Lëtzebuerg gëtt ëmmer manner demokratesch. De Skandal ëm déi verbueden Demonstratioun fir d’Famill vum 2. Februar 2014 ass dat rezentst Beispill.
Déi blo-gréng-rout Regierung wëll d’Homo-Bestietnis als eng vun hire Prioritéiten sou séier wéi méiglech duerch d’Parlament kréien an dobäi all prealabel ëffentlech Debatt sou wäit wéi nëmme méiglech evitéieren. Näischt fäert si nämlech méi wéi eng richteg, kontrovers a fundéiert Diskussioun ëm dat Thema, eng déi net bei iwwerflächlechen Argumenter stoe bleift mä eng déi och d’Nodeeler thematiséiert. Déi mannste Leit wëssen wat alles an dem Zësummenhank geplangt ass an wéi eng Entwécklungen no der Aféierung vum Homo-Bestietnis op eis Gesellschaft zoukommen.
E klenge Grupp vu Leit hat lo eng friddlech Demonstratioun op der Kinekswiss fir d’Famill a géint d’Homo-Bestietnis ugekënnegt. D’Madame Polfer – eigentlech eng liberal Politikerin- hat näicht aanecht ze dinn wéi déi Demonstratioun mat lächerlechen Argumenter ze verbidden. De Bréif vun de „Veilleurs“, den ech hei mat publizéieren, geet op déi Argumentatioun an.
Mir regen eis zu Recht iwwer Mënscherechtsverletzungen an Osteuropa op an hei zu Lëtzebuerg gëtt eng Demonstratioun verbueden, well se der Lénkskoalitioun net passt. Aarme Lëtzebuerg!
Gläichzäiteg haten eng ganz Rei Leit direkt eng Géigendemonstratioun ugekënnegt. Och dat ass keen Zeechnes vun engem demokratesche Geescht. Anscheinend bréngen déi Leit déi fir d’Homo-Bestietnis antrieden – wat hir gutt Recht ass – et net fäerdeg ze toleréieren, datt Leit déi eng aner Meenung hunn déi kënnen a Rou a friddlech ausdrécken.
Näicht a keen verbitt de pro-Homo-Bestietnis-Aktivisten eng Demonstratioun fir d’Homo-Bestietnis ze organiséieren. Si kënnen déi plangen, umëllen an fräi an ongestéiert ofhalen, sou gehéiert et sech an enger Demokratie. Mä firwat déi Leit aner Leit wëllen duerch e sougenannten „friddleche Spadséiergank duerch de Park“bei der Ausübung vun hiren demokratesche Rechter bewosst stéieren, ass fir mech net nozevollzéien. Déi déi Toleranz fir sech verlaangen sinn offensichtlech net bereed Aneren dat selwecht Recht zouzegestoen.
Wéi och ëmmer, d’Madame Polfer huet haut eiser Demokratie an eisem Land kee Gefale gemaach. An eisem Land hunn totalitär Allüren keng Plaz!
Hei de Bréif vun de „Veilleurs“ („aujoud’hui“ ass den 31. Januar 2014):
„Chers amis,
Le Bourgmestre de la Ville de Luxembourg nous a informés aujourd’hui, suite à une décision prise le 28 janvier, du REJET de la « demande de manifestation/évènement dans l’espace public » que nous avions pourtant déposée le 22 janvier.
Deux motifs sont avancés pour justifier son refus :
1)… il s’agit d’un évènement privé et il n’est pas possible de mettre l’espace public à disposition à des fins privatives ;
2) l’organisation d’un tel évènement avec les conditions météorologiques actuelles endommagerait les pelouses.
S’agissant du premier motif, les termes de la demande d’autorisation, s’ils ne mentionnaient pas (ils n’avaient pas à le faire) les manifestations LMPT françaises et belges du 2 février, ne pointaient pour autant nullement vers un évènement « privé » :
Le titre de la « manifestation » était « RASSEMBLEMENT DES FAMILLES », et non pas « goûter d’anniversaire » ni « réunion de famille » ni même « rassemblement familial », qui aurait pu prêter à confusion.
L’objectif de la manifestation était « RASSEMBLER DES FAMILLES POUR DES ACTIVITES LUDIQUES ET UN GOÛTER AFIN DE PROMOUVOIR LA FAMILLE ».
Si les mots ont un sens, rassemblement DES familles pointe vers un évènement « public », et AFIN DE PROMOUVOIR LA FAMILLE ne peut que renforcer cette indication. Quant aux précisions ACTIVITES LUDIQUES ET GOÛTER, elles ne jouent aucun rôle pour qualifier de privé ou de public l’évènement.
Nous regrettons l’interprétation, à notre avis indûment restrictive, qui fut faite de la demande d’autorisation et le fait que, après avoir pris sa décision de refus le 28 janvier sans concertation, la Ville de Luxembourg n’ait transmis sa décision que par courrier postal du 30, reçu aujourd’hui 31 janvier. Contactée aujourd’hui, la Ville de Luxembourg a indiqué ne pas pouvoir proposer de lieu de remplacement.
En conséquence, le rassemblement des familles n’aura pas lieu à Luxembourg ce weekend.
MAIS CE N’EST QUE PARTIE REMISE ET NOTRE ENTHOUSIASME RESTE INTACT !!!! Nous vous proposerons prochainement de nouvelles activités qui permettront au débat de s’engager.
Le RASSEMBLEMENT DES FAMILLES de Luxembourg s’exporte donc ce week-end à BRUXELLES et à PARIS. TOUS A BRUXELLES ET PARIS POUR SOUTENIR LA FAMILLE ET DEFENDRE LE DROIT DE L’ENFANT A AVOIR UN PAPA ET UNE MAMAN. VENEZ AVEC VOS DRAPEAUX LUXEMBOURGEOIS.
Un covoiturage s’organise, afin que le maximum de personnes puisse participer. Restez connectés.
On ne lâche toujours rien, jamais, jamais“