Hart aber fair:“Papa, Papa, Kind: Homo-Ehe ohne Grenzen?“

„Hart aber fair“ ass eng Diskussiounsemissioun op der däitscher Televisioun. D’Emissioun vum 3. Dezember 2012 wor dem Thema Homo-„Bestietnis“ reservéiert.

Hei ass d’Emisssioun:

Déi zwee prominent Géigner vun där gesellschaftler Fehlentwécklung Homo-„Bestietnis“, den Här Martin Lohmann an d’Madame Birgit Kelle, goufen no der Emissioun massiv beleedegt an haten eng Rei vun – och beruflechen –  Nodeeler ze erdroen.   Dozou z.B. dëss Bäiträg vun der Kathoulëscher Noochriichtenagentur kath.net:

hhttp://www.kath.net/news/39195

http://www.kath.net/news/39974

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Amour sacré de la Patrie !

Ah, wat d’Zäiten sech dach gläichen! Déi lénk Bewegungen sinn ëmmer nach kampfbereed! Fréier hunn si schéin patriotesch a martialesch Lidder gesongen, wéi zum Beispill eng gewësse Marseillaise an där een sou internationalistesch, klassebewosst an gendergemainstreamt Passagen fënnt wéi zum Beispill den hei:

Amour sacré de la Patrie
Conduis, soutiens nos bras vengeurs
Liberté, Liberté chérie
Combats avec tes défenseurs!
Sous nos drapeaux, que la victoire
Accoure à tes mâles accents
Que tes ennemis expirants
Voient ton triomphe et notre gloire!

D’ « International », déi onbestridden Lieblingsschnulze vun de « Kroden a Krodinnen », och wann keen vun hinnen  se méi ka sangen, ass och vun engen staark romanteschen Pazifismus imprägnéiert :

In Stadt und Land, ihr Arbeitsleute, wir sind die stärkste der Partei’n, Die Müßiggänger schiebt beiseite! Diese Welt muss unser sein; Unser Blut sei nicht mehr der Raben, Nicht der mächt’gen Geier Fraß! Erst wenn wir sie vertrieben haben dann scheint die Sonn‘ ohn‘ Unterlass!

|: Völker, hört die Signale! Auf zum letzten Gefecht! Die Internationale erkämpft das Menschenrecht.

An domat si mir bei eisem Thema vun haut ukomm: déi éiweg kämpferesch an heroesch Lénk! Patriotesch oder internationalistesch, bellizistesch oder pazifistesch, wéi et hinne grad passt. Awer ëmmer stramm géint déi „Riets“.  Virun e puer Deg stoung am kulturissimo, dat ass eng vollkommen kulturberéngegt Bäilo vun enger Dageszeitong, en Artikel vun engem Muséeesdirekter mam Titel : « Gibt es eine rechtsextreme Szene in Luxemburg ?» (11. Abrël 2013, Säit 16). Fréier woren Muséesdirekteren akademesch Capacitéiten, Autoritéiten an hirem Fach, onbestridden Perséinlechketen, dacks mat Frack an Zylinder. Haut klammen si schonn mol méi dacks an d’Déiften vun der Politik rof, schreiwen kämpferesch-programmatesch Parolen an declaméieren : « Die Front gegen Rechtsaussen ist jedenfalls dabei, sich zu bilden. »  Nä, dat ass net ieren en Zitat aus der Footballssprooch vun engem Sportreporter, och wann et genee sou kléngt, et ass eng authentesch Kampfusoo vun engem Muséeesdirekter un déi politesch Riets zu Lëtzebuerg!  Wéi schéin, dat déi Lénk nach kämpfe kënnen – zwar net méi fir den Index, fir Rentegerechtegkeet a géint eng Erhéigung vun der TVA, méi ëmmerhin géint déi Riets! « Déi konservativ Säit » begréissst selbstverständlech de Courage an den Engagement vum Géigner. Messieurs les Gauchistes, tirez les premiers! An dat hunn si jo och gemaach.

Den Här Direkter kritiséiert den Här Minister Schmit (LSAP) wëll den vun « Asyltourismus » geschwat hat. Abee, dën Här Minister Schmit hat domadder vollkommen Recht! Leider huet d’Regierung net séier genuch géint den massive Mëssbrauch vum Asylrecht gehandelt.

Den Här Direkter kritiséiert och den Här Buergermeeschter Bettel (Showbusiness-Party) well den vun enger « Bettlermafiafront » geschwat hätt. Bonne trouvaille, Monsieur le Maire!

Also  d’Fronten si kloer. Et ass net un iergendengem Kolumneschreiwer  fir de Leit ze soen, wéi eng Wierder si därfe benotzen an wéi eng net. An mir mecht do scho guer keen iergendwellech Viirschrëften! Och keen Muséesdirekter.

An dem Artikel gëtt Erstaunleches behaapt, zum Beispill dat hei: «Es gibt eine Reihe von Mitbürgern, (…) , die in der obengenannten Grauzone zwischen Neonazismus, Rechtsextremismus, Rechtspopulismus, Xenophobie, Antisemitismus, Islamfeindlichkeit, Patriotismus, erzkonservativer Politik und fundamentalistischem Katholizismus agieren. »  Ich denk’ mich tritt ein Pferd….  Wat ass dat do dann fir en Amalgam?  Ech diagnostizéieren do éichter eng markant « Grauzone » an der gedanklecher Kloerheet bei der Formuléierung vun dem Saz… Huele mir mol dat Beispill Patriotismus : wat soll dann um Patriotismus schlecht sinn? Do steet jo net «  Nationalismus » an der  Lëscht, mee « Patriotismus ».

Ech fannen jiddereen soll e Patriot sinn. Jiddereen soll säi Land gär hunn. Leider huet de Patriotismus bei de Lëtzebuerger ofgeholl, bei mir perséinlech awer ganz secher net. Ech erwaarden iwwregens och vun all Auslänner dat hien säin eegent Land gär huet a respektéiert. Dat ass dach dat Normalst vun der Welt! Et ass fir mech net novollzéibar, firwat déi lëtzebuergesch Lénk den Haass géint dat eegent Land vun denen däitschen Lénken, Gréngen an aneren Mënschefeinden einfach iwwerholl hunn, obschonn mir Lëtzebuerger jo keen Krich ugefaang a keng Milliounen vun Doudegen um Gewëssen hunn. Ech wees, ech wees … et kann Fäll vun Kollaboratioun ginn hunn an et huet där och ginn. Dat ännert awer trotzdem fundamental näicht um historeschen Constat: Lëtzebuerg huet den zweete Weltkrich net ugefaang!

An wat ass dann eng « erzkonservativ Politik » oder en « fundamentalistischen Katholizismus » ? Mengt den Här Direkter vläicht domat zum Beispill déi Leit déi net domat d’accord sinn, dat  ongebuere Kanner hei am Land all Joers zu Dausenden geschluecht ginn? Sinn déi dowéinst « rietsextremistesch » oder « neonazistesch » well si sech fir de Schutz vum Liewen asetzen ?  Ass dat net vläicht eng historesch a politesch grondfalsch Analogie?

An huet den Här Direkter vläicht schonn héieren, dat et am Islam gewëssen Tendenzen gëtt, déi engem friddleche Mateneen tëschent islameschen a westlechen Kulturen net ganz positiv géintiwwer stinn?

Op enger anerer Plaz schwätzt den Här Direkter vu « Nativismus » an definéiert dat als eng « Vorherrschaft  der Einheimischen gegenüber Neuankömmlingen ». Jo, misst dat do vläicht net mol ausdiskutéiert ginn ? A priori schéngt mir sou eng Approche vollkommen normal ze sinn, zum Beispill am Beräich vun de politeschen Rechter oder der gesellschaftlecher Normesetzung.

Da gëtt gesot « Populismus » wär « mehr Gerechtigkeit und mehr Macht für die kleinen Leute » . Très bien ! Nenne mir dat hei am Land dann net « Sozialstaat », „national Solidaritéit“  an « allgemengt Wahlrecht » ?

Op dem Här Direkter seng Ausféierungen zu gewësse Mouvementer wéi de « Lëtzebuerger Patrioten », der « Luxembourg Defense League » etc…ginn ech hei net an. Virun allem well ech iwwer déi Mouvementer sou gutt wéi näicht wees. Iwwer den Här P.  hunn ech awer op dësem Blog schonn geschriwwen, an zwar am Bäitrag « Meenungsfräiheet ». Ech stellen allerdéngs fest dat keng eenzeg eventuell rietsradikal Bewegung zu Lëtzebuerg an enger politescher Partei oder an enger vergläichbarer Struktur organiséiert ass. Bei de Lénksextremisten ass dat leider aanecht. Do gëtt et souguer schonn zwou Parteien : d’Kommunisten an déi Lénk an eng vun denen zwou sëtzt leider och nach an der Chamber.

Déi Debatt ob d’NSDAP eng Riets- oder eng Lénkspartei war, déi och am Artikel kuerz ernimmt gëtt, ass vill méi komplex wéi se do duergestallt gëtt. Dat wär en Thema fir eng seriös politesch Debatt, déi och aner Mouvementer wéi zum Beispill den italieneschen Faschismus misst mat berücksichtegen.

Jiddefalls, fir dat ganz kloer ze ënnersträichen, loossen ech mir keng Definitiounsautoritéit iwwer politesch Richtungen oder Begrëffer hei am Land vun Leit aus dem lénke Lager oder vu soss iergend engem octroyéieren. Ech definéieren meng Begrëffswelt selwer.

Ech soen kloer an däitlech : Patriotismus ass eng ganz positiv Erscheinung. D’Leit sollen hir Land roueg a mat guddem Gewëssen gär hunn.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass iwwregens och keng « Exklusiounssprooch », mee si soll, ganz am Géigendeel, déi normal an eenzeg Integratiounssprooch hei am Land sinn.

« Déi konservativ Säit » scheit jo bekanntlech ni virun pädagogeschen Efforten zugonschten vun denen Lénken, Gréngen, Rouden an aneren politesch massiv Hëllefsbedürftegen zréck. D’Hoffnung stierft jo bekanntlech als Lescht an dowéinst ginn mir dovun aus, datt eng Bekéierung och vu Leit aus dem lénke Lager ni ganz ausgeschloss ass.

Haut offréiere mir hinnen dowéinst eng Ried un d’Kadetten vun der United States Military Academy zu West Point  vum Generol Mac Arthur. Dem Här Generol säin Thema wor e ganzt patriotescht : « Duty, Honour, Country ».  Wien sech dono wëll fräiwëlleg an d’Arméi mellen, fënnt um Site www.armee.lu déi néideg Informatiounen.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Birgit Kelle: „Gender Mainstreaming“ ass eng „wirre Ideologie“

Déi couragéiert däitsch Journalistin an engagéiert Chrëschtin Birgit Kelle schwätzt op dësem Video iwwer déi gréng-rout Ideologie „Gender mainstreaming“. Bei eis am Land huet och d’CSV déi Ideologie blannemännerchers iwwerholl.

An hirem Bäitrag bezitt d’Madame Kelle sech och op e Film vun engem Norweger zu dem Thema. Dat ass de Film vum Här Eia den op dësem Blog bei „girl’s day, boy’s day, nonsense day“ ze fannen ass.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Tiirkei gehéiert net an d’EU!

D’lëscht Woch hate mir den tiirkeschen Europaminister, den Här Egemen Bagis, zu Besuch. Am Laf vu séngem Séjour huet hien eiser  Regirung Merci gesot, an et ass wierklech  interessant fir dat ze ënnersträichen, fir hiren « soutien inconditionnel », hir « bedéngungslos » Ennerstëtzung fir d’Tiirkei bei de Bäitrëttsverhandlungen  mat der Europäescher Unioun.

Do kann een sech iwwer den Här Asselborn alt nes nëmme wonneren. D’Tiirkei ass e Land an dem d’Mënscherechter mat engem ganz kléngen « m » geschriwwen ginn. Sëcher gouf et e puer Progrèsen an denen leschte Joeren. Mee d’Kurdefro, zum Beispill, ass fir Ankara just e « problème terroriste »  an den armenesche Genocide gëtt nach ëmmer stur niéiert.  D’Meenungsfräiheet an d’Fräihet vun der Press sinn an dem Land staark menacéiert. D’Chrëschten därfen hir Relioun net fräi ausüben. Géint d’Zoustänn an der Tiirkei sinn déi  Problemer an Ungarn ganz butzeg kléng. Just iwwer Ungarn regen mir eis – zu Recht – op, bei de Problemer an der Tiirkei ass den Här Asselborn awer offensichtlech vollkommen blann.

D’Tiirkei besetzt militäresch e groussen Del vum EU-Memberstat Zypern. Si verletzt déi griichesch Souveränitéit ëmmer nes. Den Här Erdogan a seng Administratioun hunn ganz ausgezeechent Bezéieungen zu där terroristescher Organisatioun Hamas. E groussen Del vun denen illegalen Immigranten an d’EU kommen iwwer d’Tiirkei. D’Tiirkei violéiert zënter Joeren den sougennanten « Ankara-Protokoll » an erlaabt et zyprioteschen Fligeren a Schëffer nach ëmmer net fir tiirkesch Häfen oder Flughäfen ze benotzen..

Den Här Asselborn dreemt, wann hien set, dat eng EU mat enger Tiirkei eng staark EU wär. Wien déi tiirkech Diplomatie erlieft huet, den wees dat d’Tiirkei eng reng Muecht- an Interessepolitik bedreift. D’EU geng duerch déi tiirkech Vehandlungsmentalitéit net méi staark, mee am Contraire komplett handlungsonfäheg ginn. Dat Land ass demographesch vital, militäresch staark, economesch an voller Entwécklung. Et wär – am Fall vun engem Bäitrëtt – secher een vun denen dominanten Staten an der EU, wann net schonn direkt mat den wichtegsten. Leit aus der Tiirkei gengen ganz séier a villen, wann net an allen EU-Länner progressiv en ëmmer méi wichtegen Del vun der auslännescher Communautéit bilden. Wéi schéin, dat d’Tiirken dann och hei zu Lëtzebuerg kënnen mat bei de Chamberwalen wielen goen!!! Dat erfreet an inspiréiert dann bestëmmt och eis däitsch Noperen an et assuréiert eis déi éiweg Dankbarkeet vum Här Erdogan an der AKP déi jo och ganz speziell Vueën zum Thema Integratiounspolitik vertrieden.

Da seet den Här Asselborn, d’Tiirkei wär eng Bréck tëschent der westlecher an der islamescher Welt. Dat ass sou ën hallef reliéist Argument. Abee dorop äntwerten ech dann, dat ech léiwer en Europa hunn, dat sech kloer an eendeiteg op eng jüdesch-chrëschtlech Kultur a Waerteuerdnung berifft. Ech sinn zwar och fir eng « europäesch » oder eng « westlech » Tiirkei, am Sënn vun enger  demokratescher Tiirkei. Mee vum Islam sinn ech net an dem Moos begeeschtert, dat ech geng mengen fir zu där Relioun missen institutionnaliséiert Brécken ze bauen. Dat ass eng Saach vun engem interreliéisen Dialog oder nach besser vun enger chrëschtlecher Missioun.

Den Här Bagis wëll net, dat d’Léisung vun der Zypernfro zu engem « prérequis » fir den tiirkeschen EU-Bäitrett gëtt, et wär jo och keng fir den zyprioteschen Bäitrëttt gewiescht. Just mat dem klengen an absolut onbedeitenden Ennerscheed, dat d’Tiirkei Zypern besetzt an net ëmgekéiert….

Souguer de « Lëtzebuerger Journal » huet sech den 2. März 2013 doriwwer opgereegt, dat den Här Erdogan den « Zionismus » an de « Faschismus » op ee Niveau setzt. De Journal set: « Nein ! Diese Türkei hat in der EU nichts zu suchen. » Dat ass ëmsou méi interessant wéi d’DP sech ëmmer nes fir en tiirkeschen EU-Bäitrëtt ausgeschwat huet. Do wär eng Klärung vun der Positioun vun der DP ganz secher nëtzlech.

Der ADR hir Positioun, an och meng perséinlech, sinn jiddefalls kloer. D’ADR ass géint en tiirkesche Bäitrëtt well si mengt, datt dat eng tierkesch Adhesioun dat politescht, institutionellt a kulturellt Wiesen vun der Unioun geng zerstéieren. Ech denken, dat déi aktuell Bäitrëttsverhandlungen kee Sënn hunn a sollten ofgebrach ginn.

Et kann een mat der Tiirkei – fir de  Fall wou si mat der Occupatioun vun Zypern opgehaalen hätt,  d’Mënscherechter an d’Rechter vun de Minoritéiten geng respektéieren, d’Relatiounen mat Griichenland a mat Israel geng normaliséieren, asw… –  eng privilegiéiert economesch Partnerschaft a Form vun enger enker Associatioun aushandelen. Wichteg ass och déi militäresch Partnerschaft mat der Tiirkei. Allerdéngs muss d’Tiirkei domadder ophalen wichteg Accorden tëschent der EU an der NATO ze bloquéieren.

Dem Här Asselborn seng Positioun zur Tiirkei  – „soutien inconditionnel“ – ass eent vun denen onverantwortlechsten Kapitelen vu senger Baussepolitik. Fir déi tiirkesch Ennerstëtzung zu där onnéideger lëtzebuerger Memberschaft am UNO-Sëcherheetsrot huet hien d’Credibilitéit vun enger lëtzebuerger Politik zu Gonschten vun de Mënscherechter muttwëlles verspillt.

Och an der Tiirkei-Politik hunn d’Lëtzebuerger Wieler 2014 eng kloer Alternativ : wen géint en tiirkeschen EU-Bäitrëtt ass, den muss der ADR seng Stëmm ginn, well all aner Parteien hunn sech bis elo däitlech fir dee Bäitrëtt ausgeschwat.

Am Kader vun den humoristeschen Bäiträg op där „Konservativer Säit“, hei d’Meenung vun där däitscher, grénger Politikerin  Claudia Roth iwwer d’Tierkei:

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D'“Diskussiounskultur“ vun denen Lénken

Welt online huet sech haut zu Recht opgereegt, dat et an Däitschland kee Protest gëtt, géint dat wat dem Här Minister de Maizière geschitt wor. Hien sollt op der Berliner Humboldt Universitéit e Viirtrag iwwer d’Bundeswehr halen, a gouf vu lénken „Aktivisten“ dorun gehënnert.

http://www.welt.de/debatte/kolumnen/die-strenge-stausberg/article115279263/Wenn-der-linke-Mob-gegen-Andersdenkende-wuetet.html

Ech wëll just zu Protokoll ginn, dat ech mech prinzipiell net gär an aanere Länner hir Saachen amëchen, wann Lëtzebuerg net betraff ass. Wär ech awer en däitsche Politiker, dann geng ech selbstverständlech protestéieren.

Eis lénk Matbierger zu Lëtzebuerg – woubäi déi jo u sech „Lëtzebuerg“ just als e geographesche Begrëff gesinn  – sinn awer genee sou ontolerant an demokratiefeindlech wéi hir däitsch Kumpanen. Ech erënneren just drunn dat d’Wahlparty vun der ADR am Joer 2009 vun lénken Aktivisten ënnerbrach a gestéiert gouf.

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Här Juncker, Scholden därf een net schéin rechnen!

Entschëllegt, mä aus Roserei an Enttäuschung muss ech nach eemol op d’Declaratioun zur Lag vun der Natioun zréck kommen. E groussen  Del vu senger Ried huet den Här Juncker dofir benotzt eis riiseg Staatsscholden schéinzezerechnen. Mat alle méiglechen Argumenter: Investitiounen, Fuerschung, d’Schoul etc…  Trotz aller staatsministerlecher Niwwelrhetorik sinn d“Tatsaachen awer ganz einfach: d’CSV, d’LSAP an och schonn d’DP virdrunn hunn enorm Defiziter am Staatsbudget ze verantworten an eis Scholdelaascht klëmmt a klëmmt. Déi Parteien sinn nët capabel ze spueren, net capabel Prioritéiten ze setzen, net capabel verantwortungsvoll mat de Steierbezueler hire Suen ëmzegoen.

Keen vun eis wees haut, wat den Här Juncker do wou a wéi mat verrechent huet. Sinn bei den Investitiounen an d’Education nationale ieren och d’Gehaltserhéigungen vun de Schoulmeeschteren mat agerechent ginn? An déi enorm Bürokratie an eise Schoulen? Zielen zu de „Fuerschungsausgaben“ och déi héig intellektuell Aarbechten vun der Uni Lëtzebuerg iwwer d’Lara Croft? Naturwëssenschaftlech a mathematesch  Fuerschung a Grondlagefuerschung an applizéiert Fuerschung an Zësummenaarbecht mat eise Betriber sinn eppes ganz aanecht wéi verschidden blamabel Pabeierbierger déi zum Beispill aus dem pädagogeschem Beräich vun der Uni kommen.  Fuerschung a Fuerschung ass nun eemol zweeërlee – wëssenschaftlech, economesch a finanziell.

Lo kann een natierlech ausnahmsweus an ënner ganz speziellen Conditiounen Scholden maachen – kuerzfristeg a wann absolut néideg – fir produktiv Investissementer an haaptsächlech wirtschaftsfrëndlech an zukunftsorientéiert Infrastrukturen ze finanzéieren. Awer fir lo einfach egal wat als produktiven Investissement duerzestellen ass – so mer mol –  d’Wouerecht staark iwwerstrapazéiert.

Dee grousse Prinzip ass awer den hei: Scholden reduzéieren d’Handlungsfähegkeet vum Stat, si ënnerminéieren eis Souveränitéit a belaaschten déi nächst Generatiounen. Si sinn einfach nëmme Gëft! Gesond Finanzpolitik heescht en ausgeglachene Budget. An aanecht wéi den Här Staatsminister denken ech, dat enorm vill Sputt am Staatsbudget ass, an dat een ganz liicht kann spueren – an zwar ouni wierklech sozial Häerten.

Leider wärt ech kaum d’Geleeënhet kréien fir dat ze beweisen, well dat d’Leit der ADR  2014 géngen déi absolut Majoritéit ginn wär zwar schéin, richteg a vernënfteg mä et ass nun eemol kuerzfristeg net ze erwaarden. Mä dësst Verspriechen maachen ech trotzdem gär an aus voller Iwwerzeegung: ech maache keng Scholdepolitik. Ech sinn och iwwerzeegt, dat d’ADR dat an hire Wahlprogramm schreift. D’ADR hat iwwregens och als éicht Partei fir ë bëllege Wahlkampf plädéiert an anerer sinn an der Tëschenzäit nokomm, wat nëmmen ze begréissen ass.

Hei ass nach e Reportage vun der ARD zum Thema Scholden. Et muss een net alles an dësem Reportage gutt fannen, mä et ass awer interessant en ze kucken:

http://mediathek.daserste.de/sendungen_a-z/799280_reportage-dokumentation/9798848_die-story-im-ersten-die-welt-auf-pump?datum=20120312

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

Firwat den Här Rolf Gössner?

En Dënsdeg soll d’Enquêtecommisssioun iwwer de SREL den Här Rolf Gössner als Expert héieren, en Här den zwar laang Joeren selwer observéiert ginn ass, awer dofir nach keen Spezialist fir Geheimdéngschter ass. Hien huet laang d’Fraktioun vu « Bündnis 90/Die Grünen » am Parlament vu Niedersachsen beroden a sëtzt lo als Onofhängegen an engem Gremium vun der  «Bürgerschaft» vu Bremen, wou hien vun déi « Linke » higesat gouf, enger däitscher Organisatioun déi hir Originen ënner anerem an der ost-däitscher Diktaturpartei SED huet. Zu sengen Publikatiounen gehéieren sou wichteg Saachen wéi : « Aktuelle Materialien zur Klassenanalyse hochentwickelter Gesellschaften“.

http://de.wikipedia.org/wiki/Rolf_G%C3%B6ssner

Firwat gëtt sou e Mann gehéiert, wann et ëm d’Reform vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht geet ?  Et kann een jo verstoen, dat Mënscherechtsaspekter mussen mat consideréiert ginn, mä do gëtt et jo ganz aaner Leit déi do kéinten a Fro kommen fir qualifizéiert Aussoen ze treffen. Et gëtt an de Parlamenter vun eisen Nopechlänner an eise Alliéirten vill héigqualifizéiert Kontrollgremien, Mënscherechtsbeoptragter an anerer déi en aneren Kenntnisstand a vläicht och eng méi grouss Objektivitéit matbrengen wéi en Här den zum Beispill „V-Leute des Verfassungsschutzes“ als „Kriminelle im Dienst des Staates“ bezeechent.

Och déi „Liga für Menschenrechte“ zu där hien gehéiert schéngt eng extrem eesäiteg Organisatioun ze sinn. Wen hir „Selbstverständnis“ liest, http://ilmr.de/menschenrechte/selbstverstandnis, den gesäit dat si sech zwar staark géint Rietsextremismus a Rassismus asetzen , wat eng gutt Saach ass, vu Lénksextremismus steet awer näicht do. Ausserdem engagéieren si sech massiv géint de Stat Israel, wat ech – an där Form wéi et do beschriwwen ass – net kann aanecht bewärten wéi als eng total Eesäitegket an engem ganz komplexen Konflikt.

Hei ass och en Opruff zu enger Demonstration fir de „Verfassungsschutz“ ofzeschafen.

http://ilmr.de/2013/demonstration-am-13-april-2013-in-munchen-verfassungsschutz-abschaffen  An dem Text steet Rechtsextremismus net ënner Anführungszeichen, „Linksextremismus“ an „Ausländerextremismus“ awer schonn…

An da gëtt et och sou gewoten Statementer wéi zum Beispill den hei:

Rassismus ist tief im staatlichen Handeln verwurzelt. So gibt es auch in anderen Bereichen gesetzlich vorgesehene Diskriminierung von MigrantInnen (z.B. gekürzte Sozialleistungen für Asylsuchende).  Dies stärkt den institutionellen Rassismus, der auch bei den verdachtsunabhängigen Personenkontrollen deutlich wird, die sich vor allem gegen MigrantInnen, gegen People of Colour und Muslime richten.“

Ech respektéieren d’Meenungen vum Här Gössner, halen awer sou eng Invitatioun kaum fir e konstruktive Bäitrag zu enger seriöser Aaarbecht vun enger Enquêtekommissioun iwwer de SREL.  Dat do gesäit éichter sou aus als wéilten eis Gréng, Lénk an aner Rouder méiglechst tendenziös Argumenter sammelen fir de Geheimdéngscht ofzeschaafen.  Conclusiounen déi aus där do Entrevue gezunn ginn, musse besonnnesch kritesch hannerfrot ginn.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Lëtzebuerg brauch en operationnellen an efficacen Geheimdéngscht!

Déi aktuell Debatt ëm de SREL huet gläichzäiteg e puer Dimensiounen an dat mëcht se mat Sëcherhet net méi einfach. Et gëtt eng méi spezifesch Diskussioun ëm de Fonctionnement vum SREL an denen leschte Joeren an et gëtt eng aner, méi historesch, ëm de Geheimdéngscht am Kale Krich an eng eventuell Verbindung vum SREL an dem Réseau „Stay behind“ (SB) mat der Bommeleeëraffär. Aus engem Amalgam vu Virwërf an Hypothesen géint den „historesche“ SREL , engersäits, an Constatatiounen vun Dysfonctionnementer am „aktuellen“ Geheimdéngscht, anerersäits, verlaangen Eenzelner dee Service ganz ofzeschaafen oder jiddefalls sech „ouni Viiruerteler“ oder „Tabuen“ d’Fro no senger Existenzberechtegung ze stellen.

Ech plädéieren fir d’Bäibehalen vun engem staarken an operativ orientéierten Lëtzebuerger Geheimdéngscht. Mir brauchen den als Partner an der Atlantescher Allianz, als Member an der EU an och aus Grënn vun der nationaler Sëcherheet. E Geheimdéngscht huet aner Aufgaben,  aner Methouden an aner Mëttelen wéi d’Police. E Stat därf net ob e sou wichtegt Element vu senger Secherheetsarchitektur verzichten.

Een vun de Viirwërf géint den „historeschen“ Geheimdéngscht ass dat hien Leit „bespëtzelt“ hätt. Verschiddener vun denen déi observéiert goufen fillen sech als Affer a verbreeden hir Wouerechten zu dem Thema säiteweis an eise Medien. Ech si perséinlech frou dat – zum Beispill – d’Memberen vun där fréierer „Ligue communiste révolutionnaire » (LCR) am Kale Krich observéiert goufen.  D’LCR wor eng trotzkistesch Organisatioun – ën Del vun där sougenannter marxistescher « 4ter Internationaler“. Déi trotzkistesch Iwwerzeegung wor déi vun enger permanenter Revolutioun an zwar méiglechst gläichzäiteg an alle Länner op der Welt („Internationalismus“) den sech doduerch vun där stalinscher Doktrin vum „Sozialismus an engem Land“ ënnerscheed huet. Ideologesch gesinn woren déi Herrschaften vun der LCR also fir eng Revolutioun och hei am Land – dat sinn Methouden déi net grad compatibel mat der westlecher Opfaassung vun Demokratie sinn. Kommunistesch Militanten a Sympathisanten  woren a priori susceptibel fir am Fall vun engem Ugrëff vum Warschauer Pakt kënnen als „5. Kolonn“ ze operéieren a mat de Besatzungstruppen ze collaboréieren. Dat si politesch observéiert gi sinn fannen ech, am Interessi vun eiser Demokratie an der nationaler Sëcherhet, fir richteg. Dat Verschiddener lo fuerderen de SREL ofzeschaafen richt nom Versuch vun enger spéider Revanche géint dee Système den de Kale Krich gewonnen huet. Et ass och net oninteressant fir ze gesinn, wou déi Herrschaften no der Opléisung vun der LCR sou higaange sinn, respektiv haut nach sinn: ët fënnt een se besonnesch bei denen Lénken, denen Gréngen an de Kommunisten. Ech erënneren och un den Artikel „déi Lénk an hir Frënn“ op dësem Blog.

De SREL hat och eng wichteg Aufgab bei der Ofwier vun der sowjetescher an/oder anerer Spionage, respektiv bei der Géigespionage souwäit dat méiglech wor. Mir si jo an denen leschten Deg duerch verschidden Archivdokumenter nach eemol drunn erënnert ginn, wéi geféierlech déi staark sowjetesch Präsenz zu Lëtzebuerg an där Hinsicht vun eisen Alliéierten ageschätzt ginn wor.

Wat d’Affär Bommeleeër uget, gëtt et menges Wëssens kee Beweis vun enger Verbindung tëschent dem deemolegen SREL oder dem SB an de Bommeleeër. Déi Zeienausso vun engem däitsche Staatsbierger an dem Contexte huet mech bis elo net kënnen positiv beandrocken a scho guer net iwwerzeegen.  Dem Här Direkter Hoffmann seng Aussoen wéi och déi Nofro vum belsche Geheimdéngscht un eist Land fir géint Leit aus där lénker Szen am Contexte vun der Affär Bommeleeër wéinst engem méigleche Verdacht op terroristesch Aktivitéiten ze enquêtéieren, weisen éichter an eng aaner Richtung, also konkret op eng Nët-Bedeelegung vum lëtzebuerger SB hin. Mol kucken, wat d’Enquête nach sou brengt ..

Dat et an dem „aktuelle“ SREL leider Problemer gëtt, ass onbestridden. Ech denken awer net, dat e President vun enger Geheimdéngschtkontrollkommissioun an Member vun enger  Enquêtekommissioun soll seng Iwwerzeegungen an engem Dossier  publik  maachen fir den hien mat verantwortlech ass, ier de Rapport vun senger Commissioun virläit. Ech selwer si net Member an där Enquêtecommissioun iwwer de SREL.

Jiddefalls sinn déi Problemer vum SREL wahrscheinlech relativ liicht ze léisen a keen Argument fir de Geheimdéngscht ofzeschaafen. Eist Land brauch sou e Schutzmechanismus. Et gëtt eng Grondwouerecht an der Geschicht: d’Zäiten änneren, an wann mir och haut an Europa an enger relativ friddlecher Zäit liewen, sou kann sech dat méi séier änneren wéi een méngt. Wéi d’Réimer scho soten: Si vis pacem para bellum.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Lag vun der Natioun

Déi Ried vun de Moien huet enttäuscht. Dat soen ech mat Sëcherheet net, well ech an der Oppositioun sëtzen an lo hei eng Flichtübung muss maachen. Nä, vill Problemer vum Land goufen mol net ugeschwat. An virun allem muss een sech bewosst sinn, dat bal all d’Problemer vun dësem Land hausgemaach sinn, vum Här Juncker a séngen Regirungskolleegen.

Am Interessi vun der Iwwersiichtlechkeet ënnerscheeden ech fënnef Problemberäicher, déi, menger Meenung no, d’Lag vun der Natioun beschreiwen:

1. D’Finanzen

Déi zwou grouss aktuell Erausfuerderungen, also den automateschen Informatiounsaustausch an d’Wechfalen vun der TVA aus dem elektroneschen Handel, sinn allen zwou vum Här Juncker perséinlech negociéiert ginn. Déi zwou Konzessiounen woren enorm politesch Feler, denen hir Auswierkungen un d’Fëllementer vun eiser Finanzplaatz, respektiv vun eiser Budgetsstabilitéit ginn. E Premier den en europäesche Federalist ass, ass e schlechten Négociateur wann et et em eis national Interessen geet. Zëmools dann, wann en selwer och nach europäesch Carrièresambitiounen huet, respektiv deemools hat. U sech ass eise Premier lo just mat de Konsequenzen vun sengen eegenen Feelleeschtungen confrontéiert. Dat kann geschéien, wann een vill ze vill laang um Pouvoir ass. Leider musse mir all dofir bezuelen, an net nëmmen hien.

Den Här Juncker huet de Moien seng riiseg Budgetsdefiziter probéiert schéin ze rechnen. Bei de Fonctionnementskäschten vum Stat gesäit hien keen Sputt méi fir ze spueren. Do sinn ech fundamental aanerer Meenung. Am Staatsbudget ass en enormen Spuerpotential, et muss een just de Courage hunn fir e Politikwiessel. Dee Wëllen an dee Courage huet dëss Regierung awer net. Si kann just Geld ausginn an zu dem Zweck Steieren erhéigen. Dat ass den  einfache Wee. Woubäi och nach muss gesot ginn, datt d’Erhéigung vun der TVA eng onsozial Moossnaam ass. Dee richtege Wee wär et ze spueren a verantwortungsvoll mat de Steierbezueler hire Suen ëmzegoen, Dëss Regierung huet awer bewisen, dat si grad dat net kann.

Jiddefalls kënnegt de Premier eng Weiderféierung vun der Defizitpolitik un. Dat ass eng onverantwortlech Politik zu Laaschten vun denen zukünftegen Generatiounen! Besonnesch als klengt Land, kënnen an därfen mir eis keng Scholdepolitik leeschten.

2. Institutiounen an Demokratie

De Premier huet vum SREL a vun de Bommeleeër geschwaat. Mä dat sinn beileiwen net eis Haaptsuergen an dem do Beräich. Mir hunn strukturell Demokratiedefiziter an eisen Institutiounen (z.B. am Wahlrecht, beim Staatsrot, etc…) an vill Problemer an der Justiz (Verfaassungsgeriicht, Onofhängegkeet). Eng Verfaassungsreform ass amgaangen a wichteg Propositiounen fir Reformen an der Justiz goufen op den Dësch geluegt. Villes leeft dobäi an déi falsch Richtung. Zu denen Froen, déi vill méi fundamental a vill méi aktuell sinn wéi d’Affär Bommeleeër, gouf awer de Moien keen Wuert gesot.

Och déi permanent Souveränitéitsverlagerungen a Richtung Europa, zum Beispill am Budgetsrecht, menacéieren eis Demokratie, schwächen d’Parlament an ënnergruewen eis Souveränitéit.

3. Famill a Moral

Eis Gesellschaft leid ënnert der systematescher Schwächung vun der Famill. Mir hunn en demographeschen Defizit bei de Lëtzebuerger. Gläichzäiteg stierwen hei am Land bis zu 2.000 Kanner am Joer duerch Ofdreiwungen – mam Segen vun der CSV déi viru kuerzem e Gesetz gestëmmt huet, dat d’Ofdreiwungen liberaliséiert. Lo soll och nach en Homo-« Bestienis » ageféiert ginn, inclusiv engem  Adoptiounsrecht. Vun de « Kannerrechter » komme mir leider wech an entwéckelen eis an ëmmer méi an eng Richtung wou e « Recht op e Kand » ageféiert gëtt. D’Institutioun vum Bestietnis gëtt verfälscht an d’Kanner kréien Schrëtt fir Schrëtt d’Recht op e Papp an eng Mamm an gläichzäiteg op eng novollzéibar Filiatioun wechgeholl. Wat an dëser Legislatur nach net an dem Sënn realiséiert gëtt, dat kënnt dann eben an där nächster.  Déi véier Parteien CSV, LSAP, DP a Gréng sinn eng sou onverantwortlech wéi déi aaner. Si « genderen » eis Gesellschaft an zerstéieren bewosst a viirsetzlech déi traditionnell Famill.

Net vergiess ass d’Aféierung vun der Euthanasie vun där jo lo schonn vun denen Rouden a Gréngen proposéiert gëtt, fir och behënnert Kanner an Demenzkranker an Zukunft dovun « profitéieren » ze lossen. Wann een se dowéinst kritiséiert lafen se aus der Chamber raus, an déi Blo gläich mat. Gleich und Gleich gesellt sich gern.

4. National Identitéit

Déi selwecht véier Parteien hunn sech op hir Fändelen geschriwwen fir déi lëtzebuergesch Natioun progressiv opzeléisen. Mat all Gesetzesännerung an dem do Beräich, gëtt eis Nationalitéit ëmmer méi bradéiert. An dem neien CSV- Gesetz iwwer eis Nationalitéit gëtt de  Sproochentest zu engem Kompensatiounshappening. Leit déi sech 20 Joer laang net wëllen integréieren a refuséieren eis Sprooch ze léieren, kréien geschwënn zur Belounung e lëtzebuerger Pass. Genee sou därfe bei eis Leit déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit mol net wëllen Buergermeeschter oder Schäffe ginn.

D’Aféierung vum Wahlrecht fir Auslänner ass eng Moossnam vun denen déi mannst sech Gedanken iwwer déi mëttel- a laangfristeg Konsequenzen maachen. Jiddefalls bleiwe mir dann net méi wat mir sinn, mä mir ginn zu dem wat Aanerer aus eis maachen. Och an dem do Beräich sinn déi véier Parteien sech eens. Alleng d’ADR stellt sech dogéint.

Geschwënn brauche mir keng Erklärung zu der Lag vun der Natioun méi well et keng Lëtzebuerger Natioun méi gëtt. Fir déi lénk Parteien ass dat Wuert « Natioun » jo schonn knaschteg, besonnesch dann wann et sech op eis eege Natioun bezitt. Déi Ausstellung op den Dräi Eechelen iwwer eis national „Identitéiten“ huet jo och als Zweck fir eis national Identitéit ze niéieren.

An firwat ass bei eis am Land eng Ried zu der Lag vun der Natioun ëmmer virun allem eng Ried iwwer d’Staatsfinanzen? Si sinn ganz sëcher e wichtegen Deel vun eiser Lag awer nach laang net den eenzegen. Eis Souveränitéit, eis Institutiounen, d’Zukunft vun eiser Natioun an d’Famill als Kärzell vun der Gesellschaft, iwwerall si mir krank, iwerall stinn mir virun de Schierbelen vun der Politik vun de Juncker-Joren. Déi vill Problemer vun eiser Gesellschaft  droen eng Ennerschrëft : déi vun der CSV!

5. Schoul

Iwwer den Démontage vun eiser Schoul bräicht ech hei net méi vill ze soen. Vu Joer zu Joer léieren eis Kanner manner. D’Ofschaafen vun eiser Primärschoul an d’Schaafung vun enger „Grondschoul“ wor an ass eng Katastrof an och de Lycée soll elo zu enger Sozialklinik ginn amplaatz nes de Wee a Richtung vun enger Bildungsanstalt ze fannen. Den Här Juncker huet  haut a senger Ried dat de-facto-Enn vun eiser Dräisproochegkeet an de Schoulen ugekënnegt, also och vun där Besonnerhet an eiser Gesellschaft. Domat entfällt e ganz wichtegen Deel vun eiser nationaler Identitéit an et entstinn nei Problemer an där – souwisou wackeleger – Kohäsioun an eiser Gesellschaft. Den Démontage vun eisem Schoulsystem ass eng vun de Konsequenzen vun enger joerzéngtelaang  inexistenter Integratiounspolitik op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch.

Ech wënsche mir näicht méi wéi d’Enststoen vun enger staarker konservativer Stréimung am Land, déi mat der Politik vun denen leschten Joerzéngten grëndlech opraumt. Dreemen därf een jo nach.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den CSV-Europadeputéierten Frank Engel wëll eist Land ofschaafen!

Den 11. März 2012, am « Bureau d’Information » vum Europaparlament zu Lëtzebuerg an mat der Hëllef vun der Stänneger Vertriedung  vun der EU-Kommissioun hei am Land huet den Här Frank Engel e « Projet de Manifeste pour les Etats-Unis d’Europe » viirgestallt, den et awer – wann ech dat richteg gesinn  – an senger definitiver Versioun oder an iergend enger anerer, verwäertbarer Versioun nach iwwerhaapt net gëtt. Jiddefalls hunn ech den Text nach néierens fonnt. Et wor also sou eppes wéi eng Ukënnegungspresskonferenz déi, wéi kéint et jo och aanecht sinn ?, op Franséich gehale gouf. Dat alléng wor schonn en Zeechen fir dee Manktum u Respekt virun de Lëtzebuerger, den den Här CSV-Europadeputéierten, den Informatiounsbüro vum Europaparlament an déi Europäesch Kommissioun gewisen hunn.

Wat hätt den Här Engel dann gär ? Wat huet hien an der Koloniséierungssprooch Wichteges ugekënnegt ?

Ma ganz vill :  hien hätt gär méi Suen fir Europa (« Journal » vum 12.März), eng Transferunioun (!) (LW vum selwechten Dag) an virun allem, fir e e puer Paragraphen aus der Spaweckssäit  « Europaforum » ze zitéieren dat hei :

« Quand il appelle de ses vœux la fin de l’Etat-nation, Frank Engel entend la fin de l’Etat-nation en tant qu’ultima ratio de l’organisation politique. „Les Nations, elles, continueront d’exister“, assure l’eurodéputé. Il propose ainsi de „laisser aux Nations ce qui est national dans toutes les fédérations“. Actuellement, constate Frank Engel, les parlements nationaux sont occupés en très grande majorité par la transposition de directives en droit national, quand des règlements d’application directe permettraient selon l’eurodéputé de fixer des règles communes qui pourraient éventuellement être complétées par des critères nationaux additionnels.

Actuellement, l’UE reste une organisation internationale régie par des traités, qui dépendent du bon vouloir de tous les Etats membres devant les ratifier, affirme Frank Engel. Il déplore que l’on n’ait pas encore dépassé ce stade et appelle à le dépasser.

Sur le plan institutionnel, Frank Engel a confié qu’il souhaiterait que cet Etat européen ait un président européen élu au suffrage universel direct et une forme de gouvernement présidentiel. Mais il est aussi prêt à accepter que le mode de gouvernement reste parlementaire, à condition toutefois que le président de la Commission ait conduit une liste aux élections européennes. Dans son projet de manifeste, il plaide pour „une forme fédérale de gouvernement“ dans laquelle „l’autorité exécutive doit disposer de la liberté d’action la plus étendue qui ne peut être basée que sur une légitimité propre résultant d’un mandat électif“. Quant au parlement, il „doit être bicaméral afin de refléter tant l’aspiration des citoyens fédéraux que celle des entités fédérées“, même s’il précise que „c’est à l’assemblée élue qu’appartiendra le pouvoir de décider des finances de la fédération“. »

Hei ass d’Quell:

http://www.google.lu/url?sa=t&rct=j&q=frank%20engel%20manifeste%20pour%20les%20etats-unis%20d’europe&source=web&cd=1&cad=rja&ved=0CCwQFjAA&url=http%3A%2F%2Fwww.europaforum.public.lu%2Ffr%2Factualites%2F2013%2F03%2Fpe-engel-manifeste%2Findex.html&ei=KMBjUfCAMtGg7AbLoYHYBg&usg=AFQjCNGHuRkvJz1hwGDbQXMdS9OC_YGYuQ

Mir hunn also mam Här Engel e lëtzebuerger Deputéierten den säi Land wëll ofschaafen. An d’Chamber gläich mat, well déi setzt jo senger Meenung no haaptsächlech Europäesch Direktiven ëm. Ech hoffe just, dat d’Lëtzebuerger sech bei denen nächsten Europawahlen un dem Här Engel seng revolutionär Propositiounen erënneren.

Et muss een sech wierklech froen, an wéi enger Welt eis Europadeputéierten zu Bréissel an zu Stroosbuerg liewen. Déi Arroganz géintiwwer de Natiounen, de Memberstaaten an de nationalen Parlamenter déi och en Här Frank Engel affichéiert léisst jiddefalls déif kucken.

D’Anti-Lëtzebuerg-Politik ass awer, dat musse en fairerweis soen, beim Här Frank Engel keen neien Reflex. Och schonn an där Zäit wou hien nach zu Lëtzebuerg CSV-Fraktiounssekretär war, hat hien de « Cercle Joseph Bech » animéiert. Eng vun sengen deemolegen Fuerderungen wor schonn d’Aféierung vun enger EU-Nationalitéit déi déi verschidden national Identitéiten sollt ersetzen. Zur Erënnerung, hei en Artikel aus dem « forum »:

http://www.forum.lu/pdf/artikel/5846_259_Folscheid.pdf

Alleng schonn wéinst där deemooleger Fuerderung kann een dem Här Engel och net gleewen, wann hien seet d’Natiounen kéinte bestoen bleiwen, just d’Nationalstaaten misste verschwannen. Ech mengen, hien wëllt weder dat eent nach dat aanert. Hien hätt gär dat et just nach Europäer an engem Vereenegten Europa gëtt, vläicht nach mat e bësschen Lokalkolorit.

U sech, sou sollt et mol sinn,  wielen d’Lëtzebuerger Deputéierten an d’Europaparlament déi d’Interessen vun eisem  Land an dem Gremium solle vertrieden. D’Madame Lulling mecht dat och, jiddefalls mol beim Hunneg a beim Wäin. Mä d’CSV wëll si jo net méi mat op d’Lëscht huelen. Bei denen aaneren fënnef därf een sech awer froen wéi et mat hirer Loyautéit géintiwwer eisem Land stet.

Eis sechs Europadeputéierten sinn iwwregens ëmmer mat an d’Sëtzungen vun der baussepolitescher Kommissioun vun der Chamber invitéiert. Den Här Goerens kënnt relativ dacks, den Här Goebbels an den Här Bach heiansdo, d’Madame Lulling, den Här Turmes an den Här Engel ni oder sou gutt wéi ni.

Ech hoffe jiddefalls, dat no denen nächsten Europawahlen den Här Engel net méi mat dobäi ass, mä dofir awer op d’mannst een ADR-Deputéierten. Dann hätt eist Land mol nes een Vertrieder am Europaparlament, den virun allem u Lëtzebuerg denkt.

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar