Sammelt fir den Här Bausch!

Et gouf jo mol Zäiten wou déi Gréng nach wollten d’Rotatioun bei de politesche Mandater duerchsetzen. An der Tëschenzäit ass dat jo schonn laang vergiess.

Den Här Bausch cumuléiert souguer Posten, wéi och d’Madame Loschetter an nach eng ganz Rei vun aneren gréngen Mandatären.  Cumul amplaatz Rotatioun, souwäit also zu der grénger Glaafwierdegkeet.

Mee domat ass et net gedon: am „Lëtzebuerger Journal“ vum 21. Juni 2013 stoung e flotten Lieserbréif mam Titel “ Armer, unterbezahlter Herr Bausch“ den op eng Emissioun op RTL opmierksam gemaach huet, déi ech perséinlech verpasst hat:

http://news.rtl.lu/news/headlines/440777.html

Sou ongeféier vun der 15. Minutt un, seet den Här Bausch dat hien als Schäffen vun der Gemeng Lëtzebuerg jo nëmmen 3.700 Euro als Entschiedegung kriit an dat een dovunn jo net kéint liewen. Ech iwwerloossen et ganz gär dem Här Bausch fir de Leit dat do ze erklären.

Wat mech virun allem stéiert ass alt nees déi gréng Hypocrisie an dëser Geschicht. Ech verweisen do op den Artikel op dësem Blog iwwer d'“Erklärung vu Lëtzebuerg“ déi déi Gréng ugeholl hunn. An dem Artikel ass och e Video vum Här Bausch, an dem hien de Leit erkläert, dat si jo kéinten op 1.000 bis 2.000 Euro de Mount verzichten fir dofir méi Liewensqualitéit an méi Fräizäit ze hunn. Ech fannen, den Här Bausch sollt dann mam gudde Beispill virgoen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De Résumé vu 56 Prozessdeeg

Hei mäin perséinleche Résumé vu 56 deieren Prozessdeeg:

Et gëtt nach ëmmer Rumeuren, dat am Sall zwee Ugekloter wären. Firwat déi do sinn ass mir awer net ganz kloer.

Et gouf zwou Stay behind Theorien (Kramer an CIA) iwwer d’Bommeleeër, déi allen zwou schonn doud sinn.

Am Januar 2008 schreift den Här Procureur Biever e Bréif un den Här Minister Frieden an dem hien – fir mech net akzeptabel – Behaaptungen iwwer déi Hären Reuland a Stebens an d’Welt setzt.  Doroppshin verléieren déi zwee héig Beamten hir Funktiounen op eng illegal Manéier.

An dem Bréif schwätzt den Här Biever souguer vun méiglechen Konsequenzen géint déi zwee Hären wann Lëtzebuerg dann ë Gesetz iwwer eng „Entrave à la Justice“ gehat hätt.  Eist Land hat nun awer mol keent. Wahrscheinlech dowéinst proposéiert den Här Biever dann selwer sou en Text, den iwwer en analogen franséichen Text wäit rausgeet.

Déi Initiativ mecht denen Hären Reuland a Stebens – an mengen An – novollzéibar Suergen. Si – virun allem den Här Reuland – informéieren sech iwwer den Text, seng eventuell Retroaktivitéit an méiglech Konsequenzen. Dat hätt ech an hirer Plaz och gemaach. Si notzen hir Rechter als Memberen vun der ACSP fir hir Gewerkschaft op hir Suergen opmierksam ze maachen. Si hoffen, dat de Biever-Saz nach kann aus dem Text nees rausgeholl ginn well si fäerten, den kéint perséinlech géint si dirigéiert sinn. Déi Suerg schéngt mir net mat den Hoer erbäigezunn.

Onofhängeg dovun ass den vum Här Biever proposéiereten Text rechtstaatlech bedenklech.  E puer Polizeigewerkschaften mee och zivil Juristen hunn eechtlesch a gutt motivéiert Suergen. Si intervenéieren bei de politeschen Parteien a warnen si. Um  Text gëtt am Justizministär laang gedoktert an kënnt schliesslech ënner dem Här Minister Biltgen an der Biever-Versioun an d’Chamber. D’Koalitioun stëmmt den Text, d’Oppositioun net.

Et voilä! Ech hoffen ech hunn näicht vergiess. Ah dach: ech verweisen nach op meng Bemierkungen a fréieren Artikelen iwwer de Prozess an déi deplorabel Attitüd vun der Justiz géintiwwer den Offizéier vun der Police.  Ech verweisen och nach op déi Lëscht vun institutionellen a rechtsstaatleche Problemer déi dëse Prozess – a mengen An meeschtens  vollkommen onnéideg – an eisem Staat veruersaacht huet.

Wéi all aner Beamten och hunn den Här Procureur an d’Madame Untersuchungsriichter sech misser dofir asetzen fir déi néideg Moyenën fir hir Aarbecht ze kréien. Wéi all aneren Beamten och kruuten si geleeëntlech Froen vun hirem Minister iwwer hir Progrèsën gestallt – wéi ech fannen op eng fein Manéier an ouni Obligatioun géintiwwer engem Viirgesetzten.

Wen d’Bommeleeër sinn wees nach ëmmer keen.

E formidabelt Resultat!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Muss d’Justiz reforméiert ginn?

Virun nët all ze laanger Zäit ass de „Groupement des magistrats“ bei déi politesch Parteien gepilgert fir sech géint dee geplangten „Conseil supérieur de la Justice“ ze wieren. Dat ass säi gutt Recht an ech muss soen, datt seng Argumenter rechtsstaatlech absolut fundéiert waren an mech perséinlech iwwerzeegt hunn.

Bei dem Gesetz iwwer d'“Entrave à la Justice“ hunn d’Polizeigewerkschaften näicht aanecht gemaach wéi de „Groupement des magistrats„.  Och si sinn bei déi politesch Parteien gaang an hunn hiren Argumentaire presentéiert. Ech muss soen, dat och déi Argumenter rechtsstaatlech absolut iwwerzeegend woren.

Eng Lobbyaarbecht wéi se de „Groupement des magistrats“ oder d’Polizeigewerkschaften maachen ass net nëmmen absolut legal a legitim, mee si ass e wichtegen a sënnvolle Bäitrag zum gudde Funktionnement vun eisem demokratesche Rechtsstaat.

Dat elo eng Polizeigewerkschaft gefrot gouf si soll hir Dokumenter zur Kontroll engem Geriicht iwwerginn, obschonn déi Häre Reuland a Stebens mol net Member an där Gewerkschaft waren, stéisst un d’Grenzen vum Rechtsstaat. Iwwregens stellen ech gläich nach eemol kloer, an fir all Mëssverständnis ze verhënneren,dat fir mech déi Hären Reuland a Stebens respektabel Perséinlechkeeten sinn.

Déi Reaktioun vun där betraffener Gewerkschaft, der APUC, der „Association professionnelle des Universitaires du Cadre policier„, ass absolut nozevollzéien: wann d’Geriicht gär sou Informatiounen hätt, dann nëmmen um offizielle Wee. Eng Perquisitioun an eng Saisie vun Dokumenter bei enger Gewerkschaft déi awer strictement iwwerhaapt näicht mat der Affär Bommeleeër ze dinn huet, wär an mengen An en extrem grave Fait.

Ech iergeren mech iwwer déi ofschätzend Kommentaren déi um Geriicht iwwer d’Offizéier gemaach ginn. Ech ginn dovun aus, dat d’Offizéier am Duerchschnëtt wäit méi Studien wéi d’Magistraten gemaach hunn, net sou laang Vakanz hunn (d’Magistratur huet d’Schoulvakanzen, d’Offizéier net),  an manner verdéngen (wann ech mech richteg erënneren sinn d’Magistraten déi am héchste bezuelten Staatsbeamten). Dofir hunn d’Offizéier och nach Contrainten an hirem berufflechen Alldag, déi d’Magistraten net hunn.

Ech wonnere mech, dat sou gemaach gëtt, als wären nëmmen déi Hären Reuland a Stebens géint dat Gesetz vun der „Entrave à la Justice“ gewiescht. An der Chamber hunn 13 Deputéierten géint dat Gesetz gestëmmt a 7 hunn sech der enthalen. Dat sinn 20 Deputéiert oder – fir sou ze zielen wéi um Geriicht – 4 Hänn zu 5 Fanger. Dat heescht, dat een Drëttel (!) vun de gewielte Vertrieder vum lëtzebuerger Vollék dat Gesetz NET matgestëmmt hunn.  Ech erwaarde mir, dat den drëtte Pouvoir déi Realitéit am éichte Pouvoir vum Land unerkennt a respektéiert.

Ech hunn lo eng Question parlementaire gestallt, fir déi „Avis juridiques“ iwwer dat Gesetz ze kréien. D’Publicatioun vun denen Avisën weist dann jidderengem hei am Land, dat et éichtklasseg juristesch Argumenter géint den bewossten Paragraph an dem Gesetz iwwer d'“Entrave à la justice“ gëtt.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De Bommeleeërprozess gëtt zur Farce!

Vun Daag zu Daag rutscht dee Prozess ëmmer méi séier eng Pente Richtung Lächerlechkeet rof, an sou lues muss een sech froen ob ën net déi ganz Lëtzebuerger Justiz blous stellt.

Mir sinn jo lo leider schonn dru gewinnt, dat eis all Daag nei Vulgaritéiten ëm d’Oueren fléien. Fréier hu mir Wäert drop geluegt, dat d’Leit héiflech a korrekt mateneen ëmgaange sinn. D’Affekoten woren grouss Hären déi Wäert drop geluegt hunn, d’Sprooch sou respektvoll an elegant ze behandelen wéi d’Prinzipien vum Droit. An haut?

Joerelaang gouf an dëser Saach enquêtéiert an d’Resultat? Zwee Ugeklotener vun denen bal kee Mënsch gleewt (ausser jo anscheinend dem Parquet) dat déi d’Bommeleeër wären. Déi ganz Enquête, wann een de Réquisitoire liest, gesäit amateuristesch aus. Déi berühmte Fro un de Procureur wéi laang dann nach an där Saach soll enquêtéiert soll ginn, déi kritt nach méi Pertinenz wann een dat aarmséilegt Resultat liest.

D’Justiz féiert hire Privatkrich géint d’Police. Si soll sech schummen! Wat huet dee Kampf géint d’Polizeigewerkschaften, wat huet déi systematesch Beleedegung vun integren Offizéier mam Bommeleeëerprozess ze dinn? Iwwerhaapt näicht! D’Offizéier an hir Gewerkschaften sollten sech beim Conseil de l’Ordre vun den Affekoten beschwéieren!

Wen bezillt d’Rechnug vun där juristescher Farce wann net dat ganzt Land? Vun Stay-Behind Theorien, iwwer den Här Colonel Bruck bis zum Gesetz iwwer d’Entrave à la Justice ginn mir mat permanent mat engem Mix vun perfiden Behaaptungen, perversen Gedankenkonstruktiounen,  militärescher Ignoranz, grotesken Verschwörungstheorien  an engem allgemengen idiosyncraseschem Kuddelmuddel iwwerschott, den virun allem weist dat eist Land e moraleschen Neiufank brauch – an eis Justiz ganz offensichtlech mat!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bommeleeër-Prozess: wien gëtt vereedegt a wien net?

Dëser Deeg hunn ech mech gewonnert, dat verschidde Leit vum Geriicht vereedegt ginn an anerer, wéi zum Beispill de Procureur général an eng fréier Untersuchungsriichterin, anscheinend net – et sief dann ech hätt eppes falsch mat kritt.

Déi Differenzéierung huet awer hir Bedeitung. Souwäit ech als Net-Jurist wees, sinn d’Konsequenzen ganz anerer wann een ënner Eed eng falsch Ausso maache géng oder wann een sou eng Ausso geng maachen wann een net vereedegt ass. D’Vertrauen vum President vun engem Geriicht ass eng Saach – d’Gerechtegkeet géintiwwer alle Bedeelegten eng aaner.

Ech froen mech zum Beispill „à quel titre“ déi verschidde Gewerkschaftler vun der Police grad gehéiert ginn. Sinn si richteg Zeien oder ginn si „Renseignementer“ wéi et am Artikel 218 (2) vum Code d’Instruction criminelle steet. An dem Fall geng gëllen „Les témoins ainsi appelés ne prêtent pas serment (…)“

„Art. 218.

(L. 17 juin 1987) (1) Le président de la chambre criminelle est investi d’un pouvoir discrétionnaire en vertu duquel il peut, en son honneur et en sa conscience, prendre toutes mesures qu’il croit utiles pour découvrir la vérité.

(2) Il peut au cours des débats appeler, au besoin par mandat d’amener, et entendre toutes personnes ou se faire apporter toutes nouvelles pièces qui lui paraissent, d’après les développements donnés à l’audience, utiles à la manifestation de la vérité. Les témoins ainsi appelés ne prêtent pas serment et leurs déclarations ne sont considérées que comme renseignements.

(3) Il rejette tout ce qui tendrait à prolonger les débats sans donner lieu d’espérer plus de certitude dans les résultats.“

(L. 17 juin 1987) (1) Tous incidents contentieux sont réglés par la chambre criminelle

Jiddefalls gëtt dee Prozess all Dag méi interessant:

du point de vue vun de Prozeduren, Vereedegungen a Perquisitiounen

du point de vue vum Respekt vun der Geheimhaltung

du point de vue vum Respekt vun der Gewaltentrennung

du point de vue vum Respekt vun de gewerkschaftlechen Fräiheeten

du point de vue vum Respekt vun der Meenungsfräiheet.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Gewaltentrennung an d’Aussoen vun Vertrieder vun der Justiz

Och an dësem Artikel huelen ech ë Member vun der CSV, hei den Här Minister Frieden, a Schutz. Op aaneren Punkten – zum Beispill an der Affär Reuland a Stebens – sinn ech awer absolut net mam Här Minister Frieden d’accord. Mir geet et drëm an der Politik éierlech ze sinn, an net automatesch en anere Politiker unzegräifen nëmmen well en an enger anerer Partei ass.

Op dësem Blog hunn ech schonn kloer gestallt, dat ech fir eng kloer Gewaltentrennung antrieden. Dat heescht et ass net un der Justiz fir Gesetzer ze schreiwen, mee dat ass d’Aufgab vun der Chamber. Si mecht hir Aarbecht opgrond vun engem Projet vun der Regierung oder opgrond vun enger Propositioun vun engem Deputéierten. D’Chamber ass politesch fräi an onofhängeg an just virum Wieler verantwortlech. Engem Procureur säin Avis iwwer e Gesetz ass selbstverständlech wichteg a respektabel, mee ë kann der Chamber weder eng Entscheedung diktéieren, nach si bei hirer Decisioun behënneren.

E Minister kann, fir e Projet auszeschaffen, schwätzen mat wem e wëll, soulaang ë wëll, wou ë wëll, inklusiv mat Polizeioffizéier a Polizeigewerkschaften déi alleguer an enger fräier an demokratescher Gesellschaft e Recht op eng Meenung hunn an doriwwer raus e Recht hunn déi Meenung och ze soen. Wen dat an Zweifel zitt, den stellt eis demokratesch Fräiheeten a Fro. Am Abléck hunn ech dat Gefill, als géng d’Justiz sech op engem ganz geféierleche Wee befannen.

Kloer an däitlech: den Här Minister Frieden an den Här Reuland konnten iwwer en Avant-Projet de loi souvill mateneen diskutéieren wéi si wollten. Dat geet d’Justiz näicht un, och wann et ëm en Text goung den den Procureur proposéiert hat. Verantwortlech fir dee fäerdege Projet de loi ass den Här Minister Frieden, an net den Här Reuland an och net den Här Biever.

Déi Perquisitioun am Justizministère stellt eis virun eng ganz Rei vu rechtsstaatleche Froen. Net déi mannst dovun ass, wou dann iwwerhaapt nach de Lien tëschent där Perquisitioun an dem Bommeleeër-Prozess soll sinn?  Fir mech als einfache Bierger ass dat net méi nozevollzéien! An wéi ass et méiglech, dat wann eng Ausso vum Procureur d’Etat vun direkt Bedeelegten relativéiert oder souguer widderluegt gëtt, datt dat sou Konsequenzen no sech zitt? Wéi onofhängeg ass d’Geriicht am Bommeleeërprozess géintiwwer dem Parquet?

Ech stellen ausdrécklech an Zweifel, dat den Här Minister Frieden gesot hätt, déi Enquête iwwer d’Affär Bommeleeër misst zougemaach ginn. Ech verweisen do op eng Ried déi den Här Procureur général d’Etat de 4. Mee 2011 an enger „audience publique solennelle de la Cour“ gehalen huet (Pasicrisie luxembourgeoise, Tome 35, 2/2011, Säiten 103 bis 122). Déi Ried ass zwee Joer no de Wahlen vun 2009 gehale ginn.

De Sujet vum Här Procureur d’Etat Biever senger Untrëttsried ass de Ministère public. Den Tenor ass, dat de Justizminister sech NET amëscht, an dat hien KENG Méiglechkeet huet, dem Parquet ze soen, dat iergend eng Enquête misst agestallt ginn. An engem Paragraph seet den Här Biever souguer ausdrécklech, dat de Justizminister am Joer 2002, also den Här Frieden, der Press gesot hätt, dat „que toute infraction devrait être sanctionnée pénalement“ mee dat, dem Här Biever no, de Parquet an d’Geriichter dofir net genuch Moyenen hätten.

Ech recommandéieren politesch interesséierte Leit dem Här Biever seng Ried nozeliesen. Hei sinn e puer Auszich:

– den Här Biever rifft de „blâme“ an Erënnerung den d’Chamber den 9. Dezember 1958 géint e Member vun der Regierung ausgeschwat huet an de Récktrëtt vun der Regierung den dat ausgeléist hat. „Exit le Gouvernement et, avec le Ministre de la Justice de l’époque, la théorie du „Grand-Juge“, selon laquelle le Ministre de la Justice aurait le droit de bloquer ou d’enterrer une affaire selon son bon vouloir“.

– den Här Biever rifft dann och eng aner Affär an Erënnerung an där et 1972 ëm en obszöne Film goung: „ Il résulte de cet arrêt que tout en étant le supérieur hiérarchique des Parquets, le Ministre de la Justice n’a pas le droit de donner un ordre de non-poursuite aux procureurs.“

Den Här Biever seet, dat de Justizminister dem Ministère public:  „ne peut pas enjoindre à ses subordonnés un ordre de non poursuite;“.

Tous les Ministres de la Justice anciens ou actuels, parquetiers anciens ou actuels le confirment: au Luxembourg les Ministres de la Justice ne donnent pas d’ordres dans les affaires pénales et le ministère public n’est pas aux ordres du Ministère de la Justice“.

Tous les ministres? Also och den Här Frieden!

„Le Ministre ne peut évidemment pas dire „ce genre de délits il faut les oublier“, ceci équivaudrait à une suspension de la loi.“  

„Il est essentiel de rappeler à ce stade des réflexions que le Code d’instruction criminelle ne permet pas au Ministre de la Justice de donner des ordres de non poursuite, (…)“

„De qui la politique de l’action publique émane-t-elle réellement? Disons-le clairement, dans notre pays elle émane du ministère public et non du Ministre de la Justice„.

Jiddefalls mengen ech, dat den Här Biever do eng kloer Positioun huet an dat all Versuch – un den ech net gleewen – vum Här Frieden fir d’Affär Bommeleeër klasséieren ze lossen, zu näicht gefouert hätt.

Dat e Procureur oder e Riichter sech net „encouragéiert“ gefillt hunn, dat wonnert mech och. Näicht géint emotional Sensibilitéiten, mee sinn si onofhängeg oder sinn si et net? Firwat brauchen si iwwerhaapt en politeschen „Encouragement“?  Si sollen hir Aarbecht maachen, sou wéi si et fir richteg halen. Vill aner Beamten, déi contrairement zu de Magistraten an engem richtegen „lien hiérarchique“ schaffen, fillen sech och nët ëmmer „encouragéiert“ a fir déi ass dat bedeitend méi schlëmm.  Eierlech gesot, als Beamten hat ech schonn ganz aner Saachen matgemaach wéi dat do!

Schliesslech mengen ech och, dat et vollkommen normal ass dat e Verwaltungschef  – also och e Polizeidirekter – regelméisseg oder geleeëntlech no der Opportunitéit vun enger weiderer „mise à disposition“ vu senge Beamte freet.  Och sou eng Fro ass net ze verwiesselen mat engem Versuch fir eng Enquête ofzewiergen.

All Chef oder héige Beamten muss an eisem Staat streiden fir dat hien déi Leit an déi Moyenen kritt, déi hien mengt dat e bräicht. Och dat ass näicht Aussergewéinleches! Dat huet manner mat schlechtem Wëllen ze dinn, wéi mat der Berschränktheet vun eise Ressourcen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Misandrie – doriwwer gëtt ni geschwat!

All Mënsch schwätzt vun der Misogynie: d’Politik, d’Medien, einfach jiddereen, ëmmer  an iwwerall.  Ech fannen et prinzipiell och ganz richteg, dat sou e Phänomen beschriwwen a bekämpft gëtt.

Iwwer den ëmgedréite Phänomen, den Haass géint d’Männer gëtt allerdéngs ni geschwat. Do ass et sou, dat dee Phänomen gesellschaftlech och nach gefördert gëtt. Et brauch een sech zum Beispill nëmmen unzehéieren wéi eesäiteg an ongerecht an eiser Gesellschaft iwwer d’Gewalt doheem geschwat gëtt fir en éichten Androck iwwer d’Ausmooss vun der Misandrie an der lëtzebuerger Gesellschaft ze kréien.

Et ass dowéinst ganz interessant mol e Film wéi den hei ze gesinn:

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Affer vun der „politescher Korrektheet“: d’Meedercher an hir Dreem

Zu Berlin steet grad eng flott Attraktioun fir vill kleng Meedercher, déi gär mat enger „Barbie“-Popp spillen. Et ass en temporärt Haus, ë „Barbie-Dream-House“  dat nëmme bis den August do steet, an dann an aner Stied soll opgeriicht ginn.

Fir Elteren, déi hire Meedercher wëllen eng grouss Freed maachen, ass dat sëcher eng sympathesch Iddi fir dohin ze fueren.

„Déi konservativ Säit“ recommandéiert dëss Visite besonnech wëll fanatesch lénk Extremisten a Feministinnen, déi d’Meedercher wëllen no hire Viirstellungen ëmerzéien, géint dat Haus protestéiert haten.  Si kënnen einfach net verdroen, dat vill kleng Meedercher  gär vun enger Famill dreemen, gär schéin an attraktiv wären, gär vun engem gudde  Mann a léiwe Kanner dreemen, sech e schéint Doheem wënschen an sech gär géngen ëm eng traditionnell Famill këmmern. Si verstinn net,  dat jo net ausschléisst, dat d’Meedercher an d’Fraëen gläichzäiteg staark Perséinlechkeeten an intelligent sinn.

Hei e puer Biller vun de Protesten géint d’Barbie-Haus zu Berlin an en Artikel zu dem Thema.

 

 

http://www.welt.de/debatte/kommentare/article117365469/Der-Tiefpunkt-des-inflationaeren-Femen-Aktivismus.html

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt | Hinterlasse einen Kommentar

Affer vun der „politescher Korrektheet“: d’Universitéiten (1)

Haut erënnere mir un den Här Professer Lawrence Summers, Recteur vun der Universitéit vun Harvard bis 2006.

http://en.wikipedia.org/wiki/Lawrence_Summers

Eng vun den Uersaachen firwat hien säi Posten als Recteur opginn huet, wor eng Debatt ëm Bemierkungen déi hien am Januar 2005 op enger privater Konferenz gemaach huet, an an denen hien gesot hat, dat déi Tatsaach dat manner Fraen wéi Männer an der Wëssenschaft an en der Technik („engineering“) wären, on eng „different availability of aptitude in the high end“ zréck ze féieren wär. Leider gëtt et keen Text vun der Ried wëll den Här Summers just op Basis vun e puer Notizen fräi geschwat huet.

http://www.guardian.co.uk/science/2005/jan/18/educationsgendergap.genderissues

http://www.thecrimson.com/article/2005/1/14/summers-comments-on-women-and-science/

Dëss Kontrovers ass a mengen An en Zeechen dofir wéi intolerant a feministesche Kreeser mat wëssenschaftlechen Hypothesen oder Theorien ëmgaange gëtt.

Perséinlech sinn ech iwwerzeegt, dat et eng ganz Rei vu geneteschen Ennerscheeder tëschent Jongen a Meedercher gëtt déi och zu geschlechterspezifeschen statistesche Variatiounen vun Talenter an Interessen féieren an dat dem Här Professer Summers seng Kommentaren richteg waren. Ech verweisen an dem Zësummenhank och op den Artikel „Girl’s day, boy’s day, nonsense day“ op dësem Blog.

Op dëser Plaaz wärt ech dowéinst am Laf vun der Zäit och eng Rei vun Artikelen publizéieren, déi an déi selwecht Richtung weisen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Wëssenschaft | Hinterlasse einen Kommentar

D’CSV an d’Fräiheet vun der Press

Ech mengen et ass allgemeng bekannt, dat ech kee Frënn vun der CSV sinn an dat ëmgekéiert d’CSV ähnlech häerzlech Gefiller fir mech huet. Ech sinn also onverdächteg hei der CSV wëllen e Gefalen ze maachen.

Mä ech wëll awer aus Grënn vun der Eierlechkeet den Här Michel Wolter an engem Punkt a Schutz huelen: ech sinn déif iwwerzeegt, nodeems ech him an der Chamber nogelauschtert hat an och seng Presskonferenz zu dem Thema gelauschtert hunn, dat hien de Quelleschutz net wëll an net wollt a Fro stellen. Hien hat sech op eng Manéier ausgedréckt, déi fir mech zwar kloer wor, awer ganz offensichtlech net vu jidderengem sou verstaane gouf wéi hien et gemengt hat. Doriwwer kann een natierlech interessant Diskussiounen féieren, mee ech mengen wierklech dat d’CSV hei mol eng Kéier keng schlecht Ofsiichten hat.

D’CSV hat allerdéngs massiv a viirsetzlech d’Pressfräiheet verletzt wou si de Projet 6127 an der Chamber gestëmmt huet. De Projet gouf ënner CSV-Regie (Madame Minister Hetto) abruecht an mat enger grousser Majoritéit gestëmmt, just d’ADR wor dogéint,  obschonn et all Deputéierten absolut bekannt a bewosst wor, dat d’Pressfräiheet mat dem Gesetz geng ageschränkt ginn.

An der Tëschenzäit schéngt de Conseil de Presse an där Saach jo éicht Liewenszeechen ze weisen.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar