Een vun ons – Mir hunn nëmme nach e puer Deeg!

Vun dëser Plaatz aus och nach eemol e waarmen Appel fir d’Prtitioun een-vun -ons fir de Schutz vum Liewen ze ënnerschreiwen! Den Délai leeft den 1. November 2013 of.

Wourëm get et bei där europäescher Biirgerinitiativ “1-vun-ons”?

Dë Mënsch ass vun dem Abléck vun der Verschmëlzung vun der Ee- an der Somenzell un e Mënsch. Dat huet den Europäischen Geriichtshaff (EuGH) den 18. Okt. 2011 fir t’éicht um héchste riichterleche Niveau festgehal. Doraus erginn sech wäitreechend Konsequenzen fir dat ganzt europäecht Recht. Zënterhier ass kloer, dat d’EU d’Liewen an d’Dignitéit vun all mënschlechem Embryo vun der Befruchtung un schützen muss. Dëse Schutz ass am Abléck awer nach net garantéiert. E muss lo vun de Bierger duerchgesat ginn. Dofir gouf déi Europäisch Biirgerinitiativ „1-vun-ons“ gegrënnt.

Wat ass dat wichtegst Zil vun der Europäescher Biirgerininitiativ „1-vun-ons“?

Mir wëllen erreechen, dat d’EU sech un hiren eegenen Rechtskierper hällt an mat der Finanzéierung vun allen Aktivitéiten ophällt, déi zum Dout vu mënschlechen Embryoen féieren. Dëst betrëfft verschidden Politikberäicher vun der EU, dorënner d’Fuerschung, d’Entwécklungspolitik an dat ëffentlecht Gesondheetswiesen. Mir fuerderen konkret de Stopp vun EU-Suen fir d’Fuerschung mat embryonale Stammzellen, fir d’Klonen an fir d’Ofdreiwung als Mëttel vun der Bevëlkerungskontroll am der Familljenplangung ënner dem Begrëff vun der “sexueller a reproduktiver Gesondheet”, souwuel am ëffentlichen Gesondheetswiesen wéi och an der Entwécklungshëllef.

Allgemeng Informatiounen gëtt et hei:

https://ec.europa.eu/citizens-initiative/ECI-2012-000005/public/index.do?oct_path=%2Fsignup.do&initiativeLang=fr&oct_system_state=OPERATIONAL&oct_collector_state=true&currentLanguage=fr

Fir ze ënnerschreiwen gëllen dëss Regelen:

Wann een d’Petitioun ënnerstëtze wëll, da muss ee fir d’éischt op d’Land klicken. Wann alles klappt, misst Dir mat dësem Link awer schonn direkt op der Säit “Luxembourg” ukommen. Duerno musst Dir Aer Donnéeën, dorënner och den “numéro national d’identification” uginn. Datt ass de Matricule vun der Sozialversécherung.

Hei ass de Formular fir ze ënnerschreiwen:

https://ec.europa.eu/citizens-initiative/ECI-2012-000005/public/signup.do

Jidderengem den matmecht, en häerzleche Merci!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

CSV- Europapolitik: den Ausverkaf vum Lëtzebuerger Land! (1)

Bei aller Léift fir déi national Politik sollt een awer och mol an dësem Walkampf net vergiessen  ze liesen, wat déi eenzel Parteien iwwer d’Baussen- an iwwer d’Europapolitik schreiwen.

Bei der CSV liest een – geschéckt verstoppt a formuléiert – virun allem dat hei: Europa soll zu engem Federalstat stinn. Dat ass just de Contraire vun dem wat d’ADR seet. Och d’ADR ass fir déi europäesch Iddi als Friddensprojet an als Wirtschaftsraum – awer si ass dobäi kloer an däitlech géint e Federalstaat a fir en Europa vun de fräien a souveräne Natiounen!

D’CSV proposéiert Schrëtt déi nach méi wäit a Richtung Europäesch Regierung ginn: 

Wir sind dafür, die Befugnisse des EU-Ratspräsidenten und des Kommissionspräsidenten in einer Hand zusammenzuführen.“

Fir d’ADR ass awer kloer, datt déi Europäesch Kommissioun net méi wéi eng Administratioun am Déngscht vun de Memberstaaten ass.

D’CSV wëll Europa weider a Richtung Transferunioun dreiwen:

Die Bekämpfung der Staatsschuldenkrise in einigen Euro-Ländern wird auch weiterhin solidarische Hilfe der besser gestellten Länder und solide Haushaltskonsolidierung der Krisenländer verlangen.“

Fir d’ADR kënnt eng Vergemeinschaftung vun de Scholden, z.B. duerch Eurobonden iwwerhaapt net a Fro. En (temporären) Austrëtt aus der Eurozon fir Länner wéi z.B. Griicheland  muss méiglech sinn. 

D’CSV wëll d’Sozialpolitik europäiséieren. 

Wir wehren uns gegen die von der britischen und anderen Regierungen angestrebte Aushöhlung der EU-Kompetenzen. Eine Rückführung europäischer Kompetenzen in nationalstaatliche Zuständigkeit macht dort Sinn, wo Staaten und Gemeinden die Interessen der Menschen besser gewährleisten können. Übertriebene Privatisierung und überzogene Liberalisierung entsprechen nicht unserer Idee von Europa. Aber Europa braucht auch mehr Kompetenzen, etwa in der Sozialpolitik.“

Wat dat heescht, z.B. fir den Index an de Pensiounssystem kann een hei noliesen. 

http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2013/05/comm-recommandations/index.html

Fir d’ADR ass jiddefalls kloer, datt d’EU-Memberstaaten nees musse méi Kompetenze kréien an dat d’Sozialpolitik muss an nationaler Hand bleiwen. D’ADR vertrëtt awer d’Aféierung vu soziale Mindeststandarden op europäeschem Niveau.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Gréng Glaafwierdegkeet (3): de Rotatiounsprinzip

Bei denen däitsche Gréngen, wéi och bei eisen hei, wor am Ufank vun der Bewegung ëmmer de Rotatiounsprinzip héichgehale ginn. Fir dee basisdemokratesche Prinzip  ze liewen an e Mëssbrauch vun der Muecht ze verhënneren, sollte politesch Mandater an der Haltschent vun der offizieller Mandatsdauer un dee Nächstgewielte weidergi ginn. E Kumul vu Mandater sollt et natierlech och net ginn. 

http://de.wikipedia.org/wiki/Rotationsprinzip

Wat an der Tëschenzäit doraus ginn ass, illustréiert op eng perfekt Manéier den Här François Bausch. An engem  RTL-Interview huet hien seng Vuen erklärt:

http://news.rtl.lu/hannergrond/background/472551.html

Vun der Minutt 21 un beklot sech den Här Bausch iwwer déi grouss Belaaschtung duerch säin Duebelmandat. Den Här Bausch kéint allerdéngs ouni Problem direkt entweder als Deputéierten oder als Schäffen demissionnéieren, genee iwwregens wéi d’Madame Loschetter. Si brauchen dofir keen extra Gesetz.

Déi Erklärung déi den Här Bausch an der Minutt 24 gëtt, firwat hien dat net mecht, iwwerzeegt mech absolut net. De Walsystème, sou wéi en haut opgebaut wär, geng déi Partei benodeelegen, déi elo scho geng soen, dat si dat wéilt maachen géintiwwer denen déi et net génge maachen….an dofir misst e Gesetz gemaach ginn, fir dat och jiddereen sech misst drun halen. Ech ginn zou, ech muss de „Prënz“ vum  Machiavelli nach e puer mol liesen ier ech déi gréng Logik verstinn…

Net oninteressant ass och dëss Analys vun där däischer Ex-Grénger Jutta Dithfurt iwwer den Ennerscheed tëschent dem gréngen Image an der grénger Realitéit. 

  <

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Gi Gemengenaarbechter vu politesche Parteien mëssbraucht?

An denen leschten Deeg si Leit un Memberen vun der ADR rugetrueden fir sech doriwwer ze bekloen, datt – so soe si – Gemengenaarbechter ugestallt gi waeren fir Plakater vu politesche Parteien opzehänken, besonnesch där un de Luuchtepoteauen. 

Déi Aarbechter hätten un d’Häerz geluegt kritt fir „de Bak ze halen“. Déi Stonnen déi si fir verschidde Parteien geschafft hunn, hätten si sech därfen als Iwwerstonnen opschreiwen. Wann dat wouer ass, geng dat heeschen, datt de Steierbezueler an dene Gemengen misst déi politesch Propaganda vu verschiddene Parteien bezuelen.

Déi betraffe Gemengenaarbechter sollen sech ënner Drock gesat fillen, dowéinst wéilte si nët dat hire Numm genannt gëtt. An dësem Zësummenhank ginn ëmmer nees d’Gemeng Déifferdéng an d’Stad Lëtzebuerg ernimmt.

Et wär dach interessant fir Journalisten fir där Saach mol op de Grond ze goen an ze kucken op do eppes drunn ass. Wa jo, wär dat jiddefalls inakzeptabel!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

ADR -Walprogramm: eng kleng Notiz tëschenduerch

Aus verschiddene Grënn verëffentlechen ech nëmmen e klengen Deel vun dene Kommentaren déi mech erreechen. 

Haut huet mech awer e Kommentar erreecht, dee mat Recht d’Fro stellt wou den ADR-Walprogramm bleift? En aneren Här freet no eise Positiounen a verschiddenen ethesche Froen.

De Programm ass fäerdeg a gëtt den 3. Oktober owends publizéiert. En ass am Groussen a Ganzen eng Aktualiséierung vum Programm vun 2009. Perséinlech mengen ech, datt dee Programm eng exzellent a ganz kloer Alternativ zu denen anere Parteien duerstellt – mee ech si jo wierklech „parteiesch“! 

Ech mengen dat déi Leit déi sech kloer Wierder zu ethesche Froen erwaarden net enttäuscht ginn!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Klarmachen zum Kentern: d’Piraten kruute 0,76% an Eisterräich

Well net jiddereen sou e begeeschterten Eisterräich-Fan ass wéi ech (ëmmerhin hunn ech véier Joer an dem wonnerschéine Land gelieft), verfollegt och vläicht net jiddereen déi éisterräichesch Walen mat där selwechter Passioun.

Awer trotzdem: no dene beandrockende 2,2 % an Däitschland, lo 0,76% an Eisterräich: Bravo, Piraten!! Aere Slogan ass vun haut un net méi „Klarmachen zum Aendern“, mee „Klarmachen zum Kentern“.

Wie wëll gesinn, wéi originell déi lëtzebuergesch Pirate wierklech sinn, brauch iwwregens nëmmen d’Spaweckssäiten vun denen däitschen oder vun denen éisterräichesche Piraten ze kucken. Do steet praktesch dee selwechte Programm an do sinn och bal déi selwecht Plakater.

https://www.piratenpartei.at/

http://www.piratenpartei.de/

Jiddefalls kann ee feststellen, datt mir vun dene 9 Parteien hei am Land dräi  Copy/paste-Parteien hunn déi praktesch identesch Programmer wéi hir auslännesch Mammeparteien hunn: d’Piraten, déi Gréng an déi Lénk. Bei der CSV an der LSAP gëtt et och grouss Aehnlechkeeten mat hiren auslännesche Schwësterparteien duerch déi europäesch Parteiezësummeschlëss. D’Kommunisten kommen an de Musée an d’PID an d’Muppets-Show.  Déi Blo si schwéier mat iergendengem ze vergläichen well si kee Programm a kee Profil hunn. Et bleift d’ADR als authentesch, lëtzebuergesch Partei!

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

Dene Gréngen hir „ekologesch Steierreform“ an der Praxis

Déi Greng mat hirer Steierpolitik sinn eng richteg Gefor, net nëmmen fir d’Economie vun eisem Land insgesamt (dozou gëtt et e schonn puer Artikelen op dësem Blog), mee virun allem och fir déi normal Stéit an do besonnesch fir déi sozial Schwaach.

Mat Recht seet d’ADR ëmmer nees datt „déi Greng deier ginn“. An dem grénge Walprogramm gi jo och scho nees eng Rei vu Steiererhéigungen ugekënnegt, zum Beispill bei der Grondsteier. Haut wëlle mir awer déi gréng Steier- an Taxepolitik um Beispill vun den Offallpräiser dokumentéieren.   

Den 1. Februar 2012 goung et an der Chamber ëm e Gesetz iwwer d’Offallpolitik an de Prinzip vum „pollueur-payeur“, ë gréngen Dada. Interessant wor  déi Kontrovers tëschent dene Gréngen an der ADR, woubäi sech lo an der Praxis weist, datt d’ADR  Recht hat.

Den Här Camille Gira (déi Gréng) hat a senger Ried  (vun 1:49 un) d’Press kritiséiert a besonnesch ee bestëmmten tageblatt-Artikel  dee senger Meenung no  „aus de Fanger gesuckelt“ wär well e behaapt huet, datt dat „Neues Gesetz bittet Verbraucher zur Kasse„. Den Här Gira huet dat a senger Ried vehement ofgestridden a souguer eng finanziell Entlaaschtung fir déi privat Stéit an de Raum gestallt. Eng Aehnlechkeet mat der Waasser-Direktiv, déi och schonn fir d’Familljen enorm deier ginn ass, konnt hien net erkennen.

Den Här Gira huet dann awer och (vun 1:52 un), eventuell Präisdeierechten bei den Dréckseemeren relativéiert. A sengem Syndikat geng en Dréckseemer vun 120 l d’Joer 230 Euro d’Joer kaschten an souguer eng Deierecht vun 10% wär jo dann net schlëmm ( dat wären  dann 243 Euro d’Joer).

Ech well hei just drunn erënneren, datt déi Gréng jo och géint den Index sinn, awer gläichzäiteg fir e ganz groussen Deel vun eiser hausgemaachtener Inflatioun d’Verantwortung droen.  A mengen An ass eng Deierecht vun 10% jiddefalls keng Bagatell!

Den Här Gira seet da weider (1:53:15) „Ech verstinn d’Welt geschwë net méi , wa mir iwwer Famiilljen déi aarm dru sinn schwätzen, wa mir näicht aanescht fannen wéi iwwer Waasser an Offall  ze schwätzen“  Abee, Här Gira, Dir wësst dat wahrscheinlech net, mee fir eng Famill déi net vill verdéngt sinn Aer Waasser- an Offallpräisser eng enorm zousätzlech Belaaschtung!   

Richteg zynesch ginn déi Gréng dann e bësschen méi spéit. Si maache richteg de Géck mat denen aarme Leit ( 1:56:40)!  Fir déi Gréng ass et onsozial „wann een engem Haushalt mat engem klenge Revenu eng 240 l Dréckskëscht fir fir en Apel an e Stéck Brout virun d’Dir setzt. Domat encouragéiert den Haushalt ongestroft, wann ech mol sou därf soen, Offall ze produzéieren sou vill e wëllt“.

view video on chd.lu 
 

Den Här Gast Gibéryen (ADR) huet dene Gréngen mat däitleche Wierder geäntwert (vun 2:08 un). Hien huet besonnesch wat déi sozial Froen ugeet, dene Gréngen dën Tëpplechen op den i gesat. 

view video on chd.lu 

 An den Här Gibéryen hat Recht!

E ganz konkret Beispill fir déi gréng Steierpolitik weist elo d’Gemeng Kärjeng. Do sinn déi ex-Schwaarz (also déi Orange déi géint d’Kierch sinn) zësumme mat dene Gréngen um Rudder. Si hunn sech lo op dat neit Gesetz beruff an d’Taxen fir d’Dréckseemeren massiv an d’Luucht gesat.

Hei ass dat aalt Reglement vun der Gemeng Kärjeng:

http://www.kaerjeng.lu/ecologie-et-mobilite/ecologie/dechets

Taxes  

Bascharage, Hautcharage, Linger

 
Ordures (volume poubelle n’est pas considéré)
 
Ménage à une personne/an = 178
Ménage supérieur à une personne/an = 223
Enlèvement objets encombrants (6 x par an) = 39
 
 
Clemency, Fingig
 
Ordures
 
Poubelle 120 litres/an = 190
Poubelle 240 litres/an = 305
Enlèvement objets encombrants (4 x par an) = 30
 

 An hei ass dat neit:

 http://www.kaerjeng.lu/ecologie-et-mobilite/ecologie/Eco_info.pdf?FileID=publications%2feco_info.pdf

Zu Kéinzeg an zu Féngeg kann een d’Präisser a Relatioun mam Volumen direkt vergläichen: 

En Dréckseemer vun 240 l kascht lo amplaatz vun 305 Euro am Joer 792 Euro (+159%).

En Dréckseemer vun 120 l kascht lo amplaatz vun 190 Euro am Joer 396 Euro (+ 108%).

Dat ass déi gréng Sozialpolitik! Wen en Häerz fir déi sozial méi Schwaach huet, soll den 20. Oktober op kee Fall Gréng wielen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Déi Gréng“: 6 Joer bis zu engem klore Jo zu der Videoiwwerwaachung

D’Aktualitéit an dene leschte Wochen  huet – ënner  anerem – doran bestaanen, dat d’Kameraiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg nees verlängert gouf.  

http://news.rtl.lu/news/national/472526.html

Domat hunn ech perséinlech iwwerhaapt kee Problem, ganz am Géigendeel, mee ech erzielen hei déi Geschicht fir ze weisen wéi déi Gréng sech an hirer Rhetorik joerelaang géint d’Kameraiwwerwaachung ausgeschwaat hunn, bis si elo ëmgekippt sinn.

Am Walprogramm vun dësem Joer steet – wann een e richteg liest – e kloren, offizielle Jo zu der Videoiwwerwaachung. Dat ganzt mat engem klenge „Feigenblatt“ wéinst der Konkurrenz vun de Piraten, déi jo bei déi Gréng a bei déi Blo hir Stëmme fänke ginn. 

 „eine Regulierung für die Nutzung von Kamerasystemen und für die Speicherung der dadurch erhaltenen Daten einführen.

Bestehende Überwachungskameras im öffentlichen Raum werden nach regelmäßigen und frei zugänglichen Evaluierungen auf das notwendige Minimum reduziert und flächendeckende Überwachungskamerasysteme grundsätzlich abgeschafft.;“

Sou wäit ass et vläicht och komm, well déi Gréng nach am Joer 2012 eng opgefouert haten wou eng Gewalttat an engem Zuch gefilmt gouf an doduerch d’Täter konnten iwwerféiert a veruerteelt ginn.

http://www.greng.lu/actualites/zugattacke-zum-verh%C3%A4ltnis-zwischen-fahndungserfolg-und-schutz-der-privatsph%C3%A4re

Ech erënneren mech nach gutt dodrun, wëll ech an der Chamberkommissioun als eenzegen de Parquet an d’Police kloer an hirer Démarche ënnerstëtzt hat. Fir déi kritesch Haltung vun dene Gréngen gouf et  bei eiser Populatioun och sou gutt wéi kee Versteesdemech. Déi riiseg Majoritéit huet sech iwwer d’Kameraiwwerwaachung an den Zich gefreet an d’Veruerteelung vun denen Kriminelle begréisst.  Déi Gréng stoungen op där falscher Säit. Déi Argumentatioun mat der Privatsphär vun denen Onbedeelegten wor mat den Hoer erbäigezunn. 

 Nach ee Joer virdrunn, am Joer 2011, huet den Här François Bausch eis nach erklärt, firwat datt déi Gréng  sou skeptesch géintiwwer der Kameraiwwerwaachung sinn:  

 

An am Joer 2007 wor dat Ganzt nach „Big Brother“, wéinstens fir déi „Jonk Gréng“.

http://www.greng.lu/actualites/video-%C3%BCberwachung

Lo, no 6 Joer, sinn déi Gréng an der Realitéit ukomm, vläicht och wëll si jo wëlle „méi Verantwortung“ droen, dat heescht endlech an eng Regierung kommen. Da mussen och mol e puer vun denen ale Fundi-Thesen  dru gleewen. D’Piraten wäerten sech freeën! 

http://piratepartei.lu/?p=3759

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Reliounsunterrecht: oppene Bréif un d’CSV

Mat der frëndlecher Erlaabnis vum Auteur publizéieren ech hei en oppene Bréif un d’CSV zum Thema Reliounsunterrecht a Profil vun der CSV.

„LETTRE OUVERTE AU PARTI CHRETIEN-SOCIAL

C’est avec consternation que nous prenons acte de la décision furtive du CSV de supprimer le choix, au secondaire, entre l’instruction religieuse et morale d’une part et la formation morale et sociale d’autre part. Tout aussi  choquant aura été le style autocratique, la façon dirigiste par laquelle le parti a bouleversé la conception qui a toujours été la sienne !

Dans le contexte des relations entre l’Etat et les cultes, force est en effet de constater que le débat semble confisqué d’emblée! Force est de noter aussi que les documents pertinents en la matière, dont l’argumentation de François Biltgen, ont été étouffés, à savoir que deux approches distinctes permettent d’accéder à la question de l’Homme : ses Droits codifiés (1789, 1948…) ou/et la tradition judéo-chrétienne qui  permet une réflexion critique – sans prosélytisme- à partir des textes sacrés.

 Dans un pays, où l’État a en charge, de manière exclusive, l’éducation et la formation des jeunes, où l’alternative d’un enseignement libre (confessionnel) n’existe guère, comme c’est le cas dans la France laïque, ne faut-il pas tout mettre en œuvre pour qu’un choix authentique soit maintenu ? Ce choix existe, sous diverses variantes, dans presque tous les pays européens.

 Sans évoquer ici le licenciement potentiel des enseignants concernés, il y a lieu de constater que la majorité des jeunes  fréquente le cours d’instruction religieuse et morale. Seule une laïcité bien comprise – qui se passe de toute polémique gratuite et sectaire – garantira la liberté pour chacun de faire ce choix en fonction de sa conscience et de ses convictions. 

En instruction religieuse et morale, l’enseignant(e) aide les élèves à appréhender la Bible, la foi chrétienne et ses symboles, etc. de l’intérieur, de manière empathique et compréhensive. Cette démarche n’est ni le catéchisme d’autrefois, ni une éducation à une vie pieuse. C’est une manière spécifique de parler de la transcendance, et des engagements sociaux, des attitudes face à la vie etc. qui en découlent. Il faut que les élèves qui le souhaitent puissent apprendre à connaître ou à consolider une matière qui leur permettra d’entrer en dialogue avec d’autres croyants ou non-croyants.

La neutralité tant vantée (désormais aussi par votre parti) pour la formation morale et sociale n’est-elle pas tout bonnement une chimère voire une utopie qui arrange désormais la classe politique luxembourgeoise? L’objectivité parfaite n’existe pas plus dans un cours que dans l’autre !

A défaut d’un enseignement aux valeurs différencié – soucieux de garantir l’esprit de tolérance – ne risquons-nous pas l’écueil le plus terrible qui soit : l’idéologie ! Ne pensons qu’à la théorie très controversée du gender, pourtant érigée en dogme étatique.    

Comment comprendre pareille volubilité politique qui, une fois de plus,  pratique la méthode du fait  accompli  au détriment de tant de citoyens, sans rechercher le dialogue franc et loyal  avec les personnes concernées … 

…  si ce n’est pour des raisons opportunistes de stratégie électorale et post-électorale qui, elle, ne manque pas de transparence!

Qu’est devenu le CSV?  Son relief, sa plus-value, bref, son Profil est définitivement usé, s’il ne l’était pas déjà avec le volte-face tout aussi spectaculaire en matière de libéralisation de l’avortement il y a un an.

Famille André Grosbusch-Durczewska

Famille Jean-Claude Grosbusch-Ghiglione     et de nombreuses autres familles que nous connaissons“

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Juncker, huelt den „C“ raus aus der „C“SV!

No dem Dir och nach de Reliounsunterrecht sacrifiéiert hutt, lo mol am Secondaire geschwënn dann och am Primaire, gëtt et näicht méi wat den „C“ bei der CSV nach justifiéiert.

Am Jeudi steet Dir hätt gesot „il ne faut pas confondre le C de chrétien-social avec le C de l’Eglise catholique“. Mee op Christus wäert Dir den „C“ vu  „chrëschtlech“ jo awer sëcher nach wëllen zréck féieren?

An huelt egal wéi eng vun denen groussen „C“-Richtungen, déi kathoulesch, déi orthodox, déi anglikanesch an och souguer déi protestantesch, keng gëtt Iech eng Lizenz fir dat wat Dir seit Joer an Dag maacht.

Aer Bilanz ass:

– Dir hutt d’Euthanasie zougelooss

– Dir hutt d’Ofdreiwung liberaliséiert

– Dir wëllt d’Homo-„Bestietnis“ aféieren

– Dir schaaft de Reliounsunterrecht of.

Déi italiensch „Democrazia cristiana“ huet sech opgeléist an déi belsch Chrëschtdemokraten hunn den C aus hirem Numm rausgeholl an nënnen sech well Humanisten. Wär dat net och den éierleche Wee fir d’CSV? An der Europäescher Vollékspartei (EVP) am  Europaparlament ass d’CSV souwisou déi Partei déi am wäitste lénks steet – do wou scho vill sozialdemokratesch a sozialistesch Parteie sinn.

Firwat ännert d’CSV net endlech och hire Numm a seet wat si wierklech ass?

Am „Wort“ vun haut seet d’Madame Marie-Josée Frank,  déi lescht Katholikin an der CSV-Fraktioun (vu 26!!) – sech „enttäuscht“ an „empört“. D’Madame Frank wor déi lescht Vertriederin vun enger chrëschtlecher CSV. Mat hir ass den C aus där Partei fort gaangen.

Wat bleift ass: „SV“ – Sabbelveräin.

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare