Competitivitéit : De Minister Etienne Schneider huet déi Gréng entlarvt!

De 16. Mee wor an der Chamber eng Debatt zum Thema Competitivitéit. Iwwer grouss Strecken wor dat keng Debatt mee eng laang Rei vu langweilegen Rieden.

E sielen  schéinen a spannenden  Passage koum awer wou de Minister Etienne Schneider den grénge Spriecher  Henri Kox opgefuerdert huet, dach mol w.e.g. konkret ze soen wéivill Prozent Wuesstëm déi Gréng dann gär hätten an op wéi e Luxus d’Leit da sollen, denen Gréngen hirer Meenung no, verzichten.  An dat wousst den Här Kox net ze soen – ausser grénge Standardpropagandaparolen ass näicht komm. Mee fir ze wëssen dat d’Ressourcen vun eisem Planéit net onendlech sinn brauch keen Mënsch déi Gréng. Dat weees jiddereen, net nëmmen déi aaner Parteien, mee un éichter Plaaz jiddereen den an der Economie op verantwortlecher Plaz sëtzt.

Den Här Kox huet jiddefalls op eng beandrockend Manéier gewisen, dat déi Gréng net zeideg sinn fir iergend eng Form vun Regierungsverantwortung ze droen. Eng Partei ouni dat geréngste Konzept fir d’Entwécklung vun der nationaler Economie an eng Partei déi mol keng Viirstellung dovun huet wéi e Wuesstum si fir dësst Land wëll, bräicht eigentlech mol net mat an d’Wahlen ze goen.

Den Minister Etienne Schneider huet den grousse Mérite fir däitlech gewisen ze hunn, wéi huel déi gréng Parolen sinn! Hei ass den Passage den eigentlech an all Schoul misst gewisen ginn:

 Dofir hei nach eemol d’Fro un déi Gréng : wéivill Prozent Wuesstëm wëllen déi Gréng fir eist Land ? Eng kloer Fro kann dach och eng kloer Aentwert kréien, oder net ?

An, fir och nach e bësschen Propaganda fir déi eege Partei ze maachen, hei ass och nach d’Ried vun der ADR :

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

SchwuP – an déi Gréng hei am Land?

Lues an lues kënnt jo bekanntlech alles raus… déi Gréng an Däitschland hunn nach an denen leschten Wochen behaapt hir Partei hätt ni offiziell Decisiounen zum Thema Pädophilie geholl. Dësen Artikel behaapt de Contraire:

http://www.faz.net/aktuell/politik/inland/gruene-ein-triumph-der-paederasten-12187528.html

Déi gréng Homosexuell an Pädophil haaten eng eegen Aarbechtsgrupp genannt „SchwuP“ an well déi Gréng jo sou fir Minoritéiten-„rechter“ sinn, haten déi och hir Programmpunkten duerchgesat kritt.

Elo stellt sech natierlech d’Fro no denen Gréngen hei am Land. Géint den Här Cohn-Bendit schengen déi Gréng an speziell hiren Europadeputéierten den Här Turmes jo schonn näicht wëllen ze maachen – jiddefalls hunn ech nach näicht héieren. Wann een bedenkt wéi si nach virun engem Joer géint déi kathoulesch Kierch gefacht hunn ass lo däitlech wéi falsch an verlugen déi gréng Partei ass! Déi Gréng feieren geschwënn hiren 30. Gebuertsdag – dat wär vläicht eng gutt Geleeënheet fir mol op déi vill däischter Kapitelen vun där grénger Bewegung schwätzen ze kommen. Niewent der Pädophilie wär jo och dat Kapitel Sympathie fir terroristesch Organisatiounen nach e ganz en interessante Sujet!

Déi lénk Bewegungen, an do virun allem déi Gréng, mussen hir Vergaangenheet endlech opschaffen an ënner anerem och hir Verantwortung am Dossier Pädophilie unerkennen. D’Kanner – an dat sinn hei d’Affer – kommen ëmmer un éichter Plaz! Déi Gréng sollen all hir Programmer, Decisiounen an Resolutiounen – respektiv déi vun hiren Virleeferorganisatiounen –  aus den 70er an 80er Joeren elo publizéieren an historesch auswäerten loossen.  An der Chamber hat den Här Bettel (DP) e puer mol gesot, et däerft een keng Verbindung tëschent Homosexualitéit an Pädophilie hirstellen. Dat ka sinn, mee bei denen Gréngen gouf et déi souguer institutionnell!

http://www.focus.de/politik/deutschland/opfervertreter-klagt-an-cohn-bendit-ist-mitverantwortlich-fuer-kindesmissbrauch_aid_993098.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Tram – eng Katastroph och zu Edinburgh !

Net nëmmen zu Lëtzebuerg ginn Suen fir en Tram zur Fënster rausgehäit – neen och an där schéiner schottescher Stad Edinburgh. Just do sinn se schonn méi wäit wéi mir…

http://en.wikipedia.org/wiki/Edinburgh_Trams

Den Artikel seet, dat Edinburgh wéi Lëtzebuerg fréier en Tram hat, den allerdéngs 1956 haaptsächlech duerch Autobussen ersat gouf. Lo gëtt schonn zënter Joeren un engem neien Tram gedoktert an gebaut. Edinburgh huet wéi Lëtzebuerg eng komplizéiert Staadstruktur an ass och zum Deel denkmalgeschützt.  Dofir ass et besonnesch interessant fir ze kucken wat do bis elo am Dossier Tram geschitt ass.

Abee, d’Zäitpläng an der Constructioun goufen em Joeren verpasst an d’Käschten sinn explodéiert. Déi ursprünglech Devisën goufen ëm honnerte vu Milliounen britesch Pond iwwerschratt an d’Geschicht ass nach laang net um Enn. D’Geschäftsleit bekloen sech iwwer hir héig Akommesverloschter wéinst den Aarbechten, d’Stroossen laanscht Schinnen ginn futti a mussen reparéiert ginn, Veloën accidentéieren wëll d’Rieder an de Schinnen hänke bleiwen an vill Leit akzeptéieren net dat déi elektresch Stroumkabelen sollen un hiren Haiser verankert ginn.  Fazit : den Tram gëtt net sou realiséiert wéi geplangt an de Projet bleiwt stiechen. Bei eis géng et net aanecht goen !

An der « Financial Times » huet de Professer John Kay  vun der London School of Economics schonn den 30. August 2011 e flotten Artikel mam Titel : « Why trams belong in museums and not on city streets » publizéiert.  An dem Artikel beschreift hien de Fiasko vum Tram zu Edinburgh.

Hien insistéiert drop, dat d’Bussen vill méi bëlleg sinn, méi héig Frequenzen erlaben, méi flexibel sinn an dat dài enorm Käschten vun engem Tram sech dowéinst net justifiéieren. Zu Edinburgh kënnt et elo zu enger Enquête fir déi Verantwortlech fir d’Verschwendung vu 750 Milliounen Pond ze identifizéieren …

Zu Lëtzebuerg kënne mir hir Nimm schonn. Do sinn mir mol eemol vir ! Si heeschen Xavier Bettel, François Bausch an Claude Wiseler.

Hei ass och nach en interessanten Artikel aus dem « Guardian » iwwer den selwechten Sujet. Villes wat an dësem Artikel beschriwwe gëtt wär genee d’nämlecht bei eis am Land!

http://www.guardian.co.uk/uk/scotland-blog/2013/mar/21/edinburgh-trams-lost-faith

Ech verweisen och ausdrécklech op de Site www.adr.lu wou een ënnert dem Stëchwuert « Tram » eng Hellewull vun interessanten Informatiounen zu dem Thema fënnt.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Homophobie ? Heterophobie!

E Freideg, den 17. Mee,  wor ech mam Auto an Däitschland ënnerwee an hunn de Radio gelauschtert. Do koum eng Emissioun zum « internationalen Dag géint Homophobie », den allerdéngs, souwäit ech dat gesinn,  wéinstens bis elo absolut keen offiziellen Status huet.

http://de.wikipedia.org/wiki/Internationaler_Tag_gegen_Homophobie

Interviewpartner wor e gewëssen Här David Berger, anscheinend en Theolog an Chefredakteur vun enger Homosexuellenzeitung.  Den Här Berger huet verlaangt, dat Leit déi Positiounen vertrieden déi, an sengen An, zëvill kritesch géintiwwer der Homosexualitéit sinn net méi an Talkshowen oder an aner Emissounen sollten invitéiert ginn, well si do eng gewëssen Autoritéit kriiten, déi hinnen awer net géng zoustoen. Als Beispill huet hien den Här Lohmann an d’Madame Kelle genannt (op dësem Blog ass d’Emissioun « Hart aber fair » mat hinnen zwee ze gesinn) oder och d’Madame Kuby. Hir Positiounen kéinten d’ « Identitéit » vun den Homosexuellen verletzen. Bei Sexismus, Anti-Semitismus an Rassismus kéim sou ëppes jo mat Sëcherheet net vir ouni dat de Moderator géng agräifen an déi betreffend Leit aus dem Studio verweisen.

Dem Här Berger senger Meenung no, bräicht een nëmmen dat Wuert « homosexuell » duerch dat Wuert « Judd » ze erstezen, fir ze gesinn wéi diskriminéierend a verletzend sou Positiounen wären. D’Meenungsfräiheet däerft selbstverständlech net ageschränkt ginn, doriwwer bräicht een iwwerhaapt net ze diskutéieren, mee ….

Jo, mee! Genee do läit d’Kromm an der Heck ! Den Tric vum Här Berger ass gudd fir all fräi Meenung ze verbidden – et brauch een jo just nëmmen am Saz « A » dat  Wuerd « X » duerch dat Wuerd « Judd » ze ersetzen – dat gëtt dann Saz « B ». An well dann de Saz « B » sou schlëmm ass, dann muss och de Saz « A » mam Wuerd « X » verbueden ginn. Logesch ! Oder ?

Beispill :

  1. Ech soen (Saz A)  : Déi historesch Erfahrung weist, dat  CSV-LSAP Regierungen faul, inkompetent an verantwortungslos sinn. Si schueden eisem Land!
  2. Ech ersetzen, gemäss Berger-Logik den kritiséierte Sujet  duerch « Judd » (dat gëtt dann Saz B): Déi historesch Erfahrung weist, dat d’Judden faul, inkompetent an verantwortungslos sinn. Si schueden eisem Land !
  3. No Berger-Logik : Saz B ass natierlech inakzeptabel an weist dohier och wéi inakzeptabel Saz A wor !! Also muss elo och all Kritik un CSV-LSAP Regierungen verbueden ginn (oder hir Kritiker ginn einfach net méi invitéiert !).

Sou eng Methoud ass natierlech an mengen An vollkommen onéierlech an inakzeptabel – e primitivt Doudschloargument vu Leit déi wëllen all Form vu Kritik un sech selwer ënnerbannen !! Si mëssbrauchen dat onendlecht Leed dat de Judden gemaach gouf, fir sech selwer virun all Kritik an Sëcherheet ze brengen. Degoutant!

Mam Berger-Argument kann iwwregens jiddereen sech all Kritik verbidden. Och dat Wuerd « Pädophiler » kéint ersat ginn, och déi Pädophil hunn jo sou ëppes wéi eng  « sexuell Identitéit » oder « Orientéierung » an fillen sech wahrscheinlech an hirer « Genzheetlechkeet » verletzt, wann sou intolerant Leit wéi ech hinne soen, dat ech hinnen d’Ausliewen vun hirer « Identitéit » oder « Orientéierung »  carrément verbidden.

Nee, Här Berger! Op den do Wee ginn ech net mat. Och ass net all Kritik un der Homosexualitéit oder un de politeschen Fuerderungen vun engem Deel vun den Homosexuellen, wéi zum Beispill e Bestietnis oder d’Méiglechkeet fir eng Adoptioun, ze verwiesselen mat enger « Homophobie » (iwwersat : « Angscht virun Homosexuellen »). Ech kritiséieren sou Fuerderungen, mee d’Homosexualitéit un sech ass mir sou laang wéi breet.

Ech vertrieden decidéiert dat Recht op Meenungsfräiheet. An ech hunn es genuch domat dat dauernd nei Gruppen optrieden déi sech als « Betraffener » oder als « Affer » stiliséieren an besonnesche Schutz virun all Kritik verlaangen. Eng Rei vun Homosexuellenlobbyen wëllen jo lo schonn duerchsetzen, dat Kritik un hinnen soll als diskriminatoresch verbueden ginn.

Abee, ech hunn eng besser Iddi : wéi wär et wann all Beschränkungen vun der Meenungsfräiheet nes géngen ofgeschaaft ginn?   Soll dach jiddereeen soen wat en wëll, an an der fräier a kontroverser Diskussioun seng Meenung verdeedegen. Soll dach jiddereen sech blaméieren wéi en kann ! Schluss mam liberticiden politesch-korrekten Klima!

Bis dohinn erklären ech lo mol den 20. Mee zum internationalen Dag géint Heterophobie.

Et ass vun elo un  net méi erlaabt Kritik un heterosexuellen Leit ze üben an hir Eenzegaartegkeet wat d’Fortpflanzung an hir Iwwerleeënheet bei der Kannererzéiung an Fro ze stellen. An et ass och  net méi erlaabt, d’Komplementaritéit vu Mann a Fra ze beweifelen oder dat biologesch Geschlecht ze relativéieren. A wann een dat awer mecht, da gëtt een wéinst Heterophobie zu op mannst 10 Joer Prisong veruerteelt oder, alternativ,  et muss een denen Gréngen hire Wahlprogramm ganz liesen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Berger, hunn mir sou eng Reklamm néideg?

Eng besuergte Matbiergerin huet mir en Exemplar vun der Zeitung „Kurier der Christlichen Mitte“ (Monatszeitung für Religion und Politik) vum Mee 2013 erangeschéckt.  An där Zeitung ass en oppenen, ganz kritesche Bréif vun engem bekannten däitsche Politiker un den DP-Politiker Eugène Berger.

Dëss Matbiergerin huet sech gefrot – menger Meenung no volllkommen zu Recht – ob Lëtzebuerg esou eng Reklamm wierklech néideg huet. De Bréif ass vum Här Professer Dokter Werner Münch, fréieren CDU-Ministerpresident vu Sachsen-Anhalt.

http://de.wikipedia.org/wiki/Werner_M%C3%BCnch

Hei ass den Text:

„Offener Brief an Herrn Abgeordeneten Eugène Berger, Luxemburg

Neue Qualität?

Sehr geehrter Herr Berger,

im Zusammenhang mit der Debatte und Abstimmung über die Ausweitung der Liberalisierung der Abtreibung in Luxemburg (Fristenlösung mit Beratungspflicht) haben Sie u.a. einen Brief von Herrn Thomas Rickel (CM) aus Bielefeld, Deutschland, bekommen.  Ich habe den Inhalt dieses Briefes und Ihre Antwort der deutschen Presse entnommen.

Auf die Bitte von Herrn Rickel, für das Leben zu stimmen und damit auch für die luxemburgische Gesellschaft, haben Sie geantwortet: „Religiöser Fundamentalist! Fuck you!“

Ich kann nicht glauben, dass das die Wortwahl und Sprachqualität eines frei gewählten Abgeordneten in einem demokratischen Staat ist. Bevor ich Minister der Finanzen und dann Ministerpräsident in einem neuen deutschen Bundesland war, habe ich fast 7 Jahre als deutscher Abgeordneter im Europäischen Parlament (EVP-Fraktion) gearbeitet. Meine Zusammenarbeit gerade mit luxemburgischen Abgeordneten – besonders mit Marcelle Lentz-Cornette, Nicolas Estgen und Ernest Mühlen, der im Plenum in Strassburg neben mir sass – war ausserordentlich konstruktiv und im wirklichen Sinne freundschaftlich. Diese genannten Abgeordeten hatten klare Grundsätze, waren aber immer tolerant sowie verbindlich und freundlich im Ton, auch gegenüber solchen Kolleginnen und Kollegen, die anderer Meinung waren.

Wenn Ihre Antwort ein Hinweis auf eine tief gesunkene „Qualität“ der Auseinandersetzung von Abgeordneten eines Landes sein sollte, in dem ich sehr oft war, und das ich immer geschätzt habe, gegenüber solchen, die eine abweichende Position vertreten, dann bin ich tief erschüttert, ja fassungslos.

Ich gehe davon aus, dass Sie nachträglich Ihre Aeusserung auch selbst als extrem disqualifizierend ansehen und deshalb die Absicht haben, sich bei Herrn Rickel zu entschuldigen.

Sollte dies nicht erfolgen, werde ich über mein Netzwerk in der deutschen Presse Ihre Antwort breit streuen und der deutschen Oeffentlichkeit zur Kenntnis geben.

Mit freundlichen Grüssen Prof. Dr. Werner Münch“

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Gréng Energiepolitik: e Sammelsurium vun Feler an Illusiounen!

De Film „Saubere Energie“ gouf den 13. Mee 2013 op Arte gewisen. E gouf sou virgstallt:

Saubere Energie

Für sauberen Strom aus der Steckdose zahlt der Verbraucher gerne etwas mehr. Und Europa plant aus angeblicher Sorge vor den Folgen des Klimawandels die große Energiewende. Danach sollen die Stromanbieter bis zum Jahr 2050 ihren CO2-Ausstoß nahezu auf null herunterfahren. Doch was steckt wirklich hinter den schönen Versprechen von sauberer Energie?

Geworben wird vor allem mit der Kraft aus Wind und Sonne. Dabei deckt sie gerade einmal ein Prozent der europäischen Energieversorgung ab. In Wahrheit setzen Politik und Industrie vor allem auf Biomasse. Mit Steuergeldern hat die EU einen milliardenschweren Markt aufgebaut. Aber für Energiepflanzen werden selbst wertvolle CO2-Speicher wie Moore vernichtet. Und die Flächen für den Nahrungsmittelanbau werden knapp. Das löst weltweit eine Kettenreaktion aus. Durch den Hunger nach Energiepflanzen werden in Brasilien und Indonesien Regenwälder abgeholzt. Doch die EU nimmt die Industrie in Schutz.

Und um den Nachschub mit angeblich sauberer Energie sicherzustellen, werden die Versprechen immer abstruser. In Zukunft sollen auch schmutzige Kohlekraftwerke grünen Strom liefern. Der Rohstoff wird einfach durch Holz ersetzt, und klimaschädliche Abgase werden unter die Erde gepumpt. Diese fragwürdige Technologie führt zu einer Renaissance der Kohle. Sie kommt zunehmend aus Kolumbien – mit verheerenden Folgen für Mensch und Umwelt. Denn beim Kohleabbau gelangt das Treibhausgas Methan ungehindert in die Atmosphäre und zerstört das Klima.

Die Dokumentation deckt die Verstrickungen zwischen Wirtschaft und Politik auf und zeigt, wie auf Kosten des Verbrauchers die europäische Klimabilanz sauber gerechnet wird.

(Deutschland, 2013, 52mn) NDR

Erstausstrahlungstermin:Gestern, 20:17″

De Film ass interessant, mee den Ufank, déi éicht 4 bis 5 Minutten sinn um allerniddregsten Klimakatastrophen-Propagandaniveau. Dowéinst hunn ech laang gebraucht fir mech dovun ze iwwerzeegen fir dëse Film awer op dëse Blog ze setzen. Mee déi fundéiert Kritik un denen falschen an souguer geféierlechen gréngen an EU Energiekonzepter mecht de Film  kuckeswäert.

An denen nächsten Deg a Wochen kommen ech ganz secher op dëst Thema zréck. Och Lëtzebuerg geheit Joer fir Joer Milliounen Euro fir den onwierksamen Kyoto-Protokoll,  seng Emissiounsmechanismen an aner Klimagadgeten zur Fënster raus.

Et gëllt dëss Entwécklungen genee ze analyséieren an virun allem och ze weisen, dat déi Gréng an hir Iddien an der Realitéit net nëmmen eiser Economie mee och der Emwelt schueden.

Hei ass de Film:

http://videos.arte.tv/de/videos/saubere-energie–7495620.html

Op der Internetsäit vun „déi Gréng“ fënnt een bei där Polit-Floskel „Green New Deal“ schwammeg Eidel-Formuléierungen zum Thema Energie:

http://greennewdeal.eu/energy.html

strict adherence to the agreed 20% renewable energy share by 2020 as a minimum, and a 100% use of renewable energy by 2050 at the latest;“

Konkret fuerderen déi Gréng:

Neuen Energien zum Durchbruch verhelfen

  • Biotreibstoffe endlich fördern

Luxemburg hat die Richtlinie zu Biokraftstoffen noch nicht umgesetzt. Auch hier wird Zeit verspielt und werden der Landwirtschaft Chancen vorenthalten.

  • Erdölheizungen konsequent ersetzen

In Luxemburg werden noch rund 30 Prozent aller Häuser mit Erdöl beheizt. Dies ist besonders in ländlichen Gegenden der Fall. Alternativen stehen zur Verfügung:

– Nahwärmenetze auf Basis von Holzhackschnitzel und Biogas

Die Forstverwaltung hat errechnet dass durch die konsequente Nutzung von sowieso anfallendem Restholz aus dem Luxemburger Wald (je Kubikmeter Festholz fällt in der Regel 1 Kubikmeter Kronenholz an) das Equivalent von 40 Millionen Liter Heizöl ersetzt werden könnte. Besonders im ländlichen Raum besteht auch ein großes Biogaspotential.

Holzpellets für Einzelöfen

Moderne Holzpelletsöfen erfüllen  hohe Umwelt- und Konfortansprüche. Gemeinsam mit den bestehenden Lieferstrukturen (Heizölhändler und dem Heizungshandwerk) sollte kurzfristig ein gezieltes Programm aufgelegt werden um im großen Stil Ölheizungen durch Holzpelletsheizungen zu ersetzen.“

Quell: http://www.greng.lu/actualites/aktiounsplang-ewech-vum-uelech-nei-energie-fir-l%C3%ABtzebuerg

Wen den Film vun Arte gesinn huet, den liest déi Fuerderungen vun „déi Gréng“ mat engem oppenen,  realisteschen  also kritesche Geescht!

D’Wouerecht ass: déi Gréng hunn keng wierksam a propper Energiekonzepter. Wéi heescht et sou schéin am Film „Um so grüner die Versprechen, desto höher ist der Preis.“ Och dat ass richteg! Déi Gréng sinn deier Patréiner an hëllefen der Emwelt net!  An Wierklechkeet schueden si der Emwelt nach.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Turmes, wat maacht Dir géint den Här Cohn-Bendit?

Déi Gréng, déi sech jo ëmmer sou vehement géint d’kathoulesch Kierch ausgeschwat hunn wou bei hir Fäll vu sexuellem Mëssbrauch entdeckt goufen, hunn lo d’Geleeënheet fir mol an hiren eegene Reihen fir Uerdnung ze suergen.

Den Daniel Cohn-Bendit ass Co-President vun der grénger Fraktioun am Europaparlament an där och den Här Claude Turmes Member ass.

Hei nach eemol, zur Erënnerung, e puer Artikelen zum Här Cohn-Bendit:

http://m.faz.net/aktuell/politik/inland/cohn-bendits-paedophile-aeusserungen-danys-phantasien-und-traeume-12164560.html

http://www.iknews.de/2013/03/15/theodor-heuss-preis-daniel-cohn-bendit-schweren-vorwuerfe-der-paedophilie/

Wann déi lëtzebuergesch Gréng och nëmmen e bësschen Gleeafwierdegkeet behalen wëllen, dann muss den Här Turmes lo direkt an ëffentlech zu Stroossbuerg dem Här Cohn-Bendit seng Demissioun fuerderen. Déi Gréng sinn am Abléck déi eenzeg bekannte Partei mat engem pädophilen Fraktiounspresident!

Här Turmes, wëllt Dir an wëllen déi lëtzebuergesch Gréng e bekennenden, pädophilen Fraktiounspresident? Mir waarden op Aer Stellungnahm!!

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Piraten: moralesch an historesch Analphabetismuspartei

E Schock wor et, wou ech gewuer gouf dat den Här Sven Clement am Eecht eng „Beschäftegungsflicht“ fir RMG- Empfänger mat dem nationalsozialisteschen „Arbeit macht frei“ soll verglach hunn.

http://news.rtl.lu/commentaire/commentaire/434591.html

Sou Ongeheierlechkeeten erënneren mech un de Bildungsstand vun engem gewëssen RTL-Journalist den an engem Kommentar iwwer d’ADR eppes vu „brongem Bulli“ gefuebelt hat. Den ass allerdéngs bedeitend méi al wéi de Pirateboss an hätt kënnen fir zwee Su Verstand weisen. Mee dat ass en anert Kapitel…

Ech hunn um Site vun de Piraten no där Presskonferenz gesicht an se net fonnt. D’Transparenz schengt bei de Piraten do hir Grenzen ze hunn wou se hir eegen Dommheet a Verantwortungslosegkeet fir de de breede Publikum missten dokumentéieren.

Am sexuellen Beräich hunn ech d’Piraten schonn méi wéi eemol kritiséiert, mee dem Hàr Clement seng Entgleisungen iwwer d’Nazizäit sinn fir all normale Mënsch schwéier ze erdroen. Fir Leit mat zum Deel jüdescher Ofstaamung nach méi. Moralesch am héchste Mooss onräif ass nach dat Gentilst wat een do ka soen, historesch ongebild gläich mat. D’Piraten sollten sech lo ganz am Eecht iwwerleeën, ob si sou eng Persoun wéi den Här Clement nach an enger Féierungspositioun wëlle gesinn. Bei der ADR wär en fort.

Hei ass e bësschen Geschichtsunterrecht fir d’Piraten:

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wat ass den „Zweeten Bureau“?

Well déi Theorien ëm eng Verwécklung vum „Stay behind“ mat der Affàr Bommeleeër sou lues a lues hire natierlechen a verdéngten Doud stierwen, kommen lo vun der politescher Lénker nei Theorien op den Dësch. Ech maachen net gär Graduatiounen an der Verrécktheet – zum Polit-Psychiater fillen ech mech net beruff –  dowéinst setzen ech déi nei Theorien einfach mol op den sëlwechten Niveau wéi déi Verschwörungstheorien ëm de Stay behind-Réseau.

Déi Kéier soll et den zweeten Bureau vun der Arméi gewiescht sinn, eng Unitéit déi an enger operativer Konzeptioun an den 80er Joeren schonn éiweg laang opgeléist war, an just um Bataillounsniveau nach rudimentar fonctionnéiert huet.

Fir dat ze vestoen muss een wëssen dat e Batailloun, wéi och méi grouss militaerech Unitéiten, an der Regel véier „Branchen“ an engem Etat-major hunn: 1 Personal, 2 Renseignement, 3 Operatiounen an 4 Logistik. Den Artkel vu Wikipedia beschreift dat richteg:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Deuxi%C3%A8me_Bureau

Am Krichsfall haett d’Arméi e Batailloun gestallt, an den „2“ hätt also dann déi Roll vum Renseignement missen erfëllen. Hei goung et awer absolut net em klassesch geheimdéngschtlech Aarbecht, mee em reng militärech Informatiounen am Asazgebitt vun där jeweileger Unitéit.

Beispill: wéivill Leit huet den Enemy an eisem Asazgebitt? Wéi eng Waffen? Wéi sinn seng Truppen verdeelt? Wéi héig ass de Risiko vun feindlecher Loftënnerstëtzung? Wéi sinn dem Enemy seng Positiounen gesëchert? Wat wësse mir iwwer déi feindlech Unitéiten? Wéi ass hir Moral? an sou weider….

Opgrond vun sou Informatiounen vum 2 kann den 3 dann en Asazplang ausschaffen den hien dem Kommandant proposéiert.

De lëtzebuerger Batailloun wär am Krichsfall wahrscheinlech am Kader vun der AMF (Allied Mobile Force) engagéiert ginn, an hätt seng Informatiounen fir den 2 wahrscheinlech all vun den Alliéierten kritt. Den 2 wor also fir den speziellen Kader vum lëtzebuergeschen Verdeedegungsoptrag keng eegestänneg Noutwendegkeet an also och keng Prioritéit. Dowéinst schwätzen ech vun engem rudimentaren Reschtbureau, den – souwäit en iwwerhaapt nach existéiert huet – aus engem oder zwee Leit bestaanen huet denen hir Missioun ech grad beschriwwen hunn. Dat wor keen OSS oder SAS oder soss iergend eng operationell Unitéit mee eng gewéinlech Etat-majors-Funktioun.  

Fir also lo ze behaapten den 2 hätt iergend eng Roll an de Bommenattentater an den 80er Joeren gespillt, ass eppes wat mech op meng al Deg nach ameséiert. Wat kréien mir an der Affär Bommeleeër nach alles zervéiert, bis endlech kloer ass, dat déi Attentater keng Militäroperatiounen waren?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bravo, Conseil de Presse!

Wéi bekannt, sinn ech keen groussen Bewonnerer vun der lëtzebuerger Partei- an Boulevardpress (an ëmgekéiert).  Mee déi Kéier muss ech awer soen: all Respekt! Et gëtt anscheinend nach  Spueren vu Courage an vun Eiergefill an eisem Conseil de Presse. Fir mech ass dat eng agreabel an wëllkomm Iwwerraschung.

De Conseil de Presse wëll eng national Sensibiliséierungscampagne maachen – plus Schrëtter bei internationalen Gremien – wéinst der Verletzung vun der Pressfräiheet duerch dat berühmt-berüchtegt Gesetz iwwer de gläichen Zougank vu Fraen a Männer zu Saachen an Déngschtleeschtungen (de fréieren Projet 6127). Op dësem Blog gëtt et dozou en ausféierlechen Artikel (Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn: d’Fräiheet vun der Press). Dat Gesetz wor en ausdrécklechen Wonsch vun der CSV an besonnech vun der Madame Hetto, voll ënnerstëtzt vun LSAP, Blo, Gréng an Lénk. Alléng d’ADR huet fir d’Fräihet vun der Press gekämpft an huet géint dat Gesetz gestëmmt. Well ech mech och perséinlech an der Chamber an dobausseen staark géint dat Gesetz engagéiert hat, gouf ech alt nees vu ville Leit als „fraefeindlech“ diffaméiert. Sou domm ass d’lëtzebuerger Politik.

Ech kann de Conseil de Presse mol eng Kéier nëmmen luewen an ënnerstëtzen. Ech wënschen him all Erfolleg bei senge Beméiungen fir méi Pressfräiheet zu Lëtzebuerg.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar