D'“Antigones“, eng weiblech Aentwert op déi feministesch Extremistinnen

Am Laf vun denen leschten Méint a Wochen koum et a Frankräich zu der Grënnung vun neien Mouvementer  oder Stréimungen. Iwwer déi nei Männerbewegung „Hommen“ hunn ech op dësem Blog scho geschriwwen.

Haut wëll ech eng wierklech weiblech Aentwert op déi feministesch Furien vun „Femen“ presentéieren.  Et handelt sech ëm eng Associatioun vun  Fraen, déi sech den Numm  „les Antigones“ ginn hunn.

http://antigones.fr/category/actu/

D’Antigones schreiwen iwwer sech selwer:

„Les Antigones ne sont pas un énième mouvement. C’est un simple rassemblement de femmes. Loin de toute considération politique ou confessionnelle, nous revendiquons notre droit élémentaire et notre devoir fondamental à être des femmes à part entière.

La femme a sa dignité, celle-ci ne passe pas par l’exhibitionnisme et l’hystérie. Elle passe par notre sagesse, notre calme et notre détermination à bâtir notre avenir. Filles de nos pères, épouses de nos maris, mères de nos fils, nous ne rejetons pas les hommes. Nous sommes au contraire persuadées que c’est avec eux, en complémentarité, que nous construirons notre avenir.“

An hei ass hiren „Manifeste“:  

 

 

An hei och nach en Zeitungsartikel zu dem Thema, aus dem och herviirgeet, wéi déi lénk Propaganda déi anstänneg Fraen an Meedercher vun den „Antigones“ an den rietsextremen Eck wëll réckelen:   

 http://www.lexpress.fr/actualite/societe/les-antigones-des-militantes-anti-femen-aux-droles-de-cv_1255284.html

Et wär schéin wann mir och enges Daags eng lëtzebuerger Sectioun vun den „Antigones“ hätten!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Affer vun der „politescher Korrektheet“: d’Universitéiten (2)

No de Resultater vun den Ofschlossexamen am Secondaire dësst Joer huet d’Tageblatt (06.07.13) an engem Artikel getitelt „Mädchen sind schlauer„. Sou oder ähnlech Iwwerschrëften fënnt een all Joer op e Neitst an eisen Zeitungen. Dowéinst ass et derwäert, fir der Saach mol op de Grond ze goen.

Am Wort stoung iwwregens zum selwechten Thema, dat d’Jongen besser bei der Note „excellent“ ofgeschnidden hätten. Zoufall oder Spur? Mir maachen eis also mol op eng akademesch Rees zum Thema  Intelligenzfuerschung.

Haut erënnere mir un de Professer Helmuth Nyborg vun der Universitéit vun Aarhus. Hien wor eng ganz kontroverséiert Perséinlechkeet, an et goufen him eng ganz Rei vu Verfehlungen viirgeworf.

 http://en.wikipedia.org/wiki/Helmuth_Nyborg

Ech stellen mir och eng Rei vu Froen an hunn vill Kritiken iwwer verschiddener vu sengen Aussoen a séngen Positiounen, besonnesch am Zësummenhank mat sengen Meenungen zum Thema „Rass“ an Immigratioun. Mee wat am Kader vun dësem Artikel zielt ass net Politik, och net „politesch Korrektheet“, mee ganz einfach Wëssenschaft an Intelligenzfuerschung. An do wor zum Beispill säi Pabeier vun 2005 „Sex-related differences in general intelligence g, brain size and social status“ extrem kontrovers diskutéiert ginn. Well hien rausfonnt huet, dat d’Männer am Duerchschnëtt méi intelligent sinn wéi d’Fraen gouf hien ugegraff, kruut eng Réprimande vun der Universitéit a gouf ugekloot seng Donnéeën gefälscht ze hunn. Déi ganz Aarbecht gouf wëssenschaftlech iwwerpréift a schlussendlech gouf hien rehabilitéiert.

http://emilkirkegaard.dk/en/wp-content/uploads/Helmuth-Nyborg-Sex-related-di%EF%AC%80erences-in-general-intelligence-g-brain-size-and-social-status.pdf

Interessant wor, dat d’Universitéit vun Aarhus international staark kritiséiert gouf, well den dréngende Verdacht bestoung, dat wëssenschaftlech Aarbechten géngen politesch zensuréiert ginn. 

Ech froen mech iwwregens, wat mat Här Professer Nyborg geschitt wär, wann hien rausfonnt hätt, datt d’Fraen duerchschnëttlech méi intelligent wéi d’Männer sinn? Wahrscheinlech hätt hien de Friddensnobelpräis kritt!  

Seng Aarbechten an hir Conclusiounen zum Thema Geschlechterfuerschung leien jiddefalls op enger Linn matt denen meeschten aneren wëssenschaftlechen Aarbechten zu dem Thema. Den Artikel hei fannen ech och net oninteressant, och wann ech eenzel Aspekter dovun, wéi zum Beispill den Begrëff „gender roles“ natierlech net akzeptéieren.  

 http://en.wikipedia.org/wiki/Sex_and_intelligence

Firwat also déi Ennerscheeder am Premièresexamen hei am Land ? Eichtens sinn déi wëssenschaftlech Iwwerleeungen ëmmer nëmmen allgemeng a statistesch  Wäerter. Iwwer den Eenzelfall soen se iwwerhaapt näicht.  D’Varianz bei de Männer schéngt och méi grouss ze sinn wéi bei de Fraen. Et gëtt méi iwwerduerchschnëttlech intelligent Männer awer och iwwerduerchschnëttlech vill dommer.

Op aaner Froen an dësem Kontext, zum Beispill  wéi d’Jongen respektiv d’Meedercher an de Schoulen behandelt a bewäert ginn, kommen ech ganz secher nach zréck. Zu dem Thema gëtt et vill interessant Asiichten a Studien.

An ob d’Jongen ëmmer fläisseg genuch sinn, woen ech als Geschlechtsgenosse ze bezweifelen. Am Lycée hunn ech och nët ëmmer nëmmen un meng Bicher geduecht.

Jiddefalls felicitéieren ech jidderengem den säin Ofschlossexamen gepackt huet, ob Jong oder Meedchen. An denen déi nach e Noexamen hunn: bonne chance!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

14 juillet: Vive la France!

Chers amis français,

A l’occasion de votre Fête nationale, je vous présente mes vives félicitations! A vous tous comme à cette France que nous aimons d’un même élan, je souhaite la paix, la prospérité et surtout la liberté.  

Comme beaucoup d’entre vous, je suis inquiet de voir la France dominée par un pouvoir socialiste autoritaire qui n’hésite même plus à abuser ouvertement de la puissance publique qu’une majorité de Français lui avait confiée.  Les violences policières, les arrestations abusives contre des manifestants pacifiques sont à l’ordre du jour. Les Socialistes et leurs alliés ont adopté une loi illégitime qui menace les familles et les enfants.

Les héroïques résistants contre ces exactions sont aujourd’hui la fierté de la France et l’espoir de l’Europe! Ils s’opposent à des théories absurdes comme celle du genre. Ils défendent les plus faibles parmi nous. Qu’ils ne cèdent jamais et qu’ils ne lâchent rien!

Que Dieu protège la France!

 Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E Bréif un de Maître Vogel

Dëse Bréif hunn ech haut un de Maître Vogel geschriwwen. En ass eng kuerz Reaktioun op säi Bréif „Hommage à Juncker“.

Hei ass dem Maître Vogel säi Bréif:

<iframe src=“http://www.slideshare.net/slideshow/embed_code/24133209“ width=“479″ height=“511″ frameborder=“0″ marginwidth=“0″ marginheight=“0″ scrolling=“no“ style=“border:1px solid #CCC;border-width:1px 1px 0;margin-bottom:5px“ allowfullscreen webkitallowfullscreen mozallowfullscreen> </iframe> <div style=“margin-bottom:5px“> <strong> <a href=“http://www.slideshare.net/wortlu/hommage-juncker“ title=“Hommage à juncker“ target=“_blank“>Hommage à juncker</a> </strong> from <strong><a href=“http://www.slideshare.net/wortlu“ target=“_blank“>Luxemburger Wort</a></strong> </div>

An hei ass meng Aentwert (hei ouni Bréifkapp an Adress, Datum vum 14. Juli 2013):

„Maître,

Votre lettre intitulée « Hommage à Juncker » a retenu tout mon intérêt.

Votre estime pour cet homme politique est une chose, votre charge contre le système démocratique luxembourgeois en est une autre. Je ne vois pas en quoi l’exercice du contrôle démocratique par le parlement serait « fait de malhonnêteté intellectuelle et d’hypocrisie indigne d’une démocratie ».  Bien au contraire, il me semble heureux que la Chambre des Députés exerce enfin son droit de contrôle avec l’autorité qui revient de plein droit au premier pouvoir du pays.  

Je suis loin de partager votre avis sur les accusations portées contre Monsieur Juncker. Si certaines peuvent en effet paraître de moindre importance, d’autres me choquent profondément. Notre Etat a besoin de réformes en profondeur.

Monsieur Juncker est connu à l’étranger, c’est vrai. Avant lui, d’autres Luxembourgeois ont contribué à la renommée de notre pays sur les plans politique, économique, scientifique, culturel ou sportif. En tant qu’homme érudit, vous connaissez leurs noms et qualités. Loin de moi toute intention de nier ou d’amoindrir les mérites de Monsieur Juncker. Mais je tire un bilan nettement plus nuancé que vous sur ses activités sur le plan international.

Contrairement au gouvernement, je n’ai jamais essayé d’étouffer quoi que ce soit dans le dossier SREL. J’ai le droit et le devoir de remplir mon mandat dans l’intérêt de la démocratie et dans le respect des institutions. Or, vous parlez d’un « jeu sinistre » en faisant référence aux travaux de la Chambre des Députés. En vérité, la  lumière s’est faite sur les défaillances d’un gouvernement jusqu’alors perçu comme inattaquable et immuable. Il ne l’est plus et c’est très bien ainsi.

Le 10 juillet 2013 a été une journée difficile, soit. Mais elle aura contribué à la renaissance de la culture démocratique dans notre pays.

Veuillez agréer, Maître, l’expression de ma considération très distinguée.

 

Fernand Kartheiser „

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Feministesch Propaganda: „Gender Apartheid“

Dee Begrëff „gender apartheid“ hunn ech déi éichte Kéier an engem Bréif gelies, den déi belsch Kinnék Baudouin Fondatioun mir dësst Joer am Mee geschéckt hat, fir matzedeelen, datt d’Madame Bogaletch Gebre aus Aethiopien dësst Joer den Afrikaneschen Entwécklungspräis „Kinnék Baudouin“ gewonnen hätt. Do houch et „Gebre believes gender discrimination is as pervasive and destructive as recial apartheid once was. (…) This is what I want to see – a global coalition against gender apartheid.“

Hei ass den Artikel aus Wikipedia zu dem Thema: 

http://en.wikipedia.org/wiki/Gender_apartheid

Als een den sech fir Sprooch a Begrëffer nach interesséiert  huet dat do mech irritéiert. Datt ech dee Begrëff „gender“ net akzeptéieren ass jo kloer: ech sinn keen vun denen déi d’Biologie vum Mënsch niéieren fir aus dem Geschlecht e réngt sozialt Konstrukt ze maachen. Ech halen d’Gendergedeessems fir eng vun denen ënner alle falschen och nach dommsten Thorien, déi am Abléck den Zäitgeescht prägen.  Ech hunn also „gender apartheid“ an enger éichter Phas mol mat „sex segregation“ vun Femenglish op Englesch iwwersat.

Mä doriwwer raus kann ech net akzeptéieren, dat de Feminismus stänneg d’Tragedien aus der Mënschheetsgeschicht mëssbraucht fir d’Situatioun vun de Fraen an der Welt ze dramatiséieren. Sëcher gëtt et vill Problemer op dëser Welt mat denen besonnesch d’Fraen confrontéiert sinn a selbstverständlech muss een probéieren fir, sou wäit wéi méiglech, zu der Léisung vun sou Problemer bäizedroen.  Awer fir Begrëffer wéi „Holocaust“, „Genozid“ an elo rezent  „Apartheid“ an de feministeschen Propagandadiskurs ze integréieren ass net nëmmen historesch onhaltbar, mee och eng Verhöhnung vun den Affer vun denen Verbriechen.

Hei geet et ebe just drëm, e neit Verbriechen anzeféieren, eben „gender apartheid“. Wen, wéi z.B. déi kathoulesch Kierch keng Fraen zum Priistertum zouléisst, kann sech geschwënn dem neie Verbriechen vun der „gender apartheid“ schëlleg maachen. Cela promet…

Sou mecht zum Beispill dee Film „Pink smoke over the Vatican“ vun 2011, den fir d’Zouloussung vun de Fraen zum réimech-kathouleschen Priistertum militéiert, direkt Referenzen op d’Apartheid an Südafrika.  

Dee Vergläich kann ech awer net akzeptéieren. Eichtens fannen ech, dat een dem spezifeschen Term „Apartheid“ net soll seng historesch Bedeitung wechhuelen. Zweetens, ass en hei falsch wëll d’Fraen vun der Apartheid net aanecht betraff woren wéi d’Männer, inklusiv bei de Profiteuren vum System. Drëttens sinn d’Ennerdréckung an d’Verfolgung an och déi sozial a geographesch Trennung vu Leit an engem Polizeistaat op kee Fall vergläichbar mat enger theologescher Diskussioun ëm d’Plaatz vu Fraen an Männer an enger bestëmmter Kierch oder Relioun. Et kann een Vergläicher och sou wäit beméien, datt se all Sënnhaftegkeet verléieren.

Mäi Fazit ass, datt ech gär all Diskussioun iwwer Geschlechterfroen féieren, datt ech awer Här iwwer den Vokabular   bleiwen déi ech an sou enger Diskussioun benotzen. Weder „gender“ nach „gender apartheid“ gehéieren dozou.

Veröffentlicht unter Allgemein, Sproochen | Hinterlasse einen Kommentar

Dräi Szenarii fir den Här Juncker

D’CSV-Wahlcampagne ass ganz op den Här Juncker opgebaut. Ech denken awer, datt dat en eidelt Verspriechen ass, well ech mir net kann viirstellen, dat den Här Juncker nach laang Premier ass. Hei sinn dräi méiglech Szenarii:

Szenario 1: d’CSV geet an d’Oppositioun.

An dem Fall kann ech mir net viirstellen, dat den Här Juncker geng eng Oppositiounsroll spillen. 

Szenario 2: den Här Juncker gëtt nees Premier a wëll dat och bleiwen.

Ech huelen un, dat seng Partei e manner gutt Resultat mecht wéi 2009. Ech ginn och dovun aus, datt trotz aller Propaganda säi perséinlech Resultat net méi sou gutt gëtt. 

An dem Fall, wees hien dat e Renouveau iwwerfälleg ass.  Dobäi kënnt, datt hien  1954 gebuer ass, an hien no de Wahlen 59 Joer al gëtt. Falls hien nach geng 5 Joer bleiwen, da wär en um Enn vun senger Mandatsperiod 64 Joer al. Dat ass den Alter an dem och lo souguer den Här Asselborn decidéiert huet, net méi Spëtzekandidat ze sinn.  

D’CSV muss endlech nei Leit opbauen an den Här Juncker misst eigentlech och am Laf vun der Mandatsperiod séngem Successeur Plaatz maachen, falls hien un d’Wuel vu sénger Partei denkt.

Szenario 3:  den Här Juncker sicht sech sou séier wéi méiglech eng Plaatz an enger internationaler Organisatioun (wann en iwwerhaapt nach eng kritt)

An dem Fall, wär den  ganzen CSV-Wahlkampf vun Ufank un onéierlech. Dowéinst wär et interessant vum Här Juncker ze héieren, wéi laang hien da wëll Premier bleiwen, sollt en dann nees Premier ginn!

Meng Conclusioun ass, dat den Här Juncker keng ganz Mandatsperiod méi mecht. Déi Stëmmen déi CSV also mam Här Juncker sammelt „Mir mam Juncker“ richen no Wielerbedruch.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Dat Lëtzebuerg, dat ech mir wënschen….

 Gëschter hunn eng Mail vun enger bekannter Perséinlechkeet aus dem ëffentleche Liewen kritt, déi ech hei an liicht verkierzter an anonymiséierter Form wëll publizéieren. Fir déi frëndlech Erlaabnis dozou soen ech där Perséinlechkeet vun hei aus ën häerzleche Merci. Ech sinn mam Inhalt vun där Mail ganz d’accord, an hunn mech éierlech gefreet, datt et nach aner Leit ginn, déi ähnlech denken wéi ech selwer.

Dat stellt och d‘Fro wéi een Lëtzebuerg? Do gëtt dann emmer vun groussen an abstrakten Prinzipien geschwat, mee ech mengen déi Debatte vun gëschter an der Chamber weist, dass miir nees bei ganz elementaren Saachen unfaenken mussen.
 
1) Ech wënschen mir een Lëtzebuerg wou all Lëtzebuerger mat deenen noutwennegen Diplomen dei selwecht Chance hunn fiir an den gehuewenen Staatsdengscht eranzekommen.
 
2) Ech wënschen mir een Lëtzebuerg wou déi grouss Affairen net emmer ennert den Teppech gekiert ginn,(…).
 
3) Ech wenschen miir een Letzebuerg wou d‘Justice ouni Anmeschungen fräi enquêteiren kann an och déi „Deck“ endlech vun der Justiz bestroft ginn.
 
4) Ech wenschen mir een Lëtzebuerg wou letzebuergesch nees, wéi an der Chamber, déi Haaptemgangsprooch ass.
 
5) Ech wenschen miir een Letzebuerg wou d‘Leeschtung nees den Haaptkritere fiir d‘Weiderkommen an der Gesellschaft ass.
 
6) Ech wenschen mir een Letzebuerg wou Wunnpreiser abordabel sinn.
 
7) Ech wenschen miir een Lëtzebuerg wou den Staat keng Scholden um Reck vun onsen Kanner mecht.
 
8) Ech wenschen miir een Letzebuerg wou d‘Pensiounen an d‘Krankenversuergung secher sinn.
 
9) Ech wenschen miir een Letzebuerg wou d’Schoulen nees op d‘Liewen viirbereeden an Wessen vermettelen.
 
10) Ech wenschen miir een Letzebuerg wat mat der Zeit geet, ouni dat ons Grousselteren an Urgrousselteren aus der Zeit vum 2ten Weltkrich sech net méi an deem Letzebuerg zreckerkennen géifen.
 
Ech wenschen mir een Letzebuerg wou mir bleiwen wat mir sinn!
 
Hei dat wat ech mir net wenschen:
 
1) Ech wenschen mir keen franseischsproochegt Letzebuerg.
2) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wou d‘Letzebuerger an der Minoriteit sinn.
3 ) Ech wenschen mir keen Letzebuerg vun der Vetternwirtschaft.
4) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wou den Staat alles bevormundet.
5) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wou verschidden Leit an Parteien mengen den Staat geif hinnen alleng geheiren.
6) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wou eng Minoriteit der Majoriteit hiren Liewenstil an hir moralesch Usancen opzwengt.
7) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wat vun RTL oder Wort systematesch politesch desinforméiert an manipuleiert gett, an wou trivial Kachsendungen um deitschen Fernseher mei wichteg sinn wei politesch Substanz an Fachwessen.
8) Ech wenschen mir keen Letzebuerg wou Auslaenner mir neischt dir neischt fiir d‘Chamber wielen kennen.
9) Ech wenschen mir keen Letzebuerg vun der “ political correctness“, een Letzebuerg wou d‘Wouerecht net dierf gesot hunn.
10) Ech wenschen miir keen Letzebuerg wou am Zuch Schaffner an aner Passageier bal doud geschloen ginn.
11) Ech wenschen miir keen QuotenLetzebuerg.
 
(…)  ech mengen, dass vill Leit et sat hunn. Och vun den Floskelen am Politikjargon an ech mengen och dass vill Leit gesinn dass et esou net weider geet mat den Parteien vum Establishment, deí den Staat ennert sech wei hiir chasse gardée opgedeelt hunn.
 
Déi Beispiller aus der Ried vum Staatsminister iwwert den Bouw vum Staatsekretaer Schaack oder d‘Beispill vum Mandé soen alles. An ett ginn aner Beispiller.
 
Den Staat ass zum self-service degenereirt ennert den jeweiligen CSV, DP an LSAP Regiirungen. Den Staat ass soss neischt wéi den Cactus oder den Match vun CSV, DP an LSAP wann ett em d‘Fonction publique (…) geet. Verschidden Ministaeren sinn chasses gardées vun deenen jeweilegen Parteien. Dess Politik ennerleeft voll den Prinzip vun der Impartialiteit vun der Fonction publique. 
 
Ech hunn net vill iwwreg fiir dat Letzebuerg wat vun deem Establishment (…) gefouert gett. Ett ass net dat Letzebuerg vun der Résistance an vun den recrutés de force déi fiir d‘Fräiheet vun desem Land angestanen sinn.

An deem Senn ass CSV d’Opfer vun hiirem eegenem Succès ginn. An der UdSSR wiiren dei selwecht Karrieristen an der KPDSU. Hiir Iwwerzeegungem sinn total austauschbar, alles wat sie interesseiert ass hiir Karriere. Den Staat Letzebuerg an ons Land stinn bei hinnen net un eischter Stell.
 
An duerfiir wenschen ech miir och fiir Letzebuerg Politiker dei manner un hir Karriere denken wéi  un onst Land. An sollt dat net eng Selbstverstaendlechkeet sinn? An duerfiir mengen ech dass een mol nees bei ganz normalen Saachen unfaenken muss fir Demokratie ze maachen.
 
Weivill Walprogrammer ginn elo nees geschriwwen well sech Parteistrategen, iwwert Meenungsemfroen, Succès beim Vollek domadder verspriechen?
 
Dat ass den Doud vun enger wahrhafteger Demokratie.
 
Demokratie gett esou opportunistesch an dat ass à terme hiiren Ennergang. Eng opportunistesch Demokratie ass den Resultat vun zevill Karrieristen an den Parteien.
 
Den Walprogramm sollt Meenung vun den Memberen vun enger Partei kloer widerspiegeln. Dat ass net méi den Fall. Duerfiir sinn d‘Programmer vun CSV, DP oder LSAP, an och schonns déi vun denen Grengen  als Juniorpartner vum Establishment plus minus beliebeg austauschbar. Ett geet em Nuancen.
 
Kontrovers diskuteiert gett iwwert Nuancen, an deementspriechend farblos an diffus ass d‘Diskussioun. Dat ass och d‘Schold vun deenen Meenungsemfroen.
 
(…)“

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Instrumentaliséierung vun der CSV duerch den Här Juncker

Aus Grënn déi wuel jiddereen verstoen kann, wor ech den Owend net um Nationalkongress vun der CSV. Mee ech hunn awer d’Artikelen iwwer den Kongress op wort.lu an op rtl.lu gekuckt.

Ech gleewen net un d'“Dolchstosslegende“, déi géint d’Sozialisten do konstruéiert gëtt. Ech denken, dat den Här Juncker eng ganz Rei vu grave Feler gemaach huet, an et deet mir Leed dat hien dat net agesäit. Hien huet den CSV-Stat sou staark assimiléiert, dat hien mol net méi erkënnt wat wierklech falsch ass.

De Fall vum Här Mandé ass dofir e gutt Beispill. Wann een engem wëll hëllefen den een kennt, da muss dat awer am Respekt virun de Prozeduren, an aller Transparenz an am Interessi vun denen betraffenen Institutiounen oder Verwaltungen geschéien.  Dat wor awer net de Fall. Den Här Juncker verlaangt haut – mat Recht – e Respekt virun den Institutiounen, den  hien selwer awer leider net gewisen huet. Richteg ass, datt den CSV-Stat sech doduerch auszeechent, datt vill Posten opgrond vun der Parteikaart, vu Nepotismus a Bezéiungen verdeelt ginn.

Mech stéiert dat den Här Juncker lo seng Partei instrumentaliséiert fir säin Ego ze retten. Hien hätt sollen senger Carrière hei am Land e wierdegt Enn ginn, wou dozou nach Zäit wor. Hien hätt sollen en Dauphin opbauen an den systematesch protegéieren. Béides huet hien awer verpasst. Haut ass d’CSV eng Partei déi sech am Persounekult übt: si offréiert e Politiker amplaatz eng Politik. Symptomatesch dofir wor den Jubelkongress haut den Owend zu Hesper. Keng Still fir déi zu Claqueuren degradéiert Parteimemberen, keng Diskussioun, keng Demokratie. Dëse Kongress huet bewisen, datt an der CSV nëmmen een zielt an nëmmen een decidéiert.  D’CSV-Memberen ginn an d’Sippenhaft fir hiren Maximo Lider geholl, si hätten awer mat Sëcherheet Besseres verdéngt!   

Enner dem Här Juncker huet d’CSV hire Profil als „C“-Partei komplett verluer. Hire Credo haut heescht Ofdreiwung an Homo-„Bestietnis“. Hire Parteiprogramm ass praktesch austauschbar mat dem vun der LSAP oder dem vun der DP – „fortschrëttlech“ eben. D’Ennerscheeder leien nëmme nach an den Nuancen.  

Den Här Juncker probéiert d’Kompetenz vun e puer vun den Haapt-CSV-Leit an d’Spill ze brengen. An et ass absolut richteg, datt et an der CSV eng Rei vu gudde Leit gëtt. Allerdéngs gëtt et där och bei denen anere Parteien. Et gëtt bei der CSV iwwregens  och eng net kléng Zuel  vun – politesch gesinn – komplette Nullen. Bei denen aneren sëcher och. Wat mech un dem Kompetenz-Argument also stéiert ass virun allem en aneren Aspekt:   den Här Juncker hëllt dat Beispill vun de Problemer bei der Emstellung vun der Quellesteier op den automateschen Informatiounsaustausch an e „vergësst“ dobäi ze soen, dat mir den Problem NEMMEN wéinst der CSV-Kapitulatioun zu Feira am Joer 2000 iwwerhaapt kruten!! An zu Feira wor Lëtzebuerg duerch déi Hären Juncker an Frieden vertrueden! Mat hirem Versoen vun deemools maachen si hire Wahlkampf vun haut!

Et geet dem Här Juncker net ëm d’Lëtzebuerger, well déi entdeckt hien nëmmen wann hien se brauch. An Wierklechkeet militéiert d’CSV fir d’Auslännerwahlrecht. Den Här Juncker  schwätzt vun „engem staarke Stéck Lëtzebuerg“.  Fakt ass awer, datt d’CSV an den Här Juncker zënter Joeren europäesch Interessen systematesch virun eis national Interessen gesat hun. An et ass ganz einfach falsch fir ze behaapten europäesch Interessen an national Interessen wären „dat selwecht“. Dacks ass den exakten Géigendeel wouer! Dat do sinn banal Rechtfertegungsfloskelen fir ze camoufléieren, datt den Här Juncker eist Land vernooléissegt huet fir sech an Europa auszetoben. Heiheem schéngt hien sech gelangweilt ze hunn.  Jiddefalls ass den objektiven Bilan vu senger éiweg laanger Regierungsperiod en Desaster.

Egal wéi et bei de Wahlen geet – an souguer dann wann den Här Juncker nees sollt Premier ginn – en ass ugezielt an méi schwaach. Seng Onugräifbarkeet ass fort. An senger Partei ginn bestëmmt och iergendwéini Leit waakrech déi dë Persounekult saat hunn.   

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

„Déi konservativ Säit“ ënnerstëtzt de Jean Asselborn!

Léif Sozialisten, léif „Kroden a Krodinnen“,

maacht dach wann-ech-gelift nees de Jean Asselborn zu Aerem Spëtzekandidat! Ditt eis wann-ech-gelift den Gefalen! Wien aanecht kéint eis international mat souvill Dignitéit vertrieden wéi den Här Asselborn ? Wien aanecht suergt sou wierksam dofir, dat mir Lëtzebuerger iwwerall mat vill Respekt consideréiert ginn?

An firwat sollen d‘ Sozialisten sech personell erneieren, wann och ëmmer déi selwecht kënne bleiwen an denen méi Jonken hir Chancen wech huelen?

Mat beschte Gréiss,

Déi Konservativ    

  

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Presshëllef an Medienpluralismus

Am Paperjam vum Juli 2013 ass en Interview mam Här Erny Gillen mam Titel „Saint Paul en pleine mue“. An dem Artikel wënscht den Här Gillen sech eng nei Diskussioun iwwer d’Presshëllef, déi ën net wëll ofschaafen, mee déi hien sech kéint am Kader vun  enger „reconversion dans le domaine global“ viirstellen. Dobäi wäert hien ënner anerem un déi digital Medien denken.  Ausserdem erënnert hien un de „maintien de l’emploi“ an dem Secteur.

Sou wäit, sou gutt. Allerdéngs ass et ni schlecht d’Wort drunn zë erënneren, dat kaum eng Zeitung de Pluralismus, inklusiv aus den eegene Reihen,  sou ënnerdréckt wéi hatt selwer. Souguer vill Paschtéier kréien am Wort keng Zeil publizéiert, vun de Lieser scho guer net ze schwätzen. D’Wort ass keng Zeitung mee e  publizéiert Zensurorgan.

Dat de Steierbezueler iwwer d’Presshëllef d’Zeitungen ënnerstëtzt halen ech fir prinzipiell richteg. An eisem Land kéint ouni déi Hëllef keng Zeitung iwwerliewen.

Allerdéngs wéilt och ech de Pluralismus den d’Medien als Géigeleeschtung ze bréngen hunn, nei definéieren. De Steierbezueler ass net do, fir denen verschiddenen Parteien hir Propagandaorgan ze finanzéieren, mee hien bezillt fir sech an all Zeitung kënnen objektiv ze informéieren. Et gëtt also zwou Ziilrichtungen vun der Presshëllef: éichtens de Pluralismus duerch vill verschidden Organer mat hiren eegenen Iwwerzeegungen erméiglechen, mee zweetens  gläichzäiteg och an all Zeitung méi Pluralismus garantéieren.

Dowéinst soll d’Presshëllef drunn gekoppelt sinn, dat an all Zeitung eng Rubrik  „Aner Meenungen“ muss virgesi sinn, op där d’Meenung vun denen aneren Parteien ongekierzt an onverfälscht publizéiert gëtt. Dat kënne Communiquéën sinn, Richtegstellungen, Kalennerinformatiounen, Invitatiounen op Informatiounsversammlungen, wat och ëmmer. D’Gréisst dovun kann reglementéiert sinn fir dat do keen iwwerdreift, awer de Pluralismus muss garantéiert sinn. Ech kann mir viirstellen, dat an all Zeitung op d’mannst eng Säit muss fir dee Meenungspluralismus reservéiert sinn. A wuel verstaanen: OUNI ZENSUR.

Wann d’Presshëllef also dozou déngt dem Steierbezueler méi Pluralismus, méi Objektivitéit an méi Informatioun ze bidden, dann ënnerstëtzen ech gär eng Reform vun dem System am Interessi vun de Medien hei am Land.

Iwwregens denken ech och dat Zeitungen déi zu méi wéi 33% op Lëtzebuergesch publizéiert ginn, nach sollten extra ënnerstëtzt ginn.

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare