All Respekt, Kayo!

Fir jiddereen den um Wäert vum Lëtzebuergeschen zweifelt, hei den Témoignage vun enger sympathescher, japanescher Doktorandin:

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20130529/0/2993181/

An sou engem Fall denken ech, dat mir eis Nationalitéit och kéinten éierenhalber verginn, ganz ouni Residenzflicht. D’Madame Kayo Nishide ass fir mech eng Japanerin, an wann sie et wéilt, och eng Lëtzebuergerin.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D'“Erklärung vu Lëtzebuerg“ – Déi Gréng ruinéieren eis Economie

Virun e puer Deeg wor schonn bei der Competitivitéitsdebatt an der Chamber ganz kloer ginn, dat déi Gréng keen economesch Konzept fir eis Land hunn. (Artikel: de Minister Schneider entlarvt dé Gréng). Op enger anere Plaz hat ech och schonn dorop opmierksam gemaach, dat déi gréng Viirschléi am Energieberäich gréisstendeels onsënneg a souguer ëmweltschiedlech sinn. Déi vun denen Gréngen verlangten Holzpellet-Heizungen zum Besipill veruersaachen en enormen Schued am Bësch an en héigen CO2- Ausstouss duerch den Opwand beim Sammelen, Transportéieren a Verschaffen vum Holz. Biokraaftstoff mecht d’Ubauflächen ekologesch aarm, verdeiert d’Liewensmëttel an erhéigt de Methanausstouss den vill méi staark op atmosphäresch Prozesser awierkt wéi den CO2. (Artikel: Gréng Energiepolitik: e Sammelsurium vu Feler an Illusiounen). D’Wouerecht ass dat déi gréng Konzepter der Emwelt dacks méi schueden wéi se notzen.

Et gëtt einfach mol Zäit fir déi politesch Propositiounen vun där Partei auserneen ze plécken. Zënter Joeren maachen si sou als wären si déi gutt an déi moralesch Iwwerleeën, déi mam Duerchbléck eben. A Wierklechkeet sinn se moralesch Hypokriten (voir: Pädophiliedebatt), ekologesch Amateuren an economesch Katastrophen.

Haut wëll ech d „Erklärung vu Lëtzebuerg“ presentéieren, en Dokument dat de 7. Dezember 2010 vun enger Rei vu gréngen Europa-Deputéierten, dorënner den Här Claude Turmes, an den Vertrieder vun de lëtzebuergeschen Gréngen, denen Hären Bausch a Braz ugeholl gouf.

http://www.greng.lu/actualites/euro-krise-politik-muss-wieder-oberhand-%C3%BCber-die-finanzm%C3%A4rkte-erlangen

An hei ass den Text vun der Erklärung:

http://www.greng.lu/sites/greng/files/20101207-ErklaerungLuxemburg.pdf

Bei denen Propositiounen sinn der eng ganz Rei vun denen all Mënsch mat Verstand a Verantwortungsgefill hei am Land géng direkt ofroden.  Ech geng all eenzelne  Bierger den nach wees dat d’Suen net vum Himmel falen a besonnech d’Vertrieder vun eiser Economie invitéieren fir déi gréng Fuerderungen genee ze liesen an sech ze froen wéi eng Konsequenzen si fir eist Land, seng Competitivitéit, seng Wirtschaftsstruktur a seng Finanzen  hätten. Et gëtt nëmmen eng Conclusioun: déi Gréng dàrf een net wielen!

Hei een vu mir kommentéierten Auszuch:

 „Neue Steuereinkommen  (Kommentar: dat sinn Steiererhéigungen a besonnesch eng Erhéigung vum maximalen Steiersaz)  und eine stärkere fiskalische Zusammenarbeit sind notwendig, um ausgeglichene öffentliche Finanzen zu erreichen. Dies führt über :

– ein (sic!) Quantensprung um Kampf gegen die Steuerflucht  (Kommentar: bei der fraude fiscale (Steierbedruch) ass all Mënsch d’accord. Bei der Steieroptimiséierung sinn ech der Meenung, dat déi muss méiglech sinn. Déi Gréng sinn och géint d’Bankgeheimnis. Fir mech ass awer d’Bankgeheimnis  u sech eng gutt Saach soulaang keen Land doduerch e materielle Schued huet. Dat ass duerch d’Quellesteier garantéiert. Komesch dat déi Gréng zwar géint de glieserne Schüler awer fir de glieserne Bierger sinn! Ass do net e Widdersproch?)  

– ein (sic!) EU-Mindestsockel von 25 Prozent Unternehmenssteuern  (Kommentar: domatt géngen also net nëmmen d’Privatpersounen bei denen Gréngen däitlech méi héig besteiert, mee och d’Entreprisen. Reeëll ginn déi am Abléck mat ongeféier 18% besteiert. Déi gréng Iddi féiert zu engem weideren Verloscht vu Kompetitivitéit an domat zu Aarbechtslosegkeet).

– eine konsolidierte Unternehmenssteuerbasis, um die reale Steuerlast der einzelnen Unternehmen zu ermitteln.

– den automatischen Informationsaustausch für alle Einkommen, ausgedehnt auf die OECD-Staaten  

– innovative Steuern für die EU-Mitgliedstaaten und die EU, beispielsweise eine Finanztransaktionssteuer und Ökosteuern, die den Faktor Arbeit weniger und den Umweltverbrauch mehr belasten  (Kommentar: an nach méi Steieren, lo och nach där „innovativer“ !! Besonnech d’Finanztransaktiounssteier, wann se net weltwäit ageféiert gëtt, ass Gëft fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg. Ausserdem gëtt se schlussendlech vun de Bankclienten bezuelt, also vun eis all. An wat d’Oekosteieren ugeet: do sinn déi gréng Iddien jo schonn ze spieren, villes ass an denen leschte Joeren schonn däitlech méi deier ginn: Waasser, Ofwaasser, Dréckseeemeren… Wat géng dat eréicht ginn, wann déi och nach an der Regierung wären? Jidddefalls kriit dann och d’EU direkt Steieren vun de Leit an méi sougenannten „eege Finanzmëttelen“.).   

– Eurobonds, also gemeinsame EU-Anleihen, um die ökologische Transformation der EU zu finanzieren (Kommentar: an domat misst Lëtzebuerg  och nach d’Scholden vun all denen aneren matbezuelen. Och dat wär ouni Steiererhéigungen net denkbar). 

– die qualifizierte Mehrheitsregel, die mittelfristig im EU-Rat bei finanzpolitischen Entscheidungen eingeführt werden muss.“ (Kommentar: an domat huet Lëtzebuerg och keen Vetorecht méi a Steierfroen oder bei anerer Froen déi fir d’Finanzplaz vun zentraler Wichtegkeet sinn. Dee blannen gréngen Europa-Federalismus géng eis Land an de finanziellen Ruin stierzen!)

Et soll keen dësem Blog ënnerstellen, dat en seng politesch Géigner net géng zu Wuert komme loossen. Mat grousser Freed presentéieren ech haut: de François BAUSCH, den eis eppes iwwer déi gréng Economie erzielt.

Den Här Bausch stellt de Wuesstum grondsätzlech a Fro (dobäi brauche mir 4% fir eis Sozialsystemer ze erhaalen), wëll de Réckbau vun der Automobilindustrie (vun där awer ganz vill Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ofhänken, zum Beispill bei der GoodYear), wëll „dat manner Auto gefuer gëtt“ (e schéine Bonjour vum Totalitarismus), d’Leit sollen och „méi bewosst“ consomméieren (dat maachen déi meeschte Leit lo och schonn, Här Bausch!), an proposéiert dat d’Leit mol kënnen een- bis zweedausend Euro am Mount manner verdéngen mee sech dofir awer däerfen als Bénévole an der Gesellschaft engagéieren. Alternativ kënne si och an den Theater goen (den ass awer och net gratis!). Déi Aarm (an un denen wärt et bei enger gréngen Regierung net felen!) kriiten dann Sozialtransferten – wéi mer déi awer dann nach kéinte finanzéieren, dat seet den Här Bausch net. Dofir soen ech et dat dann fir den Här Bausch – als kléngen Gefalen ënner Kolleegen – duerch méi héig Steieren natierlech!

Wéinst sengem economeschen Horrorcharakter, sollen Leit ënner 14 Joer dëse Film nëmmen ënner elterlecher Opsiicht kucken.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Making Luxembourg“ am Luxemburger Wort

Eis Ländchen ass jo net grad grouss an dofir sinn verschidden Strukturen wonnerbar transparent – och ouni extra Gesetzer. Sou wësse mir zum Beispill dat an der Initiativ „Making Luxembourg“ vun der ASTI och d’Caritas an d’Luxemburger Wort engagéiert sinn.

An der Caritas („Conseil de Gouvernance Caritas Luxembourg“ an  am „Conseil d’Administration Fondation Caritas Luxembourg“) setzt all Kéiers e gewëssen Här Erny Gillen.  An am „Luxemburger Wort“ – eng Gottseidank all Dag méi kleng CSV-Propagandazeitung déi besonnesch – mee natierlech nët nëmmen –  an Wahlkampfzäiten litt wéi gedréckt an dréckt wat se litt –  heescht de President vum Verwaltungsrot och Erny Gillen. An an der Fondatioun „elisabeth“ heescht de President vum Verwaltungsrot iwwregens zoufälleg  och Erny Gillen. Där muss et der am Land awer wierklech vill ginn!

„Making Luxembourg“ setzt sech an fir „Solidaritéit amplaz Rassismus“. “ Au lieu de chercher ce qui pourrait nous opposer, nous cherchons ce qui nous unit dans la construction économique, culturelle, sociale et politique du Luxembourg.“ Wéi schéin!!

E Beispill vu kultureller Gemeinsamkeet a solidareschem  Opbau vu Lëtzebuerg am authentesche Geescht vu „Making Luxembourg“ liwwert lo d’Luxemburger Wort. No Artikelen am „Lëtzebuerger Land“ an am „paperJam“ vum 31.05  wàr den nei ernannten Interims-Finanzdirekter vum Wort, den Här Jean-Luc K., no dräi Woche schonn nees gaange ginn well ën Moslem  an  Vize-President vun der Shoura ass. Den Här K.  huet sech diskret an mat Stil zréck gezunn an ass lo nees duerch säi Viirgänger ersat ginn.

„Déi konservativ Säit“ felicitéiert dem „Luxemburger Wort“ besonnesch häerzlech fir dëss beandrockend an iwwerzeegend Demonstratioun vun Toleranz,  reliséisem Mateneen an virbildlecher Eierlechkeet wéi se an CSV-Kreeser jo och bekanntlech üblech ass. Besonnecht Luef verdéngt den Här Erny Gillen – (den aus dem Wort an net ieren een vun denen aus der Caritas oder elisabeth)  – dem seng Personalpolitik duerch politesch Korrektheet nëmme sou glousst a fénckelt wéi een vum Här Juncker senge schéinste Gielercher.

Normalerweis bréngt d’Wort een oder zwee Deeg virun all Wahlen e groussen Artikel dat d’ADR eng intolerant an rietsextrem Partei wär. Ech geng dem Här Erny Gillen dach recommandéieren déi Kéier op sou Artikelen ze verzichten. Wéi soen mir Luxembourgmaker dach ëmmer: „Wer in der Glasmoschee sitzt, soll nicht mit Steinen werfen!“ Inch Allah!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

Intoleranz géint d’Chrëschten

Vill Leit, besonnech d’Politiker vun denen lénken Parteien, schwätzen sou gär iwwer d’Intoleranz géintiwwer alle méiglechen Gruppen an Grippercher. Aktuell „in“ sinn Homophobie, Islamophobie an de Mangel un Respekt géintiwwer Transgendergruppen. D’ASTI an de CLAE probéieren d’Lëtzebuerger ze iwwerzeegen dat si Rassisten wären an de Conseil national des femmes huet hautzudags sou Problemer wéi Quoten fir eng winzeg Minoritéit vu Fraen an de Verwaltungsréit vun den Entreprisen, woubäi si wahrscheinlech hoffen fir sech selwer kënnen dohinn ze promovéieren. Qualifikatioun ass jo bekanntlech Niewesaach, soulaang d’Chance vun der weiblecher Gebuert Argument genuch ass.

Net geschwat gëtt awer iwwer eng aner Diskriminéierung déi an eise westleche Gesellschaften, wéi och soss op der Welt, leider ëmmer méi staark gëtt: déi géint d’Chrëschten.

Dowéinst well ech haut d’Aarbect vun der Madame Dr Gudrun Kugler ernimmen an luewen:  http://de.wikipedia.org/wiki/Gudrun_Veronika_Kugler

D’Madame Kugler ass zoustänneg fir den „Observatoire fir Intoleranz an Diskriminéierung géint Chrëschten“ vun der OSZE. Hei sinn d’Kontaktadressen vun där Organisatioun:

Observatory on Intolerance and Discrimination against Christians

Möllwaldplatz 5, A-1040 Vienna, Tel: +43 / 1 / 274 98 98,

Observatory@intoleranceagainstchristians.euwww.IntoleranceAgainstChristians.eu

Twitter: OIDACEurope,  Facebook: OIDACEurope, Dr. Gudrun Kugler, mobile number: +43 / 650 / 25 26 30

Den 21. Mee huet d’Madame Kugler op enger Konferenz zu Tirana an Albanien eng Ried iwwer dat Thema gehal.  Gläichzäiteg huet si och e Rapport iwwer d’Diskriminéierung vun de Chrëschten presentéiert.

Chrëschten, déi sech wëllen zu hirem Glaawen bekennen an Glaawensinhalter och an der Effentlechkeet vertrieden ginn an West-Europa ëmmer méi diskriminéiert oder souguer  verfollegt. Beispiller huet d’Madame Kugler  der gläich eng ganz Rei bruecht. Déi concernéieren Beräicher wéi zum Beispill d’Droen vun reliéisen Symboler, d’Ethik an der Medizin, Déngschtleeschtungen déi gleeweg Chrëschten refuséieren, Agrëffer an déi elterlech Autoritéit, mee och de Vandalismus géint d’Kierchen.  Besonnech Suergen mecht och d’Aschränkung vun der Meenungs- a vun der Riedfräiheet. Sou kréien Chrëschten dacks Schwiiregkeeten mat der Justiz déi nach soen dat eng gelieften Homosexualitéit hirem Glawen no eng Sënn ass.

Gëschter hunn ech nach op dësem Blog de President vum Europaparlament kritiséiert, den wahrscheinlech drunn denkt nei libertizid Gesetzer anzeféieren, fir d’Kritik un der EU, Homophobie an Islamophobie ze verbidden. Alles dat geng natierlech och nees d’Riedfräiheet vun de Chrëschten aschränken. Ech stellen mech jiddefalls géint sou Entwécklungen a stellen dëse Blog selbstverständlech och chrëschtleche Meenungen zur Vrfügung.

Hei ass der Madame Kugler hir Ried:

http://www.intoleranceagainstchristians.eu/fileadmin/user_upload/Keynote_at_OSCE__Tirana__Session_2__May_21__by_Dr_Gudrun_Kugler_01.pdf

An hei ass de Rapport:

http://www.intoleranceagainstchristians.eu/publications/legal-restrictions-affecting-christians-report-2012.html

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Grondsätzleches, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

Piraten: delete Luxembourg!

D’Piraten haten d’leschte Sonndeg hire Kongress.  Op de Fotoen hunn ech 23 präsent Memberen vun 282 gezielt also 8,15%. Dat ass net vill, mee et läit nach an der Norm vun de Parteikongresser zu Lëtzebuerg. Et ass awer objektiv trotzdem net vill, well et no hirer eegener Aschätzung e ganz wichtegen Kongress fir d’Piraten wor, nämlech den wou déi Partei sech sollt hire Wahlprogramm ginn. „Chatten“ an Diskussiounsforen um Spaweck ersetzen do keng Diskussiounen an Ofstëmmungen op engem Kongress. Dat hunn jo déi däitsch Piraten méi wéi eemol erliewt. Do muss also nach nogeschafft ginn.

Däitlech rauskomm sinn nach e puer aner strukturell Nodeeler bei de Piraten. Den éichten ass: si sinn eng een-Mannn-Partei. Wann och wuel nach e puer aner Leit vun hinnen sech an den elektronesche Medien manifestéieren, dann ass awer dobaussen just hire President ë bëssche bekannt. De Verdacht besteet dat d’Piraten zu engem Wahlveräin fir hire President mëssbrauct ginn.

Den zweeten: si hunn am Abléck 7.439 Euro an der Kees. Dat ass keng ideal Ausgangspositioun fir hire Wahlkampf den also bal ganz muss op elektronesch Medien setzen. Dat ass keng onméiglech Aufgab, mee den Ziilpublikum ass awer doduerch op e puer Kategorien vu Matbierger limitéiert. Si kënnen allerdéngs Proteststëmme kréien, déi awer genee sou gutt kënnen un d’Kommunisten oder déi Lénk goen.

Inhaltlech sinn d’Piraten eng Konkurrenz fir Blo, Gréng a Rout. Den Här Clement huet vun enger „däitlech sozial-liberaler Linn“ geschwaat.  Do mussen si dann am Wahlkampf kucken, wéi all déi lénk Parteien déi mir hei am Land hunn sech nach vunëneen eenerscheed kréien. Als ADR-Politiker kucken ech där Saach ameséiert no.

Politesch halen ech d’Piraten fir extrem onräif. Verbal bréngt hire President et fäerdeg um Kongress ze erklären, hir Zil wär et sech an engem Joer gutt ze „besaufen“. Hätten si eis dat dach direkt gesot, d’ADR hätt hinnen bestëmmt gär 23 „Buddelen“ karibeschen Rum geschenkt an dann hätten si hir nobel, héichgestachen Zil och ouni Kongress an Wahlen liicht erreeche kënnen! Fein wéi mir sinn, hätten mir si och nach allen 23 heem geféiert an an d’Bett geluecht!

Hir Sozialpolitik besteet an engem bedéngungslosen Grondakommes fir jiddereeen (Reboot Schlaraffenland) dat dozou soll dengen, d’Leit fir de Benevolat an fir d’Onofhängegekeet ze begeeschteren. Ech halen dat fir lauter Widdersprech. Wen gär en Akommes hätt fir als Bénévole ze schaffen,  den ass jo net méi Bénévole. Ech stelle mir jiddefalls eng  – secher noutwendeg – Opwäertung vum Benevolat anecht vir. An och dat bedéngungslost Grondakommes fir de Start an d’Onofhängegkeet ass e Widdersproch u sech. Dat een d’Grënnung vun Entreprisen awer muss ënnerstëtzen, do besteet keen Zweifel. Mee dat muss op engem economesch vertrietbare Wee geschéien, duerch d’Reform vu Gesetzer wéi z.B. dem Faillitegesetz.

De Piraten no soll dat bedéngungslost Grondakommes och de Mëssbrauch vun eise Sozialleeschtungen verhënneren. Dat weist dat d’Piraten Cyber-Humor hunn. Keng Iddi invitéiert nämlech méi zum Mëssbrauch vun der sozialer Solidaritéit an de staatlechen Leeschtungen wéi déi do. Kommt mol aus Aerer Cloud rof, Jongen!

Iwwer d’Finanzéierung vum bedéngungslose Grondakommes – ouni iergend eng Aarbechtsverflichtung! – stellen ech mir och Froen. Ech sinn op déi economesch a steierpolitesch Iwwerleeungen vun de Piraten gespaant!

Am sexuellen an am familljepoliteschen Beräich gëllt weider wat ech op dësem Blog schonn gesot hunn (Artikel Piraten-„moral“). Bei de Piraten gëtt et keng Grenzen an der Dekadenz. Sou onräif wéi si am economesche Beräich sinn, sou  verantwortungslos sinn si wann et ëm d’Strukturen vun eiser Gesellschaft an de Schutz vun de Kanner geet. Den Här Professer Manfred Spitzer huet e Buch geschriwwen mam Titel  „Digitale Demenz“. Firwat fällt mir den Titel ëmmer nees an, wann ech de Piraten hir Texter iwwer d’Gesellschaftspolitik liesen?

An der Baussepolitik féieren de Piraten hir Viirstellungen zu enger Annihiléierung vun all Lëtzebuerger Aflossméiglechkeet an Europa. De „Reboot Luxembourg“ gëtt zum „Dissolve Luxembourg“ an  zum  „Forget Luxembourg“. Hei ginn d’Piraten hirem Numm mol eng Kéier wierklech gerecht!

Hei ass den vu mir  kommentéierten Piraten-Text:

Op der europäescher Bühn ënnersträichen d’Piraten d’Wichtegkeet vum europäesche Projet – Grenze mussen der Vergaangenheet ugehéieren! (Kommentar: Adieu Grand-Duché de Luxembourg  – Push „Delete“).

(…)  Kritesch steet d’Piratepartei dem demokrateschen Defizit vun der EU entgéint: dofir muss d’EU-Parlament en Initiativrecht kréien (Kommentar: wou Lëtzebuerg am Abléck grad nach 6 Deputéierten an net vill Frënn huet – eng geféierlech Iddi!),

, de Conseil européen op laang Siicht entmuecht ginn (Kommentar1: also keng Decisiounsméiglechkeeten méi vu lëtzebuergeschen Regierungsmemberen, déi nach kéinten vun der Chamber kontrolléiert ginn. D’Piraten soen si wären géint den „demokrateschen Defizit vun der EU“ an ginn en dann gläich nach däitlech verschäerfen! – Kommentar 2: dat heescht och, dat néierens an Europa déi lëtzebuergech Interessen nach kënnen vertrueden ginn. Do sinn d’Piraten sech wéinstens konsequent, wen keng Grenze wëll, den brauch jo och keng national Interessen méi ze vertrieden. )

an d’Wahlbezierker bei EU Wahle reforméiert ginn, sou dass de Prinzip “eng Persoun – eng Stëmm” respektéiert gëtt. (Kommentar: wat dann nach e Maximum vun engem (1) lëtzebuergeschen Europadeputéierten gëtt, oder besser gesot een aus eiser Géigend wëll e „Wahlbezierk“ Lëtzebuerg gëtt et jo dann och net méi, well d’Grenzen jo solle verschwannen.)

D’Piraten wëllen also eis Land opléisen. Wat fir eng Partei!! Déi huet eis wierklech nach gefeelt.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

President vum Europäesche Parlament géint Meenungsfräiheet

Op der Spaweckssäit vum Här Martin Schulz steet en Artikel an dem hien sech fir e „länderübergreifenden“ „Kampf gegen rechts“ ausschwätzt.

http://www.martin-schulz.info/index.php?link=4&bereich=1&details=1&id=1108

Den Här Schulz schéngt e bësschen verkierzt ze denken, well op enger Konferenz géint Rietsextremismus stellt hien déi Fro „Wie kommen wir an die Islamophoben, Homophoben heran?“ Tja, wéi dann wuel? Duerch e puer nei EU-Maulkuerfgesetzer huelen ech mol un. Hannergedanken ass wahrscheinlech, dat all kritesch Stëmmen sollen ënnerdréckt ginn. Den Artikel huet ëmmerhin den programmateschen Titel: „Martin Schulz warnt vor Anti-EU-Hetze„. Wann den Här Schulz net mat dem Artikel d’accord wär, hätt hien en wuel kaum onkommentéiert op seng Spaweckssäit gesat.

Dat ech mam Här Schulz net averstaanen sinn, versteet sech vun alléng. Ech gehéieren zu denen déi fir Meenungsfräiheet antrieden an sou Möchtegerndiktatoren wéi den Här Sozialist Schulz, fréiere Buergermeeschter vun der Stad Würselen, fir onwürdeg halen, President vum Europaparlament ze sinn. Wou fängt d'“Anti-EU-Hetze“ dann un? Ass all Kritik un der helleger Kommissioun an dem hellegen Europaparlament well  verbueden?

An wat ass en „Islamophoben“ an en „Homophoben“? Ass een „homophob“ wann een géint d’Homosexuellebestietnis ass? Dann sinn d’EU-Prisongen awer geschwënn gutt gefëllt! Ech freeë mech och schonn op meng Zell.

An wéi geet den Här Schulz mam Problem vun denen islameschen Homophoben ëm?

Hei hunn mir sou een. Gutt fir de Mann, dat en net an Europa wunnt an net dem Här Schulz an d’Gräpp fällt!

Et gëtt natierlech ganz vill Diskussiounen iwwer d’Homosexualitéit an den Islam. Déi meecht sinn net besonnesch homophil. Do kann jiddereen um Spaweck wullen sou vill e wëll .

Mee och den tierkeschen Premier Erdogan – e Moslem – schéngt enger däitscher Zeitung no ë bësschen „homophob“ ze sinn:

http://www.queer.de/detail.php?article_id=18858

Oder sinn dat ieren homosexuell Islamophoben déi sou eppes behaapten?

Wéi geet den Här Schulz dann mat denen ëm?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Multi-Kulti Lektioun 4: aner Problemer am Zësummeliewen mam Islam

Eis Multi-Kulti Dreemerten vum lénke Bord maachen jo ganz gär sou, als geng et keng Problemer am Zësummeliewen mam Islam ginn. Fir si ass d’Uschwätzen an d’Diskussioun vu Spannungsfelder schonn « Islamophobie ». Dat ass eng verantwortungslos a feig Positioun, déi doranner besteet d’An zouzemaachen an iwwer d’Problemer net ze schwätzen. Zum Deel kënnt déi Haltung einfach dohir, well déi lénk Parteien sech bei där Diskussioun dauernd an logesche  Widdersprëch verfänken. Engersäits behaapten si fir d’Fraerechter ze sinn an dann wëllen si gläichzäiteg eng Multi-Kulti-Gesellschaft. Dat geet awer net sou einfach. Si wëllen awer natierlech och d’Stëmmen vun den auslänneschen Muslimen bei de Chamberwahlen vun 2019 an dowéinst hir Wahlchancen net a Gefor bréngen. Dat ass déi gréng Moral bei de Fraerechter: léiwer eng Burqa wéi zwou Stëmme manner.

Niewent denen Problemer déi ech schonnn ugeschwat hunn, wéi zum Beispill d’Integratiounsbereetschaft op der Basis vun eise Wäerter an eise Gesetzer, de Respekt virun der Reliounsfräiheet, d’Rechter vun der Fraen an de Meedercher, stellen sech nach eng ganz Rei vun anere Froen. Hei ass mol eng éicht Auswiel, et gëtt der awer bestëmmt nach un déi ech grad net denken:

  1. D’Beschneidung

D’Beschneidung vun de Jongen an de Meedercher ass eng Kierperverletzung.

Bei de Jongen sinn ech awer gespréichsbereet, an zwar well et déi Beschneidung och an der jüdescher Relioun gëtt an well déi Relioun e konstitutivt Element vun eiser eegener Gesellschaft a Kultur ass. Do misst een verschidde Modeller diskutéieren an e modus vivendi fannen, den dann och fir den Islam geng gëllen.

Bei de Meedercher ass d’Excisioun eng schwéier Kierperverletzung iwwer déi et keng Diskussioun gëtt. Et handelt sech ëm e Brauch, den natierlech net mam Islam direkt zësummenhängt, den awer vill an islameschen Regiounen praktizéiert gëtt.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Excision

Fir mech, sinn Persounen déi eng Excisioun bei engem mannerjähregen Meedchen  virhuele loossen oder si aktiv maachen oder dobäi hëllefen oder si net verhënneren, stroofffälleg a gehéieren an de Prisong. Sollten si déi lëtzebuerger Nationalitéit net hunn, sollen si no hirer Stroof ausgewise ginn.

2. Reliounsunterrecht

Ech si fir en islameschen Reliounsunterrecht an der ëffentlecher Schoul an ënner staatlecher Kontroll.

3. Minaretter an Moscheeën

Ech si fir d’Präsenz vu Moscheeën hei am Land fir de Muslimen déi fräi Ausübung vun hirem Glaawen ze erlaaben.  Wat d’Minaretten ugeet, denken ech dat si net an eis gewuessen Kulturlandschaft passen an ech sinn dowéinst  géint dat architektonecht Element bei enger Moschee. Ech vertrieden do déi Positioun déi och an der Schwäiz applicabel ass.

4. Baartflicht fir Männer

Ech sinn géint eng Baartflicht fir Männer. Wen probéiert aneren sou eng Flicht opzezwéngen soll sech strooffälleg maachen.

5. Haasspriedeger

Mir mussen d’Priedegten an de Moscheeën kontrolléieren, genee sou wéi den islameschen Unterrecht baussent der ëffentlecher Schoul. Leit déi Haass a Gewalt priedegen gewannen fir t’éicht e Billjee op Schraasseg an dann een an d’Ausland.

Hei ass e bekannten ägypteschen, salafisteschen Kleriker:

Oder den hei Reportage vu CNN:

6. Shari’ah

Mir mussen uecht ginn, dat et hei am Land keng islamesch parallel Geriichtsbarkeet gëtt, wéi an England oder wéi se och lues a lues an aneren westleche Staaten entsteet. Bei eis däerf et nëmmen eis offiziell Geriichter ginn

7. Rechter vun den Déieren

Dat ass och e Problem un dem senger Léisung och déi jüdesch Communautéit muss mat schaffen. Ech sinn jiddefalls dogéint dat Déieren leide mussen. Dat gëllt allerdéngs och fi reis Schluechthaiser mat denen mir eis dacks net kënne bretzen goen.

Wéi gesot, et gëtt där Froen bestëmmt nach, mee et huet keen Wäert fir net oppen doriwwer ze schwätzen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Multi-Kulti Lektioun 3: D’Fraen an d’Meedercher am Islam

An eise westleche Länner hunn d’Fraen hautzudaags déi selwecht Rechten a Flichten wéi d’Männer. Et gëtt keng gesetzlech Diskriminéierung, ausser héchstens enger „positiver“ Diskriminéierung, déi dann op Käschten vun de Männer an Jongen fonctionnéiert.  Ech selwer sinn och en Unhänger vun der Gläichberechtegung vun der Fra an  refuséieren all Form vun Diskriminéierung, allerdéngs inklusiv där sougenannter  „positiver“ Diskriminéierung. Fir mech heescht  „Gläichberechtegung“ eng Chancegläichheet als Ausgangspositioun an net eng Gläichheet „dans les faits“ déi vum Stat misst garantéiert ginn.

Ech halen et fir extrem wichteg, dat déi Moslem déi an de westleche Länner wëlle liewen déi selwecht Astellung hunn an eis Wäertvirstellungen an dem Beräich iwwerhuelen. Et därf keng Bierger vun éichter an zweeter Kategorie ginn, mee jiddereen, ob Mann oder Fra,  muss virum Gesetz gläich sinn.

Niewent denen legalen Aspekter vun der Gläichberechtegung, gëtt et och gesellschaftlech oder sozial Phänomena ouni gesetzlech Basis déi d’Situatioun vun de Fraen eventuell kënnen negativ beaflossen, inklusiv am Islam.

Dozou gehéieren zum Beispill déi sougenannten „Eieremuerden“ déi an islamesche Communautéiten zwar heefeg virkommen, awer anscheinend nëmmen op den Traditiounen berouen. Aanecht wéi an de Medien duergestallt, sinn vun den Eieremuerden allerdéngs net nëmmen Fraen an Meedercher mee och Männer an Jongen betraff. Den Artikel hei gëtt en éichten Abléck an den Phänomen, ech halen en awer trotzdem net an allen Deeler fir besonnech gutt.

http://de.wikipedia.org/wiki/Ehrenmord

En aneren Phänomen an islamesche Gesellschaften , dem vum Bestueden vun klénge Meedercher, däerft et am Prinzip bei eis net ginn, well den legalen Alter fir e Bestietnis op 18 Joer – fir Männer a Fraen – festgeluecht gouf. Wéi et awer mat der Unerkennung vun Bestietnisser mat klenge Meedercher , déi am Ausland gemaach goufen, ass, wees ech net. Do misst ech vläicht mol eng Question parlementaire stellen. Jiddefalls därf et net méiglech sinn, dat e Mann den zu Lëtzebuerg wunnt an d’Ausland fiert fir dou e Kand ze bestueden an dann mat dem als seng „Fra“ rëm ze kommen.

Och d’Polygamie ass e Problem. Perséinlech mengen ech, dat mir hei am Land nëmmen eng Fra als Famiiljemember sollen unerkennen. Déi Gréng hunn dozou keng kloer Positioun. Ech hat den Här Bausch an der Chamber gefrot, wat déi Gréng zu dem Thema ze soen hunn, mee en huet mir keng Aentwert ginn. D’Piraten sinn allerdéngs kloer fir d’Polygamie.

Ech sinn e Géigner vun der Burqa, vun där ech mengen dat si an eiser Gesellschaft näicht verluer huet.

Och misst dat legalt Emfeld an de Kliniken an bei den Dokteren iwwerpréift ginn, fir ze garantéieren dat all Fra ënner allen Emstänn kann komplett ënnersicht ginn an all Behandlung kann kréien déi si medizinesch brauch.

Gewëssen islamesch Scheedungsgewunnechten, wéi zum Beispill d’Repudiatioun kënne mir bei eis net gëlle loossen. Dowéinst ass et och wichteg, dat islamesch Koppelen bei eis zivil, no eisem Gesetz bestued sinn. Op déi Manéier hunn déi zwee Partner Rechter a Flichten. Bei enger Scheedung iwwer SMS ass dat gewéinlech net de Fall… Dat zivilt Bestiednis misst och weiderhinn virun dem reliéisen sinn. Déi Bestëmmung aus onser Verfaassung sollte mir net fale loossen, well si e wichtege Bäitrag géint d’Entstoen vu Parallelgesellschaften duerstellt.

Ech sinn och der Iwwerzeegung, dat d’Meedercher an de Schoulen beim Sportunterrecht an am Biologieunterrecht mussen präsent sinn, onofhängeg vun hirer Relioun. Dat gëllt ausdrécklech och fir de Sexualunterrecht.  Den soll sech awer drop beschränken fir d’Kanner opzeklären, dat allerdéngs objektiv a komplett. Et ass a mengen An net d’Zil vun engem Sexualunterrecht fir d’Ofdreiwung ze bagatelliséieren oder Reklamm fir ethesch inakzeptabel  Reproduktiounstechniken (GPA/PMA) am Interessi vun homosexuellen Koppelen ze maachen.

Et ass eng Freed ze gesinn, dat och an den islamesche Länner d’Fraen haut ëmmer méi Selwerbewosstsinn hunn an dat och weisen. Dat hei ass e flott Beispill:

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Männer als Affer vu Gewalt doheem (2): d’Fraen schloen méi dacks!

An der Chamber gëtt jo nach ëmmer sou gemaach als wär d’Gewalt doheem haaptsächlech e Phänomen dat sech doduerch charakteriséiert, dat d’Fraen d’Affer an d’Männer d’Kläpper wären. Dat erkläet sech och duerch déi laangjähreg eesäiteg Propaganda vum Conseil national des femmes an séngen übleche Lobbygruppen, déi hir Stëmmen a feministesch Kreeser fësche ginn, wéi zum Beispill déi Gréng. D’CSV probéiert jo bekanntlech och en Deel vum radikal-feministeschen Elektorat ze recuperéieren an ass dowéinst an d’Déiften vun der Gender-Ideologie ofgerutscht.

Zioert huet d’Fraeministech fir t’éicht an enger Presskonferenz missen zouginn, dat och hei am Land en héige Prozentsaz vun den Täter weiblech sinn. De Joeresrapport vun der Police fir 2012 schwätzt vun engem Véierel Täterinnen am Joer 2012. Deemools hat ech gesot, dat d’Etüden am angelsächsesche Raum weisen, datt d’Fraen an d’Männer gläich dacks gewalttäteg ginn. 25% hunn mir dowéinst nach ëmmer niddreg geschéngt.

Interessant ass dowéinst och dësen Artikel aus dem Spiegel, den souguer seet, dat d’Fraen méi dacks wéi d’Männer gewalttäteg wären.

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/degs-studie-auch-maenner-werden-in-beziehungen-opfer-von-gewalt-a-902153.html

Wann déi feministesch Lobbyen an der Chamber den do Message bis verstinn, da ginn d’Gesetzer iwwer d’Gewalt doheem wahrscheinlech och nees méi konform zu rechtsstaatlechen Grondprinzipien. Soulaang si awer mengen, dat dat Gesetz „nëmmen“ géint Männer géng goen, sinn rechtsstaatlech Prizipien hinnen zimlech egal.

 

Aktualiséierung: en Artikel zu dem Thema den ech den 9. Juni geschéckt kruut:

http://manndat.de/gewalt-gegen-maenner/das-tabu-in-den-medien.html?utm_campaign=das-tabu-in-den-medien&utm_medium=referral&utm_source=newsletter

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Multi-Kulti Lektioun 2: de Multi – Kulti an der islamescher Welt

An eiser Gesellschaft ass d’Reliounsfräiheet e wichtegen Deel vun eisem Wäertekodex. Dat ass richteg a gutt sou. Mir kennen eng Toleranz géintiwwer de Reliounen, déi a villen, aneren Deeler vun der Welt leider net existéiert, zum Beispill an denen meeschten  islamesche Länner.

An dësem Bäitrag wëll ech net den Androck ginn, dat all Moslem fanatesch an intolerant wär. Dat ass selbstverständlech absolut net de Fall. Mee ech wëll awer eise professionnellen Multi-Kulti-Dreemerten däitlech weisen, wéi eng Risiken bestinn, wann mir egal wen an eist Land eran loossen an alles gutt a schéin fannen wat si maachen well mir jo sou super-tolerant géintiwwer aneren Kulturen sinn.

Et gëtt ebe Leit, déi grondsätzlech ganz aner Usiichten vun Toleranz géintiwwer anere Kulturen hunn, wéi mir. Et gëtt vill Muslimen an dene westleche Länner, déi déi iwwer Joerhonnerten gewuesse Kultur vun dene Länner absolut net wëllen akzeptéieren.   Op eng ganz Rei vu konkrete Problemer déi sech fir eis Gesellschaft an dem Zësummenhank stellen, ginn ech an dësem Bäitrag nach net an. Dozou gehéieren speziell och eng Rei vu Problemer déi virun allem d’Fraen an d’Meedercher betreffen, mee och zum Beispill déi Muslimen déi hir Relioun wëlle wiesselen.

Am Abléck bleiwe mir mol beim Thema Multi-Kulti an der islamescher Welt:

Beispill Nummer 1: d’Taliban an d’Buddha-Statuen vun Bhamiyan.

http://de.wikipedia.org/wiki/Buddha-Statuen_von_Bamiyan

2. Beispill Nummer 2: déi ägyptesch Monumenter aus der Antiquitéit:

De Sheikh an dësem Film ass natierlech e fanateschen Extremist, den jo och dowéinst schaarf ugeggraff gëtt. Mee och déi Leit hunn jo bekanntlech hir Unhänger.

3. Beispill Nummer 3: d’Situatioun vun de Chrëschten an der islamescher Welt

Zu dem Thema recommandéieren ech ausdrécklech dat Buch vun der Madame Rita Breuer „Im Namen Allahs? Christenverfolgung im Islam“, Herder 2012, ISBN 978 – 3 – 451 – 30530 – 6, 159 Säiten.

Nach de 6. Juli 2011 hat ech an der Chamber eng Motioun abruecht, fir d’Regierung opzefuerderen fir sech fir déi verfollegt Chrëschten an aner reliéis Minoritéiten wéi z. B. d’Bahai am Iran anzesetzen. D’Sozialisten, déi Blo an déi Gréng hunn sech staark gemaach fir dat déi Motioun soll refuséiert ginn. Och den Här Asselborn hat jo schonn an der Vergaangenheet refuséiert fir sech an där do Hinsicht ze engagéieren an wor och net bei dëser Debatt vertrueden.

Och den 15. November 2012 hat ech den Här Minister Asselborn rëm bei der baussepolitescher Debatt opgefuerdert, fir sech fir déi ënnerdréckten reliéis Minoritéiten anzesetzen.

Ech mengen, déi Leit déi wierklech fir kulturell Toleranz antrieden, sollten dat net nëmmen hei zu Lëtzebuerg maachen mee iwwerall an der Welt, besonnech do wou et schwéier oder  souguer geféierlech ass dat Thema unzeschwätzen .  Dat ass dee richtege Moossstaw an dëser Debatt an do gesinn ech der hei am Land net vill, déi do wierklech glaafwierdeg wären!

Ech verlaangen vun dene Moslem déi wëllen an eisem Land liewen, dat si sech op Grond vun eise Wäerter integréieren an dozou gehéiert och den absolute Respekt virun der Reliounsfräiheet – inklusiv der Fräiheet fir seng Relioun ze wiesselen oder iwwerhaapt keng ze wëllen – an de Respekt fir d’Mënscherechter a fir all eis Gesetzer déi genee sou fir d’Fraen wéi fir d’Männer gëllen. Dorop kommen ech nach zréck.

Hei ass nach eng bemierkenswäert Interventioun vun enger laizistescher Damm:

Veröffentlicht unter Allgemein, Bicher, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar