D’EU ignoréiert d’Rechter vun de Memberstaaten

Artikel 41 vun der irescher Verfaassung schützt d’Famill, an mat Famill ass selbstverständlech net eng homosexuell Koppel gemengt.

http://en.wikipedia.org/wiki/Constitution_of_Ireland

THE FAMILY[  

 „Article 41

    1. The State recognises the Family as the natural primary and fundamental unit group of Society, and as a moral institution possessing inalienable and imprescriptible rights, antecedent and superior to all positive law.
    2. The State, therefore, guarantees to protect the Family in its constitution and authority, as the necessary basis of social order and as indispensable to the welfare of the Nation and the State.
  1.  (…)“

 Nodeems de Referendum iwwer de Vertrag vu Lissabon an Irland den 12. Juni 2008 negativ ausgoung, gouf um Conseil Européen vum Dezember 2008 eng Erklärung vum iresche Premier iwwer d’Suergen vum iresche Vollék virgedroen. Déi Suergen hunn ënner anerem och ethesch Froen an de Schutz vun der Famill betraff. D’Staats- an d’Regierungscheffen hunn doroppshin decidéiert fir dem iresche Vollék Satisfactioun ze ginn an dat iwwer de Wee vun engem Protokoll den vun alle Memberstaaten ze ratifizéieren wär.   

 „une garantie que les dispositions de la Constitution irlandaise concernant le droit à la vie, l’éducation et la famille ne sont pas du tout affectées par l’attribution par le traité de Lisbonne d’un statut juridique à la Charte des droits fondamentaux de l’Union européenne et par les dispositions dudit traité relatives à la justice et aux affaires intérieures.“

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/104/217/120136.pdf

Lëtzebuerg huet den Protokoll den 19. Juni 2013 ratifizéiert.

Opgrond vun denen formellen a schrëftleche Verspriechen vun den europäeschen Staats- a Regierungscheffen gouf de Vertrag vu Lissabon dunn an engem zweete Referendum vum iresche Vollék acceptéiert.

D’Bedenken vum iresche Vollék an déi formell schrëftlech Engagementer vun de Memberstaaten sinn der EU awer an der Praxis natierlech vollkommen egal. Hir Vertrieder mëschen sech an alles an wat si absolut näicht ugeet, zum Beispill an d’Famill.

D’Agentur fir Grondrechter huet an hirem Mandat stoen, datt si nëmmen opgrond vun den EU-Kompetenzen kann aktiv ginn.

http://fra.europa.eu/sites/default/files/fra_uploads/72-reg_168-2007_de.pdf

Den 28. Juni 2012 huet d’Wort en Artikel iwwer de Besuch – op den een och gutt hätt kënnen verzichten – vum Direkter vun der „EU-Agence fir Grondrechter“ (mat Sëtz zu Wien) ënner dem Titel „Luxemburg steht sehr gut da“ publizéiert.

Den Här Direkter Morten Kjaerum seet iwwer eis Land:

„Wir haben die geplanten Aenderungen im Familienrecht wahrgenommen und begrüssen diesen Schritt. “ [de quoi je me mêle???] Es ist wichtig, [fir wen??? vläicht fir dat irescht Vollék????], dass es klare Signale aus der Politik gibt, um gleichgeschlechtliche Paare gleichzustellen.“ 

Ech stellen fest, datt den Här iwwerhaapt kee Recht huet fir sou Feststellungen ze treffen. Iwwregens: den Här Kjaerum gouf am März 2008 Direkter vun där Agence, an am August 2008 kruut hien schonn ë Präis vun der dänescher Homo-Bewegung:   In August 2008, Kjærum received a prize from the Danish National Association for Gays and Lesbians for promoting the rights of gays and lesbians.

http://en.wikipedia.org/wiki/Morten_Kj%C3%A6rum

Et gëtt dach nach Lobbyen, déi gutt fonctionnéieren!

Ech hätt den Här Kjaerum no sengem Fehltrëtt zu Lëtzebuerg jiddefalls em e puer Erklärungen gebieden.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Warnung virun Meenungsëmfroen…

An der Soziologie an an der Psychologie sinn ganz vill konzeptuell Problemer déi mat de Meenungsëmfroen ze dinn hunn schonn extensiv beschriwwe ginn. E gudde Frënd hat mir schonn 1986 en interessant Buch zu dem Sujet geschenkt:“Die unbewältigten Sozialwissenschaften oder die Abschaffung des Menschen“ vum Här Professer Friedrich Tenbruck. Dofir nach eemol villmools Merci! Dat Buch hat mir deemools schonn d’An opgemaach. 

Hei zu Lëtzebuerg kënne mir och e Lidd iwwer d’Qualitéit vun de Meenungsëmfroe sangen. Mir hunn nëmmen een eenzegen Institut den där mecht, an um Beispill vun där blamabler Pseudo-Meenungsëmfro iwwer d’Auslännerwahlrecht hunn ech kloer gemaach, wat ech vun der Objektivitéit vun där Emfro vun TNS-ILRES halen. Op dësem Blog hunn ech deemools gefrot ob TNS-ILRES ieren eng politesch Partei ass? 

Manipulatiounsméiglechkeeten bei Meenungsëmfroen leien awer net nëmmen an de Formuléierungen vun de Froen, mee virun allem och an de statistesche Methouden fir gesammelt Donnéeën – wann déi net einfach nëmme fräi erfonnt ginn – iwwerhaapt auszewäerten.

Déi däitsch Partei „Alternative für Deutschland“ huet déi Fro lo oppe gestallt: 

http://www.faz.net/aktuell/politik/bundestagswahl/parteien-und-kandidaten/afd-begehrte-rohdaten-12553823.html

Ech hunn och meng Meenung iwwer d’Methouden an d’Intentiounen vun den Demoskopen déi ech mir gemaach hunn, nodeem ech Verschiddenes vu frëndleche Leit erzielt krut. Mee déi Meenung soen ech hei net, well ech keng Beweiser an der Hand hunn.

Jiddefalls kann ech mir viirstellen, datt mutatis mutandis dem Här Lucke seng Froen, och an aneren Länner wéi nëmmen an Däitschland kéinte relevant sinn.

A ville Länner vun der Welt gëtt et iwwregens interessant Sprachwierder:

an Däitschland: Wes Brot ich ess, des Lied ich sing.

an an England:  He who pays the piper, calls the tune

Kennt vläicht een déi lëtzebuergesch Versioun dovun? 

Aktualiséierung:

Haut (02/09) kruut ech schonn d’Aentwert op déi Fro:

Bäiss net déi Hand, déi Dech fiddert!

Dem frëndlechen Mënsch den mir dat gesot huet e grousse Merci! Hien  wëll net genannt ginn, dowéinst soen ech hei just, datt et net den Direkter vun TNS-ILRES war!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bestëmmt e gutt Buch…

Dann mach doch die Bluse zu
Ein Aufschrei gegen den Gleichheitswahn
Von Birgit Kelle
Gebundene Ausgabe, 192 Seiten
2013 Adeo
ISBN 978-3-942208-09-3
Preis 18.50 EUR

Zur Informatioun iwwer eng „gendergerecht Spillplaz“:

http://www.bz-berlin.de/aktuell/berlin/die-wohl-ueberfluessigste-studie-der-stadt-article1566227.html

http://www.prenzlauerberg-nachrichten.de/alltag/_/gender-ist-kein-kinderspiel-17927.html

Note: Hei gëtt den Gender-Begrëff viirsätzlech falsch gebraucht, nämlech nees als Synonym fir „biologesch Geschlecht“. Ideologesch korrekt wär et awer vun engem sozialen Geschlechtskonstrukt ze schwätzen, also kéinten biologesch Meedercher sech awer no der Gendertheorie éichter als Sozialgeschlechtsjongen identifizéieren an sech also och nach op méi däischtere Klunschelen ameséieren ….. Mee dann kéinten keng sou „Etüden“ gemaach ginn, a net masseweis  Suen mat Idiotien verdéngt ginn.  

Jiddefalls recommandéieren ech eiser Elit-Universitéit Lëtzebuerg fir ganz séier mat e puer Milliounen Steiersuen eng „Etüd“ iwwer d’Gendergerechtegkeet vun de lëtzebuergeschen Spillplazen ze maachen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Bicher | Hinterlasse einen Kommentar

Déi Gréng: lëtzebuerger Nationalitéit ouni lëtzebuerger Sprooch!

An der Chamber huet den 31. Januar 2013 den Här Felix Braz de Standpunkt vun denen Gréngen iwwer d’lëtzebuerger Nationalitéit presentéiert.

Op dëser Plaz ass et interessant ze ënnersträichen, datt déi Gréng gär hätten, dat ee kann Lëtzebuerger ginn ouni och nëmmen ee Wuert Lëtzebuergesch ze schwätzen.  Déi Gréng fuerderen nämlech, datt een déi Problematik ëm d’lëtzebuerger Sprooch baussent dem Nationalitéitegesetz soll regelen (3:36) .  Si hätte gär, datt et soll duer goen fir sech kënnen an enger vun denen dräi administrative Sproochen auszedrécken (3:37- 3:39). Den Här Braz huet zwar nach am Ufank vu senger – ech muss et leider soen –  zimlech konfuser Ried (3:29)  ënnerstrach, datt een misst objektiv Critèren an de Sproochentester bäibehalen an dat qualifizéiert Leit dat sollen evaluéieren, mee da stellt sech awer séier raus, datt déi Gréng de Niveau vun denen Critèren vill ze héich fannen an dat si eben dobäi net nëmmen un Lëtzebuergesch denken an iwwerhaapt d’Fro vum Lëtzebuergeschen am léifsten aus dem Kontext vum Nationalitéitegesetz wéilten ganz eraus léisen.

Déi Gréng behaapten zwar fir si wär Lëtzebuergesch „ganz wichteg“ fir d’Integratioun an et misst een u sech jiddereen den hei an d’Land kënnt mat „erfaassen“  , mee wann et ëm d’Nationalitéit geet, dann ass déi gréng Positioun méi wéi däitlech: iergend een ganz niddrege Niveau am Däitschen, Franséichen oder och Lëtzebuergeschen muss duer goen.   

No denen Gréngen soll jiddereen den an d’Land kënnt am Ufank wann en hei ass, an denen éichte Méint  „seng Chance  kréien“ fir  ënner spezifeschen Conditiounen, während senger Aarbechtszäit, encadréiert, de Minimum ze léieren, „den mir lo mussen nei definéieren“,  déi Basis also déi dene Betraffenen et soll erlaben fir herno de Recht vun de Connaissancen selwer ze léieren. Mee et lount sech wierklech d’Minutten 3:35 an 3:36 ganz genee ze lauschteren: dat do betrëfft nämlech net explizit déi Lëtzebuerger Sprooch, mee Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch!

Et wär hei och interessant fir nach op aaner Aspekter vun der grénger Nationalitéitepolitik anzegoen, zum Beispill, datt d’Sozialisten an déi Gréng wëllen méi op de Wee vum „droit du sol“ goen, eppes wat lo am Frankräich zu ëmmer méi katastrophalen Zoustänn féiert.  

Mee, mir wëllen eis haut einfach mol op déi Sproochefro limitéieren. Eppes muss een dem Hàr Braz lossen: et bréngt et fäedeg fir sou ze maachen als wär Lëtzebuergesch fir déi Gréng „ganz wichteg“ an gläichzäiteg alles, awer och wierklech alles ze maachen fir de geneeë Contraire an d’Gesetz anzeschreiwen.  ALSO NACH EEMOL KONKRET AN GANZ OUNI RHETORESCHE NIWWEL:  bei dene Gréngen gëtt ee Lëtzebuerger ouni och nëmmen ee Wuert Lëtzebuergesch ze kënnen.   

view video on chd.lu 

 

P.S: Bei der ADR natierlech nët! (3:58 – 4:01)

 

view video on chd.lu 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Emmer méi Fraen wiere sech!

Mat grousser Freed stellt „Déi konservativ Säit“ ëmmer nees Spaweckssäiten oder Initiativen vu Fraen vir, déi sech géint dee primitiven an mënscheveruechtenden 68er-Feminismus wieren. Mir haten jo schonn viru kuerzem z.B. déi franséich „Antigones“ hei presentéiert.  

Haut ass et eng Säit aus Däitschland,  http://frau2000plus.net/, déi eis méi soll beschäftegen. Déi Analys déi do vum Zoustand vun eiser Gesellschaft gemaach gëtt, gëtt bestëmmt och vu ville Fraen hei am Land gedeelt: 

In fast allen westlich geprägten Industrienationen sind Familie, Glaube und Lebensschutz auf dem Rückzug.

 • Das zusammenwachsende Europa verstärkt diesen Trend durch Eingriffe in die nationalen Gesetze, Durchsetzung der Gender-Ideologie auf allen Ebenen, Legalisierung von Euthanasie und Abtreibung. Der besondere Schutz von Ehe und Familie nach dem Grundgesetz wird somit immer weiter ausgehöhlt.

• Begünstigt wird diese Entwicklung durch die meinungsbildenden Medien, die ethischen und moralischen Fragen kaum noch Raum zubilligen.

• Vereinzelt gibt es in den Staaten noch politische und gesellschaftliche Kräfte, die sich der Entwicklung entgegen stemmen. Insgesamt bleibt jedoch festzustellen: Der Zeitgeist ist auf dem Weg in eine Sackgasse. Wir müssen etwas tun.

• Auch in Deutschland geben die sog. C-Parteien eine ethische Position nach der anderen auf. Man hat sich z.B. mit 130.000 Abtreibungen pro Jahr arrangiert.“

Déi däitsch CDU erënnert een do ganz däitlech un déi lëtzebuergesch CSV: d’C-Parteien sinn haut zu  pro-Ofdreiwungs-Parteien ginn. Hei am Land ass et jo och sou, datt alléng d’ADR nach um Schutz vum Liewen festhällt.

 Déi däitsch Organisatioun „Frau 2000 plus“, mecht genee dat, wat ech mir och fir eng lëtzebuergesch, konservativ Fraebewegung wënschen:
 

Frau 2000plus veranstaltet Seminare für Frauen, um eine Vernetzung Gleichgesinnter voranzutreiben.

• Wir treten durch Publikationen gezielt in die Öffentlichkeit und treiben Positionen für eine moderne, kinder- und familienfreundliche Frauenpolitik voran.• Frau 2000plus verbreitert durch Vorträge und Seminare die Basis von Frauen, die die Diskriminierung ihrer Mutterrolle nicht mehr hinnehmen wollen.• Frau 2000plus verschafft gleichgesinnten Frauen die Möglichkeit, ihre Gedanken zu publizieren – auch und gerade in säkularen Medien.

• Frau 2000plus erstellt einen regelmäßigen Newsletter, in dem wir tagesaktuelle Politik zu Frauen- und Familienfragen zusammenstellen und kommentieren.

• Frau 2000plus vernetzt sich mit Gleichgesinnten auch auf Europa-Ebene, um gemeinsam die gesetzten Ziele voranzutreiben.“

Nach ass d’Hoffnung also net verluer. Ech gesinn Méiglechkeeten fir wäertorientéiert Fraen um europäesche Niveau zësummenzebréngen fir datt och dë Schutz vum Liewen an de Wäert vun der Famill nees Affekotinnen fannen. Fraen zu Lëtzebuerg, iwwerloost d’Feld wann-ech-gelift net de Feministinnen, hirem Gender-Wahn, an hirem Ofdreiwungsfanatismus!   

 D’Präsidentin vun Frau 2000 plus ass d’Madame Birgit Kelle. Hei schwätzt si zum Beispill iwwer de Sujet „D’Mammen net rof maachen“:
 

 
 
 
 
Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Martin Luther King: als Erënnerung un e groussen Här

Mir feieren mat der Erënnerung un dem Här Martin Luther King seng Ried vun 1963 net nëmmen eng  groussaarteg rhetoresch Leeschtung, mee och een vun den Héichpunkten vun der Geschicht vun der politescher Moral.  Déi Ried  huet hir Generatioun inspiréiert, an et ass ze hoffen, datt si nach vill weider Generatiounen genee sou begeeschtert. 

Dem Dr. King seng Inspiratiounsquellen sinn a bleiwen och fir ons wichteg Referenzpunkten. De Mahatma Gandhi sëcher, mee och a virun allem d’Bibel an d’Kraaft vum Glaawen, déi dem Dr. Martin Luther King bei senger Sich no Fridden a Gerechtegkeet ënner de Mënschen de Wee gewisen hunn. Wéi sou vill aner grouss Leit virun him konnt hien awer och op de Schëlleren vu Giganten stoen, oder och an hirem symbolesche Schiet, wéi hien et selwer ausgedréckt  hat, zum Beispill den vun engem Abraham Lincoln.  

Haut ass et jo modern, dat ze verleegnen wat de Glaawen Positives bréngt an dat ze ignoréieren wat Amerika eis an aneren u Fräiheet a geeschtege Wäerter geschenkt huet.

Mee mir erënneren eis mat Dankbarkeet un den Här Dr. King als e grousse Fräiheetskämpfer an un all déi, déi säi Wee mat goungen an dacks gelidden hunn. Mir vergiessen och net d’Madame Rosa Parks vu Montgomery an sou vill anerer déi Ongerechtegkeeten mat Courage entgéintgetruede sinn. 

Den amerikaneschen Dram ass keen materiellen Usproch, mee en ass dee staarken Opruff fir dat ze sichen an dofir ze kämpfen wat matt eis héchste Gidder sinnn: Fräiheet a Gerechtegkeet. Amerika huet 1963 eng Revolutioun erlieft – vläicht déi eenzeg wäertvoll Revolution am Westen an de 60er Joeren.  

Déi Revolutioun ass eenzegaarteg. Si huet dee ville Schiet an Amerika gewisen, de Rassismus an d’Brutalitéit , an eis awer och nees d’Gréisst vun där Natioun nei entdecken a bewonnere gelooss. Si huet vill Leit inspiréiert fir och hir Fräiheet ze sichen a fir si anzestoen: am Ostblock wéi am Südafrika vun der Apartheid. 

Kee soll haut vun Diskriminatioun an Apartheid schwätzen  fir d’Onrecht vu gëschter  fir seng Propaganda vun haut ze mëssbrauchen.  Et gëtt eng Wouerecht an der Geschicht, eng Authenzitéit an Eenzegaartegkeet vun all Situatioun déi all Kéiers en eegene Numm dréit, an dat ignoréieren heescht d’Affer net respektéieren.

Den 28. August 1963 wor eng staark Stonn, net nëmmen fir Amerika, mee fir d’Welt. En Zeechnis vu Glaawen u Gott an vun Hoffnung an d’Demokratie vun de Mënschen. E Bekenntnis virun allem zu denen groussen politeschen Prinzipien an net nëmmen eng Sich no materieller Besserstellung. 

En amerikanesche Paschtouer aus Atlanta  huet eis all e grousst Geschenk gemaach.

Merci, Dr. Martin Luther King!

 http://fr.wikipedia.org/wiki/Martin_Luther_King

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

CSV-Hobby Rentenklau!

Zënter lo schonn 20 Joer geet d’CSV – a besonnesch och den Här Juncker  – ëmmer nees Suën an d’Pensiounsfongen vum Privatsecteur „klauen“ fir de Staatsbudget ze sanéieren. Zënter 1993 bis haut sinn dat ongeféier 750 Milliounen Euro. Ouni dat lo ganz genee nogesicht ze hunn, mee dat kënnen anerer och bestëmmt vill besser wéi ech, hei mol eng provisoresch Lëscht déi bestëmmt nach muss corrigéiert a completéiert ginn:

1993: „Préretraite“ gëtt net méi vum Fonds pour l’emploi bezuelt, mee zum Deel vun de Pensiounskeesen; 

2002: de „revenu d’attente“ fir ageschriwwe Chômeuren muss vun de Pensiounskeesen un de Fonds pour l’emploi bezuelt ginn;

2003: 130 Milliounen Euro ginn aus de Pensiounskeesen erausgeholl an transferéiert fir den Defizit vun de Krankekeesen ze bezuelen;

2005: Verwaltungskäschten vum Staat bei de Pensiounskeessen mussen vun de Keessen bezuelt ginn;

2006: Babyjoeren an Unfallrenten mussen zum Deel vun de Pensiounskeessen bezuelt ginn.

De Problème vun der Rentemauer ass also zum Deel vun der CSV mat provozéiert ginn, well si sech ëmmer nees an de Pensiounskeessen servéiert huet.

Mee mat denen 750 Milliounen Euro ass den Appetit vun der CSV op d’Suen an de Pensiounkeessen nach laang net riwwer. Hiren Nowuesspolitiker, den Här Serge Wilmes, huet den 31. Juli am Wort en Artikel mam Titel „Zurück in die Zukunft“ publizéiert, an dem hien proposéiert lo och nach de ganze Rescht ze huelen. Den Här Zauberléierbouf proposéiert – op am Optrag vu sengem Hexemeeschter oder net ass am Abléck nach net gewosst – fir aus denen Suen e lëtzebuergeschen Staatsfonds ze maachen, euphemistesch fir dat d’Leit et och schlécken en „Zukunftsfonds“. 

E Staatsfonds ass dat hei:     http://de.wikipedia.org/wiki/Staatsfonds,   an den Här Wilmes schreift:

Nur der staatliche „Fonds de compensation“, der die Ueberschüsse der Rentenbeiträge verwaltet, entspricht bis dato den Kriterien eines Staatsfonds und könnte entweder Teil eines globalen Zukunftsfonds werden oder in einen eigenständigen umgewandelt werden.“

Wonnerbar, Här Wilmes!! An d’Pensiounen? Mat wat ginn déi bezuelt?

D’Fro ass net schlecht, och wann si vu mir ass, well den Här Wilmes proposéiert mat dem Geld ënner anerem: „die angehäuften Reserven im Falle eines wirtschaftlichen Tiefs gezielt anti-zyklisch einzusetzen“. A fort sinn se!  

Mee den Här Wilmes tréischt eis gläich:

„Die Finanzierung gegenwärtiger und künftiger Ansprüche wie zum Beispiel den Renten, ist überdies angesichts des defizitären Zustands der öffentlichen Finanzen, einer stetig steigenden Staatsverschuldung und einer stagnierenden Wirtschaft alles andere als gewährleistet.“

Ech iwwersetzen op Lëtzebuergesch: d’CSV (déi Hären Juncker a Frieden) hunn de Budget geplëmmt an eis Land héich verschëllt. Dofir huele mir lo d’Suën aus de Pensiounskeesen fir sou weiderzemaachen wéi bis elo. Den Här Wilmes  mengt zwar mir sollten déi Suen gutt investéieren, mee als CSV-Politiker mengt en domadder wahrscheinlech Las Vegas an de Casino zu Monaco.

Jiddefalls ass d’CSV zimlech entspaant wann et ëm de Leit hir Suen an hir Contributiounen an d’Pensiounskeessen geet. Hei nach eng héich-confidentielle live- Opnam vum leschten CSV-Kongress an der Diskussioun iwwer d’Staatsfinanzen:

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Zynismus pur: „Männerpolitik“ made in Fraenministère

An der Newsletter vum Fraenministère vum Dezember 2012 steet op der Säit 5 en Artikel iwwer „“égalité et société“: Konferenz zum Thema „Männerpolitik“ in Berlin“.

http://www.mega.public.lu/actions_projets/campagnes/newsletter_decembre_2012.pdf

Ech wees, datt dat keng Lecture ass déi ee soll an d’Hand huelen a  schonn guer net recommandéieren. Mee heiansdo lount et sech awer fir sou eppes ze liesen a sief et nëmmen fir sech iwwer den Zynismus ze wonneren den an der Madame Hetto hirem Ministère geflegt gëtt.

Zënter kuerzem probéieren jo d’Feministinnen eng „Männerpolitik“ ze erfannen, natierlech eng déi hinnen an de Krom passt, fir sech den Uschäin vun der Ausgeglachenheet ze ginn. Männerpolitik därf awer net op Käschten vun de Fraen goen, gëtt viirsiichtegerweis gläich mat postuléiert.

„Keine Gerechtigkeit auf Kosten des anderen Geschlechts

Die Politik solle sich generell am Leitbild einer übergeordneten Gerechtigkeit für alle BürgerInnen orientieren. Dies bezöge auch den moralischen Anspruch der Geschlechtergerechtigkeit mit ein. Folglich dürfe es keine Klientelpolitik geben, die sich ausschließlich auf die Männer konzentriert „auf Kosten der Frauen“.

Also keng „Klientelpolitik die sich ausschliesslich auf die Männer konzentriert“… an dat vun engem Ministère den zënter datt et e gëtt, als „Ministère de la promotion féminine“(!),  näicht aanecht gemaach huet, wéi Klientelpolitik fir Feministinnen an hiren radikalsten Organisatiounen op Käschten vun de Männer! 

Et därf ee gespaant sinn, wat do nach alles kënnt… „Infomann“ – en Alibibüro vun dem ech net vill halen – huet viru kuerzem därfen eng Konferenz iwwer Männergesondheet organiséieren! Bravo!

Keen Wuert iwwer dat negativt Männerbild dat virun allem och vum Fraeministère zënter 18 Joer systematesch verbreed gëtt, kee Wuert iwwer d’Problemer vun de Jongen an de Schoulen, kee Wuert iwwer d’Männer als Affer vu Gewalt, kee Wuert iwwer Männerdiskriminatioun duerch Quoten, beim droit de garde  bei de Scheedungenan sou weider an sou virun….

D’Männerpolitik vum Fraenministère wärt op dëser Plaz jiddefalls nach méi wéi eemol kommentéiert ginn!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Befreiung vom Ueberfluss“ – Wéi déi Gréng eis wëllen aarm maachen

Sou eng Orientéierungsdebatt wéi déi, déi den 12. Juni 2012 iwwer Rio+20 an der Chamber geféiert gouf ass méi interessant wéi hiren rhetoresch aschléiferende Charakter et eis et a priori menge léisst.  

Lo virun de Walen,  sollte mir nämlech hellwaakreg ginn an mol doriwwer nodenken wat déi Gréng eisem Land wëllen undoen. Dofir bréngen ech hei eng Ried vum Här Camille Gira, fir dat keen ka soen, ech géng Saachen erfannen déi net sinn.

Den Här Gira bezeechent de Choix tëschent Austeritéit a Wuesstem als e Choix tëschent Pescht a Cholera (ëm 2:28) a preconiséiert en drëtte Wee, den vun enger „Transitioun“. Dëss Transitioun soll eng sinn wou mir manner Energie an manner Ressourcen verbrauchen an manner konsuméieren (ëm 2:29). D'“empreinte écologique“ vun de westleche Länner soll rofgesat ginn (2:31).    

Eise Liewensstil solle mir änneren (2:24), den Ausstieg aus dem Tanktourismus preparéieren (2:26) an da komme mir an dat gréngt Paradäis: eng „Sobriété heureuse“, eng „Befreiung vom Ueberfluss“, e „Wohlstand ohne Wachstum“ (ëm 2:30:40). 

Eng ecologesch Steierreform soll d’Energie méi deier maachen (2:34), an d’Logistik solle mir éichter net investéieren (2:35) an da kréien mir eng gréng Economie fir Lëtzebuerg (2:36).

Hei ass d’Ried:

view video on chd.lu 

 Lo verbannen mir dat nach mat denen Gréngen hire Pläng fir d’Finanzplaz ( Op dësem Blog: „D’Erklärung vu Lëtzebuerg“ – Déi Gréng ruinéieren eis Economie“) an dann kënne mir éicht Conclusiounen zéien. An dem Videobäitrag vum Här Bausch iwwer déi gréng Economie (an dem virgenannten Artikel op dësem Blog), seet den Här Bausch iwwregens dat vill Leit d’accord wären fir 1.000, 2.000 Euro manner ze verdingen…

Fir mech ass kloer:

– déi Gréng ruinéieren d’Finanzplaz

– si maachen eis lescht steierlech Viirdeeler viirsetzlech futti 

– si wëllen lo schonn progressiv aus dem Tanktourismus rausklammen („preparéieren“, nu jee..) 

– si wëllen keng Aarbechtsplazen am Logistikberäich

– si wëllen kee Wuesstëm an wëllen dofir dat mir eise Liewensstil änneren.

De Problem ass: wéi geng sou eng Gesellschaft ausgesinn? Wéi kéint se fonctionnéieren? Wéi sollen eis Sozialsystemer finanzéiert ginn? Vu wat génge mir liewen? Vum Märchen vun denen „gréngen Aarbechtsplazen“ déi an der Wierklechkeet mussen massiv subventionnéiert ginn? Dobäi kënnt nach, dat keng Partei méi administrativ an onproduktiv Aarbechtsplaze géng schaafen wéi déi Gréng (mat Ausnam vläicht vun denen zwou kommunistesche Parteien)! Déi Gréng sinn d’Championen vum Schafen vu Gremien an Etüden, vu Geldverschwendung vun all Typ an mat all Sauce.

Wéi sollen déi Suen aus dem Tanktourismus (1 Milliard!) kompenséiert ginn? Wéi eng Konsequenzen hätt d’Aféierung vun méi héige Steieren op d’Energie op eis Economie? Déi Gréng sinn Zauberlehrlingen an et muss een hoffen, datt déi nimools ëppes hei am Land ze soen kréien! 

Déi Gréng sollen eis endlech KONKRET a PRAEZIS  soen, wéi mir eise Liewensstil sollen veränneren! Schwaarz op wäiss!!! Ech stellen hinnen och gär dëse Blog zur Verfügung fir datt si eis hire Gesellschaftsmodell kënnen erklären. Wéivill Steiern musse mir méi bezuelen? Wat gëtt alles méi deier? Wéivill solle mir manner verdéngen? Hir Lëschten sinn voll mat Proffen an Pädagogen de tous bords (déi iwwregens ganz gutt verdéngen an bestëmmt och gär mam Auto fueren an och mol an d’Vakanz fléien). Un pädagogeschem Talent  därft et also net felen! Also lass, sot eis endlech d’Wouerecht!   

Si sollen ophaalen vun engem „Zukunftsdësch“ ze schwätzen fir keng eege konkret Propositiounen missen op den Dësch ze leeën. Wen wëll „méi Verantwortung“ droen, den soll seng Iddien LO op den Dësch leeën, wëll den 20. Oktober si Walen!  Ech hoffen bis spéitstens Enn September eng präzis Lëscht vun denen Gréngen ze gesinn, wéi si de Liewensstandard vun de Leit hei am Land wëllen rofsetzen!

Ech hat mer et net huele gelooss fir déi Greng massiv ze kritiséieren, wat nach zu enger klenger Polemik gefouert huet. Sou langweileg ass et also an der Chamber och alt rëm net!

 view video on chd.lu 

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Piratepartei demonstréiert Basisdemokratie an Transparenz

Wéi schéin ass et dach, datt d’Piratepartei, eng lokal Filial vun der däitscher Piratepartei mat enger kombinéierter däitsch-russescher Finanzéierungstruktur, dem Land virdemonstréiert wat Basisdemokratie an Transparenz heeschen!  

Ech maachen déi Kéier selwer net vill Kommentaren mee loossen aner Observateuren zu Wuert kommen. „Déi konservativ Säit“ ass just drëm beméit fir hir Lieser beschtméiglechst ze informéieren.

Trotzdem: et schéngt kloer, datt d’Piraten, soubal si da selwer mussen Decisiounen huelen, méi séier un hiren eegenen Usprëch scheiteren wéi souguer ech et fir méiglech gehalen hätt. Déi Dammen an Hären vun „Depuwatch“ an sou wonnerbaren Neierungen tauschen anscheinend hir Kandidaten aus ouni iergend een ze consultéieren. Dat geeet wann eng Partei sou Dispositiounen an hire Statuten huet, dat geet awer net wann een dauernd vu Basisdemokratie an Transparenz braddelt.

D’ADR huet zum Beispill sou eng Regel an hire Statuten:

Art. 60

Sollte ein Kandidat nach Verabschiedung der Kandidatenliste durch den Bezirkskongress, aus welcher Ursache auch immer, nicht mehr als Kandidat in Betracht kommen, bestimmt der Bezirksvorstand in Zusammenarbeit mit der beratenden Wahlkommission einen neuen Kandidaten.“

 D’Piraten awer priedege Wäin a verdeele Waasser…  

https://www.facebook.com/liliana.mirandaeires/posts/10151802998250789

http://www.merissehovic.eu/letzebuerg/piratepartei-reboot-mat-bluescreen-2/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar