D’ADR frësst d’Beamten!

Viiruerteeler hunn immens vill Guddes : si erspueren d’Nodenken, hëllefen engem einfach an op klore Bunnen duerch d’Liewen ze kommen, stäerken d’Selbstbewosstsinn a sinn einfach ideal wann ee wëll iwwer Politik mat diskutéieren. Desto méi Viiruerteeler, desto méi Duerchbléck huet een.

Vill vun eise Journalisten fonctionnéieren och sou: si wëssen sëcher, ganz sëcher, absolut sëcher, datt  d’ADR eng Partei géint d’Beamten ass, also brauchen si och net iwwer déi Fro nozedenken. An souguer wann d’Wouerecht eng aner wär an si dat genee wéissten, dann géngen déi allermeecht vun hinnen awer genee dat schreiwen oder soen wat dem gängegen Viiruerteel entsprëcht. Eis parteigesteiert Medien sinn jo net drunn interesséiert fir sech ëm Objektivitéit oder d’Wouerecht ze beméien, mä hir Aufgab ass et d’Interessien vun hire respektiven Parteien ze verdeedegen. A fir denen hiren elektoralen Undeel  bei de Beamten net a Gefoor ze brengen muss d’Legend vun der Beamtefrësserpartei ADR onbedéngt um Liewen gehalen ginn. Konkurrenz ass jo bekanntlech an der  Politik onerwënscht.

Fir der Wouerecht ze déngen : hei ass den Expeditiounsbericht vun engem Beamten bei der ADR…

Bäigetrueden sinn ech 2008 a gouf méi wéi frëndlech empfaang. Net mol, wëll d’ADR frou war, fir lo endlech ë Beamten bei sech ze hunn, wëll viru mir woren och schonn eng  Rei vun anere Beamten Member, wann déi och net an der Partei sou aktiv woren wéi ech. Als wierklech beamtefeindlech geng ech lo, mat 5 Joer ADR-Erfahrung, eigentlech just een vun eisen fréieren Deputéierten aschätzen, an den huet d’Partei viru kuerzem verlooss. Den Betreffenden huet ëmmer nes gefuerdert fir eng militant Anti-Beamten-Politik ze maachen,  huet awer mat där Fuerderung absolut keng Ennerstëtzung an der Partei fonnt.

Déi Wonnen an Nowierkungen vun denen Joeren Krich ëm d’Pensiounsreform, besonnesch och d’Confrontatioun mat der CGFP, woren awer och nach virun 5 Joer an der Partei ze spieren. Fir déi, déi méi jonk sinn : vun 1989 bis 1999 hat d’ADR sech ganz vehement fir eng Pensiounsreform zu Gonschten vun de Leit am Privatsecteur engagéiert. Zum Deel gouf do eng « 5/6 Pensioun fir jiddereen » gefuerdert, wëll am Effentlechen Déngscht jo eng 5/6 Pensioun bestaan huet. Wen sech fir dëss ganz spannend Diskussioun an eiser Sozialgeschicht interesséiert, den kann bei der ADR eng Broschür zu dem Thema kréien déi d’Partei zioert zu hirem 25. Gebuertsdag publizéiert huet.

Jiddefalls koum et am Laf vun denen ronn 10 Joer vun ’89 bis ’99 zu enger Rei vu Confrontatiounen tëschent der ADR an der CGFP. D’Beamtegewerkschaft huet duerch d’Fuerderungen vum private Secteur hire Pensiounsrégime a Gefor gesinn, gewëss net zu Onrecht. D’Ennerscheeder tëschent denen zwee Secteuren woren jo och wierklech bedeitend.  Am Juli 1998 gouf de Pensiounsrégime dunn, géint de Widderstand vun der CGFP, vereenheetlecht. Den Här Juncker, als deemoolege Premier,  gouf iwwregens an dem Kontext  vun engem Geriicht veruerteelt an dat Uerteel konnt een nach laang op der Spaweckssäit vun der CGFP noliesen. Op et haut nach drop ass, wees ech net.

Well ech Beamten sinn, huet déi Pensiounsreform vun 1998 och meng perséinlech Situatioun verschlechtert. Trotzdem halen ech den Engagement vun der ADR fir eng Reform vun de Pensiounen am private Secteur fir prinzipiell gerechtfertegt. Et goufen deemools eng Rei vun extrem niddregen Renten am private Secteur, sougenannten « Hongerrenten », a wann et haut bei eis am Land bal keng  Altersaarmutt méi gëtt, dann halen ech dat zu engem groussen Del fir e Resultat vum Asaz vun der ADR fir eng Pensiounsreform am private Secteur. Natierlech deet et wéi wann een ëppes verléiert. Mä ech halen et awer net fir vertriedbar sech prinzipiell enger Reform ze widdersetzen déi als Zil huet sozial Noutsituatiounen ofzeschafen a méi Rentegerechtegkeet an der Gesellschaft ze schafen.  Ech sinn souwisou der Iwwerzeegung, dat den deemoolegen Pensiounsrégime vum Effentlechen Déngscht net éiweg hätt kënne virun bestoen. Engersäits aus Grënn vum gesellschaftleche Gläichgewiicht, aanerersäits wéinst der Finanzéierbarkeet vun de Pensiounen. Et brauch een jo just nëmmen déi aktuell Debatten ëm d’Pensiounen ze kucken, fir sech de Problemer bewosst ze ginn.

Taktesch ass deemools ob denen zwou Säiten haart gekämpft ginn an et gëtt haut nach Leit déi Rancunen aus där Zäit flegen. Wou ech 2008 bei d’ADR goung, hat en héige Vertrieder vun der CGFP mir virgehäit, ech wär « e Verréider vun der Beamteschaft ». Ech hunn e ganz grousse perséinleche Respekt fir den Här, dowéinst nennen ech säi Numm net, mä souwuel verbal wéi och an der Saach ass sou eng Ausso total aus der Loft gegraff.

An der ADR gëtt et – souwäit ech dat gesinn (ech kennen natierlech net all eenzelnen Member vun der Partei, mä awer déi allermeescht aktiv Memberen) – keng Animositéit géintiwwer der Fonction Publique. De Kampf vun deemools wor primordial e Kampf fir besser Pensiounen an net e Kampf géint d’Beamten.  Souguer a mengem fréiere Ministär sinn bedeitend méi Beamtewitzer erzielt ginn wéi bei der ADR. Wéi gesot – et gouf eng notoresch Ausnam, mä den betreffenden Här wor souwisou op ganz villen Punkten net op der Linn vun der Partei an e sicht lo säi Gléck als onofhängegen Deputéierten.

Bei der CGFP ass et aanecht. Do gëtt dee Krich den zënter lo bal 15 Joer riwwer ass, daper weider geféiert. E bësschen erënnert mech d’CGFP un déi japanesch Zaldoten déi nach joerelaang nom Enn vum Zweete Krich mat Helm a Flënt iergendwou op enger Insel soutzen ouni ze wëssen dat de Krich schonn laang riwwer wor. D’CGFP als Daachgewerkschaft invitéiert d’ADR systematesch net op hir Reuniounen oder Kongresser a sicht och keen Kontakt. Dogéint hunn awer vill vun dën Memberorganisatiounen vun der CGFP, dorënner och eng Rei vun denen Gréissten, well vollkommen normal Relatiounen mat der ADR a behandelen si wéi all aner Partei och. Zënter 2008 gesinn ech vu Joer zu Joer méi Beamtendelegatiounen déi bei d’ADR kommen fir hir Uleies ze plädéieren.  Perséinlech fannen ech et och richteg, dat d’Gewerkschaften politesch neutral sinn an e selwechte Kontakt zu allen Parteien flegen.

An der Saach vertrëtt d’ADR eng ganz Rei vu Punkten, déi denen meeschten Beamten an vläicht och der CGFP  wahrscheinlech ganz gutt gefalen. Emsou méi wichteg ass et fir déi aner Parteien an fir d’Press, d’ADR als Beamtefrësser duerzestellen.

Konkret :

d’ADR verdeedegt déi national Souveränitéit an ass géint en europäeschen Zentralstat an Bréisseler Dirigismus ;

d’ADR ass retizent, wann et em d’Präsenz vun Auslänner  an der Fonction Publique geet ;

d’ADR insistéiert op d’Lëtzebuerger Sprooch an der Fonction publique;

d’ADR ass géint de Bewärtungssystem, besonnesch well se wëll d’Beamten virun politescher Erpressung schützen ;

d’ADR ass fir en harmonescht Mateneen vum privaten an vum ëffentleche Secteur.

Et ass wouer : d’ADR ass géint eng Erhéigung vum Punktwäert ëm 2,2%. Si hällt sou eng Augmentatioun fir vollkommen onverantwortlech an Zäiten vu riisegen staatlechen Defiziter. Perséinlech sinn ech der Iwwerzeegung, dat d’CSV an d’LSAP – wann si dann ieren sou eng Augmentatioun wierklech sollte stëmmen – déi do Opwäertung nëmmen duerchsetzen fir d’Walen ze gewannen, an dat d’Beamten direkt no de Walen den 13. Mount dann ofgeholl kréien. Qui vivra, verra…

Mä vill méi wichteg : d’ADR ass géint d’Auslännerwahlrecht. Dat huet nämlech och Konsequenzen op d’Fonction publique. Wéi kann ee plädéieren, dat eng Rei vun Fonctiounen am Effentlechen Déngscht mussen de Lëtzebuerger aus Souveränitéitsgrënn viirbehale bleiwen, wann gläichzäiteg d’Auslänner bei de Chamberwahlen iwwer all Souveränitéitsfroen kënnen mat decidéieren ? Dat geet dann natierlech och net méi…

Sou, an elo nach eemol zu eiser Parteipress. Den 24. Februar 2009 haten den Här Reding an ech  zësummen eng Presskonferenz gehalen fir d’Positiounen vun der ADR zu enger Rei Problemer an der Fonction Publique ze presentéieren.

Mam Fong vun denen Propositiounen hunn sech eis Dammen an Hären Journalisten praktesch iwwerhaapt net beschäftegt. Dat Eenzegt wat si interesséiert hat, war fir e « Kurswiessel » vun der ADR ze diagnostizéieren. Déi fréieren Aktiounskommitte 5/6 geng sech lo fir d’Beamten asetzen… eng Sensatioun !!  Dat d’ADR sech an der Tëschenzäit zu enger Partei entwéckelt hat, konkret den 2. Abrëll 2006, déi also och zu alle gesellschaftleche Froen, ausdrécklech och zu der Fonction Publique, muss kënnen Stellung huelen, dat huet se iwwerhaapt net interesséiert. Vive d’Viiruerteeler!

Meng Diagnos vun haut : d’ADR loug als politesch Partei mat där Entwécklung richteg, mä eis parteigesteiert Press huet natierlech just en Interessi drann gesinn fir de Krich vun fréier frësch ze beliewen. Wéi gesot, näicht wor hinnen manner wëllkomm wéi d’Konkurrenz vun enger neier, vollwärteger Partei.

Fir Leit déi sech wëllen eng eege Meenung maachen, hei e Réckbléck op déi Presskonferenz aus dem Februar 2009 :

 

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den Europäeschen Stabilitéismechanismus an eis Souveränitéit

Et gëtt Saachen an der Politik, déi därf en opgeklärte Bierger weder ignoréieren nach vergiessen. Een vun denen absolut zentralen an allerwichtegsten Evenementer vun dëser Legislaturperiod ass d’Ratifizéierung vum Europäesche Stabilitéitsmechanismus (MES – Méchanisme Européen de Stabilité oder ESM – Europäeschen Stabilitéitsmechanismus)  duerch d’Chamber.

Fir unzefänken : hei sinn déi relevant Extraiten aus dem Memorial, also déi Gesetzer  iwwer den ESM déi de  26. Juni 2012 an der Chamber gestëmmt goufen.

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/129/168/112687.pdf

Ganz wichteg ass och d’Stëmmverhalen an der Chamber. Den ESM  gouf mat 55 Jo-Stëmmen (CSV, LSAP, DP, déi Gréng) géint 5 Nä-Stëmmen (4 ADR an 1 déi Lénk) ugeholl. Néideg fir dësst Gesetz woren 40 Stëmmen, woubäi d’Regierungskoalitioun der grad 39 huet.  Si woren also op d’Ennerstëtzung vun op d’mannst enger anerer Partei – egal wéi enger – ugewisen.

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/122/138/112317.pdf

Ech verweisen och nach op d’Ried vum Här Giberyen, den d’Argumentatioun vun der ADR géint dësst Gesetz – wéi ëmmer – ganz gutt zësummegefaast hat:

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/924/sequence/29321.html

Firwat ass dësst Gesetz iwwer den ESM sou wichteg ? Ma, well et eent vun denen Gesetzer ass déi mat am meeschten d’Souveränitéitsrechter vun eisem Land verletzen. Lëtzebuerg ass dobäi duebel vun dem Traité betraff : am Abléck nach als Contributeur. Mä duerch déi katastrophal Scholdepolitik vun der CSV an der LSAP rutscht eist Land ëmmer méi déif an d’Iwwerverschëldung, sou dat mir geschwënn och riskéieren fir missen als « Bénéficiaire »  mam ESM confrontéiert ze ginn.

D’Lëtzebuerger sinn mat 3.505 Euro pro Kapp bei wäitem déi gréissten Contributeuren am  ESM. An der däitscher Press hat den Här Juncker sech jo doriwwer gefreet, dat d’Lëtzebuerger « dat nach net gemierkt hätten ».

An an e puer Joer, wann mir – dank där onverantwortlecher Finanzpolitik vun der CSV – mussen selwer ënner de « Rettungsschierm », dann kréien mir net nëmmen vun Däitschland, der Europäescher Kommissioun an der EZB gesot wat hei am Land ze geschéien huet, mä och nach vum FMI. De « Fonds monétaire  international » muss nämlech automatesch  am Krisefall mat implizéiert ginn. Den FMI ass awer e Gremium den regelméisseg « Rettungs »-konzepter  proposéiert, déi an engem ganz héige Mooss antisozial sinn. Wen sech fir d’Geschicht vun den Interventiounen vum FMI an der sougenannter « Drëtter Welt » interesséiert, fënnt eng ganz Rei vun dramateschen Fehldecisiounen vun där Institutioun.  Och an Europa geet et sou: déi « intern Devaluatioun » an Griicheland, déi am Abléck do bedriwwe gëtt, ass näicht aanecht wéi massiven Sozialofbau an si stierzt e ganzt Vollék an de Misère.

Wann Lëtzebuerg net endlech eng Regierung kritt, déi de Budget an d’Gläichgewiicht brengt an déi d’Scholden zréckbezillt, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis eise finanziellen a sozialen Ennergank do ass. De Begrëff « Souveränitéit » kënne mir dann ganz vergiessen.

Wat ass soss nach Wichteges zum ESM ze soen ?

Lëtzebuerg muss iwwer 1,7 Milliarden Euro op einfachen Appel bereetstellen ouni e Vetorecht ze hunn. Dovun sinn 200.320.000 Euro iwwer de Wee vum Budget anzebezuelen. Bis zu 1.552.480.000 Euro kënnen – och géint eise Wëllen – opgeruff ginn an mir mussen déi dann bannent 7 Deg bezuelen. An och déi Chifferen kënnen nach no uewen verännert ginn, wann dann gemengt gëtt, dat wär néideg. Eis Stëmmrecht vun 0,2504% spillt iwwerhaapt keng Roll well all wichteg Decisiounen kënnen mat enger Majoritéit vu 85% geholl ginn. Just Däitschland, Italien a Frankräich hunn nach de facto e Vetorecht.

Am Fall Zypern, hunn mir jo schonn gesinn wéi a Krisesituatiounen verhandelt ginn. Zu e puer « Groussen » an hannert zouenen Diren. Kleng Länner, wéi Lëtzebuerg, därfen héchstens bezuelen oder Risiken matdroen, ze soen hunn si strictement näicht.

D’Chamber huet also mat der Ratifikatioun vun dësem Traité e groussen Deel vun der nationaler Souveränitéit un e net gewielten Gremium an – an der Realitéit – un e puer grouss Staaten ofgetrueden. Am ganzen, also mam EFSF (European Financial Stability Facility) an eisem bilateralen Prêt un Griicheland  huet Lëtzebuerg domat schonn eng ronn 4 Milliarden Euro zur Rettung vum Euro bäigedroen. Dat alles wéinst enger Rëtsch vu politesche Fehler un denen den Här Juncker ëmmer bedeelegt wor. Hien huet mat decidéiert, wéi eng Länner sollen an den Euro rakommen an hien wor ëmmer mat dobäi wann d’Stabilitéitscritèren aus dem Maastrichter Vertrag verletzt goufen.

Déi Immunitéitsklauselen an dem Vertrag ginn wäit iwwer dat raus wat fir eng international Institutioun noutwënneg oder üblech wär. Hei gëtt e Gremium geschaaf dat de facto baussent all Rechtsraum kann fonctionnéieren.

Déi Souveränitéitsverzichter vun eisem Land mussen och nach am Gesamtkontext vum « Six-pack » a vum « Fiskalpakt » gesinn ginn, op déi ech nach an aneren Artikelen wëll zréck kommen.

Ech wéilt awer lo schonn eng Rei vu Kommentaren maachen :

1. Den Euro ass e politesche Projet fir dat federalt Europa anzeféieren an de Wee zréck gëtt effektiv ëmmer méi schwéier. Den Euro ruinéiert eis wa mir drann bleiwen, an e ruinéiert eis wann mir austrieden. Déi ëmmer méi grouss Instabilitéit an Europa weist am Abléck éichter a Richtung Zësummebroch vun der Eurozon – wéinstens an hirer aktueller Compositioun – an eng verantwortungsvoll  Regirung misst onbedéngt lo schonn no Alternativen sichen. Och déi finanziell Onsëcherheeten déi aus dem „Target“-Système fir eis Zentralbank entstinn mussen opgeschafft ginn.

2. Souwäit ech dat gesinn, sinn ALL lëtzebuerger politesch Parteien – ausser der ADR – dovir och nach Eurobonds anzeféieren an d’Scholden ze communautariséieren. Domat wären mir definitiv an der Scholden- an Transferunioun ukomm – ëppes wat vun den Traitéën explizit verbueden ass.

3. Dat gréissten Affer vun der Eurokris ass d’Demokratie. Net nëmmen gëtt vun de Regirungen drop an derwidder gelunn an dat geltend Recht gebrach, mä d’Parlamenter ginn entmündegt an hir Budgetsautoritéit gëtt ausgelagert. De facto ginn mir ëmmer méi vu Bréissel a vun Berlin aus regéiert. Just d’ADR stäipt sech nach hei am Land géint déi Entwécklung.

Ech verstoppen net mäin déiwe Pessimismus :

–          D’CSV an d’LSAP hunn d’Land an eng katastrophal Finanzsituation geféiert. D’DP an déi Gréng vertrieden prinzipiell déi selwecht Europapolitik an am Groussen a Ganzen och déi selwecht Finanzpolitik. Déi Gréng wëllen d’Steieren nach massiv an d’Luucht setzen an déi Blo wëllen virun allem Sozialofbau bedreiwen. Mee egal wéi déi nächst Regirung ënnert denen do véier zësummegesat ass, mat denen véier Parteien ännert sech fundamental näicht.

–          Déi selwecht véier Parteien plus déi Lénk wëllen och nach d’Auslännerwahlrecht aféieren. Dat mecht eis europapolitesch a finanzpolitesch Situatioun mat Sëcherheet net méi einfach, vun aneren Froen guer net ze schwätzen.

Et wärt keen den dëse Blog liest wonneren, wann ech soen, dat nëmmen d’ADR eng wierklech Alternativ zu där aktueller Politik proposéiert, souwuel an der Finanzpolitik wéi och an der Europapolitik.

Déi Walen am Joer 2014 si Schicksalswahlen fir eist Land.

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Super! Mir sinn déi Generéist!

Virun e puer Deeg hunn ech op dësem Blog eng Kritik vun der Entwécklungshëllef publizéiert. Haut, den 3. Abrël 2013, stoungen an eiser Press zwou Matdeelungen déi ech well niewentenee stellen. Déi eng seet, dat mir fir d’Joer 2016 (mat der CSV-Politik, net mat der ADR) op e Budgetsdefizit vun ZWOU (2)  MILLIARDEN EURO !!! histeieren, an déi aaner Neiegkeet seet, mir wären déi Generéist bei der Entwécklungshëllef (2012 mat 432 Milliounen USD). Bravo!!

http://news.rtl.lu/news/national/423293.html

http://www.wort.lu/de/view/entwicklungshilfe-luxemburg-am-grosszuegigsten-515bf223e4b0e18483de0071

Ech wees, dat et lo nes heescht ech wär,  iwwregens genee  sou wéi meng ganz Partei déi  jo dat selwecht freet, e Populist, um ënneschte Stammdëschniveau, etc…. Dann sinn awer ganz vill aner europäesch Staten och populistesch, wéi zum Beispill Holland, Italien etc.. déi och (nach) net ënnert dem Rettungsschierm sinn an hir Entwécklungshëllef aus economescher Vernonft raus reduzéieren.

Fir et nach eemol kloer ze soen: ech fuerderen eng direkt a massiv Reduzéierung vun dem Budget! Eise Staatsdefizit fir ziort misst geschwënn offiziell bekannt ginn, e läit iergendwou wäit iwwer enger Milliard Euro… Mä eis – wuelverstaanen NET GEBONNEN -Entwécklungshëllef,  dat heescht eis Economie profitéiert absolut net vun dem Geld, ass gläichzäiteg ëm 9,8 % rop gaangen! Bei denen aneren Staten, déi jo och nach prozentual wäit manner ausginn wéi mir,ass awer e groussen Del vun dem Geld wéinstens gebonnen.

Nach eemol: ob d’Entwécklungshëllef iwwerhaapt laangfristeg positiv Konsequenzen fir déi Länner huet déi dovun profitéieren ass am héchste Moos onwahrscheinlech. Et ass makro-ökonomesch an och entwécklungspolitesch gesinn wechgehäite Geld. Ech verweisen nach eemol op déi afrikanesch Kritiken déi ëmmer méi géint d’Entwécklungshëllef ze héieren sinn. Mir halen als Westen déi Länner an enger kënschtlecher Ofhängegkeet, behënneren hir national Economie méi wéi mir se ënnerstëtzen, favoriséieren d’Korruptioun an d’Ineffizienz an mir bremsen d’Entwécklung vun méi demokrateschen oder partizipativen Gesellschaftsstrukturen.

Natierlech ass d’Entwécklungshëllef  schéin fir déi Leit déi eng Schoul kréien, eng Klinik oder e neie Pëtz. Mä hei geet et em eng global Evaluatioun vun där Politik. An do muss et endlech heeschen: Handel amplaatz Hëllef an Eegeverantwortung amplaatz Ofhängegkeet. Déi asiatesch Länner wéi z.B. Thailand hunn et op déi Manéier gepackt, d’Afrikaner mussen dee selwechte Wee goen.

Ech verweisen och op dee Kommentar den den Här Volker Seitz opgrond vum Artikel „Entwécklungshëllef en Auslaafmodell“ geschéckt huet. Den Här Seitz ass e fréieren däitschen Ambassadeur an den Auteur vun dem Buch „Afrika wird armregiert“ vun dem ech d’Referenzen uginn hat.

Wann politesch an economesch Vernonft a Verantwortung well Populismus heeschen, dann sinn ech eben e Populist. Also: rof mat der Entwécklungshëllef!

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Suboptimal, Madame Reding!

An Däitschland fängt lo den sougenanntenen NSU-Prozess un an et koum am Viirfeld zu engem Sträit wéinst der Verdeelung vun de Plazen am Geriichtssall. Vertrieder vun tiirkeschen Medien hunn de Wonsch fir kënnen mat am Sall ze sinn, wat een verstoen kann, hunn sech awer anscheinend net mat Zäiten un d’Accreditéierungsprozeduren gehal. Et ass un denen zoustännegen däitschen Autoritéiten fir do dat ze maachen, wat si fir richteg halen.

Verwonnerlech ass, dat en EU-Kommissär, an der Persoun vun der Madame Viviane Reding, sech an sou eng reng bannestaattlech Geriichtsmatière an engem Memberstaat amëscht. Hei en Auszuch aus Welt online:

 Kritik an dem Akkreditierungsverfahren kam auch aus Brüssel. Justizkommissarin Viviane Reding sagte der „Süddeutschen Zeitung“, die Vergabe der Medienplätze sei „suboptimal gelaufen“. Es sei doch „das Normalste von der Welt, dass ausländische Medien, erst recht aus Ländern mit Betroffenen, dem Prozess beiwohnen wollen“. „

http://www.welt.de/politik/deutschland/article114863210/Gericht-bleibt-bei-Zulassung-zu-NSU-Prozess-hart.html

An der Saach hunn ech eng ähnlech Meenung wéi der Madame Reding hier, just mëschen ech mech net a Saachen an déi mech näicht uginn. D’Madame Reding huet wat hir universell, kosmesch a galaktesch Kompetenzen ugeet do bedeitend manner Zweifelen. D’Tiirkei ass mol net Member vun der Unioun, mat wéi engem Recht geet d’Madame Reding sech dann do amëschen? Si ass jo schliisslech och net den tiirkeschen Ambassadeur zu Berlin.

Ech denken, dat d’EU-Kommissioun sollt däitlech gesot kréien, dat si dann ëppes därf soen, wann si eppes gefrot gëtt, an dann héiflech an op der Basis vun enger präziser, textuell onzweifelhafter Basis aus den Traitéën. Mir brauchen keng „politesch“ Kommissioun zu Bréissel, déi sech fir déi europäesch Regirung hällt!

Aktualiséierung:

Haut ( den 8. Abrëll 2013) huet den däitsche Riichterbond virun „populisteschen“ Tëscheriff gewarnt. Domadder kéint – menger Meenung no – och der Europäescher Kommissioun hir Amëschung gemengt sinn.

http://www.spiegel.de/panorama/justiz/nsu-prozess-richterbund-kritisiert-populistische-zwischenrufer-a-893169.html

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Déi Gréng wëllen d’Pornographie zensuréieren

Et ass heiansdo interessant fir an Erënnerung ze ruffen, woufir déi Gréng sou alles antrieden. Si woren jo och schonn ëmmer bei denen déi fir d’Aschränkung vun der Fräiheet vun der Press agetrueden sinn (en Artikel iwwer dee Sujet ass op dësem Blog : « Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn ;  d’Fräihet vun der Press (2) »). Déi Gréng sinn och déi, déi vun der Matbestëmmung vun de Schüler an de Schoulen schwätzen, mä a Wierklechket d’Fräihet vun denen Jonken wëllen aschränken (och zu dem Thema steet en Artikel op dësem Blog).

Haut ass d’Thema d’Pornographie. Natierlech gëtt an dem Zësummenhank eng ganz Rëtsch vu Problemer. Sou ass zum Beispill dofir ze suergen, dat keen géint säi Wëllen u pornographeschen Duerstellungen muss deelhuelen.  An enger Zäit wou d’Pornographie iwwer den Internet liicht accessibel ginn ass, ass och déi fréizäiteg (Iwwer)Sexualiséierung vun denen Mannerjähregen zu enger ganz grousser pädagogescher  Erausfuerderung ginn. Déi moralesch Dimensiounen vun där Fro, d’Verbindung vun der Léift an der Sexualitéit, d’Gesondheetsfroen beim Sex,  d’Opsinn fir Kanner an d’Methoden vun der Verhütung an nach vill aaner Dimensiounen vun de Froen rondrëm  d’Léift an d’Sexualitéit mussen haut méi oppen an méi offensiv diskutéiert ginn wéi je virdrunn. Mat mengen 53 Joer wonneren ech mech ëmmer nes, wann ech mat Joncken iwwer dat Thema schwätzen. Wen fir Verantwortung an der Sexualitéit plädéiert, huet haut net ëmmer en einfache Stand.

Jiddenfalls ass fir mech kloer, dat ë Kampf géint d’Pornographie als medialen Massephänomen sënnlos ass. Souwisou sinn ech als e Konservativen aus Prinzip géint d’Zensur. D’Prohibitioun – bal egal op wéi engem Gebitt – profitéiert virun allem dene Kriminellen. D’Aentwert op d’Pornographie kann nëmmen an enger Erzéiung zur Sexualitéit leien, déi net nëmmen an enger mechanescher Gebrauchsanleitung besteet  – déi kréien déi Jonk haut souwisou iwwer d’Internet an alle méiglechen Variatiounen gebueden –  mä vill méi wäit geet wéi dat. Et gëllt virun allem och déi moralesch an ethesch Froen am Emfeld vu Léift a Sex eecht ze huelen an se net auszeblennen.

Bie denen Gréngen ass dat aanecht. Si setzen op Zensur an hunn an dem Sënn eng « Proposition de loi »  an der Chamber deponéiert (Nummer 3505) déi als eigentlechen Zweck huet d’Pornographie ze verbidden. Si staamt zwar schonn vun 1991, mä am März 2010 huet d’Chamber  nach eemol, op denen Gréngen hir Ufro hin confirméiert, dat déi Propositioun am legislative Prozess bleiwt. Et kann een gespaant sinn, wéi et weider geet…

Den Usaz vun denen Gréngen ass  e reng feministeschen. Eng totalitär Ideologie wëll virun allem ëppes: verbidden. Déi Gréng gesinn dohir och an der Pornographie eng politesch Fro, en « instrument de la domination et de l’humilation des femmes ». Si ass, denen Gréngen no «  un instrument du pouvoir sur le sexe féminin, elle est la version sexuelle du pouvoir ».  D’Fraen, an nëmme si,  sinn « objets sexuels ». Denen Gréngen hir  Siicht ass duerch an duerch basis-feministesch : de « genre féminin » ass fir si « la victime de la pornographie » an si wëllen mat dem Gesetz de Fraen an hiren Associatiounen d’Méiglechkeet ginn, fir um zivilrechtleche Wee Schadensersatz bei de Geriichter wéinst der Pornographie anzekloen.

Et kann een sech fir t’alleréicht mol froen, wéi déi Gréng sech sou Prozesser dann iwwerhaapt viirstellen? Wëllen si de Spaweck zu Lëtzebuerg späre lossen? Wëllen si géint Spaweckssiten am Ausland hei Prozesser féieren?

Denen Gréngen hir Usiichten sinn menger Meenung no total onrealistesch. Eichtens sinn och d’Männer an der Pornographie, wann een dann sou wëll,  «objets sexuels ». Well hir Sexualitéit an hir Loscht gëtt jo genee sou gewisen wéi de Fraen hir an dat an denen zwee Fäll fir dat de Spectateur soll sexuell erreegt ginn. Hei stellt sech also schonn d’Fro vun der Gläichheet vun de Männer a vun de Fraen virum Gesetz.

Zweetens, gëtt et all Zorten vu Pornographie, inclusiv lesbescher, sado-masochistescher  an anerer, déi och vu Fraen produzéiert a « consomméiert » gëtt.  D’Fraen sinn net ëmmer déi « Humiliéiert », mä dat kënnen d’Männer genee sou sinn.  D’Fraen spillen traditionnell eng grouss Roll net nëmmen als Schauspillerinnen mä och als Produzentinnen vu Pornofilmer. Dat selwecht gëllt fir déi Geschäfter an denen d’Pornographie an och d’Erotikartikelen verkaf ginn. Eent vun denen gréissten däitschen Erotikgeschäfter gouf vun enger Fra gegrënnt an dréit haut nach hire Numm.

Am Berliner Pornofilmfestival 2007 woren 30% vun de gewisene Filmer vu Regisseurinnen déi, amplaatz eng PorNO-Campagne vun bekannten däitschen Feministinnen zë ënnerstëtzen, léiwer eng « She-Porn » Perspektiv wollten an d’Filmer ranbréngen. Ech enthalen mech all weiderem Kommentar, recommandéieren awer mol d’Lecture vun zwee Artikelen, déi ech um Internet zum Thema weiblechen Pornofilmfestival fonnt hunn. Vläicht kënnen déi Gréng jo mol e puer Entréebilljeeën fir sou e Festival kréien. Eng Collecte fir denen Gréngen e puer Ticketen ze bezuelen, ass schonn fir den nächsten 1. Abrëll ugekënnegt.

Hei sinn mol déi zween Artikelen :

http://diestandard.at/1196091172961

http://www.google.lu/url?sa=t&rct=j&q=mit%20kondom%20und%20cellulite&source=web&cd=1&cad=rja&ved=0CCwQFjAA&url=http%3A%2F%2Fberlinergazette.de%2Ffrauenporno-feminismus-sex-liebe%2F&ei=VQNbUbWGC6mS4ATanoHwBg&usg=AFQjCNF_HZ1Iy9XteJ__SluEqcPZEm4ybg&bvm=bv.44697112,d.ZWU

An hei sinn déi Texter déi sech op déi gréng Gesetzespropositioun géint d’Pornographie bezéien : d’Proposition de loi Nr. 3505 vum 6.3.1991, eng Diskussioun an der Chamber zu dem Thema vum 16. Abrëll 1991, den Avis vum Staatsrot vum 28. November 1996 an d’Decisioun vun der Chamber iwwer déi legislativ Prozedur vum 18. März 2010.

3505.(Bausch.pornographie)

3505.Discussion.SP

3505.Avis.CE

3505.Dépêche.PresiCHD

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Hëëëëëllleeeef ! D’Uni Lëtzebuerg fuerscht !

Firwat wor ech da nëmmen sou depriméiert wou ech aus dem leschten James Bond Film raus koum ? Richteg, ech hat ënnert mengem lenken Aarm gespiert, dat do KENG Walther PPK 7,65 mm wor! Konnt et ieren sinn, dat ech awer net sollt wéi den James Bond sinn, obschonn ech grad denen Béisen nogelaf wor an si reiheweis erschoss hat? Gott, wat krut ech do Selbstzweifelen! Sollt et mir lo goen, wéi a menger fréiester Kandhet wou ech schonn traumatiséiert gouf doduerch, dat ech hu misse feststellen, dat ech net de Callaghan, den John Drake, den Ivanhoe, de Saint, de Bob Morane, de Commander McLane oder de Captain Kirk wor?  Mol net de Columbo mat sengem Laangoueren-Mupp?

Wat hunn ech e Matleed mat denen Myriaden vu Fraen a Meedercher déi lo och Selbstzweifelen kréien wann si feststellen dat si NET sinn wéi d’Lara Croft! Et ass zwar net méi ganz sou dramatesch wéi fréier, well d’Barbie an d’Lara kruuten allen zwee schonn feministesch Broschtamputatiounen verschriwwen. Wat d’Jalousie net alles kann bewierken! Mä wéi schéin, dat déi zween lo kënnen besser am Gläichgewiicht bleiwen.

Jiddefalls ass dat do en dréngende Problem, den vu kompetenter Säit, also vun der Uni Lëtzebuerg, muss ugepaakt ginn. Am Departement fir héig intellektuell feministesch an Gender-Etüden gëtt sech lo  mat sexualiséierten an ent-sexualiséierten Versiounen vu stereotypéierten an net-stereotypéierten Sexobjekter an Machosubjekter befaasst. Et ass héig Zäit ginn ! Déi dramatesch Wëssenslücken mussen endlech gefëllt ginn! Fir d’ «Feldexperimenter » an « experimentell Ennersichungen » beim Lara mellen ech mech lo schonn fräiwëlleg. Ech bekennen mech nämlech ganz kloer zum Machismus!

Et ass jo wouer, am Ausland gëtt et där Etüden schonn 236.987 no heitegem Stand – pardon, 236.988, grad gouf an Mexiko nes eng publizéiert – mä d’Uni Lëtzebuerg huet do nach net selwer gefuerscht. Dobäi ass dat eng echt Elite-Universitéit ! Kuckt dach mol déi glanzvoll Ausstellung iwwer déi national « Identitéiten » op den Dräi Eechelen – e Prachtstéck! Oder dat hei : den « Gender Mainstreaming Committee » (kee Witz – den gëtt et wierklech!) vun der Uni.lu (kléngt formidabel modern…) mecht nes eng Serie vu Virliesungen iwwer Genderfroen. Thema déi Kéier: « Chancengleichheit durch Entertainment Education ; Ein Beispiel aus den MINT-Fächern : Mathematik, Informatik, Naturwissenschaften, Technik. » Reegt Iech lo roueg op, Dir Dammen, dat klengt nämlech net nëmmen sou als  géngen déi « stereotyp » Gender-Clichéën vun der Uni Lëtzebuerg geflegt, ech sinn iwwerzeegt dat déi och wierklech denken dat d’Fraen e normale Studium an de MINT-Fächer net pakken. Wëll d’Feministinnen froen schonn laang e getrennten Unterrëcht an denen Fächer fir Jongen a Meedercher : Entertainment Science fir d’Meedercher, Hardcore Science fir d’Jongen, awer allenzwee kréien herno natierlech dee selwechten Diplom. Souvill zu den Stereotypen an der Chancegläichheet …

Mat eise Steiersuen vun dem total iwwerflëssegen « Chancegläichheetsministär », ginn lo tonneweis akademesch Loftblosen an Huelphrasen produzéiert. Wat liese mir do ? Déi wëllen « Grundlagenforschung » maachen (déi hunn wierklech keng Schimmt !), an d’Hypothes vun engem Däiwelskrees testen… Kléngt iergendwéi no engem viirchrëchtleche Kultdanz  rondrëm déi zwee Schrott-Héichiewen zu Belval. Dann test Dir mol schéin…an vill Spaass !

Gëtt et da keen, den mir kann séier e Computerspill schreiwen an dem e puer Muskelprotzen a Sexobjekter an d’Uni Lëtzebuerg andréngen an den Gender-Departement an eng ökologesch Brennstoffreserv fir den nächste Wanter  verwandelen ? Ech geng mech extra drunn ginn fir nach eng Bonus-Ronn ze gewannen!

Mä lo mol am Eescht : hu mir et dann wierklech néideg, dat eis Steiergelder zur Fënster rausgehäit ginn fir d’Emerzéihungsfantasien vun den Gender-Fanatiker ze fidderen ? Spiller wëllen si ënnersichen, Liddertexter erfuerschen, no « Alternativen » wëllen si sichen – mä klibbert eis dach ! Wat si wëllen ass zensuréieren, d’Fräiheet aschränken, d’Konscht aspären.

Als e knallhaarden Konservativen sinn ech GEINT all Zensur. Natierlech sinn ech och fir de Schutz vu Mannerjähregen, also e puer kleng Ausnahmen muss et scho ginn, mä den hëllegen, konservativen Grondprinzip, dat éicht Gebot vum Konservativen ass Vive d’Fräiheet !!

An wann e puer Fraleit mengen, si missten e Lidd mam Titel « Scheissmänner » sangen, da sollen si. Si sollen déi Fräiheet hunn a behalen, hire Schrott kafen ech eben net!

De Feminismus ass näicht aanecht wéi eng liberticid, totalitaristesch Ideologie, an e muss  bekämpft ginn. Iwwregens:  net nëmmen d’CSV ënnerstëtzt en, déi Lénk och. Déi hunn lo zu Berlin eng « Occupy Barbie-Dreamhouse » Bewegung gegrënnt fir géint dat « Rollebild » ze protestéieren, dat duerch ë « Barbie-Dreamhouse » geng vermëttelt ginn.

CSV an « déi Lénk »: même combat ! Wéini kënnt endlech eng Anti-Barbie-Campagne zu Lëtzebuerg ? Den Dag ginn ech eng kafen.

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/berlin-linke-protestieren-gegen-barbie-dreamhouse-a-891734.html

http://news.rtl.lu/news/national/420873.html

http://www.wort.lu/de/search?query=Lara Croft

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/20350805

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Dat grousst alternativt „Huesefest“!

Nodeems eng Organisatioun vun Nët-Gleewegen en „Huesefest“ op Karfreideg organiséiert huet, wëll och „Déi konservativ Säit“ zur Feststëmmung bäidroen.

Dowéinst:

Wëllkomm op der Spaweckssäit vun dem groussen alternativen Huesefest, powered by « Déi konservativ Säit » ! Den Entrée ass fräi.

An hei eisen alternativen Huesequiz! De Jury besteet aus dem konservativen Fernand Kartheiser. Hei sinn ons Froen:

Hues Du schonn driwwer nogeduecht, dat de Glawen Dir dat éiwegt Liewen erméiglecht an den Atheismus Dech zu engem sënnlosen Dout veruerteelt ?

Hues Du schonn gemierkt, dat d’Kreativitéit an der Sixtinescher Kapell méi grouss ass wéi bei den Graffiti-Schmierereien  vun der lénker Subkultur ?

Hues Du schonn gespiert, dat et méi déif an schéin ass eng richteg Hochzäitsmass ze feieren wéi  eng an engem wäissen Kleed ze imitéieren ?

Hues Du schonn verstaan wéi ergräifend et ass an enger  Kierch d’Präsenz vun engem Gott ze spieren den Dech gär huet och wann s Du en net wëlls?

Hues Du schonn Deng Kanner op hirem Wee an d’Liewen iwwer d’Wichtegkeet vum theologeschen  Denken fir déi ganz Philosophie opgeklärt ?

Hues Du schonn decidéiert fir nes an eng Mass ze goen, einfach mol aus Virwëtz ?

Hues Du schonn Dengem Lokalpolitiker gesot, dat s Du keng Maison de la Laïcité brauchs ?

Léif Huesen,

Schreift Aer Aentwerten an Iddien un « Déi konservativ Säit »!

An hei de musikaleschen Programm:

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

Daily Princetonean: Dear Mrs Patton,

Dear Mrs Patton,

as probably many other people, I have read about your letter in a rather critical article published on the web. But contrary as to what others would think or do, I would like to express my gratitude and admiration for your honesty and openness.

In spite of all the modern, feminist brainwashing, you still have the courage to express  openly what is at the very heart of many youg women’s interest: finding a suitable husband and founding a family. The same is of course true for many young men. Most of them dream of a nice wife and many children.

In our modern world, it unfortunately becomes more and more difficult to express that simple truth: a family is by far more important than a career! If one can succeed in combining both, fine! But how many lonely people who are successful in their professional life would readily quit their job and opt for a happy family life  if they only could do so?! Don’t worry about the criticism, don’t apologize. You have a right to have a point of view of your own and to tell it openly to the whole world, even if feminists don’t appreciate (perhaps, especially then!).

Your advice to the young, brilliant women at Princeton is the right one. True, there are many intelligent, valuable, dedicated people and potential good husbands and fathers elsewhere, but they might be difficult to find. I would give the same advice – or almost – to the young male students. Men often look for pretty women ( but women do also prefer attractive men, don’t they?), but in the long run it is simply impossible for an intelligent man to share his life with a dumb woman. In that respect, the difference between the sexes isn’t that big.

So, whether you are male or female, look for your future spouse among your fellow students. You might find a suitable husband or wife among them. Found a family, have children, be happy and ignore feminists!

Mrs Patton, you are again a pioneer woman. Young women should listen to you, rather than to those who hate men from the bottom of their hearts.

Sincerely yours,

Fernand Kartheiser

Luxembourg, Europe

http://www.dailymail.co.uk/news/article-2301415/Susan-A-Patton-wrote-Princeton-student-newspaper-urging-female-students-snag-man.html

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Henckes…

koum haut, den 30. März 2013, am Mëttesjournal vun RTL zu Wuert, an dem dat de Radio seng deemooleg Erklärung bei Geleeënheet zu sengem Austrëtt aus der Partei ofgespillt huet. Déi Erklärung staamt nach aus dem  Kontext vun der Ofdreiwungsdebatt.

Als Parteipresident an an der Iwwergangsphas no menger Demissioun konnt ech mech zu dem Thema net sou fräi ausdrécken, wéi ech dat haut kann.

Den Här Henckes behaapt, dat Drock ausgeübt gi wär. Als deemoolege President soen ech an aller Däitlechkeet datt ech den Här Henckes ni ënner Drock gesat hunn. Den Här Henckes konnt an der Chamber fir d’Ofdreiwungsgesetz stëmmen an och seng Meenung do ausdrécken. Fir him Riedzäit ze ginn, hunn ech meng eege Ried ofgekierzt.

Op enger „Journée parlementaire“ hat d’Partei schonn virun zwee Joer decidéiert, dat ech sollt d’Positioun vun der Partei an der Chamber vertrieden, obschonns den Här Henckes de Member vun der ADR an der „commission juridique“ vun der Partei wor. D’Ofdreiwungsgesetz gouf an der „Commission juridique“ vun der Chamber viirbereed. D’Positioun vun der Partei gouf deemools, op där „Journée parlementaire“, mat ronn 30 Stëmmen dofir géint eng Géigestëmm, an dat wor dem Här Henckes seng,  decidéiert. Déi Positioun déi vun der Partei decidéiert gouf wor och absolut conforme mat där aus dem Wahlprogramm vun der ADR.

No der Oofstëmmung an der Chamber hat den Här Henckes e Bréif un mech als Parteipresident geschriwwen, an dem hien gesot huet, dat déi Positioun déi ech am Parlament vertrueden hätt, net geng der Positioun vun der Partei entspriechen. Den Bréif hunn ech an déi zoustänneg Gremien vun der Partei mat geholl an hunn a geheimer Ofstëmmung am Nationalcomité doriwwer ofstëmme gelooss. D’Diskussioun wor a mengen An disziplinéiert, héiflech an et ass jiddereeen zu Wuert komm. Als President hunn ech besonnech vill Wäert drop geluegt, dat et net sollt zu Entgleisungen kommen. Déi Duerstellung vun där Diskussioun an de Medien konnt ech iwwerhaapt net novollzéien. Et deet mir Leed, dat se net opgezeechent gouf.

D’Resultat vun der geheimer Ofstëmmung  wor méi wéi däitlech net zum Här Henckes senge Gonschten. Doropshin huet den Här Henckes d’Reunioun an engem opgereegten Gemittszoustand an mat grousser Vitesse verlooss. En ass dono aus der Partei ausgetrueden.

Ech selwer hunn demissionnéiert, fir den Här Colombera nach an der Partei ze halen an doduerch déi materiell Interessen vun eisem Personal, also d’Aarbechtsplazen, kënnen ze schützen. Et ass jo gewosst, dat d’Deputéierten fir d’Personalkäschten vun der Fraktioun opkommen. Meng Motivatioun wor also eenzeg an alléng déi sozial Verantwortung géintiwwer eise Mataarbechter, soss hätt ech mat Sëcherheet dem Ultimatum vum Här Colombera net noginn. Trotz mengem Récktrëtt ass den Här Colombera awer aus der Partei ausgetrueden an huet sech op d’Sich no engem neien politeschen Doheem gemaach. Seng Kontakter mat dene Gréngen an mat de Piraten woren an de Medien nozeliesen.

Am ganzen haten am Verlaf respektiv an der Folleg  vun denen Debatten ronn eng Dosen Leit d’Partei verloos, dovun d’Haltschent aus Protest well ech net méi Parteipresident bliwwe sinn.  Si hunn mir Bréiwer an dem Sënn geschriwwen. Solidaresch ausgetrueden mat den Hären Colombera an Henckes woren also nëmmen véier Leit, dorënner och den Här Gatti.  Bei allen eventuellen Onsecherheeten an der Motivatioun vun de Leit geng ech den absoluten Maximum vun solidareschen Austrëtter mat den Hären Henckes a Colombera op sechs Persounen usetzen. All eenzelnen Austrëtt gouf vun interesséierter Säit publizéiert an an de Medien bal „gefeiert“. Et sollt den Androck vermëttelt ginn, als stéing d’ADR virum Zësummebroch.  Bei ronn 2.100 Memberen wor déi ganz begrenzten Zuel vun Austrëtter awer absolut keen Drama. Schlëmm ass allerdéngs de Verloscht vun zwee Deputéierten, déi awer allen zwee Positiounen vertrueden hunn, déi net mam Wahlprogramm vun der Partei compatibel woren. Schlëmm ass och, dat si hir Mandater behalen hunn, amplaatz si un d’Partei zréck ze ginn. Fir de Norden misst haut den Här Jeff Engelen Deputéierten sinn a fir den Zentrum den Här Roy Reding.

Wat déi Demonstratioun vun „Pro Europa Christiana“ virun der Chamber ugeet, sinn ech onverännert der Meenung, dat d’Reaktioun vum Här Henckes net als besonnesch tolerant kann agestuft ginn. Ech hunn an der Chamber géint eng Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt an am Numm vun der Partei déi Positioun vertrueden an et ass a mengen An selbstverständlech, dat ech dann – souguer och als Parteipresident – déi Demonstranten kann a soll begréissen, déi déi Positioun vun der ADR prinzipiell ënnerstetzen.

Hei ass den deemolegen Reportage vun RTL. Fir keen Uelech op d’Feier ze schëdden, hat ech net alles gesot wat ech denken.

http://5minutes.rtl.lu/fr/actualite/luxembourg/328391.html/354239.html

D’Ofdreiwungsgéigner hunn friddlech demonstréiert, d’pro-Ofdreiwungslager gouf agressiv an huet Leit déi anerer Meenung woren mat Hakekräizer beleedegt. Iwwer dat Thema „Doudelueden an Intoleranz“ ass och en Artikel op dësem Blog. An de Medien kritiséiert, goufen – sou wäit ech wees – awer alleng d’Ofdreiwungsgéigner.

Ech bedaueren, dat déi Toleranz déi ech géint iwwer dem Här Henckes senger Positioun gewisen hunn, net reziprok war. Den Här Henckes koum parteiintern an alle Gremien zu Wuert an ech affirméieren, dat ech seng Reklamatioun no beschtem Wëssen a Gewëssen fair behandelt hunn. Ech bedaueren, dat den Här Henckes Leit déi géint d’Ofdreiwung waren als geeschteg krank bezeechent huet.  Och dat ass an dem genannten Artikel op  dësem Blog ze fannen. Ech si perséinlech där Meenung, dat e  Member vun der ADR en aneren Emgangstoun mat Leit soll hunn wéi den, den dën Här Henckes gewisen huet.  Eng aaner Meenung hunn ass keng Geeschteskrankheet.

 

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’Entwécklungshëllef – en Auslaafmodell

Hei am Land gehéiert d’Entwécklungshëllef zu denen hellege Kéih. Bal all Veräin hëlleft iergendwou, d’Scouten, d’Gewerkschaften, an bal jiddereen den eppes op sech hällt. An natierlech d’Regierung déi iwwer 300 Milliounen Euro am Joer fir sou Zwecker ausgëtt.

Eng richteg Diskussioun iwwer dat Thema gëtt et awer hei am Land keng, an et kaum kritesch Stëmmen (ausser vun der ADR). An Afrika ass dat awer ganz aanecht. Do gëtt et ëmmer méi kritesch Intellektueller, déi drop hiweisen, dat d’Entwécklungshëllef eng ganz Rei vu schiedlechen Effekter huet. Déi Länner déi sou Hëllef kréien, kommen net op déi eege Been, d’Korruptioun wiist, demokratesch Prozesser ginn éichter gebremst wéi gefördert an sou ass et och mat der lokaler Produktioun.   Wann een dat hei zu Lëtzebuerg set, asse en natierlech e « Populist » um Stammdëschniveau.

De Stammdësch ass awer dann jiddefalls besser informéiert wéi vill aaner Leit, well déi Leit um Stammdësch vläicht och mol afrikanesch Zeitungen kucken oder interessant Bicher liesen.

Wen wëll eng gutt Iwwerleeung zu moralesche Grondastellungen an dem Kontext liesen, den ass heimat gutt beroden :

Pascal BRUCKNER, La Tyrannie de la pénitence, Essai sur le masochisme occidental, Le livre de poche, ISBN 978-2-253-12183-1, 251 pages.

An wien wëll kritesch Iwwerleeungen zum Thema selwer liesen, den kann zum Beispill mol dëss Bicher opschloen :

Rupert Neudeck, Die Kraft Afrikas, Warum der Kontinent noch nicht verloren ist, C.H. Beck, ISBN 978-3-406 59857 9, 255 Seiten,

Volker Seitz, Afrika wird armregiert oder Wie man Afrika wirklich helfen kann, DTV Premium, ISBN 978-3-423-24735-1, 219 Seiten,

Dambisa Moyo, Dead Aid, ISBN 978-3-942989-01-5, 236 Seiten.

De Problem zu Lëtzebuerg ass, dat mir wëll ee riisegen staatlechen a para-staatlechen Secteur hunn, den vun der Entwécklungshëllefindustrie lieft. Alll déi vill ONGen déi vum Staat subventionnéiert ginn, Lux-Development, an sou virun. Dat sinn zwar deier an net produktiv Aarbechtsplazen awer virun allem och politesch Stëmmen fir den, den d’Suën verdeelt, also fir d’CSV.

D’Entwécklungshëllef ass natierlech an dem Sënn e politesch dankbart Geschäft, well een vill schéin Fotoen mat denen Leit kritt, déi grad vun engem Projet profitéieren. Dat ass jo och ze verstoen. Mä iwwer déi makro-oekonomesch an aner Konsequenzen gëtt kaum nogeduecht. Dat ass och net erwënscht, well d’CSV mecht mat der Enwécklungshëllef permanente Wahlkampf op Käschten vum Steierbezueler.

Geschafft gëtt mat der « Moralkeule ». Wen och ëmmer d’Entwécklungshëllef kritiséiert, gëtt an den onmoraleschen Eck gedréckt, déi mam kalen Häerz, déi vun den Ausbeuter, Sklavenhändler, Fraefeinden oder souguer Klimakiller. Eng objektiv Diskussioun ass net méiglech, wat een awer net soll drunn hënneren wéinstens mol en aaneren Standpunkt ze vertrieden.

Fir Lëtzebuerg ass d’Situatioun besonnesch absurd, well mir mol ni eng Kolonie haten – och net de Kongo. Eis trëfft iwwerhaapt keng historesch Schold, an och fir déi Länner rondrëm eis, dréit dat Argument net méi. No 50, 60 oder 70 Joer Onofhängegket missten déi fréier Kolonien jo am Prinzip  besser drunn sinn wéi ënner de Kolonialhären – dat ass awer nach laang net iwwerall de Fall.

Lo, wou d’Suën och hei am Land ëmmer méi rar ginn, ass awer ganz secher eng nei Noutwendegkeet entstaanen, fir déi Politik kritesch ze hannerfroen. Lëtzebuerg gëtt am Abléck iwwer 1% vum Bruttonationalakommes fir deen Zweck aus, international politesch versprach huet eist Land 0,7%. Dat ass en Ennerscheed vu knapps 100 Milliounen Euro am Joer.

Meng Positioun ass déi hei :

–          Direkt Reduzéierung vun der Entwécklungshëllef vun 1% op 0,7% vum Bruttonationalakommes

–          De Recht, also déi 0,7%, mussen « gebonnen » ginn, sou dat eis Economie dovun profitéiert. Dat kënnen och Finanzinstrumenter sinn.

–          Mëttelfristeg Zil soll et sinn d’Entwécklungshëllef progressif awer konsequent ganz ofzeschaafen, well si a Wierklechkeet méi schued wéi hëlleft. D’Entwécklungshëllef kann jo schliisslech keen Modell op éiweg sinn. Mir brauchen e realisteschen „Ausstiegsszenario“.

–          Parallel dozou, besser Handelsbezéiungen mat dene Länner opbauen.

–          Generéis an efficace Katastrophenhëllef wou och ëmmer eppes geschitt. An dem Beräich soll Lëtzebuerg seng Capacitéiten weider ausbauen, fir Mënschen an Nout kënnen ze hëllefen.

Fir déi, déi et eventuell interesséiert, hei ass meng Ried zum Thema aus dem Joer 2012 :
http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/946/sequence/30995.html

Veröffentlicht unter Bicher, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar