Multi-Kulti Lektioun 1: Tom and Jerry

Wéi net aanecht ze erwaarden, hunn eng Rei vu frëndlechen Matbierger vun der politescher Lénker mir géintiwwer an iwwer mech e puer manner frëndlech Kommentare gemaach fir géint meng Warnungen virun Multi-Kulti ze protestéieren. Dat ass well si d’Welt net kennen. Well wann si d’Welt kenne géifen, da wären si jo konservativ an trei an iwwerzeegten ADR-Wieler.

„Déi konservativ Säit“ scheit awer bekanntlech ni en Effort fir pädagogesch Eicht Hëllef  ze leeschten. Haut zum Thema „Tom and Jerry“,  d’Mais an den Anti-Semitismus am Islam.

Fir t’éicht – hei ass en – de corpus delicti:

 

An hei sinn d’Analysen vun engem iraneschen an engem arabeschen Intellektuellen zu dem Thema. Fir  t’éicht den iraneschen:

Perséinlech sinn ech jo an reliéisen Froen éichter tolerant. Mee den Anti-Semitismus akzeptéieren ech op kee Fall, an scho guer net als Importprodukt an eist Land!

Hai ass dann nach eng Analys vun engem arabeschen Intellektuellen an där et méi allgemeng em d’Mais am Islam geet, also och ëm d’Micky Maus:

 

Dozou kann ech just soen: wen keng Micky Maus wëll kucken, den muss dat jo net maachen. E verpasst allerdéngs eppes, mee dat ass säi Pech! Mee d’Micky Maus ëmbréngen geet net. An hei am Land scho guer net, well ech sinn e Walt-Disney-Fan!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Multi-Kulti ass e geféierleche Feler

E puer Deg no den Attentaten vu Boston an London, wou en Zaldot an Zivil op der Strooss ermuerd gouf, ass et alt nees néideg sech Froen iwwer eis Gesellschaft ze stellen. Et ass jo sou bequem eng Partei wéi d’ADR einfach an den rietsen Eck ze drécken, nëmmen well si eng konsequent a volontaristesch Integratiounspolitik op der Basis vun eise Wäerter an eiser Sprooch fuerdert. Mee d’Alternativ vun denen lénken Parteien, eng Multi-Kulti-Gesellschaft an där jiddereen op seng Manéier glécklech gëtt an einfach kann niewent den aaneren Communautéiten hier liewen, ouni vill Kontakt, ouni gemeinsam Wäerter an ouni gemeinsam Sprooch, ass gescheitert. Dat, wat mir am europäeschen Ausland an an Amerika all Dag gesinn an erliewen ass dofir dee beschte Beweis. Nach ass et Zäit fir hei am Land géigenzesteieren!

Déi Gréng an déi aner lénk Parteien schwätzen zwar zum Beispill vun engem  „gemeinsamen Wäerteunterrecht“ an de Schoulen mee si verdrängen awer dobäi bewosst de Faktum dat et elo schon – och hei zu Lëtzebuerg – keen gemeinschaftleche Wäertekodex méi gëtt,  op den all gesellschaftlech Gruppen sech kéinten eenegen.  Als Vertrieder vun der ADR hat ech dowéinst am Parlament proposéiert, fir elo mol all  relevant Mënscherechtserklärungen an –Konventiounen an en ausgebauten Staatsbiergerschaftsunterrecht mat opzehuelen. Op där Basis misst wéinstens mol en Deelkonsens tëschent de politesche Parteien méiglech sinn.

De lénken Multi-Kulti-Kult, de gréng-bloen  „multiplicity“ – Voodoo, erlaabt et auslännesche Communautéiten hei ze liewen an eis lëtzebuergesch Kultur, eis Sprooch  an eis Wäerter dobäi einfach ze ignoréieren. De Multi-Kulti-Persilschäin erméiglecht et och  potentiellen Extremisten  Aktivitéiten hei am Land opzebauen, ouni dofir direkt kënnen interpelléiert ze ginn.

Mir Lëtzebuerger sollten eis dofir asetzen, dat Auslänner déi wëllen hei am Land wunnen – a keen ass dozou gezwongen! – sech mussen aktiv fir déi lëtzebuergesch Kultur a Sprooch interesséieren. Vill Leit priedegen jo ëmmer de géigeseitege Respekt an de  Versteesdemech, abee dozou gehéiert virun allem och de Respekt den de Gaascht muss fir dat Land hunn, dat en bei sech ophëllt.  Wann eis auslännesch Matbierger do derniewent och nach hir eegen Traditiounen flege wëllen – souwäit déi mat eise Wäerter an eisem Rechtssystem compatibel sinn – da kënnen si dat natierlech maachen. Mee et gëtt eng Leetkultur hei am Land – an dat ass déi lëtzebuergesch. An et gëtt e Wäertekodex hei am Land – an dat ass den vum liberalen Rechtsstaat mat senge jüdesch-chrëschtleche Wuerzelen. Wen domat net zefridden ass, den muss jo net hei liewen.  D’Welt ass grouss a keen gëtt drunn gehënnert seng Walisse ze paken.

Mir brauchen keng falsch verstaanen Toleranz. Mir  brauchen keng bëlleg Entschëllegungen, just well déi Gréng, déi Rout an aner lénk Parteien eis eegen Traditiounen an eis eege Kultur mepriséieren. Och déi lëtzebuergesch Kultur ass iwwer d’Joerhonnerten ënner ville verschiddenen Aflëss entstaanen.  Si ass selwer räich a multikulturell a bestëmmt net manner wäert wéi soss eng Kultur.

Multi-Kulti därf ni e Begrëff sinn, den d’Noutwendegkeet vun der Integratioun relativéiert! An eisem Land gëllen eis Wäerter!

Wouhin de Multi-Kulti-Wahn an eng falsch verstaanen Toleranz ka féieren, wéi e Communautarismus kann doraus entstoen, dat weisen zum Beispill dëss Videoen:

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Il faut maintenir la Patrouille de France!

An Frankräich wéi an aneren europäesche Staten gëtt am Abléck e schreckleche Feler gemaach. An enger Zäit wou d’Onsëcherheeten rondrëm Europa wuessen, wou déi terroristesch Aktivitéiten an Attentater an Europa zouhuelen a kuerz nodem den Engagement a Libyen d’Defiziter vun der europäescher Militärkapazitéit gewisen huet, ginn d’Militärbudgeten nach weider gekierzt.  Dat weist wéi oncapabel déi europäesch Regierungen gi sinn, wann et drëm geet sech fir déi wierklech a laangfristeg Interessien vun hire Länner anzesetzen.

D’Verdeedegung gehéiert zu den absoluten Käraufgaben vun all Stat! Op si därf net verzicht ginn.

Aus Sympathie fir d’Militär a besonnesch och fir déi franséich Arméi bei där ech e Joer vu mengem Liewen verbruecht hunn, ass hei e klenge Reportage als  Ennerstëtzung fir d’Patrouille de France. Et ass kaum ze gleewen, dat et Leit gëtt, déi déi wëllen ofschafen, mee bei de Sozialisten muss een op alles gefaasst sinn!

http://www.patrouilledefrance.fr/

http://fr.wikipedia.org/wiki/Patrouille_de_France

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

ASTI : latenten Alldaagsrassismus géint d’Lëtzebuerger !

Op RTL koum lo d’Neiegkeet, dat am Kader vun der Campagne „Making Luxembourg“ vun der ASTI  e Grupp vu Meedeecher aus dem Fieldgen eng Emfro iwwer  Rassismus an hirer Schoul  gemaach huet. D’Resultat geng zum Deel en « latenten Alldaagsrassismus » weisen.

http://news.rtl.lu/news/national/437915.html

Als « carrément alarmant » gëtt agestuft, datt « jeeweils ëm di 40 Prozent der Meenung sinn, dass Auslänner méi kriminell a méi oft a Kläppereie verwéckelt sinn, ewéi Lëtzebuerger.”  Ech sinn domat d’accord dat de Fait “alarmant” ass, mee well en ganz einfach der Wouerecht entsprecht an net iergend engem “Rassismus”.

Hei sinn d’Polizeistatistiken fir d’Joer 2012:

An allen dräi Kriminalitéitskategorien, géint Persounen, géint Saachen an Aneres sinn déi auslännesch Täter bei wäitem an der Majoritéit.

http://www.police.public.lu/actualites/statistique/rapport_stat_2012/presentation-stat-2012.pdf

Als „rassistesch“ stuft d’ASTI och nach eng aner Tatsaach an, nämlech déi, „dass d’Migranten de Niveau an der Schoul erofdrécken“. An all Diskussioun an der Chamber, och vun der Säit vun der Regierung,  gëtt de Verfall vum Schoulniveau, zëmools am Sproochenunterrecht, ëmmer nees genee domadder justifiéiert, dat de Sproocheniveau an de lëtzeburgesche Schoulen keen Promotiounshindernis fir d’Auslänner sinn däerf.

An feutréierter Form, steet dat och a villen Dokumenter, wéi zum Beispill hei am am neien Projet de loi 6573 iwwer d’Reform vum Enseignement secondaire („l’école doit nuancer ses exigences“):

Diversité linguistique

Le multilinguisme typique de la population luxembourgeoise constitue, quant à lui, l’un des plus grands atouts du Grand-Duché, dans notre village global sans frontières. Au sein de l’École, le multilinguisme (allemand, français, anglais) constitue aussi une force et doit lerester. Or, aujourd’hui, il est devenu pour nombre de jeunes un obstacle à la qualification ou aux études. L’environnement linguistique a changé. Au cycle 1 de l’École fondamentale, plus de 60% des enfants ne parlent pas le luxembourgeois comme première langue à la maison; dans le secondaire et le secondaire technique, ce chiffre dépasse aujourd’hui 40% et va en toute logique encore augmenter dans les années à venir. En outre, même parmi les élèves de nationalité luxembourgeoise, seuls 70% parlent le luxembourgeois comme première langue.

Par ailleurs, le processus d’acquisition des langues n’est pas le même pour tous ; les mêmes niveaux de compétences ne peuvent être exigés de l’ensemble des élèves. Ainsi qu’en témoignent les études du Conseil de l’Europe, l’équilinguisme (mêmes capacités linguistiques dans toutes les langues du pays pour chaque élève) est un objectif ambitieux que les plus doués des élèves peuvent atteindre, mais cet objectif est irréaliste pour un grand nombre d’entre eux. L’École doit donc nuancer ses exigences, stimuler au maximum le potentiel de chacun en différenciant les méthodes et les outils, et donner aux langues leur juste place dans l’orientation des élèves.“

De Problem ass den hei: de Constat den d’Meedercher gemaach hunn ass un sech faktuell richteg, mee d’Analys an d’Conclusiounen mussen och nach stëmmen.

Dat mir eis lëtzebuerger Chômeuren net ënner Daach kréien, ass net de Frontalieren hir Schold, mee dat ass d’Resultat vun dem joerzéntelaangen Verfall vum eisem Schoulsystem. Eis Schoulabsolventen sinn einfach däitlech méi schlecht wéi d’Auslänner, fréier woren se däitlech besser. Konkret ass dat d’Schold vun enger populistescher Schoulpolitik vun CSV, DP an virun allem der LSAP déi Schrëtt fir Schrëtt d’Katastrof herbäigeféiert hunn: Kompensatiounsméiglechkeeten, Reduzéierung vun der Dauer vun de Schoulstonnen, kompetenzorientéierten Unterrecht, etc… Hei gëllt et d’Reformen endlech ze stoppen an d’Schoulpolitik nees konsequent op Leeschtung, Fläiss an vill Aarbecht auszeriichten.

De Verfall vum Schoulniveau, an virun allem vum Sproochenunterrecht, ass ënner anerem och d’Resultat vun enger inexistenter Auslännerintegratiounspolitik vun eisen sukzessiven Regierungen. Mir mussen déi auslännesch Kanner fir t’éicht am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséichen op déi néidege Niveau bréngen ier mir si an eng fir si alters-, intelligenz-, an talentadäquat Schoul integréieren. Nëmme sou, kënnen si wierklech eng Zukunft an der Mëtt vun der lëtzebuerger Gesellschaft kréien an net un hirem Rand.

An wat déi kriminell Auslänner ugeet, do ass meng Positioun ganz kloer: déi hunn hei näicht verluer. Do schloen natierlech all déi lénk Parteien d’Rad wann ech dat soen, mee ech wär konsequent den, den Auslänner geng aus dem Land wierfen, wann si hei d’Gesetzer net respektéieren. Denen Lénken, Gréngen a Rouden hir Meenung zu dem Thema ass mir vollkommen egal. Wann ech am Ausland sinn, dann behuelen ech mech, genee sou wéi ech mech ze behuelen hunn, wann ech bei anere Leit doheem invitéiert sinn. Wen d’Gaaschtfrëndschaft verletzt, muss goen. Mir brauchen hei nëmmen éierlech a fläisseg Leit. Wann iergendeen mengt, missen kriminell ze sinn, – an dat muss jo bekanntlech keen sinn – dann soll en dat bei sech doheem maachen an net hei.

An der Schwäiz gouf et och schonn eng Debatt iwwer dat Thema, an vill Leit hu gemengt, dat een kriminell Auslänner jo net kéint zweemol bestrofen, eemol penal an dann och nach duerch eng Ausweisung. Ech gesinn dat aanecht: déi penal Strof muss fir jiddereen d’nämlecht sinn, fir den Auslänner wéi fir de Lëtzebuerger. Mee den Auslänner huet doriwwer raus och nach seng Flichten als Gaascht an engem friemen Land mëssuecht an dowéinst kann en an dem Land net bleiwen.    

An dann nach e Wuert zur ASTI: amplaatz d’Lëtzebuerger als „rassistesch“ ze kritiséieren, wann si objektiv Tatsaachen an Problemer  uschwätzen, zum Beispill déi majoritär Repräsentatioun vun den Auslänner an de Kriminalitéitsstatistiken, sollt si domat ophalen, fir de Lëtzebuerger dauernd wëllen e schlecht Gewësssen ze maachen. Wat soll sou eng Campagne wéi „Making Luxembourg“? Dësst Land ass net rassistesch! Sëcher ass net alles perfekt an eng Rei vun Efforten musse gemaach ginn, mee ech hunn nach ni sou en tolerant an auslännerfrëndlecht Land gesinn wéi eist!  Iwwregens: wou bleiwen d’Integratiounsefforten vun den Auslänner? Wéivill vun hinnen léieren eis Sprooch? Do sinn och nach vläicht Efforten ze maachen, oder net?

A mengen An priedegt d’ASTI de Rassismus géint d’Lëtzebuerger. Aanecht kann ech déi Manéier net nennen, mat där d’ASTI  eis ëmmer nes  „latent“ duerstellt.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De José Manuel Barroso als Maoist

Virun e puer Deg hunn ech en Artikel hei publizéiert iwwer déi kommunistesch Vergaangenheet vum Här Kretschmann. Haut wëll ech un déi maoistesch Aktivitéiten vum heidegen Privatiséierungsaffekot an EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso erënneren.

Et ass schonn ëmmer nes verwonnerlech fir ze gesin wouhin an wéi wäit en Engagement fir Lénksdiktaturen een am Liewen brénge kann. De Mao wor vläicht eng grouss Perséinlechkeet an der Weltgeschicht, mee e wor virun allem och e Massemäerder.

Eng politesch Carrière soll een als Ganzt kucken an als Ganzt bewäerten. Et kann jo sinn, dat den Här Barroso haut seng Feler aus der Vergaangenheet agesinn huet. Ob hien awer e richtegen Demokrat ginn ass, woen ech ze bezweifelen. Haut schwätzt hien ganz séier vun „Populismus“ an vun „Nationalismus“ an och vun „Xenophobie“ wann europäesch Bierger an der Ausübung vun hiren demokrateschen Biergerrechter an Fräiheeten d’Europäesch Unioun kritiséieren oder souguer a Fro stellen.  Hien ass nach ëmmer keen toleranten Mënsch an och keen vun der éierlecher, politescher Analys an der objektiver Differenzéierung.

Ech geng mol gär wëssen, wéi hien dann haut dem Mao seng Kulturrevolutioun a säin „Grousse Sprong no vir“ mat Milliounen vun Doudegen beuerteelt? An wat denkt hien wuel haut, zësummen mat senge Kolleegen vun der OECD, vum „bourgeoisen Educatiouns-system“? An wat denkt den Här Barroso  haut vun enger „Politik géint d’Aaarbechter“ an enger „Politik géint d’Vollék“, déi hien an dësem Film sou passionéiert kritiséiert?

Jiddefalls stellen ech fest, dat d’EU vun haut vun engem (Ex-?)-Veréierer vun engem Diktator a Massemäerder geféiert gëtt. Psychologesch a politesch net oninteressant…

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

« Making Luxembourg » an zwar duerch d’lëtzebuerger Sprooch !

Den Här Professer Fernand Fehlen vun der Uni Lëtzebuerg hat den 10. Mee 2013, also genee um 73. Joeresdag vun der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940, en Artikel iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg publizéiert, dem seng Argumentatioun ech nëmmen deelweis kann novollzéien.

Eng Bemierkung virwech : ech wieren mech grondsätzlech géint all Vermëschung vun der lëtzebuerger Sproochesituatioun mat där vun Länner an denen et regional verschidden Landessproochen gëtt, wéi zum Beispill d’Belsch, d’Schwäiz oder de Kanada.  Bei eis gëtt et keng regional ënnerschiddlech Sproochen mee d’Situatioun ass vill méi komplex.  Wichteg ass : et gëtt bei eis nëmmen ENG Nationalsprooch an keng dräi. Virun allem op der Uni, mee och an denen lénken Parteien, inclusiv d’CSV, gëtt et well eng Tendenz fir vun denen « dräi Landessproochen » ze schwätzen. Déi gëtt et bei eis net. Et gëtt just dräi administrativ Sproochen an dat ass nun eemol ëppes ganz aanecht.

Eis Dräisproochegkeet ass e gewollten juristeschen a kulturellen Konstrukt. Aus politeschen an och aus aaneren Grënn hunn mir Lëtzebuerger am Laf vun der Zäit verschiddenen Friemsproochen hei am Land hir respektiv Plaz zougewisen. An als Konservativen an als Patriot soen ech och ganz däitlech : mir Lëtzebuerger decidéieren  alléng a souverän wéi eng Sprooch hei am Land soll wéi eng Roll spillen.

Et ass schéin ze gesinn, dat Lëtzebuergesch ëmmer méi wichteg gëtt. Souwuel an der Politik, wéi an der Kultur, wéi och an de (sozialen) Medien. Wien haut wëll Lëtzebuergesch zréckdrängen den stéisst Gottseidank op Widderstand! Déi fënnef Parteien an der Chamber déi fir d’Auslännerwahlrecht antrieden wëllen awer virun allem déi franséich Sprooch nes vill méi dominant maachen. De Niveau vum Lëtzebuergeschen wëllen si gläichzäiteg iwerall rofsetzen, wéi grad lo zum Beispill am Nationalitéitegesetz. Wou virun e puer Joer d’Gemengewahlrecht geännert gouf fir allen Auslänner d’Wahlrecht ze ginn an hinnen ze erlaben fir och Buergermeeschter oder Schäffen ze ginn, dunn hunn d’Sozialisten an där zoustänneger Chamberkommissoun souguer gefuerdert, dat hei am Land soll FRANSEICH an de Gemengeréit geschwat ginn ! D’ADR wor natierlech dogéint an konnt sech duerchsetzen.

Jiddefalls ass d’lëtzebuerger Sprooch haut en absolut zentralen an identitéitsstëftenden Bestanddeel vum lëtzebuerger Vollék an der lëtzebuerger Natioun.  Wien keen Lëtzebuergesch kann ass eventuell um Pabeier ë Lëtzebuerger, mee vollwäerteg an eis Gesellschaft integréiert ass ën de facto net. Et gëtt och hei am Land eng normativ Kraaft vum Fakteschen déi fir d’Lëtzebuerger Sprooch schafft –  an déi Kraaft  ass d’Léift vu ganz ville Leit fir eis Sprooch an duerch si fir eis Identitéit.

1984 ass Lëtzebuergesch zur Nationalsprooch erklärt ginn, well et an extremisteschen däitsche Kreeser nes « völkesch » Kommentaren iwwer ons an ons Sprooch gouf.

Haut – bal 30 Joer méi spéit – musse mir eis Verhältnis zur franséicher Sprooch iwwerdenken.  Dësst Land benotzt Franséich –  eng wonnerschéin an räich Sprooch  –  als Gesetzes- an Verwaltungssprooch. Mee Lëtzebuerg ass KEEN franséichsproochegt Land ! Mir sinn « francophone » am Sënn vun engem « partage de la langue française », dat jo, mee awer och net méi wéi dat.

Keen soll mengen mir hätten eng « gewachsene Dreisprachigkeit » déi eis auslännesch Matbierger geng dovun entbannen fir missen Lëtzebuergesch ze léieren. Verschiddener schéngen ze mengen, dat et ëmmer nëmmen un de Lëtzebuerger wier, fir am eegenen Land misse Friemsproochen ze benotzen fir kënnen mat aanere Leit an d’Gespréich ze kommen.

Ech perséinlech empfannen Franséich ëmmer méi als Koloniséierungssprooch.  Eng Rei vu Leit schengen där Meenung ze sinn, si kéinten eis Sprooch einfach ignoréieren. Dat ass net de Belsch an de Fransousen hir Schold mee denen Lëtzebuerger hir, déi an der Vergaangenheet oder och haut nach net genuch op d’Wichtegkeet vun eiser eegener Sprooch insistéiert hunn.

Ech vertrieden dowéinst dëss Positiounen :

Lëtzebuergesch muss déi systematesch benotzten Integratiounssprooch ginn fir d’Inklusioun vun allen Auslänner ze erméiglechen.

Lëtzebuergesch muss als National- an als Verwaltungssprooch weider opgewärt ginn.

Lëtzebuergesch muss en obligatorescht a wichtegt Schoulfach ginn.

Lëtzebuergesch muss och an Europa opgewäert ginn. Lëtzebuergesch muss an all Kontakt mat europäeschen Instanzen als gläichberechtegt an gläichwäerteg Sprooch kënne  benotzt ginn. Europäesch Reglementatiounen  déi déi lëtzebuergesch Sprooch net genuch respektéieren ginn ganz séier korrigéiert.

Lëtzebuergesch muss an all Geschäft geschwaat ginn an dem en direkte  Kontakt mam Client besteet.

An fir weider gutt Iddien sinn ech natierlech ëmmer ze kréien!

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Wéivill wësse mir nach vun onser Geschicht?

Dëser Deg hunn ech e Buch iwwer d’Jeanne d’Arc gelies, an méi wéi eemol wor ech traureg, dat d’Lëtzebuerger Geschicht a Kultur an eise Schoulen keen héige Stellewäert méi hunn.

Dat Buch wor flott an interessant an ech kann et nëmmen recommandéieren:

Colette Beaune, „Jeanne d’Arc , Vérités et légendes“, éditions Perrin, 2008, ISBN 978-2-262-03827-4, 255 pages.

Net manner wéi véier mol ass Rieds gaangen vum Jean de Luxembourg bei der Verhaftung an Ausliwwerung vum Jeanne d’Arc.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Jean_II_de_Luxembourg-Ligny

Hei ass och nach en Artikel iwwer d’Linn Luxembourg-Ligny:

http://de.wikipedia.org/wiki/Luxemburg-Ligny

Da goung nach Rieds iwwer de Pierre de Luxembourg:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Pierre_de_Luxembourg

an iwwer d’Elisabeth de Görlitz:

http://fr.wikipedia.org/wiki/%C3%89lisabeth_de_Goerlitz

an dann och nach iwwer den Ulrich von Manderscheid:

http://de.wikipedia.org/wiki/Grafschaft_Manderscheid

Kuerz gesot, dat Buch iwwer d’Joffer vun Orléans wor gläichzäiteg en héig interessanten Ausfluch an d’Geschicht vun eisem Land! Wéi schued, dat d’CSV an d’LSAP sech iwwerhaapt net fir eis Geschicht an eis Identitéit interesséieren!

Iwwer déi blamabel an skandaléis Ausstellung iwwer eis „Identitéiten“ (!) op den Dräi Eechelen gëtt et schonn en Artikel op dësem Blog. Wéi egal der CSV an besonnesch och dem Här Jean-Claude Juncker eis Geschicht ass, weist dëss Episod aus der Chamber, wou ech den Här Juncker op den 700. Doudesdag vum  Henri dem VII ugeschwat hat.

Näicht géint dem Här Juncker säin Humor, den ech och appreciéieren, mä seng Ausso ass awer aarmséileg: d’Regierung mecht näicht. An wéi engem aaneren Land, géng et dat ginn?

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Bicher, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

Tous nés d’un homme et d’une femme!

Fir déi, déi net fir sech wëlle Rechter beusprochen, déi op Käschten vun de Kanner an der ganzer Gesellschaft de Sënn an d’Essenz vum Bestietnis  veränneren, an déi  och nach déi aner Dimensiounen vum Homo-„Bestietnis“ mat bedenken,  ass hei nach en intelligenten, musikaleschen Bäitrag vum Site „Une manif pour tous“ http://www.lamanifpourtous.fr/fr/ . An den Text vun dem Lidd sinn och Passagen vun verantwortungsvollen, homosexuellen Matmënschen agebaut ginn, déi d’Homo-„Bestietnis“ refuséieren.

Veröffentlicht unter Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Europa an d'Welt, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De Poopst Franziskus ënnerstëtzt d’Petitioun „Een vun ons“ – an den Aerzbëschof vu Lëtzebuerg?

Eng ganz gutt Neiegkeet: de Poopst Franziskus huet déi Initiativ „One for us“ lo ausdrécklech ënnerstëtzt wéi och d’Initiativ „Marsch fir d’Liewen“.

http://www.zenit.org/de/articles/papst-franziskus-wurdigt-offentliches-eintreten-fur-den-lebensschutz

Konkret sinn d’Fuerderungen vun där Initiativ déi hei:

„Rechtlicher Schutz der Würde, des Rechts auf Leben, und der Unversehrtheit jeder menschlichen Person vom Zeitpunkt der Empfängnis an in jenen Kompetenzbereichen der EU, für die ein solcher Rechtsschutz von Bedeutung sein könnte.
Die Würde des menschlichen Embryos muss geachtet, und seine Unversehrtheit sichergestellt werden. Dies geht aus der Entscheidung des EuGH in der Rechtssachte Brüstle hervor, in der der Embryo als erste Stufe der Entwicklung jedes Menschen anerkannt wird. Die EU möge daher, um die Kohärenz ihrer Politik in allen Bereichen, in denen das Leben des menschlichen Embryos auf dem Spiel steht, sicherzustellen, der Finanzierung aller Aktivitäten (insbesondere in den Bereichen Forschung, Entwicklungspolitik und öffentliche Gesundheit), die die Zerstörung menschlicher Embryonen voraussetzen, unterbinden.“

Eng Ennerschrëftelëscht ass och op dësem Blog.

Mee komesch, komesch …. op der Spaweckssäit vun der kathoulescher Kierch www.cathol.lu schéngt se net ze sinn, an ob am Lëtzebuerger Wort grouss Ennerschrëftelëschten waren, wees ech och lo grad net.

Vläicht hängt dat jo och mat der Politik vun der CSV zësummen.  Um nationale Plang ënnerstëtzt si jo schliislech d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung, wéi och bei der Entwécklungshëllef.  An wat fir d’CSV wichteg ass, ass fir déi lëtzebuerger kathoulesch Kierch jo bekanntlech hëlleg.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Competitivitéit an Quoten

Haut de Moien wor d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber nees zësummen, eent vun denen surrealisteschsten Gremien am Land. Spéitstens no der Debatt vum 16. Mee iwwer d’Competitivitéit sollt dach jidderengem am Land absolut kloer gi sinn, dat eng vun denen dréngensten Prioritéiten fir eis Economie déi administrativ Vereinfachung ass. Amplaatz ëmmer méi Virschrëften ze decidéieren musse mir eis Entreprisen endlech an engagéiert vun allen iwwerflëssegen Zwäng befreien! Dat Lescht wat si brauchen sinn lo och nach Quoten!

Mee – ausser natierlech der ADR – ass all aner Partei hei am Land am Prinzip ganz quotefrëndlech. D’Madame Andrich an d’Madame Loschetter wëllen anscheinend net nëmmen iwwer déi puer boursecotéiert Entreprisen schwätzen, mee iwwer all Entreprisen hei am Land. Do freeën der sech der bestëmmt ganz vill! D’Feministinnen mengen dat eis Entreprisen  virun allem „Mixitéit“ a Fraequoten bräichten,  d’ADR seet dogéint si brauchen Kompetenz an Fräiheet! Et sinn dach schliisslech d’Entreprisen déi selwer musse wëssen, wen an wat si brauchen an wéi eng Zort Leit dat si wëllen engagéieren – och nach mat an vun  hirem eegene Geld!  Mat wéi engem Recht solle mir Politiker eis do iwwerhaapt amëschen?

Interessant wor och d’Fro no Sanctiounen. Déi Dammen vum CNFL – dem Conseil national des femmes – déi de Moien mat an d’Reunioun invitéiert woren hunn d’Fro no Sanctiounen opgeworf. Ouni Sanctiounen kéint een keng Quoten duerchsetzen an reng finanziell Sanctiounen géngen net duergoen… Doropshin hunn ech gefrot wéi eng Sanctiounen si sech da géngen virstellen. Eng vun denen Dammen huet gemengt et wier ganz efficace wann een eng Gesellschaft kéint opléisen (!). D’Presidentin vum CNFL, eng LSAP-Politikerin, wollt dat awer net well dat zëvill extremistesch wär. Méi moderat géng et hir ëm d’Nouwendegkeet vun der legislativer Verankerung vun engem Code de bonne conduite goen. Den Här  Paul-Henri Meyers vun der CSV huet gemengt dat een méiglechen Wee wär fir Entreprisen déi sech net géngen un d’Quoten halen vun ëffentlechen Soumissiounen auszeschléissen.  Dirigismus an autoritär Naupen wou een hikuckt…

Een Aspekt därf een bei dëser Diskussioun ni vergiessen: lo geet et ëm Fraequoten, mee an e puer Joer kommen dann mat Sëcherheet schonn déi nächst Quotekandidaten. Wen de Prinzip vun der Quot bis eemol akzeptéiert huet, den kënnt net méi doraus raus. Quoten – sou de Moien d’Vertriederinnen vum CNFL – wären en Instrument fir de Mentalitéitswiessel an der Gesellschaft an dofir bräicht et och mol onpopulär Mossnamen. Ech soen, de Stat ass den Dénger vun der Gesellschaft an net hiren mentalitéitsbestëmmenden Patriarch.

Nach een Saz ass mir besonnesch gudd am Gediechtnis hénke bliwwen, well en weist wéi wéineg dat d’Feministinnen um Wuel vum Land interesséiert sinn an wéi mann si sech vun  hirem ideologeschen Denken ofbrénge loossen. Hei ass en:

„Mir sinn eis bewosst, dat mir an enger economesch schwéierer Zäit sinn, mee dat Eent huet mat dem Aneren näicht ze dinn.“

Wen hat gesot, dat d’Fraen kéinten vernetzt denken? Fir Feministinnen gëllt dat mol net.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar