Wéi d’CSV an hir Gambia-Kolleegen d’Mënschewürd negéieren

Ech hu gëschter am Wort gelies, d’CSV géng déi mënschlech Dignitéit verdeedegen. Leider ass näicht manner wouer wéi dat.  D’CSV mecht ganz aktuell an engem Beräich wou et haaptsächlech ëm d’Fro vun der Mënschewürd geet, bal hoergenee déi selwecht Politik wéi Gambia, an dat ass de geneeë Contraire vun der Verdeedegung vun der Dignitéit vum Mënsch.

An der Chamber sinn d’CSV (d'“Partei vun der Mëtt“ soen si well selwer, a Wierklechkeet der zimlech lénker Mëtt) an hir Kolleegen vu lénks bis ganz lénks domat beschäfteget zësummen e Gesetz auszeschaffen, dat den Handel mat Kanner erlaabt.

Géint dat Gesetz huet d’Associatioun “Schutz fir d’Kand “ elo eng Petitioun lancéiert. Den Här Jean-Jacques LORANG huet si am Numm vun där Initiativ era gereecht. Merci, Här Lorang!

De Sujet em deen et geet kléngt a priori komplizéiert an technesch. “: Pour la protection de l’enfant et de la dignité humaine et contre le projet de loi n° 6568A sur la PMA (procréation médicalement assistée avec le sperme d’un tiers donneur) et la GPA (gestation par une mère porteuse qui abandonne l’enfant à un commanditaire).

Hei ass de Link op déi Petitioun, dNummer 867, um Site vun der Chamber:

http://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/SignerPetition?action=doPetitionSignature&id=1008

Et ass leider net domat ze rechnen, datt déi Petitioun vill Ennerschrëfte kritt. All déi Presseorganer déi de Parteien hei am Land “nostinn”, soën einfach näicht zu dem Thema oder maachen och nach eesäiteg Propaganda dofir – eng Schaan fir d’Press, eis gesellschaftlech Wäerter an eis Demokratie. Och d’Wort, dat jo theoretesch sollt eng chrëschtlech Zeitung sinn an dem Aerzbistum gehéiert, seet kee Wuert, well schliisslech ass jo och d’CSV fir dat Gesetz.

De Sujet ëm deen et geet ass fir eis Gesellschaft a fir  eis Mënschebild onendlech wichteg. Wahrscheinlech hätte net vill Leit déi néideg Gedold fir op dëser Plaz laang Erklärungen ze liesen. Dowéinst hänken ech einfach déi Erklärungen zu där Petitioun, esou wéi se och um Site vun der Chamber stinn, hanner dëss puer Zeilen.

Kuerz gesot: dat Gesetz erméiglecht – iwwer en hypokriteschen Emwee – den Handel mat Kanner a gëtt domat Koppelen, déi op natierlechem Wee keng Kanner kënnen oder wëlle kréien, praktesch e Recht op e Kand iwwer en anere Wee – virausgesat si hu genuch Suen. Kanner ginn zu enger Handelswuer fir räich Leit. Fir mech ass dat en neien Déifpunkt an der mënschlecher Zivilisatiounsgeschicht.  D’Rechter vum Kand – z.B. op Papp a Mamm, op eng credibel Filiatioun, dorop seng Originnen ze kennen – ginn einfach ignoréiert. Den Handel mat Mënschen gouf et net méi zënter der Abolitioun vun der Sklaverei, elo fängt dat awer nees un.

E groussen Deel vun der Demande kënnt vun homosexuelle Koppelen. Déi Entwécklung gëtt all deene Recht déi géint den Homo-Mariage gewarnt hunn. Net den Interessi vum Kand zielt, mee nëmme nach den Egoismus vun deenen Erwuessenen déi gär e Kand hätten. Dat neit Recht op e Kand ass och e politesche Statement an e klore Programm vun där Lénker: déi natierlech Biologie vum Mënsch, d’Ennerschiddlechkeet an d‘ Komplementaritéit vu Mann a Fra an déi traditionell Famill solle progressiv irrelevant ginn. Den Egalitarismus an d’Gender-Theorie sollen de Mënsch ëmformen a fir eng nei Gesellschaft virbereeden.

Dat Gesetz ass ausserdem – oder logescherweis –  sexistesch wëll et de Papp oder och d’Mamm aus dem Liewen vun de Kanner virsätzlech eliminéiert. D’Wichtegkeet vun deene zwee Geschlechter an hirer spezifescher Erzéiungsroll gëtt virsätzlech eliminéiert.

Bei homosexuellen oder lesbesche Koppelen mat genuch Suen sinn elo all Kannerwënsch erfëllbar . Och d’”Produktioun” vun engem Kand nom Dout vum Papp mat deem sengem Sperma gëtt erlaabt, esou dat zu Lëtzebuerg déi absichtlech Produktioun vu Weesekanner elo ageféiert gëtt. Bei der „Leihmutterschaft“ gëtt den „abandon d’enfant“ direkt no der Gebuert  vertraglech organiséiert an domat dem Kand vun Ufank un eng déif psychologesch Wonn veruersaacht. Dat selwescht ass wouer bei ville geléinte Mammen, déi dacks grausam exploitéiert ginn.

ALL Parteien ausser der ADR, also och d’CSV, si fir dat Gesetz. D’CSV huet just an engem Punkt iwwer déi rechtlech Behandlung vu Kanner aus enger GPA eng aner prozedural Meenung, wat awer un der Substanz näicht ännert. Well dat esou ass, fanne mir och hei nees déi selwecht Koalitioun vun der Press wéi beim Auslännerwahlrecht, der Meenungsfräiheet an dem Homosexuellebestietnis, alles wat net am lénke Mainstream ass, gëtt einfach ignoréiert, schlecht gemaach oder béides. Eng kritesch Diskussioun an der Effentlechkeet ass onerwënscht a gëtt dowéinst ënnerdréckt.

Déi feministesch Beweegungen soen och näicht, obwuel si fréier vehement géint d’Leihmutterschaft opgetruede waren. Och si ginn jo vun deene Parteien ënnerstëtzt, déi hir lénk Clientèle an allgemeng gesellschaftlech Visiounen mat dësem Gesetz wëllen zefriddestellen.

Déi kathoulesch Kierch seet näicht well d’CSV neierdéngs de Mënschenhandel ënnerstëtzt. Schued, datt net den Don Camillo Aerzbëschof vu Lëtzebuerg ass.

Déi Gréng wollten mol déi Petitioun net zouloossen. Fir si däerf d’Effentlechkeet einfach keng Meenung hunn a keng Petitiounen ënnerschreiwen, esou laang d’Chamber sech mat engem Gesetz zu dem Sujet befaasst. Déi gréng Ideologen sinn einfach dee radikalsten an ondemokrateschste Veräin am Land. Dogéint sinn d’Kommunisten nach Massendénger. Et ass natierlech och eng gréng Deputéiert, déi d’Präsidentschaft an där parlamentarescher Kommissioun féiert, déi sech op de Fändel geschriwwen huet de Mënsch zu enger Wuer ze degradéieren.

Jiddefalls ass et gutt, datt et an dësem Land eng ADR gëtt, déi och nach déi aner Meenung vertrëtt.

 

Hei Auszich aus dem Petitiounstext:

FRANÇAIS : Pour la protection de l’enfant et de la dignité humaine et contre le projet de loi n° 6568A sur la PMA (procréation médicalement assistée avec le sperme d’un tiers donneur) et la GPA (gestation par une mère porteuse qui abandonne l’enfant à un commanditaire). DEUTSCH durch eine Leihmutter, die ihr Kind hergibt an einen AuftraggeberBut de la Pétition:

FRANCAIS : Le projet de loi 6568A sur la PMA et la GPA viole les droits de l’enfant, de la femme, et la dignité humaine. Il ouvre la PMA avec tiers donneur, sans limite d’âge ni indication médicale, aux couples hétérosexuels et aux couples homosexuels, aux célibataires, aux personnes décédées (utilisation des gamètes du défunt). Il renonce à déclarer nuls les contrats de GPA. Il favorise la GPA à l’étranger, en modifiant le Code civil pour aider les commanditaires à leur retour au Grand-Duché. L’absence de condamnation claire de la GPA la banalise. Le Luxembourg devrait, comme le Parlement européen, s’engager pour la prohibition mondiale de la GPA. Par ce projet, le Luxembourg accepte la production d’enfants sans père ou sans mère pour répondre aux désirs des adultes. Il accepte l’instrumentalisation de la femme. La souffrance des adultes ne doit pourtant pas tout permettre. Ce projet viole la Convention de l’ONU relative aux droits de l’enfant, selon laquelle l’enfant a le droit de connaître et d’être élevé par ses père et mère, sauf impossibilité. L’impossibilité, ce sont les accidents de la vie, pas la PMA/GPA. Ce projet alimente le business procréatif de l’humain (enfants traités comme des objets, femmes instrumentalisées à l’étranger pour des commanditaires luxembourgeois). Il produira des humains à la filiation amputée et en souffrance existentielle.

DEUTSCH : Die Gesetzesvorlage 6568A die PMA und die GPA betreffend, verletzt die Rechte des Kindes, der Frau und die Würde des Menschen. Sie erlaubt die PMA mit Drittspender ohne Altersbegrenzung und medizinische Indikation für heterosexuelle, und homosexuelle Paare, für Alleinstehende und für Verstorbene (Verwendung von Sperma des Verstorbenen). Sie verzichtet darauf, einen Leihmutterkontrakt als null zu erklären. Sie fördert die im Ausland stattgefundene GPA, indem sie das Zivilgesetzbuch verändert, zugunsten der nach Luxemburg zurückkehrenden Auftraggeber.Das Fehlen einer klaren Verurteilung der GPA führt zur Banalisierung.Luxemburg müsste sich, wie das Europaparlament, für ein globales Verbot der GPA einsetzen. Sollte das Gesetz in Kraft treten,würde dies bedeuten, dass Luxemburg künftig damit einverstanden ist, dass Kinder ohne Vater oder Mutter, geboren werden-um die Wünsche der Erwachsenen zu erfüllen-, und dass die Frau instrumentalisiert wird. Das Leiden der Erwachsenen darf nicht alles zulassen. Diese Gesetzesvorlage verletzt die UNO-Kinderrechtskonvention, nach der das Kind das Recht hat, soweit möglich seinen Vater und seine Mutter zu kennen und von ihnen betreut zu werden. Eine Unmöglichkeit sind tragische Schicksalsschläge, nicht die PMA und die GPA. Diese Gesetzesvorlage fördert das Geschäft mit der Zeugung des Menschen ( Kinder, werden wie eine Ware behandelt, und Frauen im Ausland werden benutzt, um die Bedürfnisse Luxemburger Auftraggeber zufrieden zu stellen ). Menschen werden bewusst zum Teil ihrer Abstammung beraubt.

Motivation de l’intérêt général de la pétition:

FRANÇAIS : Il est dans l’intérêt général que les droits de l’enfant et la dignité humaine soient garantis.

DEUTSCH : Es ist im allgemeinen Interesse, dass die Rechte der Kinder und die Menschenwürde gewahrt werden.ines Kindes durch eine Leihmutter, die ihr Kind hergibt an einen Auftraggeber).

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Textversioun vu menger Interpellatioun iwwer d’Meenungsfräiheet an der Chamber

(Et gëllt dat geschwate Wuert)

Interpellatioun Meenungsfräiheet 15.11.17
Ugefrot den 13. 4. 2017

Här President,
Niewent villen anere Jubiläen ass dëst Joer och deen vum 80. Gebuertsdag vum Maulkuerfgesetz. De 6. Juni 1937 haten d’Leit sech an engem Referendum fir d’Fräiheet ausgeschwat a géint de Verbuet vun der kommunistescher Partei. Dat wor e staarke Geste fir eis Demokratie, an dat a komplizéierten a geféierlechen Zäiten.
D’Meenungsfräiheet ass en zentraalt Grondrecht an enger fräier an demokratescher Gesellschaft, dat mir mussen éieren. Och an der Geschicht vun eisem Land fanne mir vill Beispiller vu Leit déi hu missen hiert Liewe loossen, well et keng Meenungsfräiheet gouf.
Haut ass déi Diskussioun em eis Fräiheetsrechter nees aktuell – well eis konstitutionell garantéiert Meenungsfräiheet – méi genee eis “liberté de manifester ses opinions”, wéi et am Artikel 24 vun eiser Verfaassung steet, an déi eng ”liberté d’expression” mat ëmfaaast, ass op villerlee Manéieren a Gefor.
Vill Leit wëssen dat oder si spieren et. Wéi dacks héiert een haut an de Gespréicher: “Dat däerf ee jo eigentlech net méi soen, mee….”? oder datt Leit sech schonn am viraus fir eppes entschëllegen wat se denken oder wëlle soen.
Dacks liest een an de Medien vu Veruerteelunge vu Leit viru Geriicht wëll se dëst oder dat gesot oder geschriwwen hunn.
Un eis als Legislativ ass et och ze iwwerleeën: ass dat richteg esou an enger fräier Gesellschaft? Wat däerf ee soen a wat soll een net daerfe soen? Wéi wäit geet eis Fräiheet?
Zu engem groussen Deel sinn déi Onsécherheeten vun haut aus enger Tendenz entstan déi virun e puer Joer domat ugefaangen huet, iwwer politeschen a medialen Drock eise Sproochgebrauch ze reegelen. Déi sougenannte “politesch Korrektheet” ass aus dem Wonsch entstan, Sensibilitéiten ze schounen a Leit ze respektéieren, u sech en interessanten a luewenswäerten Usaz.
Haut ass si awer zu eppes aanescht mutéiert: hir sproochlech Obsessiounen a gedanklech Iwwerdreiwungen hunn si zu engem Instrument gi gelooss dat déi fräi Ried mat Zwang wëll aschränken an no hire Regelen steieren. En englesch Sprëchwuert seet: “De Wee an d’Häll ass mat gudden Intentiounen geluegt” – “The road to hell is paved with good intentions”. Dat gëllt och fir déi “politesch Korrektheet”.
Wann de Staat si adoptéiert, an dat ass de Fall, dann ass si zu engem Instrument vun enger de facto – Zensur ginn, déi eis Verfaassung jo awer explizit verbitt.
Fir eis als ADR gëllt: de Verbuet vun der Zensur ass een, an d’Zukunft geriichten, Verfassungsoptrag. “La censure ne pourra jamais être établie” seet eis Verfaassung. Deen Optraag muss an engem positive Sënn respektéiert, verdeedegt an ausgebaut ginn.
Mir liewen also an engem Spannungsfeld tëschent dem gutt gemengte Wonsch Sensibilitéiten ze schounen an dem verfassungsrechtlechen Optrag fir d’Meenungsfräiheet ze verdeedegen.
Vill Leit spieren, datt mat der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet net nëmmen de Buschtaw, mee och de Geescht vun onser Verfaassung verletzt gëtt, an dat ënnergrieft d’Vertrauen an déi demokratesch Natur vun eisem Staat.
Mir fannen haut ganz vill Beispiller vun der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet, an der Politik an an der ëffentlecher Verwaltung, an der Economie, an der Schoul an am akademesche Beräich, an der Kultur an an de Medien – an all Beräich vun eisem Liewen. Ech hunn virun e puer Deeg eng Lëscht mat Beispiller op mengem Blog an op facebook publizéiert, déi mir op Nofro och gär kënnen hei oder soss entzwousch diskutéieren.
Dee progressive Verloscht vun der Meenungsfräiheet huet och eng sozial Dimensioun. Si ass e Recht dat virun allem och d’Fräiheet vun deene Schwaachen an der Gesellschaft schützt. Si soll et hinnen erlaben fir ongestrooft Meenungen ze soen, déi net déi vun der Regierung sinn, net déi vun den Eliten, an domat d’Muecht vun Aneren a Fro ze stellen a si ze kontrolléieren.
A wäit dovun ewech ze offenséieren, dréit d’Meenungsfräiheet zu enger demokratescher Kultur bäi an där mir eis Differenzen kënne friddlech ausdiskutéieren. D’Fräiheet vun der Ried ass net ëmmer liicht ze erdroen a grad dowéinst déi beschte Schoul fir d’Toleranz.
Well de Grondprinzip, de Liewenselexir vun der Demokratie ass d’Fräiheet – an dat ass ebe just déi Fräiheet fir kënne Saachen ze soen a musse Saachen ze héieren an ze erdroen – also ze “toleréieren” – déi een net gär héiert an déi ee nëmme schwéier verdréit, wann iwwerhaapt. Et ass eng Fräiheet déi sécher hir Grenzen an der Fräiheet vun deem Anere fënnt – awer net am Gefill vun deem Aneren. Déi demokratesch Toleranz ass d’Fakultéit vum Erdroen vun där anerer Meenung, och vun där schlëmmer Meenung, an net d’Verhënnere vun enger subjektiver Gefillsbelaaschtung bei anere Leit.
Fir dat et hei kee Mëssverständnis gëtt: och d’ADR an ech selwer stinn decidéiert fir Héiflechkeet a Respekt am Emgang mateneen. Villes wat z.B. op de soziale Medien ze fannen ass, ass fir eis weder am Toun, nach an der Wiel vun de Wierder an den Ausdréck, nach an der Ausriichtung akzeptabel. Eisen Engagement gëllt der Verdeedegung vun eiser Demokratie an eiser Fräiheet an net der Apologetik vun der Frechheet oder der Respektlosegkeet.
Well mir d’Fräiheet verdeedegen, menge mir, datt mir kee paternalistesche Staat brauchen, deen d’Leit infantiliséiert, amplaatz si als Bierger an als Souverän ze respektéieren.
Mir brauchen och kee pseudo-moraliséierende Staat, deen eng eenzeg Moral wëll duerchsetzen, an zwar déi, déi grad de politeschen Interessien vun där momentaner politescher Majoritéit déngt.
De Staat ass do fir e politesche Fräiheetsraum ze schafen an ze schützen a mat néidegen Aschränkungen esou spuersam a virsiichteg wéi nëmme méiglech ëmzegoen.
D’Realitéit ass awer eng aner:
Duech eng Rei vu Gesetzer goufen an deene leschte Joeren ëmmer méi Aschränkungen erriicht, an ech verweisen hei besonnesch op den Artikel 454 an déi duerno vum Code pénal. Et sinn dëst déi Artikelen, déi d’Meenungsfräheet aschränken, besonnesch och ënner Hiwäis op méiglech Diskriminéierungen, wéi z.B. am Artikel 457.
Et stellt sech also eng éicht Fro, nämlech déi ob déi Artikelen net géint den Artikel 24 vun der Verfaassung verstoussen, deen d’Meenungsfräiheet jo garantéiert. Och d’Regierung ass sech där Problematik bewosst a probéiert fir d’Aschränkung vun der Meenungsfräiheet op vill Manéieren ze justifiéieren:
Déi éicht ass, seet d’Regierung, dat ee kengem seng Gefiller däerft verletzen oder keen, och keng Gruppen oder Gemeinschafte vu Leit däerft beleedegen. Ech verweisen hei op d’Aentwert op meng Question parlementaire no 2668 vum 12. Januar 2017.
D’Regierung behaapt, esou wéi si dat seet sténg et am zweeten Abschnitt vum Artikel 10 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun.
Mee do steet dat awer net! Do steet eppes aanecht:
“L’exercice de ces libertés comportant des devoirs et des responsabilités peut être soumis à certaines formalités, conditions, restrictions ou sanctions prévues par la loi, qui constituent des mesures nécessaires, dans une société démocratique, à la sécurité nationale, à l’intégrité territoriale ou à la sûreté publique, à la défense de l’ordre et à la prévention du crime, à la protection de la santé ou de la morale, à la protection de la réputation ou des droits d’autrui, pour empêcher la divulgation d’informations confidentielles ou pour garantir l’autorité et l’impartialité du pouvoir judiciaire.”

Do steet also net:

“il est interdit de heurter les sentiments d’autrui” an et steet och net do “il est interdit de vexer autrui dans l’exercice du droit à la liberté d’expression”! D’Regierung iwwerinterpretéiert also – an dat ass nach harmlos ausgedréckt – d’Bedeitung vum Art. 10 alinéa 2 vun der Mënscherechtskonventioun!
Dat selwecht gëllt fir den Artikel 19 vun der Universeller Mënscherechtserklärung vun 1948, an d’Artikelen 19 an 20 vum UN – Pakt fir zivil a biergerlech Rechter vun 1966. Néierens steet eppes vun der Verletzung vu Gefiller als méglech Justifikatioun vun der Aschränkung vun der Meenungsfräiheet – sou sensibel si just verschidde Lobbyen déi a verschiddenen europäesche Natiounen an op EU-Niveau agéieren an eis Regierung, déi deene blannemännerchers noleeft.

Ech stelle fir déi international Mënscherechtskonventioune fest:

Un droit à l’inviolabilité du sentiment n’existe nulle part!

Här President,

Et ass och ganz normal dat esou eppes net an dene wichtegste Mënscherechtskonventioun steet, well d’Funktioun vum Staat ass et jo net Gefiller ze bewäerten oder ze schounen, mee déi ëffentlech Uerdnung oprecht ze halen, d’Gesellschaft ze perpetuéieren an ze protegéieren. Weder eng staatlech Unerkennung oder Fleeg vu Gefiller nach d’Bekämpfung vu Gefiller sinn originär staatlech Aufgaben.

Mee et gëtt nach aner, méi déif Uersaachen:
Wéi wëll een den Ennerscheed maachen tëschent enger legaler Kritik an enger verbuedener, subjektiver Gefillsverletzung oder Beleedegung déi aus esou enger Kritik kann entstoen?
Wou verleeft d’Trennlinn tëschent der Kritik – déi an enger Demokratie onbedéngt noutwënneg ass – an deem wat Verschiddener fir sech vläicht als beleedegend, diskriminéierend oder esouguer als “Haass” empfannen?
Wien soll d’Grenzen zéien, tëschent der Kritik, der Beleedegung an der politescher Satir?
Well kloer Ofgrenzungen awer mat Sécherheet net méiglech sinn, och well do reng perséinlech a variabel Empfindlechkeeten eng Roll spillen, verloosse mir hei de Wee vun der stroofrechtlecher Rechtssëcherheet, an dat ass eppes wat mir an engem Rechtsstaat net däerfe maachen!
Mir sinn haut an enger Situatioun an där mir dem Individuum oder och Gruppe vu Leit e VETO-Recht géint all Kritik un hinnen oder hiren Usiichten ginn. Et geet duer, datt si behaapte sech beleedegt oder diskriminéiert ze fillen fir hinnen den Apparat vun der Justiz an d’Hänn ze ginn. An domat bewierke Gesetzer wéi den Artikel 454 vum Code pénal (an déi duerno) an aller Objektivitéit eng Schwächung vun eiser Demokratie an eiser Fräiheet iwwer eng Aschränkung vun der Meenungsfräiheet.
An den Debatten héiert een dann dacks nach Argumenter wéi Haass oder Rassismus wäre jo keng Meenung, kéinten dowéinst also net vun der Meenungsfräiheet gedeckt ginn.
Dat kléngt gutt, mee wien definéiert da wat Haass ass? Wien definéiert wéini Haass oder Rassismus ufänken? Ech kéint Iech hei wonnerschéin absurd Beispiller ginn, mee leider feelt mir dofir d’Zäit.
Mir sinn eis awer eens: Haass ass näicht Schéins. Mee wéi kann een “Haass” an enger stroofrechtlech zouverlässeger Manéier definéieren? Kann ee Gefiller kriminaliséieren? Däerf de Staat dat iwwerhaapt? Menger Meenung no däerf et e “Gefillsverbriechen” grad esou wéineg ginn wéi e “Gedankeverbriechen”.
D’Zäit feelt mir leider fir ze diskutéieren op “Haass” wierklech historesch, mënschlech a politesch ëmmer ze veruerteelen ass. Net jiddereen wor zum Beispill frou mam Nazi-Okkupant an, menger bescheidener Meenung no, vollkommen zu Recht! Wéi ass also en Opruff zum Haass géint e Feind politesch ze bewäerten?
Ech stellen awer mol fest, datt et aktuell vill Toleranz fir deen Haass ze gi schéngt dee vun där lénker, politescher Säit, kënnt: den Haass géint déi kathoulesch Kierch, den Haass géint de Kapitalismus, den Haass géint de Staat Israel, den Haass géint déi wäiss, heterosexuell Männer.
Et fällt mir och op, datt ëmmer méi Gruppen a Lobbyen verlaangen ënner e gesetzleche Schutz ze kommen, wëll se behaapte gehaast oder diskriminéiert ze ginn.
Dat erklärt sech och doduerch, datt et vill kloer an handfest Interessien gëtt, déi esou Gruppe mat där Strategie verfollegen:
Politesch – de Géigner kritt politesch a juristesch de Mond verbueden.
Publizitär: duerch d’Medien ginn dacks eesäiteg deem seng Interessie promouvéiert, deen sech als discriminéiert duerstellt.
Economesch: duech eventuell Indemnitéiten a méi staatlech, finanziell oder institutionell Ennerstëtzung.
Wa mir all dëss Entwécklunge gesinn, musse mir Politiker eis awer och d’Fro stellen, wéi wierksam d’Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet iwwerhaapt sinn a wéi eng Konsequenzen si op eis Gesellschaft hunn?
Dozou e puer Iwwerleeungen:
1. D’Fro ass, wat déi wieklech Absiicht vun der Kontroll vum Internet ass? Ass et wierklech de Wonsch Gefiller ze schounen, oder vläicht awer och de Wonsch politesch Kontroll zréck ze gewannen? Schliesslech ass d’Press hei am Land zu groussen Deeler no u verschiddene politesche Parteien. Eng Méiglechkeet fir d’Leit fir sech laanscht d’Press ze informéieren a Gehéier ze verschafen kann, an den An vun deem Engen oder Anerem, als Gefor empfonnt ginn. D’Zensur vum Internet ass e Mëttel politesch Muecht zréck ze gewannen.

2. De Versuch vun enger Duerchsetzung vun enger “pensée unique” an der Ausgrenzung vu konkurréierenden Iddien, heescht datt d’Spannungen an der Gesellschaft net méi kënnen oppen ausdiskutéiert ginn: “Einfalt statt Vielfalt”, soen d’Satiriker. Dat féiert zu engem Vertrauensverloscht an eis Demokratie. D’ADR steet jiddefalls fir Meenungskonkurrenz an zwar an enger fräier an oppener Diskussioun.

3. Et däerf een sech keng Illusioune maachen. Eng komplett Iwwerwaachung vum Internet ass iwwerhaapt net méiglech. Vill Moyenen bei der Police an an der Justiz gi fir eppes mobiliséiert, wat ëmmer nëmmen en – héchstens – limitéierten Erfolleg bréngt an dobäi politesch méi wéi diskutabel ass. Ass dat ze vertrieden? Mir brauchen vläicht einfach nees besser Emgangsformen, méi Héiflechkeet a méi Manéieren an dat fänkt schonn doheem an an der Schoul un! Wa méi Leit méi héiflech matenee géngen ëmgoen, dann hätte mir scho vill Suerge manner. Déi Mëttelen vun der Police an der Justiz sollte besser an eng Iwwerwaachung vum Dark Web investéiert ginn.

4. D ’Leit ginn dozou erzunn viru Geriichter ze goen, amplaatz an enger Demokratie fir hir Iwwerzeegungen an der Debatt anzetrieden a si verbal an argumentativ virzedroen. De Wee bei d’Geriicht ass net dee richtege Wee fir eng gefleegte Sträitkultur an enger Gesellschaft ze ënnerhalen.

5. De Staat ka probéieren iwwer vill an deier Prozesser e politesche Géigner finanziell ze ruinéieren oder sozial ze isoléieren. Dësst ass dann gläichzäiteg eng politesch an eng economesch Variant vun der Zensur.

6. E Problem verschwënnt net doduerch, datt een net däerf oder net soll iwwert e schwätzen. E wiist héchstens doduerch a gëtt nach verstäerkt duerch e Klima vu Spekulatioun a Mësstrauen géintiwwer den Autoritéiten.

7. De Verloscht vun eiser Glaafwierdegkeet wa mir dobaussen an der Welt wëlle Fräiheet an Demokratie priedegen. Déi “europäesch Wäerter” déi mir an eiser Baussepolitik wëllen an déi ganz Welt exportéieren ginn heiheem ëmmer manner respektéiert. Eis Regierung wëll Anere Lektiounen ginn, an heiheem trëppelt si d’Meenungsfräiheet mat Féiss!

8. Mir schaafen eppes – a mengen An – ganz Eekleges: eng Denunziatiounskultur, wéi et se soss nach an totalitäre Staate gouf a gëtt. Wëlle mir eis Kanner wierklech esou erzéien, amplaatz si argumentativ a charakterlech ze stäerken an op eng fräi Diskussioun virzebereeden? Mir hunn hei am Land ëmmer méi Instanzen am staatlechen Emfeld, déi – och anonym – fir politesch Denunziatiounen zur Verfügung stinn, obwuel d’Police an de Parquet fir eventuell Plainten génge vëlleg duergoen. Iwwer d’Qualifikatiounen vun den Denunziatiounsinstanzen wëll ech hei mol net schwätzen. Ech wëll jiddefalls keng Stasimethouden zu Lëtzebuerg. An, ass et net verwonnerlech, datt vill Leit anonym Kommentaren um Internet fir falsch fannen a si wëlle verbidden, awer gläichzäiteg anonym Denunziatiounen gutt fannen a si encouragéieren?

9. Op anere Plazen an der westlecher Welt, gëtt Kritik schonn iwwerhaapt net méi verdroen. Op verschiddenen, amerikaneschen a briteschen Universitéiten – also op Plazen déi per definitionem sollten dozou déngen, d’Wëssen ze vergréisseren, den Intellekt auszebilden, de Geescht opzemaachen an ze schäerfen – gëtt et elo “sécher Schutzraim” fir eis nei Schnéiflakke-Generatioun fir déi et keng kritesch Meenungen méi däerf ginn well an hiren An all Kritik offensiv an discriminéierend ass. Dat sinn déi Leit déi eis Gesellschaft erun zillt an déi kenger internationaler Konkurrenz méi gewuess sinn.

Op där anerer Säit, an do si mir eis eens, kann och an enger demokratescher Gesellschaft net alles erlaabt sinn. Mee wat soll een dann iwwerhaapt verbidden? Wat ass sënnvoll a vertriedbar?

De Staat ass bekanntlech do fir déi ëffentlech Uerdnung oprecht ze erhalen an dozou gehéiert primordial d’Verhënnerung vu physescher Gewalt. Mir kéinten eis also an där Hisiicht un de sougenannte “Brandenburg-Critèren” aus den USA orientéieren, no deenen:
Eng Opfuerderung déi zu physescher Gewalt oprifft soll verbueden a strofbar sinn, wa si:
– Virsätzlech, direkt an onmëssverständlech,
– glaafwierdeg wëll ëmsetzbar,
– an engem kuerzfristegen Zäitraum – “imminent”, soen d’Amerikaner – e wahrscheinlechen Erfolleg hu kann an an deem de kausalen Zësummenhang zu der Opfuerderung zu der Gewalt novollzéibar ass.
Alles anecht ass vläicht an heiansdo och sécher moralesch ze veruerteelen, soll awer net stroofrechtlech relevant sinn.
Fir eis Prioritéiten an eisen Optraag kloer ze maachen, well ech dëss Bild benotzen: mir sollen eis net mat enorm vill Opwand ëm d’Gestritts um Schoulhaff këmmeren, mee besser ëm de Mord op der Gare. Mir wëllen déi richteg Verbrieche bekämpfen an net Gedanken- oder Gefillsverbrieche konstruéieren, déi et zwar a Wierklechkeet net gëtt an net däerf ginn, mee där hir Verfolgung eiser Demokratie schued.

Här President,
Als leschten Themebaräich wëll ech nach e Bléck op d’Praxis vun eiser Justiz wierfen.
Si ass do fir ons Grondrechter ze verdeedegen a fir penal Gesetzer esou enk wéi méiglech ze interpretéieren an ze applizéieren. D’Justiz muss d’Fräiheets- an d’Grondrechter vun de Bierger och géint schlecht Gesetzer kënnen a wëlle schützen. Op déi Manéier bleift si e Pilier vum Rechtsstaat. Et däerf dowéinst och keen Uerteel ënner politeschem Drock, och net ënner “politesch korrektem”, Drock geschwat ginn.
D’Stroofrecht muss e Rechtsgebitt bleiwen, dat héige Qualitéitsufuerderungen entsprëcht. Et ass e Gebitt vun der Präzisioun an net vum Diffusen, vun der allgemenger Gültegkeet an net vun de perséinlechen Interessien, vum Objektiven an net vum Subjektiven. Mir brauche Rechtssécherheet a keng Gummiparagraphen!
Et ass mir dowéinst net verständlech, wéi méi wéi diskutabel auslännesch Jurisprudenzen kënnen och hei – anscheinend onkritesch – als Basis fir eis Uerteeler geholl ginn. Déi franséich Cour de Cassation huet zum Beispill an engem Uerteel iwwer déi sougenannten Haassried behaapt:
“Il n’est pas nécessaire que les messages contiennent une exhortation à la haine, à la violence ou à la discrimination. Il suffit, pour que l’infraction soit constituée, que les messages soient de nature à susciter ces sentiments”.
No där Logik verschwënnt all élément intentionnel beim Auteur aus dem Delikt “incitation à la haine”, well déi Feststellung gëtt elo an d’Gefillsliewen vun anere Leit transferéiert. Do ass d’Rechtssécherheet méi wéi a Gefor.
Ech verweisen do op déi däitsch Juridiktiounen, déi d’Grondrecht vun der Meenungsfräiheet wäit méi, an dacks op eng, esou guer fir mech, schwéier novollzéibar Manéier, respektéieren an am Interessi vun der Demokratie verdeedegen.
Och sinn d’Strofen am Ausland an dësem Beräich meeschtens rar a kléng. An Däitschland gëtt et dacks och an Extremfäll nëmmen eng Bewährungsstrof. Zu Lëtzebuerg goufen awer och schonn 9 Méint feste Prisong geschwat fir Aussoen, déi wuel fir eis all mënschlech net akzeptabel sinn, awer och net méi.
Ech fille mech méi wéi onwuel bei deem Gedanken, datt et hei am Land kéint eng Entwécklung an eng Richtung ginn, wou Leit sech kéinten als politesch Verfollegt oder souguer als politesche Gefaangene gesinn. Ech bieden eis Justiz och dat ze bedenken.
Gläichzäiteg ass et awer wichteg, datt d’Justiz an hire Kompetenzen erhale bleiwt: mir kënne net eng Internetzensur – déi et jo aktuell gëtt – och nach an d’Hänn vu privaten Entreprisen, wéi z.B. facebook , Twitter, oder Google, deleguéieren. Si hu weder déi juristesch Qualifikatioun dofir nach déi néideg Onofhängegkeet, nach iergendwellech rechtsstaatlech Prozeduren a Garantien. D’ADR weist hei op d’Kritik vun der OSZE um rezenten, däitschen “Netzwerkdurchsetzungsgesetz” hin.
Et huet och eng gewëssen Ironie, dat dacks grad déi politesch Parteien déi wëlle sougenannte “content manager” vu privaten Entreprise mat der Ausféierung vun der Internet-Zensur beoptragen – dat heescht ouni Transparenz, kontradiktoresch Verfahren an enger Méiglechkeet fir an Appel ze goen – dacks déi selwecht sinn, déi géint all privat Schiedsgeriichtsbarkeet beim Investoreschutz antrieden.

Här President,
Limitéiert Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet sinn néideg, well all Fräiheet exercéiert sech mat Vernonft a Verantwortung. D’Fräiheet vun deene Aneren an iwwergeuerdnet gesellschaftlech Interessien, wéi z.B. déi national Sécherheet, kënnen Aschränkungen an engem gewësse Mooss rechtfertegen.
Mee d’ADR steet fir méi Fräiheet an net fir méi Repressioun.
Mir brauche keng Politik déi d’Meenunge an dat sozial Verhale vun de Leit iwwerwaacht.
Mir brauche keng Erzéiungsmedien a kee staatleche Monopol op d’Wouerecht. Eng absolut Wouerecht gëtt et an der Politik souwisou net.
Mir wëlle keen Denunziantestaat.
Loost eis géint déi totalitär Tendenzen an der Gesellschaft optrieden, géint eng “Gesinnungsethik”, déi d’Debatten wëll erstécken, an dowéinst déi uklot, déi eis eigentlech en intellektuelle Gefale maachen – nämlech eppes ze soen wat eis geeschteg a moralesch eraus fuerdert fir datt eis Demokratie liewt an eis Fräiheet wiist. Mir musse wech vun enger ageschränkter Demokratie, well wa mir eis net elo wieren, da si mir um Wee an eng Meenungsdiktatur.
De Staat soll d’Fräiheet net aschränken, mee si vergréisseren: z.B. doduerch datt en eng Pluralitéit vun de Medien an eng Pluralitéit an de Medien garantéiert.
De Staat soll net mengen, hien hätt de Monopol op d’Wouerecht – mir wëlle kee staatleche Wouerechtsministère, sou wéi den George Orwell e scho a séngen däischtere Visioune beschriwwen hat.

Fir d’ADR gëllt:
net de Verbuet ass eis Waff mee d’Argumentatioun.
net den staatlechen Drock mee d’Kraaft vun der Iwwerzeegung.
Et ass eng Flicht vun all fräie Bierger an och vun all Partei fir sech géint all Form vun Totalitarismus ze wieren. Eis Fräiheet däerf net zerstéiert ginn, eis Demokratie net nëmmen um Pabeier bestoen! Viru kuerzem hunn ech dëse Saz gelies, deem seng Ausso ech deelen: Mat sengem visionäre Buch 1984 huet den George Orwell eng Warnung geschriwwen, a keng Gebrauchsanleitung fir d’Politik vun haut.
D’ADR akzeptéiert keng Zensur, mee mir kämpfe fir d’Recht op Meenungsfräiheet an enger fräier Gesellschaft.
D’ADR akzeptéiert net, datt mir, 80 Joer no dem Referendum iwwer d’Maulkuerfgesetz, nees mat enger Zensurmentalitéit zu Lëtzebuerg ze kämpfen hunn.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Gefore fir d’Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg – e puer Beispiller

Zu Lëtzebuerg ass d’Meenungsfräiheet a Gefor.

Dowéinst halen ech de 14. November 2017 an der Chamber eng Ried zu dem Thema.

Am Chamberjargon heescht esou eng Ried, wéi ech si de 14.11. halen, eng “Interpellatioun”. D’Regierung an déi aner Parteien mussen dann och Stellung zu dem Thema huelen. Et versprëcht also eng interessant Debatt ze ginn.

Ech hat déi Interpellatioun den 13. Abrëll 2017 ugefrot an et huet méintelaang gedauert, bis zwou vun deenen dräi Regierungsparteien iwwerhaapt d’accord waren, fir dee Sujet an der Chamber ze diskutéieren. Eng vun deenen dräi Regierungsparteie wor awer scho méi fréi domat d’accord. Si hat als Eenzeg verstaanen, datt et wuel fir d’Effentlechkeet schwéier ze verstoe wär, wann et esou guer mol net an der Chamber sollt méiglech sinn, fir iwwer d’Meenungsfräiheet hei am Land ze diskutéieren.

Well meng Riedzäit an der Chamber awer ganz staark limitéiert ass, hunn ech keng Zäit fir, niewent e puer méi prinzipiellen Iwwerleeungen, och nach konkret Beispiller ze ginn.

Dowéinst wéilt ech hei an elo schonn e puer esou Beispiller bréngen. Vläicht wëllen der e puer vun Iech nach aner Beispiller bréngen, si si wëllkomm. Vläicht gëtt et der och ënnert Iech déi d’Pertinenz vun deene Beispiller déi ech bréngen contestéieren – och si si wëllkomm.

Vläicht nach eng oder zwou Virbemierkungen iwwer d’Praxis vun der Justiz. Eng vun deene ville Persounen déi a leschter Zäit wéinst dem sougenannten “Opruff zum Haass” veruerteelt gouf, huet sech um Spaweck d’Fro gestallt, ob d’Justiz dann och esou Ausspréch géng veruerteelen, wéi z.B. “F… de Grand-Duc”, oder “Lëtzebuerg, du aarmséilegt Stéck Sch…”, wéi se vu lénke, politesche Gruppéierungen gär propagéiert ginn. Wär dat de Fall, sou wär d’Justiz, sénger Aschätzung no, net objektiv.

Ech wees net, ob esou Spréch wéi déi zwee zitéiert juristesch Konsequenzen haten oder net. Mee an Zäiten wou d’Justiz ënner där politescher Verantwortung vun deene Grénge steet, also enger Partei déi ëmmer nees an hirer Geschicht Beréierungspunkten mat lénksradikalen Gruppéierungen hat an esou guer Sympathien fir terroristesch Beweegunge gewisen huet, och z.B. am Noen Osten, ass déi Fro méi wéi berechtegt.

Ech si perséinlech fir eng méiglechst absolut Meenungsfräiheet a géng also och domm Spréch vun där lénker Säit net wëlle verbidden. Ech denken awer, datt eng Justiz déi um lénken A blann wär, awer alles wat deene Grénge grad net passt géng penal verfollegen, hirem constitutionellem a gesellschaftlechen Optraag net méi géng nokommen. Wa si also schonn méngt, hir an der Police hir wäertvoll Zäit doran missen ze investéieren fir de Bierger  a Steierbezueler hir Internet-Communicatiounen ze iwwerwaachen an ze bestrofen, da soll si dat wéinstens op eng novollzéibar a gerecht Manéier maachen.

Mee ass dat de Fall? Ass eis Justiz net awer scho politiséiert?

D’ECRI (European Commission against Racism and Intolerance) – op déi ech nach e puer mol an dësem Text ze schwätze kommen – schreift an hirem fënnefte Rapport iwwer Lëtzebuerg (2016):

« Les tribunaux interprètent les dispositions sur l’incitation à la haine d’une manière large et répriment ainsi également les injures et diffamations racistes. »

An nach op enger anerer Plaz am selwechte Rapport:

« En même temps, l’ECRI constate avec satisfaction que les tribunaux interprètent les dispositions sur l’incitation à la haine d’une manière large. »

Wéi ass dat compatibel mat enger ganz grondsäzlecher an onverzichtbarer Rechtsnorm an eisem Droit , an zwar “Le droit pénal est d’interprétation stricte”?

Ass eis Justiz nach um Buedem vun der Rechtsstaatlechkeet? Dat schéngt fir mech eng zentral Fro ze sinn.

Dat gesot, ass hei dann eemol meng éicht, vill ze kuerz gehalen an natierlech net komplett Lëscht vu Geforen am Kontext vun der Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg.

 

Politesch Aschränkungen vun der Meenungsfräiheet

Den Optrëtt vum Här Thilo Sarrazin am Trifolion zu Iechternach

Den Här Sarrazin ass en däitschen SPD-Politiker, deem seng These contestéiert an deem seng Bicher intelligent an interessant sinn. Dowéinst verkaafe si sech gutt an och ech ka se nëmme recommandéieren . Hie wor fir den 20. Abrëll 2016 an den Trifolion invitéiert.

Eis gréng-rout Zensurchampionen hate natierlech direkt de Bic eraus geholl:

Déi Gréng vun Iechternach wollten dëss Konferenz sträiche loossen “am Interesssi vum Kulturhaus a vun der Stad Iechternach”.

Déi “Jonk Lénk” sinn och fir Zensur: “An dem Sënn wär et och onverantwortlech, dass eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion, déi och ëffentlech Gelder kritt, den islamophoben Auteur Thilo Sarrazin géing invitéieren. Et misst een engem gewëssen Standard entspriechen…” (deen dann  wahrscheinlech vun deene Jonke Lénke festgeluegt gëtt….)

An dann menacéiert nach d’Tageblatt (well den Här Sarrazin fir en 20. Abrël invitéiert gouf): “Eine Unbedarftheit und Verkennung der Luxemburger Geschichte, die eigentlich nicht vereinbar mit der Tätigkeit eines Trifolion-Chefs und schon gar nicht mit jener eines Echternacher Bürgermeisters ist”.

Wou den Zësummenhang tëschent deem SPD-Politiker an dem Adolf Hitler si soll, dat wëssen nëmmen eis lénk Polit-Astrologen. Zu der “Nazi-Keule” kommen ech nach méi spéit.

D’Behandlung vum “Nee 2015” an der Referendumscampagne iwwer d’Auslännerwahlrecht

D’Referendumscampagne wor alles aanescht wéi ausgeglach oder gerecht. D’ASTI (!!!!!), jo d’ASTI krut den Optrag fir bei de Propaganda- , pardon, “Informatiouns”versammlungen de Standpunkt vun deenen zwou Säiten ze presentéieren. Domat war jo fir d’Objektivitéit beschtens gesuergt. Iwwerdeems hunn d’Vertrieder vum “Nee 2015” missen hir Ziedelen op der Strooss ausdeelen – hire Standpunkt am Sall presentéieren hunn se net däerfen. Wat en Aarmut!

D’ADR huet doropshin eng Motioun an der Chamber abruecht, déi eng fair Campagne gefuerdert huet. Si ass vun de Regierungsparteie verworf ginn. Ech hoffen, datt d’LSAP, déi Gréng an d’DP (eng soi-disant “demokratesch” Partei) sech bis an all Eiwegkeet dofir schummen.

D’Rechter vun deene méi klenge Parteien an der Politik an an der Chamber

De Wahlsystème beviirdeelegt déi grouss Parteien – souwuel duerch d’Opdeelung vum Land a véier Wahlbezierker wéi och duerch den Auszielsystem bei de Wahlen.

Am Vergläich zum Ausland, ass de Fraktiounsstatus am Lëtzebuerger Parlament prozentual vill ze vill héich. Domadder soll verhënnert ginn, datt d’ADR an déi Lénk déi selwecht Rechter hunn, wéi déi aner Parteien.

Chamber TV huet méintelaang d’ADR a keng eenzeg Debatt invitéiert. Eréicht no Protest huet sech dat liicht geännert. D’Reportage vu Chamber TV sinn, menger Meenung no, weder neutral nach objektiv.

Déi Jonk Sozialisten géngen d’LSAP-Politiker gär an de Prisong wierfen

De 9. Dezember 2016 schreiwen si e Communiqué: “fordern deshalb die Regierung auf, konkrete Massnahmen in die Wege zu leiten, damit jeder Politiker der öffentlich falsche Fakten und Unwahrheiten verbreitet, bestraft wird.

Ausserdem fuerderen si nach eng Verschärfung vun der Zensur am Internet.

Fairness-Abkommen der Parteien an déi “No Hate Speech Movement” vum Conseil de l’Europe

D’Parteie goufe virun de Geméngewahlen 2017 invitéiert fir d’Campagne “No hate speech” vum Europarot ze ënnerstëtzen. Dobäi gouf et awer op d’mannst zwee Problemer: deen éichten ass, datt et sech em eng Pro-Zensur-Campagne handelt, den zweeten ass, datt kee Mënsch engem ka soen wat wierklech mat “Hate speech” soll gemengt sinn, wat dozou gehéiert a wat net, a wat d’Implicatiounen dovu sinn.

Konsequenterweis huet d’adr deen Deel vum Fairness-Ofkommes net ënnerschriwwen. Si hätt gär Kloerheet iwwer d’Bedeitung vun dem wat si ënnerschreift ier si sech engagéiert.

Déi sozialistesch “Revue” vum 19.04.17 huet dann och geschriwwen: “Diese adr-Haarspaltereien in Sachen Terminologie könnte man im ersten Augenblick fast als Nebensächlichkeit abstempeln, doch bei näherem Hinschauen, kann man erahnen, wieso man als rechtspopulistische Partei eben auf diesen Formulierungen herumreitet.”

Abee, wien fir Meenungsfräiheet steet, den iwwerleet ebe genee wat d’Wierder heeschen. Der Revue géng dat iwwregens och gutt doen. “Haarspalterei in Sachen Terminologie” huet nämlech, ënner anerem, och eppes mat der Fräiheet vun der Press ze dinn.

Den inflationäre Gebrauch vu Frechheeten fir de politesche Géigner ze discreditéieren amplaatz mat him ze diskutéieren

Hei e klengen, (liicht provocativen) Dictionnaire, jiddefalls mol eng Propositioun dofir, den et soll erlaaben fir déi lénk Diskussiounsverweigerungsonkultur ze entschlësselen. Weider lexikalesch Propositioune si wëllkomm.

Hei de politesch korrekte Lexikon:

Populist – een, den net mat Gambia d’accord ass

Islamophob –een, deen op déi verkuerbelt Iddi kënnt, dat vläicht, eventuell, réng hypothetesch, een oder den aneren vun deenen Terroristen, déi a leschter Zäit Attentater gemaach hunn, respektiv e bësschen onglécklech mat Sprengstoff ëmgaangen ass deen onerklärlecherweis a hir Hänn koum, an dat no enger schwéierer an ongerechter Kandheet, meeschtens wéinst där israelescher Oppressioun egal wou se gewunnt hunn, eppes kéint vaguement – awer natierlech net direkt, an och kaum mol indirekt – mam Islam ze dinn hunn (wat selbstverständlech ABSOLUT net stëmmt!!!)

Homophob – e faden, retro-langweilegen, eeklegen Norm-Heterosexuellen, meeschtens e Mann (déi jo bekannterweis och all gewalttäteg sinn), vläicht och nach een mat enger “traditionneller” Famill dee seng Kanner net iwwer eng GPA kaf huet, an deen op d’Onsënnegkeeten vun deem sougenannte Homosexuelle-“Bestietnis” an op d’Rechter vun de Kanner hiweist, besonnesch och op dat eng Mamm an e Papp ze hunn,

Haassried –  eng Ausso déi engem lénke/feministeschen/gréngen/ sozialistesche Matbierger net passt,

Sexist – een, deen déi wäiss Männer och nach fir Mënsche mat Rechter hällt,

Rassist – een, den sech net all Dag dofir entschëllegt, datt en eng wäiss-blatzeg bis bleech-rosa Hautfuerf huet,

Nationalist – een, dee net Member bei der ASTI ass,

Chauvinist – een dee wëll zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch an engem Geschäft oder an enger Klinik schwätzen,

Nazi – een, dee beim Referendum géint d’Auslännerwahlrecht gestëmmt huet.

Ziel vun all deenen Frechheeten ass et einfach de politesche Géigner duerch infam Ennerstellungen roueg ze kréien. Loosse mir eis also net beandrocken!

D’ECRI – e “Gremium” vum Europarot oder e lénksextremistesche Bokeveräin?

D’ECRI (Commission européenne contre le racisme et l’intolérance) ass e Mënscherechtsgremium dat vun “onofhängegen Experten” zësummegesat ass. Si mecht Visiten an de Memberlänner vum Europarot a publizéiert dono Recommandatiounen.

Déi sinn allerdéngs an deem Sënn remarkabel, datt si quasi alleguer iergendwou an déi lénksextrem an Gender-Subkultur passen. Hir Radikalitéit an hir Eesäitegkeet ass absolut inakzeptabel. Ech gi gläich e puer Beispiller.

De Problem ass, dat esou radikal Gremien wéi d’ECRI eng grouss Resonanz bei der Regierung an an de Medie fannen, déi praktesch alles  dat onkritesch iwwerhuelen, wat an den ECRI-Rapporten verlaangt gëtt.

Hei just zwee kleng Beispiller aus deem leschte Rapport (2016) iwwer Lëtzebuerg. Ech wëll déi elo hei an dësem Dokument net am Détail diskutéieren, well dat zëvill Plaz geng huelen. Mee ech wëll just op d’Konsequenzen vun esou Fuerderungen op d’Meenungsfräiheet hiweisen.

 

« (§ 6) L’ECRI recommande vivement aux autorités luxembourgeoises de mettre leur droit pénal en conformité avec sa Recommandation de politique générale n° 7, et en particulier (i) de prévoir expressément que la motivation raciste et homo/transphobe constitue une circonstance aggravante pour toute infraction de droit commun, (ii) d’explicitement ériger en infraction les injures publiques, la diffamation publique et les menaces racistes et homo/transphobes et (iii) d’inclure les motifs de la langue et de l’identité de genre dans les dispositions du Code pénal visant à lutter contre le racisme et l’homo/transphobie.

(…)

(§ 35) L’ECRI recommande aux autorités policières et judiciaires de mettre en place et gérer un système d’enregistrement et de suivi des incidents racistes et homo/transphobes et de la mesure dans laquelle ces incidents sont transmis aux procureurs et sont au final qualifiés  d’infractions racistes. Les autorités devraient publier ces statistiques. »

 “Délit d’entrave” oder d’Freed um Totalitarismus

Dee staatlech ënnerstëtzten “Conseil national des femmes” (CNFL) setzt sech fir d’Aféierung vun engem “délit d’entrave” an – dat ass ee real net existenten a réng politeschen Delikt deen, an den An vun de feministeschen a mënscheveruechtenden “IdeologI*-_**nnenxx”, dora bestoe soll, fir d’Recht vum nach net gebuerene Kand op säi Liewen anzetrieden.

Am Mee 2010 schreift den CNFL: “Le projet de loi [den iwwer d’Ofdreiwung – Note vu mir] ne traite pas du délit d’entrave. Il s’agit néanmoins d’un outil indispensable, dans le but de prévenir aux tentatives d’exercer une influence quelconque sur le choix d’une femme, par moyens de pression ou de violence, et, afin de conserver la réputation des médecins et hôpitaux qui aident ces femmes en situation de détresse.”

Den Aerzbëschof vu Paräis seet zu där Diskussioun am Frankräich: “si on arrive à interdire de s’exprimer sur les conséquences de l’avortement on entrera complètement dans la police des idées et dans la dictature d’une vision totalitaire”.

D’Chamber – eng Diskussioun iwwer d’Petitioun iwwer d’Homo-Bestietnis déi Zäit gebraucht huet

D’Chamber (ausser der adr, mee inclusiv der ex-chrëschtlecher Partei CSV) huet sech mat Hänn a mat Féiss dogéint gewiert, an zwar mat alle méiglechen prozeduralen a pseudo-prozeduralen Argumenter, datt d’Petitioun géint d’Homosexuellebestietnis sollt kënnen ëffentlech zur Sprooch kommen. Als Deputéierten hunn ech mech dofir richteg geschummt, obwuel meng Partei als eenzeg dat – avmengen An – onéierlecht Gedeessems net mat gemaach huet.

D’Petitionnären hu sech misse viru Geriicht géint d’Parlament duerchsetzen. Bravo fir si! A wat fir eng traureg Blamage fir d’Chamber!

Reliounsunterrecht a Reliounsfräiheet

D’Ofschaafung vum Reliounsunterrecht ass näicht Anescht wéi eng Aschränkung vun der Reliouns – an domat vun der Meenungsfräiheeet. D’adr ass a bleiwt fir de Choix.

Mohammed-Karikaturen: d’Kapitulatioun vum Här Asselborn virum Terrorismus

Wou Dänemark am Joer 2006 wéinst de Mohammed-Karikaturen ënner Drock koum, wor den Här Asselborn deen éichten deen en anert, kléngt, europäescht Land am Stach gelooss huet. Den däitsche Publizist Henryk M. Broder zitéiert hien a séngem Buch “Hurra, wir kapitulieren!” mat dë Wierder, datt wär “éichter en däneschen, wéi en europäesche Problem”.  D’Angscht virum Terrorismus ass ebe méi grouss wéi de Wonsch d’Fräiheet vun der Press an d’Meenungsfräiheet ze verdeedegen.

Bei der Burqa gëllt genee déi selwecht couragéiert Gambia-Aproche. Et soll e Gesetz géint d’Burqa kommen, dat näicht daacht an net ëmsetzbar ass, an dat fir déi muslimesch Fanatiker net ze provozéieren.

An eis Regierung schwätzt vu “Wäerter”… wéi eng huet si dann? D’Kapitulatiounskultur “à l’avance et à la perfection”? De “vorauseilenden Gehorsam”, géintiwwer enger islamescher Terroristeclique?

N.B.: Bis haut huet keng eenzeg lëtzebuergesch Zeitung déi dänesch Karikaturen aus Solidaritéit ofgedréckt. A villen anere Länner wor dat anescht. Déi selwecht Zeitungen déi sech driwwer opreegen, datt am Krich hei am Land net vill Judde verstoppt goufen, datt d’Lëtzebuerger keen Zivilcourage gehat hätten, dat si och nach bal all Collaborateure gewiescht wären an esou virun, sinn déi, déi haut direkt virum islameschen Terrorismus op d’Knéie ginn. A Lëtzebuerg ass haut mol net vu frieme Militär besat, anescht wéi deemools.

Déi Lénk: libre et “équitable”

An hirem Verfaassungsentworf wëllen déi Lénk d’Meenungsfräiheet op eng nei an originell Manéier reglementéieren. Bei hinnen mussen d’Iwwerzeegunge gläichzäiteg “fräi a gerecht” sinn, wat dat och ëmmer heesche soll. Dat héiert sech esou un:

“Art.3: L’Etat garantit la vitalité démocratique par la libre et équitable expression des convictions politiques et sociales divergentes,(…)”.

Wat heescht “équitable” an dësem Kontext?

D’EU kämpft mat Propaganda géint Propaganda

Fir géint déi exclusiv béis an net objektiv russesch Propaganda virzegoen, huet d’EU an Osteuropa e Service ageriicht dee mat exclusiv gudder an objektiver Propaganda, pardon, Informatioun schafft. Dat berouegt….

De Roude Lämmes zu Stroossbuerg oder eis EU-Deputéierten si fir Zensur an engem Parlament!

Am Joer 2017 gouf am Europarlament eng Regelung ageféiert,  fir datt

bei Hassreden darf der Parlamentspräsident die Live-Uebertragung unterbrechen und Teile einer Rede löschen lassen. Eine Möglichkeit dagegen Einspruch zu erheben gibt es nicht. Dennoch trifft die Regel bei den luxemburgischen EU-Abgeordneten auf breite Zustimmung.” (Wort vum 3.3.2017)

Eng traureg Zensur fir Lëtzebuerg

De “Journal” vum 16.12.2016 schreift: “In einigen Ländern steht die freie Meinungsäusserung vor der Bestrafung von Hassreden. Auf einer rezenten Matinée mit den Fachleuten der Polizei und der Staatsanwaltschaft wurde aber klargelegt, dass in Luxemburg die Gesetze eindeutig anders gepolt sind.”

Gutt, datt si dat och esou gesinn. Da si mir eis jo mol eens….

Beispiller aus der Legislatioun an aus dem Strofrecht

Iwwer de Code pénal (speziell den Art. 454 et suivants) an d’Praxis vun de Geriichter schwätzen ech an der Chamber. Dowéinst wëll ech elo hei nach keng Beispiller nennen.

Just vläicht ee kléngen Auszuch aus engem RTL-Artikel vum 22.09.17 iwwwer e Prozess zum Thema “Opruff zum Haass”. De Parquet gëtt mat dëse Wierder zitéiert:

“En Ennerscheed tëscht verschiddene Mënschegruppen ze maachen, zum Beispill tëscht Lëtzebuerger an net-Lëtzebuerger oder tëscht Moslemen an net-Moslemen, géif eng Diskriminatioun duerstellen.”

Déi do Analys ass vun esou enger beandrockender intellektueller Bravour, datt ech mir eigentlech net ka virstellen, datt de Parquet dat kann esou gesot hunn. Mee wee weess? Vläicht hu si jo och Rekrutéierungsschwieregkeeten an der Magistratur?

Sollt den RTL-Reportage richteg sinn, wat ech net hoffen, da sollt de Parquet sech dréngend nei Personal sichen.

 

Beispiller aus dem schouleschen an aus dem akademesch-wëssenschaftleche Beräich

  1. Politiker an de Schoulen – “Wir müssen draussen bleiben”

An eis Schoulen komme bal nëmme Politiker vu Gambia zu Wuert, respektiv Politiker déi strikt de politesch korrekte “Mainstream” vertrieden. Eis Kanner an eis Jonk sollen op déi Manéier eesäiteg endoctrinéiert ginn. Ee Beispill ënner villen: an der Europapolitik gëtt alléng den europäesche Federalismus als “richtege” Modell fir eist Land propagéiert.

Eng Sträitkultur am Sënn vun enger Confrontatioun tëschent verschiddene Iddien gëtt et an eise Schoulen net oder bal net. An der Politik heescht déi Prozedur de “no-platforming”. Aner Iddien sollen op dëss Manéier vu vir eran keng “Plattform” kréien fir sech kënnen auszedrécken.

En Zentum fir politesch (LENKS)-Bildung?

Den Zentrum fir politesch Bildung ass e wichtegen Ecksteen an der Propagandaorganisatioun vun der lénker Regierung – niewent der Ofschafung vum Reliounsunterrecht an der Eliminatioun vun enger Rei vun akademeschen Institutiounen.

D’Zësummesetzung vum konstitutive Verwaltungsrot vum ZpB, wéi och séng éicht Communicatiounen, z.B. am Kontext vun  der Migratiounskris, loossen eng komplett Eesäitegkeet a lénk-propagandistesch Ausriichtung vun där Institutioun fäerten.

Déi konzentréiert Wouerecht vu Gambia-Gnoden – d’Uni.lu kritt de Monopol an der Geschichtsfuerschung

Parallel goufen eng Rei vun experimentéierten, gutt etabléierten an zum Deel héich consideréierten akademeschen Institutiounen ofgeschaaft: virun allem de “Centre Robert Schuman” an de “Centre virtuel de la Connaissance de l’Europe”. Inoffiziell Uersaach: si wore vun hirer personeller Compositioun hir net esou liicht ënner Gambia-Kontroll ze bréngen.

Déi wëssenschaftlech Editioun vu “Mein Kampf”

Anescht wéi am Ausland, däerf een sech zu Lëtzebuerg mol net wëssenschaftlech mam Nationalsozialismus beschäftegen. Déi annotéiert – a praktesch onlieserlech Editioun vu “Mein Kampf” – wor hei zu Lëtzebuerg verbueden. An Däitschland – wor déi historesch Debatt jo vill méi sensibel a komplizéiert ass – wor si ganz selbstverständlech erlaabt.

Soll dat ieren dat Lëtzebuerg sinn, dat seng Universitéit wëll ausbauen an dann gläichzäiteg wëssenschaftlech Bicher verbitt?  Den Här Bettel kéint jo vläicht och nach eng Bicherverbrennung organiséieren, tant qu’on y est….

D’Librairie Ernster hat de Courage fir sech iwwer esou eng primitiv, irresponsabel Zensur-Decisioun vun eiser Regierung ewech ze setzen. Bravo!

Eng avortéiert Debatt: de Rapport Artuso

Ech wëll dem Här Artuso als Mënsch an als Historiker net ze no trieden, mee ech hale säi Rapport iwwer d’Relatiounen tëschent de lëtzebuerger Rescht-Autoritéiten an dem däitschen Okkupant fir wëssenschaftlech ongenügend. An der Debatt iwwer de Rapport Artuso an der Chamber hunn ech dat och gesot an argumentéiert.

Déi Kritik déi dono opkoum – virun allem an der Persoun vun engem ganz couragéierte Fuerscher – gouf éichter pro forma während enger ganz kuerzer Zäit “toleréiert” an dono zimlech radikal ofgewiergt.

Fir mech ass awer kloer: déi Zäit vun der Okkupatioun muss wëssenschaftlech nei ënnersicht ginn. De Rapport Artuso ass nëmmen eng vun de Quellen, déi an esou eng Etude kënne mat afléissen.

Och däerf ee net de politesche Kontext vergiessen an deem dee Rapport entstaanen ass: d’Campagne ëm d’Auslännerwahlrecht an d’Reform vum Nationalitéitegesetz goufen vun enger Rei vu wëssenschaftlechen oder pseudo-wëssenschaftlechen Etuden an Artikelen virbereed a begleet déi d’Lëtzebuerger an hir Geschicht sollte méiglechst defavorabel duerstellen. Eng Natioun déi net méi u sech gleeft ass méi liicht ze veränneren oder esou guer an hirer politesch organiséierter Eegestännegkeet ofzeschafen, wéi eng déi houfreg op hir Geschicht däerf sinn.

Beispiller aus de Medien (den 100,7 ass staatlech, RTL huet e puer ëffentlech-rechtlech Aufgaben ze erfëllen)

100,7 – eng Epuratioun vum Archiv

Den Här Professer Paul Kremer huet den 18. 2. 15 eng Carte blanche gehat, déi direkt zensuréiert gouf an aus dem Archiv gestrach gouf.

Den “Expert” iwwer de Rietsextremismus – eng bemierkenswäert Praxis um Radio 100,7

Um 100,7 kritt ee selwer- oder vu-wem-och-ëmmer-ernannten “Expert” iwwer de “Rietsextremismus” ganz vill Zäit op der Antenne, deen sech selwer als “Anarcho-Kommunist” bezeechent. E Musterbeispill un neutralem an objektivem Journalismus!

RTL- e manipuléierte Reportage aus der Konschtszen

Wëll an der Affär Bettel-Lunghi zu dësem Zäitpunkt nach Prozeduren amgaange sinn, wëll ech op dëser Plaz net weider op deen incriminéierte Reportage agoen.

RTL – wéivill “Cartes blanches” fir déi Konservativ an eiser Gesellschaft?

Dat ass eng gutt Quizfro – RTL ka vläicht selwer d’Aentwert ginn? Wéivill “Cartes blanches” kritt déi politesch Riets par rapport zu där politescher Lénker? Wéi vill Leit vun där enger, respektiv vun där anerer Säit ginn an d’Emissiounen invitéiert? Mäin Androck ass: Lénks gëtt bei RTL massiv beviirdeelegt.

Publicitéiten: Sloggi an de Poll Fabaire

De Staatsfeminismus zu Lëtzebuerg weist periodesch seng Verklemmtheet, seng Intoleranz a seng Dommheet.

RTL.lu – Kommentarfunktioun

Bei ville wichtege Froen, mecht RTL.lu d’Kommentarfunktioun mol net op. Ausserdem – wéinstens héiert een dat dacks – ginn d’Kommentare gefiltert an zensuréiert.

D’Tageblatt priedegt Zensur

Hei en Extrait aus dem Tageblatt vum 13.02.17:

Es ist zudem übertrieben, davon zu sprechen, dass hier in Luxemburg die Meinungsfreiheit in Gefahr sei, nur weil man richtigerweise versucht Diskriminierungen entgegenzuwirken. Es ist hoffentlich für jeden vernünftig denkenden Menschen klar, dass Hasskommentare schlicht und einfach micht als freie Meinungsäusserung gelten dürfen, können oder sollten.”

 D’CSV féiert d’Zensur vun der Press an

An där Zäit wou d’Madame Hetto nach Fraeministech wor koum si enges Daags an eng Kommissiounssëtzung an der Chamber an huet gesot si wéilt e “klitzeklénge Strëch” an engem Gesetz änneren. Dee “klitzeklénge Strëch” huet zum Projet de loi 6127 geféiert, dee bewierkt huet, datt d’Regierung kann an de Contenu vun de Medien agräifen.

De Conseil de Presse huet a séngem Avis vum 13. Dezember 2011 geschriwwen:

« Estimant par conséquent qu’au Grand-Duché de Luxembourg toutes les garanties quant au principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes sont données du point de vue journalistique et qu’il est dangereux voire même néfaste pour tout système démocratique d’entraver directement ou indirectement au très sensible principe fondamental de la liberté de la presse, le Conseil de Presse ne voit ni l’opportunité ni la nécessité pour une initiative législative en la matière. Il est donc d’avis que le législateur devrait renoncer à inclure le domaine relatif au contenu des médias dans le projet de loi numéro 6127.

Cette position concrète lui semble d’autant plus justifiée comme les auteurs de la directive commu­nautaire ont déjà été confrontés à la position qu’une réglementation du contenu des médias revient à une interférence avec la liberté fondamentale et la pluralité de la presse.“

Mat Ausnahm vun der adr huet déi ganz Chamber awer begeeschter fir dat Zensurgesetz gestëmmt. Dat gouf dunn d’ Gesetz vum 19. Juni 2012.

Doropshin hunn ech den 2.Juli 2013 eng Proposition de loi (no. 6586) gemaach fir dat CSV-Zensur-Gesetz nees ze änneren. De Conseil de Presse mecht de 17. September 2014 en Avis zu menger Proposition de loi:

« Tout d’abord, le Conseil de Presse tient à souligner qu’il adhère sans réserve aucune au principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes. Il réfute donc catégoriquement toutes les contre-critiques ouvertes et camouflées émises à l’égard de sa position développée ci-après. Ces allégations sont non seulement superficielles et dénuées de tout fondement mais équivalent à des assertions mal­veillantes. Dans ce contexte, il est notamment rendu attentif au fait que tant la loi du 11 avril 2010 portant modification de la loi modifiée du 8 juin 2004 sur la liberté d’expression dans les médias que le code de déontologie applicables aussi bien aux éditeurs qu’aux journalistes contiennent des dispo­sitions contraignantes claires et nettes en cette matière.

Quant au fond de ses craintes et réserves explicites, le Conseil de Presse, tout en se référant à son avis du 13 décembre 2011 (document parlementaire 61278) ainsi qu’à son mémoire remis le 10 mai 2013 à Monsieur le président de la Chambre des députés, réitère sa demande formelle d’exclure de l’application des dispositions de la loi du 19 juin 2012 les contenus des médias et la publicité.

Le Conseil de Presse renouvelle en premier lieu ses craintes quant à la possible atteinte à la liberté de la presse notamment au cas d’une application à la lettre de certaines dispositions contenues dans la législation en question. A ce sujet, le Conseil de Presse renvoie avec insistance à la loi du 11 avril 2010 qui stipule clairement dans son article 2 que toute restriction ou ingérence en la matière doit être prévue par la loi (donc la législation sur la presse), poursuivre un but légitime et être nécessaire dans une société démocratique, c’est-à-dire répondre à un besoin social impérieux et être proportionnée au but légitime poursuivi. Ce n’est pas par hasard que lors de l’élaboration de directive 2004/113/CE au sein de l’Union européenne les auteurs européens ont renoncé à des prescriptions au niveau européen, ceci avec l’argumentation tout à fait pertinente que la réglementation des médias est à considérer comme interférence avec la liberté fondamentale et la pluralité de la presse. Cette attitude sage n’était donc pas influencée, comme certains milieux préfèrent le prétendre, par un lobby d’éditeurs européens à Bruxelles, mais se fondait en tout premier lieu sur le souci du maintien de la liberté et de la pluralité de la presse.

En rayant par une opération éclair – adoption du rapport de la commission parlementaire concernée dans la matinée et vote parlementaire du projet de loi au cours de l’après-midi du même jour – l’exclu­sion de la presse au sens large du mot pourtant explicitement mentionnée dans la directive précitée et par conséquent dans la loi du 21 décembre 2007, le législateur luxembourgeois a plus ou moins clai­rement créé en 2012 la possibilité et le risque d’une poursuite éventuelle de journalistes par certains éléments plutôt extrémistes à cause de la publication de reportages sur des événements prétendus discriminatoires et non conformes aux principes de l’égalité des chances. De ce fait, le risque est réel qu’un journaliste lors de la rédaction d’un reportage et que l’éditeur lors de la publication de ce même article sont amenés à quitter le terrain de l’objectivité en ne pas relatant des faits pourtant bien établis, ceci par peur de poursuites pénales rendues possible en fin de compte par la loi critiquée.

En guise de conclusion, le Conseil de Presse reste d’avis que dans l’intérêt de la liberté et de la pluralité de la presse l’exclusion des médias doit être rétablie par une modification de la loi du 19 juin 2012. »

Trotzdem : mat Ausnahm vun der adr huet d’Chamber um CSV-Zensurgesetz festgehal a meng „Proposition de loi“ verworf.

 Eng Denunziantenonkultur zu Lëtzebuerg?

Bee secure stopline

De Kanner- a Jugendtelefon bedreift “BEE SECURE stopline”, op där d’Kanner kënnen oder sollen “rassistesch, revisionnistesch oder diskriminéierend” Contenuen um Spaweck mellen. Dat kann och anonym gemaach ginn. BEE SECURE, de Service national de la Jeunesse an de Kanner-Jugendtelefon schaffen och mat Google a mat facebook zësummen.

Dozou just e puer Umierkungen:

  • D’Police an de Parquet sinn déi Plazen un déi een sech soll en engem Rechtsstaat adresséieren, wann ee mengt et wär eng gesetzlech reprehensibel Illegalitéit geschitt. Doniewent brauch een net nach Denunziantestrukturen.
  • Ech mengen net, dat de Staat soll Kanner a Jugendlecher dozou encouragéieren, sech den Ongeescht vun der Denunziatioun unzeeegnen. BEE SECURE seet awer, si wéilten déi Jonk “éduquer de manière positive”. Wat dorënner ze verstoen ass, dozou gëtt et offensichtlech verschidde Virstellungen. Anonym Denunziatiounen gehéiere fir mech net dozou, eng engagéiert a fair Diskussiounskultur awer op jidde Fall.
  • Bei BEE SECURE schéngen dacks Psychologen oder aner Leit aus dem sozio-edukative Beräich ze schaffen, mee keng Juristen. D’Fro vun der Qualifikatioun ass also jiddefalls mol ze stellen. Ech liesen an hire Publikatiounen esou Sätz wéi “59 de ces liens ont été classés illégaux par léquipe de BEE SECURE stopline”. Mengen déi Leit si wäre Riichter?
  • Wéi eng Rechter hunn déi, denen hir Kommentaren um Spaweck do als “illegal” agestuft ginn? Ech liesen an der Aentwert vun der Regierung op eng Question parlementaire vum 16. September 2015: “Il nous importe de rappeler ici qu’une fois le contenu à caractère raciste dénoncé, l’hébergeur de ce contenu doit réagir d’office et retirer promptement le contenu en question.”

Ech faassen zësummen:

Eng ANONYM Denonciatioun, déi NET bei der POLICE oder beim PARQUET muss gemaach ginn, an déi dann vun NET-JURISTEN beuerteelt gëtt, kann OUNI KONTRADIKTORESCH PROZEDUR duergoen, fir dat eppes MUSS vum Spaweck geläscht ginn.

A wou si mir dann?

Respect.lu

Da gëtt et nach weider Initiativen, z.B. eng Association (also KENG staatlech Instanz, déi enger institutionell- rechtsstaatlecher Kontroll géng ënnerleien) mat Numm “SOS Radicalisation”. Si dirigéiert de “Centre contre la radicalisation” an huet eng Spaweckssäit mat Numm respect.lu. Sou wäit, sou gutt.

Interessant ass fir mech elo mol zweeërlee:

  1. No engem Zeitungsartikel vum 14.10.17 am Quotidien, ass de Kampf géint “d’extrême-droite” eng Prioritéit vun där – natierlech regierungsfinanzéierter – Associatioun vun där een awer net esou genee weess, wien do eigentlech responsabel ass. Am Zeitungsartikel steet: “par mesure de sécurité, nous respectons un anonymat complet”.  Froen: a) a wéi ass et mat der extrême-gauche?Ass déi Associatioun, wéi sou vill Anerer, um lénken A blann? Dat ass an eiser Gesellschaft eng wäit verbreete Kränkt, wéi et schéngt.  b) Wien ass verantwortlech fir déi Actiounen vun där Associatioun? Däerf déi maache wat si wëll? Mat wéi enge Methouden, wéi enge Mëttelen, wéi engen Zieler, mat wéivill Suën?
  2. Vill méi wichteg: d’Police huet schonn e “service d’aide face à la radicalisation”. Telefon: 24 77 24 77.

Firwat wëll een dann nach eng Associatioun ouni identifizéierbar Verantwortlech a mat staatlecher Ennerstëtzung an deem Beräich schaffe loossen? Mussen hei vläicht einfach e puer Leit eng staatlech subventionéiert Plaz kréien? Gambia-Favoritismus oder Nepotismus?

Déi staatlech erkläerten Onmündegkeet an Onberechebarkeet vum Bierger

 

Datt d’Regierung hire Bierger net traut weist sech och um Beispill vun de Statistiken iwwer d’Auslännerkriminalitéit. D’Leit kréien keng oder nëmme partiell Informatiounen.

Dat huet seng Uersaachen. D’Regierung schéngt ze mengen, datt d’Leit auslännerfeindlech kéinte ginn, wa si d’Statistiken, respektiv d’Originne vun den Täter géinge kennen. Dowéinst gëtt net doriwwer geschwat.

Menger Meenung no huet de Staat iwwerhaapt net dat Recht esou Informatiounen ze verstoppen. D’Vollék ass de Souverän an net d’Regierung. D’Regierung huet dem Vollék ze déngen an net d’Vollék der Regierung.

D’Regierung huet d’Recht Informatiounen nëmmen ënner bestëmmte Conditiounen ze verheemlechen, z.B. am Interessi vun där nationaler Sécherheet. Dat ass awer hei net de Fall.

Mech erënnert déi aktuell Praxis zu Lëtzebuerg ëmmer un d’Sowjetunioun. Deemools stoung an de sowjeteschen Zeitungen och näicht iwwer d’Kriminalitéit, well et déi eigentlech net huet däerfe ginn.

Den ECRI (European Commission against Racism and Intolerance), den ech fir skandaléis halen, schreift a séngem Rapport iwwer Lëtzebuerg:

Le référendum tenu en 2015 sur le droite de vote des étrangers a contribué à un repli identitaire national. Une xénophobie sous-jacente transparait dans la presse populiste et sur internet qui est utilisé pour propoager des propos haineux notamment envers les réfugiés, les Musulmans et les étrangers en général. Les médias et les fournisseurs d’accès à internet ne respectent pas suffisamment les règles qu’ils se sont données pour prévenir cette diffusion. La police et les médias révèlent également trop souvent l’origine ethnique des auteurs présumés d’infractions.”  (leschte Saz vu mir fettgedréckt)

An op enger anerer Plaz:

L’ECRI recommande aux autorités luxembourgeoises (…) (iv) de s’assurer que la police et les médias ne révèlent des informations concernant la race, la couleur, la langue, la religion, la nationalité ou l’origine nationale ou ethnique, l’orientation sexuelle et l’identité de genre d’un auteur présumé d’une infraction que lorsque cette divulgation est strictement nécessaire et sert un but légitime. (…)”

Conclusiounen:

Déi Beispiller an déi Iwwerleeungen an dësem Text dénge, wéi gesot, nëmmen exemplativ dozou ze weisen, datt eng Diskussioun iwwer d’Meenungsfräiheet hei am Land sécher net vu Muttwëll ass.

De 14. November maachen ech dozou an der Chamber nach e puer theoretesch Iwwerleeungen, déi ech dono och hei publizéieren.

Zësummen sinn déi zwee Texter dann déi Diskussiounsbasis opgrond vun där ech hoffen, datt méi Leit sech der Problematik bewosst sinn a sech fir hir Rechter an enger Gesellschaft asetzen, déi nach ëmmer vu sech behaapte wëll fräi an demokratesch ze sinn. Mee ass si dat nach wierklech?

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

D’CSV – déi ugekënnegt Enttäuschung!

Am Abléck gesäit et jo esou aus, als wär d’CSV schonn esou gutt wéi sëcher an där nächster Regierung. Domat stellt sech also och d’Fro no hirem Koalitiounspartner fir dee méi wéi wahrscheinleche Fall wou si 2018 keng absolut Majoritéit géng erreechen. Nodeems d’CSV eng Zäit laang gesot hat si kéint sech fir no deene nächste Wahlen eng Koalitioun mat all demokratecher Partei viirstellen – an domat d’ADR net ausgeschloss hat – , huet si  zënter e puer Méint hir Meenung nees geännert a schléisst elo eng Koalitioun mat der ADR explizit aus.
Dëss Positioun enttäuscht vill Leit déi sech no der Gambia-Koalitioun eng Koalitioun vun der rietser Mëtt gewënscht haten. Well d’CSV awer souguer no hirer eegener Aschätzung eng Partei vun der lénker Mëtt ass, allerhéchstens och nach eng “C fir Centrum”-Partei, ass elo scho sëcher, datt och déi nächst Regierung ouni d’ADR eng Koalitioun gëtt déi méi oder manner wäit lénks steet. Eng grondsätzlech nei Ausriichtung no méi wäertorientéierte Critèren ass domat net méi ze erwaarden.
Dësst Virgoen vun der CSV ass och eng ugekënnegt Mëssuechtung vum Wielerwëllen – well och fir de Fall wou d’ADR iere sollt vum Wieler gestäerkt ginn, huet d’CSV elo schonn decidéiert fir de Wielerwëllen ze ignoréieren. Déi Arroganz ass alles aanecht wéi den Ausdrock vun enger demokratescher Kultur.
Et ass och de Beweis dat sech hei zu Lëtzebuerg e Kartell vu véier politesche Parteien lénks vun der Mëtt constituéiert, deen d’Muecht ënner sech wëll deelen a behaapten. No lénks si wuel nach punktuell Koalitioune méiglech, mat deene Lénken an esou guer mat de Kommmunisten, wéi elo zu Rëmeléng, no riets awer net. Déi 68er Ideologie déi den dominanten Diskurs vun all deene Parteien ass – inclusiv deen vun der CSV – gëtt an enger “Wagenburg”-Mentalitéit verdeedegt. Déi politesch Alternativ zu deem Kartell, déi hei am Land just d’ADR als nennenswäert Partei representéiert, gëtt mat eidele Wuerthülse wéi “Populismus” probéiert ze discreditéieren. Ob dat laangfristeg hëlleft ass opgrond vun deenen aktuellen internationalen Entwécklungen awer ze bezweifelen. Vill Leit hätte gär nees eng méi konservativ Politik an déi kann nëmme vun der ADR kommen.
Déi véier Kartellparteien sinn ënnereneen bal zu 100% austauschbar. D’Ennerscheeder tëschent enger CSV an deenen dräi Parteien déi haut an der Regierung sinn, si kleng bis inexistent. Et ass méi eng Traditioun déi vill Leit bei d’CSV dreiwt, vläicht och dat Gefill oder déi Hoffnung datt aner Leit géngen eng aner Politik maachen. Dat ass awer net de Fall. Mat der CSV kommen vill aalbekannte Gesiichter zréck an d’Regierung déi grosso modo un där aktueller Politik festhalen. De Wahlerfolleg vun der CSV ass d’Geschicht vun enger ugekënnegter Enttäuschung.
D’CSV ass eng Partei déi alles Chrëschtleches opginn huet. Et schwätzt fir sech, datt d’CSV iwwerhaapt kee Problem huet fir mat Ofdreiwungs- an Euthanasieparteien an eng Koalitioun ze goen, eng méi konservativ ADR awer kategoresch refuséiert. Dat huet seng Uersaachen, an déi leien virun allem an Europa, méi genee am Juncker-Merkel- Schied an deem den Här Wiseler zimlech kléng, schwaach an onbehollef do steet.
D’ADR wëll keng onkontrolléiert Immigratioun a verlaangt sëcher Grenzen – d’CSV wëll awer dogéint déi däitsch Merkel-Politik zu 100 % matdroen. D’ADR wëll Lëtzebuerg net an engem zukünftegen europäesche Federalstaat opléisen – d’CSV wëll awer genee dat als laangfristegt Zil. D’ADR hällt un der Lëtzebuerger Sprooch fest, d’CSV bradéiert d’Nationalitéit u Leit déi no 20 Joer am Land eis Sprooch nach ëmmer net geléiert hunn. D’ADR hällt un der traditionneller Famill fest – d’CSV ass fir d’Homo-Bestietnis a wëll neierdéngs och d’Ofschaafe vu bal alle moraleschen a rechtleche Grenzen bei de medizinesche Fortpflanzungstechniken. Déi Häre Bech a Werner genge sech am Graf rondrëm dréinen, geséichen si déi Politik déi hir Partei haut mecht.
Wéissten d’Leit wat d’CSV haut wierklech ass – nämlech déi véiert Gambia-Partei just an engem orange Räckelchen – si gengen hirt Kräiz bestëmmt soss anzwousch maachen.

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare

D’Erënnerung un de Referendum vun 2015

An der Stad, op där klenger Plaz wou den Ombudsman säi Büro huet, falen engem Stroosseschëlder op, déi bis virun e puer Joer nach net do stoungen: “Place du 6 juin 1937 – Rejet par référendum de la loi muselière “Maulkuerfgesetz” – steet do drop. Dat ass sëcher eng gutt Initiativ fir eng Plaz no deem Referendum ze benennen – zëmools an enger Zäit wou d’Zensur leider nees schéin Deeg schéngt viru sech ze hunn.

Awer dëss Initiativ sollt eis méi allgemeng interpelléieren: misste mir net doriwwer nodenken, wéi mir un all eis Referenda kéinten erënneren? Jidder eenzelne vun hinnen wor fir eis Natioun an hir Geschicht op seng Manéier vun zentraler Wichtegkeet:

  • mir sinn haut nach eng Monarchie a keng Republik,
  • eis Relatioune mat Frankräich an der Belge stoungen zur Diskussioun,
  • d’Lëtzebuerger hu sech géint d’Maulkuerfgesetz an domat fir hir Fräiheet a fir d’Demokratie  ausgeschwat,
  • d¨’Personenstandsaufnahme” ënner der Nazi-Okkupatioun wor zwar alles aanecht wéi e fräie Referendum an awer huet si e kloert a couragéiert Signal fir  eis Souveränitéit, eis Nationalitéit an eis Sprooch ginn,
  • an de Referendum vun 2015 huet dat nach eemol confirméiert.  Hätt d’Gambia-Regierung deemools Recht kritt, da géng et geschwënn kee souveränt Lëtzebuerger Vollék méi ginn.  Et hätt kee Parlament vun de Lëtzebuerger méi bestanen, mee just nach eent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg – e Riisenënnerscheed!

De Referendum iwwer den europäesche Verfassungsvertrag hat confirméiert datt d’Lëtzebuerger sech mat Europa verbonne fillen – och wann dee spezielle Vertrag iwwer deen de Referendum goung schlussendlech net ugeholl gouf.

Aus all deene Referenda loosse sech sëcher vill Léieren zéien – mee ech wëll mech haut op een Aspekt beschränken an dat ass d’Erënnerung un de Referendum vun 2015.

Dee Referendum kann a senger Wichtegkeet guer net iwwerschat ginn: déi Tentative vun der blo-rout-grénger Regierung fir dëm Lëtzebuerger Vollék säi nationalt Parlament – am eegentleche Sënn vum Wuert –  an domat d’Instrument vun enger souveräner Formatioun an Expressioun vum Wëllen vun der Natioun wechzehuelen ass mat ronn 4/5 vun de Stëmme refuséiert ginn: d’Lëtzebuerger hunn domat hirt d’Land an hir Natioun géint hir eege Regierung gerett!

Besonnesch blamabel hat sech d’CSV beholl. Mir erënneren eis un hir “decidéiert” a “couragéiert“ Positioun: “Gitt gutt informéiert an d’Wahlcabine” stoung op hire Plakater. Souguer hire méi wéi wackelege “Nee” zum Auslännerwahlrecht (“mir kucke mol d’Resultat…”)  gouf vu groussen Deeler vun der CSV net akzeptéiert.

Keng vun deene véier Parteien huet also ën Interessi drunn un dee Referendum ze erënneren: si all stoungen ganz oder deelweis op der falscher Säit – d’ADR awer net! Si wor deemols kloer vir den “dräimol Nee” an d’Leit woren och där Meenung.

Haut sollt d’ADR dofir suergen, dat d’Erënnerung  un de Referendum net verluer geet. An esou wéi op där klenger Plaz an der Stad un de Referendum vu 1937 erënnert gëtt, sou sollt et och am Land Stroossen a Plaze ginn, déi un de Referendum vun 2015 erënneren.

Do wou d’ADR nom 8. Oktober 2017 an engem Gemengerot vertrueden ass, sollt si sech dofir asetzen. Mir kéinten am Land eng Rei vu Plazen, Stroossen an Avenuen hunn déi géngen heeschen:  Plaz/Strooss/Avenue vum 7 Juni  2015 –  Oflehnung duerch Referendum vum Auslännerwahlrecht. D’Lëtzebuerger hunn déi Unerkennung fir hire Votum verdéngt!

 

 

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

165 Leit mat Courage

Bei de Gemengewahlen stellt d’ADR op hire Lëschten an de Proporzgemengen dësst Joer 165 Kandidaten op, méi genee sinn et der nach 164 nodeems eng Kandidatin wéinst verschiddenen vun hiren Aussoen op youtube a facebook aus der Partei ausgetrueden ass.

Ech sinn all deene Leit dankbar, jidderengem Eenzelne vun hinnen, datt si de Courage haten oder hunn fir fir d’ADR an d’Rennen  ze goen.  Well dofir brauch ee Courage.  Vill vun eise Medien  spille jo hei am Land dat selwecht Spill wéi mir et och dacks am Ausland erliewen: wien net am lénke Mainstream matschwëmmt gëtt ganz séier als “Populist” oder “Extremist” diffaméiert.

Duerch déi Diskussioun ëm déi eng Kandidatin, huet d’ADR e puer schwiereg Deeg hannert sech.  Et gouf eng Spannungssituatioun ronderëm déi Persoun an där sech verschidde Niveaue vu Problemer matenee vermëscht hunn: engersäits Konflikter vun éichter perséinlecher Natur an anerersäits Aussoen déi d’Meenung vun der Partei absolut net refletéieren an déi fir si inakzeptabel sinn. Dat déi Kandidatin sech dowéinst zréckgezunn huet, fannen ech konsequent a richteg an dofir soen ech hir och Merci.

Fir eis politesch Géigner wor deen Incident natierlech e gefonnte Friessen – wéi liicht konnt een dach elo der ADR als Ganzt nees extremistesch Tendenzen ënnerstellen, déi si awer weder vertrëtt nach toleréiert. D’ADR ass a bleift eng wäerteorientéiert Partei. Keng aner Partei kann dat esou mat vollem Recht vu sech behaapte wéi si.

Ech sinn a bleiwen houfreg op meng Partei a wiere mech dogéint datt elo jidderengem vun deene ronn 2.100 Membere Saachen ënnerstallt ginn, déi einfach falsch an ongerecht sinn. Et ass net well ee (1) Kandidat vun 165 (also 0,6% vun de Kandidaten ) esou Aussoe gemaach huet, datt een doduerch dat Recht hätt allen aneren 164 Kandidaten oder allen aneren, geschat 2099, Parteimemberen ähnlech Usiichten ze ënnerstellen. Fir all déi Leit global als “Schmuddelkanner” ze diffaméieren, do muss ee schonn an enger esou onchrëschtlecher Zeitung wéi dem Lëtzebuerger Wort  schaffen. Ech hoffen, datt net all Mataarbechter vum Wort déi elementar journalistesch Deontologie an Zukunft esou mat Féiss trëppelen, just well sech doduerch soll e Viirdeel fir d’CSV erlu ginn.

Ganz onzefridden sinn ech awer mat där Manéier wéi d’Parteispëtzt mat dëser Problematik ëmgaangen ass. Dat ass awer en Thema fir eng intern Diskussioun an der Partei an doriwwer schwätzen ech dowéinst net op dëser Plaz. Dee ganze Problem hätt, menger Meenung no, missen a  kënnen evitéiert ginn.

Ech freeë mech, datt eis Memberen weiderhinn trei zu hirer Partei stinn, trotz dësem Tëschefall. Si wëssen, datt déi Wäerter déi mir als ADR vertrieden a fir déi mir kämpfen vill ze wichteg sinn, fir sech vun engem 0,6%-Tëschefall oder dem Wort senger Hetz- an Haassreaktioun decouragéieren ze loossen.

Eise Wee geet virun – decidéiert an optimistesch.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

GPA: Ennerstëtzt RTL d’Kommerzialiséierung vum Mënsch?

Bei der „Kommerzaliséierung vum Mënsch“ ëm déi hei Rieds geet, handelt et sech em d’GPA (gestation pour autrui, Leihmutterschaft).   Wéi scho méi dacks, besteet leider de Verdacht, datt RTL och an dëser Fro net objektiv ass an net all Säiten  zu Wuert komme léisst , mee seng Muechtpositioun ausnotzt fir Reklamm fir déi mënscheveruechtend Praxis vun der GPA ze maachen. Kritesch Meenungen zur GPA schénge bewosst ënnerdréckt ze ginn.

Dowéinst wëll ech op dëser Plaz e Lieserbréif vun der Madame Marie-Andrée Faber publizéieren. Dee Bréif ass vun RTL.lu refuséiert ginn fir, sou sote si,  „Diskriminatoresches um Site ze evitéieren“.

Dobäi muss ee wëssen, datt RTL am Februar e laange Reportage iwwer eng homosexuell Koppel  déi e Kand iwwer eng GPA „kritt“ huet, bruecht hat.  Dee Reportage wor vollkommen eesäiteg an onkritesch, jo et kann een e souguer als eng oppe Propaganda fir d’GPA gesinn.

Hei ass de Link op dee Reportage:

http://tele.rtl.lu/emissiounen/top-thema-magazin/3055813.html

D’Associatioun „Schutz fir d’Kand“. huet doroppshin e Communiqué publizéiert fir ze protestéieren. Hei ass dee Communiqué:

„Communiqué de presse du 26 février 2016

Gestation pour autrui – Le scandaleux reportage de RTL du 24 février 2016

Le 24 février 2016 à 19h, RTL télé a diffusé un reportage TopThema sur la gestation pour autrui (GPA), d’une partialité aussi inacceptable que manipulatrice.(http://tele.rtl.lu/emissioun…/top-thema-magazin/3055813.html)

Le reportage met en scène deux duos d’hommes ayant chacun été faire aux Etats-Unis des enfants par GPA, ainsi que la mère porteuse américaine, tous très satisfaits et n’y voyant absolument aucun problème, sinon des difficultés administratives et de confort pour l’obtention des congés parentaux. Le reportage comporte l’interview de deux ministres du gouvernement luxembourgeois (Justice et Travail) et du chef de service de PMA du centre hospitalier de Luxembourg, qui eux non plus ne voient rien à redire de substantiel au comportement de ces duos d’hommes.

A aucun moment le reportage ne mentionne que la gestation pour autrui, même qualifiée prétendument d’« éthique », viole le principe de l’indisponibilité du corps humain (on ne loue pas son utérus) et l’interdiction des contrats sur la personne humaine (on ne cède pas un enfant), qu’elle constitue donc une marchandisation du corps de la femme et une chosification de l’enfant, qu’elle est d’ailleurs formellement condamnée par le Parlement européen qui en a demandé en décembre 2015 l’abolition internationale.

A aucun moment le reportage n’évoque les troubles existentiels, identitaires et de filiation qu’auront à affronter les enfants conçus selon cette technique, alors pourtant qu’il est bien connu que l’abandon est un traumatisme grave pour tout enfant et que mêmes les orphelins adoptés dans des conditions normales peuvent souffrir toute leur vie de la perte de leurs vrais parents.

A aucun moment enfin le reportage n’ouvre à la contradiction et ne donne la parole aux organisations et associations qui se sont élevées contre la GPA, dans la procédure législative 6568 actuellement en cours devant la Chambre des Députés.

Ce reportage d’une rare partialité n’est autre, en définitive, qu’un exercice de désinformation du public sur les réels et graves enjeux de la GPA. Il se situe, en cela, en-dessous de tous les standards de la déontologie journalistique.

L’Initiative Schutz fir d’Kand proteste formellement auprès de RTL, ainsi qu’auprès des Ministres du Travail et de la Justice, qui n’ont eu lors de ce reportage aucune parole forte et claire contre la GPA, alors même que le projet de loi 6568 actuellement en débat prévoit la nullité d’ordre public des conventions de GPA.

L’Initiative Schutz fir d’Kand répète que cette nullité est indispensable dans l’intérêt des enfants et donc de l’ensemble de la société, et que le Luxembourg doit s’engager activement dans la prohibition internationale de la GPA, ainsi que dans la pénalisation efficace de tous ses acteurs (commanditaires, intermédiaires, cliniques etc…).

Le Luxembourg prêtera-t-il la main à ce (lucratif) commerce de l’humain ? Pire même, le pratiquera-t-il sur son sol ?

L’Initiative Schutz fir d’Kand-Défense de l’enfant appelle l’ensemble des acteurs au Luxembourg, en particulier les membres de la Chambre des Députés, le Gouvernement, les partis politiques et la société civile dans son ensemble, à refuser la GPA. Elle appelle le Gouvernement à la responsabilité et à un engagement sans faille dans la promotion et la conclusion d’accords internationaux permettant d’aboutir à la prohibition mondiale de la GPA.““

An hei ass de  Lieserbréif vun der Madame Marie-Andrée Faber den RTL.lu net wollt publizéieren:

T’Leihmutterschaft

Den 24.Februar 2016 goung et am Top Thema Magazin vun RTL ëm t’Leihmutterschaft.

Dët war kengeswegs eng fundéiert, kontrovers geféierten öffentlech Debatt iwert en sou en heikelt, an ethesch durchaus diskutabelt Thema, iwert dat sech seit Joren t’Wëssenschaftler an eis Abgeordneten den Kapp zerbriechen.

Duerch déi onnuancéiert, populistësch Schilderung vun enger Homokoppel, déi sech duerch eng Leihmutter hiren Kannerwonsch erfëllt, soll den Publikum zu enger breeder Akzeptanz vun der Leihmutterschaft bewegt gin.

Wat awer op den éischten Bleck mag als gut Léisung schengen, fir jiddereen deen sech en Kand wënscht, werft bei enger méi seriöser Analyse eng Onmass Froen an Bedenken op, soudat een esou enger Praxis nëmmen mat den gréissten Virbehalten muss begéinen.

Wann een nämlech mol realiséiert wat do geschitt, sou muss een sëch t’éischt t’Fro stellen, ob et en Recht op en Kand à tout prix get, oder éischter t’Recht vum Kand .

Déi zweet Fro ass,ob alles wat kann gemach gin,och dèrf gemach gin.

Dës Fro stellt sech schon bei der PMA d.h.der kënstlecher Befruchtung u sech, wou en Kand nët duerch en Liebesakt, mee am Laboratoire entsteet.

Do stellen sech eng Onmass ethesch Froen, fir nëmmen déi ze nennen, vun den iwerzählechen Embryonen, déi eindeuteg schon Mënschen sin, an déi entweder zerstéiert gin, oder mat deenen geforscht gët, an wougéint et déi europäesch Petitioun One of Us mat weit iwert enger Millioun Ennerschrëften gouf.

War t’PMA am Ufank geduecht fir enger onfruchtbarer Koppel ze hëllefen Mamm a Papp ze gin, sou get dëst eng bedenklech Sach wann dofir en friemen Spender gebraucht gët.

Mëttlerweil gët dës Methode souguer vun lesbeschen Koppelen als hirt vermeintlecht Recht beansprucht, an well vun verschiddenen Dokteren am Land realiséiert.

Or, dëst ass nët am Interesse vum Kand dat en Anspruch op Mamm a Papp huet ! 

Mee kommen mir lo op t’Leihmutterschaft, also der extremster Form vun der PMA ze schwëtzen !

Mir wëllen eis heimol fir t’éischt mat der Leihmutter selwer befaassen, dèr hir materiell Noutsituatioun oft ausgenotzt get fir sie zu sou engem Schrëtt ze bewegen.

Hei get den Kierper vun der Frau kloer instrumentaliséiert, an den Objektt vun engem Kontrakt, wat inakzeptabel ass. Dëst bedeit déi schlëmmsten Form vun Mënschenhandel , a verstéisst kloer géint t’Menschenwürde.

Dofir hun sech sämtlech Fraenorganisatiounen hei am Land eenstëmmeg dergéint ausgeschwat .

Ausserdeem:

Wat geet an enger Fra fir,wann sie dat Kand, dat se neng Méint lang gedron a gebuer huet,muss hirgin ? Ass nët während der Schwangerschaft eng enk Symbiose tëscht deenen zwee entstan, wann si et gespiert an sech entwëckelen gesin huet.

Wéi kann sie dat Këndchen einfach sou hier gin ? Féiert dat nët oft zu Dramen.

A wat geschitt wann hir Opdraggeber sech et anescht iwerléen, wann t’Kand krank oder behënnert ass ? Froen iwert Froen.

Wat geschitt hei mam Kand ?

Wou ass sein Recht  Mamm a Papp ze hun, a wann nëmmen méiglech bei hinnen opzewuessen? ?

Dëst Recht get rücksichtslos mat Féissen getrëppelt.

Et gët zur Wuer, déi bestallt, bezuelt, an fristgerecht muss ofgeliwert gin, resp. bei Mängel zrëck un den Lieferant geet.

Ass et nët ganz op déi Fra ugewisen, bei dèr et neng Méint lang gelieft huet, dèr hir Stëmm, hiren Geroch an hiren Hèrzschlag et ënnert Dausenden gif rëmerkennen, an no dèr hirer Broscht et instinktiv no der Gebuert sicht, fir gestëllt ze gin.

Wéi brutal ass sou eng brüsk Trennung fir en Neigebuerend ?

Wéi soll dat Kand sech spéider domat offannen, a wéi muss et do hin an hier gerappt sin, tëscht senger biologescher Mamm, mat deer déi zwee soi-disant Pappen,  keng Liebesbezéiung hun??

(Dobei muss gesot sin, dat an der Sendung t’Leihmutter zwar déi biologesch , mee nët déi genetesch Mamm ass, wëll dat ass t’Eespenderin !!

Wat eng Zoumuddung fir t’Kand !!

Ofschléissend zéien mir t’Conclusioun, dat t’Leihmutterschaft géint Menschenwürde verstéisst, souwuel déi vun der Fra wéi déi vum Kand, an dofir schléissen mir eis der Fuerderung vum Europaparlament an dem Europarot un, a fuerderen, dat dës Praktik europaweit verbueden gët !!

Marie-Andrée Faber“

Datt „Schutz fir d’Kand“ an natierlech och d’Madame Marie-Andrée Faber beileiwe keng isoléiert Meenung vertrieden wann si géint d’GPA argumentéieren, dat weist och déi rezent Motioun vum Europaparlament zu dem Thema:

http://fr.radiovaticana.va/news/2015/12/18/le_parlement_europ%C3%A9en_condamne_la_gpa/1195398

Ech kann nëmmen hoffen, datt RTL an Zukunft och de Géigner vun der GPA eng Tribün offréiert, an zwar genee esou laang wéi den uewe genannte Reportage iwwer d’GPA gedauert hat, a seng Muechtpositioun net mëssbraucht.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Ennerscheeder tëschent ADR an CSV

An der Lescht gëtt jo nawell vill iwwer eng méiglech Koalitioun tëschent der CSV an der ADR geschwat. Obschonns déi Iddi nach relativ nei ass, génge schon – no Sondagen (wat déi och ëmmer wäert sinn) – eng 31% vun de Leit déi Iddi gutt fannen.

Dowéinst fannen ech et mol interessant, summaresch en Iwwerbléck iwwer e puer Gemeinsamkeeten mee virun allem och Ennerscheeder tëschent denen zwou Parteien ze ginn. Dësst ass awer meng reng perséinlech Analys a bënnt op kee Fall meng Partei. Sollt ech mech an den CSV-Positiounen ieren, entschëllegen ech mech a si gär bereet dat ze corrigéieren.

  1. Nationalitéigesetz/Integratioun

D’ADR ass fir héig Critèren bei der lëtzebuerger Sprooch a fir eng volontaristesch Integratiounspolitik, fir dat och mar nach déi lëtzebuergesch Gesellschaft solidaresch kann op der Basis vun eiser Nationalsprooch bestoen. D’ADR wëll Lëtzebuergeschkenntnisser op verschiddene Plaaze virschreiwen, elo mol besonnesch am Gesondheetswiesen.

D’CSV huet zësumme mat Gambia d’Sproochecritèren beim Nationalitéitegesetz erof gesat an huet iwwer déi lescht Joerzéngten keng systematesch Integratiounspolitik bedriwwen. An der Realitéit ass d’CSV also fir eng Multi-Kulti-Gesellschaft.

  1. Migranten

D’ADR ass human awer och restriktiv am Respekt vum internationale Recht. Si gëtt denen Asyl déi no de Konventiounen vun 1951 Asyl zëgutt hunn. All déi aner mussen esou séier wéi méiglech zréck an hir Heemechtslänner, soubal do d’Critèren vun der Sëcherheet a vernënftegem Mooss erfëllt sinn. Illegal Wirtschaftsmigranten däerfen iwwerhaapt net an Europa eran. Déi Leit déi hei sinn, mussen sech un eis Gesetzer halen, eis Wäerter respektéieren a Lëtzebuergesch léieren.

D’CSV ass op der Merkel-Juncker-Asselborn-Linn. Si dréit all EU-Decisiounen mat, wëll Quoten fir d’Verdeelung vun de Migranten an Europa, etc.. Si stellt sech zwar Froen, traut sech awer net fir op d‘ADR – Linn eriwwer ze kommen.

3. Tierkei an der EU

D’ADR ass géint eng tierkesch Memberschaft an der EU, d‘ CSV ass prinzipiell dofir. Fir d’ADR brauch et dowéinst keng Bäitrëttsverhandlungen mat der Tierkei, d’CSV nennt déi Verhandlungen a leschter Zäit méi virsiichteg „ergebnisoffen“, wat dat och ëmmer soll heeschen.

4. Israel- „Palästina“

D’ADR ass fir eng Zweestaateléisung. Eng Unerkennung vun engem „palästinenseche Staat“ kënnt nëmmen am Kader vun enger Friddensregelung a Fro, wa“Palästina“ och an der Realitéit d’Critèren vun enger Staatlechkeet erfëllt an d’Existenzrecht vun Israel unerkennt.

D’CSV ka sech eng Unerkennung vu „Palästina“ scho virun enger Friddenregelung virstellen.

5. EU

D’ADR ass fir en Europa vun de Natiounen an dem all Memberstaat seng Souveränitéit a seng Identitéit behällt. D’CSV ass fir en europäesche Federalstaat.

6. Fraequoten

D’ADR ass dogéint, d’CSV dofir.

7. Reliounsunterrecht

D’ADR seet jo zum Choix an ass fir e Reliounsunterrecht an de Primärschoulen an an de Lycéën. D’CSV wëll e Reliounsunterrecht nëmme nach an de Primärschoulen.

8. Homo-„Bestietnis

D’ADR ass dogéint ,wéinst de Rechter vun de Kanner an all dene negative Konsequenzen, besonnesch am Beräich vun der Fortpflanzungsethik (PMA, GPA) an der Filiatioun.

D’CSV ass dofir.

9. Ofdreiwung

D’ADR ass fir de Schutz vum Liewen a fir eng Indikatiounsléisung.

D’CSV huet d’Fristeléisung am Prinzip matgedroen, ass awer majoritär fir eng zweet obligatoresch Consultatioun.

10.Euthanasie

D’ADR ass dogéint a fir den Ausbau vun der Palliativmedizin.

D’CSV huet an der Tëschenzäit d’Euthanasie akzeptéiert a wëll souguer d’Palliativ-Medizin an d’Euthanasie (zwou grondverschidde Saachen) an engem eenzege Gesetz zësumme faassen.

11. Trennung vu Kierch a Staat

D’ADR wëll d’Kierchen iwwer den italienesche System finanzéieren – jiddereen däerf selwer decidéieren wéi eng Kierch oder, alternativ, karitativ Organisatioun hie wëll mat senge Steiere finanzéieren. Dobäi muss awer de Fonctionnement vun de Kierche garantéiert bleiwen.

D’CSV ass fir staatlech Conventiounen.

12. Schoulpolitik

D’ADR ass ëmmer méi fir e Système den op Leeschtung setzt an op de Mérite vum Schüler. Si ass géint Kompensatioun a géint de Kompetenzunterrecht, mee fir e Bildungsunterrecht op méiglechst héigem Niveau. D’Handwierk muss onbedéngt revaloriséiert ginn. D’ADR ass géint Franséich an de Crèchen an de Strukture fir kleng Kanner a besteet op Lëtzebuergesch.

D’CSV huet joerelaang zum „nivellement vers le bas“ aktiv bäigedroen.

13. Effentlech Finanzen

D’ADR ass dofir datt de Staat seng Scholde bezillt an datt de Budget vum Zentralstaat muss ouni Scholden am Gläichgewiicht sinn. Si ass dofir, datt Lëtzebuerg seng voll Souveränitéit iwwer säi Budget behällt.

D’CSV huet selwer zur Verschëldung vum Land vill bäigedroen – allerdengs zum Deel och an enger schwéierer Kris. D’CSV ass awer och där Meenung datt Europa soll de Budget vun de Memberen an der Euro-Zon kënne kontrolléieren.

14. Justiz

D’ADR ass fir den Ausbau vum Verfassungsgeriicht. All Institutioun an all Bierger soll kënnen dem Verfassungsgeriicht eng Fro stellen.

D’CSV wëll dat Geriicht ofschafen an duerch eng – nach zimlech ondeterminéiert – „Cour suprême“ ersetzen.

15. Entwécklungshëllef

D’ADR ass fir eng generéis humanitär Hëllef, well awer déi eigentlech Entwécklungshëllef op 0,7% vum BNA beschränken an den Entwécklungslänner prioritär duerch fairen Handel an wirtschaftlech Investitiounen hëllefen.

D’CSV ass fir déi klassesch Entwécklungshëllef bei op d’mannst 1% vum BNA.

16. Transportpolitik

D’ADR ass dofir datt d’CFL-Zich kënnen ënner der Stad weiderfueren an dat ënnerierdech Gare gebaut ginn, nom RER-Modell am Ausland.

D’CSV ass fir den Tram.

17. Nei Verfaassung

D’ADR gesäit de Gambia-CSV Entworf fir eng nei Verfaassung äusserst skeptesch. D’ADR wëll d’Monarchie net schwächen, an eis souverän Rechter och net definitiv un d’EU oftrieden. D’ADR ass dofir dat Lëtzebuergesch als nationalsprooch an d’Constitutioun kënnt. D’ADR besttet drop dat all eventuell nei Verfassung nëmme kann iwwer Referendum akzeptéiert ginn.

D’CSV huet zësumme mat Gambia eng nei Constitutioun ausgeschafft, déi souguer dem Homo-„Bestietnis“ geng Verfassungsrang ginn.

 18. Direkt Demokratie

D’ADR ass dofir Referenden op „initiative populaire“ op nationalem Niveau ze erméglechen a ganz allgemeng de Leit méi Méiglechkeeten ze ginn fir iwwer Referenden Decisiounen ze huelen.

D’CSV ass do éichter retizent.

19. Sozialpolitik

D’ADR huet eege Propositiounen fir eng Pensiounsreform virgeschloen a bekennt sech och grondsätzlech zum Index, och wann de „Selwerufeierungseffekt“ vläicht misst iwwerduecht ginn.

D’CSV huet déi lescht Pensiounsreform mat ze veräntwerten an huet den Index schonn dacks manipuléiert.

20. Staat a Steieren

D’ADR ass fir e schlanke Staat den sech esou wäit wéi méiglech  op  seng Kärfunktiounen konzentréiert. D’Fonction publique muss lëtzebuergesch bleiwen a lëtzebuergesch schwätzen. D’ADR ass prinzipiell géint Steiererhéigungen a fir eng gutt a spuersam Gestioun vun de Finanzen.

D’CSV huet de Staat mat alle méiglechen, dacks iwwerflëssegen Organismen opgeblosen.

———————————————————————————————————

Dëss Lëscht wäert ech an Zukunft bestëmmt nach ausbauen a präziséieren.

Et gëtt awer och vill Punkten wou d’ADR an d’CSV kéinte relativ liicht eng Eenegung fannen, och wann d’ADR do am Allgemengen méi héig Fuerderunge stellt wéi d’CSV.

1          Verdeedegungspolitik a Sëcherheet

2          Familljepolitik (d’ADR ass fir en Elteregeld fir déi, déi hir Kanner wëlle selwer erzéien)

3.        Finanzplaz an Economie

4.        Landwirtschaft a Wäibau

5.        Kultur

 

Voilà… wéi gesot, dat hei ass mol eng reng perséinlech Analys, déi keen engagéiert ausser mech selwer.

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

Eisem nationale Jang seng „Dysmetrologie“

D’Präsidentschaftswahlen an Eisterräich sinn elo mol riwwer. Wéi et sech gehéiert, huet d’ADR sech net,  als auslännesch Partei, an dee Wahlkampf agemëscht an d’Souveränitéit vun den Eisterräicher a vollem Emfank respektéiert. Et wore fräi a geheim Wahlen an engem demokratesche Rechtsstaat an egal wen vun denen zwee Kandidaten an där zweeter Ronn gewonnen hätt, hie wär domat dee rechtméissege Vertrieder vun Eisterräich ginn. Mäi perséinleche Lieblingskandidat wär iwwregens de Johann Strauss gewiescht, mee dee konnt jo leider net méi kandidéieren.

Schued, datt déi Häre Juncker an Asselborn awer mengen, si kéinten den Eisterräicher Rotschléi ginn oder hir Decisioun kritiséieren. Dat si domat vläicht ausgerechent déi stäerken déi net hire Virstellungen entspriechen missten si eigentlech wëssen. Dat si dobäi mat Vokabelen operéieren, déi iwwerhaapt näicht soen ass en zousätzleche methodologesche Problem: bis elo hunn ech nach ni eng kloer a politesch valabel Definitioun vun dem Wuert „Populist“ gesinn. Dat den Här Hofer vun hinnen als „Rietspopulist“ bezeechent gëtt ass domat politologesch an no Adam Riese genee esou valabel wéi den Här Asselborn an den Här Juncker als „Lénkspopulisten“ ze bezeechnen.

De Problem vun der Asselbornscher „Dysmetrologie“ nom Motto „deux poids, deux mesures“ setzt awer op enger anerer Plaz un: an zwar an der Tierkei. Déi freedeg Manéier wéi den Här Asselborn dem Här Erdogan huldegt an d’Weiderdreiwen vu Bäitrëttsverhandlungen mat engem Land dat d’Rechstaatlechkeet, d’Fräiheet vun der Press an d’Mënscherechter mat Féiss trëppelt ass op engem ganz anere Niveau wéi eng eventuell Victoire vun dem vergläichsweis harmlosen Här Hofer vun der Alm. Den Här Juncker nennt den demokratesch gewielten Här Orban, och nach e Parteikolleeg vun him aus der EVP, en „Diktator“ an mecht awer nei Kapitelen an de Bäitrëttsverhandlungen mat der Tierkei an dem Anscheinend-guer-net-Diktator Erdogan op.  Ech halen domat déi Kritik vun dnen zwee Hären un dem Här Hofer fir eng reng Hypokrisie. An ihren Taten sollt ihr sie erkennen….

D’ADR huet och am Dossier Tierkei eng kloer Positioun: fir eis ass d’Tierkei ouni Zweifel e wichtege Partner vun der EU an der NATO, politesch, militäresch an economesch. Awer d’ADR ass déi eenzeg Partei an der Chamber déi déi Positioun vertrëtt, dat d’Tierkei net ka Member vun der Europäescher Unioun ginn.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

D’CSV an der Genderfal

Wann ee mengt, et kéint ee beim stramme Lénkscours vun der CSV keng weider Iwwerraschungen méi erliewen, dann iert een sech. Ech confirméieren heimat offiziell: d’CSV probéiert nach ëmmer Gambia lénks ze iwwerhuelen an et geléngt hir mol net schlecht. Och wann den Här Juncker sech well méi zu Bréissel onbeleeft mecht wéi heiheem, seng Partei bleiwt sengem Héritage trei, dréint dem Chrëschtentum, ob elo kathoulesch oder net, de Réck an dréit brav a blann de Fändel vun denen déi sech a Wierklechkeet näicht méi wënschen wéi den definitiven Ennergank vun der CSV.

De Marsch an déi politesch Orientéierungslosegkeet gouf den 11. Mee an der Chamber vun där sympathescher Süddeputéierter Sylvie Andrich-Duval ugeféiert. Zësummen mat der Madame Françoise Hetto an am Numm vun der CSV huet si eng Gesetzespropositioun iwwer Transgenderpersounen an der Chamber agereecht. De Problem dobäi ass, datt d’CSV schonn nees an d’Genderfal gelaf ass. Anscheinend versteet d’CSV esou mann vun der Politik, datt si déi Dekonstruktiounspläng vun der politescher Lénker net versteet an dann eben monter, naiv a selbstzerstéirerech no dene hirer Päif danzt.

Als “Negativbeispill” huet d’Madame Andrich e Gesetz am amerikanesche Staat North Carolina erausgesicht an dem – oh, SKANDAL!! – gesot gët, datt d’Leit mussen op d’Toilette vun dem Geschlecht goen, dat op hirem Gebuertsschäin ausgewisen ass. Domat soll d’Sëcherheet virun allem op de Meedercherstoilette garantéiert ginn. Et geet drëm ze verhënneren, datt iergend wellech pervers Männer op Dammen- oder op Meedercherstoilette kënne goen, mat dem Argument si géngen sech als Fra fillen a kéinten dofir net op eng Härentoilette goen. ( Wikipedia seet dozou: On March 23, 2016, North Carolina Governor Pat McCrory signed into law the Public Facilities Privacy & Security Act, a bathroom bill that applies to students at North Carolina state schools, into law. The bill also overturns an anti-LGBT discrimination ordinance that had been passed by Charlotte, North Carolina, prevents local governments in the state from enacting similar ordinances, and prevents cities from raising their minimum wages higher than that of the state.[11] ) .

Perséinlech fannen ech dat Gesetz aus dem North Carolina ganz gutt. Ech fannen datt op den Toiletten muss eng gewëssen Sëcherheet an Intimitéit garantéiert sinn an dat déi net kann duerch iwwerzunnen “Anti-Diskriminéierungs”-Gesetzer” a Fro gestallt ginn.

Aanecht d’CSV: d’Madame Andrich schwätzt och nach dovun, datt ee bei der Gebuert e Geschlecht “zougeschriwwe” kriit – wat esou awer net de Fall ass. Geschlecht ass ebe keng sozial Konstruktioun mee eng Constatatioun – nämlech déi vun engem biologesch-wëssenschaftleche Fakt.

Jiddefalls ass d’CSV voll op der Genderschinn. Si schwadronnéiert vun “Homophobie” an “Transphobie” a mierkt elo eréicht lues a lues wat fir eng katastrophal Konsequenzen d’Homo-“Bestietnis” mat sech brengt dat si selwer verbrach huet. All déi ethesch Problemer rondrëm d’GPA an d’PMA, d’Verletzung vun de Rechter vum Kand, d’Kommerzialiséierung vum Mënsch, d’Relativéierung vun der Famill – alles Konsequenzen vun ideologeschen Entgleisungen vun der CSV ënner der Aera Juncker-Biltgen. D’Madame Andrich an d’Madame Hetto dreiwen hir Partei weider an eng Richtung déi all méiglech Problemer mat sech bréngt an iwwerhaapt net mat dem “C” oder och nëmmen mat enger konservativer, politescher Ausriichtung am Aklang stinn.

Fir mech läit d’Conclusioun op der Hand: fir all déi Leit déi nach fir Waerter stinn, fir all déi, déi d’Genderideologie aus guddem Gronn refuséieren, fir all déi, déi d’Fraen an d’Kanner net wëllen zu Handelsobjekter degradéieren gëtt et hei am Land nëmmen eng politesch Partei: an déi heescht ADR!

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar