RTL-Journalismus oder Hetz géint d’ADR?

Zënter Joer an Dag gëtt op RTL d’ADR systematesch an d’Noperschaft vun de rietsradikale Tendenzen geréckelt. Hei e klenge Pot-Pourri:

  

Et ass schwéier ze gleewen, datt do net eng Absiicht dohannert stëcht. Emmer nees, vun alle méiglechen RTL-Journalisten, gëtt d’ADR an den extremisteschen a nationalisteschen Eck geréckelt. Hunn si dann eise Walprogramm net gelies? Wëssen si iwwerhaapt vu wat datt si schwätzen?

Hunn d’RTL-Journalisten einfach net méi politesch Hannergrondwëssen iwwer d’Geschicht vum Rietsradikalismus an de politeschen Iddien? Dat wär traureg! Oder ass do vläicht awer méi dohannert?

http://de.wikipedia.org/wiki/Hetzkampagne

Wann ech sou Saache gesinn an héieren, dann denken ech ëmmer drunn, datt am RTL-Verwaltungsrot d’CSV, d’LSAP an d’DP sëtzen. Interessanterweis sinn dat och déi Parteien, déi ëmmer nees RTL-Journalisten mat op hir Lëschten huelen.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Wale vun der leschter Chance!

Ech wees natierlech net wéi aner Leit dëss Walen an der Geschicht vun eisem Land wëllen anuerdnen. Mee fir mech sinn et d’Wale vun der leschter Chance. Datt mir eis gutt verstinn: ech schwätze net vu menger perséinlecher Zukunft, mee ech maache mir Suergen ëm dësst Land.

Eist Land ass iwwerverschëllt, eis Schoule sinn op den Hond komm, eis Souveränitéit gouf ausgehielegt an eis Identitéit gëtt zerried an zerstéiert. Eng richteg Diskussioun gëtt et net, soulaang déi véier méi grouss Parteien grosso modo dat selwecht soen an dat selwecht maachen. Si hunn d’Zeitungen an déi aner Medien zu engem groussen Deel ënner Kontroll. Mir si konfrontéiert mat engem Polit-Kartell vun der Uniformitéit an der Mediocritéit an dem just nëmme nach ëm d’Posteverdeelung gestridde gëtt. Wéi sot de Montesquieu? „Là où il n’y a pas de conflits visibles, il n’y a pas de liberté.

Ech si frou, datt ech mech an der ADR engagéiert hunn. Trotz all denen Diffamatiounen mat denen déi Partei Dag fir Dag konfrontéiert ass,  huet si hiren Asaz fir eist Land  ëmmer nees gewisen a bewisen.  Eis Plakater ginn verschmiert, ëmgehäit an zerstéiert. Déi déi dat maachen di mir Leed. 

Vläicht verschwënnt d’ADR de nächste Sonndeg aus der Chamber oder vläicht gëtt si vill méi staark. Kee wees dat haut ze soen. Mee si ass déi eenzeg Partei déi nach patriotesch ass, déi eenzeg déi zum Leeschtungsprinzip steet, déi eenzeg déi géint en europäesche Federalstaat ass, déi eenzeg déi dem Geldverbëtze wëll en Enn maachen.

E Sonndeg zéien ech de Bilan. Wa mir gestäerkt ginn, sinn ech natierlech glécklech. Wann d’ADR awer verschwënnt, sinn anerer frou:

– D’CGFP well si joerelaang géint d’ADR Krich geféiert huet, ouni ze verstoen, datt si a Wierklechkeet objektiv Alliéierter sinn. Wann si dat bis versteet, kann et ze spéit sinn.

– Déi aktuell Féierung vun der CSV, well domadder hire chrëschtlechen a konservative Fligel um Enn ass.

– D’ASTI an de CLAE ,well domadder de Wee fir d’Auslännerwalrecht wäit op steet.

– An natierlech déi ganz politesch lénk Szen wëll et da riets vun der lénker Mëtt keng demokratesch Partei méi hei am Land gëtt.

Gëschter an der Kathedral huet d’Häerz mir wéi gedoen. Mir hunn eis un déi erënnert déi d’Liewen fir eis Heemecht gelooss hunn an d’Kierch wor voll mat Leit déi eist Land wëllen an Europa opléisen an eis Identitéit an engem Multi-Kulti-Bräi verschwanne loossen.  

Ech wielen d’ADR aus Iwwerzeegung an aus enger déiwer Léift zur Heemecht.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Schoulprogrammanalys op RTL: firwat déi Desinformatioun?

Wat hunn ech mech gewonnert, wou ech de Moien e Reportage op RTL iwwer d’Schoulpolitik gehéiert hunn.

http://news.rtl.lu/themen/wahlen/477548.html

RTL huet zum Beispill net gesot, datt d’ADR sech fir de Reliounsunterrecht asetzt. 

Mee richteg schockéiert huet mech, datt RTL seet dat d’ADR den „technique“ an de „classique“ wëll „verschmëlzen“. De geneeë Géigendeel ass wouer. Hei sinn Auszich aus dem ADR-Walpgoramm: 

„Die ADR hält an der Zweiteilung des Unterrichts in eine klassische Sekundarschule und eine technische Sekundarschule fest. (…) Die ADR lehnt (…) alle Gesamtschulmodelle ab.“

Ech mengen, datt eng méi däitlech Ausso schwéier méiglech ass.

Firwat verfälscht RTL den ADR-Walprogramm?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wee gëtt dee neien lëtzebuerger EU-Commissaire?

Et ass net well an dësem Walkampf net vill iwwer Europapolitik geschwaat gëtt, dat een den Aspekt däerft aus den An verléieren. An eng Facette dovun ass natierlech d’Fro, wen den nächste lëtzebuerger EU-Kommissar gëtt.

Am Abléck schéngt et jo sou ze sinn, datt d’Madame Reding wéilt „Spëtzekandidatin“ vun der EVP-Fraktioun ginn an dat a Konkurrenz zu dem schwaachen Martin Schulz vun de Sozialisten. De Problem ass, datt d’Madame Reding ganz vill Géigner huet, inclusiv am Europaparlament an an der Kommissioun selwer.

Virun allem därf een awer net vergiessen, datt d’Kommissaren net vum Europaparlament proposéiert ginn, mee vun de nationale Regierungen. Wann et hei am Land zu enger Dräierkoalitioun ouni CSV kéim, misst een dovun ausgoen, datt den nächsten Kommissar geng Nicolas Schmit, Jean Asselborn, Mady Delvaux oder och nach vläicht Charles Goerens heeschen. 

Am Fall vun enger neier CSV-LSAP Koalitioun – dee wahrscheinlechste Fall well eng Neioplo de Wonsch vu Schwaarz a Rout  ass – geng et wuel vum Kräfteverhältnis tëschent denen zwou Parteien ofhänken, ob d’Madame Reding sech nach hale kéint.  An der Theorie wär dat och sou bei enger CSV-DP Koalitioun. D’DP wär awer sou onheemlech frou fir mol nees an enger Regierung ze sinn, datt si keng Fuerderunge geng stellen, weder inhaltlech nach a Personalfroen. D’DP wär e ganz effacéierte Koalitiounspartner, zemools och nach well den Här Goerens e grousse Fan vum Här Juncker ass. 

D’CSV ass natierlech méi schwaach an de Personalverhandlungen, wann et arithmetesch méiglech wär souwuel eng Dräier-Koaltioun wéi eng Zweeër-Koalitioun ënner CSV Féierung ze maachen.

Ech hoffe jiddefalls, datt d’ADR gestäerkt gëtt, sou dat et muss zu themateschen Diskussiounen kommen an net nëmmen zu enger Emverdeelung vu Posten tëschent véier Parteien déi sech kaum nach vuneneen ënnerscheeden.

Déi zweet Fro ass wéi eng Partei wéi eng Kandidaten fir d’Europawalen opsetzt? Dat hänkt natierlech dovun of, wéi eng  Ministeren oder Politiker no de Walen mussen „entsuergt“ ginn. Geet d’Madame Reding iwwerhaapt nach mat, wann si keng Chance méi op e Kommissarsposten huet? Ass der Madame Delvaux hir wahrscheinlech Kandidatur nëmmen eng Rees an déi europäesch Rangéiergare zu Stroosbuerg oder och nach d’Ambitioun op e Kommissarsposten a Konkurrenz zum Nicolas Schmit? Geng de Nicolas Schmit dann och eventuell selwer Kandidat fir d’Europawale ginn, wann hee Chancen op e Kommissarsposten hätt? 

D’Politik ass also den 20. Oktober nach net riwwer. Am Géigendel, den 20. Oktober owends fänkt de nächste Walkampf un.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Commémoration nationale

Op dësem Dag vun der Commémoration nationale ass et wichteg un all déi ze denken, déi hirt Liewen fir eis Souveränitéit an eis Fräiheet geloos hunn an un all déi vill aner déi ënnert der Gewalt vum Nazi-Regime gelidden hunn.  

Mir denken un all déi Zwangsrekrutéiert, un d’Réfractairen, déi Deportéiert, d’Passeuren an un d’Helden vun der Resistenz. Mir soen all dene Merci déi grouss perséinlech Affer bruecht hunn, fir aneren zë hëllefen. Mir denken un déi vill jüdesch Affer an un all déi, déi aus politesche Grënn hir Fräiheet oder hirt Liewe verluer hunn. Mir mussen hir Undenken éieren a lieweg halen.

Merci fir déi, déi gestreikt haten, Merci fir déi, déi Leit verstoppt a gerett hunn, Merci fir déi, déi an alliéierten Arméie gekämpft hunn.

Vill Leit si fir eis Heemecht gestuerwen. Un eis ass et fir och haut nach e fräit a souveränt Lëtzebuerg ze erhalen an dem eis lëtzebuerger Natioun kann alleng decidéieren wat geschitt. Haut droe vill jonk Leit fräiwëlleg d’Uniform vun eisem Land fir fir eis Fräiheet an Onofhängegkeet anzestoen. Mir wierdegen dowéinst och de Bäitrag vun der lëtzebuerger  Arméi zum Fridden an zur Sëcherheet. 

Mir hoffen, dat ëmmer méi  jonk Leit sech nees hire patriotesche Flichten bewosst ginn an dësst Land sou gär hunn wéi déi Krichsgeneratioun et eis heroesch virgelieft huet.

Mat déiwem Respekt erënnere mir eis un d’Groussherzogin Charlotte a soen eiser Monarchie Merci fir hir wichteg Roll bei der Erhaalung vun eiser  Onofhängegkeet.

Mir soen all denen Alliéierte Merci ouni déi mir haut net fräi wären: den USA, dem Vereenegte Kinnekräich, Frankräich, Russland a villen aneren Staaten op dëser Welt.   

 Vive Lëtzebuerg! Vive de Grand-Duc!

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

Kultur der Gleichheit? – Unkultur des Geistes!

Eng Woch virun de Walen kämpft d’CSV mat engem Phänomen den een allgemeng als Panik beschreift. Dacks vergeet bei Panikufäll d’Capacitéit fir kloer ze denken a fir rational ze handelen. Op enger Presskonferenz gëschter huet d’Madame Hetto dowéinst vun enger „Kultur der Gleichheit“ geschwat. An dat natierlech nees mat Quoten a Verbindung bruecht.

http://www.wort.lu/de/view/zeitlich-begrenzte-quote-ins-auge-fassen-5257c675e4b01316222f3856

Mee hei geet et net nëmmen em Feminismus, mee bei sou engem Ausdrock wéi „Kultur der Gleichheit“ geet et ëm fundamental ënnerschiddlech Opfaassungen an der Gesellschaftspolitik. Natierlech gëtt et Instanzen wou mir prinzipiell all musse gläich sinn: virum Gesetz, an der Medizin, bei de Mënscherechter. An natierlech musse mir eis drëm beméien fir alle Leit eng Chance ze ginn an ze probéieren eng Chancegläichheet ze erméiglechen. Mee ebe grad well mir virum Gesetz all solle gläich sinn, därf et och keng sougenannte „positiv“ Diskriminéierung ginn!

Awer d’CSV ass a Richtung Egalitarismus („égalité dans les faits“) ënnerwee, wat en totalitäre Gedanken ass. D’CSV féiert emmer nei Ausnamen bei de Grondrechter an, an ëmmer nei Regelen déi d’Familljen an d’Entreprise belaaschten. Fir d’CSV muss och nach gläich gemaach ginn, wat net nëmmen anecht ass mee och nach anescht soll sinn!  D’ADR vertrëtt dogéint d’Chancegläichheet, d’Fräiheet an d’Diversitéit, also e fundamental liberale Gedanken.  

Wann d’Madame Hetto eng historesch Dimensioun an hier politesch Aktioune geng mat abezéien, da wéisst si, datt déi egalitär Ideologien bal ëmmer och totalitär waren, wéi z.B. de Kommunismus an de Faschismus. An och de Feminismus, dat soen ech hei nach eemol kloer an däitlech, ass eng totalitär a liberticide Ideologie. De Feminismus  dréint sech haut virun allem géint déi Fraen, déi mat denen doktrinäre Fraebiller vun den 68er net averstane sinn. Géint d’Männer ass déi Ideologie  souwisou, per definitionem.

Wat heescht da „Kultur der Gleichheit“ fir d’Madame Hetto? Dat e puer Quotefraen an d’Verwaltungsréit vun de Entreprise gesat ginn? A Norwegen wor dat Experiment eng Katastrof! Do ginn déi Dammen „d’Goldräckelcher“ genannt, well si d’Jetonen qua Geschlecht sammelen. Vill Entreprisen hunn hir juristesch Form dowéinst geännert, anerer hunn hire Sëtz an d’Ausland verluegt. E puer Fraen huet d’Quot räich gemaach a wat ass domat fir all déi aner Frae gemaach ginn?

Heescht „Kultur der Gleichheit“ dat weider soll géint déi Frae gehetzt ginn, déi sech Vollzäit ëm hir Famill wëlle këmmeren a bewosst net wëlle baussent der Famill schaffe goen? Fir d’ADR mussen d’Fraen an d’Familljen eng wierklech fräi Wiel treffe kënnen wéi e Liewensmodell fir si dee richtegen ass, an dofir och déi materiell Méiglechkeete kréien. An eng fräi Wiel heescht, dat och jiddereen muss fir dat respektéiert ginn wat e mecht, fir d’Aarbecht am Beruff grad sou wéi fir d’Aarbecht an der Famill. An dene Fraen déi déi zwee Modeller kombinéieren muss besonnesch gehollef ginn, grad dann wa si alléng sinn.  

Heescht „Kultur der Gleichheit“, datt d’CSV weider wëll Questionnairen ausdeelen, fir rauszefannen wen doheem an der Famill wat mecht, wen den Dréckseeemer raus dréit a wen d’Wëndele wiesselt? Alles dat ass eng Privatsaach an dat geet de Staat an d’Madame Hetto iwwerhaapt näicht un! 

Nee, enger „*Kultur der Gleichheit“ – d'“Unwort“ vum Dag“! – muss een eng „Kultur der Freiheit“ entgéint setzen.  De Staat huet den Individuum an d’Famill ze respektéieren an all Formen vun Amëschung an d’Privatsphär an an déi perséinlech Fräiheeten ze refuséieren!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Je vote“ – an zwar géint d’Auslännerwalrecht!

Den 11. September gouf e Spawecksinstrument mat dem schéine Numm „Je vote“ virgestallt. Ausgeschafft  gouf et zësumme mat der ASTI, déi och op der Presskonferenz vertruede wor. 

http://www.olai.public.lu/fr/actualites/2013/09/jevote/index.html

Well ech jo bekanntlech RICHTEG, FERM an DECIDEIERT géint d’Auslännerwalrecht sinn an net, wéi d’CSV, nëmme sou maachen als wär ech dogéint, sinn ech dann alt mol op déi Säit kucke gaang. Eppes iwwer d’Walrecht, dat d’ASTI mat ausgeschafft huet, interesséiert mech ëmmer. 

http://www.olai.public.lu/fr/publications/jevote.swf

Dat Instrument gëtt et op Däitsch, Franséich, Englesch a Portugiisesch awer NET OP LETZEBUERGESCH. Dat nennen ech e klore politesche Message!  Eis Nationalsprooch, déi och eng vun eisen administrative Sproochen ass, zielt net. An e Bierger dem seng Sprooch net zielt, zielt wahrscheinlech selwer och scho net méi vill.

Do wor ech dann mol op d’Säit iwwer d’Legislativwalen luussen – ëm déi geet d’Diskussioun jo am Abléck. Selbstverständlech gëtt et do eng Säit op där festgestallt gëtt, datt ee muss Lëtzebuerger sinn fir bei denen Walen därfe mat wielen ze goen – eigentlech eng weltwäit Selbstverständlechkeet. Dat brauch een iwwerhaapt net extra ze betounen, well genee sou ass et och an Däitschland, Frankräich, Portugal an am Vereenegte Kinnekräich.   

An dann ass do och nach e flotte Quiz. Mat ënner anerem dëser Fro:

Wer darf die Mitglieder der Abgeordnetenkammer wählen?

A. Die Nicht-Luxemburger, die auf den Wählerlisten eingetragen sind?

B. Die Beamten und Angestellten des Luxemburger Staates?

C. Personen, welche die Luxemburger Staatsangehörigkeit besitzen?“ 

Ech iwwersetzen:

„Nicht-Luxemburger“ sinn „Ausländer“ a „Personen, welche die Luxemburger (sic) Staatsangehörigkeit besitzen“ nennt een op Däitsch  „Luxemburger“.

A wen sech déiftepsychologesch well austoben, dee soll sech mol froen, wéi harmlos de Punkt B ass? Hei gëtt jo bewosst suggeréiert, datt just d’Staatsbeamten d’Chamber wielen.    

De Minister Spautz (CSV) wor dat do aweien, abee ech wär NET gaangen. An dat do Instrument wär, wann ech Minister wär (quod non), nimols mat der Ennerstëtzung vum Stat gemaach oder publizéiert ginn. Manipulatioun a Propaganda fir d’Auslännerwalrecht gëtt et mat der ADR net, mat der CSV awer schonn!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Mir léieren „praktesch Philosophie“ (2)

De Moien hate mir geléiert, datt Jesus gestuerwen ass fir datt Gott konnt beweisen, datt en en Hermes, e Merkur war, ën Himmelsbréifdréier oder, wéi ech virgeschloen hat, en Ambassadeur. Dat wor op der Säit 151 vun onsem Buch.

Op der Säit 154 komme mir vum Administrativ-Prakteschen an dat politesch Korrekt.  Hei léiere mir déi zweet Interpretatioun kennen. „(Jesus) starb für seine Ueberzeugung, dass Herrschaft von Menschen über Menschen überwunden werden kann – gewaltlos.“ E Mahatma Ghandi virun der Zäit! E politesch Verfollegten! Dat do passt den 68er – mat sou Sätz kann een e  Jesus géint d’NATO, géint de Kapitalismus a fir den Emweltschutz bastelen. Et gëtt ëmmer méi karikatural!

Dat Buch „praktesch Philosophie“ baut sech seng eege Relioun a këmmert sech iwwerhaapt net ëm dat wat d’Glaawenswouerechten vun de Chrëschte wierklech sinn – iwwregens net nëmmen vun dene kathouleschen.  A wat sollen déi Jonk dann do léieren oder verstoen? 

Well lo geschwënn déi wonnerschéin Adventszäit kënnt a mir eis op d’Gebuert vun eiser Här freeën, wëll ech Iech, léif Lieser vun der „Konservativer Säit“, och net déi praktesch-philosophesch Chrëschtgeschicht virenthalen. Et fänkt scho gutt un:

In einer Legende (Glaubenserzählung) berichtet Lukas über die Geburt von Jesus:“ – also si mir, der Meenung vun de „praktesche Philosophen „no, an enger Märchestonn oder sou eppes Aehnlechem wa mir an der Bibel liesen …

An lo den éichte Saz als „Appetizer“: „Die Eltern, Josef und Maria, sind auf dem Weg nach Betlehem.“ Mir léieren also: de Josef ass de Papp vum Jesus. Majo dann…

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Verwonnte Syrer ginn an israelesche Kliniken behandelt

Dëse Reportage als Illustratioun vun dem wat ech gëschter iwwer d’Roll vun Israel am Syriekonflikt sot. En ass vun Al Jazeera.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Mir léieren „praktesch Philosophie“ (1)

Leit déi sech fir Philosophie interesséieren, hunn dobäi net ëmmer un hire praktesche Wäert geduecht. Dee Konzept, sou wéi mir haut mat ëm konfrontéiert sinn,  muss also eng vun denen wonnerbaren Entdeckungen vun de 68er sinn . Ech hunn ëmmer dru gezweifelt, datt dee Begrëff haut nach am aristotetelesche Sënn ze verstoe wär, als e Genre Staatsdoktrin, oder am Sënn vun teleologesche Kategorien.

Et geet éichter ëm e Genre politesch korrekt Verhalensregelen an eiser moderner Gesellschaft mat enger héichtrabender Etiquette. An dat Ganzt soll och de Reliounsunterrecht gläich mat ersetzen. Déi Jonk sollen  d’Reliounen och lo an dem do Unterrecht kenne léieren.  

Gëschter hunn ech mech besonnesch jonk gefillt a si mir dowéinst e Schoulbuch kafe gaang: „Praktische Philosophie 2“, E Buch mat engem „Arbeitsheft“. Wat hunn ech mech op all dat gefreet, wat ech lo géng bäiléieren!  

Op e puer Säiten geet iwwer d’Chrëschtentum Rieds. Do hunn ech da mol ugefaang mat liesen.

Zitat iwwer de Jesus von Nazareth (Arbeitsheft, S. 42): „Er wird als Vermittler zwischen Gott und Mensch angesehen, der von Gott auf die Erde gesendet worden sei.“ E Beruffskolleeg praktesch, en Ambassadeur. 

De Kateschismus vun der kathoulescher Kierch seet awer eppes ganz anecht: Do ass Jesus „der menschgewordene Sohn Gottes“, „das eingeborene Wort des Vaters“ , „die „Fülle der ganzen Offenbarung“, „wahrer Gott und wahrer Mensch“, an sou weider. D’Sprooch ass eng aner, d’Biller sinn anescht, den Zësummenhank ass anescht, de Sënn ass en aneren.

Am Reliounsunterrecht léiert een eng Relioun verstoen, an der „praktescher Philosophie“ gëtt et héchstens eng karikatural Beschreiwung vun der Relioun.

Buch, S. 151: „Christen glauben, dass Jesus am Kreuz gestorben, nach drei Tagen aber von Gott zu neuem Leben auferweckt worden ist. Damit habe Gott das Handeln und die Botschaft von Jesus endgültig bestätigt.“  An der Diplomatie nenne mir dat „Lettres de Créance“: Ech, Staatschef Gott am Himmel, confirméieren, datt den do Här Jesus mäin Ambassadeur wor. Haut maache mir sou Formalitéiten  just nëmme nach virum Doud, dat deet och manner wéi.

 Déi Begrëffer „Sënn“, „Erléisung“, „Affer“ kommen an der praktescher-Philosophie-Verdréiung vum Chrëschtentum  iwwerhaapt net vir. De Kateschismus seet awer: „Christus hat sich für unsere Sünden seinem Vater dargebracht“.

An enger Welt déi als Sënnen just nëmme nach Emweltsënnen kennt (zwou Fläschen leien niewent dem Dreckseemer am Bësch), ass dat do natierlech net ze verstoen.

De Reliounsunterrecht ass a mengen An net nëmmen eng Optioun, en ass eigentlech batter néideg fir de Mënschen eng philosophesch Reflexioun iwwer hir eege moralesch a spirituell Dimensioun ze erméiglechen.  Datt d’CSV de Reliounsunterrecht ofschafe wëll ass net nëmme politeschen Opportunismus, et ass e weidere Schrëtt an déi geeschteg a moralesch Barbarei vun eiser Gesellschaft.

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare