Falschbeschëllegungen wéinst Vergewaltegung

Leider huet sech nach ëmmer näicht un dem staark männerfeindleche Klima an eiser Gesellschaft geännert. Bei der Diskussioun ëm d’Gewalt doheem an der Chamber hunn alt nees all Parteien – ausser der ADR – den trauregen Phänomen benotzt fir hir feministesch Clientèle zëfriddenzestellen andem si d’Gewalt als e bal rénge Männerproblem duergestallt hunn.

An der Debatt hat ech d’CSV gefrot, ob si net déi neitste Statistiken aus Däitschland géng kennen, wéi si z.B.  an dësem Artikel beschriwwe ginn:

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/degs-studie-auch-maenner-werden-in-beziehungen-opfer-von-gewalt-a-902153.html

Hei en Auszuch aus dem Text:

Gewalt ist nicht ausschließlich eine Erfahrung von Frauen“, sagt Hölling. „Uns haben die Ergebnisse überrascht.“ Der Befund: Frauen sind „häufiger als Männer Ausübende körperlicher Partnergewalt, aber auch Ausübende von Gewalt gegenüber sonstigen Familienmitgliedern“.

Konkret war etwa nach Schlägen, Ohrfeigen, Tritten und an den Haaren ziehen gefragt worden. Auch psychische Gewalt – Beleidigungen, Bedrohungen, Beschimpfungen, Schikanen – ging in Partnerschaften häufiger von Frauen als von Männern aus. „Psychische Gewalt kann in ihren Folgen mindestens genauso dramatisch sein wie körperliche“, sagt Hölling.

Die Ergebnisse zeigen einen wenig beachteten Aspekt der Diskussion über Gewalt auf, wie die Autoren schreiben: „Die Themen ‚Frauen als Gewalttäterinnen‘ und ‚Männer als Gewaltopfer‘ sind gesellschaftlich noch weitgehend tabuisiert“ – erst allmählich richte sich der Blick der Forschung darauf.“

Et ass interessant sech um Video unzekucken, wéi d’CSV dorop reagéiert huet:

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1166/sequence/46508.html

Jiddefalls hällt déi Debatt ëm d’Wouerecht bei der Gewalt net bei der Diskussioun ëm d’Gewalt doheem op.  Déi däitsch Associatioun „MANNdat“ huet elo e Bréif un den däitsche Justizministère geschéckt, fir Froen iwwer déi héich Zuel vu falsche Beschëllegungen wéinst Vergewaltegungen ze stellen. Och hei lount et sech den Text ze liesen:  

http://manndat.de/leitartikel/falschbeschuldigungen-wegen-vergewaltigung-bzw-sexueller-noetigung.html

Dat ass eng Fro, déi och hei am Land mol muss zur Sprooch kommen!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

En däitsche Journalist zum Thema Noen Osten…

Enner denen däitschen Journalisten, déi sech am Noen Osten gutt auskennen ass och den Här von der Osten-Sacken:  

http://www.google.lu/#bav=on.2,or.r_qf.&fp=b231779547510642&q=thomas+von+der+osten-sacken

Hien huet lo op senger Facebook-Säit en Interview publizéiert, dat d’Tagesschau net wollt brengen. Op der Säit „Achse des Guten“ ass et awer ze liesen:

http://www.achgut.com/dadgdx/index.php/dadgd/article/was_sie_bei_tagesschau.de_nicht_gelesen_haben 

Den Interview seet e puer Wouerechten mat aller Däitlechkeet: datt den Här Abbas net demokratesch legitiméiert ass an d’Gaza-Sträif net representéiert, datt d’Palästinenser d’Existenzrecht vun Israel net unerkennen an datt si e Recht fir zréck ze kommen fir Leit fuerderen denen hir Grousselteren eemol Réfugiéen woren. Sou eng kloer Presentatioun vun de Saachen sicht een och an eisen Zeitungen ëmsoss: do geet et just nëmmen em israelesch Siedlungspolitik.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch, d’Politik an den „Gender“ – Konzept

D‘ „European Year of Citizen Alliance 2013.lu“ hat un déi politesch Parteien geschriwwen fir hinnen hir Fuerderungen matzedeelen. Ech hat den Text de Mëtteg gelies an mech gewonnert dat d’kathoulesch Kierch, d’Caritas an den LCGB als „Confédération syndicale chrétienne“ mat als Partner opgeféiert sinn (zësumme mat Rosa Lëtzebuerg). 

http://www.alliance2013.lu/alliance-au-luxembourg/

Aus der kathoulescher Sozialléier eraus kann ech zwar d’Suerg ëm eng Rei vu soziale Froen verstoen déi och vun där „Allianz“ ugeschwat ginn. Mee déi meeschte Fuerderungen sinn reng politesch an eigentlech net d’Suerg vun der Kierch, wéi z.B. och déi hei Elementer déi sollen an eis Verfaassung opgeholl ginn:

„- Réforme du droit de vote: Discussion et élargissment du concept de citoyenneté de résidence dans la perspective des élections européennen en 2014, e.a. donc abandon des dérogations concédées au Grand-Duché fans le traité de Maastricht.

– Réforme de la loi sur la nationalité,

– Renforcement des droits et de la particpation des frontaliers“

http://www.alliance2013.lu/wp-content/uploads/g%C3%BD%C3%BDn%C3%BD%C3%BDriques-.pdf

An dann kënnt och nach eng Fuerderung iwwer d'“Gender“-Problematik:

„- Prise en compte des problématiques dites „gender“.“

Eis kathoulesch Kierch, „la grande muette“ wann et em d’Ofdreiwung an d’Homo-„Bestietnis“ geet, kennt also anscheinend och net d’Positioun vun der Kierch iwwer d‘ Gegenders, sou wéi se haut vun dene lénke Mouvementer duerchgest gouf. Als kleng Erënnerung fir d’CSV-Sectioun „Kathoulech Kierch“ dowéinst hei eng Ried vum Vertrieder vum Vatikan bei der UNO:

http://www.laici.va/content/laici/en/sezioni/donna/notizie/santa-sede-all-onu.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E puer Gedanken iwwer dem Här Putin säi Russland an eist Lëtzebuerg

Den Här Pat Buchanan huet grad en interessanten Artikel fir „Real Clear Politics“ geschriwwen, an dem hien sech Froen iwwer déi aktuell Kritiken géint den Här Putin stellt. 

http://www.realclearpolitics.com/articles/2013/08/13/post_v_putin_–_whose_side_are_you_on_119586.html

Den Här Buchanan ass e Matbegrënner vun der Zäitschrëft „The American Conservative“ an e fréiere Beroder vum President Ronald Reagan, e Mann also den mir a priori ganz sympathesch ass, obschonns ech nach ni déi Freed an Eier hat fir hien perséinlech kennen ze léieren.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Pat_Buchanan

Déi Froen déi den Här Buchanan sech stellt, sinn awer och meng. Russland ass nun eemol haut e moralech éichter konservativt Land, nodeems et iwwer laang Joerzéngten ënner enger kommunistescher Diktatur gelidden huet. Hu mir da schonn vergiess, wéi mir hei am Westen nach virun e puer Joer iwwer eng gelieften Homosexualitéit geduecht hunn? Haut wëlle vill Leit homosexuell „Familljen“ erlaben an Kanner doran opwuesse loossen. Fir mech ass dat kloer keng „liberal Errungenschaft“ mee e kannerfeindlechen Extremismus vu Leit um rücksichtslosen Ego-Trip an dowéinst och e falsche Wee! Dat Russland ganz aner Usiichten huet, kann ech gutt verstoen. 

Eigentlech verstinn ech déi russesch Iwwerleeungen a ville Beräicher, och wann si hei am Westen op vill Kritik stoussen,  a begréissen och dat Bekenntnës zum Chrëschtentum, datt de President Putin ofleet.

Neen, ech halen och näicht vun Homo-„Bestietnisser“ an och näicht vu Pussy Riot, Femen an aneren Dammen vun där Zort.  Ech mengen, dat et där Leit mat sou Iwwerzegungen wéi mengen och nach vill méi gëtt. Den heldenhaften a massiven Widderstand a Frankräich géint de „mariage pour tous“ huet dat gewisen.

Déi modern „Argumentatioun“ vun „Toleranz“ fir an géint alles, an „Net-Diskriminéierung“ géintiwwer allem méiglechem, veronsecheren awer vill Leit an huelen hinnen d’Vertrauen an hire gesonde Mënscheverstand an hir moralesch Iwwerzeegungen.  Si trauen sech einfach net méi an eiser Mikro-Gesellschaft, déi ënner der Diktatur vum „politesch Korrekten“ lieft, hir Oppositioun ze formuléieren. Eis Medien sinn bal exklusiv lénks, politesch gesteiert an loossen aner Meenungen iwwerhaapt net zou.  Op déi Manéier hunn hei am Land d’Homo-Lobbyen an déi feministesch Bewegungen zënter Joeren fräi Bunn ouni iergend eng Kritik oder kritesch Diskussioun missen ze fäerten.

Mir sinn an eisem Land op engem ganz déiwen Punkt ukomm an ech froe mech wéi et soll viru goen. Kontrovers Diskussiounen gëtt et praktesch keng méi, well déi véier gréisst Parteien praktesch déi selwecht Meenungen vertrieden an gläichzäiteg d’Medien beherrschen. Gëtt et eis Demokratie nëmme nach um Pabeier?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

FEMEN, retournez en Ukraine! Un message des Antigones…

Wéi schéin ass et dach, wann een Leit fënnt déi d’selwecht denken…! An all Respekt fir d’Antigones, fir déi Fraen déi de Courage hunn fir wierklech weiblech ze sinn. Wat fir en agreablen Kontrast zu denen topeschen, verlugenen Parolen déi een Dag fir Dag als feministeschen Eenheetsbräi an der lëtzebuerger Politik muss verquëssen!

Veröffentlicht unter Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Entwécklungshëllef: Kënnt d’DP endlech op d’ADR-Linn?

Am Journal vum 6. August 2013 stoung e Leitartikel vun der Madame Colette Mart den ze denke gëtt. Enner dem Titel „Gedanken zum Nord-Süd-Dialog“ goufen eng Rei vun Iwwerleeungen zësummegefaast, déi zu engem gudden Deel dem entspriechen, wat d’ADR zënter Joeren priedegt.  Et därf een sech froen, ob dat éichter privat Iwwerleeungen vun der Journalistin waren, oder ob d’DP sech endlech op eng méi vernënfteg Approche an der Entwécklungshëllef wëll besënnen. 

Zur Illustratioun wëll ech hei en Auszuch aus dem Artikel zitéieren:

Unsere Entwicklungshilfe hat sich in den letzten 30 Jahren ohne Zweifel professionnalisiert und beruht auch auf einem präzisen Konzept, das allerdings im Kontext der Globalisierung auch einmal kritisch analysiert werden sollte, da die aktuellen Regelungen in der Weltwirtschaft einer Emanzipation der ärmeren Länder entgegen wirken. Zum Beispiel wäre zu überlegen, ob nicht seitens der EU-Länder, und auch seitens unseres kleinen Landes der Akzent auf die Unterstützung der Wirtschaft, die Industrialisierung, die Informatisierung, sowie die Stärkung lokaler Landwirtschaften in den Entwicklungsländern gelegt werden sollte. So lange Europäer und Amerikaner den fairen Handel nicht fördern, der Zugang zu den Märkten fèr Entwicklungsländer nicht gerechter geregelt wird, Rohmaterialien nicht vor Ort verarbeitet werden und den Entwicklungsländern Gewinne bringen, Projekte dem kulturellen Kontext keine Rechnung tragen, riskieren wir, dass viele gut gemeinten Initiativen auf Treibsand bauen.“

Dat liest sech wéi den Ufank vun engem éichte Schrëtt an déi richteg Richtung! Lo kann een op den DP-Walprogramm gespaant sinn. Huet d’DP de Courage endlech op d’ADR-Linn ze kommen?  

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den Aerzbëschof Hollerich op Walkampftour

Den Aerzbëschof vu Lëtzebuerg, e groussen Frënd vum Här Juncker (soss hätt hien de Posten jo och net kritt), huet seng Sprooch rëm fonnt. „Déi konservativ Säit“ hat sech scho Suergen gemaach. Bei der Ofdreiwung huet een aus dem Bistum net vill héieren a beim Homo-„Bestietnis“ iwwerhaapt näicht Kathoulesches. Sollt déi kathoulesch Kierch hei am Land iere stomm gi sinn?

Neen, wann Walkampf ass, dann ass si nees do! Déi Kéier mecht si Reklamm fir d’CSV-Schoulpolitik an den weideren Démontage vum traditionnellen lëtzebuerger Schoulsystème.

http://www.wort.lu/de/view/erzbischof-sprachbarrieren-behindern-portugiesen-52091c3de4b08c139153e872

Natierlech léisst sech vill um Schoulsystème kritiséieren, mee datt den Aerzbëschof vu Lëtzebuerg sech einfach zum Sproochorgan vun den Delvaux-Juncker-„Reformen“ mecht, ass e staarkt Stéck. Integratiounspolitik, déi absolut richteg a néideg ass, kann net op Käschten vum Niveau an de Schoulen gemaach ginn.

D’CSV an d’Sozialisten drécken schonn zënter ville Joeren de Niveau vun de Schoulen no ënnen – zum Schued vun alle Kanner an eiser ganzer Gesellschaft. Dat Haapt-Argument ass dobäi ëmmer nees  dat selwecht: d’Immigratioun.

Déi lëtzebuerger Schoul muss awer un éichter Linn dem entspriechen wat eis geographesch  Lag an Europa eis diktéiert: d’Deelen vun der däitscher an der franséicher Sprooch- a Kulturlandschaft. Si soll doriwwer raus eise Kanner eis eege Sprooch a Kultur vermëttelen: dat ass e legitimt Uleies vun all Natioun! Si soll d’Kanner op eng staark economesch Konkurrenz an der Welt viirbereeden, d’Wëssenschaften an déi englesch Sprooch sinn dofir déi néideg Instrumenter. Si soll d’Kanner zu fläissegen, disziplinéierten a leeschtungsorientéierten Mënschen erzéien. D’Kanner sollen ëppes wëssen a kënnen. Alles dat ass bei der CSV an der LSAP ëmmer méi an de Vergiess geroden. Fir si zielt just, datt jiddereen en Diplom kritt och wann en um Aarbechtsmaart näicht wäert ass an nach just als automatesch Umeldung bei der ADEM gëllt. 

Auslänner déi heihin kommen mussen integratiounswëlleg sinn. Et ass un éichter Plaz un hinnen fir sech eis unzepassen an nët ëmgekéiert. Natierlech solle mir hinnen hëllefen – doduerch, dat mir si sproochlech fit maachen, gratis Nohëllefstonnen ginn an sou weider. Mee et muss Schluss sinn mam „nivellement vers le bas“!

Et ass schonn eng Katastroph, dat déi jonk Leit déi aus eise Schoulen eraus kommen bal keen Franséich méi kënnen. En Text ouni Feler ass eng Sielenheet an engem Land, dat Franséich als offiziell Gesetzessprooch an Haaptverwaltungssprooch huet. Eng realistesch Alternativ gëtt et net. Däitsch als Gesetzessprooch wëll wahrscheinlech keen, an Lëtzebuergesch gëtt nach net genuch promovéiert. Vläicht Portugiisesch? Oder Serbesch? Déi déi géint eise Schoulsystème lass zéien, sollen dann wann-ech-gelift och gläich mol hir Visiounen fir eise Gesellschaftsmodell op den Dësch leeën! D’Schoul ass keen isoléierten Mikrokosmos, mee déi „Fabrik“ an där mir d’Kanner op dat viirbereeden wat eis gesellschaftlech Viirstellungen virginn.

All déi Iddien vun paralleler Zweespoochegkeet, Trennung vun de Kanner no Sproochen, asw  féieren just zu der Segregatioun, zu engem definitiven Gruef oder souguer Rass an eiser Gesellschaft.  

Mir brauchen eng konsequent Integratiounspolitik an en Zréck zu enger lëtzebuerger Schoul mat Niveau!   An mir brauchen e Bëschof den sech em de Katchëssem këmmert, déi aaner Saachen maachen déi politesch Parteien.    

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

Indien a säin Fligerdroer („Flugzeugträger“)

Indien huet et also gepackt fir fir 2 Milliarden Dollar en eegent Riisekrichsschëff ze bauen: e Fligerdroer, voll mat Mig 29.

http://indiannavy.nic.in/press-release/vikrant-navys-first-indigenous-aircraft-carrier-launched

Op d’mannst zwou Lektiounen sollten mir direkt aus dëser Entwécklung zéien:

– déi éicht ass, datt d’Welt sech ganz séier ännert, an dat déi nei militäresch Stäerkt vun Indien, China, Nordkorea an villen aneren eis eegen Astellung zu der militärescher Verdeedegung a Fro stelle sollt. Mir liewen hei an enger provinzieller Mentalitéit vun éiwegem Fridden an souguer geheimdéngschtlech Kontrollen am Internet ginn zu engem Skandal declaréiert. Eis national Efforten an der militärescher Verdeedegung sinn no bei Null, an iwwregens och nach déi allermannst an där ganzer NATO. Tatsaach ass, datt eis lëtzebuergesch wéi och déi ganz europäesch Sëcherheet bal zu 100% vun den USA ofhänkt. Dat gëllt souwuel am Krich géint Terrororganisatiounen, wéi och bei der Verdeedegung vun eisen Interessien am Kontext vun denen nei entstoenden Mëttel- oder souguer Supermuechten.  Europa schrauft seng Militärbudgeten permanent rof, an Asien ginn se konsequent rop.  Wéi laang soll dat gutt goen? Natierlech hoffe mir all op friddlech Relatiounen mat denen aneren, besonnesch och mat denen asiateschen Staaten. Mee wéi gesäit dat an 20 oder 30 Joer aus? Europa gëtt al, huet net méi genuch Kanner, ass economesch ëmmer manner kompetitiv a militäresch méi schwaach ginn. An China ass dat z.B. e bësschen aanecht….

 
 

– an dat zweet ass, datt mir hei am Land nach ë puer Net-Regierungsorganisatiounen hunn, déi mat vill guddem Wëllen a éierlechem, moraleschen Asaz denen aarmen Leit an Indien hëllefen, dacks och de Weesekanner. Gläichzäiteg baut déi indesch Regierung Krichsmaschinnen fir 2 Milliarden Dollar, an dat ass nëmmen e klengen Deel vun hirem Militärbudget. Wen dréit do eigentlech wéi eng Verantwortung? Ech denke jiddefalls, datt et un der indescher Regierung ass fir sech ëm déi sozial Problemer an hirem Land zë këmmeren. Suën genuch si jo offensichtlech do. 

Haut feiert Indien. An mir kënnen schonn op den nächsten pakistaneschen Oprëschtungsschrëtt gespaant sinn….

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Wéi gesäit eng Ofdreiwung aus?

Verschidde Politiker sinn jo sou „gutt“, wann et drëm geet ze emschreiwen oder ze verheemlechen wat eng Ofdreiwung wierklech ass. Si schwätzen vun enger „Schwangerschaft“ déi „wech gemaach“ gëtt oder benotzen en onbestëmmten Artikel oder en Demonstrativpronomen. Haaptsach ass, et deet kengem wéi an d’Verantwortung gëtt wäit wech gedréckt.

A Wierklechkeet ass d’Ofdreiwung awer en dramateschen Agrëff, den den Dout vun engem Kand bedeit.

Hei si Biller vun engem wëssenschaftleche Kanal den de chirurgeschen Agrëff weist. Dëss Biller sollen wierklech nëmmen déi sech ukucken, déi sou ëppes och kënnen aushaalen.  En aneren Film um selwechte Kanal weist en ofgedriwwe Kand. 

Ech warnen ausdrécklech empfindlech Leit virdrunn, fir sech dat unzekucken. Ech hoffen awer, dat vill Politiker a vill Feministinnen  sech dëse Film ukucken, fir dat och si mol wëssen vu wat si schwätzen. Et ass sou einfach an der Chamber op de „Jo“-Knäppchen ze drécken fir op eng populistesch Manéier Stëmmen ze fänken. Ech sinn houfreg drop, dat ech op „Neen“ gedréckt hunn. Alléng dowéinst schonn wor et d’Méi wärt fir e puer Joer an der Politik ze sinn. 

http://www.dnatube.com/video/9141/Surgical-Abortion-done-to-remove-an-embryo-from-uterus

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Sproochen an eise Kliniken

Ech wor méi verwonnert, wou ech gelies hunn, datt den Här di Bartolomeo dëser Deeg op wort.lu behaapt huet, datt hien geng d’Fro vun de Sproochekompetenzen an de Kliniken „ganz eecht“ huelen.

http://www.wort.lu/de/view/di-bartolomeo-nehmen-frage-der-sprachenkompetenzen-sehr-ernst-520260b5e4b0d339ca5edab6   

Ech kennen do eng ganz aaner Wouerecht. An der Chamber koum de 6. März 2012 eng Resolutioun zur Sprooch an där et ënner anerem ëm déi Fro vun de Sproochen am Gesondheetssecteur goung:

 http://chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application/pdf&id=1135160&fn=1135160.pdf

Dësen Auszuch aus dem Dokument, den eng Dir fir d’Däitsch a d’Lëtzebuergesch am Gesondheetssecteur opmécht, geet alléng op d’Initiativ vun der ADR zréck:

„Dans cette optique, les commissions parlementaires notent que la proposition de directive sous rubrique vise à préciser que dans le cas des professions ayant des implications en matière de sécurité des patients, les États membres peuvent conférer aux autorités compétentes le droit d’effectuer un contrôle linguistique auprès de tous les professionnels concernés s’il est expressément demandé par le système national de soins de santé.

Elles considèrent toutefois qu’il y a lieu de compléter comme suit la disposition du troisième alinéa qu’il est prévu d’ajouter à l’article 53 de la directive 2005/36/CE:

«Le contrôle linguistique se limite à la connaissance de l’une des langues officielles ou administratives de l’État membre selon le choix de la personne concernée […]».

De fait, l’ajout de la mention des langues administratives permettrait de tenir compte du régime linguistique tel qu’il a été établi au Luxembourg par la loi du 24 février 1984 sur le régime des langues. Sans introduire la notion de „langue(s) officielle(s)”, la loi précitée dispose en effet que le luxembourgeois est la langue nationale, tandis que le français, l’allemand et le luxembourgeois font figure de langues administratives et judiciaires

An de Negociatiounen an den zoustännegen Chamberkommissiounen  iwwer déi géigesäiteg Unerkennung vun de  profesionnellen Qualifikatiounen an der EU, hat  d’ADR nämlech verlaangt, datt op d’mannst vun „administrative Sproochen“ am Text géng geschwaat ginn an net nëmmen vun „offizielle Spoochen“, wéi d’Regierung et wollt am ursprünglechen  EU-Text akzeptéieren. Domatt wär d’Regierung also mat dem exklusiven Gebrauch vun der franséicher Spooch an de Kliniken d’accord gewiescht, iwwerdeems d’ADR och fir Däitsch a Lëtzebuergesch agetratt ass. Der ADR hir Propositioun ass an der Chambercommissioun ugeholl ginn. Hei ass de Rapport vun där Sëtzung:

 http://www.chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application/pdf&id=1129432&fn=1129432.pdf

Wichteg ass dësen Auszuch aus dem laangen Dokument, den zwar d’Diskussioun net ganz komplett rëmgëtt awer jiddefalls präzis genuch ass, fir meng Argumenatioun ze beweisen:

Il est rappelé que l’avis politique adopté par la Chambre des Députés le 15 septembre 2011 aborde entre autres la question des connaissances linguistiques, question particulièrement sensible pour les professionnels de la santé. Les dispositions afférentes prévues dans la proposition de directive sont-elles satisfaisantes pour le Luxembourg ?

En réponse, il est expliqué que ces dispositions peuvent donner satisfaction au Luxembourg, dans la mesure où elles permettent d’exiger la maîtrise de la langue officielle de l’Etat concerné. Or, même si le Luxembourg a trois langues usuelles, il semble difficile de prévoir la maîtrise de plusieurs langues dans ce contexte.

Un membre donne à penser que la langue officielle du Luxembourg est le français, alors qu’il est de notoriété publique que de plus en plus de professionnels actifs dans le domaine de la santé parlent l’allemand, qui figure parmi les langues administratives du pays. Ne serait-il donc pas préférable de plaider pour l’inscription de la nécessité de maîtriser les langues officielles ou administratives du pays ?

Cette proposition est retenue par les responsables gouvernementaux.“

An der ëffentlecher Chambersessioun vum 6. März 2012, hat d’ADR och eng Debatt ugefroot iwwer déi Fro, wat vu allen aneren Parteien carrément refuséiert gouf. Hei ass de Video: 

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/862/sequence/26761.html

Et ass interessant fir ze gesinn, wéi den Versuch vun der ADR iwwer d’Sproochen an de Kliniken ze schwätzen vun denen aneren Parteien einfach orgewiergt gouf, inklusiv vum Här di Bartolomeo senge Sozialisten. Vun „Sproochsituatioun eecht huelen“ kann op der Säit vun de Sozialisten iwwerhaapt keng Rieds goen. 

An dësem Zësummenhank, erënneren ech och un dem Här Gibéryen seng Interventioun vum Juli 2013 bei der Diskussioun iwwer de Plan hospitalier, wou och alt nees alléng d’ADR déi Fro vun de Sproochen an de Kliniken opgegraff hat.

Fir mech ass also kloer: alléng d’ADR ass wierklech un där do Fro interesséiert. Déi aner Parteien maachen nëmme sou wéi wann, an dat och nëmmen soulaang de Walkampf nach leeft. 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar