Conseil des femmes: „evidence-based“ Geldverschwendung

De CNFL huet eng – vu Steiersuen bezuelten Invitatioun – fir eng Konferenz an där – vu Steiergelder ënnerstëtzter BGL-BNP Paribas – iwwer „evidence-based Medizin“ déi zu „Gender-Medizin“ soll féieren verschéckt. Dofir en häerzleche Merci vun der Poubelle a menger Mailbox.

Mee ier ech déi CNFL-Byten op hiren digital leschte Wee schécken,  hei nach e puer Auszich a Kommentaren:

An den Universitäten entwickelte sich aus Frauengesundheit und der später dazu gekommenen Männergesundheit Gender Medizin, die als Aufgabe sieht evidence-based medizinische Angebote in Prävention, Diagnose, Therapie und Rehabilitation zu entwickeln und in der Folge in die Lehre zu integrieren.

Forderungen: Frauengesundheit und Gender Medizin: Wer profitiert davon?

Frauen UND Männer:

Durch speziell für Frauen und Männer evidence-based angepasste Angebote in Prävention, Diagnose, Therapie und Rehabilitation. Bei den ersten Themen, wie Herz und Medikamenten haben Frauen profitiert, bei Osteoporose eindeutig Männer!  Gender Medizin ist der erste Schritt in Richtung personalisierter Medizin, was wohl alle PatientInnen anstreben.“

Do schléit mäi konservativt Häerz de Kopplabunz! Wann ech Dokter wär, geng ech jo prompt behaapten, dat all anstännege Mediziner Symptomer sicht a seng medizinesch Literatur kennt – d’1 x 1 vun dene Leit a Wäiss zënter dat et de Beruff gëtt! Nä, haut gëtt aus Selbstverständlechkeeten eppes Ideologesches gebastelt, dat dann och prompt zu politeschen Zwecker benotzt gëtt! Dat muss een sech mol op der Zong zergoe loossen: „Gender-Medizin ist der erste Schritt in Richtung personalisierter Medizin“! Wat hunn d’Dokteren dann iwwer d’Joerdausenden soss probéiert ze maachen??

http://www.ebm-netzwerk.de/was-ist-ebm/grundbegriffe/definitionen

A wéi ëmmer ginn hei nees Termen verwiesselt: Gender ass net „Fraen a Männer“ mee d’Iddi vun engem sozial konstruéierten an auswiesselbarem Geschlecht. An dem Sënn ass déi do Invitatioun net mol konform zu dem wat se behaapt ze sinn. Wou bleift d’Gesondheet vun den Trans-Inter-Bi-Queer-Wees net-Béides-Alles-Mol dat eent mol dat aanert-Sexuellen?

A wou bleiwen déi Fäll vun dene Leit déi d’Gendertheorien an den Doud gedriwwen hunn, wéi den onvergiessene Fall vun de Bridder Bruce a Brian Reimer?

An da kommen och nach zwee Ministeren! D’Ministeren fir Chancegläichheet/Mëttelstand a fir Gesondheet hunn den Dag offensichtlech keng Zäit fir sech ëm déi wichteg Dossieren ze këmmeren, si maache léiwer „Gender-Medizin“. 

Jidddefalls ass meng Positioun däitlech déi hei: mir brauche keng Steiererhéigungen mee just nëmme gesonde Mënscheverstand fir eise Budget an d’Rei ze kréien! 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bravo, Här Colonel Hoffmann! Bravo, Här Generaldirekter Reuland!

An dem Bommeleeërprozess, bei dem d’Lëscht vun den Absurditéiten all Dag méi laang gëtt, freeën ech mech, datt verschidden Offizéier mat Courage hir Eier an Integritéit verdeedegen.

D’Press – a besonnesch RTL – ass jo an dem Prozess alles aanecht wéi neutral oder objektiv  – mee dat wonnert hei am Land jo kee méi. Wen Arméi- oder Gendarmerieoffizéier ass oder war, ass jo hautzudaags schonn e potentielle Kriminellen. Abee, dat ass net sou!      

Et ass „dégoûtant“ am „ignoble“wéi an dem Prozess probéiert gëtt d’Offizéier ze denigréieren an eise ganze Staat schlecht ze maachen.

D’Theorie vum Stay behind? Parfaitement ridicule! (cf. e puer Artikelen op dësem Blog) 

Den „Drock“ op d’Enquêteuren??? „Entrave à la justice“?? Hei wësse verschidde Leit net méi, wat op dëser Welt ën „Drock“ oder eng „entrave à la justice“ ass! Dat „entrave-Gesetz“ ass en iwwerdriwwent a rechtsstaatlech irresponsabelt Gesetz vun engem Här Procureur général erfonnt an duerch d’Instanze gepäitscht. Wat sinn ech frou, dat ech dat Gesetz net gestëmmt hunn! Ech sinn dofir, datt dat Gesetz dem franséichen Text ugepasst gëtt.

Dat ee Minister oder en Offizéier freet, wéini eng Enquête ofgeschloss ass, ass a mengen An souwuel normal wéi legitim. Dat hätt ech och gemaach. Wat awer net normal ass, ass dat zwee Polizeioffizéier géint d’Beamterecht vun hire Fonctiounen entbonne ginn. Och dat hunn ech alles op dësem Blog scho beschriwwen.

Ech wënschen dem Här Colonel Hoffmann jiddefalls bonne chance!

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/09/24/5fac6387dc5b6a97650e0e0b62d0c319.pdf&chrome=true

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Generalvikar, gitt dach waakrech!

De Moien hunn ech geduecht net gutt ze héieren: den Här Generalvikar Gillen wees anscheinend net wéi d’CSV fonctionnéiert! Emmerhin déi Partei, déi seng Zeitung zu 95% fëllt, de Recht sinn d’Doudesannoncen.

http://news.rtl.lu/themen/wahlen/471651.html

Ma, dann elaabt mir fir Iech, Här Generalvikar, dat ze erklären:  d’CSV brauch Aer Zeitung an Aer Stëmmen. Méi net. Mat Aerem Glaawen huet si ABSOLUTT NAICHT méi um Hutt. 

Den Här Juncker schwätzt heiansdo nach – wann de Kader sech dofir prêtéiert – vu Waerter a vun der kathoulescher Sozialléier. E gewësse sozialen Engagement huet hien och nach, bei de Waerter wär ech awer scho bedeitend méi viirsiichteg. Do leeft menger Meenung no just nach den Europäesche-Federalismus-Programm, den Gender-Mainstreaming an den „Ech si Premier“-Reflex.

De Reliounsunterrecht verschwënnt selbstverständlech och an der Primärschoul. Dat ass awer eréicht fir déi nächste Kéier. D’CSV mecht dat Schrëtt fir Schrëtt. 2013 de Secondaire, a 5 Joer de Primaire.

Beim Walrecht fir Auslänner huet si et genee sou gemaach: fir t’éicht d’Gemengewalen, dono konnten Auslänner och Buergermeeschter a Schäffe ginn, an lo geet et Schrëtt fir Schrëtt un d’Nationalwalen.

Här Generalvikar, gitt dach endlech waakrech!

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E Buch vum Här Abbé Jean Ehret

Vill Leit menge jo, mir hätten hei zu Lëtzebuerg keng gutt Leit. Den Androck ass definitiv falsch. Et wor fir mech e Cadeau an denen leschte Joeren e puer wonnerbar lëtzebuergesch Intellektueller därfe kennen ze léieren, dorënner een aussergewéinleche Magistrat, e puer Dokteren a Professeren an ee ganz spannenden Spezialist an der klassescher Philologie. 

Den Intellektuellen iwwer den ech haut schwätzen, kennen ech net perséinlech, mee ech hunn en awer als e ganz gudde Paschtouer an der tridentinescher Mass därfen erliewen – den Här Abbé Jean Ehret.  Hien ernimmen ech hei well ech säi Buch „De Glaawen an d’Gespréich bréngen – Aktualitéit an Traditioun“ wëll recommandéieren.  

En theologescht Buch op lëtzebuergesch ass schonn net alldeeglech – eent wat sech och nach ganz gutt liest ass nach méi remarquabel. Dacks op Basis vu senge Priedegten huet  den Hàr Abbé Ehret et färdeg bruecht theologesch Reflexiounen an einfacher an agreabler Form ze beschreiwen. Hien schreift wéi mir denken a schwätzen a féiert eis gläichzäiteg ëmmer nees bei wichteg Glaawensfroen. Hien erklärt mat Liichtegkeet an op eng plausibel Manéier  villes wou aner Theologen wahrscheinlech géngen hänkebleiwen, z.B. d’Biller aus der Apokalyps.  Den Abbé Ehret ass en oppene Geescht – säi Kolleeg mat dem hien vill iwwer Sënnfroen diskutéiert ass en Atheist. An et ass un dem séngem radikale Standpunkt wou hien seng eegen Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen dacks préift a miesst.          

An enger Zäit wou iwwer de Glaawen dacks nëmmen pauschal an erofwierdegend geuerteelt gëtt – meeschtens ouni iergend eppes dovun ze wëssen – ass dat Buch eng richteg Beräicherung fir jiddereen den wëll wéinstens mol denken ier en uerteelt – haut ass dat schonn eng ganz rar Démarche! 

Dat Buch ass 2011 bei Books on demand GmbH, Norderstedt erauskomm, ISBN 978 38 42 379 107. Et huet 195 flott Säiten.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Däitsch Walen: vill Positives!

Sielen hunn ech mech iwwer eng Wal an Däitschland sou gefreet wéi gëschter. Sëcher, Däitschland a Lëtzebuerg sinn zwou verschidde Welten, an awer bleiwen déi Entwécklungen bei eisem gréisste Noper net ouni Konsequenzen op onst Land.

D’Madame Merkel ass ouni Skandal an ouni Schwächt an d’Wale gaangen. D’Lag vun der CDU ass dowéinst och net mat der Situatioun vun der CSV vergläichbar. A wat d’SPD ugeet: iwwer den Här Steinbrück gëtt et zu Lëtzebuerg wahrscheinlech e breede Konsensus. Hoffentlech gëtt deen Här net Minister an enger däitscher Regierung! 

Awer lo déi gutt Neiegkeeten: d’AfD kruut bal 5% an dat nëmmen e puer Méint no der Parteigrënnung. Ech hoffe perséinlech, datt d’AfD denen europäesche Konservative bäitrëtt an domat  eng Partnerpartei vun der ADR gëtt. Si hunn intelligent Leit, maachen éierlech Analysen iwwer den Zoustand vun Europa an hu Courage. Bravo, AfD!

Déi däitsch Liberal si wéi déi lëtzebuergesch DP: ouni Profil. D’DP huet zu Lëtzebuerg zwar nach Strukturen, Memberen an och politesch formuléiert Ziler, mee bannendrann ass déi Partei net méi richteg stabil.  Ech denken, datt d’DP mëttelfristeg Problemer kritt, wëll dem Här Bettel seng Popularitéit ka keen Ersatz fir Politik sinn. Et ass wierklech net normal, datt Blo a Gréng sech hei am Land kaum méi ënnerscheeden, an datt déi „Griberal“ ouni Problem kéinte fusionnéieren.

D’Piraten si praktesch dout. Mat 6 – 8 % hunn se gerechent, lo ass d’Partei amgaang sech opzeléisen. Domat ass och déi lëtzebuergesch Piratepartei, déi u sech nëmmen eng Filial vun där däitscher ass, schwéier getraff ginn. Menger Meenung no ass déi Wal vum Oktober 2013 déi éicht an déi lescht Wal mat lëtzebuerger Piraten.  Do ass dann awer och wierklech näicht verluer!

Wonnerbar ass datt déi Lénk op 8,6% an déi Gréng Partei op 8,4% gefall sinn. Dat ass e Cadeau fir Däitschland a fir eis gläich mat. Do geet alles schéi geschichtlech säi Wee: déi Lénk réckele kalennerméisseg ëmmer méi wäit vun der DDR wech, genee sou wéi déi Gréng vun 1968. E gudden Deel vun hire Kaderen gin einfach al a verbraucht  an hir Ideologien gi vu ville Leit net méi gedroen.

Déi Gréng sinn enk mat pädophilen Tendenzen verstréckt an hire militante Feminismus stéiert un éichter Plaz ëmmer méi Fraen déi es genuch hunn mat enger Ideologie déi virun allem d’Frae selwer wëll emërzéien. Dat gëschter wor keng konjunkturell Schwächt vu Gréng a Lénk , mee den Ufank vun enger definitiver Tendenz no ënnen. Déi zwou Parteien sinn historesch iwwerlieft.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

CSV – Walprogramm: eng Partei ass op de schwaarzen Hond komm

En éichte Bléck op den CSV Walprogramm weist schonn zu wat datt dëss Partei ginn ass: zu enger Muechtgestiounspartei ouni Profil – a virun allem ouni chrëschtleche Profil. Op ville Plazen ass d’Partei an hirem Programm vague bliwwen oder seet iwwerhaapt kee Piipcheswuert zu wichtegen Themata. Konkret Aussoen kéinte nämlech Koalitionsverhandlungen méi schwéier maachen. An dat eenzegt Zil vun der CSV ass et un der Muecht ze bleiwen. 

Also brauch si e gréng-rout-gepëpëllte Programm. Dat den eng Verleegnung vum „C“ ass, stéiert si iwwerhaapt net. 

D’CSV seet kee Wuert zum Thema Ofdreiwung, keent zum Thema Schutz vum Liewen. Och keent zum Thema Euthanasie. Awer wéinstens mol dat d’Palliativ-Medizin soll ausgebaut ginn. Op dem Punkt si mer d’accord.

A wat seet eis soi-disant chrëschtlech Partei soss nach? 

 „Wir haben in den vergangenen Jahren wichtige Reformvorhaben ausgearbeitet, die auf dem Instanzenweg sind. (…)  Oder die Reform des Ehegesetzes, inklusive Homoehe und der Adoption im Lichte internationaler Rechtsprechung.“

Eng schwéier Verletzung vun de Kannerrechter a vum Chrëschtentum souwisou. Wéi gutt, datt den Aerzbistum fest an d’CSV-Hand ass!

In der Sekundarschule wird der Werte- und Religionsunterricht in Zusammenarbeit, im Dialog und nach Verhandlungen mit den zuständigen Anbietern in einem gemeinsamen Werte- und Zivilisationsunterricht zusammengeführt.“

Ech proposéieren, datt sech d’CSV kollektiv an den Unterrecht aschreift. Well vu Wäerter an Zivilisatioun hu si keng Aanung méi.  

Wir werden den Zugang von Frauen zu Leitungspositionen in Politik, Wirtschaft, Finanzwelt, Industrie sowie im Bereich Technologie, Medien, Kultur und Gesellschaft durch ein ausgeglichenes Geschlechterverhältnis auf allen Ebenen anstreben und fördern.“

Haaptsaach Fra, Kompetenz onnéideg. Quotelogik eben!

 „Wir werden die Lohnunterschiede zwischen Mann und Frau einebnen.“

Wéi, dat gëtt hei net gesot. Dat Wuert „einebnen“ léisst jiddefalls op drakonesch Moosnamen schléissen. Ech huelen un, datt d’CSV wees, dat a ville Beruffer déi jonk Fraen well méi verdengen wéi d’Männer…   

 „Familienpolitik ist mehr als Politik für die klassische Kernfamilie.“

Ma jo, wen d’Homo-Bestietnis, Gender-Mainstreaming, Gläichmaacherei a staatlech Amëschung an alles wëll, dem ass déi klassesch Famill natierlech en Där am A.

An déi klassesch Famill soll och dowéinst net speziell ënnerstëtzt ginn, a scho guer net d’Mammen doheem! Dat Wuert „Mammerent“ kënnt am CSV Programm iwwregens och net vir.

Wir werden die Familienleistungen detailliert analysieren. Notwendige Anpassungen werden wir vorschlagen. Wir werden auf Basis dieser Bestandsaufnahme und nach Beratung mit den Sozialpartnern das System der Familienleistungen neu gestalten. Dabei werden wir eine größere soziale Selektivität, die Individualisierung der Rechte des Kindes sowie sämtlicheFamilienmodelle berücksichtigen.“

Beim Walrecht fir Auslänner litt d’CSV virun… si huet ebe wéinst der ADR kal Féiss kritt. Lo schwätzt si vun enger europäescher Léisung, wat awer bal genee dat nämlecht ass. Am Prinzip wëll d’CSV dat d’Auslänner hei am Land därfe mat wiele goen – wéinstens d’EU-Auslänner, also déi riiseg Majoritéit vun hinnen.

Wir werden das Wahlrecht auf nationaler Ebene den Luxemburgern vorbehalten. Wir werden indes im Rahmen der Verfassungsreform den Zugang von Nicht-Luxemburgern zu verschiedenen Referenden ermöglichen.

 Wir werden innerhalb der EU aktiv für eine einheitliche Lösung werben, die allen EU-Bürgern die gleichen politischen Rechte in Europa einräumt.“

Virun Absuditéiten gëtt et keen Halt. Lo ginn „gefillten“ Diskriminéierungen bekämpft. Wéi wonnerbar! En totalitäre Staat mat enger subjektiv-emotionaler Beweisféierung! Ech fille mech lo schonn diskriminéiert.  

Wir werden echte Diskriminierung und gefühlte Diskriminierung bekämpfen. Wir werden die Antidiskriminierungs-Gesetzgebung effizienter gestalten. Im Rahmen der Ausbildung der Staats- und Gemeindebediensteten werden wir verstärkt praktische Kurse zur Bekämpfung von Diskriminierungen im Alltag anbieten. Strafrechtliche Bestimmungen zum „harcèlement sexuel“ werden ausgearbeitet. Die arbeitsrechtlichen Bestimmungen werden verstärkt.“

Wann ech Mediziner wär geng ech der CSV eng Oppositiounskur verschreiwen. A virun allem eng Ent-Junckeriséierung. Soss gesinn ech keng Hoffnung méi…

D’CSV ass amgaang de Stadium vum  Gehierdout ze erreechen. Hier Séil huet si scho virdru verluer.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi Jonk Gréng an déi Lénksextrem

Fir Leit déi eventuell nach ën Ennerscheed tëschent Knallrout a Gréng maachen, ass  hei eng interessant Internetsäit: déi däitsch Jonk Gréng maachen bei enger „Outing“-Aktioun fir Lénksextremer mat a sinn zu dem Zweck vernetzt mat der „Linksjugend“.

 http://www.gruene-jugend.de/node/17335

Do heescht et: „ Bis zur Veröffentlichung des diesjährigen Verfassungschutzberichts rufen die Initiator_innen dazu auf, sich im Internet als linksextrem zu outen. Gestartet wurde die Aktion von der Linksjugend [’solid] und der Grünen Jugend.“

An dem Artikel ginn si och ënner anerem zou, datt verschidden vun hire Memberen vum Verfassungschutz observéiert goufen:

In Niedersachsen wurden einzelne Mitglieder der Grünen Jugend vom Verfassungsschutz beobachtet, wie letztes Jahr herauskam.“

Lo ass Lénksextremismus jo näicht harmloses. Wikipedia zitéiert eng Definitioun vum Verfassungsschutz:

„Unter dem Begriff Linksextremismus erfassen die Behörden deutschsprachiger Länder und Staaten Gegner grundlegender Verfassungsprinzipien aus dem Lager der politischen Linken. Gemäß dem Bundesamt für Verfassungsschutz richten Linksextremisten:

„… ihr politisches Handeln an revolutionär-marxistischen oder anarchistischen Vorstellungen aus und streben anstelle der bestehenden Staats- und Gesellschaftsordnung ein sozialistisches bzw. kommunistisches System oder eine „herrschaftsfreie“ anarchistische Gesellschaft an. Hierzu bringen sie sich in gesellschaftliche Proteste ein und versuchen, diese in ihrem Sinne zu instrumentalisieren. Die Aktionsformen reichen von offener Agitation bis hin zu verdeckt begangenen, teilweise auch schweren Gewalttaten, wobei einzelne autonome Zusammenhänge auch die Verletzung von Personen in Kauf nehmen.[19]

Hei geet et also ëm „teilweise schwere Gewalttaten“, a „Verletzung vu Personen“.  An ech soe fir méi Klorheet  dobäi: et gëtt och Mord aus politechen, lénksextreme Grënn an och lénksextremen Terrorismus.  

Och déi lëtzebuergesch Jonk Gréng stellen sech op dem Site vun denen däitsche Jonke Grénge vir – hei ass een eben ënner gläichgesënnte Kumpanen:

http://www.gruene-jugend.de/node/13246

Wat stéiert  mech dorunn?  Ma dat déi Jonk Gréng hei mat enger Organisatioun sympathiséieren, déi op hirem Site oppe Reklamm fir eng potentiell gewalttäteg Ideologie maachen .

Ech froe mech, wéi si génge reagéieren, wann d’Jugendorganisatioun vun der ADR, d’ADRenalin, sech géng op sou Saachen aloossen… da géngen si (mat Recht) jäizen, blären a brëllen. D’ADRenalin hällt sech awer vun sou Organisatioune wech. Si sinn an den „European Young Conservatives“ a sympathiséieren net mat iergendwelleche mëllen Extremisten wéi déi Gréng dat maachen. Fir mech wären déi Jonk Gréng jiddefalls gutt beroden fir hir Distanz zu denen däitsche Jonke Gréngen ze huelen.

Mee déi Gréng hu ganz allgemeng eng Partie vun Distanzproblemer: nët nëmmen zu den Lénksextremisten, mee och zu de Pädophilen. Si sinn eben e sympathesche a vertrauenswürdege Veräin!

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

An enger Mass gëtt net geklappt!

Well ech jo als Konservative vu vir-virgëschter sinn (an dat mat ganzem Häerz a voller Freed!!) reegt et mech schrecklech op, wa souguer eise Klerus déi helleg Mass mat engem Theater verwiesselt.

Aanecht wéi déi Hären Paschtéier hunn ech eng ganz decidéiert Meenung: an enger Mass gëtt net geklappt!  Och net fir engem Orchester oder engem Museker Merci ze soen – egal wéi gutt e gespillt oder gesongen huet. Well d’Musek an der Mass déngt der Liturgie an huet zum Zweck fir zur Verherrlechung vu Gott bäizedroen a si ass kee Concert fir d’Ennerhalung vun dë Mënschen. Idealerweis ass déi liturgesch Musek selwer e Gebiet oder si invitéiert zum Bieden. Musek déi an den Theater oder op eng Opernbühn gehéiert, huet an enger Kierch – am Kader vun enger Mass – absolut näicht verluer. Dofir awer z.B. de gregorianesche Gesang!

Wat während Joerhonnerten selbstverständlech wor ass haut scho bal e revolutionäre Gedanken: déi helleg Mass eecht huelen, si net trivialiséieren a net banaliséieren. Net de Mënsch steet am Mëttelpunkt vun der Mass, mee den Härgott, net de Paschtouer oder d’Gemeinschaft vun de Gleewegen, mee d’Affer vu Jesus Christus.

Vill Memberen vun eisem Klerus huelen et mat der Liturgie souwisou net sou genee – sie bieden beim Affergebiet nach ëmmer déi falsch „fir all“- Form amplaatz déi richteg „fir déi vill“ – Form. Dat ass natierlech eppes fir Leit déi sech fir d’Saach interesséieren, mee wichteg ass et festzehalen, datt déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch sech och an dem do Punkt net ëm d’Meenung vum Poopst këmmert. Fir kathoulesch Geeschtlecher en Aarmutt!  

Verschidde Geeschtlech verstinn anscheinend net, datt si déi ganz Kierch a sech selwer mat a Fro stellen, wann si d’Mass net eecht huelen a si permanent entweien.   Mir perséinlech deet et leed, datt d’Péitrus-an d’Piusbrudderschaften net hei am Land vertruede sinn, fir datt ee mol nees kënnt an eng richteg Mass goen. 

E schlecht Gewëssen schéngen eenzel Geeschtlecher awer nach heiansdo ze hunn, z.B. wann si erklären e „Nessun dorma“ gär an enger Mass ze héieren well jo dën „All’Alba vincero!“ e Message vum Glaawe wär, d’Sonn kënnt a verdreift d’Nuecht, een Zeechnis vun der Operstéiung …

Dat ass jo schéin a gutt, mee sou Analogien fënnt een uerchter d’ganz Welt, bekannt zum Beispill och aus dem neiséilänneschen Maori Hakaen. 

Et ass secher nëmme nach eng Fro vun der Zäit bis dann och sou Dänz an eise Kierchen opgeféiert ginn, d’Paschtéier klappen a mengen si hätten domat e Stéck Toleranz a Weltoppenheet demonstréiert. A Wierklechkeet froen d’Leit sech awer just, ob se net besser hätten fir gläich an den Theater ze goen.  

Eng kathoulesch Kierch déi dem Zäitgeescht noleeft ass net ze retten. Si huet sech selwer opginn.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

SREL: Erklärung an eegener Saach

Den Internet huet dee Viirdeel, datt een do och déi Saache ka liesen, déi aus parteipolitesche Grënn hire Wee net an d’Press fannen oder do verfälscht presentéiert ginn.

Dofir ginn ech dëss Erklärung of, och fir de Fall wou mir eppes geng geschéien.

D’Lëtzebuerger Land hat virun en puer Méint eng Indiskretioun aus dem SREL publizéiert an domat an d’Effentlechkeet gedroen,  datt ech am Kale Krich Duebelagent war. Déi Publicatioun wor onverantwortlech, mee ech huele mol un, datt d’Lëtzebuerger Land, op der Sich no ëmmer neie Revelatiounen iwwer de SREL, sech de Konsequenzen fir mech net bewosst war.  

Doropshin huet den Här Direkter vum SREL mech informéiert, datt dëss Publikatioun eventuell eecht Konsequenzen kéint fir mech hunn. A sou Fäll  hëllt dee leséierte Geheimdéngscht – an dësem Fall de GRU –  fir gewéinlech seng Revanche géintiwwer dem Agent, dee géint hien  geschafft huet. Dat kann vu nach relativ harmlosen Aktiounen bis hin zu Kierperverletzung oder Mord goen.  

Och um beruffleche Plang huet dat fir mech Konsequenzen. Ech kann z.B. net méi op dee russeschen Territoire goen well ech geng mat grousser Sëcherheet als Spioun verhaft ginn an op d’mannst eng Prisongsstroof riskéieren.

Well ech jo net wees wéi d’Walen den 20. Oktober ausginn, hunn ech als Beamten vum Bausseministère e Bréif un den aktuelle Minister geschriwwen, fir hien ze informéieren, dat ech am Fall wou ech net géng zréck gewielt ginn, meng Reintegratioun froen. Dat ass am Gesetz sou virgesinn. Ech hunn am Ministère Recht op eng „äquivalent Funktioun“ zu där déi ech hat, dat heescht Ambassadeur.  An dem Bréif hunn ech den aktuelle Minister also och doriwwer informéiert, datt ech aus Sëcherheetsgrënn net méi kann a Russland goen, mee dat mäin Asaz fir mäi Land als Agent net därf als beruffleche Nodeel fir mech gesi ginn. 

Den Här Direkter vum SREL hat mir gesot, datt de Staatsministère mir géng e Bréif zu dem Thema schécken. Sou eng Note hunn ech dann och a mengem Bréif un d’Affaires étrangères ugekënnegt.

Haut huet den Här Direkter vum SREL mech informéiert, datt säi Ministère de tutelle, also de Staatsministère,  refuséiert fir mir sou e Bréif auszestellen.

Ech wees natierlech net, wen an dem Ministère déi Decisioun geholl huet an och net firwat, mee wen d’Verantwortung dréit, dat wees ech.

Falls ech Recht hunn,  fannen ech et jiddefalls lamentabel, datt parteipolitesch Consideratiounen souguer verhënneren datt déi elementarst Interessen vun engem Beamten, dee fréier als Geheimagent geschafft huet, vun der autorité de tutelle vum Geheimdéngscht net sou wouer geholl ginn wéi et normal wär – bal an all Land vun der Welt. Hei gëtt mol net méi den elementarsten Anstand gewahrt.

Dem Här Direkter vum SREL soen ech merci fir seng Eierlechkeet a seng Solidaritéit mat engem fréieren Agent vum SREL.

Ech hu keng Aanung, wat lo am Staatsministère erzielt an intriguéiert gëtt, mee ech hu mäint gesot.

Lëtzebuerg, den 19. September 2013

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

LSAP: Schluss mat der Diskriminéierung vun der Kazemusek!

Dëser Deg huet d’LSAP och hire Kulturprogramm fir d’Wale presentéiert. Et ass en authenteschen Effort, ganz an der sozialistescher Traditioun, fir och déi Musekrichtungen déi bis lo zu Onrecht vum patriarchaleschen Establishment diskriminéiert goufen, ze rehabilitéieren an opzewäerten.  

Déi Kéier soll och endlech d’Kazemusek op ee Niveau mat Barock, Klassik, Oper an Operett gehuewe ginn. Quoten sollen deser wärtvoller an nëmmen aus Klassenarroganz raus benodelegter Musekrichtung lo hëllefen fir méi bekannt ze ginn. Si muss raus aus denen däischter beliichte Kelleren a rof vun denen ongehëtzte Späicheren!

  

 

Fir ze weisen, wéi och dëss Stilrichtung kann opliewen, hu sozialistesch Fraen a Männer, Jonker an Aler mat Häerzblutt an Asaz hirt Bescht ginn.

„Déi konservativ Säit“ seet hinnen am Numm vun alle Melomanen häerzlech Merci!     

 Als Beispill fir de wäertvoll Texter déi et och am Beräich vun der Kazemusek gëtt, gouf  e „Gassenhauer“ aus dem Joer 1871 als Viirlag geholl.

Aus Aktualitéitsgrënn, beschreift d’LSAP am Text hir Erfarungen aus der Koalitioun mat der CSV.

„Mat eis gouf ëmmer schlecht gedeelt“ jéimeren si, a si hu jo och Recht. Déi Dossieren wou ee vill an d’Zeitunge kënnt, huet den Här Juncker ëmmer fir sech selwer behal.

D’LSAP huet es genuch! „Du passé faisons table rase“ sange si, mir brauchen eng nei Koalitioun, eng wou si selwer de Premier stellt: „Nous ne sommes rien, soyons tout“!  

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar