Ech vertrauen denen Hären Reuland a Stebens!

Et ass ëmmer einfach dat selwecht ze soen wéi all déi aner. Maach et wéi déi aner, da geet et der wéi denen aneren… Och an dësem Fall wär et also bequem an einfach bei der ëffentlecher Viirveruerteelung vun denen Hären Reuland a Stebens monter matzemaachen a soss de Bak ze halen.

Dat ass awer net mäi Charakter. Ech kennen déi zwee Hären perséinlech an ech halen si allenzwee fir grondanstänneg an éierlech. An dofir soen ech dat och hei, wëll et net soen wär en Akt vu Feigheet.

Ech hunn dem Procureur Biever säi Bréif vum 23. Januar 2008, den zu hirer Ofsetzung geféiert hat, de Moien nach eemol an Rou nogelies. Hei ass en:

http://www.codexnews.lu/codex/contents.nsf/WNPPrintArticles/1DBF1638EDB8CBB0C22573E1002A6FE5/$file/considerations_parquet.txt

Et gëtt an dësem Bréif ganz villes wat ech kann verstoen, mee et gëtt awer och eng Rei vun Ennerstellungen a Fuerderungen déi ech net kann novollzéien.  Wann ech als Polizeiminister sou e Bréif kritt hätt, wär ech mat Sëcherheet  zu anere Conclusiounen wéi den Här Frieden deemools komm. Déi deemoleg institutionell  Zësummeleeung um Regierungsniveau vun de Ressorten Polizei a Justiz huet d’Situatioun sëcher méi komplizéiert gemaach an si wor e politesche Feler den u sech de Premier Juncker ze verëntwerten huet.

Déi stënterlech Ofsëtzung vun zwee héigen Polizeioffizéier – an mengen An  – ouni Beweiser fir eng Schold op hirer Säit an jiddefalls ouni iergend en Uerteel an enger Geriichtsaffär,  huet d’Vertrauen an d’Police ënnergruewen an d’Beamterecht verletzt. Hei goufen einfach „no politeschem Gutdünken“ zwee héig Beamten ofgesat. Ech wëll prinzipiell der Regierung sou e Recht net ofschwätzen, awer nëmmen fir de Fall vu begrënnten, ganz schlëmmen, gutt dokumentéierten, novollzéibaren a rechtlech onzweifelhaften Uersaachen an Tatsaachen. Dat an dësem Fall zwee Offizéier soe si kéinten sech net un Saachen erënneren déi wäit zréck leien an un denen wahrscheinlech keen vun denen zwee direkt bedeelegt war, ass eppes wat kann hannerfroot ginn, awer e Grond fir eng Ofsetzung wor et an ass et menger Meenung no net.

Och de Minister Frieden hat Problemer mat där Decisioun, wéi et seng Aussoen virun der Chamberkommissioun vun der Justiz (7. Juni 2013) et weisen (den Här Reuland gëtt op de Säiten 2, 12, 14, 21, 26 a 27 ernimmt, den Här Stebens just op der Säit 12):

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/06/11/25ab4d4d3e89b1cd0d4ad5d9901b802a.pdf&chrome=true

Den Här Frieden seet op der Säit 12 selwer, dat hien d’Regelen net applizéiert huet, an dat hien  zwee Offizéier opgrond vu Behaaptungen ofgesat huet „déi (hien) par ailleurs net konnt verifiéiren“. (…) „Dat heescht, mir hunn en ofgesat d’une certaine manière, ouni iergendeng gesetzlech Prozedur ze respektéiern„.

Ech hunn den Här Frieden an der Plénière vun der Chamber nach eemol op dee Rechtsbroch ugeschwat:

E Minister däerf d’Recht net briechen! Dat fannen ech eigentlech dat bis elo schlëmmsten an dat eenzegt onzweifelhaft dokumentéiert a bewisen Element an dëser Geschicht an ech consideréieren déi Hären Reuland a Stebens als Victimen.

Zum Fong vun hirem Rôle oder net-Rôle an der Affär Bommeleeër soen déi zwee Hären jo déi aner Woch virun dem Geriicht aus.

Nach ee Wuert iwwer d’Gesetz „Entrave à la Justice“. Et ass un der Chamber fir d’Gesetzer ze maachen an net um Procureur. D’Chamber kritt e Projet fir e Gesetz vun der Regierung, oder d’Deputéiert maache selwer hir Propositiounen. D’Justiz applizéiert an interpretéiert wuel d’Gesetzer, mä ech  halen op de Respekt virun der Gewaltentrennung och vun der Justiz aus.

Ech halen et fir vollkommen normal an et ass och déi üblech Praxis dat e Minister am Dialog mat héige Beamten a soss Experten ass fir e Projet de loi viirzebereeden.

Dat Gesetz selwer ass menger Meenung no an der Rei mat Ausnahm vun dem Saz den den Här Biever selwer proposéiert hat. Meng politesch Iwwerzeegung ass a bleiwt et, dat dee Saz muss aus dem Gesetz rausgeholl ginn. Déi Kritiken géint dat Gesetz koumen iwwregens vu ville Säiten  – onofhängeg vun eventuelle Kommentaren vun denen Hären Reuland a Stebens. D’Kritiken koumen och vu Juristen déi net an der Police schaffen  an vu Gewerkschaften an denen déi Hären Reuland a Stebens net Member sinn,  an déi all eechtlech a berechtegt Suergen ëm eise Rechtsstat hunn. Ech halen hir Bedenken fir begrënnt an ech wëll dowéinst dat eist Gesetz dem franséiche Gesetz ugepasst gëtt.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Féiert Anti-Diskriminéierung zu neier Diskriminéierung?

Dëss interessant Fro fir politesch Diskussiounen ass am Zäitalter vun der „politescher Korrektheet“ méi brisant wéi je. Doduerch dat Begrëffer wéi „Net-Diskriméinerung“ an gesellschaftlech an gesetzlech erzwongen Gläichmaacherei féieren, stellen sech eng ganz Rei vu neien a fundamental wichtege Froen.

Wéi wäit därfen gesellschaftlech Viirstellungen an d’Fräibeet vum Eenzelnen agräifen?

Entstinn net nei Formen vun Diskrimnéieurngen doduerch dat een aanerer wëll bekämpfen, zemools dann wann een Saachen déi objektiv net d’sëlwecht sinn onbedéngt wëll d’sëlwecht behandelen?

Déi éisterräischch Bëschofskonferenz huet grad e klengen Artikel  publizéiert, den an sou Diskussiounen eng interessant Referenz ka sinn:

http://www.bischofskonferenz.at/content/site/home/article/578.html?SWS=f8f1e59563d7f8ec41620f246f3b43fe

Et kann een nëmme bedaueren, dat d’Diskussiounen zu Lëtzebuerg an dem Beräich praktesch inexistent sinn. D’Ennerwierfung vun denen meeschte Parteien ënnert den europäeschen Diktat, déi politesch gesteiert Presslandschaft, d’Verschwannen vun der kathoulescher Kierch als eegestännege Meenungsforum, den Démontage vun de Schoulen an déi meeschtens niveaulos Contributiounen vun der Uni Lëtzebuerg zu gesellschaftspolitesche Froen  féieren dozou dat dësst Land intellektuell ëmmer weider verkënnt.

Déi richteg a wichteg Diskussiounen féieren mir hei net méi. Wahrscheinlech och wëll se net erwënscht sinn.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Entrave à la justice?

Wou steiert eise Staat hin? Respektéiere mir  nach déi gewerkschaftlech Fräiheeten? Ass et hei am Land nach erlaabt Kritik un engem Gesetz ze üben? Liewen mir iwwerhaapt nach an enger Demokratie?

Ech wëll hei just mol e puer Froe stellen:

1. Gëschter hunn mir erlieft, dat am Kader vun engem Prozess hannerfrot gouf wat zwee Memberen vun enger Gewerkschaft, der ACSP (Cadres supérieurs vun der Police), an där Gewerkschaft gemaach a gesot hunn. Gëllt hei am Land nach déi gewerkschaftlech Fräiheet? Ass et net d’Recht vun ALL Member vun enger Gewerkschaft fir zur Meenungsbildung vu senger Gewerkschaft bäizedroen? Ass et net d’Recht vu  all Member vun enger Gewerkschaft an vun all Gewerkschaft och kritesch Positiounen ze huelen an déi géint iwwer der Politik an der Effentlechkeet ze vertrieden?

2. Dat Gesetz ëm dat et geet ass e Gesetz dat ech selwer och fir geféierlech fir eise Rechtsstaat halen. Den Paragraph den vum Här Procureur bäigesat gouf, gëtt et NET am franséiche Recht vun dem de ganze Rescht vun dem Gesetz ofgeschriwe gouf:

http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2011/0144/a144.pdf#page=2

Et geet an dëser Diskussioun ëm dëse Saz:

Est punie de la même peine, la personne qui, par ses fonctions, est appelée à concourir à la manifestation de la vérité et qui retient sciemment une information susceptible de contribuer à la manifestation de la vérité.“

Dat do ass e Paragraph, den net nëmmen géint Polizisten mee och zum Beispill géint Untersuchungsriichter a géint Affekoten kéint agesat ginn. Et gëtt ausserdem – sou wäit ech wees – keng zouverlässeg Jurisprudenz, besonnech well et dat do jo net am franséiche Recht gëtt.

Ausserdem ass et bal onméiglech seng Onschold ze beweisen, wann een ugeklot gëtt et hätt een „wëssentlech“ eppes net gesot. Et därf menger Iwwerzeegung no an engem demokrateschen Rechtsstaat keng Gedankeverbriechen ginn !!!

Fir mech ass dat do eng rechtsstaatlech äusserst bedenklech Dispositioun an ech hunn dowéinst an der Chamber och dogéint gestëmmt.

 3. Ech wëll wëssen:

Huet d’ACSP en Avis un de Minister oder un d’Chamber geschéckt (ech hunn kee fonnt) an wat steet do drann?

Huet de Service juridique vun der Direktioun vun der Police en Avis zu dem Gesetz geschriwwen a wat steet do drann?

4. Ech verlaangen:

– de volle Respekt vun de gewerkschaftleche Fräiheeten;

– de Respekt vun dem absolute Recht vu jidderengem fir kënnen e Gesetzesprojet, eng Gesetzespropositioun oder och e Gesetz ze kritiséieren an ze kommentéieren!

MIR LIEWEN AN ENGER DEMOKRATIE!!!!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Vergaangenheetsbewältegung bei dene Gréngen

Duerch déi méi wéi berechtegt Kritik an den massiven Drock vun denen Konservativen hunn déi däitsch Gréng endlech missen domat ufénken fir sech mat hiren Pro-Pädophilie-Positiounen ze beschäftegen. Iwwer de Grupp „SchwuP“ (Schwule und Päderasten) hunn ech jo schonn op dësem Blog geschriwwen.

Engagéiert Politiker wéi zum Beispill d’Madame Erika Steinbach („Sprecherin für Menschenrechte und humanitäre Hilfe der CDU/CSU Bundestagsfraktion“) hunn déi Gréng ënner Drock gesat:

Lo hunn déi däitsch Gréng endlech mol eng Etüde zu dem Thema an Optrag ginn.

http://www.gruene.de/partei/wissenschaftlich-fundierte-aufarbeitung.html

De Rapport vun der Universitéit Göttingen gëtt fir Enn 2014 erwaard, woubäi awer och schonn éichter en Tëscherapport soll presentéiert ginn:

http://www.demokratie-goettingen.de/aktuelles/erklarung-des-instituts-fur-demokratieforschung-zu-einem-neuen-forschungsprojekt

Déi Fro déi ech mir emmer nees an dem Zësummenhank stellen ass déi ob vläicht och déi lëtzebuergesch Gréng sou Fuerderungen gestallt hunn? Huet vläicht nach een Dokumenter vun GLEI, GAP, Gréngen etc… déi sou Fuerderungen kéinte beleeën? Well wéi déi däitsch Gréng maachen déi lëtzebuergesch Gréng ëmmer déck Baken wann et ëm aner Leit geet, mee iwwer hir eege Vergaangenheet schwätzen si nëmmen ënner massivem Drock.

Aktualiséierung (21.07.2013):

http://www.welt.de/politik/deutschland/article118249352/Gruenen-Chef-schockiert-ueber-Paedophilie-Enthuellung.html

Aktualiséierung (27.07.2013):

http://www.welt.de/politik/deutschland/article118319669/Ich-glaube-Daniel-Cohn-Bendit-kein-Wort.html

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Stroummastentourismus

Nom Liesen vun de Neiegkeeten aus dem Bommeleeërprozesse hunn ech dacks nëmmen een Gedanken: wéi kann een sou e Prozess nëmmen ouni de geréngsten militäresche Sachverstand féieren? Wat do erzielt gëtt ass fir mech – an wahrscheinlech och nach fir vill aner Offizéier – ganz einfach haarsträubend!

Lo soll also den Zeien gehéiert ginn, den no wort.lu:

In Bezug auf die Informationen eines anonymen Soldaten, der sich vor einigen Wochen an den Srel gewandt hatte, beantragte die Verteidigung nochmals die Anhörung dieses unbekannten Soldaten sowie die Befragung von Geheimdienstchef Patrick Heck, der dessen Namen nicht mitteilen wolle.

Dieser Informant hatte bekanntlich dem Srel gesteckt, dass er in den Attentatsjahren den späteren Generalstabchef Colonel Armand Brück mehrmals zu Hochspannungsmasten im Raum Beidweiler gefahren haben will.“.

Déi Beschreiweung vum Wort ass NET konform mat dem wat am Bréif vum Här Direkter Heck vum 19 Abrël 2013 steet (Artikel op dësem Blog: De mortuis nihil nisi bonum).  Do steet den Här Colonel Bruck hätt eng reconnaissance „des environs“ an vun den „voies d’accès“ vun der Regioun gemaach. Den Här Heck schreift ausserdem, den Zaldot hätt mol net gesot dat et eng „reconnaissance“ gewiecht wär.

Dozou soen ech dat hei:

– fir e gewéinleche Poteau sprengen ze goen, brauch een ë virdrun net ze kucken. Een gläicht dem aneren. Et hëllt een einfach genuch Material mat.

– Interessant ass héchstens, ob sou e Poteau duerch Ofspärungen gesëchert ass. Dat ass extrem liicht a séier festzestellen an et brauch een dofir keng „reconnaissance“ mat engem Chauffeur.  An scho guer net nuets!!!

– Op denen üblechen Militärkaarten a groussem Moosstaw loossen sech normalerweis bal all Informatiounen iwwer den Zougank zu sou Masten an dem Verlaf vun de Stroumleitungen feststellen. Eng Iwwerpréiwung vun denen Donnéeën léisst sech séier an onopfälleg maachen.

– Wann een Bommeleeër mat militäreschem Hannergrond ass, dann hëllt een keen Zeien mat op eng „reconnaissance“,  et meecht een keng total iwwerflësseg „reconnaissancen“ déi ëmmer e Risiko duerstellen an et geet een net nuets Saache kucken déi een nuets net ka gesinn well – an dat wëssen och Zivilisten – et dann bekanntlech däischter ass.

– Ausserdem geng wuel kaum en héigrangegen Offizéier wéi e  Colonel sech selwer ëm d’Sprengung vun engem Mast këmmeren. Sou eng „Recce“ géng also – wann iwwerhaapt – wahrscheinlech vun dem gemaach ginn, den d’Missioun och soll executéieren.

Mee gutt, wéi gesot, wann ech net scho gro wär, da kriit ech alléng schonn duerch déi Behaaptungen iwwer den Här Colonel Bruck gro Hoer. Wéi déif kann de Niveau nach falen?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Woody di Bartolomeo : Alles wat Dir schonn ëmmer iwwer Sex wësse wollt…

Eng onhelleg Allianz tëschent dem sozialisteschen Gesondheetsministère, dem sozialisteschen Schoulministère an der Ofdreiwungsberodungsinstitutioun « Planning Familial », den vun enger Sozialistin oder och vläicht ex-Sozialistin dirigéiert gëtt, huet eng Broschür iwwer d’Sexualitéit verbrach : « Le guide de la santé affective et sexuelle des jeunes ».

Wen et bis op d’Säit 13 vun där Brochure packt, den fënnt do eng Definitioun vun der Sexualitéit::

« La sexualité, c’est une rencontre, un partage. La sexualité est une découverte de soi et de l’autre, une forme d’expression et de réalisation personnelle, une expérience du désir, du plaisir individuel et à deux. La sexualité fait appel à de nombreux sentiments : l’amour et la tendresse bien sûr, mais aussi la joie, la crainte, le chagrin la confiance. Elle évolue avec l’âge, les expériences et les pratiques. Elle varie avec les partenaires et les cultures. »

Wat wor ech dach naiv !  Hat ech dach net gemengt, et géng vläicht ën Zësummenhank tëschent der Sexualitéit an der Procréatioun ginn.  Oder tëschent der Sexualitéit an engem eventuellen nach aneren Gefill, engem sougenannten  « sentiment de responsabilité » ! Sou een Gefill gëtt et awer bei de Sozialisten offensichtlech keent.

Duerch déi Broschür sinn ech awer lo bedeitend besser informéiert ! Merci, Här di Bartolomeo! Merci, Madame Delvaux! Sexualitéit huet also näicht mat Puppelcher ze dinn. Déi bréngt da sëcher de Storch. Verschidde sozialistesch Matbierger sinn awer vläicht och – gewësse Broschüren no ze uerteelen –  an engem Kaabesheed entstaan.

Ech muss awer zouginn, dat ech dach ë bësselchen enttäuscht sinn. D’Sozialisten schéngen  zimlech aalmoudesch an diskriminatoresch ze sinn. Wat ass hautzudaags schonn nach ë « plaisir individuel et à deux » ? D’Piraten an déi Gréng sinn wéinstens fir d’Polygamie, d’Polyandrie, den Inzest an an Eenzelfäll  bei denen Gréngen sinn si och experimentéiert Pädophiler! Dat sinn wéinstens Leit mat kloren, moraleschen Iwwerzeegungen! Déi Rout kommen geschwënn mat bal grad sou langweilegen klasseschen Relatiounen bei déi Jonk geschäert wéi mir aner knallhaart Konservativer. Schappeg !

Emmerhin erlaabt d’Ausblendung vun der Fortpflanzung aus der Sexualitéit de Sozialisten déi verbal  Gläichstellung vun der Heterosexualitéit mat der Homosexualitéit.  « Les personnes homosexuelles vivent des relations amoureuses aussi riches de tendresse, de joies partagées et de projets en commun que les personnes hétérosexuelles ». (p.13)  Dat ka jo sinn, mee op natiirlechem Wee Kanner kréien geet zum Beispill net. Déi, an mengen An, absolut zentralst Dimensioun vun der Sexualitéit, déi déi hir déiwe Sënn an wierklech Bedeitung gëtt, nämlech d’Weiderginn vum Liewen, déi feelt bei der Homosexualitéit gene wéi och an där sozialistescher Definitioun vun der Sexualitéit.

D’Sozialisten behaapten : « Pourtant, l’homosexualité est simplement une façon de vivre sa sexualité. » Wann et nëmmen sou einfach wär…  Fir vill Homosexueller ass hir sexuell Orientéierung guer net « simplement » eng sexuell Liewensweis. Vill vun hinnen hunn grouss Problemer mat hirer Homosexualitéit an net nëmmen wéinst enger eventueller oder reëller Diskriminéierung duerch hiert gesellschaftlecht Emfeld. An denen Leit hir Problemer a Suergen muss een onbedéngt eecht huelen,  an zwar ouni dat all kritesch Ausërnaanersetzung mat der Homosexualitéit gläich vun hysteresche Lobbyen als « Homophobie » duergestallt gëtt.

Hei mol eng Rei vun  Artikelen déi op méi eng reflektéiert Manéier iwwer d’Homosexualitéit schreiwen:

http://www.dijg.de/homosexualitaet/

Ganz sëcher ass  d’Situatioun fir vill homosexuell Mënschen jiddefalls net sou « einfach » wéi d’Sozialisten dat wëllen duerstellen.

Eng interessant Fro an dem Kontext ass z.B. och déi op d’Homosexualitéit ugebuer ass oder net :

http://www.dijg.de/homosexualitaet/wissenschaftliche-studien/fakten-hinweise-wenig-oeffentlichkeit/

Aner Spaweck-Säiten veruerteelen iwwregens schonn déi Fro wat d’Uersaach vun der Homosexualitéit kéint sinn als « ein Urteil über Homosexuelle. Wenn Sie nach den Gründen fragen, weshalb jemand homosexuell ist, unterstellen Sie schon, dass Homosexualität eine Störung ist und erklärt werden muss.»  Dat ass allerdéngs keng ganz wëssenschaftlech Astellung well Fuerschung a Wäertung sinn net dat nämlecht.

http://web4health.info/de/answers/sex-homo-causes

Virun allem widdersprëcht sech den selwechten Artikel well en behaapt schonn am nächste Paragraph :  « Es wird gerade an einem bestimmten Gen für Homosexualität geforscht. Allerdings gab es noch nicht genug Forschung um eine verlässliche Aussage zu machen.» Fuerschung déi also en Homo-Gen soll fannen ass da sëcher keen «Uerteel iwwer Homosexueller ». Wie’s beliebt…

Ech wonneren mech ëmmer iwwer sou Aussoen, well si ën eklatanten Widdersproch zur Gender-Ideologie duerstellen, déi jo am lénke politesche Lager sou « in » ass. An der Gender-Ideologie gëtt gepriedegt, dat all sexuell Ìdentitéit an Orientéierung op reng soziale Critèren berouht, op Erzéiung  an net op Biologie. Fir déi Homosexuell soll dat dann awer op eemol net gëllen. Bei hinnen soll dann „natierlech“ virprogramméiert sinn wat bei aneren nëmmen e Produkt vun Erzéiung ass an allzäit nees kéint geännert ginn. Firwat dann nëmmen bei denen engen an net bei denen aneren?

An enger Broschür iwwer d’Sexualitéit,  geng ech d’Heterosexualitéit jiddefalls net mat der Homosexualitéit gläichstellen. Well et gëtt op d’mannst een enorm wichtegen Ennerscheed an dat ass d’Procreatioun ! Et geet beim Sex eben nët nëmmen em Loscht a Loschtbefriddegung, mee virun allem ëm Kanner a Verantwortung.

Veröffentlicht unter Allgemein | 6 Kommentare

Coupe du courage: Norwegen 1: Lëtzebuerg 0

Dëser Deeg kruut ech e Message iwwer Internet geschéckt an dem steet, dat Norwegen de Finanzement vu Moscheeën an Norwegen duerch Saudi-Arabien refuséiert an sech dobäi ausdrécklech op d’Ennerdréckung vum Chrëschtentum a Saudi-Srabien berifft:

De : NORVÈGE LIBRE

LA NORVEGE EXEMPLAIRE ET LIBRE

Le gouvernement saoudien et de riches donateurs privés d’Arabie Saoudite, voulaient financer des mosquées en Norvège à hauteur de dizaines de millions d’euros.

Légalement, ils en ont le droit; conformément à la loi norvégienne il est permis aux pays étrangers de soutenir financièrement les communautés religieuses, mais vu l’importance de ces sommes, le gouvernement doit approuver le financement.

Or, le ministère des Affaires étrangères vient non seulement de refuser d’approuver ce financement, mais il a également répondu au Centre islamique Tawfiiq, qu’il serait „paradoxal et contre nature d’accepter le financement venant d’un pays qui n’accepte pas la liberté religieuse.»

Le ministre norvégien des Affaires étrangères Jonas Gahr Støre a déclaré au journal VG : «Nous aurions pu simplement dire non, le ministère n’approuve pas, mais nous avons profité de l’occasion pour ajouter que l’approbation serait paradoxale, tant que vouloir établir une communauté chrétienne en Arabie saoudite sera considéré comme un crime „.

Encore une nouvelle qui nous parvient par le net. Elle est pourtant transmise par toutes les agences de presse, mais probablement sur une fréquence que le service audiovisuel national français ne reçoit pas…“

Déi Informatioun kéint stëmmen, well si och nach op aneren Siten um Spaweck relayéiert gëtt:

http://islamineurope.blogspot.com/2010/10/norway-no-saudi-mosques-as-long-as.html

http://defenceforumindia.com/forum/europe-russia/46656-no-more-mosques-norway.html

Dat huet mech un eng Question parlementaire erënnert déi ech iwwer d’Finanzéierung vun enger Moschee an enger Koranschoul duerch déi qataresch Stëftung respektiv ONG (NRO/ Nët- Regirungsorganisatioun) „Qatar Charity“ zu Lëtzebuerg gestallt hat:

http://www.adr.lu/financement-dune-mosquee-et-dune-ecole-coranique/

An der Aentwert heescht et:

3. D’Letzebuerger Regirung huet séch net an den objet social vun der katarescher ONG anzemëschen. Am Prinzip ass den Donateur frei fir Liberalitéiten ze maen, natirléch muss d’Utilisatioun vum Don hei zu Letzebuerg am Respekt vum letzebuergeschen ordre public geschéien.

4. D’Fro vun indirekten an och auslänneschen Finanzementer vu reliéisen Gemeinschaften gëtt am virdru genannten Rapport vun den Experten ugesprach a gëtt domatt während der Debatt én vun den Themen vun der zukünfteger Strukturéirung vun de Bezéiungen tescht Kiirch a Staat. Woubei et jo kloer ass, datt esou Finanzementer méi importent ginn, an der Proportioun wéi de Staat seng Relatiounen, déi rechtléch an och déi finanziell, mat de Kiirchen méi begrenzt.“

An hirer Aentwert bezitt d’Regierung sech also ganz couragéiert op de Rapport vun den auslänneschen Experten. D’Aentwert kann och als e Plaidoyer fir eng Conventioun tëschent dem Staat an der islamescher Communautéit gelies ginn, wat déi gestallte Fro awer nach net beäntwert.

Déi lëtzebuergesch Regierung traut sech ganz einfach net eng Positioun ze huelen!!! Firwat net eng ähnlech Positioun wéi Norwegen anhuelen?

Dobäi ass ët em d’Reliounsfräiheet am Qatar zwar besser bestallt wéi an Saudi-Arabien, mä ideal ass d’Situatioun ganz secher net:

 http://en.wikipedia.org/wiki/Freedom_of_religion_in_Qatar

According to the Criminal Code, individuals caught proselytizing on behalf of an organization, society, or foundation, for any religion other than Islam, may be sentenced to a prison term of up to 10 years. Proselytizing on behalf of an individual for any religion other than Islam can result in a sentence of up to 5 years. Individuals who possess written or recorded materials or items that support or promote missionary activity can be imprisoned for up to two years.“

Vun där norwegescher Regierung  kann eis nach villes léieren!

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

t CO2 = t Temp + (800 x 365) + 200

Op lëtzebuergesch: den Zäitpunkt vun der statistesch feststellbarer CO2 Erhéigung an der Atmosphär kënnt 800 Joer oder 800 x 365 Deeg plus 200 Schaltdeeg NO dem Zäitpunkt vun enger festgestalltener Temperaturerhéigung.

Et as also NET sou, dat eng Temperaturerhéigung eng Folleg vun enger CO2 Erhéigung an der Atmosphär wär, mee et ass genee ëmgekéiert: eng CO2 Erhéigung kënnt 800 Joer NO der Temperaturerhéigung.

Déi einfach Feststellung féiert natierlech déi ganz aktuell Klimadiskussioun ad absurdum agéng se vun der Politik endlech akzeptéiert kéinte mir Milliounen spueren!

Hei ass en interessanten Video zu genee dem Sujet. Fir t’éicht gëtt dem Hàr Al Gore seng Theorie gewisen, dono huelen Klimatologen Stellung:

 

Veröffentlicht unter De Mënsch a seng Ëmwelt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Eldoradio: e klengen Effort wann-ech-gelift!

Vill jonk Leit kennen déi Radiostatioun „Eldoradio“:

http://www.ipl.lu/ipl_Eldoradio.24-2.html

Hir Emissioun „Eldo Casual“ déngt dozou denen meeschtens jonken Nolauschterer aner jonk Leit ze presentéieren, déi och eng gewësse Roll an der Gesellschaft spillen:

Intressant, aussergewéinlech an iergendwéi „hot“. Esou sinn d’Invitéeën am Eldo-Casual. All Freideg intresséiert d’News-Redaktioun sech fir eng Perséinlechkeet, freet no a këddelt den Invité och alt e bëssen. („Net schwéier, mee séier“ – Kuckt a lauschtert den Eldo-Casual.)“

Lo hunn mech awer e puer  frëndlech a besuergte Matbierger drop opmierksam gemaach, dat do zwar Politiker vun alle Parteien zu Wuert kommen, awer mat Ausnahm vun denen Gréngen an der ADR. Effektiv schéngt déi publizéiert Lëscht vun den Invitéën op Eldoradio déi Analys ze confirméieren:

http://news.eldo.lu/aktuell/eldo_casual/

Dobäi woren souguer schonn sou Gruftien wéi den Här Xavier Bettel an den Här Etienne Schneider invitéiert, déi laang net méi sou jonk sinn wéi se sech gär maachen. Si sinn allerdéngs nach – dat ginn ech gär zou –  bei denen méi Jonken am politeschen Altersheem.

Et wär vläicht net schlecht, wann Eldoradio géng op Zensur verzichten an och denen jonken Gréngen (déi ech guer net gär hunn) an der ADRenalin  (déi ech ganz vill gär hunn)  genee sou vill Plaz ginn wéi denen aneren Parteien och!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Grousse Quiz: wéi een RTL-Journalist därf déi Kéier mat op eng CSV-Lëscht?

Zënter dat am RTL Verwaltungsrot gläich zwou Persounen aus der CSV sëtzen, publizéiert RTL och nach d’Fotoen vum CSV-Familljefest!

„Déi konservativ Säit“ felicitéiert RTL häerzlech fir dëss politesch absolut neutral, deontologesch perfekt Meeschterleeschtung!

Si wëll hire Lieser dëss wonnerschéin RTL- Propaganda fir d’CSV atierlech net viirenthalen. Vläicht entdeckt Dir jo eng Persoun op dëse Fotoen, där Dir bis elo näicht Béises zougetraut hätt!

htttp://news.rtl.lu/fotogalerien/renescho/20897/overview?back=/fotogalerien/renescho

Gläichzäiteg lancéiert „Déi konservativ Säit“ hire groussen Juni-Quiz: Wen ass den nächsten RTL-Journalist no der Madame  Françoise Hetto an dem Här Félix Eischen den därf fir d’CSV an d’Regierung oder an d’Chamber goen?

Wéi een RTL-Journalist schafft am meeschten an am treisten fir d’CSV? Wéi een RTL-Journalist denigréiert d’ADR am systemateschsten?

Déi beschten Aentwerten ginn mat enger Invitatioun op dat nächst CSV-Familljefest, enger Plaz op enger CSV-Wahllëscht an enger DIN A4 Foto op RTL.lu belount!!!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar