Monatsarchive: Oktober 2013

D’Piraten hoffen op 0,5%

Et ass, wann een sech d’Saach genee iwwerleet, awer schued, datt et nëmme néng Parteie ginn.  Well et mecht einfach Spaass Walprogrammer ze liesen, zum Beispill dee vun de Piraten. Also d’Pirate wëllen, datt all Partei déi 0,5% vun de Stëmme kritt, Recht … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Europaparlament verletzt d’Kannerrechter!

D’“Manif pour tous“ huet e wichtegen Opruff verschéckt fir op eng Resolutioun vum Europaparlament opmierksam ze maachen déi géint d’Kannerrechter geriicht ass. D’Europaparlament plangt d’Aféierung vun der „Gender“-Ideologie an de Schoulen an d’Aféierung vun der PMA fir lesbesch Koppelen. Domadder … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Shoura huet den ADR-Walprogramm gelies!

Mat grousser Freed an Dankbarkeet hunn ech festgestallt dat d’Shoura den ADR- Walprogramm gelies huet! http://www.shoura.lu/?p=796 „La Shoura note que l’ADR se croit obligée de mentionner l’interdiction de la “Burqa”, de la polygamie ou de tribunaux basés sur la “Sharia”. … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Hurra! Déi Gréng erlaben eis provisoresch nach mat eisem eegenen Auto ze fueren!

Am Wort sti jo ausser den Doudesannoncen, de Massen an dem Wierder heiansdo och soss nach Artikelen déi ee liese soll. Sou zum Beispill den Interview mam Här François Bausch am Wort vun haut (15.10.13). Den Interview dréit den, e bësschen onglécklechen, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Net nach méi Kompetenzen fir d’EU!

Grondsätzlech ass d’Aféierung vu soziale Mindeststandarden an der EU eng gutt Saach. Schliisslech wëll keen Sozialdumping oder Delocaliséierungen vu Betriber um Bockel vun hire Mataarbechter. Awer et muss ee ganz gutt oppassen, datt en d’EU-Kommissioun domat net nach méi staark … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Dem Här Nicolas Schmit seng abstrus Asylpolitik

Ufank Oktober koum et virun der italienescher Insel Lampedusa op e Neits zu engem schrecklechen Drama. Ganz vill Mënschen si schonn erdronk wou si probéiert hunn europäeschen Territoire op ongëeegente Schëffer ze erreechen. Niewent allem Leed a Matleed, dat eis duerch sou … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Ministerkandidat Goerens huet Problemer mam DP-Walprogramm

Am Walprogramm vun der DP stet heiansdo en intelligente Saz. Zum Beispill den hei: „Die DP wird auch dafür sorgen, dass luxemburgische Unternehmen sich verstärkt an der Verwirklichung der Projekte der Luxemburger Entwicklungszusammenarbeit beteiligen.“ Domat hat d’DP witzegerweis e Schlussstrëch ënner … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

RTL-Journalismus oder Hetz géint d’ADR?

Zënter Joer an Dag gëtt op RTL d’ADR systematesch an d’Noperschaft vun de rietsradikale Tendenzen geréckelt. Hei e klenge Pot-Pourri:    Et ass schwéier ze gleewen, datt do net eng Absiicht dohannert stëcht. Emmer nees, vun alle méiglechen RTL-Journalisten, gëtt d’ADR an … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Wale vun der leschter Chance!

Ech wees natierlech net wéi aner Leit dëss Walen an der Geschicht vun eisem Land wëllen anuerdnen. Mee fir mech sinn et d’Wale vun der leschter Chance. Datt mir eis gutt verstinn: ech schwätze net vu menger perséinlecher Zukunft, mee ech … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Schoulprogrammanalys op RTL: firwat déi Desinformatioun?

Wat hunn ech mech gewonnert, wou ech de Moien e Reportage op RTL iwwer d’Schoulpolitik gehéiert hunn. http://news.rtl.lu/themen/wahlen/477548.html RTL huet zum Beispill net gesot, datt d’ADR sech fir de Reliounsunterrecht asetzt.  Mee richteg schockéiert huet mech, datt RTL seet dat d’ADR … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar