De Mikis Theodorakis an d’ADR

E bekannte Lëtzebuerger Schrëftsteller, den keng Geleeënheet ausléist fir mech ze kritiséieren, ass och en unerkannte Biograph vum Mikis Theodorakis. Dee Schrëftsteller schreift och dacks am kulturissimo, wou en dann och meng Partei oder mech selwer mat sengen Iwwerleeungen beéiert. Dat ass natierlech säi Recht, schliisslech liewe mir an enger Demokratie.

Et huet mir awer ëmsou méi Freed gemaach wou ech lo aus Athen gewuer gouf, dat den Här Theodorakis d’lescht Woch den „Onofhängegen Hellenen“ en Solidaritéismessage geschéckt huet. An déi „Onofhängeg Hellenen“ sinn eng neigegrënnte Partei déi wëll an den selwechten europäeschen, konservativen Parteienverbond antrieden an dem och d’ADR Member ass.

Lo wëll ech hei net d’Analys vum Här Theodorakis engen Iwwerleeungen maachen, déi ech dozou och net am Detail kënnen. Awer den Här Theodorakis ass eng bedeitend Perséinlechkeet, den och ech respektéieren a bewonneren. An dat geet wäit iwwer seng Musik raus, dem Här Theodorakis seng ganz Liewensgeschicht besonnech och während de Joeren vun der Militärdiktatur an dem Exil ass beandrockend a bewegend. Säi Geste sollt de Kritiker vun der ADR  jiddefalls ze denke ginn!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kamerod Urbany, Spezialist am Staatsterrorismus

Wann et ëm Staatsterrorismus geet, da fënnt een déi beschte Spezialisten ouni Zweifel bei de Kommunisten. Emmerhinn hunn si joerzéngtelaang net nëmmen déi net-kommunistesch Staten terroriséiert, mee si hunn sech och nach géigesäiteg terroriséiert an am allerléifsten an allerbeschten hunn si hir eege Populatiounen terroriséiert. Houfreg Ierwen vun där nobler Traditioun sinn hei am Land d’KPL an déi Lénk (och nach genannt d’Speckpartei an d’Schwéngefleeschpartei – well Kommunisten a Lénk sinn jo bekanntlech dat nämlecht).

De Kamerod Serge Urbany, kommunisteschen Deputéierten an der Chamber (Tarnnumm zu Lëtzebuerg „déi Lénk“), huet op RTL festgehal dat d’Attentater an den 80er Joeren entweder vum Militär, vun der Gendarmerie, vum Geheimdéngscht oder aneren bewaffneten Kräften gemaach goufen. Do denkt een dach direkt un d’Police, un d’Douane, un d’Fierschter oder och nach un dem Kamerod Urbany seng Lieblingsdéngschtleeschtungsorganisatioun, de CIA. Senger Meenung no woren déi Attentater Staatsterrorismus („jiddefalls“ an engem Kontext ze gesinn vun  „Terrorismus den ausgeübt ginn ass vu Staatskräften„).

Ech denken, de Kamerod Urbany schwätzt genee sou als hätt hien un enger Rei Desinformatiounsseminären vun der SED (Tarnnumm an Däitschland „die Linke“) deelgeholl. Dee richtege Bommeleeër wor natierlech de KGB. Tëschent zwou Friddensmanifestatiounen haten hir Agenten mat hiren lëtzebuergeschen Informanten a Genossen ëmmer nach Zäit a Loscht fir de kapitalisteschen Westen e bësschen ze destabiliséieren.

De Beweis? Ma d’Bommeleeër hunn jo bekanntlech mat „c23Y78“ ënnerschriwwen. Am kyrilleschen Alphabet ass den „c“ eisen „S“ an den „Y“ ass eisen „U“ also zësummen „SU“ fir „Sowjetunioun“. Den 23. November 1923 gouf an Däitschland déi kommunistesch Partei verbueden. Dofir huet sech misse gerächt ginn!  An am Joer 1978 huet de  Generalsekretär vun der KPdSU an Däitschland mam Helmut Schmidt eng „Gemeinsame Deklaration zur Friedenssicherung, Entspannung und Abrüstung sowie Rüstungsbegrenzungen“ ugeholl. An engem bis elo geheimen Zousatzprotokoll  gouf festgehaal dat fir t’éicht déi lëtzebuergesch Sprengstoffreserven wéi z.B. de Luxite sollten duerch de KGB zerstéiert ginn. Sou konnt een gläichzäiteg als Revanche fir 1923 e kapitalistescht NATO-Land destabiliséieren an dat och nach am Accord mat Däitschland dat iwwer den BND an den Här „Cello“ aktiv gehollef huet! Et voilà! Quod erat demonstrandum! Et ass lo just nach eng Fro vun der Zäit bis d’Bedeelegung vum KGB bewisen gëtt.

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De CLAE verletzt eis Gaaschtfrëndschaft

De CLAE (Comité de liaison des associations d’étrangers) mëllt sech nawell dacks zu Wuert wann ëm d’lëtzebuerger Nationalitéit geet. Nach rezent huet hien sou en Avis ofginn:

http://www.clae.lu/pdf/actualite/communique_clae/2013/communique_reforme_loi_nationalite_%202013.pdf

Prinzipiell denken ech, dat de CLAE, wéi all aner Associatioun och, dat Recht huet sech  zu Sujeten zu Wuert ze mëllen, déi fir seng Memberen  wichteg sinn. ozou gehéiert selbstverständlech och d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Ech selwer wor och schonn bei op d’mannst engem Gespréich dobäi, wou de CLAE seng Positiounen virgedroen huet an hunn dono mat hinnen doriwwer diskutéiert. An enger fräier Demokratie sinn dat Selbstverständlechkeeten.

Ech vergläichen awer och déi Diskussiounen hei am Land mat denen déi ech an denen iwwer 20 Joer erlieft hunn, déi ech selwer als Auslänner an aneren Länner verbruecht hunn.  Als éicht stellen ech fest, dat a kengem aneren Land sou Diskussiounen an enger Sprooch geféiert ginn, déi net déi vum Land ass. An dësem Land hu mir och eng Nationalsprooch, an déi heeescht Lëtzebuergesch.  Et stéiert mech, dat héig Vertrieder vum CLAE eis op Franséich erklären, wéi eng Sproochentester am Lëtzebuergeschen mir hirer Meenung no hei am Land mussen aféieren fir déi lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Mengem Gefill no dokumentéieren si mat der Wiel vun der franséicher Sprooch hire Wëllen sech NET bei eis ze integréieren an ech empfannen dat als eng Veruechtung vun der lëtzebuerger Sprooch. Lo kënnen all déi politesch korrekt Leit sech iwwer mech opreegen (wat mir souwisou vollkommen egal ass), mee iwwer meng Gefiller loossen ech nun eemol net mat mir verhandelen.

Ech empfannen et genee sou als Veruechtung vun der lëtzebuerger Sprooch an domat och vun de Lëtzebuerger wann all Diskussioun déi de CLAE organiséiert op franséich ass. Firwat? Eng Diskussioun an Italien ass op Italienesch, eng a Portugal op Portugiesesch an eng an Däitschland op Däitsch. An sou ass et menger Meenung no och richteg. Ech verlaangen, dat ëffentlech Diskussiounen hei am Land op Lëtzebuergesch sinn. Et kann een jo Iwwersetzungen ubidden fir Leit déi keen Lëtzebuergesch verstinn.

Ech empfannen et net als normal, wann de CLAE eis seet, wéi d’Conditiounen vun der Honorabilitéit mussen ausgesinn, fir Leit déi wëlle Lëtzebuerger ginn. Ech geng mech am Ausland do zréckhalen, aus Respekt virum Gaaschtland, an wëssend, dat ech iwwer den do sensiblen Sujet wuel kann a soll a mengem eegenen Heemechtsland mat schwätzen awer net am Ausland. Mee déi Sensibilitéit huet anscheinend net jiddereen. Ech perséinlech well KENGEM Kriminellen déi lëtzebuerger Nationalitéit ginn. Ech wees och, dat et kriminell Lëtzebuerger ginn, mee där well ech eben sou mann wéi méiglech. Ech hätt gär fein an éierlech Matbierger. Sou sinn ech eben…

Ech fannen et och net normal. dat de CLAE bei eis Fuerderungen stellt, déi mol net an denen meeschten Länner gëllen aus denen eis auslännesch Communautéiten hierkommen. De facto stellt de CLAE lauter Fuerderungen déi d’Acquisitioun vun der Nationalitéit sollen sou einfach wéi méiglech maachen, beim Sproochentest, bei der Honorabilitéit, bei dem Civiquescours…, un enger richteger Integratioun vun den Auslänner an eiser Gesellschaft ass him iwwerhaapt net geleeën. An ech soen: un eiser Gesellschaft ass him wahrscheinlech och näicht geleeën, well soss gengen sou Fuerderungen jo net stellen.

Seng Fuerderungen hunn een Zil eng „citoyenneté de résidence“, dat heescht all Rechter fir jiddereen och ouni d’lëtzebuerger Nationalitéit ze hunn an ouni e Wuert Lëtzebuergesch ze schwätzen.

Le Clae milite depuis de longues années pour une citoyenneté de résidence qui permette de faire le lien entre les dimensions juridique, sociale, culturelle et politique. La citoyenneté de résidence définit l’égalité des droits entre tous habitants du Luxembourg et permet à tous de négocier un devenir dans un projet de société commun. Elle permet de dépasser l’étroitesse du critère de la nationalité comme source de droits, critère discriminant envers une partie de la population qui, tout en étant résidente, productive, active socialement, économiquement et culturellement, est exclue d’un certain nombre de droits.“

http://www.clae.lu/html/m5sm3.html

Dat ass de Prinzip vum Auslännerwahlrecht. Sou eng Fuerderung hunn ech nach a kengem aneren Land héieren. Perséinlech – an dat ass nes mäi Gefill – empfannen ech dat als Frechheet géintiwwer de Lëtzebuerger. Wat heescht „étroitesse du critère de la nationalité„? Fir mech huet dat iwwerhaapt näicht mat enger „étroitesse“ ze dunn, mee mat enger – eiser – Geschicht, mat enger – eiser – Kultur, mat enger – eiser – Sprooch, mat enger – eiser- Solidaritéit. Och mam Leiden vun enger Natioun déi besat war, an och mat engem Referendum „3 mol lëtzebuergesch“. Gengen déi leit aus dem CLAE et woen an hire Länner vun der „étroitesse“ vun der Nationalitéit ze schwätzen?

Déi Fuerderung vum CLAE gëtt vun der CSV, der LSAP, denen Gréngen, Lénken a Bloen ënnerstëtzt. Elektoral profitéieren awer virun allem d’LSAP (iwwer den OGBL) an d’CSV (ënner anerem wéinst dem LCGB an den Zeitungen op portugiisesch).  Déi Lénk profitéieren sëcher och, déi Gréng an déi Blo als patronatsno Wuelstandsbiergerparteien am mannsten. Wann déi Blo mengen, dat déi auslännesch Banquieren lo massiv wielen ginn fir si ze stëmmen, dann ieren si sech dramatesch. Denen ass d’Land souwisou egal an d’Finanzplaz ass amgaang ganz séier méi kleng ze ginn. Profitéieren dinn virun allem déi Parteien déi op grouss Syndikater kënnen zréckgräifen also roud a schwaarz (pardon, orange).

Mee et gëtt och een grousst Affer vum Auslännerwahlrecht: d’Lëtzebuerger Land. Mee dat ass allen Parteien jo well egal, ausser der ADR.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

La vérité sur Oesling 84

Ennert dem Titel woren haut eng Rei Artikelen am „Jeudi“ iwwer d’Affär Bommeleeër. Net alles wat an denen Artikelen steet ass faktuell richteg, mee ëmmerhin  ass och net alles falsch. Dat ass hautzudags awer och schonn ëppes. Et geet een bescheiden…

Richteg ass, dat op där bekannter Foto, déi och am Prozess opgedaucht ass (den ech awer hei léiwer net wëll kommentéieren, mille millions de mille milliards de mille sabords!!!!), den Leitenant Paul Huberty vun der 119. Promotioun All Waffen vun der Ecole Royale Militaire ze gesinn ass. Den Här Huberty ass en absolut integren Mënsch an Offizéier an huet mat Sëcherheet näicht mat iergendwellechen Attentater ze dinn.

Egal wen, den iergend eng Ahnung vun der Arméi huet, hätt direkt gesinn, dat déi Leit, déi op där Foto ursprünglech als zwee Offizéier vum SREL bezeechent goufen, iwwerhaapt keng Offizéier sinn. Dat hunn ech och dem Journalist vum Jeudi gesot, den mir déi Foto gewisen huet. Ech fannen, dat Leit déi sou Fotoen als Beweiser fir hir Theorien an d’Feld féieren, fir t’éicht eng sérieux Recherche sollte maachen, besonnesch dann wann d’Nimm vun éierlechen Leit wéi dem Här Huberty an de Mond geholl ginn. Ech fannen och, dat d’Perséinlechkeetsrechter vun denen Militär op där Foto hätte missen besser geschützt ginn. Mee et sinn jo Leit déi politesch lénks stinn déi an dësem Prozess alles a jiddereen ugräifen den hinnen net passt: d’Arméi, d’Monarchie, d’Police, de Geheimdéngscht, d’Amerikaner an d’Special Forces asw., an déi Leit hunn jo bekanntlech net vill Hemmungen.

Iwwregens hunn och meng Kolleegen Bock an Schiltz, déi an der Lescht jo och ëmmer nes genannt goufen,  mäi vollste Vertrauen.

Déi Diskussioun an déi Kommentaren iwwer déi do Foto sinn souwisou zum Deel vollkommen absurd.  Anscheinend stellen sech e puer Leit vir, no dem wat ech sou dorëmmer liesen an héieren, d’Bommeleeër hätten eng Gruppefoto mat Fändelen vu sech gemaach…

A wéi an all Artikel op dësem Blog zum Thema Bommeleeër soen ech dat hei: et ass meng fest an déifsten Iwwerzeegung, dat weder de lëtzebuerger Stay behind nach d’Lëtzebuerger Arméi eppes mat der Affär Bommeleeër ze dinn hunn. An denen Eisléck-Exercicen, wéi och soss, hunn mir eis militäresch Aarbecht am Déngscht vun eiser Heemecht gemaach – an ech mengen mir hunn si gutt gemaach.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

Pädagogen, verloost déi Gréng!

Nach virun e puer Deg, hat ech hei op den Zësummenhank tëschent Gréng, Inzest  an Pädophilie opmierksam gemaach.  An dem Zësummenhank ass dësen Artikel interessant, an dem d’Claudia Roth och nach un déi gréng Aarbechtsgrupp „Schwule, Päderasten und Transsexuelle“ (SchwuP) erënnert. Déi Pädophil bei denen Gréngen haten sech „Staadindianer“ genannt.

http://www.spiegel.de/politik/deutschland/missbrauchsdebatte-roth-unterstuetzt-paedophilen-untersuchung-a-897461.html

Fir de Rescht sinn d’Erklärungen vun der Madame Roth lächerlech. Natierlech woren déi Gréng „lax“ mat de Kannerschänner. Emmerhin hunn si ausgerechent den Här Cohn-Bendit zu hirem Fraktiounschef am Europaparlament gemaach.

Mä ganz allgemeng ass net ze verstoen, wéisou sou vill normal, lëtzebuerger Pädagogen ausgerechent bei denen  Gréngen sinn. Sinn et dann net déi Gréng, déi prinzipiell ëmmer den Démontage vum traditionnellen lëtzebuerger Schoulsystem matgedroen, jo, en souguer gefuerdert hunn?

Een vun denen groussen Ennerscheeder tëschent denen Gréngen an der ADR ass, dat d’ADR fir eng konsequent a volontaristesch Integratioun – och a virun allem déi sproochlesch Integratioun – vun den Auslänner hei zu Lëtzebuerg asteet. Fir déi Gréng awer brauche mir keng wierklech Integratioun, mee de Schoulsystem muss sech hirer Meenung no un d’Besoinen vun denen auslännesche Kanner upassen. L’intégration à l’envers… Dat domadder och den traditionnellen Multilinguismus hei am Land ënnergeet, an domat en wäertvollen Atout vun de Lëtzebuerger an Europa an e wichtegen Bestanddeel vun eiser kultureller Identitéit – dat stéiert si net. Wéi alle Lénken ass eist Land hinnen souwisou egal.

De Moien wor d’Madame Delvaux an der Unterrechtskommissioun vun der Chamber fir hir nei Reform vum  Lycée virzestellen.

Dee grénge Vertrieder huet fir nach méi „Ouverture“ am Sproochenunterrecht plädéiert also fir nach méi Nivellement vers le bas. En huet bedauert dat den „avancement automatique“ vun de Schüler vu 7ème op 6ème net zréckbehalen gouf an hien huet an dem Zësummenhank vun der „continuation des apprentissages“ geschwat. Wat fir eng Huelfloskel! Dann huet hien och nach kritiséiert, dat mir am Ufank „zëvill“ Respekt virun der Onofhängegkeet vun der Uni gehat hätten. Dat heescht also, dat déi Gréng och nach déi akademesch Onofhängegket vun der Uni Lëtzebuerg a Fro stellen.

Pädagogen, verloost déi Gréng!!

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

déi Lénk an hir Geheimresolutiounen

Wéi aner Leit mol heiansdo en Horrorfilm kucken sou beschäftegen ech mech mat denen Lénken.  Fir mech mol nes sou richteg kënnen ze grujelen, hat ech gehofft ech geng op der Spaweckssäit vun denen Lénken endlech déi zwou Resolutiounen vun hirem Kongress vum 21. Abrëll fannen. Leider hunn ech awer bis elo domat keen Erfolleg gehat. Vläicht ginn déi Resolutiounen  nach vun der kommunistescher International iwwerpréift (dat Wuert „ofgeseent“ wëll ech an dësem Emfeld aus reliéiser Pietéit net gebrauchen), vläicht ginn se nach e puer mol ëmgeschriwwen, well hir Memberen sech lo wuel kaum nach un dat erënneren wat hinnen um Kongress virgeluegt gouf… wéi och ëmmer, ech waarde gespaant op déi färdeg iwwerschafften Texter. Selbstverständlech hällt „Déi konservativ Säit“ hier Lieser iwwer déi kommunistesch  Gedankewelt um Laafenden.

„Kommunistesch“ an „Lénk“ ass iwwregens absolut dat nämlecht. An enger vun de Rieden um Kongress déi sech besonnesch mat denen internationalen Verwucherungen vun dem Veräin befaast huet,  ass sech ëmmer nes op d’Kommunisten bezu ginn: op déi zypriotesch Kommunisten, op d’PCF an op déi léif Kommunisten ganz allgeméng. (op dësem Blog ass dozou en Artikel „Déi Lénk an hir Frënn“). Am Januar reesen déi Lénk iwwregens ëmmer op Berlin fir dem Rosa Luxemburg an dem Karl Liebknecht ze gedenken. Hätt de Stalin dat nach kënnen erliewen, him wären d’Tréinen komm!

Dat déi Lénk hei am Land net mat de Kommunisten kënnen an net einfach mat hinnen fusionnéieren, wäert réng perséinlech Grënn hunn, ideologesch ass et Speck a Schwéngefleesch an international gesinn gëtt et jo déi allerschéinsten Harmonie tëschent hinnen.  Wat déi Lénk dann och vun der Demokratie an vun der Biergerbedeelegung wierklech halen, dat hunn si nes viru kuerzem am Stater Gemengerot gewisen, wou si géint den ADR-Viirschlag fir en Tram-Referendum  gestëmmt hunn. Et ass eben wéi fréier: déi Lénk brauchen d’Vollék fir näicht ze froen. Endlech mol eng Partei mat Traditioun! An schéin Maueren kënnen si bestëmmt och bauen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Bravo Ungarn! Viviane Reding vum Parlament veruerteelt!

D’Madame Viviane Reding, eng Damm déi net wéinst hirer iwwerdriwwener Bescheidenhet bekannt ass, ass lo mat 277 zu 53 Stëmmen vum ungaresche Parlament veruerteelt ginn well si Positiounen vertrueden huet, déi net am Aklang mam europäesche Recht stinn.

Am Detail geet et virun allem ëm eng Affär rondrëm e Verkéiersakzident un dem en iresche Staatsbierger bedeelegt war.

http://www.welt.de/politik/ausland/article115735021/Ungarn-fuerchten-Privatkrieg-mit-EU-Kommissarin.html

Wichteg ass awer virun allem, dat en nationalt Parlament endlech mol de Courage fonnt huet, fir een vun denen Bréisseler Kommissaren ze veruerteelen. Lëtzebuerg hätt scho méi dacks sollen dat selwecht maachen!

U sech misst all national Parlament dat Recht hunn, duerch sou eng Ofstëmmung en europäesche Kommissar direkt ofzesetzen. Et muss Schluss sinn mat dem föderalen Europa an mat enger Kommissisoun déi sech fir méi hällt wéi eng national Regirung. D’Madame Reding soll lo zrécktrieden, well si d’Vertrauen vun engem Memberstat verluer huet. Hiert Optrieden schued och Lëtzebuerg an an dësem Fall konkret de Bezéiungen tëschent eisem Land an Ungarn. D’Ungarn wësse jo net, dat d’Madame Reding op Bréissel geschéckt ginn ass, well d’CSV gemengt huet, dat si hir onheemlech grouss Talenter am wäiden, wäiden Ausland kéint vill  besser developpéieren wéi am noen heiheem.

D’Madame Reding ass e wonnerbart Beispill fir eng Quotefra. Am tageblatt huet si nach viru kuerzem zouginn „Ja, ich bin eine Quotenfrau“.  An domat si mir lo all confrontéiert.

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Déi geldpolitesch Situatioun an der Eurozon – d’Analys vun der Bundesbank

Och wann een keen Spezialist fir Finanzfroen ass, an ech selwer sinn och keen, sollt een dëss Analys vun der Bundesbak awer genee liesen. Obschonns déi verschidden Paragraphen mat groussem Geschéck an op eng viirsiichteg Manéier formuléiert goufen, erféiert een trotzdem bal op all Säit iwwer den Emfank an déi potentiell Auswierkungen vun denen aktuellen Problemer an der Eurozon. D’Bundesbank seet däitlech wéi vertraglech Dispositiounen verletzt oder ëmgaang goufen oder kënne ginn. Och iwwer den Target2 a seng Auswierkungen seet  dëss Analys ganz vill Substantielles. De Fall Griicheland gëtt exemplativ op ville Plazen zitéiert.  

http://www.handelsblatt.com/downloads/8124832/1/stellungnahme-bundesbank_handelsblatt-online.pdf

D’ADR ass sech dëse Problemer selbstverständlech bewosst. Si hat och als eenzeg Partei op d’Problemer am Target-System fir Lëtzebuerg opmierksam gemaach an drop insitéiert, datt den Här Mersch, deemools nach Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, an d’Chamber kéim fir d’Situatioun ze presentéieren an ze diskutéieren.

http://www.adr.lu/target2-den-har-mersch-beantwert-dfroe-vun-der-adr/

Dëse Sujet ass extrem wichteg fir eist Land. Dat eenzegt awer wat eis Medien no där Reunioun interesséiert hat wor déi idiotesch Quotendebatt bei der Zësummesetzung vum Rot vun der EZB. Ech hu mech no där Reunioun – hei kann ech et jo soen – alt nes fir déi lëtzebuergesch Press geschummt. Eng Quotendebatt interesséiert eis Journalisten an déi wierklech, potentiell existentiell wichteg Problemer interesséieren se net….  Op déi Entwécklungen am europäeschen Finanzverkéiersmechanismus an déi resultéierend Risiken fir eise Budget ass net eng eenzeg Zeitung oder Radiosstatioun agaangen. Kee Wonner dat en Här Juncker kann an dësem Land gefillten 300 Joer Premier bleiwen!

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Scharia, d’Prostitutioun, d’Madame Jacobs an d’Madame Loschetter

Et ass jo net sou, dat am tageblatt absolut ni eppes Anstänneges geng stoen. Heiansdo gëtt et och mol en interessanten Artikel, wéi zum Beispill den hei:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Islamisten–Die-Scharia-in-London-28173842

D’Tageblatt seet awer net, dat déi abolitionnistesch Positioun bei der Prostitutioun net nëmmen vun den Islamisten, mee och vu ville lëtzebuerger Politiker vertruede gëtt. Ech wor perséinlech iwwerrascht, dat d’Madame Jacobs an d’Madame Loschetter net zësummen mat den Islamisten demonstréiert hunn. Mee och den Här Angel hätt sech gutt do gemaach, well d’Sozialisten vertrieden och nawell gär sou extrem Positiounen. Déi eenzeg Partei déi sech ëmmer konsequent géint e Verbued vun der Prostitutioun oder de „schwedesche Modell“ ausgeschwat huet, wor d’ADR.

D’ADR ass géint Gesetzer déi Schäinléisungen bréngen – einfach doduerch, dat de Problem vun der Prostitutioun op Tréier oder op Arel verlagert gëtt. Et geet virun allem drëm fir Zwangsprostituéierten, mannerjähregen Prostituéierten oder drogenofhängegen Prostituéierten den Ausstieg aus dem „Beruff“ ze erméiglechen. An et geet drëm fir fir jiddereen, déi Prostituéiert an och fir d’Clienten, sou gutt wéi et eben geet eng kierperlech a gesondheetlech Sëcherheet ze erméiglechen. Dat alles geet awer net duerch Verbued oder Verdrängung.

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Ofdreiwungspresident Barack Obama

Den amerikanesche President hat déi lescht Wahlen och gewonnen, well hien sech konsequent op d’Säit vun de Feministinnen gestallt huet. Eng vun hiren Organisatiounen ass „planned parenthood“, déi och vill Guddes fir d’Gesondhet vun de Fraen mecht, mee virun allem och eng Ofdreiwungsorganisatioun ass.   Planned Parenthood ass déi gréissten „abortion provider“ an den USA.

Lo ass de President Obama eng Ried bei déi Organisatioun hale gaang an hien huet och nach zum Schluss gesot „God bless you“! Wéi ëmmer bei der Ofdreiwungslobby ass rondrëm de Bräi geschwat ginn: Formuléierungen wéi „choice“, „women’s right to decide when they want to start a family“ oder „women’s health“ sinn do fir den Dout vun ongebuerenen Kanner ze ëmschreiwen oder ze vertuschen.

Wou den Här Obama déi éichte Kéier gewielt gouf hunn ech mech richteg gefreet. Bei denen leschte Wahlen allerdéngs hätt ech ganz secher fir säi Konkurrent gestëmmt. Déi besuch bei Planned Parenthood ass a mengen An virun allem e Merci fir d’Ennerstëtzung bei de Wahlen.

E Vergläich tëschent de Positiounen vun denen Hären Obama a Romney fënnt een hei:

http://global.christianpost.com/news/romney-vs-obama-abortion-views-compared-82900/

An hei ass dem Här Obama seng Ried bei „Planned Parenthood“:

Veröffentlicht unter Allgemein, Grondsätzleches | Hinterlasse einen Kommentar