Girls‘ Day. Boys‘ Day, Nonsense Day!

Gläich dräi Ministeren haten sech dësst Joer zësummefonnt fir d’Editioun 2013 vum „Girls’ Day“, respektiv vum „Boys’ Day“ ze presentéieren. D’Meedercher, respektiv d’Jongen, tëschent 12 an 20 Joer sollen den Dag mat, fir hiert respektivt Geschlecht, “atypeschen“ Beruffer familiariséiert ginn. D’Hoffnung ass, dat si doduerch an hirer Beruffswal beaflosst ginn, a net e Beruff wielen den dën  „traditionnellen, stereotypen Rollemoddeller“ entsprëcht, wéi sech déi feministech Milieuën an där Saach gär ausdrécken.

De Konzept selwer vun dem Dag baséiert op e puer Viirstellungen aus där sougenannter „Gender-Theorie“. Déi behaapt jo, dat et keng biologesch, mä nëmmen e sozial konstruéiert Geschlecht gëtt. Wann e Jong also en typeschen Jongeberuff wielt, oder e Meedchen en typesche Meederchersberuff, dann ass dat net onbedéngt e Resultat vun hierem perséinlechen oder natierlechem Interessi un dem Beruff, mä vun hierer Sozialiséierung a Konditionnéierung duerch hiert sozialt Emfeld.

Am Prinzip, sou postuléiert d’Gender-Theorie, gëtt et aus der Natur, also der Biologie vum Mënsch hier, keng spezifesch Geschlechterpräferenzen fir déi eng oder déi aner Aktivitéit. De biologesche Faktor wär irrelevant, sou mengen d’Gendertheorie-Vertrieder,  alléng zielen geng déi  sozial Formbarkeet vum Mënsch, déi prinzipiell onbeschränkt variabel ass.

D’Resultater vum Girls’/Boys’ Day aus denen vergaangene Joeren schéngen – an den An vun der Genderisten – awer net terribel iwwerzeegend gewiescht ze sinn. Vläicht woren déi Jugendlech vun 12 bis 20 Joer einfach schon ze al fir d’Experiment? Vläicht woren si schon zevill vun hierem soziale Milieu op traditionnell a stereotyp Rolleschemata festgeluegt ginn?

Jiddefalls wëll d’Regierung lo nach e Schrëtt méi wäit goen. Och schon d’Kanner aus der Primärschoul sollen an Zukunft vum sterotypen Conditionnement vun hierem anscheinend ongenügend  gender-sensiblen sozialen a familiären Emfeld gerett ginn. Ech zitéieren d’Luxemburger Wort vum 26. Februar 2013 (Referenz op d’Înterventioun vun der Madame Minister fir Chancegläichheeet):

„Es gelte von traditionellen Berufsbildern Abschied zu nehmen. Möglicherweise sollten die Grundlagen zur Berufswahl schon während der Grundschule mit angepassten Schnupperlehrgängen gelegt werden.“

Lo kann natierlech jiddereen doriwwer seng eege Meenung hunn.  Een den der Saach op de Grond gaangen ass, ass den norwegeschen Soziolog Harald Eia. Säi Film zu dem Thema „Gehierwäsch“ huet dozou geféiert dat de „Nordeschen Gender-Institut“ zougemaach gouf.

Meng Positioun ass dat de Stat soll eng geschlechterneutral Beruffsinformatioun ubidden. De Stat huet sech aus der privater Beruffswiel vun de Leit eraushalen. Wann hien Reklamm fir e bestëmmte Beruff wëll maachen, dann héchstens well an dem Beruff nach Leit feelen oder dat e vläicht interessant Perspektiven offréiert. Vun der Gender-Ideologie sollt de Stat sech awer däitlech distanzéieren. Op Jong oder Meedechen, jiddereeen soll säi Beruff kënnen fräi auswielen, soulaang en déi objektiv Viiraussetzungen fir den Beruf erfëllt.

Hei ass dem Här Eia säi Film:

Hei ass meng parlamentaresch Fro:

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/140/183/113892.pdf

An hei d’Aentwert vun der Regierung :

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/160/102/115091.pdf

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kannerrechtskonventioun vs. Homo- „Bestietnis“

D’Zeitung « Le Quotidien »  hat de 26. Februar eng Rei vun Artikelen publizéiert, déi sech mat dene Problemer befaassen, déi déi Leit hunn, déi aus engem „accouchement sous X“ stamen. Zu Lëtzebuerg gëtt et déi legal Méiglechkeet vun enger anonymer Gebuert zënter 1975, déi awer sou streng geregelt ass, dat d’Kanner keen Usproch drop hunn fir spéider an hirem Liewen d’Identitéit vun hiren Elteren – oder jiddefalls mol déi vun hirer Mamm – gewuer ze ginn. Well et keng offiziell Regëster gëtt, hun d’Kanner niewent dem felenden Rechtsusproch och dacks mol keng praktesch Méiglechkeet méi fir nach eppes iwwer hir Originen gewuer ze ginn.

De „Quotidien“ huet mat där Initiativ secher eppes Guddes an eppes Wichteges gemaach. D’Politik sollt sech mol op e Neits mat där do Problematik befaassen. Et geet mir ganz sëcher net drëm, den Prinzip vun der anonymer Gebuert wëlle schlecht ze maachen. Eng anonym Gebuert ass vill besser wéi eng Ofdreiwung. Trotzdem muss een nei iwwer d’Modalitéiten nodenken.

Déi Leit déi an denen Artikelen zu Wuert kommen, wëllen hir Geschicht kennen („Je veux connaître mon histoire“, „Je suis juste … curieuse.   Je voudrais voir ces parents à qui je ressemble“). Dat si reel psychologesch Situatiounen oder Problemer vu Leit déi bei gudden Adoptivelteren opgewuess sinn. Si sichen hir Originen an hir Identitéit.

De Bezuch zum Homo-„Bestietnis“ läit op der Hand. Och wann am Abléck hei am Land just vun der Méiglechkeet vun enger „adoption simple“ an dem Kontext geschwat gëtt, an net vun enger „adoption plénière“, dann ass dat just nëmmen fir d’Leit nach méi roueg ze halen. Eichtens denkt d’Regirung scho méi laang doriwwer no, fir den Ennerscheed tëschent der „adoption simple“ an der „adoption plénïère“ ofzeschafen. Sou en Ennerscheed gëtt et och lo schon a ville Länner net. An zweetens, wann déi homosexuell Koppelen lo net dat Recht op eng  „adoption plénière“ am Gesetz kriiten, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis iergend e Geriicht hinnen et awer gëtt fir hirer supposéierter „Diskriminatioun“ en Enn ze maachen. D’“adoption plénière“ fir déi homosexuell Koppelen kënnt sou secher wéi d’Amen am Gebiet, egal wat d’CSV de Leit lo erzielt.

A wéi schlëmm muss d’Situatioun eréicht fir verschiddener vun dene Kanner ginn, déi hir richteg, heterosexuell Elteren net kennen an déi och nach bei enger homosexueller Koppel opgewuess sinn? Dat sinn gläich zwou grouss, potentiell Belaaschtungen déi mir de Kanner an eiser moderner Gesellschaft zoumudden! D’Homosexuellelobby an hir Hëllefstruppen hunn et faerdeg bruecht, dat vill Leit  haut nëmmem méi vum „Recht op e Kand“ (oder enger Famill) schwätzen, amplaatz dem Wuel an de Rechter vum Kand ëmmer déi alleréicht Prioritéit ze ginn.

Ofschléissend wëll ech nach zwee Artikelen aus der Kannerrechtskonventioun zitéieren, déi och, luewenswäerterweis,  am „Quotidien“ ernimmt goufen.  Och wann si sou formuléiert sinn, dat se net direkt textuell géint d’Homo-Bestietnis kënnen invoquéiert ginn, sou ass dat, menger modester Meenung no, vun hirem Sënn hir awer absolut méiglech.

Convention internationale des Droits de l’enfant

 

Artikel 7:

« 1 l L’enfant est enregistré aussitôt sa naissance et a dès celle-ci le droit à un nom, le droit d’acquérir une nationalité et, dans la mesure du possible, le droit de connaître ses parents et d’être élevé par eux. (..)»

 

Artikel 8:

 « 1 l Les États parties s’engagent à respecter le droit de l’enfant de préserver son identité, y compris sa nationalité, son nom et ses relations familiales tels qu’ils sont reconnus par loi, sans ingérence illégale.

2 l Si un enfant est illégalement privé des éléments constitutifs de son identité ou de certains d’entre eux, les États parties doivent lui accorder une assistance et une protection appropriées, pour que son identité soit rétablie aussi rapidement que possible. »

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Dossier Bommeleeër – e Kommentar vun engem fréieren Offizéier vun der Arméi

Ech war et net – mä ech wor awer an den 80er Joeren Offizéier vun der Arméi an hunn nach e puer Erënnerungen un déi Zäit.

Haut stoung am „tageblatt“ eng Affekotin vun der Verdeedegung hätt op „rietsextrem Tendenzen“ an der Gendarmerie an an der Arméi an den Zäiten vum Kale Krich opmierksam gemaach. Et steet mir net zou mech an de Prozess anzemëschen  –  dat maachen ech och net – mä ech wéilt awer och net roueg sinn, wann et ëm d’Eier vun eiser Arméi oder einfach ëm  historesch Fakten geet.

Als Offizéier hunn ech ni iergend eng rietsextrem Tendenz an eiser Arméi  gesinn, erlieft oder och nëmmen dovun héieren. Iwwregens och net an där Zäit wou ech  op der „Ecole Royale Militaire“ zu Bréissel wor. Am Géigendeel, ech hat ëmmer den Androck dat de Corps vun den Offizéier  fest zu eiser Demokratie stoung an decidéiert wor, mat alle militäresche Mëttelen, och wann mir Lëtzebuerger der vläicht ni vill haten, eis Heemecht an eis Fräiheet géint eng méiglech Invasioun vun den Truppen vum Warschauer Pakt ze verdeedegen.

Deemools hunn all politesch Parteien – mat Ausnam natierlech vun de Kommunisten, e puer méi lénken Sozialisten  an dene Gréngen  –  d‘Verdeedegungsstrategie vun der NATO am Prinzip ënnerstëtzt. Et goufen mol punktuell  lieweg Diskussiounen iwwer eenzel Moosnamen, wéi zum Beispill d’Stationéierung vu bestëmmte nuklear bestéckte Missilen op mëtteleuropäeschem Territoire – mä am Groussen a Ganzen wor d’Politik sech eens.

Besonnesch am Ufank an an der Mëtt vun der 80er Joeren hunn vill Leit – an wahrscheinlech och vill Offizéier – geduecht, dat mir engem Krich ganz no wieren. Mir lëtzebuerger Offizéier  wollten eist Land an eis Alliéiert zësummen mat de Kolleegen vun dene  aneren NATO-Länner verdeedegen.  No der sowjetescher Invasioun am Afghanistan hu mir een vun de Paroxysmen vum Kale Krich erlieft. Och ech wor iwwerzeegt, dat de Krichsrisiko ganz héig wär, trotz der nuklearer Dissuasioun.

An der Konkurrenz vun de Systemer wor déi westlech Fräiheet dat waertvollst Gutt, dat mir wollten verdeedegen. Mir wore fräi Mënschen, d’Leit am Ostblock wollten et ginn. Wéi nom Kale Krich eendeiteg konnt bewise ginn, goufen am Warschauer Pakt konkret Pläng fir ën Ugrëff géint eis gemaach. Dovun wore mir awer och ëmmer schonn iwwerzeegt. Déi militäresch Opstellung vum Warschauer Pakt huet eng kloer Sprooch geschwat. Och de Risiko fir als Westen militäresch bannent e puer Deeg iwwerrrannt ze ginn wor héich.

Ennert dene Conditiounen halen ech et och fir militäresch vollkommen normal, dat een geheim Viirbereedungen trëfft fir am Fall vun enger Okkupatioun duerch feindlech Truppen kënnen Widderstand ze leeschten.  Aus denen schrecklechen Erfahrungen aus dem Zweete Weltkrich hu missen Léieren gezunn ginn.  Iwwer d’Opstellung vu „Stay behind“ wees ech perséinlech näicht, mä ech denken dat een am viraus organiséierte Widderstand enger propperer, militärescher Logik entsprëcht,  an dat een do absolut net muss u konspirativ oder souguer rietsextrem Mechanismen denken fir eng Interpretatioun vun sou Moossnamen kënnen unzebidden. Dat gëllt selbstverständlech och fir militäresch Manöveren an denen Guerillaoperatiounen hannert feindleche Linnen a Sabotageoperatiounen trainéiert gi sinn. Ech kann mir och net virstellen, dat d’Viirbereedung vun Widderstandsoptiounen an de NATO-Staten ouni de politeschen  Accord vun de Regierungen ageleed gi wär.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Manner Europa, méi Lëtzebuerg!

Haut de Mëtteg huet d’Madame Reding d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber besicht fir besonnesch iwwer d’Fraequot an den Verwaltungsréit vun den boursenotéierten Entreprisen ze schwätzen. Perséinlech sinn ech strikt géint sou Quoten. D’Entreprisen sollen vu qualifizéierte Leit geféiert ginn, an net vu Quotengnoden. Vill Fraen soen mat Recht, dat Quoten d’Fraen diskriminéieren. D’Quoten ginn no baussen virun allem ee Signal, an dat ass dat vun der staatlech imposéierter Inkompetenz. Wéi et bannen bei denen Betraffenen ausgesäit, wees ech net. Ech hätt jiddefalls sou vill Eiergefill, dat ech keen Posten geng akzeptéieren den ech nëmmen duerch eng Geschlechterquot geng kréien.

Op d’Diskussioun selwer wëll ech am Abléck nach net  agoen. Alles wat  statistesch Verdréiungen, manipulativ Ennerstellungen  an sozio-psychologesch Véierelswouerechten kënnen argumentativ hirginn gehéiert zum Standardrépertoire  vun der Europäescher Kommissioun. D’Quotendiskussioun ass eng vu mengen Lieblingsthematiken an ech kommen op jiddefall op de Fong vun der Saach zréck.

Mä d’Quoten sinn net alléng dat wat mir Suergen mecht wann ech der Madame Reding nolauschteren. Mech stéiert op d’mannst genee sou vill, déi iwwergrouss Muecht vun der Europäescher Kommissisoun an déi Arroganz mat där d’Memberen vun der Kommissioun mengen optrieden ze därfen.

D’Madame Reding seet  « ech (!) maachen e  Gesetz »,  wann si vun enger Direktiv vum Europäesche Parlament a vum Conseil schwätzt. Si därf natierlech eng Direktiv proposéieren, dat ass wouer, mä Anerer decidéieren. D’Madame Reding seet bis den Abrël 2014 « hunn ech (!)  nach e  Parlament »  wann si sech drop bezitt, dat d’Europaparlament sech virun denen nächsten Europawahlen opléist. Wéi soen eis englesch Frënn, secher dacks och mat Bléck op Bréissel: « When it comes to modesty, nobody equals me ».

D’Kommissioun zitt d’Argumenter fir Fraequoten mat den Hoer erbäi. Et wär eng « Distorsioun am Bannemaart » wann et keng europäesch Fraequoten geng ginn. Als eurokritesche Mënsch weisen ech drop hin, dat mat dem Bannemaartsargument schonn all Méigleches vu Bréissel verlaangt an leider och duerchgesat gouf.

Fir mech ass keen Zweifel, dat eng ganz Rei vu Kompetenzen, wann net déi meescht,  vun der EU mussen zréck un d’Nationalstaten goen, an dat  honnerten vun europäeschen Rechtsakten ouni Problem nees kënnen ofgeschaaft ginn – desto éichter, desto besser, desto méi, desto léiwer.  Wen der Madame Reding nolauschtert, den wees an den spiert, dat Europa eng Gefor net nëmmen fir eis Souveränitéit ass, mä ëmmer méi och fir eis Fräiheet. Mir brauche vill manner Europa a nes vill méi Nationalstat.

D’Madame Reding sot nach eppes aanecht, wat genee weist, wat d’Europäesch Kommssioun mengt sech alles därfen erauszehuelen: si sot, si geng « gesellschaftsverännerend virgoen ». Eis Gesellschaft veränneren kann awer net d’Aufgab vun enger Bréisseler Bürokratie sinn – eis Gesellschaft ännere mir, mir Lëtzebuerger Bierger, sou wéi mir wëllen oder och iwwerhaapt net. Näicht ass am Prinzip falsch drunn, wa mir wëlle sou bleiwen wéi mir sinn!

No dem Gespréich vun haut de Mëtteg sinn ech nach e Stéck méi wäit vun Europa wech geréckelt. Léif Leit, sot et wann-ech-gelift virun, mir brauche manner Europa a nes méi Lëtzebuerg!

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Le gouvernement des juges

Op d’mannst zwee rezent Geriichtsuerteeler  iwwer d’Rechter vun denen homosexuelle Koppelen am Beräich vun der Adoptioun vu Kanner hunn, niewent hiren direkten Implikatiounen op d’Familljerecht,  och Konsequenzen op d’Debatt vun der Roll vun engem Riichter géintiwwer dem Législateur. Konkret geet et ëm d’Uerteeler vum däitschen Verfaassungsgeriicht iwwer d’Sukzessivadoptiounen an ëm dat vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Fro vu Stéifkandadoptiounen an Eisterräich.

http://www.bundesverfassungsgericht.de/entscheidungen/ls20130219_1bvl000111.html

http://hudoc.echr.coe.int/sites/fra-press/pages/search.aspx?i=003-4264499-5083126

Prinzipiell, sou behaapten ech jiddefalls, ass de Wëllen vum Législateur déi wichtegst Quell vum positive Recht. En demokratesch gewielte Parlament ass  déi legitiméiert Autoritéit där hir  Missioun et ass fir Gesetzer am Déngscht vun der Allgeméngheet ze decidéieren. Hei klameren ech d’Diskussioun ëm de Stellewäert vum Naturrecht aus, dat ech awer perséinlech als philosophesch Rechtsquell ganz uewe setzen. D’Naturrecht ass e Garant géint ethesch Verierungen vum Législateur.

De Riichter applizéiert an ën interpretéiert d’Gesetz, awer wann-ech-gelift am Sënn vum Législateur! De Riichter ass keen „jurislateur“, hien ass keen Konkurrent vum Parlament,  an seng Interpretatiounen därfen de Sënn vum Gesetz net verdréinen. Fir  als Warnung dem Jean Carbonnier säin Ausdrock ze iwwerhuelen: „L’interprétation est la forme intellectuelle de la désobéissance ». Sou wäit därf et net kommen.

Besonnesch kontrovers gesellschaftspolitesch oder moralesch Froen, wéi zum Beispill déi vun de Rechter vun homosexuelle Koppelen, mussen um Niveau vun der ëffentlecher Diskussioun geklärt ginn.  D’Decisiounen sinn mat der Autoritéit an  ënner  der Verantwortung  vu gewielte Leit ze huelen. Politesch Froen gehéieren an déi politesch Sphär.  D’Parteien mussen d’Méiglechkeet hunn fir an engem oppenen Konkurrenzkampf Majoritéiten fir hir gesellschaftspolitesch Viirstellungen ze kréien.

Dat verschidde Geriichter well Pouvoiren hunn, déi och mol vläicht keen hinnen bei hirer Grënnung  wollt ginn, dat huet eng Rei vun Uersaachen. Mir sinn zu enger Gesellschaft vun Affekoten ginn an mir kruten eng Mentalitéit vum „tout-judiciaire“. Wéi wäit déi Entwécklung nach dem Sënn an dem Wiesen vun engem Rechtsstat entsprecht, dat ass sécher eng interessant Fro.

D’Politik selwer huet och heiansdo probéiert fir sech hirer Verantwortung ze entzéien an dem si  léiwer e puer quokeleg Decisiounen de Riichter iwwerlooss huet. Dat dat muss dozou féieren, dat et zu Kompetenz- an Autoritéisverlagerungen zu Gonschten vum drëtte Pouvoir kënnt, dat ass normal. De Riichter kann een do kee Viirworf maachen. Der Politik awer sëcher!

Mä trotzdem wëll ech probéieren de Riichter dräi Rotschléi ze ginn – mir als Politiker kréien der jo och genuch.

D’Riichter kënnen net hir eege Meenung iwwer den demokratesche Prozess erhiewen. Hir Interventioun muss am Kader vun der Interpretatioun vum Gesetz bleiwen an si därf sech net iwwer de Sënn vum Gesetz wechsetzen. Do wou et méiglech ass kann eng konkordant oder net-konkordant Uerteelsbegrënnung zu enger Klärung bäidroen.  Wann e Riichter awer mengt misse Politik ze maachen, wat säi gutt Recht ass, da muss en  oppen an d’Politik goen. Wann hien wëll eege Meenungen publizéieren déi iwwer d’Interpretatioun vum Gesetz an engem bestëmmte Fall rausginn, wat als intellektuell oder wëssenschaftlech Aktivitéit ëmmer ze begréissen ass, da soll hien Bicher schreiwen a Virträg halen.

D’Riichter därfen sech net  – wëllentlech oder onwëllentlech – duerch Lobbyen instrumentaliséiere loossen. Iwwer déi „Expertisen“ déi dem däitsche Geriicht virgeluegt goufen hunn ech schon op dësem Blog geschriwwen, an déi eesäiteg an onkritesch Rezeptioun vun denen „Expertisen“ hunn ech bedauert. D’Beméien ëm Objektivitéit gehéiert zu där elementarer Deontologie vum Riichter. Den EuGH fir Mënscherechter huet sech, menger Meenung no, net un dee Grondprinzip gehalen. Hei ass d’Lëscht vun den „Expertisen“ ob déi hien säin Uerteel mat baséiert huet:

„Conformément à l’article 36 de la Convention, le président de la Grande Chambre a

autorisé les organisations et institutions suivantes à intervenir en qualité de tierces

parties dans la procédure écrite :

– conjointement, la Fédération internationale des ligues des Droits de l’Homme (FIDH), la

Commission internationale de juristes (CIJ), la branche européenne de l’International

Lesbian, Gay, Bisexual, Trans and Intersex Association (ILGA-Europe), la British

Association for Adoption and Fostering (BAAF), le Network of European LGBT Families

Associations (NELFA), et l’European Commission on Sexual Orientation Law (ECSOL) ;

– le Centre européen pour le droit et la justice (ECLJ) ;

– le procureur général d’Irlande du Nord ;

Amnesty International (AI) ;

Alliance Defending Freedom.”

Alléng d’Analys vun denen Contributiounen wär en eegenen Artikel wäert.

An drëttens, de Riichter därf de Prestige vun der Justiz net mëssbrauchen fir eege politesch Meenungen ze favoriséieren.

An der Diskussioun ëm d’Verfaasssungsreform hei zu Lëtzebuerg, probéieren ech jidddefalls aus där do Diskussioun meng Léieren ze zéien.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Minister fir iwwerflësseg Kommitteeën a massiv Bürokratiséierung,

Etienne Schneider, huet grad decidéiert en « Haut-Comité dédié à l’industrie » zë grënnen. Den Héige Kommittee fir d’Industrie kann thematesch Aarbechtsgruppe forméieren an e kann déifsënneg  iwwer Froen nodenken déi en selwer definéiert . De Kommittee besteet aus zwee Ministeren a Vertrieder vun der Industrie, déi no hirer Kompetenz an Erfahrung erausgesicht ginn.  De Regierungsrot, ënnert der Presidentschaft vum Här Premierminister, den déi administrativ Vereinfachung schonn joerelaang als Chefsaach bedreift – wéi mir all wëssen mat enormem  Erfolleg – wor domat averstanen.

Ass dat net schéin ? Amplaatz d’Problemer vun der Industrie ze léisen, maache mir elo sou als misste mir se nach entdecken. Mir hunn an der FEDIL all Expertis déi mir an dem do Beräich brauchen an mir kënnen d’Informatiounen vum Patronat duerch d’Meenung vun de Gewerkschaften nach kompletéieren.  Mä an engem Land wou de Sozialdialog net méi funktionnéiert, mat enger Regierung déi d’Verantwortung scheit a  keng Decisiounen kann huelen, do mussen eben Kommissiounen an Enner-Kommissiounen an d’Liewen geruff ginn fir sou ze maachen als geng nach eppes geschéien.

Mir brauchen awer keng nei Gremien a keng nei Pabeieren! Wat mir brauchen  sinn verantwortungsbewosst Leit déi kënnen Decisiounen huelen fir eist Land virun ze bréngen, an wann et muss sinn och där schwéierer! Wéi et schéngt, fënnt en där awer an eiser Regierung keng.  Da brauche mir ebe séier nach en neie Gremium, vläicht en « Haut- Comité dédié à la gouvernance »?

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kathoulesch Kierch: de Poopst Benedikt XVI an den Tirang!

Wien op d’Spaweckssäit vun der lëtzebuerger kathoulescher Kierch geet, fir ze kucken wéi si dem Poopst Benedikt dem XVI wëll Aeddi a Merci wëll soen, den fënnt   –  näicht! Am Ausland ginn Mercihoumassen gefeiert, an op der Spaweckssäit vum Aerzbistum Köln ass dat zum Beispill gläich déi alleréicht Neiegkeet. D’sëlwecht beim Archidiocèse de Paris wou  grouss eng „Messe d’action de grâce“ ugekënnegt gëtt.

Hei zu Lëtzebuerg schéngt näicht zë sinn, jiddefalls mol näicht an der Kathedral mä héchstens – wann dat da stëmmt –  eng kleng Zeremonie an der Paterekierch. Kee Wuert driwwer op d’Klacken vun de Kierchen hei am Land lauden fir dem Poopst Aeddi ze soen. En trauregen an onwierdegen Aeddi fir e grousse Poopst! En besonnesch onverdéngten Aeddi fir dee Poopst den de neien Aerzbëschof vu Lëtzebuerg grad eréicht ernannt huet.

De Benedikt XVI wor eiser Kierch an hirer „autorité de tutelle“, der CSV, wahrscheinlech zevill konservativ. Hat net den Här Juncker sech driwwer opgereegt, dat de Poopst net wollt, dat bei eis en Euthanasiegesetz soll gestëmmt ginn? An hat net dee selwechten Här Juncker, den net wollt dat d’Kierch sech hei am Land fir de Schutz vum Liewen asetzt, dem Poopst wëlle virschreiwen wien hien muss exkommunizéieren a wen net?  Soll den Här Juncker, den jo lo gutt Zäit huet,  vläicht d’Nofolleg am Vatikan briguéieren, als Mr. Sancto?

Déi lëtzbuerger kathoulesch Kierch soll dat maachen, wat si als Deel vun der Weltkierch ze maachen huet: si soll e ganz grousse Poopst éieren a wierdegen!

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Relioun | 1 Kommentar

Déi Gréng: amplaatz „Konkret Politik“ eng nebulös Grondsazerklärung!

De Kongress vun dene Gréngen vum 23. Februar hat den schéinen Titel « Konkret Politik ». Raus koum eng véier Säite laang Grondsazerklärung, déi alles aanescht wéi konkret ass. Et ass en Dokument mat villen abstrakten Sprëch a Floskelen, mä ouni konkret politesch Aussoen.

Déi éicht Fro, déi een sech ka stellen ass déi vum méiglechen Plagiat. Dee ganzen Text ass op Däitsch an et kann een sech froen  wou dat Gefloskels dann eigentlech hier kënnt. Déi Gréng als lëtzebuerger Lokalsectioun vu « Bündnis 90/Die Grünen »  konnten sech am Ausland vläicht fäerdeg Texter organiséieren, déi just nach ë bësselchen hu missen ëmgeplooschtert ginn. Leit déi sech mat Anti-Plagiatsprogrammer auskennen, fannen vläicht um Spaweck déi korrespondéierend Originaltexter.

Op ville Plazen an dem Pabeier deit sech un, wat vernënfteg Leit ëmmer nes dene Gréngen reprochéieren. Déi Gréng schwätzen vu Fräiheet mä si mëschen sech hemmungslos an d’Privatliewen vun de Leit an. Si behaapten si wären fir sozial Gerechtegkeet, mä hir Spezialitéit ass d’Erhéigen vun Taxen a Steieren : Gréng gëtt deier, fir déi Räich mä grad sou fir déi Aarm! Si soen eis, wéi mir ze liewen hunn : gläich a véier Paragraphen kritiséieren si eisen Liewensstil a fuerderen eng Konsummässegung. Si verlaangen präventiv déi Schied ze evitéieren, den eise Liewensstil hirer Meenung no veruersaacht. Wéi si eis wëllen ëmerzéien, oder mat wat wéi enge neie Steieren a Belaaschtungen si eis hir Virstellungen fir eise Liewensstil wëllen opzwéngen, dat soen si eis léiwer nët.

Si wëllen wéi all lénk Utopisten dee neie Mënsch schafen, besonnesch duerch d’Emsetzen vun der Gender-Theorie. Hir Zil ass eng « Auflösung der historisch gewachsenen  (…) stereotypen Geschlechterrollen ».  Wéi si eis wëllen empolen, steet och net an hirem  Pabeier.

Ausgerechent déi Gréng, déi dauernd vu politescher Korrektheet schwätzen an duerch hiren lénken Dogmatismus  d’Championën vun der Intoleranz sinn, ausgerechent si behaapten fir d’Gedanken- an d’Meenungsfräiheet anzetrieden.

An ausgerechent déi Gréng, déi nach viru kuerzem an der Chamber géint e Referendum iwwer den iwwerflëssegen Tram gestëmmt hunn, behaapten fir d’«Förderung von Bürgerbeteiligung » a fir « Demokratie für alle » ze sinn. Domadder kënnen si also  héchstens d’Walrecht fir d’Auslänner bei de Chamberwalen geméngt hunn.

Dozou passt och, dat si fir « das Ueberwinden von sprachlichen Hindernissen » sinn. Mat « sprachlichem Hindernis » mengen si eis Sprooch.

Si sinn fir en total onkriteschen Multikulti (« Diversität », « Unterschiedliche Lebensstile ») a behaapten dann dat géng den « Zusammenhalt » an eiser Gesellschaft fördern. Wéi kann dann e Niewenëneen ouni Integratioun der Solidaritéit an eiser Gesellschaft déngen ? Dat bleiwt e gréngt Geheimnis!

Si soen si géngen sech fir villsäiteg a kritesch Medien asetzen, sinn awer déi éicht déi an der Chamber fir Gesetzer stëmmen, déi d’Fräiheet vun der Press aschränken.

Si wëllen wirtschaftlech Diversitéit a vergiessen ze soen, dat keng Partei méi wirtschaftsschiedlech ass wéi si! Déi Gréng sinn en technologie- a wëssenschaftsfeindleche Klippchen vun ecologeschen Dreemerten. Si héigen d’Steieren, schueden der Finanzplaz, behënneren den Ausbau vun den Infrastrukturen, verdeieren d’Energie, limitéieren d’Mobilitéit, mëschen sech an d’Gestioun vun de Betriber an  a vervillfachen d’Bürokratie. Wannn een  Investor eppes mat Sëcherheet net brauch, dann sinn et gréng Politiker!

Déi Gréng hunn hire Loftblosenkongress hannert sech. Zënter drësseg Joer verbreeden déi do Leit hir gesellschaftsschiedlech Theorien. Hoffentlech kommen net nach eemol 3o Joer dobäi!

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Fir e Nationalen Elitlycée!

Ech wees, den Titel klengt vläicht fir Verschiddener provokativ, mä ech mengen et awer och sou – genee sou!

Et muss Schluss sinn mat der Schoul vun der Usprochslosegkeet, vum « nivellement vers le bas », vu Cyclen wou keen kann sëtzebleiwen, vum Kompenséieren amplaatz vum Léieren, vun der Faulheet amplaatz vum Fläiss, vu nebulösen Bilanen amplaatz kloren Zensuren, vun Orientatiounscomitéën amplaatz Examenscommissiounen! Et muss Schluss sinn, mat denen populisteschen Schoulrezepter wou jiddereen soll en Diplom kréien, den awer herno näicht méi wäert ass. Et muss Schluss sinn mat enger Schoul wou déi Gutt net méi viru kommen, well déi Schwaach se bremsen.

Ech wëll zréck bei den alen Schoulsystem, net aus Nostalgie, mä well en einfach besser wor! Fréier konnt d’Léierpersonal och nach anstänneg Franséich, haut kënne eng Partie  vun hinnen kee Bréif méi schreiwen.  Fréier sinn eis Primaner op auslänneschen Universitéiten mat oppenen Aerm empfanng ginn, haut ginn si op eenzelnen Universitéiten mol net méi ugeholl. Fréier woussten eis Kanner nach eppes, si krute Bildung an hu geléiert fir vernetzt ze denken,  haut ginn hinnen « Kompetenzen » zertiféiert déi si iwwerhaapt net hunn.

Eis Léierpersonal léiert pädagogesch Konzepter aus den 1968er-Schrottrezepter  vum sozialisteschen a gréngen Eenheetsdenken. Eis Schoulen ginn zu Sozialinstituter an Fabriken vun dene lénken Gesellschaftsutopien. Si erstécken an der Bürokratie.  An der Tëschenzäit schléift d’Konkurrenz net! An den angelsächsesche Länner an an all eise Nopeschlänner gëtt et richteg Elitschoulen, an an Asien sinn d’Leeschtung an de Fläiss déi iewecht Prinzipien. Bravo!  Och eist Land brauch eng Zukunft an der globaler Konkurrenz !

Eis Kanner wëlle léieren, si wëllen sech ustrengen, si wëllen op  hir Leeschtung  houfreg sinn, si wëllen sech intellektuell a moralesch weiderentwéckelen an si wëllen op hirem Liewenswee virukommen. Déi aktuell Schoulpolitik hëllt hinnen déi Chancen.  Mir sollen si hinnen nees ginn.  Eng Schoul déi Leeschtung belount ass och sozial gerecht. Nëmme sou kréien och déi talentéiert Kanner aus sozial schwaache Milieuën eng reeëll Chance am Liewen – duerch ën anstännegen, respektéierten  an uenerkanntenen Diplom.  Am Abléck ass et jo sou, dat déi Leit déi sech besser gestallt sinn hir Kanner léiwer op deier Privatschoulen schécken wéi an déi ëffentlech, lëtzebuergesch Schoul. Sozial Segregatioun an de Schoulen a wärtlos Diplomer fir déi sozial méi Schwaach – dat sinn d’Resultater vun der sozialistescher Unterrechtspolitik. Och aus Grënn vun der sozialer Gerechtegkeet gëtt et also keng Alternativ zum Leeschtungsprinzip.

Wen wëll duerch d’Liewe goen, muss léiere falen. Et muss een wëssen dat een kann duerchfalen. Den Echec gehéiert zum Liewen.  Et musse een spieren, dat eng Datz e Risiko mat sech bréngt. Et soll een realiséieren, dat en Examen e Schlësselament am Liewen ass.

Ech wëll dowéinst eng ganz aner Schoulpolitik – an et ass mir vollkommen egal op d’Leit mech dowéinst fir reaktionär oder soss eppes halen  – well ech SINN e Reaktionär géint déi aktuell Schoulpolitik!

Ech wëll zréck bei d’Primärschoul mat sechs Klassen (oder méi). D’Dräisproochegekeet an eise Primärschoulen (Lëtzebuergesch-Däitsch-Franséich) gëtt erhalen. Et gëtt dobäi keng Aschränkungen oder Aennerungen fir auslännesch Kanner. D’Schoul déngt der Integratioun an déi lëtzebuergesch Gesellschaft op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch. Kanner déi nei an d’Land kommen, léieren intensiv eis Sproochen ier si an eis Schoulen kommen.

Ech well zréck bei den Opnahmeexamen, de Passageexamen an e Premièresexamen wou d’Joer net mat zielt. All – jo ALL – Kompensatiounsméiglechkeeten ginn ofgeschaaft. Et gëtt keng « travaux iergendeppes » méi an de Vakanzen, mä regulär Noexamen. Et gëtt Punkten op 60 a wen keng 30 huet, gewënnt en Extratour. Dat ass laang net sou schlëmm, wéi dat dacks duergestallt gëtt.

D’Disziplin an de Schoulen gëtt verstärkt. Handyën, Drogen, Kapen, Knätsch an Zigaretten hunn an de Schoulen näicht verluer.  D’Affekoten och net.  D’Mentalitéit vum „tout-judiciaire“ schued der Schoul a schued schlussendlech och de Kanner. Reclamatiounen mussen am Schoulsystème traitéiert ginn, net op de Geriichter.

Wen an d’Schoul geet, ass anstänneg ugedoen a behëllt sech héiflech a korrekt. D’Schoul ass net do fir Kanner ze zillen, déi doheem net gezillt goufen. D’Schoul ass eng Plaz wou geléiert gëtt. Schouluniformen gi recommandéiert a vum Stat bezuelt. Markefetischismus huet an der Schoul näicht verluer.

D’Handwierk gëtt revaloriséiert.  All beruffsorientéiert Schoul soll autonom a spezifesch ausbilden. Et gëtt keng Gesamtschoul a keng Gläichmaacherei. D’Schoulen kënnen sech hir Schüler an engem bestëmmte Moos raussichen.

De klassesche Lycée gëtt  voll retabléiert an de Programm gëtt reforméiert a vergréissert. Fir et däitlech ze soen : Méi SCHOULSTONNEN a méi PROGRAMM!  Lëtzebuergesch gëtt obligatoresch Schoulfach op alle Klassen –  vu 7ème bis 1ère . Déi klassesch Sproochen Latäin an Algriichesch ginn systematesch promovéiert. Et ginn keng Sektiounen ofgeschaaft. Et gëtt e spezielle Lycée fir Konscht a Musek gegrënnt. De Sportunterrecht gëtt komplett reforméiert an aanecht organiséiert. Fir besonnesch gutt Schüler an der Mathematik an an de Naturwëssenschaften gëtt et nach extra-Coursen an de Vakanzen déi  zësummen mat der Uni organiséiert ginn.

De Reliounsunterrecht bleift an eise Schoulen. De reliéisen an iwwerhaapt de philosopheschen Analphabetismus ass eng  Schan fir eist Land an eis Zäit. Mir sollen d’Kultur flegen a förderen a net déi kulturell Barbarei nach encouragéieren.

Et gëtt e nationalen Elitlycée a Fom vun engem Internat gegrënnt. All Joer gëtt alle Schüler aus dem Enseignement secondaire classique d’Participatioun un engem nationale Concours erméiglecht fir kënnen op eng Klass vum  Elitlycée ze kommen.

Schoulreformen mussen eist Land no vir bréngen an eis Kanner eng beschtméiglech Viirbereedung op d’Liewen mat op de Wee ginn.

Voilà – dat wor de Résumé vun dem wat ech proposéieren. Jiddefalls soll lo keen soen, et geng keng politesch Alternativ zu där aktueller Politik ginn!  Dat do si meng Iwwerzeegungen an zu denen stinn ech.

Ah jo, a wann d’OECD oder d’EU net sollten d’accord sinn, dann haten se eben Pech. Et geet mir nämlech och duer mat der Ennerwierfungspolitk géintiwwer auslänneschen « Experten » mat dubiosen Ziler.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Adoptioun vu Kanner duerch homosexuell Koppelen – d’Meenung vun der nationaler Ethikkommissioun

Well d’Avisën vun der nationaler Ethikkommissioun leider relativ wéineg gelies ginn, wollt ech den Avis Nr. 22 den ënner anerem och déi aktuell Fro vun der Adoptioun vu Kanner duerch homosexuell Koppelen diskutéiert, och nach op dëser Plaz publizéieren:

http://www.cne.public.lu/publications/avis/Avis_22.pdf

An dësem Zësummenhang kënnen d’Säiten 19dd an 55dd, den een oder aaneren Lieser vläicht besonnesch interesséieren.

Perséinlech denken ech, dat fir verschidden, ganz sielen Ausnahmen eng Léisung muss fonnt ginn fir Häerten ze evitéieren. Zum Beispill kann et sinn, dat e Kand dat bei homosexuelle Leit opgewues ass, vun denen een e biologeschen oder adoptiven Elterendeel vun dem Kand war, mam Stierffall vun där Persoun konfrontéiert gëtt. Wann keen aneren biologeschen Elterendeel méi existéiert oder en Zësummekommen mat dem aus wierklech gudden an iwwerzeegenden Uersaachen net sollt méiglech sinn, da sollt et denkbar sinn, dat dat Kand bei dem iwwerliewenden homosexuelle Partner kann bleiwen, wann dat onzweifelhaft am Interessi vum Kand ass.

Wéi dat rechtlech misst geregelt sinn (duerch ën nach ze schaafenden Statut vun enger de-facto Eltereschaft oder enger de-facto Famiiljebezéiung, Stéifkandadoptioun mat Restriktiounen, Sukzessivadoptioun just fir de Fall vum Dout vun engem wierklechen oder adoptiven Elterendeel, Optiounsméiglechkeet vum Kand vun engem bestëmmten Alter un, etc…), dat misst dann ze kucke sinn. Mä et soll keen Kand missen an en Heem wann et kéint a sengem gewinnten Emfeld bleiwen, selbstverständlech ënnert der Bedingung, dat dat och wierklech a sengem Interessi ass,  dat et dem do bis elo gutt gaangen ass, an dat et net géint säi Wëllen misst bei där Persoun bleiwen.

Dëss Positioun ass net méi wéi de Versuch fir eng pragmatesch Léisung fir déi genannten de-facto Ausnahmssituatiounen ze fannen. Si ännert natierlech absolut näicht u menger grondsätzlecher Haltung, dat Kanner sollen an enger richteger Famill opwuessen: bei Papp a Mamm, Adoptivpapp an Adoptivmamm, oder jiddefalls bei enger heterosexueller Koppel.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar