Gréng Glaafwierdegkeet (2): d’Klimaligen.

Mir kennen all déi alarmistesch Theorien mat denen déi Gréng operéieren wann et ëm déi sougenanntenen „Global warming“ geet. Déi Gréng verbreeden net ieren wëssenschaftlech Fuerschungsresultater mee si probéieren bewosst Panik duerch falsch Informatiounen  ze verbreeden. Op déi Manéier fänken si Stëmmen vun denen guttgleewegen an besuergten Leit déi de Feler maachen, denen Gréngen iergend ëppes ze gleewen.

A Wierklechkeet gëtt et zanter 16 Joer keng Ophëtzung méi vun der Aerd, eng Tatsaach déi natierlech net bekannt gemaach gëtt, well se enorm politesch Konsequenzen huet. Dat mannst wat een muss wëssenschaftlech soen, ass dat eng méiglech Erwärmung vun der Aerd vill, vill méi lues geschitt wéi vun denen Gréngen behaapt.  Déi bis elo benotzten Computermodeller fir Klimapredictiounen geroden ëmmer méi an d’Kritik.

http://www.dailymail.co.uk/sciencetech/article-2217286/Global-warming-stopped-16-years-ago-reveals-Met-Office-report-quietly-released–chart-prove-it.html

Am Juni 2013 leeft alt nees eng „Klimakonferenz“ zu Bonn, am Kader vun der Viirbereedung vun Cancun:

ttp://www.klima-sucht-schutz.de/service/beitrag/article/neuer-anlauf-klimakonferenz-in-bonn.html

Interessanterweis wëssen eng ganz Rei vun denen  „Klimaexpteren“ oder besser gesot Klimaaktivisten déi dorun deelhuelen dacks och mol net dat zënter 16 Joer keng Ophëtzung vun der Aerd méi gemooss gouf. An denen gréngen Milieuën gëllt d’Ideologie eben méi wéi d’Wëssenschaft.

Veröffentlicht unter Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Gréng Glaafwierdegkeet (1) ? Demonstratiounsrecht

Zu Lëtzebuerg woren déi Gréng jo Gottseidank nach nie an der Regierung. An Däitschland ass dat leider aanecht. Emmerhin erlaabt déi Erfahrung ze weisen an ze beweisen wéi verlugen déi Partei ass.

Hei e Beispill zum Thema Anti-Atom-Politik an Demosntatiounsfräiheet:

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Enquêtekommissiounen, Stay behind an „Aarbechtshypothesen“

Gëschter an der Auditioun vum Här Marco Mille virun der Geheimdéngschtenquêtekommissioun huet de fréieren Direkter vum SREL gesot dat déi supposéiert Relatioun tëschent dem „Stay behind“ an dem Bommeleeër just nëmmen eng Aarbechtshypothes war.

http://news.rtl.lu/bommeleeer/news//441748.html

Wat d’Fro vun engem Lien tëscht dem Stay Behind an de Bommeleeër ugeet, sot de
Marco Mille, datt dat eng Aarbechtshypothèse war.“

Ech ginn also dovun aus, dat déi Hypothes iwwerpréift an invalidéiert gouf. Domat wär och déi zweet „Stay behind“-Spur niewent dem berühmten „Cello“ doud.

Op tageblatt online steet nach dat hei:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/dossier/srel/story/Stay-Behind-Struktur-in-der-Armee–23289746

Stay Behind

Das hätte eine plausible Hypothese auch für Luxemburg sein können, so Mille. Die These sei in Luxemburg geprüft worden. Die Schlussfolgerung: Stay Behind in Luxemburg sei nicht zu den Anschlägen in der Lage gewesen. Auch seien die Motive nicht vorhanden gewesen. Was die Anschläge hätten erbringen können, habe dem SREL nicht genutzt, so Mille. Stay Behind wurde vom Geheimdienst geleitet.

Die Luxemburger Stay Behind-Leute, zwölf Personen, hätten nicht über die notwendigen Kenntnisse verfügt. Dies alles habe er dem Premierminister zugetragen, so Mille. Juncker selbst erteilte dann 2008 der parlamentarischen Kontrollkommission Geheimdienst den Auftrag, einen Bericht zu Stay Behind zu erstellen.

Parallel-Struktur zu Stay Behind

Ob es eine Parallel-Struktur zu Stay Behind gegeben hat, wisse er nicht, antwortet Mille auf eine entsprechende Frage. Mille zufolge habe die Armee das trainiert, was Stay Behind eigentlich hätte trainieren müssen, u.a. Infiltration und Exfiltration im Falle einer feindlichen Besetzung des Landes. Die Parallelstruktur hätte in der Armee bestehen können. Seiner Ansicht nach sei diese Struktur, wenn sie denn bestanden hat, ein Erbe der Nachkriegsjahre und der Auslagerung einer entsprechenden Einheit der Armee Ende der 1970er Jahre.

Auch Robert Rollinger, ehemaliger stellvertretender SREL-Direktor, hat von der möglichen Existenz eines möglichen parallelen Stay Behind gehört. Rollinger wurde im Anschluss an Mille gehört. Im SREL sei damals die Existenz dieser Parallel-Struktur nicht ausgeschlossen worden. Konkretes könne jedoch nicht vorgelegt werden, Rollinger.“

Do froen ech mech allerdéngs, wou sou eng „Struktur“ soll gewiecht sinn. Als Offizéier hunn ech jiddefalls ni eppes dovun héieren, an sou enorm grouss ass d’Lëtzebuerger Arméi jo bekanntlech net dat do villes kéint virun den Offizéier verstoppt ginn. Dat eenzegt ass, dat eben eng Rei vu „Stay behind“ Szenarien an Manöveren trainéiert goufen, mee an dem Fall wor déi ganz Arméi sou eng „Struktur“. Mech geng also interesséieren wen sou Saachen behaapt an wéi eng Beweiser viirleien?

Mäin Androck vun der Geheimdéngschtenquêtekommissioun ass souwisou e ganz gemëschten. Déi puer mol wou ech do wor, hunn ech déi Iwwerzeegung kritt, dat e puer Memberen absolut serieux sinn, mee dat apaaart déi Häre Bausch an Urbany virun allem hiren eegenen ideologeschen Krich do féieren.  Den Här Bausch hat jo och schonn Conclusiounen gezunn, wou iwwerhaapt nach keng ze zéien waren. Als Rapporteur vun där Commissioun eng absolut Verletzung vun der Deontologie. Den Här Bausch hätt missen senger Wee goen.

http://francoisbausch.com/2013/04/08/srel-der-sichere-weg-zum-totalschaden/

Wat den Här Urbany ugeet, fällt mir op, dat e vill Froen zu denen aktuellen Quellen an den operativen Erkënntnesser a Methouden stellt,  besonnech am Zësummenhang mat gewëssen radikalen Bewegungen. Déi Froen ginn menger Meenung no wäit iwwer dat raus, wat d’Geheimdéngschtenquêtekommissioun soll leeschten.

Ech froen mech op all Member vun där Kommissioun sech iwwer d’Geheimhaltungsflicht bewosst ass an si och anhält, oder ob net vläicht geschwënn héig sensibel Informatiounen aus där Kommssissioun an Milieuen opdauchen wou se näicht verluer hunn. Jiddefalls denken ech dat eng politesch Transparenz net onbedéngt verlaangt, dat d’Enquêtekommissioun bis an d’Detailer vun den Dossieren geet.

Déi Kommssioun soll lo legislativ Mossnahmen proposéieren, wéi d’Aarbecht vum Geheimdéngscht ka verbessert ginn an dann hir Aarbechten ofschléissen. Et geet net drëm de Kommunisten an dene Gréngen e permanenten Abléck an héig sensibel Enquêten ze ginn.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

SREL: Här Fränz Bausch,

lo grad héieren ech, datt Dir um  Facebook frot ech soll mäi Mandat nidderleeën, well ech fréier Geheimagent wor. Ech gleewen Iech gär, datt et denen Gréngen net passt, dat et nach Leit gëtt, déi fir dësst Land hire Kapp dohin halen. Patriotismus bei denen Gréngen ass jo keng Dugend, mee e Verbriechen. Ech gesinn dat awer ganz aanecht: iwwerdeems déi Gréng de Kommunisten hir nëtzlech Idioten waren an mat hiren zum Deel vu Moskau ferngesteierten Friddensbewegungen alles gemaach hunn, fir déi westlech Verdeedegung am Kaale Krich ze ënnergruewen, hunn d’Arméi an de SREL hiert Bescht gemaach fir dat dee fräie Westen och soll fräi bleiwen.

Den Här Bausch schreiwt, dat ech Leit „getäuscht“ hätt. Natierlech hunn ech dat gemaach! Ech hunn als Duebelagent seng politesch Frënn getäuscht, déi sowjetesch Geheimagenten, déi eis Sëcherheet an eis Fräiheet wollten sabotéieren. Dat den Här Bausch doriwwer rosen ass, dat kann ech verstoen. 

An dat ech an der Enquêtekommissioun op d’Noutwendegkeet vun der Diskretioun opmierksam gemaach hunn, ass jo wuel och kloer. Aus eegener Erfahrung wees ech, dat d’Aarbecht vun engem Geheimagent näicht Gemittleches ass. De Staat muss d’Liewen vun sengen Agenten schützen. An dat kann een nëmmen  wann een  – wéinst enger Rei vun ondiskreten Patréiner – wuel eng politesch Transparenz iwwer de Geheimdéngscht erméiglecht  awer keng Detailer vun Operatiounen a virun allem keng Identitéit vun Agenten matdeelt. Ech wees net wat de GRU mat mir gemaach hätt, wann e gewosst hätt, dat ech Duebelagent wor. Ech kann mer et awer denken.   

Ech sinn jiddefalls houfreg dropp als Offizéier an der Arméi an als Geheimagent am SREL gedéngt ze hunn. Dat wor eng patriotesch Flicht an ech hunn se erfëllt. Fir Fräiheet muss een kämpfen an och grouss Risiken huelen. An déi Risiken hunn ech geholl fir dat sou Leit wéi den Här Bausch kënnen  iwwer sou Leit wéi mech hiirfalen.

Bei denen Gréngen kennen ech keen, den jeemools eppes fir d’Sëcherheet vun onser Heemecht  gemaach hätt – ganz am Géigendeel!   Déi Gréng kommen aus der Ligue Communiste Révolutionnaire, aus dem MLF an aneren lénksradikalen Gruppéierungen. Hire Fraktiounschef am Europaparlament ass e Pädophilen.

Haut feieren déi Gréng hiren 30. Gebuertsdag. Eng gutt Geleeënheet fir sech endlech opzeléisen.

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

Meng Zäit als Geheimagent

D’Lëtzebuerger Land schreift mar en Artikel an dem et bekannt gëtt, dat ech Duebelagent gewiecht wär an och 2009 vum SREL „reaktivéiert“ gi wär, fir eng Operatioun Vampire.

Richteg ass, dat ech an den 80er Joeren Offizéier vun der Armé wor a vun 1986 bis 1988  „Congé sans traitement“ geholl hat, fir nach d’Diplomatesch Akademie zu Wien ze absolvéieren. Zu Wien ass dunn de miltäresche Geheimdéngscht vun der Sowjetunioun, de GRU, un mech rugetrueden fir ze probéieren mech als Agent ze rekrutéieren. Doropshin hunn ech direkt de SREL infoméiert, an der Persoun vun sengem Direkter, dem Colonel Hoffmann. Kuerz dropp hunn ech den Här Hoffmann, zësummen mat engem Här vun der  CIA, zu Wien getraff. Déi zwee Hären hu mech gefrot, ob ech bereet wär als Duebelagent géint d’Russen ze schaffen. Dat hunn ech als eng patriotech Flicht ugesinn an ech hunn dono e puer Joer laang, zu Wien an zu Lëtzebuerg,  fir de SREL an de CIA géint de GRU geschafft.

Vun enger Operatioun „Vampire“ am Joer 2009 wees ech näicht.

Hei ass dat wat d’Press doriwwer seet:

http://www.wort.lu/de/view/kartheiser-die-russen-an-der-nase-herum-gefuehrt-51b0b524e4b0e794460f8afd

http://news.rtl.lu/bommeleeer/news//441513.html

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/Ex-Doppelagent-heute-Deputierter-23672506

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Eis economesch Entwécklung zënter 1999: de sëchere Wee biergof!

Am Joer 1999 wor eis Lëtzebuerger Land nach gutt drunn. Trotz der CSV-Regierung huet de Bankesecteur eis duerch seng spektakulär Entwécklung iwwer  Waasser gehal. Hei ass en interessant Dokument aus dem Joer 1999 vum „European Industrial Relations Observatory“.

http://www.eurofound.europa.eu/eiro/1999/12/feature/lu9912120f.htm

Ech  zitéieren: „The public debt accounted for 4.6% of GDP in 1999, and inflation rose slightly, to 1.89% in the year to November 1999.  (…) The unemployment rate stood at 2.8% at the end of November 1999, with a total of 5,300 job-seekers.“

Vun 1999 bis 2013 woren déi Hären Juncker a Frieden haaptsächlech verantwortlech fir en dramatesche Verfall vun eiser economescher Situatioun!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Finanzplaz : eng Erënnerung un d’CSV-Kapitulatioun vu Feira

Eigentlech ass den Titel net zu 100%  richteg : am Joer 2000 hate mir eng CSV-DP Regierung, an et ass ëmmer gutt dorunner ze erënneren, wann d’DP sech haut als grousse Verdeedeger vun der Finanzplaz wëll opspillen. Deemools wou si nach selwer mat an der Regierung wor huet si grouss Feeldecisiounen vun der CSV matgedroen.  Trotzdem : haaptverantwortlech fir d’Kapitulatioun vu Feira woren déi Hären Juncker a Frieden (allen zwee CSV).

Hei sinn gläich zwee besonnech interessant Artikeln aus der Schlusserklärung vu Feira :

« 42. Le Conseil européen approuve le rapport sur le paquet fiscal établi par le Conseil ECOFIN ( cf. annexe IV), les déclarations inscrites au procès-verbal du Conseil ainsi que l’accord dégagé sur les principes et orientations de ce paquet fiscal. Il approuve le calendrier convenu, qui prévoit un cheminement progressif vers l’échange d’informations en tant que fondement de l’imposition des revenus de l’épargne des non résidents. Le Conseil européen demande au Conseil ECOFIN de poursuivre avec détermination les travaux sur tous les volets du paquet fiscal de manière à ce que, dès que possible et au plus tard à la fin de 2002, un accord intégral puisse être dégagé sur l’adoption des directives et la mise en œuvre de l’ensemble du paquet fiscal.

C. Entrée de la Grèce dans la zone euro

43. Le Conseil européen félicite la Grèce pour les résultats qu’elle a obtenus ces dernières années en matière de convergence grâce à une politique économique et financière saine et il se réjouit de la décision concernant l’entrée de la Grèce dans la zone euro le 1er janvier 2001, ce qui constituera une nouvelle étape positive du processus d’intégration monétaire de l’Union. »

An hei ass dee ganzen Text :

http://www.consilium.europa.eu/ueDocs/cms_Data/docs/pressData/fr/ec/00200-r1.f0.htm

Den Här Luc Frieden wor zënter 1999 « Ministre du trésor et du Budget ». Déi Decisiounen vum ECOFIN  (Ministerrot fir Economie a Finanzen) op déi sech am Artikel 42 bezunn gëtt, huet hien also mat gedroen an mat ze veräntwerten.

Am Joer 2003 koum et dann zu enger Directive an där ganz kloer wor, dat d’Retenue à la source (Withholding tax) just geng fir eng Iwwergangsperiod gëllen. Dat steet kloer am Kapitel III (Iwwergangsbestëmmungen) vun dëser Directive :

http://eur-lex.europa.eu/LexUriServ/LexUriServ.do?ri=CELEX:32003L0048:EN:HTML

Och dëss Directive wor also nach  ënner enger CSV-DP Regierung ausgehandelt ginn.

D’Regierung hat déi Directive zwar deemools nach probéiert als en Erfolleg ze verkafen, mee de facto wor Feira schonn e riisegen diplomatesche Feler. Déi Directive vun 2003 wor an där selwechter Logik. Déi Hären Juncker a Frieden hunn eist Land, zësummen mat der Belsch an mat Eisterräich an eng onbequem Situatioun eran manövréiert. Ech hunn absolut näicht dogéint, dat Lëtzebuerg op iergend engem Punkt isoléiert ass, mee nëmmen dann wann et eisen Interessien déngt. An dësem Fall hunn mir awer mëttelfristeg nëmme nach kënne verléieren. En onverzeilechen Juncker-Feler! Et kann een iwwer d’Uersaachen vun sou Kapitulatiounen nëmme spekuléieren, mee egal bei wéi engem Erklärungsversuch kommen déi Hären Juncker a Frieden ganz schlecht wech.

Een vun denen ville strukturellen Problemer an der lëtzebuerger Baussepolitik, deemools nach ënner der Verantwortung vun der Madame Lydie Polfer (DP), ass dat eis bilateral Relatiounen mat dem angelsächsechen Raum, a besonnech mam Vereenegte Kinnekräich chronesch ënnerentwéckelt sinn. Dat huet sech ënner dem Här Asselborn net geännert. Dat Lëtzebuerg vum Här Juncker orientéiert sech baussepolitesch virun allem um Dräieck Däitschland-Frankräich-Europäech Kommissioun an dat geet bei wäitem net duer, fir all d’Interessien vun eisem Land ëmfaassend ze verdeedegen.

Besonnech – mee bei wäiten net nëmmen – an der Finanzpolitik musse mir eng privilegiéiert Relatioun mat London opbauen. London a Lëtzebuerg gehéieren zu denen weltgréissten Finanzplatzen an déi Manktum u Kontakt tëschent de verantwortleche Ministeren kann nëmmen zum Nodeel vu Lëtzebuerg sinn.

Iwwer den Artikel 43 vu Feira iwwer déi « gesond » griichesch Finanz- a Wirtschaftspolitik ass net méi ganz vill ze soen. Do wees an der Tëschenzäit jiddereen Bescheed. Fakt ass awer : den Här Juncker huet och dat Feeluerteel mat ze veräntwerten.

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Sproochen an der Schoul: eng Diskussioun op Chamber TV

Den 3. Juni huet Chamber TV eng Diskussioun mat de Sozialisten, denen Gréngen, der ADR an der ASTI iwwer den Enseignement vun de Sproochen an de Schoulen bruecht.
Ech wëll net ze vill iwwer déi Debatt soen, well ech selwer drunn deelgeholl hunn. Do soll jiddereen sech eng eege Meenung maachen.
Just zwou prinzipiell Feststellungen:
1. an där ganzer Schouldiskussioun ass d’ADR déi eenzeg Partei, déi probéiert de Niveau vun eise Schoulen méiglechst héig ze haalen. All déi aaner Parteien sinn mam Nivellement vers le bas prinzipiell averstaanen. Si formuléieren dat zwar aanecht, mee Fakt ass Fakt!
2. Fir mech interessant wor et, dat déi aner Diskussiounspartner mol wéinstens prinzipiell net méi bestreiden, wat d’ADR schonn seit Joeren seet: nämlech d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch an d’Bedeitung vun enger richteger Integratiounspolitik. Dat wor fir mech vläicht dat Positivst un dëser Diskussioun, also de Rapprochement vun LSAP, Gréng an ASTI un déi klassesch ADR-Positiounen.

view video on chd.lu 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen | Hinterlasse einen Kommentar

Méi Rechter fir déi national Parlamenter!

De britesche Bausseminister William Hague huet den 31. Mee e Viirschlag gemaach, fir denen nationale Parlamenter nët nëmmen d’Recht op eng „giel Kaart“ ze ginn, wann si mengen, dat de Subsidiaritéitsprinzip verletzt ginn wär, mee souguer eng „rout Kaart“ fir sou Initiativen vun der Europäescher Kommissioun kënnen ze stoppen.

A mengen An ass dat e wichtegen an richtege Schrëtt an déi richteg Richtung. Ech denken, dat all national Parlament dat Recht misst hunn e Kommissiounsviirschlag vun Ufank un ze stoppen, och wann et alléng agéiert. Mir brauchen en Europa vun de Natiounen, a keen supranationalen europäeschen Federalstat!

http://www.bbc.co.uk/news/world-europe-22730226

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi gewooten Phantasien vun der Madame Viviane R.

An där éisterräichescher Zeitung « Der Standard » huet d’Madame Viviane Reding den 31. Mee en laangen Interview ginn, den et verdéngt méi genee gelies ze ginn.

http://mobil.derstandard.at/1369362296023/Reding-an-Orban-Die-Verfassung-ist-kein-Spielzeug

Mee ier ech iwwer den Interview e puer Kommentaren wëll lass ginn, denken ech, datt et sënnvoll ass un dem Här Frank Engel (CSV) seng Positioun iwwer Lëtzebuerg an Europa ze erënneren, wéi och un déi vun der Piratepartei. Iwwer dëss Positiounen gëtt et Artikelen op dësem Blog. Et schéngt leider an der Moud ze sinn fir eis Land wëllen ofzewäerten oder ganz ofzeschaafen. Wat mech ugeet, sinn ech frou fir an enger Partei ze sinn, déi iwwerhaapt net drunn denkt eist Land ofzeschaafen, mee déi, ganz am Géigendeel, fir en Europa vun de Natiounen plädéiert.

Iwwer Ungarn hunn ech och schonn e puer mol op dësem Blog geschriwwen, souwuel iwwer déi méi wéi gestéiert Relatiounen tëschent der Madame Reding an dem ungareschen Parlament, wéi och wat de Vergläich vun de Mësssstänn tëschent Lëtzebuerg an Ungarn ugeet.

Wat lo d’Madame Reding betrëfft ass si bekanntlech keng Persoun déi un allzevill grousser Modestie leide géng. Dofir iwwerrascht och net, dat si an dësem Interview net ausschléisst fir EVP-« Spëtzekandidatin » bei denen nächsten Europawahlen ze ginn. Déi däitsch Bundeskanzelerin Angela Merkel ass do mol jiddefalls retizent :

http://www.welt.de/politik/deutschland/article116736487/Merkel-will-der-EU-keine-Kompetenzen-mehr-geben.html

D’Madame Merkel ass net iwwerzeegt vun der Iddi vun engem direkt gewielten Kommissiounspresident, well den natierlech dann e ganz aaneren Pouvoir géintiwwer den Nationalstaaten hätt. Der Madame Reding hir Hoffnungen op sou eng Positioun bleiwen also wahrscheinlech lo mol Fantasmen.

Jiddefalls widdersprëcht d’Madame Reding sech well si seet: „Ich sehe die Kommisson als Regierung an“ an gläichzäiteg rappeléiert si, datt d’Kommissioun d'“Hüterin der Verträge“ ass. Abee, et steet néierens, an kéngem  Vertrag, datt d’Kommissoun  eng europäesch Regierung wär. Et gëtt och keen „EU-Gesetz“, wéi d’Madame Reding mengt därfen ze behaapten.  D’Madame Reding schéngt do hir Aufgaben a Kompetenzen ganz grondsätzlech falsch ze verstoen.

Och steet néierens dat e Justizbarometer sollt Deel vum Eurpäesche Semester sinn. dat ass alles eng Privatinitiativ vun der Kommissioun ouni den Accord vun de Memberstaaten. Dee Saz „Justizpolitik ist auch Wirtschaftspolitik“ erënnert eis drunn dat d’Logik vum Bannemaart permanent vun der Kommissioun an vum Europäeschen Parlament mëssbraucht gëtt fir Harmonsiéierungen am Stroof- an am Zivilrecht duerchzedrécken. Dat sinn Beräicher déi kënnen integral renationaliséiert ginn.

Emmerhin seet d’Madame Reding kloer, dat hir Zil e federalt Europa ass. E Konvent soll erreechen dat nei Vertragsännerungen schonn 2018 a Kraaft trieden. All Stëmm fir si oder den Här Engel ass also eng Stëmm géint d’Rechter vun eisem Land.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar