Archiv des Autors: fkartheiser

Gréng Verdeedegungspolitik

An der Baussen- an Entwécklungspolitik an och soss schwätzen déi Gréng jo sou gär vu Kohärenz. „Déi konservativ Säit“ wëll dowéinst eemol kucken wéi et da parteiintern bei dene Gréngen mat der Kohärenz ausgesäit. Als Beispill hi mir haut – … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 5 Kommentare

„Een vun ons“ – Lëtzebuerg huet säin Ennerschrëfteminimum erreecht!

Fir eemol däerfe mir Lëtzebuerger och mol nees richteg houfreg sinn! Mir hunn eise Quorum fir de Schutz vum Liewen bei där europäescher Petitioun „One of us“ erfëllt! http://www.oneofus.eu/the-european-citizens-initiative-one-of-us-has-surpassed-1-500-000-signatures-17-countries-has-reached-have-reached-the-minimum-quota/ Hei nach eemol wourëms et geet: „Was ist das wichtigste Ziel … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Fanpost vun dene jonke Gréngen

„Déi konservativ Säit“ krut haut Post vun dene jonke Gréngen. Dofir en häerzleche Merci! Si huelen an hirem Bréif Bezuch op den Artikel „Méi Gréng, manner Verantwortung“, den hinnen anscheinend besonnesch gutt gefall huet. Ech muss also wahrscheinlech nach méi … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Wëllen d’Sozialisten well datt d’Kierchen Europapolitik maachen?

D‚tageblatt mecht sech lo scho Suergen em d’Europawalen. An  engem Artikel dee mat „AFP/tageblatt.lu“ ënnerschriwwen ass,   http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/18705818,  gëtt festgestallt:  “ Denn überall in Europa gewinnen euroskeptische oder gar europafeindliche Parteien an Zulauf:“ Dat ass jo wierklech keng Iwwerraschung, well et ass nun eemol eng … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Därf een Delikter provozéieren?

Op wort.lu steet am Abléck en Artikel zum Thema sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjähregen: http://www.wort.lu/de/view/virtueller-lockvogel-tausende-paedophile-beissen-bei-sweetie-an-5278ec7ce4b0a5fc7cc06f64 Terre des Hommes Holland huet e Computermodell benotzt fir potentiell Pädophiler unzelackelen. Well d’Wort dat net weider kommentéiert huet, well ech awer hei op d’Bedenklechkeet vu … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Mat wéivill Stëmmen kritt een dat federalt Europa fortgespullt?

D’EU-Kommissioun huet der Wëssenschaft alt nees e groussen Déngscht geleescht. Hir Etude iwwer d’Toiletten ass ee vun hire bis elo fundamentalste Bäiträg fir eng ëmmer méi no Unioun tëschent den europäesche Vëlker, sou wéi d’Traitéën et virgesinn.  http://deutsche-wirtschafts-nachrichten.de/2013/10/29/nach-urin-studien-eu-will-klo-spuelungen-regulieren/ D’Lächerlechkeet vun dem aktuellen Europa brauch jiddefalls … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Niedersachsen: Partizipatioun ouni Integratioun

Wouhinn et féiert wann ee lénks wielt, dat ginn elo d’Leit aus Niedersachse gewuer. Hir Ministech fir Sozialfroen, d’Madame Cornelia Rundt, huet erklärt dat d’Regierung vum Land wéilt de Begrëff „Integratioun“ duerch „dee selbstverständlechen Usproch op Mathunn a Partizipatioun“ ersetzen (den selbstverständlichen Anspruch … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Dossier Snowden: si mir amgaang de Norden ze verléieren?

No dem Här Ströbele sengem Ausfluch a Russland, huet d’Affär Snowden alt nees  u Potential gewonnen fir déi transatlantesch Relatiounen ze vergëften. Déi Gréng an all déi aner Lénk gesinn doranner eng Méiglechkeet d’NATO auszehiewelen, Europa an d’USA auserneeen ze dividéieren an Däitschland an … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Respektéiert de „Centre pour l’égalité de traitement“ nach d’Gesetz?

Am Gesetz iwwer de Centre pour l’égalité de traitement (CET) si seng Missiounen genee beschriwwen:  http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2006/0207/a207.pdf  „Art. 9.  Le Centre, qui exerce ses missions en toute indépendance, a pour objet de promouvoir, d’analyser et de surveiller l’égalité de traitement entre toutes … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Chrëschtkiermes

Lo kënnt also geschwënn nees d’Saison vun der „Christmas Parade“ an dem „Weihnachtsmarkt new look“ inklusiv Riserad.  http://www.wort.lu/de/view/riesenrad-die-zweite-5278ea47e4b0c9544cdea7ba Virun bal engem Joer hat ech mech schonn op dëser Plaatz iwwer sou Entwécklungen opgereegt, déi zu eisen Traditiounen an dem Sënn vu … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar