Wen erënnert sech haut schonn nach un d’Affaire Procola géint Lëtzebuerg? Vill jonk Leit ginn déi Kéier déi éichte Kéier wielen a si wësse net, datt e groussen Deel vum Rechtstaat Lëtzebuerg der ADR ze verdanken ass, erstridde géint d’CSV.
Dee Sträit gouf natierlech net direkt tëschent de Parteien ausgedroen, mee et wor e Sträit tëschent Gesellschaften: der PROCOLA, mat Affinitéiten zu der ADR, op där enger Säit, an der Bauerenzentral, mat Affinitéiten zu der CSV, op där anerer Säit. D’Bauerenzentral ass iwwregens 1944 – ënnert der Okkupatioun – gegrënnt ginn an den Här Mathias Berns wor vun Ufank un hire Generolsekretär. Op der Säit vun der Procola an dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband huet den Här Robert Mehlen, laangjähregen ADR-President, eng wichteg Roll gespillt.
D‘ Procola wor eng Gesellschaft vu Baueren fir d’Promotioun an d’Commercialisatioun vu Mëllechprodukter. Si hat eng Plainte géint extrem ongerecht gesetzlech Bestëmmungen gemaach, déi d’Ofwanderung vu lëtzebuergesche Baueren vun der Luxlait bei eng Molkerei an der Aifel sollte verhënneren. Dat Gesetz wor vun der CSV gemaach ginn, wëll d’Luxlait, ee vun de Pilieren vun der CSV-noer Bauerenzentral, sollt protegéiert ginn.
Deemools ass et nach kee Verwaltungsgeriicht hei am Land ginn. Zoustänneg fir sou Plainten wor den CSV-dominéierten Staatsrot, den jo awer och beim Zustaanekommen vun dem ongerechte Gesetz selwer kräfteg matgewierkt hat. De Staatsrot (CSV) wor also „juge et partie“.
D’Procola huet also logescherweis virum Staatsrot verluer an huet dono eng Plainte zu Stroosbuerg beim Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter gemaach. Déi Kéier kruut d’Procola Recht an de Staat (konkret d’CSV) huet de Prozess verluer. Doropshinn hunn hei zu Lëtzebuerg missen onofhängeg Verwaltungsgeriichter ageféiert ginn.
http://fr.wikipedia.org/wiki/Affaire_Procola_contre_Luxembourg
Wann ee wëll verstoen, firwat et an der CSV nach sou vill Rancunen géint d’ADR gëtt, da muss een eben och déi do Geschicht kennen. D’ADR huet den CSV-Staat e gutt Stéck geschwächt an de Rechtstaat zu Lëtzebuerg gestäerkt!
Den Engagement vun der ADR fir de Rechtstaat a géint d’CSV-Politik geet och aktuell virun: d’ADR verlaangt, ënner anerem, méi Fräiheet fir d’Press, eng Reform vum Walgesetz zugonschten vum Osten a vum Norden, eng Reform vum Staatsrot an ën eegestännegt Verfaassungsgeriicht, dat d’CSV jo bekanntlech nees wëll ofschafen.