Dëser Deeg konnt een am “Journal” en oppene Bréif mam Titel „Monseigneur“ vun engem bekannte lëtzebuerger Affekot un de Groussherzog liesen. Dësen Affekot ass kee Frënn vun der Monarchie a nach manner vun der Kierch. A séngem Bréif huet hien de Groussherzog kritiséiert, well hien, am Numm vum ganze Land, dem neie Poopst Seng Felicitatiounen ausgedréckt huet. Den Affekot erklärt sech a séngem Bréif zu engem Géigner vun der kathoulescher Kierch an rifft där hier vergaangen Verbriechen an Erënnerung. En opposéiert sech ausserdem sengem Aschloss an den Text vun esou engem Felicitatiounschreiwes well hien mengt, dat den aktuelle Poopst während der argentinescher Diktatur denen Verfollegten net gehollef hätt.
Dozou wéilt ech Stellung huelen. Dat een Staatschef engem nei gewielten Staatschef seng Felicitatiounen ausdréckt ass vollkommen normal. De Poopst ass jo nët nëmmen Chef vun enger grousser Weltrelioun, mä och Staatschef vum Vatikan. Dat de Vatikan, oder besser gesot den „Hellege Stull“, keen ganzt grousst Land ass, därf virun allem e Lëtzebuerger Staatschef net dovun ofhalen de Flichten vun der protokollarescher Héiflechkeet nozekommen. Dëss Felicitatiounen ginn, an dat ass international üblech, ëmmer am Numm vum Land an vum Vollék wéi och am perséinleche Numm ausgedréckt. Dat wär och sou, wa mir e President als Staatschef hätten. Den Hellege Stull a Lëtzebuerg sinn zwee Staaten déi diplomatesch Bezéiungen hunn an accreditéiert Ambassadeuren ernannt hunn. Et get keen Gronn fir denen diplomateschen Gewunnechten net nozekommen.
Den Hellege Stull ass iwwregens och net den eenzege Staat dem säin Staatschef eng reliéis Funktioun erfëllt. Och d’Kinnigin vum Vereenegte Kinnékräich ass “ Defender of the Faith and Supreme Governor of the Church of England”. An souguer dee franséiche President ass “chanoine”, wéi dësen interessanten Auszuch aus Wikipedia et fir interesséiert Leit beschreift:
an virun allem wéilt ech un dem Poopst Jean-Paul II säin historeschen a wichtege Geste vum 12.03.2000 erënneren, an dem hien d’Sënnen vun der Kierch unerkënnt an ëm Verzeihung bied:
An séngem drëtte Punkt huet den uewen zitéierten Affekot d’Vergaangenheet vum aktuelle Poopst während der argentinescher Junta ugeschwat. Dozou goufen et an der Lescht ganz vill Kontroversen a Kommentaren, déi et net méiglech ass ze zitéieren.
Obschonn ech probéieren mech eengermoossen um Laafenden ze halen, hunn ech bis lo keng Beweiser gesinn, déi dem Poopst kéinten opposéiert ginn, wann et ëm d’Zäit vun der Diktatur geet. Ech mengen, et bräicht een engem Affekot net ze erklären, dat et eng « présomption d’innocence » gëtt, an dat den uklot och soll eng Schold kënnen beweisen….
Et ass ëmmer mol nes interessant den Aerzbistum Lëtzebuerg mat anere kathouleschen Strukturen ze vergläichen. Dem Glaawen vun der Kierch no, misst jo och den Aerzbistum Lëtzebuerg sech decidéiert an engagéiert géint d’Homo-„Bestietnis“ stellen. Dat mecht en awer net, well fir d’Spëtzt vun der Kierch just d’Meenung vun der CSV zielt. Vun dëser Kritik ass ausdrécklech net betraff d’Diozösankommissioun fir d’Fammilljepastoral, déi jo e ganz gudden Text presentéiert huet. Soss gëtt et awer um Site www.cathol.lu, am Kapitel „mariage et famille“ (det fënnt een an der Ennerkategorie „Ethik“ vun der Rubrik „d’Kierch an der Gesellschaft“) just nach Texter aus der Zäit vum Aerzbëschof Frank déi sech nach op d’PACS-Legislatioun bezéien.
Zum Vergläich:
Hei ass en Dokument vum Aerzbistum Paräis zum Thema Homosexuelle-„Bestietnis“:
an hei nach eemol den Interview vum aktuellen Aerbëschof vu Lëtzebuerg am „Quotidien“ vum 12. November 2012 (dozou méi am Artikel : Här Bëschof, wéi wor dat gemengt?):
« Il y a toute une différence entre le mariage civil et le mariage religieux !
Je ne veux refuser à personne le droit au bonheur et à la constitution d’un partenariat. Mais le mariage catholique ne peut être entre personnes du même sexe. »
Déi offiziell Positioun vun der Kierch ass och op dësem Blog ze fannen („Als Erënnerung un d’CSV…“).
Den Här Asselborn hat net Onrecht, wou hien dëser Deeg virun engem « däitschen Europa » gewarnt huet. Wann en awer am selwechten Otemzuch verlaangt, dat mir och nach den Italiener hier Scholden missten bezuelen, dann steet hien net méi mat de Féiss um Buedem.
Ganz sëcher si mir Lëtzebuerger am Abléck zwou direkte Geforen ausgesat. Déi éicht ass den Drock fir d’Finanzplaz ze verkléngeren. De 25. März huet déi britesch Noochriichtenagentur Reuters den Chef vun der Eurogrupp, den Här Jeroen Dijsselbloem, sou zitéiert:
« Asked what the new approach meant for euro zone countries with highly leveraged banking sectors, such as Luxemborug and Malta, and for other countries with banking problems such as Slovenia, Dijsselbloem said they would have to shrink banks down ».
Et ass kloer, dat den hollännesche Finanzminister dat do net vun sech aus gesot huet. Dat do ass e Produkt vun der däitscher Bannepolitik déi einfach däitsch Suën äus dem Ausland wëll rapatriéieren. Mir erënneren eis, dat den hollänneschen Finanzminister vun Ufank un eng staark Ennerstëtzung vun däitscher Säit hat, wéi et och an dësem Artikel vun www.wort.lu iwwer dem Här Dijsselbloem säin Untrëttsbesuch zu Lëtzebuerg rappeléiert gouf :
D’Fransousen woren net sou frou mat him… Ech geng eiser Regirung jiddefalls dréngend roden, mol déi hollännesch Dossieren rauszekromen. Wéi eng steierlech Avantagen bitt Holland de Leit an den Entreprisen ?
Dat « niddregt Land » (Nederland), vun dem « Holland » jo nëmmen en Deel ass, huet iwwregens nach vill flott aaner Deler an der Karibik, där mat Palmen, Muschelen an Banken. Dorënner Aruba, Curaçao, Sint Maarten, Bonaire, Sint Eustatius a Saba.
Hei ass en Extrait aus Wikipedia iwwer Aruba :
„Daneben existieren auf Aruba viele Offshore-Banken und Datenverarbeitungsfirmen. Seit Aruba auf dem Index der OECD als Steueroase gelandet ist, da seine finanziellen Strukturen einer großangelegten Steuerhinterziehung und Geldwäsche förderlich sind, hat die Regierung viele Schritte unternommen, um den „Steuersparern“ diese Möglichkeiten zu nehmen und somit den Auflagen der OECD gerecht zu werden.“
iwwer Curaçao :
« Ab den 1860er Jahren verlor Curaçao an wirtschaftlicher Bedeutung, die sie erst mit den Erdöl-Entdeckungen der 1930er Jahre wieder verbessern konnte. Heute basiert die Wirtschaft auf fünf Säulen: Erdöl, Hafen, Tourismus, Offshore-Banking und eine beschränkte lokale Produktion.“
iwwer Sint Maarten :
« Der niederländische Teil der Insel hat einen Hafen, an dem Kreuzfahrtschiffe anlegen können. In der Saison sind dies bis zu zehn Schiffe pro Tag. Eine Besonderheit, welche die Insel vor allem für US-amerikanische Touristen attraktiv macht, ist der Status des Freihafens – es werden weder Steuern noch Zoll erhoben. Aufgrund dieser Tatsache entwickelte sich auf der Insel, besonders im kommerzialisierten Sint Maarten, ein regelrechter Tabak- und Spirituosentourismus. Sobald jedoch die letzten Schiffe gegen 18 Uhr abgelegt haben, wirkt beispielsweise Philipsburg wie ausgestorben.“
Déi aner dräi sinn ganz kleng a virun allem Naturgebitter.
Ech hoffen, dat eise Finanzministär anstänneg Dossieren huet.
De Prinzip selwer, dat däitscht Diktat iwwer d’ « Schrumpfen » vun der Finanzplaz, ass iwwregens en direkte Verstouss géint een vun den Haaptprinzipien vum Bannemaart, nämlech dem fräie Kapitalverkéier. Ech geng jiddefalls dräimol iwwerleeën, ier ech als Lëtzebuerger nach mat enger Bankenunioun no däitsche Viirstellungen d’accord wär.
Déi aner Gefor ass déi, dat Däitschland lo den Informatiounsaustausch wëll duerchdrécken. Lo muss eis Regirung méi wéi je weisen, dat si och mol kann Neen soen. Däitschland huet sech net genéiert am Kader vun der Zypernkris de fräie Kapitalverkéier a Fro ze stellen, déi kleng Spuerer ze belaaschten an déi zypriotesch Souveränitéit mat Féiss ze trëppelen. Däitzschland schéngt vergiess ze hunn, dat d’Griichenland-Rettung, am Interessi vun den däitsche Banken, déi zypriotesch Kris mat veruersaacht huet. Sou engem Land wéi Däitschland muss een decidéiert weisen, dat een sech net erpresse léisst.
Den däitsche « Geschäftsmodell » à la Schäuble, Steinbrück a Müntefering huet offensichtlech e normativen Del : « Nach deutschem Wesen soll die Welt genesen » an en operativen Aspekt : « Und willst Du nicht mein Bruder sein, so hau ich Dir den Schädel ein. » Do ass mir den lëtzebuerger Modell léiwer.
D’Zyprioten haten 2007 hir Demande gestallt fir Member an der Eurozon ze ginn, an den 1. Januar 2008 goufen si opgeholl. An dat no engem positiven Avis vun der Europäescher Kommissioun.
Examinéiert goufen déi üblech Stabilitéits-Critèren :
“Determining the state of convergence: the Treaty provisions
The convergence criteria are listed in Article 121(1) of the Treaty establishing the European Community (EC Treaty). They are set out in more detail in the protocol on the convergence criteria. The criteria relate to:
price stability: a sustainable degree of price stability and an average rate of inflation, observed over a period of one year before the examination, that does not exceed by more than 1.5% that of the three best-performing Member States in terms of price stability;
government budgetary position: absence of excessive deficit (reference value: 3% of GDP) and public debt in line with the reference value of 60% of GDP;
exchange rate stability: the national currencies have for two years kept within the fluctuation margins provided for by the exchange-rate mechanism of the European Monetary System (EMS II) without experiencing severe tension and without devaluation against any other Member State’s currency;
long-term interest rates: a long-term interest rate that does not exceed by more than 2% that of the three best-performing Member States in terms of price stability.
In addition, national legislation, including the statutes of the national central banks, must be compatible with the requirements of the EC Treaty and the Statute of the European System of Central Banks (ESCB ).”
De “Geschäftsmodell” oder d’Gréisst vun där respektiver Finanzplaz wor an ass keen vertraagsméissege Critère. Dat ass lo dee fënneften, den sougenanntenen “teutonischen Gefälligkeitskriterium”, den den Här Schäuble von Berlins Gnaden grad eréicht erfonnt huet.
Dat eenzegt wat d’EU-Kommissioun iwwer Zypern, niewent denen positive Resultater zu denen véier offizielle Critèren ze soen hat, wor dat hei :
« 7. ADDITIONAL FACTORS
Additional factors have been examined, including product and financial market integration and balance of payments developments. The Cypriot economy is highly integrated with the EU. In particular, trade and FDI are increasing, and the Cypriot financial system is substantially inter-linked with the financial systems of the EU and other countries in terms of branches and subsidiaries of foreign banks operating in Cyprus. The Cypriot current account deficit has widened in recent years, from 3.2% of GDP in 2003 to 5.9% of GDP in 2006. The deficit in the combined current and capital account increased from 1.9 to 5.9% of GDP in this period. The current account deficit reflects large disparities in net trade in goods and services. Traditionally, substantial surpluses on services trade have not fully offset very large deficits in goods trade and negative income balances. On the financing side, net FDI inflows have covered a substantial share of the current account balance. »
Et goufen also keng Bedenken. Lo knapps fënnef Joer méi spéit, wackelt schonn d’Finanzplaz Lëtzebuerg well eis däitsch Noperen ëmmer nach nei Critèren erfannen. Jiddefalls ass eent vun den Haaptargumenter fir den Euro, nämlech dat vun enger besserer Integratioun vun de Finanzmärt lo definitiv hifälleg ginn. Hifälleg wéi d’Maastricht-Critèren, hifälleg wéi dat fest Verspriechen, dat d’EU net soll zu enger Transferunioun ginn, hifälleg wéi de Respekt vun de nationalen Souveränitéiten.
Déi Länner déi nach net drann sinn, sollen um Gottes Wëllen net an den Euro-Prisong antrieden ! An déi déi nach dra sinn, sollen méiglechst séier no gangbaren Alternativen sichen!
Zypern wënschen ech, dat si geschwënn duerch hire maritimen Gas sou vill Geld verdéngen, dat si d’Kanzleramt zu Berlin kafe kënnen an do am zypriotesche Regierungsrot eng Gesondschrumpfung vun der Finanzplaz Frankfurt decidéieren kënnen.
Et ass vläicht net oninteressant, haut, am Fréijoer 2013 nach eemol d’ADR-Ried zur Baussepolitik vum Hierscht 2012 ze kucken. Dat wat deemools gesot gouf, huet sech an der Tëschenzäit confirméiert.
Wat huet d’Luxemburger Wort vum 27. März sech nes eng Méi ginn, fir den Här Frieden staatsmännesch a souverän ausgesinn ze loossen. Foto mat Fändel, dräi Säiten Interview iwwer d’Zypern-Kris, et géng ee bal mengen d’Lëtzebuerger Regierung hätt Europa fest am Grëff an den Här Frieden géng international matschwätzen.
Mir erënneren ons nach un alles dat wat erzielt gouf, wou den Euro ageféiert ginn ass : Lëtzebuerg hätt lo méi ze soen wéi an där fréierer Währungsunioun mat der Belge, mir wären lo e gläichberechtegte Member an der EZB, mir géngen eis Souveränitéit net opginn mä nëmmen mat aneren delen, an sou weider. A Wierklechkeet hu mir an Europa just nëmme nach eng Statisteroll an op eis eege Schicksal praktesch keen Afloss méi. Dat ass well mir mat der CSV vu Kapitulatioun zu Kapitulatioun gelaf sinn : an der EU, an der OECD, am G-20 an iwerall soss. Wann iergend een houscht, da fällt d’CSV ëm. Ni gouf et iergend eng Géigewier oder eng diplomatesch Initiativ vu Lëtzebuerg déi de Numm géng verdengen. Och bannepolitesch huet d’CSV – mä och d’LSAP – versot. Eis Industrie an eis Betriber sinn joerlaang vernoléissegt ginn. Eis Competitivitéit ass rof gaang. Déi administrativ Vereinfachung – eng sougenannten « Chefsaach » – ass e schlechte Witz. Mir sinn mat enger massiver Desindustrialiséierung confrontéiert. D’Regierung huet d’Economie net diversifizéiert an eis Ofhöngegekeet vum Finanzsecteur doduerch nëmme nach verstärkt.
Wien wëll wëssen, wéi d’Zypernkris wierklech diskutéiert gouf, den brauch nëmmen de « Monde » vum 26. März ze liesen. Vun Demokratie oder Matbestëmmung vun den Eurozon-Länner kann iwwerhaapt keng Rieds méi goen. Eisen Här Frieden gëtt et an Europa net, den gëtt et nëmmen op där éichter, zweeter an drëtter Säit am Luxemburger Wort. D’Wouerecht ass: déi blann an eesäiteg pro-europäesch Politik vun den Hären Juncker, Frieden an Asselborn huet eis an déi héchst Gefor bruecht!
Hei ass en Auszuch aus dem Artikel vun « Le Monde » mat dem schéinen Titel: « Le FMI et Berlin imposent leur loi à Chypre ».
« « Toutes les lois nécessaires sont en place », a dit Jeroen Dijsselbloem, le chef de file des ministres des finances de la zone Euro. L’instance politique de l’union monétaire, l’Eurogroupe, a, pour sa part, été largement court-circuitée, car l’essentiel de l’accord a été renégocié sous les auspices d’Herman Van Rompuy, président du Conseil Européen, dans un face-à-face tendu autour de Nicos Anastasiades, avec Christine Lagarde, Mario Draghi (Banque centrale européenne) et José Manuel Barroso (Commission européenne). Après de nombreux contacts avec Angela Merkel et François Hollande, le compromis n’a été soumis pour accord aux ministres des finances que tard dans la nuit de dimanche à lundi. Enfin, la pression de la BCE, qui menaçait de suspendre l’approvisionnement du secteur bancaire, faute de compromis avant lundi, 25 mars, a joué à plein pour faire plier le président chypriote, à peine un mois après son élection. »
Wéi set de « Monde »sou schéin? « Difficile de concilier urgence et nécessité démocratique ».
An dem Europa vun haut gëtt et praktesch keng Demokratie méi. Et gëtt Diktater vun denen Groussen an vun e puer selbstherrlechen Institutiounen, an et gëtt Règlementer an Direktiven un denen näicht méi geännert gëtt. Et gëtt Uerteeler vum Europäesche Geriichtshaff mat Sanktiounen géint souverän Staten. Et gëtt eng Politik géint Referenden an eng Mëssuechtung vu Wahlresultater.
Et gëtt Zäit fir ëmzedenken ! Et gëtt Zäit fir manner Europa a méi Lëtzebuerg!
Tëschent 300.000 an 1,4 Milliounen Leit woren de leschte Sonndeg zu Paräis fir géint d’Homo-„Bestietnis“, also fir d’Kannerrechter an d’Famill ze demonstréieren. Definitiv Zuelen leien nach keng vir, mä et ass kloer, dat d’Sozialisten déi Zuel sou kleng wéi méiglech wëlle rieden. Dowéinst hei e puer Biller an Erklärungen:
Um Rand vun där Manifestatioun ass et och zu e puer Tëschefälll komm. E puer Demonstranten wollten op d’Champs-Elysées, déi awer fir d’Demonstratioun gespaart war a goufen vun der Police zréck gehalen. Dobäi gouf och Tréinegas agesat.
De sozialistesche Banneminister, den Här Manuel Valls schwätzt vun „Extremisten“ . Hei sinn e puer vun denen Filmer déi um Internet dozou ze fanne waren. Bei den „Extremisten“ woren och Kanner an déi fréier franséich Ministech, d’Madame Christine Boutin. Ech wees net, ob et nach aner Incidenten gouf, ausser denen déi hei gefilmt goufen. Et gëtt, menges Wëssens no, iwwerhaapt keen Vergkläich tëschent dëse Biller, enger Demonstratioun vu normale franséiche Bierger, an denen Schluechten den déi lénk, vermummten Chaoten an Anarchisten normalerweis liwweren. Dat wat ech hei op dëse Videoen gesinn, justifiéiert a mengen An net den Asaz vun Tréinegas. D’Police huet wahrscheinlech iwwerdriwwen an ass taktesch schlecht viirgaangen. D’Fro no der politescher Verantwortung ass gestallt.
Virun allem och déi Manéier fir de Leit gezilt Tréinegas an d’Gesiicht ze sprëtzen halen ech fir total iwwerdriwwen. Ech hunn sou Methoden eréicht eemol mat erlieft, an zwar bei enger Demontratioun géint de Generol Pinochet zu Santiago de Chile, an souguer déi chilenesch Police huet deemools net direkt an d’Gesiicht gesprëtzt. Mä och dann, deet den Tréinegas wéi.
Et goufen Szenen, bei denen ech beim beschte Wëllen net ka verstoen, firwat d’Police ugegraff huet. Eenzel Demonstranten haten och hir Kanner liichtsënnergerweis exposéiert, wat net ze entschëllegen ass. Et gëtt awer och Biller um Internet (déi ech hei net weisen), vu Kanner déi reng zoufälleg an de Gas geroden sinn, an dat an Situatiounen, wou iwwerhaapt keng Gewalt wor an d’Elteren och – souwäit ee ka gesinn – kee Feler gemaach hunn.
De Résumé ass fir mech, eng riiseg, erfollegräich a global friddlech Demonstratioun. Et gouf kleng Debordementer, ob déi d’Police iwwerreagéiert huet. Hei ass och nach en Interview mat der Madame Christine Boutin. Si freet d’Demissioun vum „Préfet de Police“.
De Porte-parole vum Här Valls, den Här Pierre-Henri Brandet, schwätzt vun enger korrekter Reaktioun vun der Police, well d’Manifestanten „très violents“ an „agressifs“ gewiecht wären. Als fréiere Sportjournalist misst hien eigentlech wëssen, wat déi Wierder heeschen. Mat dësen Incidenten huet dat jiddefalls net vill ze dinn.
« Mal nommer les choses, c’est ajouter à la misère du monde » (Albert Camus)
D’Zivilrecht huet esou wéi d’Strofrecht niewend enger reguléirender an heiandsdo och repressiver Funktioun och eng expressiv Funktioun, dat heescht et deklaréiert an definéiert d’Werter vun enger Gesellschaft.
Gesetzer prägen eis Moral , eis Denkweisen an eis Léisungsstrategien. D’ Scheedungsgesetzer an d’Geriichtspraxis wéi se elo bestin schafen Leitbilder, déi d’Erzéiung vun eise Kanner a Gefor bréngen.
D’Fro sollt net sin, ween d’ Suerge-Recht kritt, mee wat kënnen a musse mir maachen, fir datt déi getrennten oder gescheeten Elteren allebéid hier Suerge-a Betreiungs-Pflicht och an Zukunft kënnen ënnert méi schwéieren Conditiounen zesummen iwerhuelen.Et geet drëm, eng Suergerechtsformel ze fannen, déi fir déi betraffe Famill e gudde Wee mat sou man wéi méiglech zousätzlech Wonnen fir d’Elteren an d’Kanner erméiglecht.
Ech gesin a begleeden elo iwer 20 Joer och vill Koppelen a Kanner an Trennungs-a Scheedungssituatiounen an et as mir ëmmer méi opgefall, wéi schlecht Gesetzer schwiereg Situatiounen net nëmme méi schwéier maachen, mee ganz dacks och d’Siicht op gudd Léisungen verstellen an d’Zuel vun de Denk-an Handlungsméiglechkeeten aschränken. Mediatioun get sou dacks onméiglech gemaach.
Ëmmer méi heefeg gesäit een och, wéi déi Verknüpfung vum Scholdprinzip mam Prinzip vum getrennte Suergerecht sougenannt Expert’en dozou verleet, verhängnisvoll Disqualifizéirungen vun engem Elterndeel ze ënnerstëtzen.
Wat eis zu Lëtzebuerg feelt, si besonnesch dofir kompetent Familjegeriichter a besonnesch dofir forméiert Familjeriichter.
Mat der Trennung vun den Elteren brécht jo fir hier Kanner d’Welt zesummen, -eng Erfahrung, déi se veronséchert, daer si ausgeliwert sin, déi si net gewollt hun an fir déi vill Kanner séch awer d’Verantwortung gin.
D’Kanner erliewen, datt hiert Liewen nëmmen vun anere bestëmmt get, ouni datt si dorobber en Afloss hun, si hun och net d’Méiglechkeet en Iwerbléck iwert déi verschidden Léisungsméiglechkeeten ze kréien, an an der Situatioun vun der Trennung verstärkt dat nach hier Ohnmachtsgefiller an hier Tendenz, d’Schold vun der Trennung bei séch selwer ze sichen.
Um Enn vun enger gudder Trennung sollten all Bedeelegt iwert méi Méiglechkeeten verfügen wéi virdrun.
An enger Zäit, wou am Contraire vun haut déi Idee vun engem gemeinsame Suergerecht an deene meeschten europäesche Länner nach net realiséiert war, gouf an der systemescher Familientherapie de Prinzip formuléiert, datt d’Suergerecht nëmme sollt deemjéinegen vun de Partner iwerdroe gin, deen deen Undeel vum anere Partner am Kand am meeschte respektéiert.
Et get en hollänescht Spréchwuert, dat seet: „De Wand kann een net verbidden, mee et kann ee Mille bauen.“ Dat weist gudd, wourëms et geet: aus daer Dynamik vun der Trennung bei alle Bedeelegten d’Ressource staerken a vun enger defizit-orientéierter Strategie ewechkommen.
D’ Bezéiungsmedezin betruecht bei Gesondheet a Krankheet déi kierperlech a séilesch Prozesser an der Perspektiv vun de wichtegste Bezéiungen vun engem Mënsch. Et schwätz alles dofir, datt d’ Erfëllung oder d’Net-Erfëllung vun daer zentralster Bindung dee wichtegste Faktor as, ob ee gesond bleiwt oder krank get. Dat wichtegst Medikament, dat et get, as déi mënschlech Bezéiung.
Zwee Partner sin nëmmen dann am Gläichgewiicht, wann si dat selwecht Gewiicht hun.
Am Ament gesäit et esou aus, wéi wann d’ Politik blann waer fir déi Aufgab vis –à-vis vun eise Koppelen. Si verseet an hierer zentraler Aufgab, di bescht Bedingungen ze schafen , datt hier Bierger séch selwer am gudde Sënn verwierklechen an zu selbststännege Bierger gin. Si gesäit net, datt och si verantwortlech as fir d’ Qualitéit vum Zesummeliewen vun de Koppelen, obschons d’Qualitéit vun der Zweeërbezéiung dat entscheedend Fundament as vu Fräiheet, Demokratie, Mënscherechter an Unerkennung vum Friemen.
An der Koppel entstin déi wichtegst Astellungen vun deene näxte Generatiounen an och dofir as et wichteg, iwert de Wee vun engem gemeinsame Suergerecht d’ Konfliktfähigkeet amplaz vun enger illusorescher Konfliktlosigkeit ze fuerderen an ze förderen.
Wat kann eng (getrennte) Koppel fir déi Entwécklung maachen? Zu engem gemeinsam vereinbarten Termin regelméisseg wesentlech Gespréicher féieren, déi net zu engem Diskutéieren am Krees daerfe verkommen.
D’Kanner kënne Papp a Mamm méi liicht an séch integréieren, wann si séch am Laf vun hirer Entwécklung mat hinne kënnen identifizéieren. Elteren, déi net méi mateneen eeens gin, si fir d’Kanner eng séilesch Laascht, well si als zwee onvereinbar Deeler an der Séil vun de Kanner weiderliewen. Et misst dofir zugonschte vun der Gesondheet vun de Kanner eng gesellschaftlech Indikatioun fir an net Befreiung vum Dialog tëschent Eltere gin, déi umgaang sin, auseneen ze goen. Als Leitbild heifir misste mir eis engagéieren fir d’Kultur vun enger Frëndschaft tëschent den Elteren, déi och dann entstoe kann, wann déi zwee net méi wëlle mateneen liewen.
„Die Eltern schaffen einer Ewigkeit den Anfang, dem kein Ende mehr folgt, schaffen eine Wirklichkeit, die nie mehr aufhört, nie mehr überholt wird, nie mehr zurückgenommen werden kann.“ (Karl Rahner)
Mat de Kanner as an enger Koppel eng Aufgab entstan, déi wäit iwert d’Koppel erausreecht an déi och net mat der Koppel ennegt. Dat gemeinsamt Suergerecht soll eis net nëmmen heirunner erënneren, mee als Leitbild och déi gesellschaftspolitesch Instrumenter an d’Hand gin, fir se ze realiséieren.
„Einer hat immer unrecht, aber mit zweien beginnt die Wahrheit“ (F. Nietzsche)
Haut wor nes eng riiseg Manifestatioun zu Paräis géint d’Homosexuelle-„Bestietnis“. E puer honnertdausend Leit woren op de Stroossen fir géint dëss gesellschaftlech Fehlentwécklung ze protestéieren. D’Schätzungen variéieren am Abléck nach vun 300.000 bis iwwer eng Millioun Leit.
Lo hunn ech grad den Noriichteniwwerbléck „Newsblock vum Sonndeg“ an de „5 minutes“ fir déi franséichsproocheg Leit op der Spaweckssäit vun RTL Télé gekuckt a fannen zu dem Thema… näischt! Et sief ech hätt vläicht eppes iwwersinn, mä dat do ass a mengen An wuel kaum ën Zoufall. Iwwer e Putsch an Afrika ginn mir ëppes gewuess, iwwer e Mega-Event zu Paräis, den och eis hei zu Lëtzebuerg kann a muss politesch interesséieren, kee Wuert!!! Nëmme keng Debatt iwwer d’Homo-„Bestietnis“, dat ass hei déi iewescht Regel…
Fir Leit déi awer wëlle gesinn firwat haut zu Paräis honnertdausende vu Leit demonstréiert hunn:
den „Teaser“ fir d’Manifestatioun vun haut:
a nach een (well et sou schéin ass, dat et a Frankräich nach Leit ginn, déi fir Iddien a Waerter op d’Strooss ginn!) :
Et geet net nëmmen ëm Zypern, et get virun allem ëm Lëtzebuerg. Wann déi Hären Kauder a Schäuble vum – hirer Meenung no – « iwwerproportionnéierten » zyprioteschen Bankesecteur schwätzen, dann denken si virun allem un eis Finanzplaz.
Hei e Beispill vun der Stëmmung an Däitschland wat d’Finanzplaz Lëtzebuerg ugeet:
Den Här Asselborn warnt… just dat interesséiert zu Berlin an zu Bréissel kee Mënsch. Eis Regirung hat no dem Merkozy-Diktat vun Deauville een Abléck déck Bake gemaach, a kuerz drop hate mir de « semestre européen », den « 2er » an de « 6er »- Pak! Den Här Bodry warnt kuerz symbolesch an der Chamber virun engem Souveränitéitsverloscht an da stëmmen d’CSV, d’LSAP, déi Blo an déi Gréng brav alles wat si vu Bréissel diktéiert kréien. Vun denen Parteien ass absolut keen Asaz méi fir eist Land ze erwaarden! Wou et ëm de Fiskalpakt goung, dunn sot den Här Asselborn dee bräichte mir net, dat kéint sech alles iwwer de Wee vum europäesche Sekundarrecht regele loossen. Kuerz drop hunn d’CSV, d’LSAP an hir Vasallen de Fiskalpakt an der Chamber gestëmmt.
Sicht eis Regirung no Alternativen ? An wouhir ! Den Här Asselborn ameséiert sech mam UNO-Sëcherheetsrot an den Här Juncker jéimert virun éisterräicheschen Stodenten zu Wien an desavouéiert säi Finanzminister an der auslännescher Press.
Dat wat déi Däitsch wëlles hunn, den Ofbau vun der Finanzplaatz Lëtzebuerg, ass een direkten Ugrëff op de fräie Kapitalverkéier am Bannemaart. Däitschland geet definitiv ze wäit. Zu Nikosia an op villen aanere Plazen an Europa ginn lo schonn däitsch Fändelen erof gerappt. Wéi sot den Här Juncker ? Mir sollen eis nes gär hunn an Europa ? Da soll hien mol probéieren dat der Bundesregierung ze erklären. Hien get awer léiwer Wahlkampf fir d’Madame Merkel maachen. Ass dat d’Dignitéit vun engem lëtzebuergeschen Premierminister?
An ass et wouer, wéi déi Däitsch behaapten, dat alles nëmmen den Zyprioten hir eege Schold wär? Neen! Den europäesche Scholdeschnëtt am Dossier Griicheland huet déi zypriotesch Banken 4 Milliarden Euro kascht, an domadder eng ganz Rei vu Problemer ausgeléist, respektiv verstäerkt.
De politesche Projet Euro ass sou gutt wéi um Enn. En ass vläicht nach ze retten wann mir aus dem politeschen Euro e währungspoliteschen maachen. An dann nach… Dat ass dann just eng DM-Zon ënnert der Berliner Totalherrschaft. Eise Budget gëtt zu Berlin geschriwwen, zu Bréissel an eng Enveloppe gestach an zu Lëtzebuerg därf d’Chamber just nach eemol kuerz „Jo“ wénken.
Mir brauchen eis Souveränitéit zréck! Mir brauchen eng aktiv Sich no Alternativen zum Euro, jiddefalls mol an där Form wéi en haut nach besteet. Mir Lëtzebuerger brauchen eng Währungsunioun déi economesch gesond ass, eis politesch Fräiheet léisst a laangfristeg Bestand kann hunn. Eise Stat packt all déi « Rettungs »-Aktiounen fir den Euro schonn haut net méi.
An dann, all déi lénk Politiker an hir Journalisten, wat e Misär, wat e geeschtegen Aarmutt! Där neier Partei « Alternative für Deutschland » (AfD) geet et do iwwer wéi der ADR zu Lëtzebuerg. Déi Leit vun der AfD, anstänneg an éierbar Leit, gesinn d’Problemer an hunn de Courage doriwwer ze schwätzen, an wat gëtt hinne reprochéiert ? Populismus, Extremismus, rietsen Eck… Et gëtt alt nes probéiert d’Leit ze veronsëcheren an si duerch Drock roueg ze kréien – net duerch Argumenter. Näicht ass manner tolerant wéi e Lénken, keen verdréit manner eng aner Meenung wéi déi 68er an hir gréngroutbloorange Nofolger. Diskussiounen hunn si net gär, fehlend Argumenter ersetzen si duerch eng „alternativlos“ Politik, hiert Doheem ass d’Meenungsdiktatur.
Mir brauchen eng nei Europa-Politik. En Europa vun de Natiounen mat enger ganz klenger « Bréisseler » Verwaltungsstruktur. Mir mussen eis Währungsunioun nei plangen an opbauen. Mir mussen nes léieren eis national Interessen ze definéieren an si couragéiert ze verdeedegen. Déi eenzeg Partei déi dat zu Lëtzebuerg seit Joeren set, ass d’ADR. An wann déi aaner Parteien hier nach sou vill « Populismus » virgeheien an d’Journalisten d’ADR wëllen nach sou schlecht maachen, SI HUET RECHT !!!! Wat haut an zënter Joeren an Europa geschitt ass de Beweis. Mir mussen endlech ëmdenken!
Fir Leit déi nach kënnen a wëllen denken, ass hei nach en interessanten Interview mam Här Professer Lucke, vun der « Alternative für Deutschland » iwwer déi aktuell Zypernkris :
Den Här Martin Mosebach ass ë ganz bekannten, däitsche Schrëftsteller. Hien ass Joergank 1951 an lieft zu Frankfurt. Den Här Mosebach huet eng ganz Rei vun däitschen Literaturpräiser gewonnen, dorënner den Georg-Büchner-Präis, den Heimito-von-Doderer-Präis, de Kleist-Präis, de Kranichsteiner Literaturpräis an dee Grousse Literaturpräis vun der Bayerescher Akademie vun denen Schéine Kënscht. Hien wor och schonn zu Lëtzebuerg fir säi Wierk viirzestellen.
Niewent sengem beandrockendem, literaresche Wierk zeechent hien sech awer nach duerch eng Rei vun aussergewéinlech positiven Qualitéiten aus. Déi éicht ass, hien ass e bekennenden Konservativen an domat e wonnerbart Viirbild fir eis all an besonnesch fir déi Jonk.
An déi zweet ass, hien ass e Verdeedeger vun där aler Mass am tridentinesche Ritus. Fir déi Leit déi den Ennerscheed tëschent där aler an där neier Mass net méi kennen, sief gesot, dat Enn vun de siechzeger Joeren an Ufank vun de 70er Joeren déi al Mass am tridentinesche Ritus duerch eng nei Liturgie ersat gouf. De Paschtouer huet net méi zu Gott hin d’Mass gefeiert, mä mam Gesiicht zu de Leit hinn. De Charakter vun der Mass, als Novollzuch vum Affer Christi um Kräiz, gouf lues a lues méi zu enger gemeinsamer Erënnerungsfeier un d’Abendmahl.
Den Här Mosebach, huet zwee wonnerbar Bicher geschriwwen, déi sech vill mat liturgeschen Froen beschäftegen:
Martin Mosebach, Häresie der Formlosigkeit, Die römische Liturgie und ihr Feind, Carl Hanser Verlag, 2007, ISBN 978-3-446-20869-8, 249 Seiten.
Martin Mosebach, Der Ultramontane, Alle Wege führen nach Rom, 2012, ISBN 978-3-86744-215-2, 160 Seiten.
Seng Léift zu där aler Mass kënnt och an dësem Interview zum Ausdrock:
Zu Lëtzebuerg gëtt d’Mass am ale Ritus eemol an der Woch Freides mëttes um 17.00 Auer an enger klenger Kappell um Kierchbierg gefeiert.
Hei ass den relevanten Auszuch vun der Spaweckssäit vun der kathoulescher Kierch www. cathol.lu :
« Messe selon la forme extraordinaire du rite latin (Forme préconciliaire de la messe d’après le missel de 1962)
Une messe selon la forme extraordinaire du rite latin (rite dit tridentin) est célébrée pour l’ensemble du territoire de la Ville de Luxembourg en la chapelle Notre-Dame, Salut des Infirmes, à Luxembourg-Kirchberg (rue des Maraîchers), tous les dimanches et fêtes de précepte, à 17.00 heures. »
D’Wiel vun der Plaz an d’Wiel vun der Auerzäit léisst dorop schléissen, dat den Aerzbistum wëll express de Leit et méiglechst schwéier maachen fir an déi al Mass ze goen. Amplaatz dene Gleewegen den ale Ritus nes méi no ze brengen an ën op ville Plazen am Land zu famiiljefrëndlechen Zäiten ze feieren, sollen d’Leit dovun ofgehalen ginn fir nes an déi schéin, traditionnell an feierlech helleg Mass ze goen.
Fir all déi, déi nach ni an der Kierch waren oder nach ni eng al Mass mat erlieft hunn, ass hei e Film den dee Ritus viirstellt an erklärt. Déi al Mass gëtt regelméisseg vun der Péitrus-Brudderschaft an vun der Pius-Brudderschaft gefeiert. Si ass e wichtegen Del vun der europäescher Kultur.
Zu Lëtzebuerg ass et nach ëmmer sou, dat vill Politiker an och Medien dat Bild verbreeden, als wär d’Gewalt doheem bal ausschliesslech eng Situatioun an där Männer Fraen ugräifen. D’Campagnen vum Fraëministär oder d’Reportagen vun RTL sinn dacks wonnerbar Besipiller vun männerfeindlechem Sexismus.
Dat d’Realitéit awer vill méi komplex ass, hunn zum Beispill déi lescht Statistiken vun der Police gewisen. Fir dee leschten Referenzzäitraum huet d’Police vun 25% Täterinnen geschwat. A Wierklechkeet ass wahrscheinlech ee Geschlecht sou agressiv wéi dat aanert, sou weisen et jiddefalls mol d’Statistiken aus den USA an aus Kanada. Hei am Land schummen sech vill Männer awer nach ëmmer fir zouzeginn, dat si vun enger Fra geschloe ginn a ruffen da léiwer keen zu Hëllef.
Männer als Affer hunn et dacks besonnesch schwéier. Déi jonk Polizisten ginn an hirer Ausbildung net oder kaum op déi Méiglechkeet sensibiliséiert. D’Justiz ass bedeitend méi mëll mat Fraen wéi mat Männer an fleegt do hir eege Viiruerteler. D’Kanner hirem Papp unzevertrauen amplaatz der Mamm, souguer wann dat fir d’Kanner besser waer, ass e Reflex den ville Magistraten nach zimmlech friem ze sinn schéngt. Och Männerhaiser gëtt et hei am Land nach ëmmer keng.
Als e Rot fir Männer déi eventuell Affer vu Gewalt doheem sinn oder et riskéieren ze ginn, ass hei en Text vun der däitscher Associatioun MANNdat. Natierlech kënne vill vun denen Rotschléi och vir Fraen interessant sinn, déi eng ähnlech dramatesch Situatioun erliewen.