MINTE: Erklärungen déi net zëfridde stellen!

Haut gouf e Presscommuniqué vun der Plattform MINTE publizéiert, den zougëtt, datt eng Rei vun denen Organisatiounen déi mat hirem Logo op der Spaweckssäit www.minte.lu vertruede sinn, a Wierklechkeet NET fir e « Jo » fir d’Auslännerwahlrecht antrieden mä sech an där Fro enger Recommandatioun enthalen. Dat wär de Fall fir d’CARITAS a fir d’CGJL – de Fall vun der UGDA gouf jo schonns dës Woch geklärt. MINTE erklärt haut, datt déi Organisatiounen sech just nëmme géifen „un Diskussiounen bedeelegen“.

 Hir Logoen figuréieren awer op der Spaweckssäit vu MINTE genee ënner engem klore Plädoyer FIR d’Auslännerwahlrecht, an zwar ënner dem Titel „D’Awunnerwalrecht – Firwat?“. Wann dat keng kloer Ierféierung vun de Leit soll sinn, wat ass et dann? Menger Meenung no huet MINTE ganz kloer probéiert ze suggéréieren, datt d’CARITAS an d’GGJL och den Text fir d’Auslännerwahlrecht géngen ënnerstëtzen. Den Ennerscheed tëschent „Member vun der Plattform sinn a sech just un Diskussioune bedeelegen“ a „fir d’Awunnerwahlrecht antrieden“ ass jiddefalls bis haut néierens kloer gemaach ginn. D’Logoen vun der Caritas an der CGJL gesinn op där Säit genee sou aus wéi zwou Ennerschrëften ënnert dem MINTE-Plädoyer fir d’Auslännerwahlrecht, well genee sou goufe si do placéiert.

An dene nächsten Deeg muss analyséiert ginn, wéi eng Organisatiounen wierklech mat der MINTE-Fuerderung d’accord sinn an ob si dofir och e korrekte Mandat hunn.

Do wäre mol eng ganz Rei vu Mini-ASBLen oder Organismen dobäi, déi haaptsächlech – direkt oder indirekt – vun der ëffentlecher Hand liewen, wéi z.B. d’Maison des Associations (2 Leit), déi ganz enk mam OLAI zesummeschafft, „4 motion“ (8 Leit). CID-Fraen an Gender (9 Leit), Femmes en détressse, Info-Mann (4 Leit) etc, déi zu engem groussen Deel vum Gläichheetsministère bezuelt ginn. Wéi onofhängeg sinn déi Associatioune wierklech? Konnt eventuell op si Drock ausgeübt ginn? Wéi wäit sinn hire Mandat an hir Statuten mat engem politeschen Engagement fir d’Auslännerwahlrecht compatibel? Ass et normal, datt op enger Plaz op där Leit psychologesch Hëllef sichen op eemol Politik gemaach gëtt? 

Da gëtt et gläich eng ganz Rei vun Auslännerorganisatiounen an der Plattform. Dozou ass meng perséinlech Positioun bekannt: fir mech ass déi Diskussioun ëm d’Auslännerwahlrecht eng déi mir sollen ënner Lëtzebuerger féieren, well et geet un alleréichter Plaz ëm d’Zukunft vun EISEM Land an EISER Natioun. Dat et awer zu dem Thema och vill Leit mat enger anerer Meenung ginn ass gewosst.

Enner denen Organsiatioune sinn z.B. den „Deutscher Verein in Luxemburg“, « Français du Monde » (qui se réclame de la „gauche républicaine“), Confederaçao de comunidade portuguesa no Luxemburgo (Notre objectif principal: Intégrer les Portugais et leurs organisations comme entités juridiques dans la société luxembourgeoise »), Federacion de Associaciones de Espanoles de Luxemburgo (FAEL), Amitiés Portugal-Luxembourg, etc… .

Weder a Frankräich, nach an Däitschland, nach a Portugal oder a Spuenien gëtt et awer en Auslännerwahlrecht. Wou ass do d’Reciprocitéit? Wou de moraleschen Usproch? Hunn d’Auslänner da net scho bal all e Wahlrecht fir hir eegent, nationalt Parlament? Wëlle si elo en zweet Wahlrecht fir national Wahlen?

Da gëtt et nach esou Initiativen wéi „Européens sans frontières“ (ESF), den e « Comité luxembourgeois » vun ganzen 2 Leit huet, d’ „Luxembourg Cricket Federation »an en Theatergrupp vun 20 Leit (Compagnie du Grand Boube). Wierklech beandrockend!

Politesch relevant sinn eigentlech just d’Gewerkschaften (OGBL, LCGB, Syprolux, FNCTTFEL etc..) an d’UNEL. D’UNEL wor nach bis virun e puer Joer eng „Art Kartell der Studierendenorganisationen linker politischer Parteien geworden: die „Etudiants socialistes“ (LSAP), die „Orientation syndicale“ (KPL), die „Spartacus“-Zirkel (LCR, trotzkistisch) und der „Kommunistische Studentenverband“ (KBL, maoistisch)“. Haut bezeechent si sech als „fortschrittlich“. Wouhi soll dee „Fortschritt“ da goen?

Déi richteg Debatt gëtt déi an de Gewerkschaften. A genee do well ech mat dësem klengen Artikel ophalen. Op der Spaweckssäit vum LCGB steet nämlech dat hei:

ASTI asbl, die Vereinigung zur Unterstützung der berufstätigen Einwanderer, hat mit den Mitgliedern der ASTI-Arbeitsgruppe zum Thema Wahlrecht im Zusammenhang mit der Debatte um die Öffnung des nationalen Wahlrechts für in Luxemburg ansässige Ausländer ein Dokument zusammengestellt, das von den Mitgliedern der Plattform Migration und Integration angenommen wurde.

Mit dem Dokument soll ein konstruktiver und fundierter Beitrag zur Diskussion um die Erweiterung des nationalen Wahlrechts auf alle in Luxemburg Ansässigen geleistet werde“.

Do steet also explizit, datt dat Dokument FIR d’Auslännerwahlrecht wär vun der Plattform MINTE „angenommen worden“. Gëllt dat dann och fir d’Caritas an d’CGJL? Hunn déi Organisatiounen dat Dokument vun der MINTE iwwer d’Auslännerwahlrecht zu iergend engem Abléck ugeholl oder net? Also nach eemol meng Fro u MINTE: wen erzielt eis hei d’Wouerecht a wee net?

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

E Bléck op déi aktuell politesch Situatioun

An dene nächste Wochen gëtt déi politesch Aktualitéit staark vum Referendum vum 7. Juni markéiert. An dene villen Diskussiounen déi elo schonn dorëmmer sinn an an dene sëllegen Gespréicher mat de Leit ronderëm esou Evenementer léisst sech feststellen, datt d’Meenungen bei dene meeschte Parteien ganz gedeelt sinn. D’Emfroen hu Recht, wa si soen, datt d’ADR déi Partei ass. déi bei Wäitem am mannsten intern Meenungsverschiddenheeten zu denen dräi gestallte Froen huet.
Um Beispill vum Auslännerwahlrecht weist d’CSV ëmmer méi, datt si zu enger Partei ouni Linn ginn ass. Zënter datt den Här Juncker fort ass, struewelt déi Partei a schleeft sech vun engem faulen interne Kompromëss zum aneren. Wann dat esou viru geet, da kann een fir d’CSV – trotz hiren aktuell exzellenten Wäerter an den Emfroen – mëttelfristeg net optimistesch sinn. Si steet fir alles a fir näicht an ass domat keng zouverlässeg Gréisst an der Politik. Inhaltlech bréngt si et einfach net fäerdeg, fir sech vu Gambia ze demarquéieren. Datt hir Jungendorganisatioun, d’CSJ, sech an der Fro vum Auslännerwahlrecht mat de Lénksparteien solidariséiert ass e kloert Signal a sollt der CSV weisen, datt et héig Zäit gëtt fir sech zësummen ze rappen an hir Plaatz am Parteiespektrum endlech festzeleeën. Et ass net gutt fir eist Land wann d’CSV just nëmmen dorop hofft déi nächst Wahlen ze gewannen well kee méi Gambi wëll, awer da praktesch déi selwecht Politik wéi Gambia virun ze féieren.
Och bei de Gambia-Parteien deet sech villes. Besonnesch bei der DP si vill Memberen net méi bereet dee radikale Lénkskurs vun der Parteispëtzt Bettel-Meisch -Berger mat ze droen. De Referendum ka fir d’DP zu enger grousser Belaaschtung ginn, an dem Sënn datt déi Partei sech « effritéiert » an datt eng Wielerofwanderung a Richtung CSV an ADR stattfënnt.
De Referendum huet also net nëmmen potentiell gravéierend Konsequenzen fir eist Land, mä och op déi intern Dynamiken an enger Rei vu verschiddenen politesche Parteien.
Bei dene méi klenge Parteien ass ze notéieren, datt d’PID elo definitiv klinesch dout ze si schéngt a just nach aus dem Här Colombera a e puer vu senge Jünger ze bestoe schéngt. Ausser engem geleeëntleche Presscommuniqué ouni vill Inhalt a Sënn ass aus dem « integralen » Cannabis-Eck näicht méi ze héieren.
Och d’Piraten hunn hire Wee no ënnen ugefaang. Déi däitsch Mammepartei ass praktesch verschwonnen an hir lëtzebuergesch Sectioun lieft nëmme nach duerch e penible Persounekult. D’Disziplin an der Partei ass staark um Ofhuelen. De Kapitän wollt zwar onbedéngt e Jo zum Auslännerwahlrecht an huet den op dem ganz schwaach besichte Piratekongress och duerchgeboxt, mee déi einfach Matrousen këmmeren sech net ëm dee Beschloss a roden de Leit dräi mol « Nee » ze stëmmen.
Dem Här Castiglia senger Initiativ fir eng nei Partei ze grënnen, ginn ech keng Chance, alléng schonn wéinst der extrem niddreger politescher Credibilitéit vun hirem Grënner. Gëschter nach bei der Biergerlëscht vum Här Jaerling an als Kandidat bei der Piratepertei an haut Grënner vun enger neier Partei déi de Géigendeel vu senge Bis-elo-Iddie vertrëtt ?
Et schéngt also am Abléck sou ze sinn, datt sech déi politesch sechs-Parteie-Glidderung vun der lëtzebuerger Politik festegt an déi méi kleng Parteien, déi nach bei dene leschte Wahlen ugetruede sinn, ofhuelen. Duerch d’Regierungspolitik an och de Referendum ass awer mat staarke Wielerwanderungen tëschent dene sechs Chamber-Parteien ze rechnen.

Bemierkung: den Här Järling huet mir an der Tëschenzäit matgedeelt, datt den Här Castiglia net bei him op der Lëscht war. Ech bieden dëss Korrektur also mat ze berücksichtegen a bieden dësen Iertum ze entschëllegen.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

RTL Invité vum Dag: Bäitrag iwwer den Entworf fir eng nei Verfaassung

Den 16. März hat d’RTL-Redaktioun mech frëndlecherweis invitéiert fir iwwer déi nei Verfaassung ze schwätzen. Hei ass de Link um RTL_Site:

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/616258.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Fammiljen- a Budgetspropositiounen vun der ADR

Hei ass en Ausschnëtt aus menger Ried zum Budget an där ech d’Propositiounen vun der ADR zum Budget an zur Familljepolitik hunn daerfe presentéieren.

D’ADR huet als eenzeg Partei kloer Faarw bekannt a Propositioune gemaach wéi ee kann iwwer 430 Milliounen Euro liicht an direkt spueren, ouni dobäi iergend engem eppes wechzehuelen, ouni déi international Verflichtungen vu Lëtzebuerg ze briechen an ouni d’Steieren ze héijen.

Ausserdem geng d’ADR d’Fammiljen konsequent ënnerstëtzen an där fraen-, mammen- a familjefeindlecher Politik vun der Gambia-Regierung en Enn maachen. No eisem ADR-Modell kriiten déi Mammen déi doheem bleiwen dofir eng richteg Pai a wären och sozialversëchert. D’ADR wëll de Fammilljen et  materiell op eng realistesch Manéier erméiglegen fir hir Kanner selwer ze erzéien.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Manipulatioun duerch d’Medien

Mat e puer Beispiller aus der Aktualitéit vun dene leschten Deeg wëll ech hei weisen wéi eis Medien – bewosst oder vläicht och onbewosst – den Terrain vun der Objektivitéit verloossen an dee vun der Propaganda betrieden. Et kéint een där Beispiller bal all Dag opzielen. Ech bedaueren déi Nonchalance mat där verschidde vun eise Speakeren a Journalisten mat de Wierder an de Begrëffer ëmginn, dobäi missten dach grad si wëssen, wéi wichteg et ass d’Leit präzis a méiglechst objektiv ze informéieren. All Wuert huet sech eege Bedeitung a Wichtegkeet an dat Gefill dofir schéngt leider ëmmer méi verluer ze goen. Wahrscheinlech ass dorun och déi grujeleg Dekadenz an eisem Schoulsystème net onschëlleg.

E Bäitrag iwwer e Referendum iwwer d’Homo-Bestietnis an engem südosteuropäesche Land ass mat där Fro ageleet ginn, wéi „tolerant“ dat Land da wär? Dobäi wollt d’Journalistin insinuéieren, datt „Toleranz“ an e Jo zum Homo-Bestietnis dat selwecht wär. Dat as awer reng Propaganda well dobäi déi ganz Argumentatioun géint d’Homo-Bestietnis discreditéiert gëtt obschonn déi – an dat ass elo meng Meenung – vill méi iwwerzeegend ass wéi d’Argumenter fir d’Homo-Bestietnis. Firwat bréngt déi Journalistin et net faerdeg einfach faktuell iwwer dee Referendum ze informéieren?

En zweet Beispill ass e Bäitrag deen iwwer e Virtrag zur Familljepolitik gemaach gouf. Dee Virtrag huet déi aalbekannt politesch lénk Thesen bruecht – am Sënn dat déi traditionell Famill ënner villen anere Verbriechen der Gläichberechtegung vun de Fraen géng am Wee stoen. D’Journalistin huet an hirem Kommentar d’Terminologie vun dem Virtrag ouni Kritik iwwerholl, inclusiv dem neigeschafene Wuertmonster „familiaristesch“, dat dorop ofzielt déi, déi fir déi traditionell Famill stinn an en ideologeschen Eck ze drécken. Et feelt geschwënn net méi vill an e Bekenntnis zur traditionneller Famill gëtt zu engem Gedankeverbriechen.

En drëtt Beispill ass e Reportage iwwer déi nei griichesch Regierung an dem dee klénge Koalitiounspartner einfach als „d’Rietspopulisten“ bezeechent goufen. Déi Partei heescht awer net esou, mee „Onofhängeg Hellenen“ an ech gleewen och kaum, datt si sech wéilten als „Rietspopulisten“ bezeechnen. De Journalist sot jo och net „déi Lénksradikal“ wou hien vun der Syriza geschwat huet.  „Rietspopulismus“ ass einfach e Kampfbegrëff aus dem lénke Lager, den näicht heescht mee exklusiv der Diffamatioun vum politesche Géigner déngt.

Musse lëtzebuerger Radiojournalisten sech wierklech permanent ëffentlech ideologesch lénks areien oder sollten si net éichter probéieren einfach d’Leit méiglechst objektiv an éierlech ze informéieren?

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Awunnerwahlrecht“? – eng nei Propagandafloskel!

Gambia wëll jo net méi sou gär vum „Auslännerwahlrecht“ schwätzen, mä vum „Awunnerwahlrecht“. Domadder soll dovun ofgelenkt ginn, datt de Lien tëschent der Nationalitéit an dem Wahlrecht bei de Chamberwahlen soll ofgeschaaft ginn. „Awunnerwahlrecht“ kléngt méi harmlos – schliesslech wunne jo och déi meeschte Lëtzebuerger hei am Land –  an d’Hoffnung vun der Lénkskoalitioun ass fir duerch dëse neie Begrëff op manner Widderstand fir hir Iddi ze stoussen.

Dozou wëll ech awer bemierken, datt Gambia awer ebe just keen „Awunnerwahlrecht“ wëll,  mä ganz kloer en „Auslännerwahlrecht“. Wär et en „Awunnerwahlrecht“ – wéi Schottland et viru kuerzem beim Referendum iwwer d’Onofhängegkeet praktizéiert huet – da géngen all déi Lëtzebuerger déi net hei am Land wunnen jo hirt Wahlrecht verléieren. Sou ass et awer net geplangt. Déi Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen sollen hirt Wahlrecht net verléieren – wéinstens net bis elo.

Dat Wuert „Awunnerwahlrecht“ ass dowéinst einfach nëmmen eng nei Propagandaligen vun der DP-LSAP-Gréng Lénkskoalitioun.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Aentwert vum Här Roland Kirsch op eng Carte Blanche op RTL

Well ech, wéi sou dacks, och dëse Kommentar vum Här Roland Kirsch besonnesch interessant fonnt hunn, kopéieren ech och dëse Bäitrag vu sengem Blog „Riichteraus“ op dëser Plaz.

„Freitag, 6. Februar 2015

Äntwert op dem L. Schlechter seng Carte Blanche: Relioun a Gewalt: Wéi et am Buch steet

Här Schlechter,

Dir schreift an ärer Carte-Blanche vum 6. Februar, datt – sënngeméiss – d`Muslimen, d`Judden an d`Chrëschten eng postiv Opfaassung vun hirer Relioun hunn. Dat nämlecht kann een ouni ze zécken och vun Iech behaapten. Dir sidd jo honnertprozenteg vun ärer agnostescher/atheistescher/nihilistescher (sicht Iech dat Richtegt eraus) Opfaassung iwwerzeegt. Anescht kann ech är Ausleeung nët verstoen.

Ët kéint een villes konteren wat Dir do schreift. Ech wëll mech ower op 2 Punkte beschränken. Iwwer den Islam an är Aussoen dozou wëll ech mech nët äusseren. Duerfir kennen ech en nët genuch an dat soll jo schliisslech de Musulmanen hier Aufgab sinn, dat duerchzeféieren.

Fir är Kritik um Chrëschtentum z`ënnermaueren zitéiert Dir Lukas 19,27: “Meng Feinden, déi net wëllen, dat ech hire Kinnik sinn, bréngt se heihin an erschlot se vru mengen Aen.” Et ass geféierlech, wann een eng Ausso aus hirem Zesummenhang eraus rappt an dorauser e globaalt Uerteel fir d`ganz Chrëschtenheet fabrizéiert. Mee genee dat maacht Dir. Dëse Saz gëtt vu Jesus gesot am Zesummenhang mat engem Gläichnes, enger Parabel. Jesus schwätzt ganz vill a Gläichnesser, fir datt mir besser solle verstoen. Wa Jesus vu sech gläichneshaft schwätz als de “Wee” , oder “d`Brout vum Liewen”, oder “d`Paart “, da géing ët kengem afalen, dëst wuertwiertlech ze huelen. Datt och déi Parabel, aus där Dir zitéiert, nët wuertwiertlech opzefaassen ass, ënnermauert Jesus selwer duerch en etlech, ganz wesentlech Aussoen. Ech zitéieren – nom Text vun der Luther-Bibel:

Lk 6,27 : Aber ich sage euch, die ihr zuhört: Liebet eure Feinde; tut denen wohl die euch hassen.

Lk 6,35 : Vielmehr liebet eure Feinde; tut wohl und leihet, dass ihr nichts dafür hoffet …

Tëschent deenen 2 Aussoen steet nach e weidere Saz, deen ët och der Wäert ass, en emol a sengem Sënn genee ze analyséieren: Und wie ihr wollt, dass die Leute euch tun sollen, also tut ihnen gleich auch ihr. Dat ass an aller Kloerheet keen Opruff zu onfrëndlechem Handelen.

Mt 5,44 : Ich aber sage euch: Liebet eure Feinde; segnet, die euch fluchen; tut wohl denen, die euch hassen; bittet für die, so euch beleidigen und verfolgen.

Et wor Jesus, deen ëmmer erëm zur Gewaltlosegkeet opgeruff huet:

Mt 26,51-52: (wéi Jesus vun de Réimer gefaange gouf) Und siehe, einer aus denen, die mit Jesus waren, reckte die Hand aus und zog sein Schwert und schlug des Hohenpriesters Knecht und hieb ihm ein Ohr ab. Da sprach Jesus zu ihm: Stecke dein Schwert an seinen Ort! Denn wer das Schwert nimmt, der soll durchs Schwert umkommen.

Ët muss een dat Neit Testament schonn aus engem ganz enken Wénkel betruechten, vir a Jesus a Mënsch ze gesinn, deen zu Gewalt oprifft! Dir hutt dat Konschtstéck fäerdeg bruecht; mee dat ass beileiwe kee Beweis vu groussem analyteschem Virgoen.

Et ass äert Recht, esou wéi Dir an ärem läschte Saz schreift, mat Gott nët eens ze ginn. Mee Dir bleift de Beweis schëlleg, wéi Dir da mat enger Welt ouni Gott eens gitt. Oder sidd Dir der Iwwerzeegung, datt eng Welt ouni Gott eng besser ass. Da musst Dir mir emol dat mënscheveruechtend Handele vun de Gottesleegner Hitler, Lenin, Stalin, Mao Zedong, Ho Chi Minh, dem Pol Pot, dem Ceausescu, der Nordkoreanescher Dynastie Kim asw erklären. Si all hu sech keng Moral, keng Ethik vun iergend engem Gott virschreiwe gelooss. Si woren sech selwer Gewëssen – mam Resultat dat mer kennen; si hu bluddegst Spueren an der Geschicht hannerlooss. Nach haut steet e Kim un der Spëtzt vun engem Land, wou e Mënscheliewen näischt (jo: NÄISCHT!) wäert ass. Dat ass d`Resultat vun engem konsequent gelieften Atheismus. Oder wéi eng Äntwert hutt Dir als Philosoph derfir.

Wann Dir konsequent wiert, da misst Dir den Atheismus mat der nämmlechter Vehemenz ofleenen, wéi Dir d`Reliounen ofleent. Da stellt sech déi Fro, op déi ee just nach als Philosoph eng Äntwert afält: A wat bleift mer dann nach?

Ech wënschen Iech en erfollegräicht Nodenken. Vläicht hutt Dir d`Geleeënheet, fir an dem C.S. Lewis sengen theologesche Bicher ze liesen. Dëse groussen iresche Schrëftsteller a Philosoph huet sech och esou Froe gestallt. Hien huet seng Äntwert fonnt: de Glawen u Jesus ass dee richtegen!“

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

Aus der Chamber: Lëtzebuerg ass en eesproochegt Land!!

vun der adr-Spaweckssäit www.adr.lu

En eendeitege JO zur Lëtzebuerger Sprooch (VIDEO)

Am Kader vun enger Interpellatioun an der Chamber, en Donneschdeg, de 27. November 2014, huet de Fernand Kartheiser, e wichtege Plädoyer fir d’Lëtzebuerg Sprooch gehalen. Datt d’ADR, wann et ëm de Stellewäert vum Lëtzebuergesche geet, zimlech eleng do steet, huet esou RTL ervir gestrach!

„Näischt ass falsch drun, wann e Vollek sech fir seng Kultur a seng Sprooch asetzt“, huet den ADR-Deputéierten an der Chamber festgehalen. Wou wär Lëtzebuerg haut drun, hätten d’Lëtzebuerger net, bei der Volkszählung vum 10. Oktober 1941, den Nazien de Bass gewisen a mat „dräi mol Lëtzebuerg“ geäntwert.

„Et ass wichteg fir ze erkennen, dat mir kee dräisproochegt Land sinn, mä en eesproochegt Land“, sot de Fernand Kartheiser, am Verglach mat der Schwäiz oder der Belge. Franséisch, awer och Däitsch, si fir d’Lëtzebuerger Friemsproochen. Dem Lëtzebuergeschem eng Zukunft ze ginn, heescht der Lëtzebuerger Natioun eng Zukunft ginn.

Dëst ass och ganz besonnesch wichteg wann et ëm d’Integratioun an d’Sozialkohäsioun geet, an engem Land wat esou vill Auslänner bei sech op hëlt. „D’Lëtzebuergescht ass d’Bréck an eis Gesellschaft“, betount den ADR-Deputéierten.

Fir datt dëst Integratioun iwwert d’Sprooch fonctionnéiert, ass ganz besonnesch onse Schoulsystem gefuerdert, an dëst vun der Crèche bis op d’Première oder d’Tréizième. Leider huet d’Dräierkoalitioun do aner Pläng. D’ADR gesäit grouss Geforen doranner, datt z.B. schonns d’Kanner misste Franséisch an der Crèche léieren, oder datt en Zweesproochege Schoulsystem opgebaut gëtt, wat näischt aneschtes heescht, wéi datt d’Kanner vu klengem un no Nationalitéit getrennt solle ginn.

Als „besonnesch kriddeleg“ bezeechent de Fernand Kartheiser d’Sproochesituatioun am Gesondheetswiesen an an der Fleeg. Hei kann et, duerch Mëssverstoe – tëschent dem Patient an dem Fleegepersonal, awer och tëschent dem Personal ënnert sech – wuertwiertlech ëm Liewen an Dout goen. Fir d’ADR steet fest, dass et eng Obligatioun muss sinn, datt d’Personal an de Spideeler Lëtzebuergesch schwätzt.

Wat d’Geschäftswelt ugeet, do soll de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch eng staark Recommandatioun sinn, an allgemeng sollen d’Leit, déi op Lëtzebuerg schaffen an/oder wunne kommen, ënnerstëtzt gi fir Lëtzebuergesch ze léieren. Dëst z.B. iwwert de Wee vum Sproochecongé.

D’Lëtzebuerger Sprooch muss méi e grousse Stellewäert am offizielle Liewe kréien. Et geet net duer, fir ons national Sprooch (endlech !) an d’Verfassung ze huelen, d’Lëtzebuergescht muss aktiv promovéiert ginn. An et muss nees eng Selbstverständlechkeet ginn, datt an der ëffentlecher Funktioun Lëtzebuergesch geschwat ginn. Och an Europa muss d’Lëtzebuerger Sprooch als national Sprooch unerkannt ginn, wat net heescht datt alles op Lëtzebuergesch muss iwwersat ginn.

An senge Konklusiounen huet der Fernand Kartheiser nach eemol bedauert, datt fir d’Regierung den Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch net wichteg ass.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Aus der Chamber: Debatt iwer d’Baussepolitik

vun der adr- Spaweckssäit www.adr.lu

Aussepolitik: Besser Relatioune mat Russland (VIDEO)

A senger aussepolitescher Ried huet de Fernand Kartheiser opgeruff, fir d’Relatiounen mat Russland ze verbesseren an en zweete Referendum fir d’Krim ënner internationaler Opsiicht proposéiert. “De Kale Krich ass eriwwer, hat de Fernand Kartheiser gemengt, a Russland ass e wichtege Partner an der Welt, deem seng Demokratie net perfekt wär awer immens Fortschrëtter gemaach hätt. Am Androck vun därer Ried huet den Ausseminister Asselborn sech prett gewisen, säin Accord ze ginn fir eng Statue vum Alexander Puschkin zu Miersch offiziell aweien ze loossen.
An Europa maachen dem Fernand Kartheiser Groussbritannien mat engem méiglechen Austrëtt a Frankräich mat enger méiglecher Regierung vum Front national Suergen: Hie verlaangt eventuell den EU-Traité nei ze negociéieren, fir d’Englänner an Europa ze halen, dat soss géing vun Däitschland a Frankräich dominéiert ginn.
“Europa ass méi kal ginn” an d’Solidaritéit mat klenge Länner hëlt of, warnt den ADR-Deputéierten a fuerdert e vill méi realistesche Bléck op Europa. Och d’Meenungsfräiheet dierft net am Numm vun der Fräiheet doutgemaach ginn, wéi dat duerch Katalogen vun net genehmen rietsextremen Meenungen kinnt geschéien.
D’ADR gesäit an der Tierkei e wichtege Partner fir d’EU an d’Nato, ass awer géint en EU-Bäitrëtt vun der Tierkei, „wéi Majoritéit vun der Bevëlkerung, op deenen zwou Säiten“, seet de Fernand Kartheiser nach.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Aus der Chamber: Nei Infrastrukturen fir d’Land

vun der ADR-Spaweckssäit www.adr.lu:

E Konzept fir de „klénge Kueb“ (VIDEO)

De Fernand Kartheiser huet en Donneschdeg, den 20. November 2014, an der Chamber e puer Punkten aus dem Finanzementssplang fir grouss Infrastrukture kommentéiert.

Wat d’Kasären um Härebierg betrëfft, huet den ADR-Deputéierte betount, datt och de Respekt virun den Zaldoten et verlaangt, dat dëst iwwert propper a funktionell Infrastrukture verfüge kënnen. D’Soumissioun muss hei esou ugeluecht ginn, datt d’Renovatioun vun de Kasären och en Infrastrukturprojet fir den Norden duerstellt.

D’Regierung gesäit en „energeteschen Assainissement“ vum Hémicycle um Kierchbierg fir. Do fuerdert de Fernand Kartheiser, vill méi wäit ze denken: de „klénge Kueb“ muss valoriséiert ginn, den ADR-Deputéierte verlaangt e modernen an zäitgeméisse Konzept.

Bei den noutwennege Renovatiounen am Suessemer Schlass an an der Weilerbaach leet de Fernand Kartheiser der Regierung un d’Häerz, och hei e Gesamtplang an d’Aen ze faasse fir den Accueil vun den Leit déi Asyl ufroe besser meeschter ze ginn, och wat d’Aschoulung vun dëse Kanner ubelaangt.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar