Anne Brasseur – Staatsfeind Nummer 1 zu Monaco!

Dëse Week-end wor ech op enger Konferenz am Ausland op där ech och Politiker getraff hunn, déi  an der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe aktiv sinn. Interessant sinn déi vill negativ Kommentaren déi ech do iwwer d’Madame Anne Brasseur héieren hunn. Si hätt sech bannent kuerzem a ganz ville Länner onbeléift gemaach a wär besonnech wéinst hirer Intransigenz bekannt. An der parlamentarescher Versammlung vum Europarot huet geschwënn den liberalen Grupp d’Presidentschaft an d’Madame Brasseur wär selwer Kandidatin fir déi Presidentschaft. Anscheinend mecht dat awer och ganz ville Leit en hirem eegenen, dem liberalen Grupp, grouss Suergen.

Perséinlech fannen ech déi Reprochen a Reserven glaafwierdeg. Nach déi lescht Woch huet d’Madame Brasseur sech an der baussepolitescher Kommissioun vun der Chamber ganz am Eecht an mat vill Vehemenz doriwwer opgereegt, dat en israeleschen Minister, bei sech doheem an Israel, op Hebräesch (natierlech mat enger Iwwersetzung op Englesch) mat enger Delegatioun vum Europarot geschwat hat! An den An vun der Madame Brasseur schengt et also lo sou ze sinn, dat iwerall muss Englesch geschwat ginn.  An mengen An dogéint huet all israeleschen Politiker (an all déi aner natierlech och) egal wou an egal wéini dat Recht fir an senger eegener Sprooch ze schwätzen. Wou soll dann do iwwerhaapt de Problem sinn? Et wor jo en Dolmetscher do!

Zu Lëtzebuerg gëtt et jo bekanntlech keng Kritik um Behuelen vun eisen Politiker am Ausland. D’Medien schengen do kollektiv blann-daaf-stomm ze sinn. Dat beschte Beispill ass d’Madame Reding, mee net si alleng. Och iwwer der Madame Brasseur hire Sträit mat Monaco, engem sympatheschen, friddlechen an frëndleche Stat um Mëttelmier, ass heiheem net oder kaum geschwaat ginn. Bekanntlech kritiséieren eis Medien just nëmmen d’ADR.

Onwichteg wär e bësschen Objektivitéit awer net, well der Madame Brasseur hier verfehlten Initiativen belaaschten an der Tëschenzäit souguer eis bilateral Relatiounen mat Monaco. Enner Diplomatie verstinn ech jiddefalls eppes aanecht. D’Madame Brasseur huet den constitutionnelle System vu Monaco oppen attaquéiert an doduerch eng indignéiert Reaktioun vun der Regeirung provozéiert :

http://www.gouv.mc/A-la-Une-du-Portail/Communique-du-Gouvernement-Princier-suite-aux-declarations-de-Mme-A.-Brasseur-dans-l-edition-de-Monaco-Matin-du-16-novembre-2012

Der Madame Brasseur hirer illuminéierter Meenung no, ass Monaco net demokratesch genuch an si huet d’ « Commission de Venise » mam Fall saiséiert. D’Commission de Venise ass e konsultativt Organ vum Europarot.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Commission_de_Venise

ALL (!) monegaskech Parlamentarier hunn sech GEINT (!) der Madame Brasseur hir Initiativ ausgeschwat – mee si wees et jo bekanntlech besser wéi déi gewielten Vertrieder vum monegaskechen Vollék.

http://www.conseil-national.mc/pdfs/actu428_1.pdf

Lo kann d’Madame Brasseur iwwer Monaco denken wat si wëll, mee Demokratie huet och eppes mam Respekt virun engem gewielten Parlament ze dinn. Fir dat ze wëssen, brauch en als richtegen Demokrat keen Avis vun enger Commission de Venise.

Ech wees net, wéi e Ministär d’Madame Brasseur kritt, wann si no denen nächste Wahlen sollt mat hirer Partei an d’Regierung kommen, mee ech hoffen, et ass net de Bausseministär.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Wat ass dat: bausse Gréng, banne Rout?

Een vun denen méi flotten Nieweneffekter vun der SREL-„Affär“, ass dat een sou niewelaanscht rausfënnt, wéi enk d’Geschicht vun denen Gréngen mat där vun der LCR verbonnen ass. An Däitschland ass iwwregens den gréngen Ministerpresident vun Baden-Württemberg, den Här Winfried Kretschmann, an där Hinsicht och keen onbeschriwwent Blad. Den Här Kretschmann ass en Ex-Maoist vum KBW.

http://de.wikipedia.org/wiki/Kommunistischer_Bund_Westdeutschland

Nach viru kuerzem ass den Här Kretschmann doduerch opgefall dat hien e „Grusswort“ fir den pädophilen, gréngen Fraktiounschef am Europaparlament geschwat huet.  Och déi gréng Deputéiert Madame Krista Sager, MdB,  kënnt iwwregens aus dem KBW.

Et ass interessant ze liesen, mat wéi engen Leit an Massemäerder den  KBW dann sou sympathiséiert huet:

Ideologisch stand er dem Maoismus nahe und sympathisierte mit Regimen wie der Volksrepublik China, Albanien oder Kambodscha unter Pol Pot[9]. Der ugandische Diktator Idi Amin galt im KBW als ein fortschrittlicher Staatschef, was intern sehr umstritten war [10]. Zugleich wurden viele eigentliche Freiheits- und Emanzipationsbewegungen vom KBW aktiv unterstützt, z. B. der African National Congress (ANC) in Südafrika, aber auch der sich später als totalitärer Diktator erweisende Robert Mugabe in Simbabwe.“

Wéi et an Kambodscha ënnert dem Pol Pot war, kann een och hei nach eemol liesen:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Pol_Pot

Et muss een sech mol virstellen, e konservativen Politiker hätt mam Pinochet sympathiséiert oder mam Franco oder mam Mussolini… den kriit wahrscheinlech ni méi e Fouss op de Buedem. An Däitschland geet et schonn duer dat de Frënn vun enger Sportlerin (also mol net si selwer!) e fréieren NPD-Aktivist war fir e Skandal auszeléiesen. Zur Erënnerung:

http://www.spiegel.de/panorama/justiz/olympia-ruderin-drygalla-staatsanwaltschaft-ermittelt-gegen-freund-a-849232.html

Bei denen Gréngen ass dat aanecht. Ob en als Gréngen pädophil ass oder Ennerstëtzer vun Massemäerder: enger politescher Carrière steet näicht am Wee!

Déi Gréng sinn einfach eng Partei déi houfreg op sech sin kann!

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Ciao, Cello!

Am Bäitrag „Et wor net keen… mee wor et de Stay behind?“ hat ech op déi zwou Theorien zum Thema Stay behind opmierksam gemaach: Cello an CIA. Den Cello schengt lo ausgespillt ze hunn, an lo si mer all op den CIA-Optrëtt gespaant… Menger Meenung no ass do grad sou vill drunn wéi um Cello, nämlech iwwerhaapt näicht.

Et kann een sech awer froen, wéi verschidde Leit hei mam Stat ëmsprangen. Zeien déi net glaafwierdeg sinn ginn héig gefeiert, Fotoen vun engem gewéinlechen Militärmanöver ginn mat SREL-Offizéier vollgepaakt déi iwwerhaapt net drop sinn… liewen mir an engem Géckenhaus?

Ech ginn den Androck net lass, dat verschidden lénk  Perséinlechkeeten a Parteien einfach nëmmen dem Stat de Prozess wëlle maachen: der Monarchie, der Arméi, dem Geheimdéngscht… An och déi Hären Mausch a Beisch sinn jo alt nes voll op dem do Trip. Mee et geet hinnen nach eemol wéi bei Wickréng/Léiveng: um Enn stinn si plakeg do.

Eng seriös Oppositiounsaarbecht gesäit jiddefalls aanecht aus.

Hei nach eng kleng Aktualiséierung (22.05.2013):

http://www.heise.de/tp/artikel/39/39125/1.html

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Bonne nuit, 2030.lu!

Zënter dat ech den Blog hei hunn, ginn ech och mol vun anere Leit ugeschwat déi mech froen, fir iwwer dëst oder dat ze schreiwen. Sou och dëser Deg, wou en Economist mech gebieden huet, dach mol ë Wuert iwwer d’Sproochen an där Campagne 2030.lu  ze soen. Ech froen mech souwisou schonn méi laang, wat déi Campagne eigentlech beabsichtegt. Zënter der Publikatioun vun denen extrem tendenziösen Sondagen vun TNS-ILRES iwwer d’Auslännerwahlrecht an den Zougank zur lëtzebuerger Nationalitéit fillen ech mech vun 2030.lu am héchste Mooss manipuléiert.

Ass 2030.lu eng Plattform fir oppen Diskussiounen oder gëtt do net ganz bewosst en Drock opgebaut fir eist Land am exklusiven Interessi vun auslännesche Wirtschaftskreeser ëmzemoduléieren? Wéi e Spill spillt d’Chambre de Commerce well hei am Land ? Wem seng Interessen vertrëtt si eigentlech ?

Ech verstinn d’Roserei vun denen, déi sech opreegen, dat d’Spaweckssäit vun 2030.lu mol fir t’éicht op Franséich opdaucht. Soll  de Message sinn, dat am Joer 2030 hei Franséich geschwat gëtt?  Et muss een awer zu hirer Verdeedegung soen, dat et och eng lëtzebuergesch Versioun gëtt. Dat mecht nach laang net jiddereen, an den Usaz muss een luewen. D’Reihefolleg vun de Sproochen ass awer sonner Zweifel falsch gewielt.

Wou ech awer och keng Entschëllegung gesinn, ass bei dem Film oder där « Bande-annonce » fir e « Workshop » den 11. Mee wou e Schauspiller op Franséich senger Fra « A ce soir, chérie » seet. An den Economist vun dem ech grad geschwat hat, an ech, an vläicht och nach e puer aaner Leit denken dat hei e Saz op Lëtzebuergesch vläicht net schlecht gewiecht wier…

Franséich ass eng schéi Sprooch. Ech hénken emotional an intellektuell un hir an liesen sou vill wéi méiglech op Franséich. Mee et ass hei am Land eng Friemsprooch, déi mir aus réng politesche Grënn zu enger vun eisen Verwaltungssproochen gemaach hunn. Et ass net eis Nationalsprooch an och  keng Landessprooch, wéi well dacks probéiert gëtt ze behaapten. Mir hunn keng „dräi Landessprochen“!

Vill Leit hei am Land, Lëtzebuerger an Auslänner, kënnen iwwregens och net vill bis iwwerhaapt keen Franséich. Als Integratiounssprooch sollte mir ëmmer Lëtzebuergesch wielen, fir och eiser Traditioun an eiser Kultur eng Zukunft ze ginn. De Lëtzebuerger Multilinguismus ass definitiv net mat dem Schwäizer oder dem Belschen vergläichbar.

Hei ass eist Sproochegesetz:

http://eli.legilux.public.lu/eli/etat/leg/l/1984/fev/24/n1?

Och op dësem Blog hunn ech dat schonn e puer mol gesot : ech wëll net dat Franséich zu eiser Koloniséierungssprooch gëtt ! An ech mierken, dat vill Leit hei am Land sou lues d’Gedold verléieren. D’Sprooch vun dësem Land ass LETZEBUERGESCH ! An dat gëllt och fir d’Chambre de Commerce!

An dësem Zësummenhank ass och en Artikel interessant en am „Quotidien“ vum 24. Abrëll 2013  iwwer d’Initiativ „5 vir 12“ publizéiert gouf („Les pendules remises à l’heure„). Och hei geet et ëm d’lëtzebuerger Sprooch an och den Artikel gouf mir vun enger ëm eis Land besuergter Damm, enger Juristin, ginn. Ech zitéieren:

Quant aux étrangers au Luxembourg, ils sont priés de montrer un minimum d’intérêt pour leur pays d’accueil en apprenant le luxembourgeois, voie royale pour s’intégrer dans cette société cosmopolite qui doit se trouver comme langue commune le luxembourgeois. Les lycéens y tiennent autant qu’aux deux autres langues d’ailleurs. Ils ne veulent pas de filière francophone ou germanophone par crainte de créer deux groupes qui ne communiquent plus. Et même si l’intégration peut se réaliser par d’autres moyens, il n’en demeure pas moins que le meilleur moyen de véhiculer une culture reste la langue.“

A bon entendeur, salut !

Bonne nuit, 2030.lu !

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

European Leader of the Year Award

Mat enger gewësser Iwwerraschung konnt ech feststellen, dat den Här Juncker an d’Madame Reding mat nominéiert sinn fir eventuell den „European Leader of the Year Award“ ze kréien. Enner denen aaneren Kandidaten sinn den gréngen Pädophilen Daniel Cohn-Bendit an déi däitsch Europa-Deputéiert Madame Doris Pack.

Iwwer den Här Cohn-Bendit fënnt een op dësem Blog schonn eng ganz Rei vu Kommentaren.

Hei ass en Auszuch aus engem Artikel den ech viru ville Joeren iwwer d’Madame Doris Pack geschriwwen hat. Hir sexistesch a männerfeindlech Astellung hat ech deemools besonnech ënnerstrach:

Doch viele Kommentare und Dokumente werden heutzutage in einer Art und Weise verfasst die offen oder unterschwellig den Männern die Alleinschuld am Leid dieser Welt gibt.  In einem simplistischen Kommentar über die „Die Frauen in Südost-Europa: Opfer der Kriege – Aktive  Teilnehmerinnen im Friedensprozess“ behauptet zum Beispiel die deutsche Europa-Abgeordnete  Doris Pack: „Der Krieg in Südost-Europa ist von Männern gemacht und von Frauen erlitten worden“. Kein Wort über die Tausende und Aber-Tausende männliche Opfer, über die 8.000 in Srebrenica abgeschlachteten moslemischen Männer und Jungen zwischen 13 und 70 Jahren, über die zahllosen entdeckten Massengräber die fast ausschließlich die sterblichen Überreste ermordeter  Männer und Jungen enthielten. Heute noch, so das Luxemburger Wort vom 26. Oktober 2001, sind 91,7 % der durch den Krieg 1992-1995 in Bosnien-Herzegowina vermisst gemeldeten 18.293 Personen Männer, und nur 8,3 % Frauen. Und erst im August 2001 wurden wieder über 100 Männerleichen, vermutlich von zivilen Kosovo-Albanern, in Batajnica gefunden (Kathimerini, 10. August 2001). Auch das Massaker von Izbica vom 28. März 1999 kam kürzlich wieder zur Sprache. 116 Männer wurden dort abgeführt und erschossen. Das Dorf Velika Krusa, 80 Kilometer südlich von Izbica gelegen, ist wegen des dortigen Massakers heute als das „Dorf ohne Männer“ bekannt (Journal, 13. Februar 2002).

An anderer Stelle gibt Frau Pack dann aber zu, dass „allerdings einige Frauen auch eine schlechte Rolle gespielt und das Kriegstreiben unterstützt [haben]. Das gilt an herausragender Stelle vor allem für die Frau von Milosevic, Mira Markovic. Auch Frau Plavsic hat in Bosnien-Herzegowina an der Seite des serbischen Kriegsverbrechers Karadzic lange den serbischen Nationalisten und Kriegstreibern in die Hände gespielt. Aber sie hat nach dem Krieg eine gewisse Wende vollzogen und sich sogar freiwillig dem Haager Tribunal gestellt. Dazu gehört sehr viel persönlicher Mut, den viele Männer in dieser Form nicht aufbringen“.

Vielleicht sollte man Frau Pack in ihrem Enthusiasmus über den „Mut“ und die „gewisse Wende“ der des Völkermordes, der Kriegsverbrechen und der Verbrechen gegen die Menschlichkeit angeklagten Frau Plavsic  aber doch daran erinnern, dass diese Frau bei weitem nicht die erste mutmaßliche Kriminelle ist die sich der Justiz stellt. Vor ihr haben das zahllose andere Männer und Frauen auch schon getan, teils wegen ihrer ausweglosen Situation, teils aus Reue, teils aus einfachem Kalkül. Es dürfte den Leser daher interessieren, was das Luxemburger Wort vom 30.08.01 zu berichten wußte: „Le TPIY [Tribunal pénal international pour la Yougoslavie] autorise la remise en liberté de Biljana Plavsic. » Kritisch bemerkte hierzu der kroatische Historiker und Professor für Geschichte an der Universität Yale, Ivo Banac: „ …das Tribunal [verfügt über kein Sensorium mehr darüber], welche komplizierten Balanceakte man von Politikern in den Ländern des ehemaligen Jugoslawien erwartet. So hätte beispielsweise die vorläufige, in Gegenzug für ihre umfangreiche Aussage erfolgte Enthaftung von Biljana Plavsic, einer der am schwersten belasteten Führerinnen der bosnischen Serben, mehr Sinn gemacht wenn das Tribunal bei weniger belasteten nicht-serbischen Angeklagten ebenso kompromissbereit gewesen wäre.“ Aber diese Angeklagten waren eben nicht weiblichen Geschlechts. Frau Plavsic selbst hat im übrigen erklärt, sie habe sich dem Haager Tribunal gestellt um ihr Volk zu „schonen“, da dieses „den Preis für ihr Nicht-Erscheinen  hätte bezahlen müssen.“  Diese Begründung ist eher nationalistisch als reuevoll.“

 

An dem Jury den déi do Lëscht vu méigleche Laureaten fir den „European Leader of the Year Award“ zësummegewierfelt huet, sëtzen dëss Leit:

Bruno Boissière, Director, Centre int’nl de formation européenne, Frédéric Bouchard, Brussels Bureau Chief, Euronews, David Earnshaw, CEO, Burson-Marsteller Brussels, Andrea Gerosa, Chief Thinker, Think Young, Richard Hudson, Founder & CEO Science Business, Peter Kramer, Chairman, Press Club Brussels Europe, Bruno Lanvin, Professor, INSEAD, Pierre Lemoine, Editor in Chief, Europolitics, Mana Livardjani, President, Cafébabel.com, Bernard Vergnes, Chairman, European Executive Council

Ech mengen, et ass net weider schlëmm, wann een keen vun denen Herrschaften kennt. Jiddefalls soll een de Präis den  vum „European Executive Council (EEC)“ verdeelt gëtt net iwwerbewärten. Den EEC  ass en einfache Geschäftsverband, eng Lobby, den sech selwer awer schrecklech wichteg fënnt:

The European Executive Council (EEC) is an organisation that represents CEOs and top executives who lead and manage the European business of their multinational parent.

Started in 2000, the EEC meets quarterly to debate and discuss the challenges and opportunities of doing business in Europe.  The topics covered range from sharing best practices about organising and developing business in Europe and effective means of dealing with cross-cultural management, to explaining the specificity of the European markets to non-Europeans, etc. The aim of the EEC is to provide its members with both formal and informal networking opportunities among peers to share ideas and hands-on experience.“

Abee, da loosse mir mol den Här Juncker an d’Madame Reding als „networking opportunities“ vun deser Lobby  decoréieren. Am viraus, eis häerzlech Felicitatiounen!

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

KPL an déi Lénk: wou sinn dann d’Ennerscheeder?

Haut hat „Déi konservativ Säit“ déi grouss Chance endlech d’Verëffentlechung vun denen zwou Resolutiounen vum Kongress vun  „déi Lénk“ kënnen ze feieren an gläichzäiteg och nach eng drockfrësch Zeitung vun der KPL kënnen ze stodéieren.

Hei sinn e puer vun den Resultater aus enger éichter  Analys vun denen zwee Dokumenter. Den interesséierte Lieser mierkt bestëmmt direkt, dat et sech em zwou grondverschidde Parteien handelt, an net wéi „Déi konservativ Säit“ ëmmer behaapt em dat selwecht (Speckpartei a Schwéngefleeschpartei):

1. Stoolindustri:

déi Lénk „mettre fin au démantèlement de l’industrie… y compris par des mesures légales coercitives“.

KPL: „Die Stahlindustrie vergesellschaften“

2. Service de renseignement

déi Lénk: „abolition de cette institution“

KPL: „Die KPL fordert die Auflösung des Spitzeldienstes“

3.  Steierpolitik

déi Lénk: „nous luttons pour une imposition des grands capitaux“.

KPL: „dass daher die  Steuern für das Gross-und Finanzkapital erhöht werden.“

4. Recht op Aarbecht

déi Lénk: „semaine de travail de 35 heures sans perte de salaire“

KPL: „Einführung der 35-Stunden-Woche bei vollem Lohn und Personalausgleich“

5. Reliounsunterrecht

déi Lénk: „mettre fin aux cours de doctrine religieuse“

KPL: “ Abschaffung des Religions-und Moralunterrichts“

Et kënnt een déi Lëscht nach ganz laang viru féieren. Dat hei ass jo just en Deel vun denen Iwwereneenstëmmungen déi schonn an e puer klengen Texter vun denen Lénken an der KPL konnten festgestallt ginn. Jiddefalls ass kloer: a villen Schlësselberäicher sinn d’Fuerderungen vun der KPL an déi vun denen Lénken praktesch identesch. déi Lénk schreiwen allerdéngs op Franséich (vornehm Proletarier) an d’Kommunisten op Däitsch (méi einfach Proletarier). Déi méi vornehm ginn vläicht net mat denen méi einfachen Proletarier eens.

„Déi konservativ Säit“ bleift jiddefalls bei hirer Behaaptung: Kommunisten an déi Lénk sinn genee dat nämlecht! Déi Lénk si jo och net fir näicht um europäesche Niveau mat enger grousser Zuel vu kommunistesche Parteien verschwëstert. An do geet et, well do schwätzen se well all Amerikanesch.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Heiliger Hypokritus, bitte für uns!

Bei der Pontifikalmass an der Kathedral an bei der Schlusspressessioun stoungen respektiv goungen d’Autoritéiten vun der CSV nes schéin brav an der Rei. Ech sinn net dohin gaangen, well ech déi Hypokrisie an dat Gelitts net verdroen. Dou stoungen grad déi Politiker fromm Gesiichter ze maachen déi nach viru kuerzem fir d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt hunn (ausser der Madame Frank natierlech) an elo geschwënn fir d’Homosexuellebestietnis stëmmen. An kee Mënsch stellt sech Froen…

An ech erënneren mech och nach un d’Bëschofsweih vum Monseigneur Hollerich. Kaum wor d’Mass fäerdeg, dunn ass hien dem Här Jean-Claude Juncker an d’Aerm geflunn. Déi zwee hunn sech gekësst, a gedréckt, an ëmäerbelt, a geknutscht, an et wor sou schéin, an et huet keen den aneren méi wëlle lass loossen. Alles dat a Präsenz vun de gewielte Vertrieder vum Vollék, och vun anere Parteien. Ein Bild sagt mehr als tausend Worte….  Soll ë Bëschof dann net fir all déi Gleeweg an iwwerhaapt fir all Mënsch do sinn, oder hunn ech mech do geiert ? E bësschen Aequidistanz wär vläicht net schlecht.

D’Realitéit ass ganz einfach déi hei: d’Kierch brauch d’CSV fir hir Finanzéierung well den eenzege « Wäert » den déi lëtzebuergesch kathoulech Kierch nach wierklech interesséiert ass dat gëlle Kallef. An d’CSV brauch d’Kierch wéinst hirer Zeitung an fir kënnen vun dë Stëmmen vun all denen léiwen a gleewegen Mënschen ze abuséieren, déi nach mengen d’CSV geng den « C » an hirem Numm eecht huelen.

Lo ass et jo zoufälleg sou, dat ech vill CSV-Politiker kennen. Eenzelner vun hinnen denken och nach chrëschtlech. Aanerer, an dat sinn der ganz, ganz vill, sinn net nëmmen areliéis, mee souguer oppen anti-kathoulesch. D’Politik vun der CSV ass jo och dofir den beschte Beweis. Just op de Fotoen an der Kathedral, bei der Schlusspressessioun an bei der Mass um Ufank vum parlamentaresche Joer, also do wou Medien sinn an et elektoral kann interessant sinn, do dauchen si op eemol op. Wéi gesot, sou eng Mentalitéit ass näicht fir mech. Léiwer en Dag mat engem éierlechen Atheist zësummen wéi mat engem CSV-Hypokrit.

Emsou méi freet et mech, dat d’CSV-Propagandablad « Luxemburger Wort » a Schwiiregkeeten stëcht.  Et deet mir zwar éierlech leed fir all déi vill Mataarbechter déi, iwwregens mat ganz onchrëschtlechen Methoden, entlooss goufen, dorënner e puer éichtklasseg Journalisten.  Hinnen all wënschen ech vu ganzem Häerz, dat si geschwënn nes eng nei Aarbechtsplaz fannen. D’Wort – dat ech selwer ofbestallt hunn – ass eben alles mee keng chrëschtlech Zeitung.

Ech liesen am « Land », dat den Här Generalvikar Gillen seet : « Eine Kirche, die stark von einer staatlichen Finanzierung abhängt, wird vorsichtiger in politische Debatten eingreifen als eine Kirche, die aus ihren eigenen Mitteln diese Fragen angehen kann. » Dee Mann wees vu wat e schwätzt !  Dee ganzen Interview drëpst vun där Hypokrisie déi d’Kierch kennzeechent a mat där si d’CSV schount, zum Beispill bei der Ofdreiwung… «Die Abstimmung im Parlament haben wir nicht kommentiert. ». Wéi taktvoll!  Haten dann net 25 vun 26 CSV-Deputéierten fir d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt? An dräi vun véier ADR-Deputéierten dogéint? Keen Wonner, dat d’Wort dat léiwer net kommentéiert! Jongen, mol ganz ënner eis, schummt Dir Iech dann net bis an de Buedem ?  Kann een vun Iech sech nach an de Spigel kucken ?

An da liesen ech och nach dat hei:

« Am Flaggschiff von Saint-Paul, dem „Luxemburger Wort“, sei es, den politischen Verantwortlichen zu helfen, der Wahrheit in die Augen zu schauen. Erny Gillen forderte mehr meinungsbildenden Journalismus. »

An dat vum CSV-Chef-Propagandist!  Ech mengen, dat ech als politesch Verantwortlechen d’Wouerecht ganz kloer gesinn, all Kéiers wann ech d’Wort opschloen an dat « für Wahrheit zu schlecht » muss erdroen. Op Säit 1, CSV am Groussformat, op de Säiten 2 an 3 CSV mat  Fändelen, op de Säiten 5 – 28 CSV-Sectiounen, op de Säiten 29- 32 dann  Doudesannoncen an ë bësschen Ofwiesselung mat Sudoku an Massen, op de Säiten 33-40 CSV-Sportler, CSV Arbitteren, an soss potentiell CSV-Kandidaten.

Mat sou Leit verléiert d’Kierch all Chance fir och nëmmen e bësschen vun hirer Glaafwierdegkeet zréck ze kréien. Si ass wierklech näicht aanecht méi wéi eng CSV-Parteisectioun.

De Feierkrop hat jo geschriwwen dat d’Wort och nach ganz offiziell an institutionell an de Féierungsgremien vun der CSV vertrueden ass. En Dementi hunn ech nach néierens gesinn… Ma jo dann, hei ass d’Frohe Botschaft fir déi Hären Hollerich a Gillen:

Und wahrlich ich sage Euch: nach den nächsten Wahlen werdet Ihr dreissig Silberlinge erhalten !

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Schmit Airlines

Op RTL.lu stoung en Artikel iwwer de Rapatriement vun engem Här aus Marokko den keng Pabeieren hat. Den Här gouf mat engem Privatfliger a säi Land zréck geféiert.  

http://news.rtl.lu/news/national/432480.html

Wéi vill aner Leit och stellen ech mir eng Rei vu Froen iwwer déi do Geschicht. Haut stellen ech dowéinst och eng Question parlementaire iwwer déi do Affär.

A mengen An illustréiert déi Episod wéi absurd eis Immigratiounsgesetzer an der Tëschenzäit gi sinn. Dat e Stat wéi Lëtzebuerg sou eng Méi an sou vill Käschten muss op sech huelen, fir engem Här – so mer et roueg – lass ze ginn, den hei näicht verluer huet, ass eng perfekt Illustratioun vun enger falscher Geeschteshaltung.

Joerelaang hunn mir eis Gesetzer opgeweecht, ënner dem Afloss vun denen Lénken, Gréngen a Rouden vun all Zort mat dem Resultat, dat eis Gesellschaft keng rational Approche méi géint iwwer der illegaler Immigratioun huet. Net alles ass e Mënscherecht, net bei allem muss e  Stat Jo an Amen soen. Déi Guttmënschementalitéit no där all Immigrant, souguer déi illegal, hei am Land enorm vill Rechter huet muss ophéieren.

Natierlech brauch  eis Land Immigranten – awer där déi mir eis raussichen! An kee Mënsch stellt d’Recht op Asyl a Fro. Mee bei all denen negativen Entwécklungen aus denen leschten Joeren an dem massiven Mëssbrauch vum Recht op Asyl mussen endlech Léieren a Konsequenzen gezunn ginn! 

Mir brauchen nees vill méi streng Immigratiounsgesetzer! 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

En interessanten Artikel zum Mënschsinn

An der Wëssenschaft gëtt et ëmmer nei Beweiser an Hiweiser, dat mir Mënschen den Déieren oder mengentwegen och denen aneren Déieren ganz ähnlech sinn. Aner Déieren sinn och intelligent (wann och manner wéi mir), aner  Déieren hunn och Gefiller, si  hëllefen, traueren, an freeën sech, aner Déieren kënnen souguer geeschteg heiandsdo méi wéi de Mënsch.  Dat kuerzzäiteg Erënnerungsverméigen vun de Schimpansen ass do ë wonnerbart Beispill.

An awer: de Mënsch ass net einfach e Wiesen wéi déi aaner Déieren. Wen sou denkt oder dat behaapt den iwwersäit déi enorm ethesch Konsequenzen vun sou Vereinfachungen. Dêsen Artikel gëtt dorop wäertvoll Hiwäiser:

http://diepresse.com/home/meinung/cultureclash/1395260/Culture-Clash?from=suche.intern.portal

De Mënsch versteet d’Welt iwwer dat Sënnlecht raus, e bedreift Wëssenschaft a sicht no déiwen Wouerechten. E striewt no Sënn an denkt dohier reliéis a philosophesch. En ass sech sénger selwer bewosst a kennt d’Krankheeten wéi och d’Perspektiv vu sengem Doud. Hien huet déi Fräiheet moralesch Kategorien ze erkennen an säi Liewen dono auszeriichten. Hien kann seng Trieber beherrschen an sech fir Anerer opginn. De Mënsch schaaft Konscht, Schéinheet, Woueres. De Mënsch huet Muecht an dohir Verantwortung fir de Recht vun der Schöpfung.

De Mënsch huet eng aner Qualitéit an der Communicatioun an am solidareschen an koordinéierten Handelen wéi aner Geschöpfer. Hien huet e kollektivt Gediechtnis entwéckelt, ka vu kand un weisen an sech matdelen a bezitt Anerer an säin Denken an Handelen mat an.

Mir mussen an sollen eis eiser eegener Gréisst bewosst sinn. Dat gëllt och fir d’Kanner. Wen e Kand dout mecht dat nach net gebuer ass, mecht dëss Welt vill méi aarm.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

De Réquisitoire am Dossier Bommeleeër an eis Justiz

De 5. Mee 2013 hat RTL den Réquisitoire vum Dossier Bommeleeër publizéiert.

http://news.rtl.lu/bommeleeer/news/193569.html#

Beim séeieren Duerchbliederen ass mir opgefall, dat an der Foussnout Nr. 263 op der Säit 89 gesot gëtt, dat den Här Jos Steil, den jo anscheinend ëmmer nes zu denen Verdächtegen gezielt gëtt, méintelaang an der Klinik war, besonnesch an där kritescher Zäit am Abrël an am Mee 1985, an an där Zäit zweemol operéiert gouf. Dono huet hien e Mount laang nëmmen nach hallefdeegs geschafft.

Also, déi Uniforméiert sinn jo bekannterweis all där ganz Haarder, mä ech froe mech trotzdem ob ech an där Situatioun mol kuerz bis aus der Klinik rausgaange wär, sou aus Langweil, tëschent zwou Operatiounen, fir mol ë bësschen Bommeleeër ze spillen. Dat ass eppes wat d’Dokteren bestëmmt immens appreciéiert hätten…

Ech hunn och déi Passagen nogelies an denen d’Kolleegen Reuland an Stebens zu Wuert kommen. Eierlech gesot, kommen ech absolut net zu denen selwechten Conclusiounen wéi d’Enquêteuren. Mä do muss jo jiddereen seng Verantwortung huelen… Ech jiddefalls kann nëmme soen, dat ech mech och net un alles erënneren wat ech 1985 gemaach hunn, an ech hunn absolut näicht ze verstoppen. An sou geet et aneren Leit bestëmmt och.

Wat mech awer an där Affär gestéiert huet ass déi Liichtegkeet mat där hei zwee héig motivéiert a respektéiert Offizéier einfach ofgesat goufen. Deemols wor de Justizminister gläichzäiteg Polizeiminister – ëppes wat et an engem Rechtsstaat iwwerhaapt net däerft ginn! Minister wor den Här Luc Frieden, sonner Zweifel ë gescheite Mann mä den awer hei (wéi schonn méi dacks) eng falsch Decisioun geholl huet. Firwat sinn hei d’Carrièren vun zwee – menger Meenung no – absolut éierlechen Leit an héige Staatsbeamten sou liichtfankeg zerbrach ginn?

Opgrond vun engem einfache Bréif vum Procureur, ouni konkret Beweiser, ouni Uklo, ouni Méiglechkeet vun enger Verdeedegung,  hätt ech am Minister sénger  Plaatz mat Sëcherheet déi Decisioun net sou geholl. Ech hätt mech awer gefrot, ob Eenzelner an der Justiz net vläicht och dëss Enquête benotzt hunn, fir hieren eegenen Afloss am Staat an iwwer d‘ Police nach méi ze stäerken? Och dat kann eng ganz grouss Gefor fir de Rechtsstaat sinn.

Ech denken, mir sollten d’Enquêten an d’Poursuiten méi däitlech vunëneen trennen, sou wéi dat och bal iwwerall am Ausland de Fall ass, an iwwer de Wee vun engem eegenen Polizeigesetz déi Kompetenzen vun der Police méi kloer definéieren an stäerken. Hei am Land huet d’Justiz iwwer d’Joeren ëmmer méi Pouvoiren kritt, mee si ass gläichzäiteg den vun denen dräi Pouvoiren den am mannsten enger Kontroll ënnerläit. Fir kloer ze sinn: ech wëll keen politiséierten Conseil supérieur de la Justice oder eng wéi och ëmmer organiséiert  Afrostellung vun der Onofhängegkeet vun der Justiz wéi d’CSV et lo plangt, mee ech wëll eng kloer institutionnell Ofgrenzung vun de Pouvoiren vum Parquet an eng däitlech Trennung vun der Magistrature assise vun der Magistrature debout.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar