

déi Lénk an hir Propaganda

An der Chamber sot den Här Turpel den 11. Dezember dat hei: „Ofschléissend well ech matdeelen, datt de Serge Urbany an ech als eng vun onsen éischten Handlungen als nei vereedegt Deputéiert, zesumme mat Deputéierten aus aneren Länner een europäischt Manifest vun Parlementarier géint Faschismus ënnerschriwwe hunn“.

Den Här Turpel hat et jo virun engem knappe Joer fäerdeg bruecht fir viru kathouleschen Ofdreiwungsgéigner Hakekräizer op de Buedem ze molen. Wat fir den Här Turpel „rietsextrem“ heescht muss also grëndlech hannerfrot ginn. Dee Film den den Här Turpel beim Hakekräizmolen weist ass op dësem Blog ze gesinn,  an dem Artikel „Doudelueden an Intoleranz“.

Et ass also jiddefalls interessant dee Manifest mol nozeliesen den déi Lénk ënnerschriwwen hunn. Hei ass ën:

http://cadtm.org/Manifeste-antifasciste-europeen

Et handelt sech ëm e klassesch Dokument am Stil vun der extremer Lénker dat neturgeméiss kee Wuert iwwer de Lénksextremismus an déi  lénksextremistesch Gewalt an Europa verléiert. Dovun ofgesin gëtt hei op bewährten kommunistesch Propaganda-Methouden zréckgegraff: d’Opdeelung vun der Gesellschaft a verschidde Gruppen oder Klassen vun denen eenzelner  global als ënnerdréckt oder benodeelegt duergestallt ginn fir si zum Kampf géint déi aner, hir behaapten „Ennerdrécker“, ze motivéieren: Dobäi kommen aalbekannte Praktiken wéi d’Verzerrung vun historeschen Zësummenhäng an d’Verdréiung vun der Bedeitung vun de Wierder.  Déi Lénk wëlle sech duerch hir Propaganda eng nei Clientèle schafen, eng nei „Vorhut der Arbeiterklasse“ déi si soll un de Pouvoir droen. Hir Rhetorik dréint sech ëmmer ëm d’Fräiheet an a Wierklechkeet sti si fir de Géigendeel: fir d’Ennerdréckung. Et däerf een ni méi net op déi kommunistesch Propaganda, där hir Methouden sech net verännert hunn, era falen.

Ech si jo selwer en iwwerzeegte Géigner vun all Juddefeindlechkeet an et ekelt mech dowéinst ze liesen wéi déi europäesch Lénk hei – pro forma –  d’Judden a Schutz huelen an awer gläichzäiteg an der Realitéit den aktivsten Anti-Semitismus bedreiwen –  verstoppt hannert hirer Israel-Kritik.

Ech geng dem Här Turpel mol recommandéieren sech mat dem Antisemitismus am Kommunismus méi ze beschäftegen. A sénger Ried huet den Här Turpel gläich zweemol de Karl Marx zitéiert. Abee de Karl Marx huet och verschiddenes  a sénger Schrëft „Zur Judenfrage“ behaapt, dat souguer op extrem lénke Publikatiounen als rassistesch erkannt gëtt: 

http://www.scharf-links.de/49.0.html?&tx_ttnews%5Btt_news%5D=36997&cHash=c629f16214

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’CSV verseet bei hirem éichten Oppositiounsoptrëtt

Dat wat de Moien an der Chamber geschitt ass entsprëcht dem wat ze erwaarde wor: d’CSV ass an hirer eegener Geschicht gefaang a verfaang a ka keng Oppositiounspolitik maachen.

http://www.wort.lu/de/view/juncker-neue-regierung-alte-politik-52a838f5e4b010cbc9a38796

Mä déi Manéier wéi si keng Oppositioun gemaach huet, wor och nach taktesch falsch. Doduerch datt den Här Juncker ëmmer nees drop insistéiert huet, datt 80% vum Regirungsprogramm dem CSV-Walprogramm entspriechen, huet hien der Frustratioun iwwer den CSV-Regirungs-Ausschloss d’Prioritéit virun dem progressiven Opbau vun enger inhaltlecher Distanzéierung vu Gambia ginn. D’CSV ass doduerch net nëmme elo gefaang mä si bleift och nach an Zukunft oppositiounsonfäheg. Domat huet den Här Juncker senger Partei wierklech kee Gefaale gemaach.

Nach méi schlëmm:  op enger Rei vun chrëschtleche Punkten huet hien eng inhaltlech Nei-Positionnéierung vu sénger Partei vu vir eran verhënnert. Den Te Deum huet hien no un lächerlech gemaach, d’Homo-Bestietnis als politesch bal net kontestéiert duergestallt an bei der Ofdreiwung fënnt hien datt déi zweet Konsultatioun keen obligatoresche Charakter däerft hunn. Dräi déck Datzen fir den Här Juncker den net verstaan huet, datt et sou net ka mat sénger Partei viru goen.

Mat dem Här Juncker kritt d’CSV sech jiddefalls net méi nei opgestallt. Firwat sollt de Wieler dann eng Partei wielen, déi grosso modo dat selwecht proposéiert wéi d’Gambia-Koalitioun?  Wéinst dem Här Juncker? Wann hien keng Plaatz an Europa fënnt, ass hien bei denen nächste Walen 64 Joer al  – net grad en Zukunftsmodell och wann et bedeitend historesch Virbiller fir Carrièren am Seniorenalter gëtt.

A wann dëss Regirung verseet – an dovun ginn ech fest aus – da wär et jo nach méi falsch fir  eng copie conforme vum gescheiterte Modell ze wielen amplaatz eng nei Politik. Wann d’CSV sech net nei orientéiert – an dono gesäit et aus – da sinn just d’ADR op där konservativer Säit an déi Lénk-Kommunisten déi zwou politesch Alternativen. Wann d’CSV nach eng Zukunft wëll, da wär  si jiddefalls gutt beroden fir dem Här Juncker ganz séier eng Plaz an Europa ze sichen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Estrela-Rapport gouf am Europäesche Parlament verworf

Mat nëmmen enger ganz  knapper Majoritéit gouf den Estrela-Rapport haut verworf.  

 http://www.kath.net/news/44076

http://www.medrum.de/content/estrela-wuetend-eu-parlament-lehnt-ihren-bericht-ab-und-stimmt-fuer-alternative-entschliessung

Sou grouss d’Freed och doriwwer ass, sou muss awer dëss Episod eis weisen wéi geféierlech fir eis Demokratie  dat Europäescht Parlament well ginn ass. Op een Hoer wär e Rapport ugeholl ginn, den nët nëmmen baussent de Kompetenzen vun den Europäeschen Institutiounen läit, mee och nach elementar Menscherechter wéi d’Recht op Liewen mat Féiss trëppelt. Fir déi nächst Europawale gëllt also: onbedéngt ADR wielen an domat nees méi Kompetenzen un d’Nationalstaten zréck ginn!

Interessant ass och wéi déi sechs lëtzebuergesch Deputéiert gestëmmt hunn. Dorop kommen ech zréck, well ech bis lo de Rapport vum Vote leider nach net gesinn hunn.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

De Bëschof vu Chur veruerteelt d’Gender-Theorie

De Bëschof vu Chur (CH), de Monseigneur Vitus Huonder, http://de.wikipedia.org/wiki/Vitus_Huonder  – e Mann mat Charakter – léisst den 10. Dezember zum Dag vun de Mënscherechter e Bëschofswuert géint d’Gendertheorie virliesen. Bravo! Dëse couragéierte Geste kënnt e puer Deeg no der Erklärung vun der slowakescher Bëschofskonferenz zum selwechten Thema http://www.kath.net/news/43972.

Et gëtt also nach kathoulesch Geeschtlecher mat Courage am europäeschen Ausland. Dat ass jiddefalls mol eng gutt Neiegkeet! Op eng ähnlech Stellungnahm vun der lëtzebuerger kathoulescher Kierch musse mir wahrscheinlech nach e puer Joerzéngte waarden… Déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch beschäftegt sech mat anere Saachen. Si probéiert sech grad bei de Gambisten domat bäizeschmieren, datt si zougëtt datt de Reliounsunterrecht zu Lëtzebuerg eigentlech kee méi ass. Selwerverleegnung als Glaawensersatz – eng Glanzleeschtung! An dem Zësummenhank fällt mir an, datt e portugiiseschen ADR-Member  mir erzielt hat, datt säi Kand d’Kommunioun gemaach huet ouni am Reliounsunterrecht geléiert ze hunn wen Jesus Christus war.

http://www.wort.lu/de/view/generalvikar-erny-gillen-es-wird-ein-religionsunterricht-bekaempft-den-es-gar-nicht-mehr-gibt-52a31d99e4b06cb1dcf1abc0

Dem géintiwwer sinn d’Wierder vum Bëschof vu Chur kloer a liesenswäert. Hei ass säin Text – mat groussem Respekt hei publizéiert:

 http://www.bistum-chur.ch/Wort_des_Bischofs_VIII_2013.pdf

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Antigones: e Marsch géint d’Gewalt géint d’Fraen

Déi franséich feminin Fraebewegung „Antigones“ huet e Marsch organiséiert fir géint d’Gewalt géint d’Fraen ze protestéieren, wéi z.B. d’Kommerzialiséierung vum weibleche Kierper duerch e Réckgrëff op eng geléinte Mamm oder d’Incitatioun fir ofzedreiwen. 

http://antigones.fr/blog/2013/11/27/cr-petite-marche/

D’Antigones fuerderen besonnesch dëss Punkten fir géint d’Gewalt géint d’Fraen virzegoen:

  •  Promulgation d’une loi cadre interdisant tout commerce de la maternité, de la procréation et plus largement toute marchandisation de la vie, du brevetage du vivant (OGM) aux mères porteuses (GPA)
  • Généralisation des structures d’accueil pour les femmes enceintes en difficulté
  • Re-pénalisation du délit d’incitation à l’avortement, afin de protéger les femmes enceintes des pressions de leur entourage: famille, compagnon, employeur…
  • Retrait de la réforme Taubira, lancement d’une révolution judiciaire qui protège les victimes, poursuive les auteurs et punisse les coupables – première mesure de prévention contre les violences, aujourd’hui encouragées et couvertes par l’idéologie de l’excuse
  • Prononciation de peines de prison ferme pour les crimes de sang : vol avec violence, agressions, viol et meurtre
  • Instruction systématique pour toute affaire de viol afin de protéger les victimes -instruction à charge et à décharge pour prévenir les abus.
  • Démission de Christiane Taubira, chef de file des promoteurs de la culture de l’excuse.

Besonnesch positiv ass och dat d’Aschränkung vun der Walméiglechkeet vun der Fra fir hir Famill an eng familljefeindlech Politik als Gewalt géint d’Fraen gesi ginn.

Sou Initiativen kann ee wierklech nëmmen ënnerstëtzen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Regirung Bettel ass géint d’Fräiheet vun der Press!

Dat mecht awer guer näicht, well eis Press sech net wiert. Si ass jo entweder parteigebonnen oder befaang oder béides.

De Sachverhalt:

Am Regirungsprogramm steet op der Säit 137:

Information, sensibilisation et médias

Conformément à la loi du 19 juin 2012 portant modification de la loi du 21 décembre 2007 portant transposition de la directive 2004/113/CE mettant en oeuvre le principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes dans l’accès à des biens et services et la fourniture de biens et services , la représentation des femmes et des hommes dans les jeux vidéos, les chansons, ainsi que dans la publicité et au sens large dans les médias (journaux, tv, radio et autres) sera analysée et observée afin de sensibiliser le public par rapport aux conséquences d’une représentation déséquilibrée, voire discriminante ou manipulatrice et pour obtenir une plus grande neutralité du point de vue représentation du genre (notamment, aussi pour les publicités de jouets).“

 De Conseil de presse hat awer schonn während der legislativer Prozedur e negativen Avis zu dem deemolegen Projet de loi 6127 geschriwwen:

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/175/029/107248.pdf

D’Press gouf a gëtt an dem Dossier exklusiv vun der ADR ënnerstëtzt. Zu dem Sujet hat ech och eng Proposition de loi gemaach fir déi demokratiefeindlech Restriktioun vun der Pressfräiheet hei am Land nees ofzeschafen:

 http://www.adr.lu/proposition-de-loi-vun-der-adr-fir-dpressefraiheet-ze-verdeedegen/

Ausser ech geng mech ieren, stoung dovun och kee Wuert an eiser Press. Dat ass jo normal, schliisslech geet et ëm hir Fräiheet….. a firwat soll si doriwwer och nëmmen ee Wuert verléieren? Wes Brot ich ess, des Lied ich sing! 

D’Fro ass lo wéi reagéiert d’Press no der Regierungserklärung? Ech soe mol: iwwerhaapt net! Déi lëtzebuergesch Press ass menger Meenung no mol net capabel fir fir hir eege Fräiheet ze kämpfen. De Journal, d’Tageblatt (Quotidien) an d’woxx sinn méi oder manner regirungsgebonnen, an d’Wort ass roueg well d’CSV, konkret d’Madame Hetto-Gaasch,  dat do Gesetz selwer verbrach hat.  

Eis Press begrueft hir eege Fräiheet mat enger décade du silence. All Wett! Si ass domat en exzellent Beispill fir dee lamentable Niveau vum politeschen Denken hei am Land.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Zësumme géint den Estrela-Rapport!

Den Estrela-Rapport, en Dokument aus der Fraerechts-Kommissioun vum Europaparlament soll den 10. Dezember am Plenum vum Europaparlament gestëmmt ginn. Em wat et, ënner anerem,  geet, seet dësen Artikel:

 http://charismatismus.wordpress.com/2013/12/06/der-estrela-bericht-pro-abtreibung-ist-am-10-dezember-erneut-im-europaparlament/

Den Estrela-Rapport wëll, ënner villen aneren Ongeheierlechkeeten, e Recht op Ofdreiwung an en Zougank zu reproduktiven Techniken fir homosexuell Koppelen duerchsetzen an dat alles an där wéi ëmmer verklausuléierter EU-Sprooch..  

Hei ass den Text vum Rapport:

http://www.europarl.europa.eu/sides/getDoc.do?pubRef=-//EP//TEXT+REPORT+A7-2013-0426+0+DOC+XML+V0//DE

Dëse Rapport weist méi wéi däitlech, datt Europa zu enger rechtsstaatsfeindlecher, diktatorescher Struktur  ginn ass. Et gëtt keng EU-Kompetenzen an dene meeschten Beräicher déi vun dem Estrela-Rapport beréiert ginn an awer hëllt d’Europaprlament sech raus fir an dene Beräicher  wëllen ze norméieren. Mir mussen eis géint sou en Europa wieren! Mir mussen Europa a séngen Institutiounen e groussen Deel vun hire Rechter wech huelen och fir sou Dérapagen wéi den hei an Zukunft ze verhënneren.   

An der Tëschenzäit muss alles gemaach ginn fir den Estrela-Rapport ze bekämpfen. Eng Méiglechkeet ass mol fir dëss Petitioun zë ënnerschreiwen:

http://www.citizengo.org/fr/1105-urgent-leurope-au-bord-du-gouffre

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Eng Promo-Ausstellung iwwer den Islam mat offiziellem Charakter

U sech gi Länner de Réfugiéën aus Krichsregiounen Asyl sou laang de Krich dauert an dono sinn déi Leit gebieden zréck an hir Länner ze goen. Dësen international gültege Prinzip schéngt hei zu Lëtzebuerg alt nees eemol net respektéiert ginn ze sinn. Sou hu mir zënter de Balkankricher den Islam hei am Land. Anscheinend ass déi Polit-Relioun well souguer zur  zweetgréisster Glaawenscommunautéit ginn a si mecht eis och ëmmer méi Suergen.   

Lo gëtt et dann eng staatlech ënnerstëtzten Ausstellung déi, wéi et schéngt,  den Islam an engem exklusiv positive Liicht presentéiert an anscheinend och nach den Tour vun eise Schoulen maache soll. An der Press steet jiddefalls mol si géng mol am Athenäum ausgestallt ginn an datt eng ganz Rei vu Schoulen déi Ausstellung an den CDMH kucke woren.

http://www.wort.lu/fr/view/peu-visible-l-islam-est-la-2e-religion-au-luxembourg-51b0593de4b00c07f2eafb5f

http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/45631.html

http://www.dudelange.lu/agenda-exposition-l-islam-au-luxembourg-l-islam-du-luxembourg-1545209321

Et wär dach interessant méi iwwer déi Ausstellung gewuer ze ginn déi mat massiver staatlecher Hëllef gemaach gouf. Den OLAI hätt si ganz offiziell matt finanzéiert. Wou gëtt si gewisen? Wéivill bezillt de Staat fir déi do Ausstellung?  Et ass jiddefalls ze notéieren, datt och den CDMH zu Diddeléng, den dëss Ausstellung mat ausgeschafft a gewisen huet, vum Kulturministère an der Stad Diddeléng iwwer Konventiounen ënnerstëtzt gëtt.

http://www.cdmh.lu/cgi-bin/olefa?com=0I10I0I2I

Den Unterrechtsminister sollt déi Ausstellung dach mol an der Unterrechtskommissioun vun der Chamber presentéieren! Ass et dann net interessant, datt eng Regirung déi de kathouleschen Reliounsunterrecht aus de Schoulen wëll raus huelen awer anscheinend wëll eng Ausstellung iwwer den Islam  weisen, déi  – de Kritike no – déi Polit-Relioun an engem aussergewéinlech an exklusiv positive Liicht wëll duerstellen? Oder wëll eis Regierung vläicht géintiwwer all Relioun tolerant an oppe sinn, ausser natierlech géintiwwer där réimesch-kathoulescher?  

Interessant och, datt am Regierungsprogramm ganz Romanen iwwer d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra stinn. Eng vum lëtzebuergesche Staat ënnerstëtzten Ausstellung iwwer den Islam geet jo da wuel besonnesch op den Aspekt an, oder iere net?

D’Commissärin vun der Ausstellung behaapt jiddefalls mol dat hei:

„L’exposition met également en avant les stéréotypes qui peuvent exister sur l’islam vécu comme religion, l’islam politique ou l’islam et la subordination des femmes: „Une idée souvent véhiculée par les médias alors que c’est faux!“, assure la commissaire de l’expo.“

Dat versprëcht wierklech spannend ze ginn!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar