Zaldoten opgepasst: d’LSAP an d’CSV wëllen Aere Sold kierzen an Iech Aer Rechter wechhuelen!

Léif Zaldoten vun der Arméi,

Dir hutt Iech fräiwëlleg an d’Arméi gemellt an Dir leescht Aerer Heemecht doduerch e wäertvollen Déngscht. Dir sitt bereed fir Aert Liewen fir dësst Land ze ginn. Dat verdéngt Unerkennung an Dankbarkeet vun där ganzer Gesellschaft!

Leider loossen déi meecht politesch Parteien Iech am Stëch! D’CSV, d’LSAP, d’DP, déi Lénk an déi Gréng wëllen iech Aer Prioritéitsrechter wechhuelen. Nom Rapport Fischbach huet d’CSV ugekënnegt iwwer e Quotesystem Aer Aarbechtsplazen an Zukunft un Zivilisten ze verdeelen, un Leit déi net ënner eisem Fändel gedéngt hunn! D’LSAP huet an der Chamber souguer gefuerdert fir Aere Sold ze kierzen! D’DP ass schonn méi laang där Meenung, datt Aer Prioritéitsrechter d’Gemengen beim Rekrutement nëmmen hënneren. 

Léif Zaldoten,

Kuckt Iech d’Chamberdiskussioun iwwer d’Arméi genee un Ier Dir wiele gitt! Hei ass se:

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1158/sequence/46033.html

Déi eenzeg Partei déi zu der Arméi an zu Iech steet ass d’ADR. Mir verdeedegen Aer Rechter an mir loossen Iech net falen!

  

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Mir paken et un! Déi houfreg Bilanz vum LSAP-CSV-Sozialofbau vun 2004 bis 2013

 „Déi konservativ Säit“ ass frou fir hire Lieser déi houfreg Bilanz vun 9 Joer Sozialpolitik vun der LSAP an der CSV därfen ze presentéieren.

Jidderengem fällt bestëmmt direkt op, datt déi Rout an déi Orange e riisegt sozialt Häerz hunn an keng Méi gescheit hunn fir dofir ze suergen, datt d’Leit ëmmer manner Suën sollen am Portemonni hunn.

Déi Lëscht ass wahrscheinelch nach net komplett an „Déi konservativ Säit“ ass natierlech dankbar fir all Informatioun déi an dëser Tabell nach géng felen. Mat der CSV an der LSAP, géngen si dann an der Regierung bleiwen,  geet de Sozialofbau no de Walen natierlech monter weider an och mat der DP an denen Gréngen géngen nach vill weider Grausamkeeten ageféiert ginn. Déi Gréng wëlle jo bekanntlech massiv Steiererhéigungen an d’DP ass ënner anerem géint den Index an dë Rentenajustement. 

Jiddefalls ass de Bilan kloer: 

Ob Schneider oder Juncker – der Lebensstandard geht runter,

Ob Juncker oder Schneider – der Sozialabbau geht weiter!

http://fkartheiser.lu/wp-content/uploads/2013/08/Sozialofbau_tableau.doc

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wat ass d’Uni Lëtzebuerg wäert?

All Land dreemt dovun eng Elit-Universitéit ze hunn. Ech fäerten awer, datt mir Lëtzebuerger nach ganz laang musse virun dreemen.

An dem Bäitrag „Hëëëëëlleefff! D’Uni Lëtzbuerg fuerscht!“ war ech schonn op déi feministesch Verierungen agaangen, déi leider och op der uni.lu grasséieren. An dem Artikel goung et em sougenannten „Rollebiller“ a Computerspiller. Mee net nëmmen fir sou Etüden ginn masseweis Steiergelder zur Fënster rausgehäit. Zwee aner Beispiller vu „Wëssenschaft à la luxembourgeoise“ goufen des Lescht an eisen Zeitungen beschriwwen.  

An enger Etüd gouf rousfonnt, datt „Schulklima beeinflusst Gewalt“.   „Es besteht ein deutlicher Zusammenhang zwischen Schulklima und Gewaltauftreten“, heescht et do.  A wen hätt dat geduecht?  Hu mir wierklech eng deier Etüd gebraucht, fir Banalitéiten an Evidenzen ze produzéieren?  Abenteuerlech gëtt et dann awer bei de Conclusiounen: (Die Studie) „stellt in Frage, ob Gewalttäter alleine für schulische Gewalt verantwortlich sind“.   Meng Aentwert dorop ass kloer jo. Ech hunn eppes dogéint, datt permanent vun der 68er an hiren Ierwen probéiert gëtt fir d’Verantwortung vun dem Eenzelnen wechzehuelen a gesellschaftlech Uersaachen fir alles ze sichen. Wen anerer schléit ass dofir verantwortlech, basta! An doriwwer raus denken ech, datt mir d’Uni kéinten däitlech verbesseren  wann mir d’Auteuren vun sou Etüden géngen duerch Mathematiker, Naturwëssenschaftler an Ingenieuren ersetzen.

En aneren rezenten, intellektuellen Héichponkt vun der uni.lu ass eng Etude iwwer „les bienfaits des congés“.  Hei gëtt et eréicht richteg spannend! „Dans un article, le Docteur  (Numm), de l’unité de recherche Inside, avance que les arrêts de travail au cours de la vie professionnelle peuvent selon les cas potentiellement augmenter ou au contraire réduire la réserve cognitive.“ Voilà qui est clair! Wat dee Spaass kascht huet, steet net dobäi. Jiddefalls denken ech dat e klenge Congé fir d’Equipe vun Inside hir kognitiv Reserven potentiell erhéige kéint oder och net. Dat ass mir och éierlech gesot egal. Haaptsach ass, si sichen sech ang aner Uni no hirem Congé. 

Als Politiker musse mir Méiglechkeeten sichen fir ze spueren. Wann d’Uni Lëtzebuerg näicht Besseres produzéiert wéi dat do, da sollte mir déi ganz soziologesch an ähnlech Branchen zoumaachen an eis op de sérieux Fächer konzentréieren.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Den Här Dr. Colombera: eng biographesch Wierdegung

Am Liewen muss ee wëssen, firwat ee steet.  Wéi zum Beispill den Här Dr. Colombera. Dat ass mir besonnech opgefall, wou ech op e Wort-Artikel iwwer hien aus dem Joer 2009 gestouss sinn.

Do steet ënner dem Bild: „Fast ein Grüner: Hätten Déi Gréng Mitte der 90er Jahre nicht so hohe Beiträge erhoben, dann wäre Jean Colombera eventuell bei ihnen Mitglied geworden.“ Dat ass natierlech eng staark politesch Argumentatioun. D’ADR seet jo och ëmmer „Gréng gëtt deier“! Si denkt awer dobäi éichter un d’Steieren an un d’Taxen déi déi Gréng wëllen rop schrauwen, wéi un de Joeresbäitrag bei där grénger Partei. 

Den Här Dr. Colombera seet an dem Interview, hien kéint sech viirstellen nom Enn vun der Legislaturperiod mat der Politik opzehalen  Dann hätt hien säi Mandat am ganzen 10 Joer lanng gehat, an datt e Politiker seng Plaatz no 10 Joer sollt fir nei Leit fräi maachen géng och zu séngen Iwwerzeegungen gehéieren. Zitat “ In zehn Jahren hat man doch all seine Ideen auf den Tisch gelegt. Danach wiederholt man sich doch ohnehin nur noch.“ Ech ginn mol dovun aus, datt de Wieler am Oktober dofir suergt, datt den Här Dr. Colombera – wéi et sengem fréieren Wonsch entsprëcht – mat der Politik ophällt.

Bis zu denen nächste Wahlen, hat hien 2009 gemengt, misst d’ADR sech also nees en neie Spëtzekandidat am Norden sichen. Abee, dat huet si gemaach! Mam Här Dr. Robert Thill-Heusbourg huet d’ADR en éichtklassegen neie Spëtzekandidat am Norden – niewent dem Här Jeff Engelen natierlech, den schonn méi laang dobäi ass.    

Aus der ADR ass den Här Dr. Colombera fort gaangen, well hien sech net méi wollt un de Wahlprogramm halen. Vun engem Géigner vun der Ofdreiwung gouf hien op eemol zum Affekot vun enger Zort Anarchie. De Staat, sou sout hien, däerft keng Gesetzer an ethesche Froen maachen, a jiddereen däerft do maachen wéi e wéilt. Dat ass allerdéngs net d’Linn vun iergend enger Partei déi an engem Staat wëll Verantwortung iwwerhuelen.

Am Dezember 2012 hat hien nach versprach, dat hien géng säi Sëtz un d’ADR zréck ginn. Dat wär logesch an éierlech gewiecht, emsou méi well säi perséinlech Walresultat am Joer 2009 bei wäitem net duer gaange wär, fir ë Sëtz ze kréien. Nëmmen d’Partei hat him erméiglecht an d’Chamber ze kommen. Säi perséinlecht Walresultat vun 2009 – wéi et am Artikel vum Wort richteg gesot gouf – wor jo och schonn vill méi schlecht wéi dat vun 2004. Dat Verspriechen u séng fréier Partei huet hien awer och net gehal.

Dono huet hien méintelaang probéiert fir an anere Parteien Fouss ze faassen: bei de Piraten, dene Gréngen, dene Lénken an souguer bei der CSV. Doraus ass awer näicht ginn an dat mannst wat ee ka soen ass, dat et e komescht Zeechen ass, wann e Politiker bei egal wéi enger Partei wëll ënnerdaach kommen – Haaptsaach ass ë fënnt eng. Mat enger politescher Iwwerzeegung huet dat absolut näicht ze dinn. Op der ADR-Presskonferenz am Dezember hat hien ëffentlech gesot, d’Parteien géngen seng Telefonsnummer jo kennen. Dat jo, mee et muss zimlech roueg bliwwe sinn…  

Op de „Programm“ vun der PID kommen ech hei och nach ze schwätzen. D’Fro ass erlaabt ob dat soll eng Partei sinn oder eng Sekt rondrëm e Cannabis-Guru Dr. Colombera? Jiddefalls afferen sech 59 Leit fir eng Campagne déi net vill Aussiichten op Erfolleg huet. Ech hoffen, seng Kandidaten mussen sech net och nach finanziell un där Operatioun bedeelegen!  

 http://www.wort.lu/de/view/der-alternative-medizinmann-4f61ece8e4b0860580abb5a2

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kandidatelëschten: Léif Piraten,

Mir wësse jo, datt Dir et net einfach hutt wann et em d’Veraarbechtung vun Informatiounen geet. An dat Dir Problemer mat der franséicher Sprooch hutt, dat versteet sech vun alléng wann een Aer Propositiounen fir d’Schoul an Aerem Wahlprogramm liest.

Mee trotzdem: en „Avis officiel“ an allen Zeitungen gëllt och fir Iech, inklusiv dëse Passage:

Les mandataires chargés du dépôt des listes sont invités, afin de simplifier les vérifications imposées par la loi, de joindre, tant pour les candidats que pour les présentants, ainsi que pour les témoins, des certificats d’inscription sur la liste électorale des citoyens luxembourgeois, à délivrer par les administrations communales.“

Dir hutt e Parteipräsidium mat siwe Leit – wor da keen vun denen amstand sech am viraus iwwer d’Prozeduren vum Dépôt vun enger Kandidatelëscht ze informéieren?

Mat Iech mecht d’Politik jiddefalls vill Spaass…

Mat beschte Gréiss,

ee vun denen mat costume-cravate

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Wahlkampfligen vum Dag: Haut geet de Präis un den Här Gilles Roth (CSV)!

„Déi konservativ Säit“ gratuléiert dem Här Gilles Roth ganz häerzlech zum Präis fir déi gréisste Wahlkampfligen vum Dag! Als Präis gëtt et eng Pinocchio-Nues.

Am „Wort“ huet hien schonn de Moien fréi en Artikel publizéiert den mat dem schéinen Titel „Die Nationalitätenfrage“ dat lëtzebuergescht Vollék beim Kaffisdësch ëm seng wuel verdéngte Rou bruecht huet.

Do behaapt hien – den CSV- Fraktiounschef a Persoun! – dach net am Eecht „Entgegen vermehrter Forderungen zugunsten des Ausländerwahlrechts bei den Nationalwahlen sind wir der Meinung, dass dieses Recht ausschliesslich den luxemburgischen Staatsbürgern zusteht und dies gemäss Artikel 52 unserer Verfassung. Anders gesagt soll das Wahlrecht bei den Landeswahlen an die Staatsbürgerschaft gekoppelt bleiben.“

An dat nodeems den Här Paul-Henri Meyers, – ëmmerhin am Optrag vun der CSV! -, an der Chamber proposéiert huet den Artikel 52 vun der Constitutioun ofzeänneren fir datt dat aktivt Auslännerwahlrecht kann ageféiert ginn!!   Dozou den Artikel op dësem Blog: „Auslännerwalrecht – der CSV hire geplangten Wielerbedruch!“.  Fir wéi domm halen déi d’Wieler eigentlech? Keen Auslännerwalrecht geméiss Artikel 52 vun eiser Verfaassung bis den Artikel 52 op Wonsch vun der CSV selwer ofgeännert ginn ass!? Wat fir eng Onéierlechkeet!

Mee sou kenne mir eis CSV, sou hu mir se gär! Alles geet bei hinnen mateneen: déi Stater CSV ass géint den Tram, déi national CSV ass awer dofir. D’CSV-Norden ass fir den Ausbau vun der Nordstrooss an déi national CSV ass dogéint. D’CSV-Suessem ass géint de Contournement, déi national CSV ass awer dofir!  D’CSV vertrëtt ëmmer all Positiounen gläichzäiteg an huet dowéinst weder eng Linn nach eng Glaafwierdegkeet. Logik gëtt et och keng: eng Behaaptung an hire Géigendeel kënnen bei der CSV gläichzäiteg wouer sinn. Sou léisst et sech nawell gutt regéieren! 

De Mëtteg souz ech iwwregens gemittlech an der Stuff mol rem de Renert ze liesen, wou ech op eng vun denen wahrscheinlech eelste Beschreiwungen vum CSV-Stat gestouss sinn:

 „(249) Sin s’eemol an der Schamber,

dann hun s’et an der Hand:

si kéiren op hir Millen

sech d’Buren all vum Land.“

 

Merci, Michel Rodange!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Aegypten: schonn nees eng Scheedung vun Demokratie an Islam

Mir erënneren eis sëcher all nach un d’Ried déi de President Obama de 4. Juni 2009 zu Kairo gehalen huet. Et wor eng grouss Ried, eng couragéiert an éierlech Ried vun engem amerikanesche President, där hiren Titel „A new beginning“ programmatesch wor.

 http://www.youtube.com/watch?v=B_889oBKkNU

http://en.wikipedia.org/wiki/A_New_Beginning

Si wor awer – leider – sëcher och zu engem groussen Deel eng Illusioun – „wishful thinking“ kéint ee  soen.   E puer Passagen kënnen  dat gutt beleeën „with the benefit of hindsight“, wéi zum Beispill:

– dem Här President Obama säin Hiwäis op déi saudesch Initiativ vum interreliéisen Dialog

http://www.huffingtonpost.com/2012/11/24/saudi-interfaith-center-o_n_2184127.html

– oder séng Ennerstëtzung fir déi tiirkech Féierung an der „alliance of civilizations“

 http://www.mfa.gov.tr/the-alliance-of-civilizations-initiative.en.mfa

Déi zwou Initiativen därf een haut roueg klasséieren.

Si huet den Islam och ganz positiv duergestallt a virun allem als vill méi tolerant a friddlech wéi en wor oder ass. De Prophéit wor am Ufank vu séngem Wierken den Judden an de Chrëschten géintiwwer vill méi positiv agestallt wéi um Enn. Wou en d’Hoffnung bis huet missen opginn fir d’Judden an d’Chrëschten op seng Säit ze kréien, koumen eng Rei vun wäit manner toleranten Passagen an de Koran. Géintiwwer den Atheisten ass de Koran och net wierklech tolerant. D’Memberen vun AHA sollten dat mol liesen… 

De President Obama hat awer Recht wou e gesot huet, dat d’Walen alléng nach keng Demokratie ausmaachen, mee dat een d’Ennerstëtzung vun de Leit brauch. An do ass de Problem mat ville Walen an islamesche Staaten oder Gebitter, wéi zum Beispill am Irak, an der Gaza-Sträif an och elo an Aegypten. En demokratesche Formalismus alléng bréngt nach keng Demokratie.

An Aegypten an an aneren arabesche Staaten muss sech elo weisen wéi eng politesch Stréimungen am Islam sech kënnen laangfristeg duerchsetzen – méi moderater oder méi radikal islamistescher. Am Abléck gesäit dat arabescht Fréijoer op ville Plazen schonn éichter wéi en arabesche Wanter aus. D’Muslimbridder an Aegypten haten zwar eng Wal gewonnen, mee als Demokraten hunn si sech wierklech net beholl. 

Tatsaach ass, datt den demokratesche Usproch am Noen Osten  ë grousse Réckschlag erlidden huet. D’Militär huet e Coup gemaach den an Amerika – aus bannepoliteschen Grënn – net därf sou genannt ginn. Wann ee wëll Baussepolitik mat groussen etheschen Usprëch maachen, dann kommen eben sou Absurditéiten op d’Tapéit wéi déi wou déi amerikanesch Regierung et refuséiert eng Situatioun ze „definéieren“ fir e „Coup“ net missen e „Coup“ ze nennen.

Et ass lo Zäit fir Realpolitik. Europa muss sech sou séier wéi méiglech mam Generol Abdel Fattah al-Sisi accomodéieren. Mir brauchen Rou an Aegypten a Stabilitéit an der Regioun. Mir kënnen eis schlecht als Europäer mat schëlleg un enger Entwécklung maachen, déi grouss Deeler vu Nordafrika an dem Noen Osten a bluddeg Konflikter kann eran zéien. De Mali, Libyen, Irak, Syrien, den israelesch-palästinenseschen Konflikt an déi iranesch Nuklearpolitik sinn eigentlech scho Problemer genuch.

Vun all denen groussen Iddien fir de Noen Osten aus denen leschten Joeren, ob et den amerikaneschen Draam vun engem demokrateschen Noen Osten, eng franséich „Union pour la Méditerrannée“ oder wat och ëmmer soss nach wor, jiddefalls ass net méi vill dovun iwwreg bliwwen. Mir mussen eng ganz nei Politik opbauen a virun allem lo mol méiglech negativ Auswierkungen vun der Situatioun am Süden vum Mëttelmier op Europa sou wäit wéi méiglech verhënneren.   

Als Westen hätte mir och dem President Mursi missen direkt d’Grenzen weisen wou koptesch  Kierchen ugegraff goufen. Mee vill vun eise Politiker, dorënner den Här Asselborn, fannen jo bekanntlech keng Wierder wann et drëm geet fir Chrëschten a Schutz ze huelen.

Ah jo, an ech hat bal vergiess ze soen, datt et nach ëmmer Leit gëtt déi mengen, datt déi europäesch Energieversuergung kéint iwwer Sonnekraaftwierker an der nordafrikanescher Sahara sëchergestallt ginn.  Dat nennen ech eng sëcher Energiepolitik…

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Paranoia ënner Psychologen

Paranoia ass eng mental Krankheet déi sech dacks an enger Form vu Verfolgungswahn äussert.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Parano%C3%AFa

No gutt informéierte Quellen ass besonnech d’Fakultéit fir Psychologie vun der Christian-Albrechts-Universitéit zu Kiel ganz ufälleg dofir, well, wéi si op hirer Spaweckssäit schreift:

 „ACHTUNG: Bitte senden Sie an das Prüfungsamt und Herrn Köhnken keine Mails über amerikanische Mailserver (z.B. Hotmail, Outlook.Com, Googlemail, Yahoo). Angesichts der aktuellen Diskussionen über die Ausspionierung durch NSA u.ä. wurde veranlasst, dass eingehende Mails von diesen Servern sofort ungelesen gelöscht werden.“

http://www.psychologie.uni-kiel.de/

„Déi konservativ Säit“ réit dohir denen interesséierte Stodenten fir sech direkt iwwer d’NSA  un d’Prüfungsamt vun der Uni Kiel an den Här Professer Köhnken ze adresséieren! Den ass iwwregens de Chef vun der Psychologie op där Uni. Gutt, datt een och nach op anere Plazen stodéiere kann! 

 http://www.koehnken.psychologie.uni-kiel.de/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Girls‘ Day, Boys‘ Day – échec total!

Op dësem Blog gëtte et schonn ë  Bäitrag „Girls‘ Day, Boys‘ Day, Nonsense Day“ an dem gewise gëtt, datt déi ënnerschiddelch Beruffswënsch vu Jongen an Meedercher vläicht zu engem klengen Deel duerch sozial Facteuren matbestëmmt ginn, mee datt virun allem déi ugebueren, biologesch also natierlech Ennerscheeder tëschen Jongen a Meedercher d’Uersaach dovun sinn.

Dat kënnen weder d’Feministinnen nach d’Genderideologen akzeptéieren, déi jo allen zwee déi natierlech Ennerscheeder tëschen de Geschlechter an dësem Kontext net wëllen akzeptéieren.

Dowéinst hei eng nei Etüd aus dem Joer 2013 – no well schonn 40 Joer feministescher Dauerpropaganda an de Schoulen: et huet sech näicht geännert! D’Meedercher wëllen nach ëmmer éichter klassesch Meederchersberuffer an d’Jongen éichter klassesch Jongeberuffer.

De Girls‘ Day, Boys‘ Day fällt fir mech an dat Kapitel „Spuermoossnamen“! Schluss mat der staatlecher Propaganda! 

http://www.welt.de/wirtschaft/article119118479/Die-Lieblingsberufe-der-Kinder-in-Deutschland.html

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Dee Film den jiddereen soll gesinn hunn… ier en säin Gewëssen erfuerscht

nbsp;

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar