Monatsarchive: Oktober 2013

E ganz häerzleche Merci!

No engem heiansdo opreegenden Waldag wëll ech all dene ganz häerzlech Merci soen, déi menger Partei an/oder mir perséinlech hirt Vertraue an hir Stëmm geschenkt hunn. Dat ass e ganz wäertvolle Cadeau a, genee sou wéi de Gast Gibéryen an de Roy … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare

Walen 2013: E Message vum Här Gast Gibéryen

Dësem Message schléissen ech mech selbstverständlech voll a ganz un. Zousätzlech wëll ech awer nach e puer Saache soen, déi mir um Härz leien. 540 Leit hunn sech als Kandidaten opgestallt. Mat 480 vun hinnen sinn ech zwar politesch net … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

De Kapp am Fändel

Haut de Mëtteg am RTL-Background konnte mir verschiddenen Invitéën nolauschteren déi vun RTL invitéiert goufen Kommentaren iwwer déi „nationalistesch“ ADR-Walcampagne ze maachen. A flichtgeméiss hunn déi dräi dat gesot, firwat RTL se invitéiert hat.  Ee vun hinnen huet souguer sou eppes gesot … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Theologie ass eng Wëssenschaft fir Leit mat Niveau

Wann et drëm geet fir d’Relioun erof ze maachen, gëtt et jo an eiser Gesellschaft bekanntlech keng Grenzen an der Banalitéit oder der Oninforméiertheet vun der Argumentatioun. Sëcher gëtt et och formidabel Philosophen a Wëssenschaftler déi all Relioun a Fro stellen … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Asselborn wëll dene syresche Chrëschten net hëllefen

Lëtzebuerg huet jo versprach 60 syresch Réfugiéën opzehuelen, woumat och all politesch Parteien averstane sinn.  An där leschter baussepolitescher Kommissioun an der Chamber, hat ech den Här Asselborn gebieden, datt mir syresch Chrëschten sollen ophuelen, wëll si net nëmmen ënner … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi lénk Saakgaass

Lo grad hunn ech de Programm vun der „Maison de la laïcité“ gelies. Dat Ganzt nennt sech bistro-philo a wëll sech intellektuell ginn. E puer Zitater fir schéin ze maachen (André Gide, Henri Pena-Ruiz) an da fénkt  den Démontage un: Démontage vun … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’LSAP dreemt schonn dovun d’Kiirchen ëmzebauen

D’Tageblatt, eng Zeitung déi systematesch sou mëcht als geng et d’ADR net méi ginn, publizéiert och scho mol Artikelen an denen Iddien fir den Embau vu Kiirche ënner d’Leit bruecht ginn. Dat gëtt engem dann en „avant-goût“ op déi schéi nei Welt … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Henryk M. Broder schreift iwwer eis Politiker

De bekannten däitsche Publizist Henryk M. Broder schreift och heiansdo e puer Zeilen iwwer eis lëtzebuerger Politiker. An dat wat hie schreift ass vill manner geblimmelecht wéi dat wat eis parteigesteiert Press iwwer eis Politgréissten erzielt. A sengem Buch „Hurra … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Eng intelligent Studentin schreift dene Gréngen

  Déi Gréng hunn un déi jonk Wieler e Bréif rausgeschéckt an dem si Reklamm op engem Ziedel maachen den dën Titel: „Déi éichte Kéier ass schonn eppes Besonnesches“ dréit.  Dorop ass de Geschlechtsakt gewisen – ongewinnt diskret fir déi Gréng ënnert … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 7 Kommentare

Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht: d’CGFP läit richteg!

D’CGFP huet haut an där Fro vollkommen zu Recht e Referendum gefrot. Si huet ëmsou méi Recht, wéi d’Patronatsorganisatiounen déi Debatt ëm d’Auslännerwalrecht jo virun allem lancéiert hunn, fir den Afloss vun de Staatsbeamten hei am Land ze briechen.  http://news.rtl.lu/news/national/478228.html … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar