D’ASTI um Holzwee!

Meng Positoun zum Auslännerwalrecht hunn ech op dësem Blog scho präziséiert. Fir mech kann d’Walrecht nëmmen un d’Lëtzebuerger Nationalitéit gebonne sinn. Dësen Artikel ass nëmmen eng zousätzlech Reaktioun op déi rezent Fuerderungen vun der ASTI.

Déi  huet haut verlaangt,  dat d’Auslänner déi hei liewen missten dat politesch Matsproochrecht bei de Chamberwalen kréien. E wichtegt Argument ass der ASTI – dat gouf  gläich  e puer mol an engem Radiosinterview betount – dat déi Leit jo hei genge Steiere bezuelen. Doduerch géif eng communauté « d’intérêts » mat de Lëtzebuerger bestoen, déi e politescht Matsproochrecht geng justifiéieren, net awer eng « communauté de destin » déi geng weiderhin vun der Nationalitéit ofhänken.

Dobäi wor et och nach ganz interessant festzestellen, dat d’ASTI, ähnlech wéi déi Gréng,  de Wäert vun eiser Nationalsprooch total relativéiert. Si geet einfach dovun aus, dat mir hei eng Situatioun vun enger de facto Dräisproochegkeet hätten, an dat dat politescht Liewen sech misst un déi Situatioun upassen.

Déi Positiounen vun der ASTI weisen ech vehement zréck. Eichtens wëll ech keen Parlament dat zwar habilitéiert wär fir – mat den Auslännerstëmmen – iwwer Froen vun eiser sougenanntener « communauté d’intérêts »  mat der auslännescher Populatioun ofzestëmmen, dat awer dann, wann et em den « destin » vun de Lëtzebuerger geet, net méi déi Kompositioun hätt, déi e reng lëtzebuergeschen Elektorat  der Chamber ginn hätt. Fir mech ass a bleift et kloer, dat e Parlament ëmmer muss sou zësummegesat sinn, dat et ouni Rechtszweifel d’Interessen an d’Schicksalsfroen vum Staatsvollék kann verdeedegen.

Ech weisen och dat Argument mat de Steieren zréck. De 26. Oktober 1919 gouf zu Lëtzebuerg dat universellt Walrecht agefouert – gebonnen un d’Nationalitéit. Virdrunn haten net nëmmen d’Fraen kee Walrecht, mä och 75% vun de Männer hate keent. Bis dohin wor d’Walrecht nämlech u steierlech Critèren gebonnen. Et wor eng grouss a wichteg demokratesch Entwécklung, dat keng finanziell Critèren méi sollten iwwer d’Walrecht decidéieren.

Wa mir lo gengen higoen an nes e steierleche Critère gengen aféieren – den jo dann secher och misst fir d’Frontalierë gëllen soss wären déi jo géintiwwer denen residenten Auslänner « diskriminéiert » – da geng dat méi Froen opwierfen wéi beäntwerten.  Wéi wär et mat denen residenten Auslänner déi hei keng Steieren bezuelen ? A mat denen déi keng Aarbecht hunn ? Hätten déi dann och all d’Walrecht ? Ass a Wierklechkeet dat Argument vun de Steieren net nëmmen e Virwand fir d’ASTI fir einfach d’Auslännerwalrecht ze fuerderen?

A wann dat Argument dann awer eecht ze huelen wär, – wat et wuelverstaanen net ass -, wéi wär et mat all dene Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen an do Steiere bezuelen ? Missten déi dann net och d’Walrecht fir déi respektiv Parlamenter vun dene Länner kréien ?

D’ASTI ass sech bewosst, dat d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht dat politescht Liewen hei am Land geng vollkommen op d’Kopp dréinen. Wéi bei der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers ass ausserdem net ze iwwerhéieren, dat si d’Auslännerwalrecht ënner anerem och als eng Moossnaam géint d’Fonction Publique gesäit.

Ech si gespaant wéi d’Lëtzebuerger sech an denen nächste Walen wärten decidéieren. Méi wéi je ginn dat Schicksalwahlen fir eist Land. Vläicht ass déi Diskussioun iwwer d’Auslännerwahlrecht vun de Sozialisten zu engem Abléck lancéiert ginn, wou se geduecht hunn, d’ADR wär schonn dout. Mä dëss Land brauch méi wéi je eng Partei déi sech nach éierlech a vu ganzem Härz fir d’Lëtzebuerger a fir Lëtzebuerg engagéiert.

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Klimawandel: Waarm…, kal……, derlaanscht!

Katastrofenszenarien verkafen sech ëmmer gutt, virun allem am Emweltberäich. Besonnesch bei eisen däitsche Noperen huet een den Androck, dat si eng grouss Freed drunn hunn, fir sech permanent  unzekloen an an eng Weltënnergangsstëmmung ze versetzen. Firwat dat sou ass, bleift fir mech e Geheimnis vun der däitscher Séil. Vläicht huet et jo awer och einfach domat ze dinn, dat iwwerduerchschnëttlech vill Journalisten Sympathien fir déi Gréng hunn, an dat si mengen dat all nei Dramatiséierung dene Gréngen méi Stëmmen brengt. Dat ass vläicht wahltaktesch richteg, soss awer komplett verantwortungslos.

Déi sougenannten Klimakatastrof ass do keng Ausnam. Et gëtt wuel kaum e Beräich an dem an dene leschte Joeren sou vill gelunn a sou vill systematesch iwwerdriwwe gouf, wéi an dem do Beräich. Vum Al Gore senger Hockey-Courbe, denen zwee Climate-Gaten,  dem Schmëlzen vun den Himalaya-Gletescheren,  denen op d’mannst onkloren Verhältnisser am IPCC, dem extrem deieren a praktesch komplett sënnlosen Kyoto-Protokoll, bis zu der Verdäiwelung vu raisonnable Kritiker als « Klimaskeptiker » a Gott wees wat nach – déi do Debatt ass gezeechent vu Fanatismus an Intoleranz. Mir si wäit wech komm vu wëssenschaftlecher Objektivitéit a vun enger raisonnéierter Gespréichskultur.

Och déi lëtzebuerger Chamber hat en Aarbechtsgrupp zu dem Thema agesat – an et gouf net een eenzege  Kritiker invitéiert! Och typesch fir eng Chamber déi virun allem d’ « pensée unique » an d’ « political correctness » fleegt, amplaz hir Roll als liewegt Parlament ze erfëllen.

Klimawandel gëtt et natierlech, well et ën ëmmer gouf zënter dat et dëss Welt gëtt. Dat de Mensch säin Afloss dorop sollt limitéieren ass politesche Konsensus. Den Emweltschutz ass eng moralesch Obligatioun fir jiddefereen.

Mä dat mir eis Economie duerch sënnlos Accorden an eesäiteg Verflichtungen benodeelegen ass fir mech, net nëmmen mä besonnesch a Krisenzäiten, net ze vertrieden. Fir mech därf et keng international Verflichtungen méi ginn, wa net jiddereen sech drunn hällt. Déi Suen déi mir fir Kyoto- oder en Uschlossofkommes missten ausginn sollen zu 100% bei eis am Land bleiwen a prioritär fir d’Industriemoderniséierung am Emweltberäich a fir d’Sanéierung vun ëffentleche Gebaier benotzt ginn.

Emweltschutz jo – awer net zu Laaschten vun der Kompetitivitéit vun eisem Land! Wann déi Herrschaften zu Bréissel domadder sollten e Problem hunn, da sinn se jiddefalls bei mir un där falscher Adress. Och am Emweltberäich sollte mir der Europäescher Kommissoun sämtlech Kompetenzen wech huelen. Si därf zwar nach Propositiounen maachen, awer och net méi wéi dat.  Da kéinte mir och nees där gudder, aler elektrescher Biren benotzen – där ouni Quecksëlwer!

Wen een e puer gutt Bicher zum Thema « Klimawandel » sicht, ass een et mat dësen Titelen secher net schlecht beroden :

Hacène Arezki, Climat, mensonge et propagande, Thierry Soucar Editions,2010, ISBN 978-2-916878-60-7, 320 pages

Fritz Vahrenholt, Sebastian Lüning, Die kalte Sonne, Warum die Klimakatastrophe nicht stattfindet, Hoffmann und Campe, 2012, ISBN 978-3-455-50250-3, 445 Seiten.

Claude Allègre (avec Dominique de Montvalon), L’imposture climatique ou la fausse écologie, Plon, 2010, ISBN 978-2-266-21247-2, 351 pages.

Helmut Böttiger, Klimawandel, Gewissheit oder politische Machenschaft ?, IMHOF-Zeitgeschichte, 2008, ISBN 978-3-86568-350-2, 125 Seiten.

Dirk Maxeiner, Hurra, wir retten die Welt ! Wie Politik und Medien mit der Klimaforschung umspringen, wjs Verlag, 2007, ISBN 9 – 783- 937989-29-7, 230 Seiten.

Bjorn Lomborg, Cool it !Warum wir trotz Klimawandels einen kühlen Kopf bewahren sollten, pantheon-Verlag, 2009, ISBN 978-3 – 570 – 55065 – 6,   282 Seiten.

 

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Bicher, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Toleranz och fir Chrëschten!

An dem Artikel iwwer d’Doudelueden virun der Chamber hat ech an Erënnerung geruff, dat do eng friddlech Demonstratioun vun enger chrëschtlecher Nët-Regirungsorganisatioun vu lénken a feministeschen Demonstranten gestéiert gouf. Eenzel lëtzebuerger Politiker hunn d’Chrëschten déi sech géint d’Ofdreiwung ausgeschwat hunn och verbal beleedegt.

Doropshin huet eng Damm mir geschriwwen, déi mech op en ähnlechen Tëschefall zu Wien opmierksam gemaach huet – just dat d’Evenementer an Eisterräich nach e ganz anert Ausmooss haten.  Zu Wien hat eng Grupp vu Chrëschten e Gebietszuch vum Stephansdom bis zu der Staatsoper organiséiert fir wéinst enger Homosexuelle-Parad  ze béissen  a fir de Schutz vun der traditionneller Famill ze demonstréieren. Fir mech ass ganz kloer, dat esou eng Demonstratioun ënnert d’Reliouns- an d’Meenungsfräiheet fällt a muss vu jiddferengem toleréiert ginn – egal ob een lo gleeweg ass oder net an ob een eng geliewten Homosexualitéit lo als Sënn wëll gesinn oder nët. Dat ass Glaawenssaach, mä de Glaawen ass an eise Gesellschaften fräi a muss respektéiert ginn.

Dee Gebietszuch – den gläichzäiteg eng friddlech Demonstratioun war –  gouf awer massiv gestéiert. E Film den dat weist, ass Deel vun dësem Artikel. Fir mech ass et op jiddefall traureg ze gesinn, dat ausgerechent Leit déi sech –  zu Recht – op d’Toleranz  an op d’Fräiheet beruffen wann et em d’Vertriedung vun hirem eegenen Uleies geet, sou intolerant mat de Meenungen vun aaneren ëmginn.

Nodeems ech den Artikel « Homo-Bestietnis – Neen, Merci ! » op dësem Blog publizéiert hat, huet et net un haasserfëllten Kommentaren, virun allem op « facebook » gefeelt (« Waart du nëmmen, du houeren Kartheiser ») etc…  Mol dovun ofgesinn, dat sou Kommentaren munches iwwer den intellektuellen Niveau an déi moralesch Qualitéiten  vun hiren Auteuren soen, weisen si och, dat et a Punkto Toleranz och hei am Land manifest Defiziter gëtt.

Ech hoffe jiddefalls, dat mir hei am Land eng Debatt iwwer d’Homosexuellebestietnis kënne féieren, déi sech op engem anere Niveau bewegt wéi dat do. Ech wënsche mir géigeseitege Respekt an e Mindestmooss un  Héiflechkeet , och wann d’Positiounen sech diametral géintiwwerleien.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

De Mann am Laboratoire

An där vill diskutéierter Emissioun « Kloertext » vum 27. Januar 2013 huet den Här Asselborn ënner anerem nes d’Beispill vum « Mann am Laboratoire » beméit, fir sech géint den obligatoresche Charakter vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Fonction Publique auszeschwätzen.

Gemengt ass, dat mir jo net genuch lëtzebuergesch Spezialisten fir all Méigleches hei am Land hätten, an dat mir dowéinst och missten Leit am ëffentlechen Déngscht rekrutéieren, déi eis Nationalsprooch net kënnen.

Abee, meng Positioun dozou ass ë kloren an däitleche Nä ! Wen heihinner wëll schaffe kommen, kënnt jo wéinst enger interessanter Aarbecht a gewéinlech och wéinst enger – am Verglach mam Ausland – ganz generéiser Remuneratioun.  A fir sou eng flott a lukrativ Plaz ze kréien, därf een jo sëcher vun engem potentielle Kandidat nach erwaarden dat e kann a wëll ën adäquaten Effort maachen, och a sprooochlecher Hinsicht. Wen dat nët wëll, ass a mengen An virun allem eppes: grenzenlos arrogant!

Ass et dann ëmmer un eis Lëtzebuerger fir eis unzepassen ? Fir mat enger Damm oder engem Här déi sech ze schéin sinn fir eis Sprooch ze léieren, awer ganz gär eng lëtzebuergesch Paye kasséieren,  missen Français oder soss ëppes ze « parléieren » ?  Dat fällt villen Lëtzebuerger guer net sou einfach ! Leider hu mir lo schonn eng Rei vun héige Beamten déi keen oder sou gutt wéi keen Lëtzebuergesch kënnen, dorënner e puer notoresch Kaviarsozialisten. A mengen An ass dat e Skandal !

Firwat passe mir Lëtzebuerger eis hei am Land ëmmer un sou Leit un an halen net op eis Rechter ? Firwat musse mir Lëtzebuerger ëmmer souwuel eis Sproochkenntnisser wéi  eise permanente gudde Wëllen beweisen, béides Saachen déi sou Leit offensichtlech mepriséieren ?

Ech gehéieren zu denen, déi es genuch hunn! Keen aanert Land a keen anert Vollék op der Welt humiliéiert sech permanent selwer sou vill a sou systematesch wéi mir Lëtzebuerger dat maachen. Déi déi lo rëm direkt vun Rassismus a Xenophobie schwätzen, sollen sech mol iwwerleeën, ob net och mir Lëtzebuerger Rechter hunn – zum Beispill e Recht op den onangeschränkten Gebrauch vun der Nationalsprooch am eegene Land! Hu mir dann zum Beispill net e Recht drop fir an alle Verwaltungen – och am Staatslaboratoire – Lëtzebuergesch ze schwätzen?

Ech kennen keen anert Land dat sech selwer sou auto-koloniséiert wéi mir. An all Land mussen d’Leit d’Sprooch vun dem Land léieren a benotzen, just bei eis net. Abee, ech sinn net bereet sou ëppes ze toleréieren – a scho guer net an der Fonction Publique.

Ech denken mir sollten iwwer efficace Mossnamen nodenken for och ze garantéieren dat an de Geschäfter d’Leit op Lëtzebuergesch servéiert ginn. Och am Gesondheetssecteur a bei den Affekoten sinn ech der Meenung dat mir de Regime musse grondleeënd iwwerdenken – och wann dat eng Aennerung vum europäesche Recht heescht. Ech soen dat hei ganz däitlech, dat europäesch Texter déi eis net erlaben Lëtzebuergesch ze verlaangen, keng Gültegkeet méi därfen hunn.  Fir mech ass dat eng vun denen Reformen déi Europa dréngend brauch – eng massiv Réckverlagerung vu Kompetenzen un de Nationalstat, inklusiv alles wat de Gebrauch vun de Sproochen ugeet.

Fir vill Leit sinn dat hei lo vläicht radikal Fuerderungen. Fir mech ass dat do awer näicht aanecht, wéi eng iwwerfälleg Upassung un genee dee Standard den och déi aaner Länner fir sech an Usproch huelen, inklusiv déi Länner wou all déi Leit hirkommen, déi hei kee Lëtzebuergesch wëlle léieren.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen | 1 Kommentar

Doudelueden an Intoleranz

Wen sech fir d’Debatt ëm d’Ofdreiwung an der Chamber am November an am Dezember 2012 interesséiert huet, den wees bestëmmt och nach, datt et  den Dag vun der Ofstëmmung virun der Chamber zwou  Demonstratiounen gouf – eng vun Leit déi fir eng Fristeléisung bei der Ofdreiwung militéiert hunn an eng vu Leit déi géint d’Ofdreiwung agetrueden sinn.  D‘Géigner vun der Ofdreiwung woren Memberen  vun enger chrëschtlecher Associatioun déi zu Bréissel  hire Siège huet: „Pro Europa Christiana“. Déi chrëschtlech Demonstranten hunn friddlech demonstréiert, Tracten ausgedeelt a Cartonsdoudelueden virun der Chamber opgestallt fir drunn ze erënneren dat bei all Ofdreiwung e Kand stierft. Alles Saachen déi an enger Demokratie vollkomme legitim sinn an duerch d‘Mënscherechter op Meenungs- an Demonstratiounsfräiheet ofgesëchert sinn.

Verschiddener vun de Pro-Ofdreiwungsdemonstranten hunn déi Rechter vun denen Leit déi aanecht denken wéi si selwer awer net respektéiert. Si  hunn d’Demonstratioun vun den Ofdreiwungsgéigner gestéiert a  probéiert fir d‘Cartonsdoudelueden ze zerstéieren. Fir mech wor dat op e Neitst e Beweis fir d‘Intoleranz vun engem Deel vun  der politesch lénker Szen hei am Land. Aaner Meenungen wéi hir eegen gi net nëmme net toleréiert, mä et gëtt och nach probéiert fir denen hir Vertrieder  a Symboler kierperlech unzegräifen, respektiv ze zerstéieren. Vun dëser Plaz aus nach eemol e Merci un eis Police dat si agegraff huet an déi friddlech, chrëschtlech Demonstranten geschützt huet.

Meng perséinlech Sympathie gëllt selbstverständlech den Ofdreiwungsgéigner. Ech sinn bei si gaangen an hunn hinne Merci gesot fir hir Präsenz. Deemools wéi haut freeën ech mech dat si de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn. Meng Dankbarkeet a meng Solidaritéit mat denen Demonstranten hunn vill Leit rose gemaach. Haut wéi deemools halen ech awer mäi Schrëtt fir richteg. Wann een bannen an der Chamber géint eng Liberaliséierung vun der Ofdreiwung antrëtt, dann wär et jo wuel  net ganz logesch wann een  Demonstranten déi virun der Dir fir op mannst tendenziell ähnlech an eventuell bis hin zu dene selwechten Iddien demonstréieren, géif ignoréieren.

Ech wëll, well dat deemools vun Eenzelnen insinuéiert gouf, och hei nach eemol soen, dat ech net Member vun „Pro Europa Christiana“ wor oder sinn (fir d’Zukunft schléissen ech dat awer net méi definitiv aus), nach déi Leit geruff hat fir hei ze demonstréieren. Fir déi Associatioun „Pro Europa Christiana“ als „Sekt“ ze protraitéieren, wéi eenzel Journalistinnen dat probéiert hunn, halen ech fir einfach absurd. Menges Wëssens feelt dozou all Grondlag. Genee sou absurd ass et beim Aerzbistum Lëtzebuerg nozefroen, ob déi belge ONG bei hinnen  „unerkant“ wär, grad sou als hätt den Aerzbistum Lëtzebuerg iwwer d’Unerkennung vun enger privatrechtlecher ONG mat Siège zu Bréissel ze befannen oder als wär „Pro Europa Christiana“ en Deel vun der Lëtzebuerger, kathoulescher Kierch. Mä gutt, iwwer den notoresch tendenziösen Journalismus zu Lëtzebuerg maachen ech mir souwisou schon laang keng Illusiounen méi.

Méi interessant ass wéi vehement Verschiddener op déi Demonstranten an hir Doudelueden reagéiert hunn. Vill Leit maachen jo sou, als geng bei enger Ofdreiwung kee Kand stierwen, mä eppes aanecht, eppes nach–nët-mënschleches. Wen d’Rieden an der Chamber analyséiert, fënnt dann och sou ëmschreiwend a verharmlosend Ausdréck fir d’Kand wéi zum Beispill „d’Schwangerschaft“, „et“, „contenu utérin“ etc., an dout maachen heescht do op Politesch-korrekt „wech maachen“. Eng Schwangerschaft déi a Wierklechkeet definitiv ofgebrach gëtt, gëtt an der Chamber verbal nëmmen „ënnerbrach“, grad sou als kéint een no der Ofdreiwung iergend wéini nach domat virufueren. Dat e Kand stierft, gëtt einfach ënnert den Teppech gekiert. Déi Doudelueden hunn vill Leit op eng drastesch Manéier mat enger fir si onbequemer Wouerecht confrontéiert, dowéinst och hir Roserei. Méi déif an d’Psychologie vun där Debatt wëll ech lo  mol nach guer net eraklammen.

Eis Medien hunn natierlech unisono – wéinstens sou wäit ech wees – ausschliesslech déi Demonstranten kritiséiert déi fir d’Recht op Liewen manifestéiert hunn. Dat si friddlech waren, déi aner Säit dat awer bedeitend manner wor, dat war hinnen kee Kommentar wäert.

Sou e Blog wéi den hei gëtt net vu ganz ville Leit gekuckt. Trotzdem sinn ech et der Wouerecht, anere Leit a mir selwer schëlleg, fir e klengen Deel dozou bäizedroen dat méi Objektivitéit an d’Debatt era kënnt.

Dowéinst wëll ech d’Verhalen vun dräi Politiker an der Ofdreiwungsdiskussioun hei oppen kritiséieren. Natierlech geet et mir hei just ëm Declaratiounen oder Aktiounen déi si am Kader vun hirer ëffentlecher, politescher Aarbecht gemaach hunn. Kommentaren iwwer d’Privatsphär vun aneren Leit geng ech mir net erlaben.

  1. Den Här Jacques-Yves Henckes (deemools nach ADR) huet den 28. November 2012 op RTL erklärt, dat hien déi Leit déi géint d’Ofdreiwung manifestéiert hunn, als „schwéier geeschteg Kranker“ consideréiert.

Ech fannen sou eng Ausso vollkommen inakzeptabel. Et ass net nëmmen eng gewollte Respektlosegkeet fir Leit déi eng aner Meenung vertrieden, mä et ass och eng Respektlosegkeet géintiwwer all dene Leit mat geeschtegen, gesondheetleche Problemer, hire Fammilljen a Frënn a bei all denen Persounen déi si versuergen an hinne medizinesch hëllefen. Ech kann weder akzeptéieren nach toleréieren, dat Krankheeten a mënschlech Schicksaler als pejorativ Bezeechnungen géint politesch Géigner mëssbraucht ginn.

2. An Däitschland gëtt et eng kleng Partei déi heescht « Christliche Mitte ». Si huet eng Internet-Säit (www.christliche-mitte.de) op där dësen Artikel iwwer den Här Eugène Berger (DP) publizéiert gouf :

« Antwort eines Abgeordneten

Montag, den 07.     Januar 2013 um 14:20 Uhr

Anlässlich der     Abstimmung des luxemburgischen Parlamentes über die Liberalisierung der     Abtreibungsgesetzgebung am 22.11.12 schrieb ich an den Abgeordneten Eugene     Berger von der Demokratischen Partei folgende Mail:Sehr geehrter     Herr Berger,ich habe heute erfahren,     dass das luxemburgische Parlament am 22.11.12 über die Ausweitung der     Abtreibung in Luxemburg ab­stimmt. Bitte bedenken Sie Folgendes:Würde Ihre eigene Mutter wünschen, dass Sie für eine Ausweitung der Abtreibungsgesetzgebung     stimmen? Was würde Ihre Mutter dazu sagen?Ich bitte Sie     herzlich, für das Leben – damit auch für die luxemburgische Gesellschaft –     zu stimmen.

Herzliche Grüße,     Thomas Rickel, Bielefeld (Deutschland).

Die Antwort ist ebenso erstaunlich wie unglaublich. Herr Berger mailte zurück:

Religiöser Fundamentalist! Fuck You!

Am 22.11.12 wurde der Gesetzentwurf für die Liberalisierung der Abtreibung     in Luxemburg, d.h. die „Fristenlösung mit Beratungspflicht“, angenommen –     mit 99% der Stimmen von der Christsozialen Partei (CSV). »

Et gouf eng Zäit, an där d’Demokratesch Partei nach fir Fräiheet an   Toleranz agetrueden ass. Deemools wor si nach keng Lénkspartei, mä eng   liberal Partei. Et gouf och nach eng Zäit wou  och d’DP nach eng gewëssen Héiflechkeet am Emgang mat de Leit hat. Déi Zäiten sinn anscheined riwwer.

3. Den Här Justin Turpel, Stater Gemengerot vun der Partei « déi Lénk », huet während der Demonstratioun virun der Chamber mat Kräid Hakekräizer op de Buedem virun d’Demonstranten vu « Pro Europa Christiana » gemoolt. Dat gouf gefilmt an et fënnt een déi Dokumenter op gloria.tv.

Esou Gesten fannen ech einfach skandaléis. Et woren d’Nazien déi Ofdreiwungen an engem groussen Ausmooss bedriwwen hunn, déi Milliounen vu  scho gebuerenen Mënschen ermuerd hunn an d’Räich vum Dout a vum Terror symboliséieren. D’Chrëschtentum setzt sech dogéint fir d’Léift an de Schutz vum Liewen an, also just fir dë Géigendeel vun dem wat duerch en Hakekräiz symboliséiert gëtt. Et ass moralesch inakzeptabel, historesch falsch an am héchste Moos intellektuell onéierlech fir chrëschtlech Demonstranten déi fir de Schutz vum Liewen demonstréueren  wëllen an ën Zësummenhang mat nationalsozialisteschen Iwwerzeegungen ze réckelen.

Ech kann iwwerhaapt net novollzéien, wisou déi Lëtzebuerger Press dësst Verhalen vum Här Turpel onkommentéiert léisst. Ass si ieren um lénken A blann, wann et ëm Intoleranz a Mënschenveruechtung geet ? Et muss een dat bal färten!

Déi Debatt ëm d’Ofdreiwung an alles wat rondrëm geschitt ass, bleiwt fir mech ë Schlësselereignis a mengem Liewen. Dësen Artikel beschreiwt en Deel vun den Uersaachen. Eist Land huet vill Suergen a Problemer, finanzieller a sozialer ganz secher, mä leider och ganz vill moralescher.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

Iwwer d’Walrecht bei de Chamberwalen

Nodeems den Här Minister Schneider viru kuerzem « d’Walrecht fir jiddereen » gefuerdert huet, ass et un der Zäit fir mol d’Argumenter an dem do Dossier ze préiwen. De Minister sot : « Tous ceux qui vivent, travaillent et contribuent à travers leurs impôts doivent avoir le droit de décider sur la politique d’un pays. »  Dat misst bis 2019 kënnen ëmgesat ginn. Den Här Minister fënnt et net normal, dat e groussen Deel vun denen Leit déi bei eis am Land schaffen, kee Stëmmrecht bei de Chamberwalen hunn.

Den Här Minister Schneider hat och an sengem Interview op www.wort.lu gesot, dat vill auslännech Cheffen vun Entreprisen hien gengen an där Démarche ënnerstëtzen, well domadder d’Gewiicht vun der Fonction Publique kéint verwässert ginn. Hien denkt, dat d’Politiker hei am Land sech géingen zëvill em d’Interessien vun der Lëtzebuerger Bevölkerung këmmeren. D’Extensioun vum Walrecht op d’Auslänner wär der Realitéit méi ugepasst a gutt fir eist Land.

Fir den Här Minister ass d’Walrecht « keng Fro vun der Nationalitéit » A sengem Interview schwätzt  hien och net vun enger Sproocheklausel. Hien denkt awer un eng Residenzklausel vun « zwee oder dräi Joer ».

Ech hoffen, dat ech domadder den Interview eengermoossen korrekt resüméiert hunn. Jiddereen den interesséiert ass, kann ën jo um Internet nosichen (www.wort.lu, 16. Januar 2013)

Niewent dem Här Minister Schneider denken och d’Chambre de Commerce, d’Chambre des Métiers an d’ASTI an déi Richtung. Zësummen organiséieren si zum Beispill emg Konferenz lo am Januar iwwert den Thema :   « Quel droit de vote pour les étrangers au Luxembourg ? » An hirer Invitatioun schwätzen si vun engem « demokrateschen Defizit » an ernimmen och nes d’Wichtegkeet vun den Auslänner an eiser Economie.

Dat e puer lénk politesch Parteien wéi déi Gréng, déi Lénk, d’DP  oder d’Sozialisten och Sympathien fir sou Gedanken hunn, läit op der Hand. Ob den Här Minister Schneider just a sengem perséinleche Numm geschwaat huet oder net, ass mir awer fir den Abléck net ganz kloer. Wéi wäit seng Partei  oder vläicht souguer d’Regierung déi Iddien deelen, muss een an dene nächste Wochen a Méint gesinn.

 

Ech wéilt meng Positioun zu dem Thema probéieren op dëss Manéier ze resuméieren :

 

  1. 1.     Ech sinn der Meenung, dat d’Walrecht fir déi national Parlamentswalen muss fir d’Staatsbierger vun engem Land reservéiert sinn.  Nëmmen d’Lëtzebuerger sollen also dat aktivt an dat passivt Walrecht bei de Chamberwalen hunn.

An der Chamber ginn wichteg Decisiounen geholl, déi d’Souveränitéit vun eisem Land an d’Zukunft vun de Lëtzebuerger betreffen. Ech denke net, dat Persounen déi keen aneren oder  keen méi en enken Bezuch zu eisem Land, senger Geschicht a senger Kultur  hunn, wéi den dat se hei schaffen, legitiméiert sinn fir iwwert  eist  Land matzebestëmmen. Et gëtt och Leit déi zwar hei wunnen, mä sech iwwerhaapt net wëllen mat de Lëtzebuerger oder mat Lëtzebuerg ofginn an och just an hirer eegener Communautéit evoluéieren.

Zwar ass et vollkommen richteg, dat vill Auslänner hei schaffen an och en enormen Bäitrag zu eiser Economie an eisem Wuelstand leeschten. Dat verdéngt Unerkennung – awer dofir nach net d’Zouerkennung vum Walrecht! Déi Leit schaffen hei wëll se méi héig Salären oder méi héig Profitméiglechkeeten wéi an hirem eegenen oder an anere Länner hunn. Si sinn an denen allermeeschte Fäll awer nët hei, well si sech géngen besonnesch fir eist Land interesséieren.

D’Deelhuelen un de Walen an d’Ofgin vu senge Stëmmen sinn den konkreten Ausdrock vun enger politescher Verantwortung déi vill méi Facetten huet wéi nëmmen economesch oder sozial Consideratiounen. Wann lo eng grouss Zuel vu Leit un de Walen deelhëllt, denen hiert Wëssen iwwer eist Land an hiren Interessi un him zimlech eesäiteg economescher oder sozialer Natur sinn, da ginn den Ausgang vun de Walen an déi politesch Themen am Walkampf iwwerproportional vill duerch sou Froën bestëmmt. Dat kann zu enger Veraarmung vum politesche Liewen an der politescher Debatt féieren an eben net zu där Beräicherung déi sech Verschiddener vum Auslännerwalrecht erhoffen.

2.      Den Demokratiedefizit ass net do, wou d’Affekoten vum Auslännerwalrecht ë gesinn.

Et ass jo och lo schonn sou, dat d’Auslänner hei am Land um sozialen a politeschen Liewen kënnen deelhuelen. Si kënnen gläichberechtegt mat de Lëtzebuerger un alle Sozialwalen deelhuelen, d’EU-Bierger kënnen bei den Europawalen matwielen a gewielt ginn an all Auslänner – och déi aus Drëttstaten – kënnen bei de Gemengewalen wielen a gewielt ginn. Neiderdéngs kënnen d’Auslänner och souguer Schäffen oder Buergermeeschter ginn – eppes wat et soss wahrscheinelch a kengem oder jiddefalls  net a villen Länner op der Welt gëtt. Perséinlech sinn ech do reservéiert. Ech hätt léiwer, datt aou wichteg Funktiounen wéi déi vum Buergermeeschter oder vum Schäffen just nëmmen de Lëtzebuerger virbehalen wären. Emmerhin erfëllen si och zum Beispill Funktiounen wéi déi vum „officier de l’Etat civil“.

Et muss awer och festgehale ginn, dat den Interessi vun den Auslänner un de Kommunalwalen net enorm héig wor. Grad 18% vun hinnen hunn sech op Wahllëschten   ageschriwwen. An dat obschonns enorm Ustrengungen a Publicitéitscampagnen gemaach goufen fir all déi Leit dozou ze motivéieren fir sech anzeschreiwen. Gemengen woren Samsdes moiens op, e Bus ass duerch d’Land gefuer fir Reklamm ze maachen, Radio an Televisioun goufen zu dem Zweck mobiliséiert, d’Parteien an d’Auslännerorganisatiounen hunn hiert bäigedroen – mä den Interessi war trotzdem kleng. Dat kann awer keen Argument sinn, fir denen d’Leit Walrecht ze ginn, nom Motto „mir kënnen dat jo roueg maachen, et ginn der  souwisou net vill vun denen mat wielen“. Nä, vill méi muss een sech d’Fro stellen, ob d’Auslänner net mat där Fro vum Walrecht politesch instrumentaliséiert ginn, fir zum Beispill Drock op d’Fonction Publique auszeüben.

Schliisslech muss och däitlech ënnerstrach  ginn, dat all Auslänner, den hei am Land lieft,  kann déi lëtzebuerger Nationalitéit an domadder d’Walrecht bei de Chamberwalen kréien   wann en siwen Joer hei gewunnt huet an e ganz einfachen Sproochentest am Lëtzebuergeschen packt (déi Sproochentester hei am Land sinn bedeitend méi liicht wéi déi an eise Nopeschlänner !). Duerch d’Méiglechkeet vun der duebeler Nationalitéit brauch ën dobäi och mol net op seng Uersprungsnationalitéit ze verzichten. Iwwer de Wee vun engem klengen Integratiounseffort huet also och lo schonn jiddereen d’Méiglechkeet fir un de Chamberwalen deelzehuelen. De Wee zum Walrecht iwwer d’Acquisitioun vun der lëtzebuerger Nationalitéit ass och a mengen An dee richtegen. Politesch Rechter soll een eréicht zum Ofschloss an als Kréinung vun engem gelongenen Integratiounsprozess kréien.

Prinzipiell stellt sech d’Fro, firwat mir enger auslännecher Persoun hei am Land solle wichteg, politesch Rechter ginn, déi mol net déi duebel Nationalitéit wëll, also seng eegen mol net misst opginn fir eis ze kréien? Firwat soll sou eng Persoun därfe matbestëmmen, den sou eng offensichtlech distant Astellung géintiwwer hirem Residenzland huet?

Vun engem Demokratiedefizit fir d’Auslänner hei am Land kann also menger Meenung no  iwwerhaapt keng Rieds sinn. Lëtzebuerg offréiert lo schonn denen Auslänner déi hei wunnen méi Méiglechkeeten fir eng politesch Participatioun an eiser Gesellschaft wéi déi allermeeschten aner Länner op dëser Welt!

Et ass awer gläichzäiteg och vollkommen richteg dat et vill Demokratiedefiziter an eisem Land gëtt. Mä déi betreffen un éichter d’Plaz d’Lëtzebuerger an heiansdo och d’Auslänner mat. Zu denen zielen: eng ongerecht Zësummesetzung vum Staatsrot, eng restriktiv Astellung zu Referenden, eng Ennerhielegung vun de Pouvoiren vun der Chamber duerch d’Europäesch Unioun, net genuch Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber a keen direkten Zougang vun de Bierger zu der Cour Constitutionnelle. Doniewent gëtt et nach vill aner Geforen fir eise Rechtsstaat : Aschränkungen vun der Fräiheet vun der Press, d’Schwächen vun de Rechter vun der Verdeedegung virum Geriicht an sou virun… Dat si reeëll a grouss Problemer déi de gudde Fonctionnement vun eiser Demokratie an eisem Rechtsstaat behënneren, an do sollte mir och prioritär Reformen virhuelen!

Den Här Minister Schneider erënnert och drunn, dat d’Auslänner hei Steieren bezuelen. Dat ass richteg, mä am Géigenzuch kréien si och onheemlech vill finanziell an aner Leeschtungen duerch de Lëtzebuerger Stat an d’Gemengen.

Et sief schliesslech och drunn erënnert, dat d’Conditiounen fir kënnen un de Chamberwalen deelzehuelen an eiser Constitutioun stinn. All eventuell Aennerung muss also vun der Chamber mat enger 2/3 Majoritéit gestëmmt ginn. Perséinlech sinn ech der Meenung, dat spu eng wichteg Fro nëmme kann duerch e Referendum decidéiert ginn.

3.      E puer international Aspekter

Op kee Fall kënnen oder därfe mir denen Auslänner déi hei wunnen an déi d’Walrecht an eisem Land kriiten virschreiwen, dat si dofir missten op hir staatsbiergerlech Rechter, déi hinnen duerch eng aner Nationalitéit zoustinn, verzichten. Mir kriiten also zwou Kategorien Bierger hei am Land – d’Lëtzebuerger déi nëmmen hei wiele kënnen, an d’Auslänner déi hei an gläichzäiteg och an hirem Ursprongsland fir hiert national Parlament wiele kéinten. Dat gëllt zwar am Prinzip och fir déi Lëtzebuerger mat enger duebeler Nationalitéit, mä déi consideréieren ech als vollwärteg Lëtzebuerger, déi hir Integratiounswëllegkeet jo bewisen hunn.

Ech gesinn am Ongläichgewiicht vun de Rechter eng Ongerechtegkeet, emsou méi well déi aner Länner jo keng Reciprocitéit spille loosssen. Lëtzebuerger déi an anere Länner wunnen, hätten dann manner Rechter wéi déi, déi si selwer gengen den Auslänner bei eis zougestoen. Zum Deel ass dat jo och lo schonn bei de Kommunalwalen de Fall, wou dat vergläichsweis awer net sou schlëmm ass.

Déi Tatsaach dat déi Leit kéinten gläichzäiteg an e puer Länner iwwer Souveränitéitsfroen a Froen mat internationalen Implicatiounen ofstëmmen, kann och eng Rei vun Interessekonflikter mat sech bréngen, inklusiv am economeschen, sozialen oder fiskalem Beräich. Et ass net automatesch unzehuelen, dat an enger Situatioun wou dat de Fall wier, d’Auslänner sech géngen fir déi lëtzebuergesch Interesselag entscheeden, éichter wéi fir d’Interessen vun hirem eegenen Heemechtsland. Theoretesch wär souguer denkbar, dat bestëmmte Länner wéilten hir national Interessen iwwer de Wee vun hire Wieler hei am Land favoriséieren, och a grad wann denen hir Interessen denen lëtzebuergeschen oppe widderspriechen.

Och därf een net vergiessen, dat mir hei am Land eng Walpflicht hunn. Auslänner déi hei wéilte wielen, missten also hei enger Flicht nokommen. Je nodem gëtt an hiren Ursprongslänner  vläicht weder  d’Participatioun un enger auslännescher Parlamentswahl, nach den obligatoresche Charakter dovun akzeptéiert.

Schliisslech musse mir och nach feststellen dat keen aanert Land op dëser Welt  – oder jiddefalls  net sou wäit ech wees – den Auslänner d’Walrecht bei de Parlamentswalen ginn hätt. A wann dann awer vläicht iergendwellech afrikanesch, südamerikanesch oder asiatesch Länner dat gemaach hätten, da misst een nach déi spezifesch Situatioun vun dem Land, de Prozentsaz vun den Auslänner an dem Land, d’Uersaachen an d’Modalitéiten genee hannerfroen.

4.      D’Conditiounen an d’Modalitéiten vum Walrecht

De Viirschlag vum Här Minister Schneider zum Walrecht fir d’Auslänner féiert déi aktuell Debatt ëm d’Reform vum Nationalitéitegesetz ad absurdum. Wéi en Interessi hätten d’Auslänner da nach fir Lëtzebuerger ze ginn, wann si déi politesch Rechter praktesch geschenkt kréien? Et gëtt der da secher net méi ganz vill, déi nach déi ganz Prozeduren wéilten op sech huelen, fir  eis Nationalitéit ze kréien.

Fir d’Nationalitéit ze kréien muss  een aktuell siwen Joe ram Land wunnen, fir bei de Gemengewalen mat wielen ze goen sinn et der nëmme  fënnef an den Här Minister Schneider denkt un nëmmen zwee bis dräi Joer fir bei de Chamberwalen därfe mat wielen ze goen. Wou ass do d’Logik ?

Net ganz kloer ass och fir mech, ob den Här Minister nëmmen un dat aktivt Walrecht denkt oder och un dat passivt. Mä sou wichteg ass den Ennerscheed an der Praxis net. Well och duerch dat aktiv Walrecht gëtt dene neien Wieler hiren Pouvoir an der Politik sou grouss, datt dat passivt Walrecht fir si iergendwéini nokënnt.

D’Erfarung léiert, dat all Konditiounen a Restriktiounen permanent an ëmmer méi ofgeschwächt ginn. Ob et  ëm en « délai de résidence » geet oder ëm d’Modalitéiten vum Walrecht : ëmmer gëtt méi gefuerdert an dauernd gëtt d’Politik no. Emmer nees ginn d’Critèren opgeweecht. Et ass eng duerchssiichteg Salamitaktik, déi hei gemaach gëtt. De Wieler kriitt déi batter Pëll Stéckchen fir Stéckchen zervéiert, well déi grouss Parteien genee wëssen, dat si hei eigentlech eng Politik bedreiwen, déi géint de Wëllen vun där grousser Majoritéit vum Lëtzebuerger Vollék geet.

5.      Wat wären d’Konsequenzen op eist politesch Liewen ?

 Fir t’éicht muss hei drunn erënnert ginn, dat Lëtzebuerg en enorm héigen Auslännerundeel huet – aktuell ëm déi 43%. Dat ass eng absolut exceptionnell Situatioun, déi eis opzwéngt ganz genee ze iwwerleeën wat mir maachen.

D’Chambre de Commerce wëll jo eigentlech – jiddefalls zum Deel – duerch d’Aféieren vum Auslännerwalrecht gewësse Resistenzen – sou wéi si se aschätzt – hei am Land opbriechen. Besonnesch d’Fonction publique ass hir en Där am A. Wéi seet si sou schéin ? « La mentalité propice à l’inertie et à la défense myope d’acquis de tous genres doit être brisée ». Ass dat do da net e ganz geféierleche Wee fir op Souveränitéitsrechter ze verzichten just fir ze probéieren enger bestëmmter Beruffsgrupp an hirer gréisster Gewerkschaft  hei am Land Meeschter ze ginn? Ass do d’Medikament net vill méi schlëmm, wéi déi supposéiert Krankheet (déi a mengen An awer keng ass!).

Ech kann awer virun sou enger kuerzsiichteger Taktik nëmme warnen. Et ass d’Këscht vun der Pandora : d’Chambre de Commerce wëll ee « Partikularismus », eng Lobby, een Interessegrupp schwächen a wees net wéi eng aner Lobbyen, Partikularismen, an Interessegruppen eist Land sech doduerch eventuell fänke geet.  Och den Här Minister Schneider schéngt sech dem Risiko net bewosst ze sinn, well och hien sympathiséiert mat denen déi d’Fonction Publique wëlle schluechten.

Wat un neie Parteien a Revendicatiounen kann op eis duer kommen, wëll ech hei mol net ausféieren. Mä op ville gesellschaftleche Pläng (sproochlech, schoulech, sozial, etc…) kéinte mir ganz séier mat radikale Fuerderungen konfrontéiert ginn, déi eist Land géngen virun enorm Zerräissprouwe stellen.

Wéi eng Implicatiounen hätt d’Auslännerwalrecht op eist politesch Liewen, op d’Debatten an der Chamber, op d’Themen, op d’Parteien an op d’Medien? Ganz vill Auslänner schwätzen a verstinn iwwerhaapt keen Lëtzebuergesch. Musse mir eis lo all ëmstellen? A wa jo, wéi a wat fir eng Nodeeler hätt dat dann eventuell fir d’Lëtzebuerger? Wéi eng Sproochen gengen an d’Zukunft wou geschwat ginn ?  Gëtt et vläicht iergendwéini och nach nei a komplizéiert Quotefuerderungen ? Déi Froen därf een jo mol sëcher nach stellen!

A wéi wär et an Zukunft ëm de Solidaritéitsgedanken an eiser Gesellschaft bestallt ? Bis elo sinn  d’Lëtzebuerger och schwiiregen Situatiounen Meeschter ginn, well et nach eng national Solidaritéit gouf. Gëtt déi lo vläicht a Fro gestallt ? Wéi sollen zum Beispill d’Steieren a knapp Ressourcen a Krisenzäiten verdeelt ginn, an enger Situatioun wou Leit déi vläicht net ëmmer automatesch solidaresch mat de Lëtzebuerger a mat den Interessen vun eiser Gesellschaft sinn, da matbestëmmen? Wéi kënne mir nach eng gewëssen Cohesioun an eiser Gesellschaft erhalen ?

All déi do Consideratiounen a Suergen hu mech dozou bruecht, fir d’Iddi vum Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen ze refüséieren. Vläicht gëtt et nach Argumenter an déi eng oder an déi aner Richtung un déi ech nach net geduecht oder déi ech nach net beduecht hunn. Da lauschteren ech natierlech no.

Selbstverständlech sinn ech als Member vun der Chamber ëm d’Wuel vun der gesamter Populatioun besuergt a beméit. Och den Auslänner hir legitim Interessen hei am Land wëll ech also op eng gerecht Manéier mat berücksichtegen an vertrieden.

Mä als Politiker fillen ech mech un éichter Plaz dem  Lëtzebuerger Vollék an eiser Heemecht verflicht, ob dat dem Här Minister Schneider lo passt oder net. Wat hinne ka schueden, droen ech net mat! 

Un d’Lëtzebuerger an un d’Auslänner riichten ech den Appel eng richteg a voluntaristesch Integratiounspolitik  ze reüsséieren, op Basis vun der lëtzebuerger Sprooch an dene Wärter déi eis Gesellschaft huet.  Wen sech integréiert an d’Lëtzebuerger d’Nationalitéit kritt, den soll och selbstverständlech kënne mat wielen goen.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 2 Kommentare

Ofdreiwung – meng Ried an der Chamber

Op dëser Plaz publizéieren ech nach eemol den Text vun där Ried, déi ech am November 2012 an der Chamber gehalen hat, wou d’Ofdreiwung durech d’CSV an d’LSAP liberaliséiert gouf.  Dësen Text wor mäi Projet – dee geschwaatenen Text wor natierlech ë bësschen aanecht.

Leider konnt ech meng Ried net bis zum Schluss halen, wëll ech och dem Här Jacques-Yves Henckes (deemools nach ADR) wollt Zäit loossen fir seng Positioun ze erklären.  Den Här Henckes huet fir de Projet vun der Regierung gestëmmt.

No dëser Ried huet den Här Henckes e Bréif un de Nationalcomité vun der ADR geschriwwen an dem ën, ënner anerem, déi Meenung ausgedréckt huet, dat dëss Ried net conforme zum Wahlprogramm vun der ADR wier. De Nationalcomité huet iwwer déi Fro deliberéiert a mat grousser Majoritéit an a geheimer Ofstëmmung decidéiert, datt meng Ried dem Wahlprogramm vun der ADR geng entspriechen.

Kuerz drop ass den Här Henckes aus der ADR ausgetrueden.

 

 

 

„Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

Gär schléissen ech mech menge Virriedner un fir dem Här Rapporteur Merci fir säi ganz komplette Rapport ze soen. Och wëll ech gläich am Ufank vu menger Ried ënnersträichen, dat den honorablen Deputéierten Jacques-Yves Henckes decidéiert huet, fir vu sengem Recht Gebrauch ze maachen fir an dëser ethescher Fro eng aaner Meenung wéi seng Partei ze vertrieden.

D’ADR, Här Präsident, ass resolut fir de Schutz vum Liewen an dowéinst och géint eng weider Liberaliséierung vun der Ofdreiwung. Dat Gesetz vun 1978 soll eiser Meenung no onverännert weider gëllen.

D’ADR wiert sech och géint all Minimiséierung oder souguer Banaliséierung vun der Ofdreiwung. D’Zuelen dinn een schudderen : et gëtt vun de Gynäkologen geschaat, dat all Joer tëschent 1.500 an 2.000 Kanner duerch eng Ofdreiwung stierwen. Si felen eis, net nëmme statistesch oder demographesch, mä virun allem mënschlech. 2.000 Kanner denen mir hätte kënnen eis Léift ginn, an déi eis Gesellschaft duerch hiert Laachen, hir Iddien, hir Kreativitéit, hir Talenter, hir Aarbecht a spéider och duerch hir eege Kanner méi räich a méi schéin gemaach hätten.

Emsou méi verwonnerlech ass et, dat zënter 1978 net eng eenzeg Persoun wéinst enger Ofdreiwung juristesch poursuivéiert ginn ass. De facto besteet also schonn eng Depenalisatioun an eng Strooffräiheet. D’Justiz muss sech an dem Kontext awer och Froe gefale lossen, wéi eecht, dat si et mam Schutz vum Liewen hëllt.

Trotzdem, ass déi legislativ Diskussioun ëm d’Ofdreiwung vun zentraler Wichtegkeet, wëll duerch seng Gesetzer setzt de Stat och moralesch Moosstiew. Hie beaflosst a norméiert an engem gewësse Mooss d’Verhalen vun de Bierger a muss ech dowéinst senger Verantwortung bewosst sinn. Dat gëllt besonnesch dann, wann et em de Schutz also ëm de Stellewärt vum ongebueren Liewe an eiser Gesellschaft geet.

Déi Debatt iwwer d’Reform vum Gesetz vun 1978 déi mir an dene leschte Joeren haten, charakteriséiert sech awer leider duerch e puer grav Defizienzen:

Déi éicht Defizienz ass déi ganz selektiv Approche vun denen invoquéierten Referenztexter fir eng Aennerung vum Gesetz ze justifiéieren. D’Regirung, de Staatsrot an Anerer hunn Uerteeler, Resolutiounen vum Europarot oder vum Europaparlament zitéiert an och gläich sou interpretéiert, dat si konnten Argumenter fir d’Ofdreiwung doraus ofleeden. Wichteg Texter an Uerteeler déi d’Recht op Liewen decretéieren a protegéieren  sinn awer an dëser Debatt net zitéiert a net analyséiert ginn. Vun der Allgemenger Menscherechtserklärung, iwwer d’Europäesch Menscherechtskonventioun bis zur Kannerrechtskonventioun an Uerteeler z.B. vum däitsche Verfassungsgeriicht oder vum Europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff iwwer den Ufank vum Liewen an de Schutz fir d’Mënschen an hir Dignitéit vun Ufank un – näicht dovunner gouf zitéiert, well et d’Absicht vun all denen déi hei mat decidéiert  hunn,  gestéiert hätt. Et gouf och net drop higewisen, dat eng Resolutioun vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, wéi déi vum 16. Abrël 2008, iwwerhaapt keng contraignant Wierkung huet. Ech halen also fest, dat an dëser Debatt wichteg a verpflichtend juristesch Dispositiounen déi hätte kënnen a missen fir de Schutz vum ongebuerene Liewen invoquéiert ginn, net ernimmt goufen.

Net aanecht goung et dem lëtzebuergeschen « Code de déontologie de certaines professions de santé » (Art. 3) oder och eisem Gesetz vun 1978, dat mir haut reforméieren,  an dat direkt a sengem alleréichten Artikel seet : «La loi garantit le respect de tout être humain  dès le commencement de la vie ». An dono eréicht gëtt d’Ofdreiwung als eng – enner Conditiounen – strooffräi Ausnam zu där Regel beschriwwen.

Dëss absolut Eesäitegkeet ass déi juristesch Defizienz an dëser Diskussioun.

Déi zweet Defizienz ass eng moralesch. Wichteg Institutiounen vum Land hunn sech der Debatt iwwer de Schutz vum ongebuerene Liewen einfach entzunn an hunn sech alleng op d’Selwerbestëmmung vun der Fra konzentréiert – dat Wuert « Mamm » koum an dem Kontext sou gutt wéi ni vir, genee sou mann iwwregens wéi dat Wuert « Kand ».

De Staatsrot seet hien geng « Abstraktioun » maachen « d’un examen des différentes théories du début potentiel de la vie de l’être humain dont les droits fondamentaux doivent être protégés, ainsi que du statut juridique du fœtus ».  Zwou Zeilen fir dem fundamentalste moralesche Problem an dëser Debatt lass ze ginn – sou einfach kann een et sech maachen!

Den Ombudskomitee fir d’Rechter vum Kand (ORK) schwätzt zwar iwwer d’Situatioun vun dene mannerjähregen Fraen an aaneren Enstänn, seet awer kee Wuert iwwer d’Recht op Liewen vum ongebuerene Kand.

Eis Commission consultative des Droits de l’Homme  (CCDH) seet si geng net fir oder géint d’Ofdreiwung Positioun huelen, mä schreift da gläich zwee Avisen, no dem si sech auto-saiséiert huet,  an denen et nëmmen drëm geet, fir déi maximalisteschst Pro-Ofdreiwungsfuerderungen esou wäit wéi méiglech ze ënnerstëtzen.

Dat ass net nëmmen e Versoën vun eisen Institutiounen, et ass e Versoën vum Gewëssen an eiser Gesellschaft.  Keen därf sech  dem fundamentalsten moraleschen Aspekt vun der Diskussioun iwwer d’Ofdreiwung einfach entzéien.

Déi ongebuere Kanner hate leider net vill Affekoten an dëser Debatt!

Déi drëtt Defizienz ass déi vun der biologescher Negatioun, an domadder mengen ech, dat ee sou mecht, als wär dat nei Kand am Bauch vu senger Mamm, eigentlech nach kee richtegt Kand, kee richtege Mënsch,- well jo jiddefalls och mol nach keng Persoun am juristesche Sënn – ,  als wären e Fœtus oder en Embryo iergend eppes « Nach-net-Mënschleches », dat een dann och kann mat engem eengermossen rouegem Gewëssen, wéi et heescht « wech » maachen.

Déi Attitüd ass net nei an der Ofdreiwungsdebatt.  Schonn an de 60er Joeren hate mir pro-Ofdreiwungs-Sloganen héieren, wéi « Mäi Bauch gehéiert mir ». Dat stoung och iwwregens ni zur Debatt, mä dat Kand an der Gebärmutter dat gehéiert just sech selwer an et huet e Recht op Liewen an domadder e Recht op Schutz a Respekt, an zwar vun där alleréichter Sekonn un. Et sollt een dowéinst net vum « contenu utérin » schwätzen, den ee bei enger Ofdreiwung medikamentös oder chirurgesch eliminéiert,  mä vum « enfant non né ».

Et gëtt keng temporal Grenz, kee Stëchdag wéini een ufängt e Mensch ze sinn, et entwéckelt een sech vun der Befruchtung un ALS Mënsch a net ZUM Mënsch. An der 10. Woch vun der Schwangerschaft ass d’Ausbildung vum Kand schonn ofgeschloss, schonn laang virdrunn schléit dem Kand säin Härz an et reagéiert op Péng. Et iwwerrascht dowéinst net, datt d’Gynekologen  an der Chamberkommissioun gefrot hunn, fir d’Méiglechkeet vun enger Ofdreiwung op déi éicht 10 Wochen vun enger Schwangerschaft ze limitéieren, amplaatz op 12. Dem ass leider net Rechnung gedroe ginn.

Niewent dësen dräi Gronddefizienzen an dëser Debatt, regrettéiere mir nach op d’mannst fënnef aner Aspekter :

–        Déi restriktiv Interpretatioun vum Begrëff vun der Selwerbestëmmung vun der Fra.

–        D’Subjektivisiéierung vun der Rechtfertegung fir d’Ofdreiwung

–        Déi eesäiteg negativ Duerstellung vum Mann a vum Papp an enger Rei vun Texter,

–        D’Schwächung vun der « autorité parentale »,

–        An de Mëssbrauch vu Begrëffer aus der Medizin.

D’Selwerbestëmmung vun der Fra steet am Zentrum vun dëser Reform a gëtt hei als déi wahrscheinlech wichtegst Neierung presentéiert. Si decidéiert elo alléng a wéi et heescht « souverän » ob si an enger « détresse » ass an dowéinst wëll ofdreiwen.

Dozo ass allerdéngs ze soen, dat dat eng verkierzte Lecture vun der Selwerbestemmung ass. Mir schwätze jo hei wuelverstaan net vum Fall vun enger Ofdreiwung no enger Vergewaltegung, mä mi schwätzen vun enger Ofdreiwung no engem fräiwëllege Geschlechtsverkéier. An et ass nun eemol sou, datt de Geschlechtsverkéier,  och wa mir haut an enger genosssüchteger Gesellschaft liewen, net fräi vun der Dimensioun vun der Verantwortung ass. Mann a Fra droen beim Sex Verantwortung fir hir Gesondheet an eventuell och fir déi vun aneren, a si droen Verantwortung wann et, wat jo bekanntlech net onméiglech ass, zur Befruchtung an domat zum Entstoen vun neiem Liewe kënnt. An et ass vill iwwer Selwerbestëmmung an dëser Debatt geschwat ginn, iwwer d’Verantwortung awer net!

D’Ofdreiwung, an dat seet jiddereen an dëser Debatt, därf keng Bequemlechkeetsléisung sinn, keng verspéite Methoud fir eng Familljeplangung. Mä an der Praxis ass dat awer leider dacks de Fall. Den Altersduerchschnëtt an d’Familljesituatiounen vun ville Fraen déi ofdreiwen weisen och, datt et normalerweis net un engem Informatiounsdefizit louch, wann et zu enger ongewolltener Schwangerschaft koum.

Et ass an dem Zësummenhank och schokant, dat eng Institutioun déi hei am Land ganz vill Ofdreiwunge mecht, ausgerechent « Planning familial » heescht.

An all déi, déi e sougenannte « Recht op Ofdreiwung » als en Deel vun de Fraerechter gesinn, wëll ech och drunn hiweisen, dat duerch d’Méiglechkeet vun enger ganz fréier Determinatioun vum Geschlecht vum Kand, d’Meedercher e méi héigen Ofdreiwungsrisiko wéi d’Jongen hunn.

Mat der Aféierung vun der subjektiv empfonntener « détresse » als allgemengen Ofdreiwungsgronn, als déi nei  allgemeng Indikatioun souzeson, ass de Schrëtt vun der Objektivitéit an der gesellschaftlech akzeptéierter Ausnameregel an d’Beliibegkeet gemaach ginn.

 

Fir Fraen déi an enger Gewëssensnout sinn,  gëtt d’Situatioun net doduerch méi einfach gemaach dat et op eemol un all objektivem Critère feelt an dat keen Dokter duerch säin gesetzlech fondéierten Avis der Fra méi kann en Deel vun der Verantwortung ofhuelen.

Virun allem ass et och fir d’Gesellschaft net richteg eng subjektiv empfonnnten « détresse » einfach als Ofdreiwungsgronn ze acceptéieren. Vill méi wär et un der Gesellschaft an un eisem solidaresche Sozialstat enger « détresse » entgéint ze wierken, an d’Kand ze retten doduerch dat si der Mamm oder de jonken Elteren an hirer « détresse » hëlleft. Dat gëtt awer hei net probéiert, well haaptsächlech no enger Excuse fir eng méi einfach Ofdreiwung gesicht gouf, a net no enger Méiglechkeet fir d’Zuel vun den Ofdreiwungen erofzesetzen. Fir d’Gesellschaft heescht dat awer dat si hir Solidaritéitsflicht bei Ofdreiwungen wéinst enger reeller « détresse » verletzt.

Och ass net all ongewollte Schwangerschaft eng « situation de détresse ». Et gëtt, wéi richteg an e puer Avisen gesot gouf, keng juristesch präzis Définitioun vun dem Begrëff. Dee Manktum géng zu juristeschen Onkloerheete féieren an ënner anerem dowéinst ass jo déi geplangten Indikatiounsléisung vun der « détresse sociale » net zréckbehale ginn. Mä elo ass déi Notioun an dem neie Gesetz generaliséiert ginn, och ouni Definitioun an ouni Appreciatioun vun engem Aussestehenden. Domat ass d’Notioun vun der « détresse » gläichzäiteg och banaliséiert ginn.

Iwwer de Rôle vum Mann wär och vill ze soen. An dëser Debatt gouf de Mann nees allze dacks als dee Schëllegen duergestallt, den dem seng Schold et eigentlech ass, den den sech aus dem Stëps mecht, den – an hei gouf de Begrëff mol zur Ofwiesslung eng Kéier gebraucht – seng Verantwortung net well iwwerhuelen oder och nach als den, den d’Fra ënner Drock setzt. Leider – an dat ass eng Tatsaach – gëtt et där Männer.

Mä iwwer dee Mann, dee vläicht mol näicht vun der Schwangerschaft wees,  oder iwer den, den als Papp d’Kand vläicht wéilt halen an et ebe net wëll ofdreiwen, iwwer dee Mann gouf net vill geschwaat. Hien huet keng Rechter!

D’Mënscherechtskommissioun huet et souguer färdeg bruecht an hir Recommandatiounen ze schreiwen, dat en d’Männer soll fir eng verantwortlech Sexualitéit sensibiliséieren. Mä et geet jo net nëmmen drëm dat d’Männer hir Sexualitéit verantwortlech liewen, mä d’Frae genee sou! Et wär vläicht gutt, wann sech déi Mënscherechtskommissioun mat hire Viruerteeler géint d’Männer mol geng selwer a Fro stellen. Gläichberechtegung heescht och gläich Verantwortung.

Nach méi bedenklech ass de procedere vum Staatsrot. An der juristescher Chamberkommissioun gouf  matgedeelt, dat de Staatsrot eng ad hoc Kommissioun zesummegestallt hätt fir den Avis vum Staatsrot iwwer d’Ofdreiwungsgesetz ze schreiwen, an zwar eng déi just nëmmen aus Frae besstaanen huet. Elo ginn also schonn d’Männer institutionnell ausgegrenzt, wann et ëm d’Diskussioun vun enger zentraler ethescher Fro vun der Gesellschaft geet. Dat ass inakzeptabel an och de Staatsrot misst eis mol vläicht erklären, wat do genee geschitt ass.

Suergen mecht eis och d’Ofschwächung vun der « autorité parentale ». Dat een hei eng ganz einfach Méiglechkeet opmecht fir laanscht d’Elteren ze decidéieren, wierft och eng ganz Rei vu Froen op. Dacks wären d’Elteren eng wichteg Stäip fir hir Meedchen an hir zukünfteg Enkelkand. Am Vergläich mat aneren, wäit manner dramateschen Liewenssituatiounen, ass hei d’Autoritéit vun den Elteren op eng iwwerdriwwe Manéier ageschränkt ginn.

A schliesslech ass eng Schwangerschaft keng Krankheet ! Et muss een oppassen wann een, wéi de Staatsrot, Referenzen mecht op eng « continuation des soins aux malades », oder d’Ofdreiwung einfach als eng Gesondheetsfro, als eng Fro vun enger « santé sexuelle et reproductive », oder enger « prestation de santé publique » duerstellt. Och mat sou enger Terminologie well een vertuschen, dat hei e Kand stierft.

 

Här Präsident,

Och wann d’ADR net ka mat enger Liberaliséierung vun der Ofdreiwung d’accord sinn, sou sinn awer verschidden Elementer an der Diskussioun vun denen leschte Wochen ze begréissen.

Dat éicht ass, dat jiddereen Wäert op eng gutt Sexual-Opklärung an de Schoule leet. Déi juristesch Kommissioun wollt dozou eng Debatt organiséieren, déi gehéiert awer selbstverständlech an d’Commissioun vun der Education nationale. Jiddefalls musse mir secher stellen, dat jiddereen u sou engem Unterrecht deelhëllt, och onofhängeg vun all Relioun.

Dat zweet ass, dat mir all Wäert op d’Präventioun vu net gewollte Schwangerschafte leeën. Politesch si mir eis eens, dat et an dem Sënn richteg ass fir de Jugendlechen gratis Verhütungsmëttel zur Verfügung ze stellen. Dat soll awer gläichermoossen fir d’Meedercher a fir d’Jonge gëllen. Bei aller Grosszügegkeet wat d’Contraceptioun ugeet, sollte mir awer och Wäert drop leeën fir dene jonke Leit ëmmer nees däitlech an Erënnerung ze ruffen, dat eng geliefte Sexualitéit eben och eng Dimensioun vu Verantwortung huet.

Och déi vill diskutéiert obligatoresch psycho-sozial Berodung ass am Prinzip eng ganz positiv Saach. Ville Fraen oder Koppelen kënnen a sou Berodungen Weeër opgewise ginn, fir hir Kand ze behalen. Si ass och keng Limitatioun fir déi perséinlech Fräiheet, well si erlaabt et jo eréicht eng wierklech fräi Decisioun op Basis vun enger besserer  Informatioun ze huelen. Domadder gëtt d’Fräiheet vun där betraffener Mamm oder Koppel also gestäerkt.

Dem Stat steet et selbstverständlech och zou, fir sou eng Consultatioun virzeschreiwen. Dat ass e minimalen Agrëff an d’Privatsphär, den awer duerch déi staatlech an och déi moralesch Flicht dat ongebuere Liewen ze schützen méi wéi justifiéiert ass.

Positiv ass och, dat nach eemol ënnerstrach gëtt, dat keen Dokter oder « auxiliaire médical » därf kënne gezwonge ginn, fir un enger Ofdreiwung deelzehuelen oder Schrëtt an déi Richtung ze ënnerstëtzen. Erënnert sief och hei un den Hippokrateschen Eed, dee leider net méi sou vill Relevanz an eiser Géigewaart huet. D’Gewëssensfräiheet vun all Dokter, Apdikter, oder all anerem medizinesche Personal muss allzäit an a vollem Emfank respektéiert ginn!

Här Präsident,

Mat engem gewësse Recul musse mir awer och feststellen, dat d’Argumentatioun fir déi gesetzlech Aennerungen am Gesetz  u  sech relativ schwaach ass. Et gëtt geschwaat vun enger Upassung un déi gesellschaftlech Entwécklungen hei am Land – en Argument dat de normative Rôle vum Stat awer onnéideg relativéiert – a vun enger Upassung un d’Legislatioun an de Nopeschlänner  an domadder verbonnen och eng Hoffnung datt et zu engem Enn vun den Ofdreiwungsreesen an d’Ausland kënnt. Domadder ass awer net ze rechnen, well vill vun den  Ofdreiwungen am Ausland gemaach ginn, well déi gesetzlech Fristen hei am Land schonn iwwerschratt sinn, oder well vill Fraen aus Diskretiounsgrënn léiwer an d’Ausland ginn. Dorunner wärt sech och an Zukunft näicht änneren.

Här Präsident,

Trotz der obligatorescher zweeter Konsultatioun ass dat neit Gesetz praktesch eng Fristeléisung. Déi Tatsaach, dat eng Fra déi well ofdreiwen sech och nach selwer muss schrëftlech confirméieren dat si an där zweeter obligatorescher Consultatioun war – där hir Modalitéiten och nach net präziséiert sinn – ass eng inhärent Schwächt vun dësem Gesetz.

Och déi Theorie dat eng Ofdreiwung soll eng Ausnam sinn a kee Mëttel zur Fammilljeplangung gëtt duerch d’Praxis dementéiert. Bei wahrscheinlech bis zu 2.000 Ofdreiwungen am Joer kann ee net méi vun Ausname schwätzen. Et handelt sech ëmmerhin em ronn en Drëttel vun der Zuel vun de Gebuerten!

Mir därfen awer als Stat d’Ofdreiwung net einfach sou als eng Fatalitéit akzeptéieren. De Staatsrot huet sech a sengem Avis op e  franséichen Text beruff, den d’Ofdreiwung als eng « composante « structurelle » de la vie sexuelle et reproductive » bezeechent. Dat därf et awer net sinn! Mir mussen als Stat vill méi determinéiert fir de Schutz vum Liewen antrieden.  Mir mussen eng Diskussioun féieren, wéi mir Mammen a Koppelen kënnen encouragéieren fir hir Kand ze behalen, mir mussen iwwer d’Adoptioun diskutéieren, den accouchement anonyme a Babyklappen. All Piste déi sech offréiert fir Kanner ze retten, musse mir hei exploréieren an diskutéieren. Nëmme sou kréien déi Bekenntnisser fir d’Liewen an zum Avortement als Ausnam déi mir och haut hei héieren hunn eng gewësse Credibilitéit – wann de Stat eng erkennbar Politik fir d’Rettung vun de Kanner entwéckelt an ëmsetzt. Mir soen als ADR och decidéiert « jo » zu dene materiellen Hëllefen déi néideg sinn fir jonk Mammen a jonk Koppelen zë ënnerstëtzen!

Här Präsident,

Et gëtt kee Recht op Ofdreiwung mä et gëtt e Recht op Liewen. Mir ginn haut och kengem e Recht op Ofdreiwung – wat eis och net geng zoustoen – mä d’Chamber decidéiert haut eng nei rechtlech Regelung vun der Ofdreiwung. Dëss grondsätzlech Feststellung muss Bestand hunn. D’Doutmaachen vun engem anere Mënsch muss  verbueden a strofbar bleiwen, a nëmmen a streng reglementéierten Ausnamefäll ass en Ugrëff géint dat mënschlech Liewen virstellbar.

Mir mussen och oppassen, dat mir net ëmmer méi an eng Logik vun Eugenik rakommen. Als däitlech Warnung well ech hei dee skandalösen Artikel vum 23. Februar 2012 vum Alberto Giubilini an dem Francesca Minerva zitéieren : « After-birth abortion : why should the baby live »  an dem  proposéiert gëtt, dat och e scho gebuere Kand soll kënnen ëmbruecht ginn.

En anere Schrëtt an de moraleschen Zerfall  ass de Versuch am Oktober 2010 vum Christine McCafferty fir an der Assemblée parlementaire vum Europarot eng Resolutioun unhuelen ze loossen, déi d’Gewëssensfräiheet (objection de conscience) vun den Dokteren ageschränkt hätt.

An eng ähnlech Richtung goung och déi Argumentatioun hei am Land, dat jiddereen den sech wéilt enger Ofdreiwung widdersetzen sech engem sougenantenen « délit d’entrave » geng schëlleg maachen. Schëlleg wär dann den, den dat ongebuere Kand wéilt schützen.

Här Präsident,

Fir meng Partei gëllt : de Schutz vum Liewen muss verdeedegt ginn, fir déi gesond Leit an déi manner gesond, fir jiddereen, vun där éichter Sekonn vum Liewen bis déi allerlescht !

Den Här Pierre Werner wor mat der CSV an d’Oppositioun gaangen, ënner anerem och wéinst der Ofdreiwung. Haut ass d’CSV eng Partei ginn, déi d’Euthanasie mat erméiglecht huet, haut eng bal-Fristeléisung bei der Ofdreiwung aféiert an amgaang ass d’Homosexuellebestietnis mat der Méiglechkeet vun der Adoptioun vu Kanner viirzebereeden. Alles dat, huet mat chrëschtleche Viirstellungen näicht méi ze dinn.

Et wär gutt, wann d’CSV endlech geng – mol zur Ofwiesslung – de Wee vun der Eierlechkeet goen, mä dee fënnt si genee sou mann wéi déi berühmte sëchere Wee. Jiddefalls huet den « C » an hirem Numm näicht méi verluer.

D’ADR, Här Präsident, huet an hirem Programm en däitlecht Bekenntnis zum Liewen an zu der Famill. Déi Ried, déi mir haut hei gehalen hunn, wor eng vu ganz wéinege Stëmmen am Land, déi nach fir déi Wärter astinn. Dat ech déi Ried haut hei konnt halen, wor fir mech als Mënsch ganz wichteg. Ech sinn houfreg op meng Partei, dat si dëss moralesch Positiounen vertrëtt, an ech sinn hir dankbar dat si de Wee vun der Mënschlechkeet net verléisst.“

 

Veröffentlicht unter ADR, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

„Déi Lénk“ an hir Frënn

Bei eis am Land probéieren  «déi  Lénk » sech jo als eng respektabel Partei ze presentéieren.  Datt dat zum Deel gelongen ass, huet ganz secher och mat der Perséinlechkeet vum Här Professer Hoffmann ze dinn.  D’Fro stellt sech awer wéi eecht hir Trennung vun der Lëtzebuerger Kommunistescher Partei (KPL) an hir proclaméiert Distanz zu hirer kommunistescher Vergaangenheet ze huelen sinn.

Eng Aentwert dorop kann ee vläicht bei Wikipedia fannen. Do steet, datt « déi Lénk » Member am « Parti de la Gauche européenne » sinn. An do sinn oder woren, ënner aneren, dëss Parteien  Member (Stand 2010) :  Kommunistische Partei Oesterreichs, Parti communiste (Belgique – Région wallone), Kommunistische Partij (Belgique – Région flamande), Partido Comunista de Espana, déi finnesch kommunistesch Partei, de Parti communiste français, den italieneschen Partito della Rifondazione Communista, d’Partei vun de moldaveschen Kommunisten, wéi och d’Kommunisten aus San-Marino a nach anerer. Als « Observateuren » sinn ageschriwwen déi « Deutsche Kommunistische Partei », de «Partito dei Communisti Italiani » an déi tscheschech Kommunisten « aus Béimen a Moravien ». An doniewent nach eng ganz Hickecht vu lénkssozialisteschen bis zu trotzkisteschen Bewegungen. No enger klorer Trennung tëschent eise « Lénken » an de Kommunisten gesäit dat do eigentlech net aus. Déi Lëscht do liest sech éichter wéi den Horrorkatalog aus den Zäiten vum Kale Krich. Mat Demokratie hunn déi do Herrschaften wahrscheinlech och net vill um Hutt. Déi Lëscht  klengt éichter wéi dë Personalregëster vum Archipel Gulag.

E richtege Programm fënnt een op dem Site vun dene Lénken iwwregens och net. Och keng Erklärungen zu hirer Vergaangenheet oder hirem Verhältnis zum Kommunismus. Just e puer Schlaagwierder, e puer schwammeg Sammelbegrëffer, vill allkommunisteschen Kampfjargon,  bëlleg Stroossenrhetorik, mä bal näicht Konkretes. Wat « déi Lénk » da sou genee mat de Leit génge maachen wann si an d’Verantwortung kéimen, dat soen si dem Wieler wuel léiwer net. Ech wär jiddefalls frou wann « déi Lénk » mol géngen erklären, wéi si haut zu all hiren gudden, alen Genossen an Europa stinn. Et ass schwéier ze verstoen, dat si hei am Land sou maachen als wéilten se mat de Kommunisten a mam Kommunismus näicht ze dinn hunn, mä datt dat awer iwerall soss an Europa hir beschte Kollegen sinn. Iwwregens ass och déi däitsch « Die Linke » an hirem noblen Veräin – eng Partei déi hir Wuerzelen ënner anerem  an denen  Hären Ulbricht an Honecker hirer SED huet.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Homo-Bestietnis: E puer gutt Bicher zum Thema

Et kann een d’Diskussioun em d’Homo-Bestietnis, wéi all aner Diskussioun, natierlech op e puer Niveauen féieren. D’Tageblatt, zum Beispill, nennt  d’Géigner  vun där Iddi  einfach « mëttelalterlech » a schwätzt vun engem « Kräizzuch » ënnert dem Eiffeltuerm. Domat wären d’Fronten da kloer : déi, déi sech net fir den supposéierten « gesellschaftleche Fortschrëtt » vum Homo-Bestietnis ausschwätzen si vu vir-virgëschter oder/an, wat vläicht nach méi schlëmm ass,  am  Bond mat där béiser, béiser Kierch. Mat « mëttelalterlech » sinn  hei natierlech nët  déi kulturell Leeschtungen aus där Zäit gemengt, well där gouf et och mä si si vläicht a lénke Kreeser net sou bekannt, mä  sou zweifelhaft Eegeschaften  wéi « réckstänneg », « däichter », « ënnerdréckerech », an sou virun.

Ass et dann ieren « mëttelalterlech » sech ëm d’Wuel vun de Kanner Suergen ze maachen ?  Muss een da gleeweg sinn, fir all déi vill rechtlech, sozial an ethesch Bedenken ëm d’Homo-Bestietnis an d’Diskussioun ze bréngen ? Natierlech net ! Et geet vollkommen duer, e modernen, opgeklärten a verantwortungsvolle Mënsch ze sinn!

Mä amplaatz sech mat sengen Argumenter missen auserneenzesetzen gëtt  de politesche Géigner léiwer diffaméiert. Dat ass natierlech méi einfach.

Fir all déi Leit déi sech net um Niveau vum Tageblatt wëllen mat der Problematik befaassen, mä der Diskussioun wëllen en argumentative a verantwortungsvolle Charakter ginn, gëtt et e puer wonnerbar opgebaut, iwwerzeegend geschriwwen  a grëndlech dokumentéiert Bicher. Eent vun denen beschten zu dem Thema ass och nach vun engem Lëtzebuerger geschriwwe ginn, an dat mecht mech ganz besonnech frouh!

Hei si meng Bicher-Recommandatiounen zu dem Thema :

  1. Alain THORN, L’intrusion homoparentale, promoculture, 178 pages, 2011, ISBN 978-2-879-74113-0.
  2. Xavier LACROIX, La confusion des genres, Réponses à certaines demandes homosexuelles sur le mariage et l’adoption, Bayard, Etudes, 152 pages, 2005, ISBN 978-2-227-47489-5.
  3. Gabriele KUBY, Die globale sexuelle Revolution, Zerstörung der Freiheit im Namen der Freiheit, 2012, 453 Seiten, ISBN 978-3-86357-032-3.

 

 

Veröffentlicht unter Bicher, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Journalismus a mënschlechen Respekt

Fir gewéinlech ass  een jo als Politiker Villes gewinnt. Zëmools an dene leschte Wochen hunn ech no mengem Récktrëtt als ADR-Parteipresident sou munches ze héiere kritt.  Politiker ass nun eemol wierklech keen Job fir ganz empfindlech Leit. A wann een vun enger Funktioun zréckgetrueden ass, da kommen op emol all déi besonnesch couragéiert Kritiker aus hire Lächer,  fletschen nach eemol d’Zänn an trëppelen op dem wat si fir e politesche Kadaver halen.  An där Hinsicht kann een sech allerdéngs och mol ieren.

Kritik un der Politik an um Politiker ass an enger demokratescher Gesellschaft net nëmmen erlaabt, mä si ass onverzichtbar an ausdrécklech erwënscht.  D’Press huet als „véierte Pouvoir“ eng wichteg Kontrollfunktioun. Mä muss een sech als Politiker grad alles gefale loossen ? Sou richteg et ass e Politiker no senger Politik ze beuerteelen,  sou zweifelhaft ass et awer wann e  Journalist, amplaatz op dem Niveau vun der politescher Reflexioun an Diskussioun ze bleiwen,  Argumenter duerch perséinlech Beleedegungen  ersetzt.

Am Kulturissimo schreift zum Beispill e bekannte Schrëftstëller a Journalist , ech zitéieren: « die Machtgelüste des bigotten, frauenhassenden, Egomanen Kartheiser ».   Ass dat nach berechtegt, politesch Kritik oder scho perséinlech Frechheet ? Menger Meenung no dat zweet. Hei gëtt jo net meng politesch Aarbecht bewäert oder ënnersicht, mä ech ginn als Persoun ugegraff.

Dat e Politiker « Machtgelüste »  huet, ass jo wuel normal. E vertrëtt bestëmmten Iddien déi e wëll an eiser Gesellschaft zur Geltung brengen, an dat geet nun eemol iwwer de Wee vun der demokratesch legitimiéierter Muecht. An aanecht wéi de Journalist ass de Politiker souguer demokratesch legitiméiert fir seng Meenungen ze vertrieden. Hei sollt een dem aneren seng Roll an der Gesellschaft respektéieren.

Bigott ? Sinn et da net grad déi Lénk déi ëmmer soen d’Relioun wär eng Privatsaach an si hätt an der Effentlechkeet näicht verluer ? An lo op eemol spillen grad sou Leit vum lénke Bord sech op, als kéinten si iwwer meng privat, reliéis Astellungen en Uerteel ofginn ? Ausgerechent déi Lénk als Wiechter vun der richteger Hëllegkeet an als  Géigner vun der Schäinhëllegkeet ? Gëtt et dann do net vläicht e klenge Problem punkto Glaafwierdegkeet ?

Fraefeindlech ? Hei verwiesselt een Anti-Feminismus mat Fraefeindlechkeet. Ech sinn ën engagéierten Anti-Feminist,  mä ech si frou mat Fraen (natierlech nëmmen soulaang si net Feministinnen sinn…).  Feminismus ass iwwregens a mengen An eng fraefeindlech Ideologie an ënner anerem dowéinst sinn ech en Anti-Feminist. Mä fir sou  Ennerscheeder kënnen ze verstoen brauch een wuel e Minimum un Differenzéierungsverméigen.

Egoman? Do kennen ech eng Rei vu Schrëftsteller a Journalisten déi an där Hinsicht bedeitend  méi  geplot sinn wéi ech.

En anert Beispill ass den RTL-Presseclub vum 20. Januar. Do hunn e puer Journalisten iwwer d’ADR geschwat. Eierlech gesot, sou en onqualifizéierten  Diskurs wéi den, den do de Nolauschterer zervéiert gouf, hunn ech sielen héieren. U sech wëssen déi Journalisten déi do dobäi waren  entweder nët vill iwwer meng Partei oder si verstinn iwwerhaapt näicht vun denen Entwécklungen vun denen leschten Wochen. A wann si et ieren awer sollte wëssen a verstoen an trotzdem de Contraire soen, da sinn si leider onéierlech.  Schlecht informéiert oder onéierlech – dat eent wéi dat aanert si keng Referenzen fir gudde Journalismus. Eng Ausnam wor den Här Karger vum Journal, den e puer intelligent Froen gestallt huet, zum Beispill déi nom „propriétaire“ vun engem politesche Mandat.

Eng Journalistin nennt mech um Radio e « cas d’école » fir „Opportunismus“ den e misst « opschaffen », oder sou ähnlech. Ass dat lo nach eng Kritik oder schonn eng Frechheet ? Ech si mol gespaant op déi interessant Analys vu mengem „Opportunismus“ déi dann do nach soll kommen – eng Charaktereegeschaft vun där  ech bis elo net gefaart hat fir se missen bei mir festzestellen. Vläicht hu mir  jo am RTL-Presseclub och nëmmen e weidere « cas d’école » fir journalistesch Inkompetenz entdeckt.

Et gëtt zu Lëtzebuerg ganz vill Journalisten déi Respekt verdengen. Si sinn intelligent, denken a fuersche no, analyséieren an d’Déift  a weise Courage bei dem wat si publizéieren . Mä dat sinn se leider net all.

Ech erwaarde mir zu Lëtzebuerg mol endlech méi Journalisten, déi net dauernd virun de Regierungsmemberen op de Knéie rutschen an/oder mam Premier op de Mäertchen e Fësch iesse ginn. Ech erwaarde mir eng onofhängeg, couragéiert a qualitativ héigwäerteg Press.  Hoffen därf een jo secher nach.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar