Der Madame Merkel hiren Handy

Alt nees vill Opreegung ëm déi amerikanesch Geheimdéngschter. Déi Kéier am Zësummenhank mat der Madame Merkel hirem Handy. Wat fir eng Hypocrisie!

Mir wëssen a mir woussten all – wéinstens d’Regierung an all déi déi d’Zeitung liesen –  datt déi elektronesch Opklärung zanter Joeren en zentralen Deel vun der Geheimdéngschtaarbecht ass. Mir woussten scho laang, datt d’Englänner, d’Fransousen an anerer eis Communicatiounen iwwerwaachen.  Mir loosse bewosst britesch Basen op Zypern fir dat mir all Wuert héieren wat am Noen Osten geschwat gëtt. Mir wëssen, datt d’Russen an d’Chinesen Cyber-Attaquen lancéieren, géint Estland, d’USA an anerer. Just eng Partie Lëtzebuerger schénge nach ëmmmer ze mengen, datt de Computer do wär fir op Party-Säiten ze surfen. Si mir wierlech sou naïv?

Dat däerfe mir awer net sinn! Mir hunn hei am Land eng international Finanzplaz (Gambia mecht déi zwar lo futti) an eng Rei vun Industrien déi fuerschen (idem). Mir hu Geheimnisser ze schützen, an der Economie an als Staat, besonnesch als Member vun der NATO. Mee eng Sëcherheetskultur hu mir hei am Land nach net entwéckelt an dat ass en onverzeileche Feler. 

Ech erënnere mech nach, datt wou ech am Bausseministère ugefaang hunn, net an all Büro e Coffre-fort stoung. Wéi ass et haut?  D’Secrets-Dokumenter louchen op de Schreifdëscher verstreet an all Botzfra hätt se kënnen owends a Rou mathuelen oder fotograféieren. Wéi ass et haut?   Hunn eis staatlech Administratiounen all gesëchert Réseauen a securiséiert Back-upën vun all hire Fichierën? A wouhier! Hu mir Kontrollen fir de Schutz vu Geheimnisser ze garantéieren? Dat geng mech wonneren! 

Eise SREL kritt seng Informatiounen zu engem groussen Deel vun den USA an do nees vun der elektronescher Opklärung. Eis Sëcherheet gëtt de facto vun der NSA mat garantéiert. Villmools Merci, Amerika!

Wéini kréie mir endlech hei am Land e Gefill fir eng Sëcherheetskultur? De Status vun engem Mikro-Staat gëtt eis kee Fräischäin fir Verantwortungslosegkeet!

Bei den Amerikaner ass dat aanescht. Dat si Leit déi sech hirer Verantwortung bewosst sinn. Hei en Interview mam Här Generol Alexander, Kommandant vun der NSA.

 

Ech ka nëmme soen, datt ech frou iwwer déi Aarbecht sinn déi do gemaach gëtt. An amplaatz d’NSA ze kritiséieren geng ech eng enk Zësummenaarbecht mat hir sichen. De Schutz vun der Privatsphär ass sëcher e wichtegen Diskussiounsthema, mee den Aspekt gëtt an de Medien komplett disproportionnéiert duergestallt.  Et ass der NSA komplett egal, ob de Jemp oder d’Josefine grad op Facebook posten oder op Porno-Säiten ënnerwee sinn.

Mat der Madame Merkel hirem Handy ass et ähnlech. All Land lauschtert Politiker of. Un der Madame Merkel hirem Handy hänke wahrscheinlech och nach d’Russen, d’Chinesen an d’Bayern.  Just déi Lescht verstinn net alles wat si seet. Tatssach ass, dat Politiker méi liicht wéi anerer och Ziilscheif vu cibléierten Cyber-Attacke kënne sinn: virsätzlechen Démontage, Desinformatioun, gefälschte Mailen etc… Dat nennt een onfrëndlech Akten an ech geng och all Land vu sou knaschtege Methouden ofroden. Gemaach gëtt et leider trotzdem.  

Ech wär verwonnert wann net de Bundesnachrichtendienst geng dofir suergen, datt dem Hàr Juncker säin Handy ëmmer gutt fonctionnéiert. Iwwer den Handy si joerelaang Informatioune gelaf, déi déi däitsch Finanzinteressen an allergréisstem Moss betraff hunn. Wéivill Déngschter hunn de Chef vun der Eurogrupp wuel ofgelauschtert? An déi däitsch Sëcherheetsdéngschter waarden op déi däitsch Clienten virun eise Banken a wann si iwwer d’Grenz fueren waard de Bundesgrenzschutz schonn op si. Wer selbst im Glashaus sitzt, soll nicht mit Handys werfen!

Däitschland huet iwwregens och nach geklauten Daten-CDë kaf, déi op Banken am Ausland copéiert goufen. Dat nennt een an Däitschland „Hehlerei“. Och dat setzt Däitschland net an d’Lag fir anere Länner moralesch Rotschléi ze ginn.

Mir hunn als Lëtzebuerg international versprach fir 2% vum BNP fir d’Verdeedegung auszeginn. Mir leie wäit drënner, iergendwou bei 0,4 %, a mir sinn déi gréisste Sëcherheets-Schmarotzer am ganze fräie Westen op Käschte vun eisen amerikaneschen Alliéierten. Dee riisegen amerikaneschen Defizit gehéiert eis Lëtzebuerger zu engem Deel mat – dem Deel dee mir net proportional zu eiser Sëcherheet solidaresch mat droen.

Ier mir d’Amerikaner kritiséieren, denken ech, datt mir eis mol sollten an de Spigel kucken.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

CSV-Verloschter: aner Aspekter

Fir de Fall wou et da sollt zu enger Gambia-Koalitioun kommen, wourunn ech net zweifelen, huet d’CSV niewent hiren anere Problemer personeller an inhaltlecher Natur natierlech och nach e materiellen:

9 Ministere manner, 3 Deputéierte manner, 1 EU-Kommissar manner an als Auswierkung dovu geschwënn och manner Conseilljeeën am Staatsrot. Dat heescht souvill manner Contributiounen an d’Parteikees. De Réckgang vun de Stëmmen bewierkt och eng Verréngerung vun der staatlecher Parteiefinanzéierung.

Mee virun allem huet de Muechtapparat d’CSV sech jo sou laang kënnen halen, wëll „ënner engem schwaarze Präbbeli kee naas“ gouf. Lo kann d’CSV op nationalem Niveau keng Poste méi verdeelen a verschidde vun hire Muechtbastiounen, och an de staatlechen Administratiounen, falen un aner Parteien.  Fir déi sëllegen Opportuniste a Carrièristen mat enger schwaarzer Parteikaart ass dat do keng gutt Perspektiv. Awer vläicht eng Geleeënheet fir eng Gewëssenspréifung.

Fir mech sinn dat alles positiv Entwécklungen. D’CSV huet dat do gebraucht fir vläicht zou sech ze kommen.

Een aneren dee muss zou sech kommen ass déi kathoulesch Kierch. Si huet blannemännerchers an exklusiv eng CSV ënnerstëtzt, déi alles verroden huet wat chrëschtlech ass. Lo huet si, zësumme mat der CSV, d’Wale verluer.

A wéi d’CSV verléiert d’Kierch wahrscheinlech ganz vill, besonnesch um finanzielle Plang. D’Trennung vu Kierch a Stat gëtt viru gedriwwen. De Reliounsunterrecht verschwënnt aus de Schoulen a villes aneres wahrscheinlech gläich mat. Ech ka mir sou ongeféier virstellen, wat alles an de Koalitiounsprogramm stoe kënnt. Déi kathoulesch Kierch wäert sech nach wonneren. Och si erlieft hiert blot (mënschlecht) Wonner.

Wat wëll si lo? Wëll d’Kierch lo och viru Gambia krauchen wéi bis elo virum Här Juncker?  Bleift si eng Parteisektioun vun der CSV? Oder besënnt si sech op hire Glaawen? Kënnt et zu enger iwwerfälleger Trennung tëschent Kierch an CSV? Sou wéi d’CSV sech muss erneieren a sëch nei fannen , sou muss och d’Kierch mat sech zu Chouer goen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Firwat keng cibléiert Grenzkontrollen?

Gëschter huet den Här Vic Reuter, Pressspriecher vun der Police, ën interessanten Interview um Radio ginn.  

http://radio.rtl.lu/emissiounen/den-invite-vun-der-rtl-redaktioun/480618.html

Hien huet ënnerstrach, datt besonnesch bei den Autosdéifställ a bei den Abrëch an Haiser eng grenziwwerschreitend Kriminalitéit festzestellen ass.

Zu Lëtzebuerg ass et jo kloer, datt all Partei prinzipiell fir oppe Grenzen antrëtt. De fräie Persounen- a Wuereverkéier ass e groussen Acquis vun der Europäescher Unioun.  Ech erënnere mech haut nach un d’Grenzkontrollen vu fréier, wou d’Leit geziddert hunn wann se op Tréier akafe woren an zu Waasserbëlleg iwwer d’Grenz gefuer sinn.

Mee ech sinn awer géint eng ideologesch a pauschal Ofschaafung vun de Grenzkontrollen. All Staat soll kënnen, sou wéi e wëll,  wéini a sou laang e wëll, an ouni all Matsproochrecht vun der Europäescher Kommisssioun, seng Grenze am Interessi vun der Sëcherheet vu senge Bierger  kontrolléieren.

Oppe Grenzen jo, awer nëmme fir déi éierlech Bierger! Ech si fir cibléiert Grenzkontrollen fir géint déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit virzegoen. Doniewent brauch et natierlech nach vill aner Mossnamen, wéi z.B. eng verstäerkten Zësummenaarbecht tëschent dene verschiddenen Policen.

Och déi aner Messagen vum Här Vic Reuter verdéngen eng Diskussioun an eng Reaktioun vun der Politik. Si weisen däitlech wéi krank eis Gesellschaft an der Tëschenzäit ass.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Etappevictoire am Europaparlament

De Rapport Estrela dee fir eng PMA fir lesbesch Fraen agetrueden ass, gouf vum Plenum zréck an d’Kommissioun verwisen. Dat ass zwar nach keng Entwarnung, mee wéinstens mol eng kleng positiv Entwécklung! E grousse Merci u jiddereen, den bei dën Europadeputéierten an dem Sënn intervenéiert ass! 

http://www.lamanifpourtous.fr/fr/toutes-les-actualites/881-victoire-contre-le-gender-et-la-liberalisation-de-la-pma-pour-les-couples-de-femmes

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Goerens, ech hu Problemer mat Aerer Prozedur!

Dir hutt also lo der nationaler Politik Aeddi gesot – lo mol. Dir wort mat der Prozedur bei de Koalitiounsverhandlungen net d’accord – wat natierlech Aert gutt Recht ass.  Mee ech muss Iech awer soen, datt ech och net vill vun Aerer eegener Prozedur halen.

http://www.wort.lu/de/view/goerens-zieht-sich-aus-nationaler-politik-zurueck-dp-bereit-fuer-dreierkoalition-52680733e4b0b743e97f4686

Dir gitt mat a Chamberwalen mam Motto Minister oder Stroosbuerg. A mengen An asss dat  eng Mëssuechtung vun eisem nationale Parlament, well Deputéierten an der Chamber wollt Dir jo ausdrécklech net ginn.  Ass et Iech vläicht net gutt genuch „nëmmen“ e Vertrieder vum lëtzebuerger Vollék um Krautmaart därfen ze sinn? Fir mech ass dat jiddefalls eng ganz grouss Eier!

Dir hätt  lo kënne Minister an der Regierung vum Groussherzogdem Gambia ginn, mee dat wollt Dir awer op eemol och net méi. Wär ech Eislécker géng ech Iech lo soen, datt Dir mech hannert Liicht geféiert hutt. Emmerhin hutt Dir dem Wieler Aer  sëllech aner Conditiounen fir e Ministerposten net am viraus erklärt. Iwwer d’Prozedur fir Koalitiounsverhandlungen ass am Walkampf ni Rieds gaangen – wéinstens net datt ech mech geng drunn erënneren.  Och iwwer eng exklusiv schwaarz-blo Optioun mat Iech als Bausseminister ass ni ëffentlech Rieds gaangen. 

Gutt, Dir stitt dem Här Juncker ganz no an ech kann Aer Frustratioun aus där Perspektiv raus verstoen. Mee ech géng einfach mol virschloen, datt an Zukunft déi Leit déi sech fir Chamberwalen opsetzen och wëllen an d’Chamber goen.

Ech hoffen, datt Dir Iech, no där schéiner Lektioun a politescher Deontologie déi Dir dëm Land grad ginn hutt, net nach eemol fir d’Europawahlen opsetzt . Well wee weess wou Dir hi gitt, wann Dir sollt gewielt ginn? Jiddefalls mol net op Banjul, well dat ass d’Haaptstad vu Gambia an iwwregens och dee neie Numm vum ex-Hôtel de Bourgogne, dem neien Hôtel de Banjul.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Schued ëm Amnesty international!

Amnesty international gehéiert zu denen Organisatiounen déi ech am Prinzip géng gär ënnerstëtzen, mee déi et engem  wierklech schwéier maachen. Wou ech jonk wor, wor ech wéi selbstverständlech Member an där Organisatioun. Et wor deemools kloer, fir wéi eng Ziler sech Amnesty agesat huet: fir d’Fräiloossung vu politesche Gefaangenen, géint d’Folter, géint d’Doudessstrof.  Do gouf et an do gëtt et fir mech keng Diskussioun. Deemools huet Amnesty keng Politik gemaach, mee humanitär Aarbecht. Wann Amnesty dat haut och nach geng sou soen a maachen, da wär ech nach dobäi. Leider gëtt et ëmmer nach ganz vill Handlungsbedarf an dene Beräicher.

http://de.wikipedia.org/wiki/Amnesty_International

Mee Amnesty huet sech leider ganz vill verännert. Haut geet et an där Organisatioun  ëm allgeméng politesch Themen, vum internationale Waffenhandel bis hin zu dene kulturelle Rechter vun Asylanten an eise fräien an demokratesche Staaten. Fir sou Froen ze behandelen gëtt et honnerte vun Instanzen: international Organisatiounen, staatlech Institutiounen wéi z.B. Parlamenter a Geriichter, politesch Parteien, offiziell Mënscherechtsgremien an sou virun.  Dofir brauche mir Amnesty net. Haart awer richteg ausgedréckt: do ass Amnesty einfach iwwerflësseg.

Mee Amnesty mecht net nëmmen Iwwerflësseges, Amnesty mecht och nach lénk Politik:

Amnesty engagéiert sech fir d’Ofdreiwung: keng Doudesstrof fir Erwuessener awer fir ongebueren an onschëlleg Puppelcher. Dat verstinn ech net. Hunn d’Kanner da kee Recht op Liewen?

http://www.kath.net/news/17408

Amnesty setzt sech fir Greenpeace-Aktivisten an, déi vun engem hollännesche Schëff aus,  geplangt an mat voller Absicht, russesch  Rechter an Interessen verletzt hunn. Greenpeace huet bewosst provozéiert a Russland huet reagéiert. A mengen An sinn déi Dammen an Häre vu Greenpeace dowéinst nach laang keng politesch Gefaangener. Hire Fall gëtt ebe lo vun der russescher Justiz behandelt.

Mat dem erklärten Hannergrond vun der Greenpeace-Aktioun kann een d’accord sinn oder och net. Mee e Recht fir op russesch Buerplattformen erop ze klammen, hat an huet Greenpeace net. 

&

Amnesty setzt sech och fir den Här Snowden an. Fir mech ass deen Här awer kee politesche Gefaangenen, mee en amerikanesche Bierger dee virun en amerikanescht Geriicht gehéiert wëll en amerikanesch Gesetzer verletzt huet. Och do kann een mam Här Snowden sengen Aktiounen d’accord sinn oder net (ech sinn et perséinlech net), mee dat ännert näicht drunn, dat d’Gesetzer och fir hie gëllen a keen iwwer dem Gesetz steet. 

http://www.amnesty.lu/home/

Amnesty kéint a sollt intervenéieren wann d’Greenpeace-Aktivisten oder den Här Snowden kee faire Prozess kriiten. Da wären hir Mënscherechter verletzt ginn. Awer datt déi Leit virun e Geriicht gestallt ginn, fannen ech nëmme normal.   

Géng Amnesty op Politik verzichten an sech nees ëm dat këmmeren, woufir Amnesty gegrënnt gouf: ech wär nees gär dobäi!

 P.S.: Ah jo, Amnesty: an hal w.e.g. domat op „Droits de l’Homme“ mat „droits humains“ ze verwiesselen. An zwar politesch, juristesch a grammatesch. Et geet ëm Mënscherechter a net ëm mënschlech Rechter. Villmools Merci!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Hällt „Transparency“ sech well fir de Parquet?

De Moien um Radio ass eng Reklamm vun Transparency international gelaf. Leit déi Zeien vun enger Korruptioun ginn, sollen déi Nët-Regierungs-Organisatioun dovun informéieren, sou de Message.

http://www.transparency.lu/a-propos/membres/

Sou eng Campagne halen ech fir net appropriéiert.  Fir d’Verfolgung vun Delikten ass hei am Land de Parquet zoustänneg. Solle mir wëll hei encouragéieren, datt d’Leit sech un sou Organisatiounen wéi Transparency adresséeiern, amplaatz un d’Autoritéiten?

Ech hu näicht géint ONGen wéi z.B. Transparency international. Mee si sollen sech bewosst sinn, datt hire Rôle komplementar zu dem vun de polizeileschen a juristeschen  Autoritéiten an engem demokratesche Staat ass. Firwat  seet Transparency net, datt Leit déi Zeien vun engem Fall vu Korruptioun ginn, sech sollen un d’Police oder de Parquet adresséieren?

Wat wëll Transparency da mat denen Informatiounen ufänken? Si un de Parquet viru ginn? Dat wär jo nëmme richteg a normal! Wa jo, firwat sollen d’Leit dann  net direkt dohi goen? Oder vläicht net? Wär dat dann net eng Form vun „entrave à la justice„? Oder wëll Transparency déi Informatiounen vläicht fir sech behalen, fir domat Campagnen géint de gudde Ruff vun eisem Land ze maachen?  

Wat bezweckt Transparency?

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’CSV, d’ALPE an de Reliounsunterrecht

D’CSV ass jo bekanntlech entsat, datt déi dräi grouss Lénksparteien sech scho virun de Walen ofgeschwat haten, fir d’Obstacle fir eng Dräierkoalitioun aus hire Walprogrammer erauszehuelen. Hätt d’CSV déi „konservativ Säit“ brav gelies, sou wéi et sech gehéiert, dann hätt si geléiert, datt net nëmmen déi dräi Parteiprogrammer vun DP, LSAP a Gréng sech kaum vunëneen ënnerscheeden, mee datt dee vun der CSV sech grad sou mann vun denen aneren dräi ënnerscheed.  Wëll d’CSV huet sech jo genee sou geduckt an ugepasst fir Koalitiounen ze erméiglechen wéi déi aner. Eent vun dene frappanteste Beispiller heifir wor d’Sträichung vum Reliounsunterrecht am Secondaire.   

Eng al Regel seet, datt wen dene Lénken de klenge Fanger gëtt, dem huelen se op d’mannst dee ganzen Aarm. Dowéinst ass et och net oninteressant, d’Reaktioun vun der ALPE, der Association luxembourgeoise des professeurs d’éthique, op de Positiounswiessel vun der CSV ze liesen.  

http://www.alpe.lu/category/news/

Et ass jo sëcher fir keen eng Iwwerraschung, datt d’ALPE lo direkt och nach d’Ofschafung vum Reliounsunterrecht an der Primärschoul fuerdert. Iwwregens huelen ech symbolesch Wetten un, wéini d’CSV och do nach ëmfällt. Oder hëlleft d’Oppositiounsroll hir vläicht fir vum réngen Opportunismusmodus e Stéck wech ze kommen? An e puer Joer wësse mir dat.

De Bréif vun der ALPE fannen ech iwwregens ganz schlecht.

Et gëtt kritiséiert, datt d’Schüler „getrennt“ ginn, well d’ALPE net wëll akzeptéieren datt et grad a Sënnfroen vläicht ganz verschidden Approchen ka ginn déi sou eng Trennung justifiéieren. Ech fannen dat eng Mëssuechtung vum philosopheschen a gesellschaftleche Pluralismus.  Firwat ëmmer an iwwerall déi staatlech „Gleichmacherei“? Grad déi, déi ëmmer vu Multi-Kulti schwärmen, wëllen hei all Ennerscheeder nivelléieren.  

Et stéiert mech och, datt d’ALPE net seet, datt den „allgeméngen Erzéiungsoptrag“ eng selbstverständlech Prerogativ vun den Elteren ass, mee datt si de Staat an d’Eltere an där Hinsicht op ee Niveau setzt: „der sowohl Eltern als auch Lehrern bzw. Erziehungspersonal obliegt„. 

Den Unterrecht an der „praktescher Philosophie“ gëtt héich gelueft. Ech hunn awer ganz grouss Zweifelen un der Qualitéit vun dem Unterrecht an hunn dowéinst nach virun e puer Deeg Kommentaren dozou op dësem Blog publizéiert („Mir léiere praktesch Philosophie“). 

Ech verstinn d’Logik vun der ALPE iwwerhaapt net, wann si seet „Bei der Ausarbeitung des gemeinsamen Werteunterrichts müssen die Bedürfnisse einer pluralistischen Gesellschaft und deren Schüler in den Mittelpunkt gerückt werden“ an dowéinst misst de Programm fir den Unterrecht „ohne Einmischung des Erzbistums oder jeglichen anderen religiösen Institution stattfinden muss“.  Jo, gehéieren d’Reliounen da net zu enger pluralistescher Gesellschaft an befaassen si sech net besonnesch mat dene Froen déi hei relevant sinn? Mat wéi engem Recht wëll ee grad si als Dialogpartner ausschléissen?

A firwat mengt d’ALPE ëmmer nees, datt een am Reliounsunterrecht net kéint eegestänneg denke léieren? Hunn déi Leit déi sou eppes schreiwen jemools en theologescht Buch gelies? Ech recommnadéieren natierlech besonnesch déi vum Här Professer Ratzinger. 

An engem Punkt ginn ech der ALPE awer Recht: d’Qualitéit vum Reliounsunterrecht ass deelweis richteg schlecht. E léiwe portugiiseschen a konservative  Member vun der ADR huet sech lo wéini an enger Reunioun doriwwer opgereegt, datt säi Kand d’Kommunioun gemaach hätt ouni ze wëssen wee Jesus Christus war. De Bistum sollt mol endlech seng Aarbecht maachen, amplaatz Juncker-Hëllegebiller ze drécken!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Europadeputéierten Frank Engel äntwert op e Bréif

Opgrond vun dem Opruff vun der „Manif pour tous“ hat ech e Bréif un déi sechs lëtzebuergesch Europadeputéierte geschéckt. Iwwer déi Initiativ hat ech op dësem Blog déi lescht Woch geschriwwen. Et goung doranner ënner anerem ëm d’Recht op eng PMA fir lesbesch Fraen (Artikel: d’Europaparlament verletzt d’Kannerrechter!).

Als eenzege vun dene sechs Deputéierten huet bis elo den Här Engel (CSV) geäntwert. Villmools Merci!

Seng Aentwert gefällt mir awer manner, well hie sech just op de Vote vu senger Fraktioun refereréiert. D’Rapportrice vun der EVP hätt säi vollt Vertrauen, hie wär mat hir an alle gesellschaftspolitesche Froen d’accord an hie geng sou stëmmen wéi si dat geng proposéieren.    

Et felen lo nach fënnef Aentwerten.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Walresultat vun der ADR

E Lieser huet d’Fro gestallt, firwat d’ADR net méi gewielt gëtt? Dat ass natierlech och eng Fro déi mech vill beschäftegt.

Wann een sou eng Fro gestallt kritt, dann hëllt een sech ëmmer mol fir t’éicht selwer bei der Nues. D’Partei huet menger Meenung no an dëser Campagne keng Feler gemaach,  mee si huet e puer Schwächten. Dat ass awer keng Diskussioun déi een an der Effentlechkeet féiert, mee an de Parteigremien.

Ech selwer hunn natierlech och Verantwortung ze droen. Déi Hären Henckes a Colombera si jo aus der Partei ausgetrueden, wou déi Debatt iwwer d’Ofdreiwung an der Chamber war.  Déi zwee Hären hunn an där Fro Positioune vertrueden, déi net dem Parteiprogramm entsprach hunn, deen si selwer mat ugeholl haten. 

Ech sinn deemools  als Parteipresident zréck getratt, zum Deel fir vläicht nach déi zwee Austrëtter kënnen ze verhënneren, zum Deel fir d’Partei an hir Personal viru negativen Entwécklungen ze schützen. Dat huet leider net vill gehollef. Mee déi Evenementer vun deemools hate natierlech och nach Auswierkungen op dëss Walen.

Haut wësse mir, firwat den een an den anere gaange sinn, deemools wousste mir et nach net. Fir déi, déi de Quotidien net gelies hunn: den Här Henckes schéngt ze hoffen, datt d’CSV hien an de Staatsrot géng nennen. Hie wor de Sonndeg bei der CSV-Walparty präsent. Séng Rieden an der Chamber wore net ëmsoss ëmmer méi  pro-Juncker a pro-CSV.

D’Grënnung vun der PID duerch en ex-ADR-Deputéierten – enger Partei déi vun hirem Inhalt hir an de Spektrum vum Irrationalen ze placéieren ass – huet d’ADR zwee Sëtzer kascht: een am Norden an een am Osten.  Ouni déi Verloschter hätten d’DP an d’LSAP net jeweils ee Sëtz bäikritt an et kéint elo net sou liicht oder vläicht iwwerhaapt net zu enger Lénkskoalitioun kommen. Dat ass de Mérite vun der PID a vun der Schwächung vun der ADR.

A sou gouf och nach d’CSV iwwer e puer Emweeër d’Affer vun den Hären Henckes a Colombera. Amplaatz sech am Dezember 2012 iwwer déi Problemer vun der ADR ze freeën an hir „Implosioun“ ze feieren (zu där et awer schlussendlech net koum), hätt si besser gehat aus Grënn vun der politescher Stabilitéit déi Partei ze ënnerstëtzen. Mee dofir muss ee méi wäit plange kënnen wéi d’CSV et mecht. Souwisou denken ech, datt d’CSV hir Positioun zu der ADR muss vu Grond op iwwerschaffen. An enger Post-Juncker-Aera gëtt dat méi einfach.  

Da gëtt et natierlech nach eng ganz Rei vun aaneren Uersaachen.  Hei e puer dovun:

1. D’ADR huet keng eege Press. An déi aner parteigebonnen oder parteibeaflossten Zeitungen a Medien verdäiwelen d’ADR unisono an zënter Joeren. Als Beispill hat ech virun enger Woch op dësem Blog RTL ernimmt, déi alles maachen fir d’ADR ëmmer nees an dee rietsextremen Eck ze réckelen (cf. Video op dësem Blog).  Sou eng Propaganda ass zwar weder an der Saach  ze argumentéieren nach deontologesch ze justifiéieren, mee si  ass eng Tatsaach déi eis schued. Ech froe mech, wat déi Medien da génge soen, wann hei am Land wierklech eng rietsextrem Partei entstoe géng?

2. D’CGFP ass zwee Kricher hannen. An där Gewerkschaft gëtt et nach ëmmer Leit déi an de 90er Joere liewen a géint d’ADR wëlle kämpfen ouni ze gesinn, datt d’Fronten scho laang ganz aanescht verlafen. D’ADR verdeedegt de Beamtestatut an eng neutral Fonction Publique. Si ass géint d’Auslännerwalrecht an fir eng lëtzebuergesch Fonction publique an där och lëtzebuergesch geschwat gëtt. Vun denen anere Parteien kann een dat net soen! An eng 5/6 Pensioun fir d’Beamten wär souwisou scho laang net méi ze finanzéiere gewiescht a gesamtgesellschaftlech wär se och net ze vertrieden. Dat misst eigentlech och eng CGFP kënne verstoen.

Haut geet et drëm fir e gerechte Rentesystem fir d’Zukunft ze definéieren an d’Renten global ofzesëcheren an do huet d’ADR bei wäitem déi beschte Propositiounen. Mee gutt, wann d’CGFP nach 20 Joer laang wëll déi Kricher vu vir-virgëschter weider féieren, da soll si domat glécklech ginn. 

3. Am Walkampf selwer ass et Moud gewiescht mat denen véier „grousse“ Parteien ze schwätzen an déi aner lénks leien ze lossen. Huele mir mol d’Beispill vun der FEDIL. Déi  huet  zwar Gespréicher mat dene Grénge geféiert -enger notoresch wirtschaftsfeindlecher Partei – an déi domat opgewärt. Si huet awer kee Gespréich mat enger ausgesprache wirtschaftsfrëndlecher Partei wéi der ADR geféiert. Als Resultat kann d’FEDIL sech schonn op dee nächste Koalitiounsprogramm freeën.

An da gëtt et natierlech nach vill aner Uersaachen. D’ADR wollt en Themewalkampf, déi aner Parteien an d’Medien wollten e Persounewalkampf – dat schéngt méi interessant ze sinn. Walprogrammer sinn zwar wichteg, mee si gi leider net vu ville Leit gelies.

Jee, dat do ass eng spannend Fro fir déi ech och Merci soen. Ech hunn och bestëmmt nach vill wichteg Saache vergiess. Wa mir nach eppes afällt, da kommen ech drop zréck.

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare