Eng Aentwert un den Diözesanrot a „Justitia et Pax“

Virun de Wale kruuten d’Parteien Post vum Diözesanrot an der Kommissioun „Justice et Paix“ vun der kathoulescher Kierch. Et goung em 11 Propositiounen fir eng gesellschaftlech Erneierung.

http://www.cathol.lu/l-eglise-dans-la-societe-kirche-in/citoyennete-burgertum/justice-gerechtigkeit/article/reflexions-a-propos-d-un-renouveau

Wahrscheinlech sinn ech ee vun dene ganz wéinege Politiker déi dat Dokument iwwerhaapt gelies hunn. An ech hätt et besser si gelooss, well ech wor entsat.

Als Katholik schummen ech mech alt nees fir déi lëtzebuergesch, kathoulesch Kierch. Bréngt déi et da wierklech net méi fäerdeg kathoulesch Positiounen ze vertrieden amplaatz politesch korrekt Gréng-Mainstream-Parolen nozetuddelen? 

Ech probéieren jo déi Artikelen op dësem Blog kuerz ze halen, dowéinst ginn ech och net an den Détail. Fir eng Diskussioun stinn ech awer natierlech zur Verfügung. Ech hätt mir jiddefalls vun der Kierch erwaard, datt si:

– net nëmmen vun der economescher a sozialer Kris schwätzt mee och vun där moralescher;

– fir Glaawen a Prinzipien antrëtt amplaatz vun ener „lutte incessante contre toute discrimination“ ze  schwätzen. Wëssen déi eigentlech wem säi Spill si do mat maachen? Verstinn déi Leit déi sou Texter schreiwen iwwerhaapt nach déi gesellschaftlech Entwécklungen? Ech zweifelen do drunn.

– keng Alldaagspolitik mecht an dowéinst och net sou verkuerbelt Konzepter wéi eng „allocation universelle“ an eng „taxation carbone“ als „idées d’avenir“ presentéiert. Hunn ech vläicht eppes an der Bibel iwwerlies? Ech géng proposéieren, datt d’Kierch sou Sujeten dem Caesar iwwerléisst.

– bei der mënschlecher Dignitéit net de Liewensschutz mat der Manéier wéi mir Réfugiéën ophuelen gläichsetzt mee kloer, kathoulesch Fuerderunge stellt: Reform vum Euthanasigesetz, Reform vum Ofdreiwungsgesetz, Promotioun vun der Palliativmedizin, Schutz vun dene Behënnerten;

– sech drunn erënnert, datt Katholiken solle missionéieren an sech nët einfach mat denen anere Glaawensrichtungen solle gläichsetzen. Do muss een oppassen wéi ee wat formuléiert! Reliounsfräiheet ass keen Aequivalenzprinzip a reliéis Toleranz keng Entschëllegung fir de Verzicht op e Wouerechtsusproch.

–  datt d’Famill definéiert a verdeedegt gëtt. Wat heescht dann „toutes les familles“ an dësem Text? Wou ass dee kathoulesche Neen zum Homo-Bestietnis?

Déi do Lëscht kéint ech nach ganz laang ausbauen. Mee fir meech ass kloer: dat Dokument ass extrem schwaach, et kapituléiert virun de gesellschaftlechen Entwécklungen an et verleegent de facto déi réimesch-kathoulesch Relioun.  Natierlech gouf et geschriwwen fir déi dekadent Juncker-CSV ze schounen. 

An et ass gutt, datt d’CSV an d’Oppositioun muss. Vläicht, an dat ass meng Hoffnung, fänke jo och eenzel Katholiken lo mol nees un Gott ze déngen amplaatz der CSV.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Onfräiheet.lu

Déi politesch Lénk hei am Land huet sech an enger grousser Zuel vun Associatiounen organiséiert, dovun iwwregens vill vum Staat finanzéiert, déi hir Fuerderungen getrennt virdroen awer dach eent an dat selwecht Zil verfollegen: Zerstéierung vun der Famill, Zerstéierung vun der kathoulescher Kierch, Empolen vum Staatsverständnes. Déi ideologesch Iddien déi si droen reechen zréck bis an déi Franséich Revolutioun. Si hunn ni erkannt, datt „liberté“ an „égalité“ zwou Kategorien sinn, déi sech dacks géigesäiteg ausschléissen.   

AHA seet si geng „Fräiheet“ propagéieren an hir Säit  fräiheet.lu leet dovun e sproochlech Zeechnes of. Fir mech maache si awer de geneeë Géigendeel: si wëlle verhënneren, datt eis Kultur, an dozou gehéiert och d’Chrëschtentum,  an der ëffentlecher Schoul nach un déi nächst Generatiounen ka viru gereecht ginn. Mir wëssen all, datt sou Coursën wéi „praktesch Philosophie“, d’Relioun net enseignéieren, dem Schüler mol keng objektiv Iddi vun dem ginn wat Relioun ass, mee si héchstens nach karikaturéieren.  

AHA wëll net nëmmen d’Relioun zréck drängen mee d’Reliounsfräiheet u sech a Fro stellen. Well souguer déi Méiglechkeet vun enger Wiel, enger fräiwëlleger Entscheedungsméiglechkeet tëschent engem Reliounsunterrecht an eppes Anescht soll verschwannen. Wat fir eng Intoleranz! 

Vill Atheisten an eegenernannten „Humanisten“ wëllen d’Erzéiungsfräiheet vun den Elteren Schrëtt fir Schrëtt aschränken souwuel an der reliéiser Erzéiung wéi duerch hire Kampf géint d’Kannerdaf.  Si wëllen dat d’Kanner net méi duerch d’Famill mee duerch de Staat erzunn a norméiert ginn, sou wéi  ën Aldous Huxley et a séngen Horrorvisiounen virgezeechent hat. Den atomiséierte a loschtgebonnene Mënsch ass a Wierklechkeet net fräi, mee versklavt.

An dat Bild gehéiert och déi Fuerderung vun dene Lénken (de tous bords), datt de Stat sollt „neutral“ oder och spezifisch „wäertneutral“ sinn. Näicht ass méi schlëmm! Wann ën demokratesch kontrolléierte Staat net méi därf soen, wat gutt a schlecht ass,  wee mecht et dann? Wéi eng Roll huet da nach d’Politik? A wat bleift vum normative Charakter vun der Legislatioun? Ass et dann net vläicht sou, datt déi Lénk nëmme fir eng staatlech „Wäerteneutralitéit“ antrieden, soulaang si net selwer un der Regierung sinn?

Wat heescht da konkret „Wäerteneutralitéit“ an hiren An? Wat ass hir Gesellschaftsvisioun? Keng klassesch Famill méi, mee dofir eng voll Integratioun vu Fra a Mann an de Produktiounsprozess (an dat wéi schonn de Karl Marx et wollt), staatlech Beschäftegung an Endoctrinatioun vun de Kanner,  Ofschaafung vun alle Referenzen a Qualitéitsnormen an der Kulturpolitik, Zréckdréngung vun der Relioun aus dem ëffentleche Liewen, Zwangskollektivéierung, Entwäertung vun de Schoulen (well Bildung ass jo bekanntlech geféierlech), Politiséierung vum private Liewen.        

A wat heescht e „neutralen Werteunterricht“? Ass dat net eng Utopie? Soll alles wat iergendeen als „Wäert“ definéiert lo onkommentéiert well wäertneutral als gläichwäerteg duergestallt ginn? Vum Nietzsche senger Uebermeschenideologie bis hin zu de Killing fields à la Pol Pot?

Nee, AHA bréngt keng Fräiheet, mee d’Diktatur vum Relativismus wa net souguer nach vill méi Schlëmmes. AHA ass eng intolerant Organisatioun an eng Gefor fir eis Kultur, eis Familljen an eis Gesellschaft.

Veröffentlicht unter Allgemein | 5 Kommentare

Feminismus an d’Verleegnung vun der Natur vum Mënsch

Vläicht ass et awer den Afloss vun Halloween an de Wonsch no engem Grujelerliefnis, oder vläicht ass et nëmmen déi aktuell Debatt ëm d’Prostitutioun – sou genee wees ech et net. Emmerhin wor ech liesen, wat d’Madame Alice Schwarzer da grad sou schreift.   

Ech mengen et ass jo kloer, datt ech meeschtens diametral aner Positiounen vertriede wéi si. Mee dorop wëll ech lo mol net agoen.

Eigentlech wollt ech just an Erënnerung ruffen wéi déi feministesch Ideologie – fir iwwerhaapt bestoen zë kënnen – déi menschlech Natur, eis fundamental, biologesch Grondlagen verleegent. Op hirem Blog schreift si bei „Meine Positionen“:

Für mich ist Sexualität etwas sehr Privates und ganz Politisches zugleich. Unser Begehren ist kulturell geprägt und nicht biologisch determiniert.“

Ech mengen, alléng déi do Sätz weisen op ë gewëssen Duercherneen an der Madame Schwarzer hirer Gedankewelt hin.  Et stéiert mech net nëmmen, datt eng biologesch Evidenz verleegent gëtt fir „Politik“ ze maachen, et stéiert mech och dat de Politikbegrëff sou iwwerdeent gëtt, datt dat Privat säi geschützte Raum verléiert. Et ass nun eemol eng Charakteristik vum totalitären Denken, datt der Politik en  Universalkompetenzusproch zougestaane gëtt.

Genee sou ass d’Verleegnung vun der Biologie vum Mënsch eng Charakteristik vun totalitärem Regimer. Fir déi eng muss de Mënsch en „Uebermensch“ sinn, fir déi aner e „neie“ Mënsch, oder e muss sou oder sou ausgesinn, oder e muss besonnesch Charakterzich entwéckelen. De Feminismus an d’Gender-Ideologie ginn eigentlech nach e Schrëtt méi wäit wéi aner totalitär Konzepter an dem si eis „ent-mënschlechen“ an dem Sënn, datt eis biologesch Constitutioun net méi akzeptéiert gëtt, wëll se radikale Kreeser net an hir Gedankewelt passt. 

Dat wat d’Fortbestoen vum Mënschegeschlecht iwwerhaapt erméiglecht, nämlech déi géigesäiteg sexuell Attraktioun vu Mann a Fra gëtt hei als eng „kulturell“ Konstruktioun duergestallt. Da froen ech mech awer, op dat och soss an der Natur kulturell determinéiert ass?

Ech sinn a bleiwe ebe naïv. Fir mech ass souwuel d’Konstruktioun vun de respektive Geschlechtsorganer wéi de Prinzip selwer vum Entstoe vum neie Liewen iwwereestëmmend mat der reziproker a komplementarer sexueller Zougeuerdentheet vun denen zwee Geschlechter. Sexuell Loscht ass en agreable Niewephänomen vun der Sexualitéit, net hire Sënn an Zweck. 

Dat Leit kënnen aner Gefiller hunn ka virkommen. Dat verschidde Mënsche biologesch aanecht gebaut sinn, och. Dat läit a mengen An ausserhalb vun der sexueller „Norm“ – als „Standard“ definéiert a net als moralesch Wäertungskategorie –  an ass an dem Sënn eng „A-Normalie“.  Ech wëll Leit déi anecht fillen oder anecht sinn net méi schlecht a net besser behandele wéi anerer, ech wëll awer net déi Manéier wéi hir Sexualitéit ass „norméieren“ also zum Standard erhiewen.  Ech wëll och net eng net-reproduktiv Sexualitéit gläichsetzen mat enger reproduktiver – net konzeptuell an net rechtlech. An dem Sënn ass de Begrëff  vun der „Diskriminéierung“, dem  „Anecht-Behandelen“,  legitim wann en holistesch interpretéiert gëtt – an am Kontext vun der Sexualitéit kann dat nëmmen heeschen, datt déi Dimensioun vun der Reproduktioun an d’Interessien vun de Kanner musse mat abezu ginn. Alles aanecht ass e Reduktionismus op eng egoistesch Trieb- a Wonschbefriddegung.

Sexualitéit ass nët nëmmen eng Gefillswelt mee och den iwwergeuerdnete Prinzip dem eise Fortpflanzungsmodus entsprëcht, an den ass bei de Mënschen biologesch onzweifelhaft heterosexuell ugeluegt. Et gëtt kee Mënsch op dëser Welt, och keen Homosexuellen, dee net aus enger Fra an aus engem Mann entstaane wier.

An denen nächste Méint kréie mir hei zu Lëtzebuerg eng Legislatioun déi dene Prinzipie widdersprëcht. Dat ass net nëmmen en Drama fir déi Kanner déi dovu betraff sinn, mee et ass och e Verloscht fir eis politesch Kultur. Mir liewen an enger Gesellschaft déi wëll vergiessen datt diskriminéieren, also anecht behandelen, ka richteg a legitim sinn. Mir sinn net all an all Hinsicht gläich a mir sollen och net vun der Politik gläich gemaach ginn. Wéi schued, datt en eigentlech politesch lénke Begrëff – dee vun der „Gläichheet“ – zu enger dominanter Ideologie ginn ass!

Ech wëll keng Gläichheetsideologie a keng Gläichmaacherei, mee eng differenzéierend Gerechtegkeet. Dat bedeit awer den Opbau vun enger neier politescher Kultur, wech vun där aktueller „politescher Korrektheet“ – déi keng ass –  an hin zu enger Zréckbesënnung op déi eigentlech Grondlagen vun eiser Gesellschaft.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Happy Halloween! – do wou et hi gehéiert

Eis amerikanesch Frënn feiere mar Halloween.  An als resolut pro-amerikanesch Spaweckssäit verpasse mir et natierlech net fir hinnen, och vun hei aus, en „Happy Halloween“ ze wënschen.

Dësen Artikel op Wikipedia beschreift gutt wou dat Fest hier kënnt:

http://de.wikipedia.org/wiki/Halloween

Fir mäin Deel hunn ech zu dem Fest keng Bezéiung. Och wann ech et witzeg fannen, datt een ausgehielegt Geméis ka mat Käerzen dekoréieren, e Sënn huet dat Ganzt fir mech net. A wann d’Kanner als Geeschter an als Hexe(meeschtere)n verkleet dorëmmer lafen fir Sëssegkeeten ze „erpressen“ erfëllt dat mech och net mat iwwergroussem Enthusiasmus.

Ech fäerten, datt hannert der Verbreedung oder dem Import vu sou Fester virun allem kommerziell Interessie stinn. An et deet mir Leed, datt de Sënn vun Allerhellgen an Allerséilen nach méi an de Vergiess geréit, wéi een dat an eiser säkulariséierter, iwwerflächlecher, genosssüchteger a kommerzialiséierter Gesellschaft souwisou scho muss feststellen. Ech géng mir einfach nëmme wënschen, datt mir eis am Liewen méi op déi wichteg Saache konzentréieren.

An dozou gehéiert och e respektvollt Nodenken iwwer eis eege Feierdeeg an eis eegen Traditiounen. A wen da wëll, ka jo doniewent och nach Halloween feieren.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wëll d’DP lo déi lëtzebuerger Sprooch an der Fonction Publique liquidéieren?

Wen haut (29.10.13) de Leitartikel am Journal gelies huet, dee krut wahrscheinlech en Abléck an dat wat lo op d’Land an op d’Fonction publique duerkënnt. Gutt, de Journal ass net grad dat selwecht wéi d’DP, mee déi Journalistin déi den Artikel geschriwwen huet, ass awer eng laangjähreg DP-Politikerin déi och nach aktuell Schäffen an der Stad ass. Si ass also „net keen“, wéi dat well sou schéin heescht.

Déi Damm fuerdert eng „dringliche Veränderung des Staates“ a wëll mol un éichter Plaz  „die Anforderung der Dreisprachigkeit fèr Beamte und Angestellte des Staates kritisch (…) hinterfragen“. A weider: „Diese stellt nämlich Nicht-Luxemburger Bürger vor unüberwindbare Hürden, und führt in der öffentlichen Funktion allgemein zu Engpässen (…)“,  an da kënnt d’Beispill vun de franséische Mathésproffen. U sech ass de Message kloer, wéinstens mol a menger Interpretatioun:  fir zu Lëtzebuerg kënne Beamten ze sinn, soll ee kee Lëtzebuergesch méi misse kënnen. Wann hei relativ allgeméng eng „Lockerung der Sprachenklausel“ gefuerdert gëtt, ass et jo wahrscheinlech, datt et net ëm Franséisch geet. 

Nët nëmmen, datt mir d’Walrecht den Auslänner ginn, nee och d’Fonction Publique soll lo hir lëtzebuerger Identitéit wechgeholl kréien! A mir Lëtzebuerger mussen da sëcher vu Kand un Franséich schwätzen an der Schoul mat den Educateuren, mat de Proffen an lo och nach op de Verwaltungen!

Dat gëtt et a soss KENGEM Land op der Welt. Néierens gëtt et sou eng Tendenz zum gesellschaftlechen a kulturelle Selbstmord wéi hei am Land.

Meng Positioun ass a bleift jiddefalls kloer: wen hei am Land wëll am Effentlechen Déngscht schaffen, muss net nëmmen (an op d’mannst) dräisproocheg sinn, mee e muss och onbedéngt an onverzichtbar Lëtzebuergesch kënnen. An all anerem Land vun der Welt passen d’Auslänner sech un hir Gaaschtnatioun un.  A sou soll et och hei sinn!  Ech si net domat d’accord datt hei zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger sech ëmmer méi mussen un d’Auslänner upassen.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Wat ass d’Tea Party?

D’Tea Party ass alt nees sou e Schreckgespenst an eiser Press. Wéi dem Här Pavlov seng Hënn gi mir dorop conditionnéiert fir an där Bewegung mol direkt eppes Schlechtes ze erkennen, eppes Béises, eppes géint dee sympathesche President Obama a seng Politik. D’Tea Party – Membere si konservativ, meeschtens gleeweg an ëmmer patriotesch, also – an den An vun ville faden, langweilegen, lénksnorméierten, „moderne“ Westeuropäer – grujeleg a schlecht. Mee wen amerikanesch Politik wëll  verstoen, dee muss sou Bewegungen mat den An vun engem Amerikaner kucken – an hirer Sprooch, mat hirer Geschicht an hirer Begrëffswelt. An da versteet ee sou e Phänomen besser.

http://www.teaparty.org/about-us/

Dee Patriotismus, den an Amerika bei alle politesche Parteie ganz präsent ass, feelt eis Lëtzebuerger leider ëmmer méi. Eis Kanner léieren d’Heemecht net méi, d’Walrecht gi mer den Auslänner an d’Natioun léise mir an enger geféierlecher europäescher Illusioun op. Ech wéilt mir hätten och nëmme nach e Brochdeel vun där Flaam vu Begeeschterung fir eist Land wéi eis amerikanesch Frënn si vollkommen zu Recht fir hiert hunn.

D’Iddien vun der Tea Party sinn zum Deel fir eis Lëtzebuerger net nozevollzéien well si nëmmen am amerikanesche kulturelle Kontext ze verstoe sinn. Dozou gehéiert och zu engem gudden Deel déi hëtzeg Debatt iwwer d’Reform vun de Krankeversëcherungen, bekannt als „Obamacare“. Mee  e puer vun de Fuerderungen vun der Tea Party ënnerschreiwen ech mat zwou Hänn:

15 Non-negotiable Core Beliefs

1. Illegal aliens are here illegally.  Dat gesinn ech och sou.
2. Pro-domestic employment is indispensable. D’accord, och wann ee muss iwwer d’Mëttele schwätzen. 
3. A strong military is essential. Allerdéngs!
4. Special interests must be eliminated. Dat ass eng amerikanesch Debatt.
5. Gun ownership is sacred. Idem.
6. Government must be downsized. D’accord.
7. The national budget must be balanced. D’accord.
8. Deficit spending must end. D’accord.
9. Bailout and stimulus plans are illegal. Och eng éichter amerikanesch Debatt. 
10. Reducing personal income taxes is a must. Ech si jiddefalls mol géint Steiererhéigungen.
11. Reducing business income taxes is mandatory. Wann de Budget et erlaabt, jo.
12. Political offices must be available to average citizens. Absolut!
13. Intrusive government must be stopped. Komplett d‚accord!
14. English as our core language is required. Lëtzebuergesch.
15. Traditional family values are encouraged. Vollkommen d’accord.

Lo kann een natierlech iwwer déi genee Bedeitung, Formuléierung an Emsetzung vun denen eenzelne Fuerderunge diskutéieren a, wéi gesot, och iwwer hir Relevanz fir eis. Mee an der grondsätzlecher Richtung halen ech villes vun dem wat hei gefuerdert gëtt fir vernënfteg. Dat heescht net, datt ech all Vertrieder vun der Tea Party géng bewonneren oder all hir Erklärungen géng ënnerstëtzen. Awer ech sinn dofir, datt een sech mat hiren Aussoen an engem oppene Geescht beschäftegt a mat dene pauschale Verdäiwelungen ophällt.

Ech si jiddefalls mol där Iwwerzeegung datt dene Konservativen d’Zukunft gehéiert – hoffentlech nët nëmmen an Amerika. 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Weibleche Sexismus zu Kiel

Just eng Randnotiz tëschenduerch: an Norddäitschland huet eng Politikerin missen zréck trieden – eppes wat eis hei an der Saach net vill interesséiert.

Hir Begrënnung ass awer net oninteressant: amplaatz hir eege Feler zouzeginn sicht si – der Press no – d’Feler bei aneren a schwätzt och vun  „testosterongesteuerte Politik- und Medientypen“. „Typ“ ass an der däitscher Emgangssprooch iwwregens och nach en däitlech pejorative Begrëff fir e Mann.

Ech froe mech just, wat e männleche Politiker ze héiere kriit, wann hien eng Kritik un enger Fra oder u Fraen mat där/denen hiren Hormonen géng a Verbindung bréngen? Géng da net vu Sexismus geschwat ginn? Wat géngen d’Feministinnen vun engem Ausdrock wéi „oestrogengesteuerte Politik- und Medien(…)“ halen?

http://www.faz.net/aktuell/politik/gaschkes-ruecktritt-in-kiel-eine-frau-der-hass-und-das-testosteron-12637529.html

http://www.spiegel.de/politik/deutschland/ruecktritt-von-kiel-oberbuergermeisterin-gaschke-a-930502.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E schéint Kompliment un d’ADR vun engem lénke Politiker

Et gëtt sou Deeg, do huet een es sat mat där Hyporkrisie an der Verlugenheet vun dene lénke Parteien. Hei am Land schwätzen se op de Medien iwwer d’Mënscherechter an a Wierklechkeet sinn si déi Allerlescht déi sou Rechter respektéieren.

Déi Lénk, déi jo an der „European Left“ mat engem Koup vu kommunistesche Pareien verschwëstert sinn, dorënner iwwregens och d’DKP, traueren ënner anerem ëm den Diktator Hugo Chavez:

 http://www.european-left.org/positions/statements/european-left-shares-tributes-chavez-and-his-legacy-millions-citizens-around

Woubäi souguer aner Lénksorganisatiounen wéi Amnesty international nët kënne verheemlechen, datt am Venezuela vum Här Chavez net grad alles perfekt wor: 

http://www.amnesty.org/fr/region/venezuela/report-2013

Méi explizit ass nach Human Rights Watch:

http://www.hrw.org/fr/news/2013/03/05/venezuela-la-derive-autoritaire-leguee-par-hugo-chavez

Schued, dat mir hei am Land eng Partie vu Medien hunn, déi um lénken A vollkomme blann sinn. Organisatiounen wéi déi Lénk, déi oppe mat Diktature sympathiséieren, gi leider net hannerfrot – ausser vun der ADR natierlech, där Partei déi nët nëmmen kloer Iwwerzeegungen, mee och nach déi zwee Féiss um Buedem huet.  

Iwwregens – eng aner Kumpanepartei vun „déi Lénk“, déi däitsch SED-Nofollegpartei „die Linke“, hat och nach dem Här Castro härzlech fir säi Gebuertsdag gratuléiert. Hei just nach zur Erënnerung:  

 http://www.welt.de/politik/deutschland/article13555993/So-gratuliert-die-Linkspartei-Fidel-Castro.html

http://www.zeit.de/politik/deutschland/2011-08/linkspartei-castro-ernst

An hei ass – just mol zur Illustratioun – eng Iddi iwwer d’Zoustänn op Cuba aus dem Répertoire vun Amnesty:

http://www.amnesty.org/fr/news/cuban-activists-talk-about-lack-basic-freedoms-10-years-mass-crackdown-2013-03-18

Ee lénke Politiker huet haut de Moien um Radio gesot, et géif keng Iwwerschneidungen tëschent dene Lénken an der ADR. Dat ass dat schéinste Kompliment, dat ech zënter laangem héieren hunn! Villmools Merci! D’ADR ass eben eng demokratesch Partei a respektéiert d’Mënscherechter.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Schued, datt déi Lénk net mat an d’Koalitioun kommen!

Eierlech gesot sinn ech enttäuscht, datt déi Lénk net och däerfe Regierung spillen. Ech hätt z.B. lo gär gesinn wéivill Wirtschaftsflüchtlingen aus Afrika si an dene nächste Joeren bei eis opgeholl hätten. An hirer Propaganda, déi all Form vu  Realismus a komplexem Denken komplett ausklaamert, gëtt et jo do keng Limiten:

http://www.dei-lenk.lu/de/den-fluchtlingen-schutz-geben/

„Für déi Lénk ist diese Politik nicht weiter tragbar. Wir wollen den Schutzsuchenden sichere Fluchtwege nach Europa ermöglichen, um ihr Leben zu retten und ihnen Schutz und Würde innerhalb der EU zu gewährleisten.“

Psychologesch verstinn ech déi Lénk awer bis zu  engem gewësse Grad. All déi Joeren wou si an hiresgläichen un der Muecht waren, an der Sowjetunioun an der DDR a soss anzwousch,  hunn si ëmmer nëmme Leit gehat déi hinne wollte fortlaafen. Lo liewe si a Länner wou och mol Leit fräiwëlleg hi wëllen, wat fir si eng nei a flott Erfarung ass. 

Mee si wëssen: wäre si hei bis un der Regierung géng keen Afrikaner méi fräiwëlleg kommen, de Flüchtlingsproblem wär direkt geléist a mir kéinte Frontex effektiv ofschafen. Da léisst sech liicht Propaganda maachen!

Mee et géng net laang daueren a mir hätten en anere Flüchtlingsproblem. Vill Leit wéilten d’Land verloossen. Fir dee Fall wou déi Lénk an d’Regierung sollte kommen,  ginn ech iwwregens Passeur a brénge politesch verfollegt Lëtzebuerger op sëchere Fluchtweeër iwwer d’Grenz op Arel an de fräie Westen. D’Réseaue kënne mir lo schonn opbauen…

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Kënnt et zu där „Grousser biergerlecher Oppositioun“?

Dëser Deeg héiert een dourëmmer, datt den Här Juncker géng „Chef“ vun der Oppositioun ginn. Dat gëtt hien natierlech net, schonn alléng dowéinst net, well ët sou eng Funktioun hei am Land iwwerhaapt net gëtt! Eventuell gëtt hien CSV-Fraktiounschef, wat mir awer nach musse gesinn. Ech gleewen dat ower och eréicht, wann hien nach nom Mee 2014 an der Chamber sëtzt.

Vill méi interessant ass déi aner Fro, nämlech ob et lo zu enger ADR-CSV Zësummenaarbecht an der Oppositioun geng kommen, där „grousser biergerlecher Oppositioun“? Zësummen haten déi zwou Parteien (no ILRES) 40,83 % oder (no dem offiziöse Resultat) 40,32% vun de Stëmmen. 

Dat ass souwuel an der Saach wéi och personell schwireg. Ob et politesch opportun wär, ass och alles anescht wéi evident.

An der Saach leien d’CSV an d’ADR ganz wäit auserneen. Beim Här Werner wär dat do kee grousse Problem gewiescht, vläicht souguer eng natierlech Allianz. Och beim Här Santer wär nach munches méiglech gewiescht. Mee den Här Juncker huet aus der CSV eng Mëtt-Lénkspartei gemaach, iwwerdeems d’ADR  eng sozial-konservativ Partei ass.  D’CSV huet bal alles  veruersaacht oder mat ze veräntwerten, wat d’ADR an dene leschte Joeren vehement bekämpft huet: de Budgetsdefizit, d’Schoulreformen, d’Pensiounsreform, d’Ofdreiwungsreform, d’Homo-Bestietnis (wat lo geschwë kënnt), déi iwwerdriwwen a falsch konzipéiert Entwécklungshëllef, Fraequoten (déi och lo kommen), d’Auslännerwalrecht, an dëss Lëscht ass nach ganz, ganz laang…. D’CSV kann eigentlech iwwerhaapt keng richteg Oppositiounsaarbecht maachen, well si inhaltlech net wäit vu Gambia wech läit. Wéinstens net, sou laang wéi den Här Juncker nach do ass an déi Partei sech inhaltlech net nei positionnéiert. Et muss een sech virstellen, datt den Här Juncker sech och nach prinzipiell fir eng Finanztransaktiounssteier ausgeschwat huet, datt hie kee Frënn vum Bankgeheimnis ass, d’Scholden vun den EU-Memberstaten wëll duerch Eurobonden vergemeinschaften an Europa also wëll, explizit géint d’Traitéën, zu enger Scholden- an Transferunioun maachen. Ausserdem ass hien och nach en europäesche Federalist den d’Nationalstaaten bal ganz wëll aushielegen, bis datt se nëmme nach um Pabiere existéieren an an der Realitéit  näicht méi ze soen hunn.

Inhaltlech ass eng Zësummenaarbecht tëschent ADR an CSV also am Abléck héchstens punktuell méiglech.

Personell ass och virun allem den Här Juncker de Problem. E Mann den an d’Politik gezunn ass, mat Sprëch wéi d’Leit vun der ADR géngen an de Prisong gehéieren an net an d’Chamber an déi Partei misst zerstéiert ginn, an därs ondemokrateschem an topeschem Gesabbels méi, sëtzt lo niewent genee där Partei an der Chamber an zwar och nach op där selwechter Oppositiounsbänk. Sic transit gloria mundi! D’Sympathie an der ADR fir den Här Juncker hällt sech awer dowéinst aus verständleche Grënn a gewësse Grenzen.

Ob eng Zësummenaarbecht opportun ass, niewent allen inhaltlechen a personelle Problemer, bezweifelen ech am Abléck och. Ech wëll mir mol ukucken, ob d’CSV Oppositioun aus gekränktem Houfert mecht oder awer am Interessi vum Land. Ob si just nei Alliéierter am lénke Lager sicht (DP, LSAP. Gréng) fir Gambia méiglechst séier ze stierzen an den Här Juncker nei ze inthroniséieren oder ob si inhaltlech Alternativen entwéckelt déi net einfach an dat Kapitel Revanchismus kënne classéiert ginn.

Fir mech ass d’GBO, also déi „grouss biergerlech Oppositioun“, am Abléck net méi wéi e Gedankemodell, mee keng realistesch Perspektiv, jiddefalls net sou laang d’CSV sech just nëmmen rondrëm den Här Juncker dréint.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar