Den Henryk M. Broder schreift iwwer eis Politiker

De bekannten däitsche Publizist Henryk M. Broder schreift och heiansdo e puer Zeilen iwwer eis lëtzebuerger Politiker. An dat wat hie schreift ass vill manner geblimmelecht wéi dat wat eis parteigesteiert Press iwwer eis Politgréissten erzielt.

A sengem Buch „Hurra wir kapitulieren“, Von der Lust zum Einknicken vun 2006 (wjs-Verlag, 167 Säiten) schreift hien, am Kontext vun der Kris ëm Mohammed-Karikaturen an enger dänescher Zeitung,  iwwer den Här Asselborn:

Am 30. Januar 2006 treffen sich die Aussenminister der EU in Brüssel. Einige sind der Meinung, Dänemark habe die Gelegenheit, den Konflikt selbst zu lösen, verpasst; der luxemburgische Aussenminister spricht nicht nur für sein Land, als er erklärt, die ganze Sache sei „eher ein dänisches als ein europäisches Problem“; (…)

Die Botschaft kommt bei den Moslems an. Der Grossmufti von Jerusalem sagt in einem Interview: „Dänemark ist ein leichtes Opfer, ein kleines Land, das keinerlei entscheidende Bedeutung für die arabischen Länder hat. Deshalb macht sich niemand etwas daraus, dass die Proteste weitergehen.““   

Jiddefalls huet den Här Asselborn net a mengem Numm geschwat. Ech fannen et traureg, datt mir keng Solidaritéit mat engem klenge Land gewisen hunn, an datt den Här Asselborn och d’Fräiheet vun der Press net verdeedegt huet. Net zu Onrecht heescht dat Buch „Hurra, wir kapitulieren„.

A sengem Buch „Die letzten Tage Europas, wie eir eine gute Idee versenken“ (Knaus, 2013, ISBN 978-3-8135-0567-2, 223 Säiten), schreift den Här Broder och ë bësschen iwwer den Här Juncker:

„“Wir beschliessen etwas, stellen das dann in den Raum und warten einige Zeit ab, ob was passiert. Wenn es dann kein grosses Geschrei gibt und keine Aufstände, weil die meisten gar nicht begreifen, was da beschlossen wurde, dann machen wir weiter – Schritt für Schritt, bis es keim Zurück mehr gibt.“

Der das gesagt hat, ist ein Berufspolitiker, der wie kein anderer „Europa“ buchstäblich verkörpert: Jean-Claude Juncker, seit 1995 Ministerpräsident von Luxemburg, dienstältester Regierungschef in der Europäischen Union, von 2005  bis 2013 Vorsitzender der Euro-Gruppe. In den 25 Jahren von 1988 bis 2013 wurde JCJ 75 Mal fèr sein vorbildliches Wirken um ein geeintes Europa geehrt. So viele Orden und Medaillen prangten nicht einmal auf der Uniform von Leonid Breschnew, und der war immerhin Generalsekretär des ZK der KPdSU, Staatsoberhaupt und Marschall der Sowjetunion.“

Ech fannen dat Juncker-Zitat einfach nëmme skandaléis. Europa gëtt de Leit vun uewe rof diktéiert, op déi onéierlechst an ontransparentst Manéier déi een sech nëmme viirstelle kann. Et gëtt Zäit datt Europapolitik vun anere Leit mat aneren Iddien an anere Methoude gemaach gëtt!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Eng intelligent Studentin schreift dene Gréngen

 
Déi Gréng hunn un déi jonk Wieler e Bréif rausgeschéckt an dem si Reklamm op engem Ziedel maachen den dën Titel: „Déi éichte Kéier ass schonn eppes Besonnesches“ dréit.  Dorop ass de Geschlechtsakt gewisen – ongewinnt diskret fir déi Gréng ënnert enger Decken. 
 
Déi Manie fir Politik mat Sex ze vermëschen gefällt awer net jiddferengem. Dobäi kënnt, datt déi Gréng domatt weisen, datt si  déi jonk Leit net fir richteg eecht huelen. Gëschter kruut ech eng Kopie vun enger Aentwert geschéckt, déi eng jonk Studentin dene Gréngen geschéckt huet. Ech fannen hire Bréif  exzellent a publizéieren ën hei – mat der frëndlecher Erlaabnis vun där Studentin – an anonymer Form.
 
Guten Tag,

ich heiße (XXX), bin 18 Jahre alt und werde am Sonntag zum ersten Mal meine Stimme abgeben. Dazu gehört, dass ich meiner politischen Verantwortung bewusst werden muss, was eine gewisse geistige Reife voraussetzt. Aus diesem Grund war ich enttäuscht über Ihre Werbung “ dei eischte Keier ass schonn eppes besonneches „. Viele junge Menschen, mich mit eingeschlossen, sehen sich als Erwachsene und wollen auch von anderen so betrachtet werden. In diesem Sinne empfand ich diese Werbung als peinlich und unangebracht, weil ich das Gefühl habe, dass Sie mit dem faden Humor des schalen Wortwitz auf der Werbung die Jugend und das, was sie bewegt, ansprechen zu glauben. Das ist meiner Meinung nach äußerst beunruhigend, da Ihre Partei anscheinend die luxemburger Jugend verkennt, indem Sie glauben uns mit einer solchen abschätzenden Werbung erreichen zu können. Das ist jedoch nicht der Fall, denn wir sind erwachsene Menschen, die die Zukunft des Landes auf unseren Schultern tragen und wollen demnach auch ernst genommen werden. Alles in allem wollte ich Ihnen nur diesbezüglich meine Meinung mitteilen und meinen Missmut gegenüber Ihrer Werbung kundtun.

Ich hoffe auf eine klärende Antwort und wünsche noch einen angenehmen Tag.“
Veröffentlicht unter Allgemein | 7 Kommentare

Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht: d’CGFP läit richteg!

D’CGFP huet haut an där Fro vollkommen zu Recht e Referendum gefrot. Si huet ëmsou méi Recht, wéi d’Patronatsorganisatiounen déi Debatt ëm d’Auslännerwalrecht jo virun allem lancéiert hunn, fir den Afloss vun de Staatsbeamten hei am Land ze briechen. 

http://news.rtl.lu/news/national/478228.html

Wéi ech schonn op dësem Blog gesot hunn, huet d’Patronat awer net ganz wäit geduecht. D’Sozialisten hunn déi Fuerderung jo net fir näicht direkt opgegraff. Si hu verstaan, datt si an déi Lénk déi grouss Bénéficiairen vun där Initiativ sinn. Déi puer Bankdirekteren déi mengen si missten d’DP stëmmen falen iwwerhaapt net an d’Gewiicht.

D’ADR huet scho kloer gesot, datt d’lëtzebuerger Sprooch als Sprooch vum Land muss an der Verfaassung verankert ginn an dat déi Dispositioun déi seet, datt ee muss Lëtzebuerger sinn fir därfen bei de Chamberwalen mat wielen ze goen muss och am constitutionnellen Text bestoe bleiwen (den aktuellen Artikel 52). Ech denke jiddefalls, datt a sou essentielle Froen de Referendum dee richtege Wee ass fir ze decidéieren. Déi Kéier heescht et dann:

                                                     2 x Lëtzebuergesch!

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Piraten hoffen op 0,5%

Et ass, wann een sech d’Saach genee iwwerleet, awer schued, datt et nëmme néng Parteie ginn.  Well et mecht einfach Spaass Walprogrammer ze liesen, zum Beispill dee vun de Piraten.

Also d’Pirate wëllen, datt all Partei déi 0,5% vun de Stëmme kritt, Recht op staatlech Ennnerstëtzung huet. Déi brauche si och, well si hu jo hire Walkampf mat 9.832,22 Euro ugefaang an an der Tëschenzäit wäerten si en décke Koup Scholde gemaach hunn. Wéi vill genee steet leider net beim Kapitel „Transparenz“ op hirer Spawéckssäit, mee hir Memberen ginn et bestëmmt nach gewuer. 

D’Staatsbeamten solle nëmme nach op Leeschtung bezuelt ginn. An déi soll vun dem jeeweilege Supérieur evaluéiert ginn. Domat wäre mir dann an der Diktatur vun der Paltongszéierei an am Kinnekräich vum Arbiträren ukomm.

Bestuete Koppelen solle keng Steiervirdeeler méi hunn, well déi si jo diskriminatoresch fir Leit déi net dat Gléck haten e Partner fir d’Liewen ze fannen.

D’Burqa ass fir d’Piraten eng fei Saach wëll jiddereen soll sech kënnen sou undoe wéi e wëll, besonnesch wann déi reliéis Fräiheete betraff sinn.

De Staat soll sech aus der Wirtschaft zréckzéien. Bank – a Finanzdéngschtleeschtungen solle streng getrennt ginn (dat verstinn ech zwar net sou richteg, mee et ass bestëmmt och eng Super-Iddi!).

Online-Glécksspiller sinn e legitimen a milliardeschwéiere Maart vun dem och Lëtzebuerg eppes kéint hunn.

Ubau a produzéiere vu psychotrope Substanzen fir den eegene Bedarf dierfen net bestrooft ginn.

An wen op dëser Welt homosexuell. bi-, trans oder soss eppes ass kritt zu Lëtzebuerg e Recht op Asyl.    

Dat alles kritt een mat der Lëscht o,5, pardon 5.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’Europaparlament verletzt d’Kannerrechter!

D'“Manif pour tous“ huet e wichtegen Opruff verschéckt fir op eng Resolutioun vum Europaparlament opmierksam ze maachen déi géint d’Kannerrechter geriicht ass. D’Europaparlament plangt d’Aféierung vun der „Gender“-Ideologie an de Schoulen an d’Aféierung vun der PMA fir lesbesch Koppelen. Domadder hunn déi Kanner da naturgeméiss kee Papp den sech ëm si këmmert a keng komplett Familljegeschicht.

http://www.lamanifpourtous.fr/fr/toutes-les-actualites/856-gender-et-pma-au-parlement-europeen

Hei dee wichtegsten Auszuch aus där Resolutioun:

8.  souligne que les choix en matiere de reproduction et les services de fertilite doivent être assures dans un cadre non discriminatoire et invite les Etats membres à permettre egalement aux femmes celibataires et lesbiennes de beneficier de traitements de fertilite et de services de procreation medicalement assistee;“

Wann och an dësem Opruff vun der „Manif-pour-tous“ d’Leit naturgeméiss invitéiert ginn fir sech un déi franséich Europadeputéierten z’adresséieren, da gëllt dat selbstverständlech och fir eis Lëtzebuerger.

Hei ass eng amendéiert Versioun  vun dem franséiche Musterbréif dee  mir Lëtzebuerger kënne benotzen:

  “     …, le … octobre 2013

 

Madame le député, Monsieur le député,

 La proposition de résolution au Parlement Européen « sur la santé et les droits sexuels et génésiques » doit être discutée et votée en séance plénière les 21 et 22 octobre prochain. Ce texte en faveur du gender et de la PMA pour les couples de femmes et les célibataires suscite pour moi des interrogations dont je souhaite vous faire part.

 Je dénonce fermement cette volonté d’enseigner obligatoirement le gender à l’école.

Par l’adoption de cette résolution, le Parlement Européen entend imposer à l’ensemble des Etats membres de fonder l’éducation sexuelle sur la notion « d’égalité de genre ». Il s’appuie ainsi sur des concepts militants qui ne peuvent en aucun cas être une base stable pour une éducation sexuelle responsable.

 Nous sommes tous nés « Homme » ou « Femme » et non déterminés ou réduits à une orientation sexuelle. En France, un amendement d’un projet de loi gouvernemental rendant obligatoire l’enseignement de l’idéologie du genre à l’école a été retiré. On essaye aujourd’hui d’imposer un tel enseignement aux Etats membres dans l’indifférence générale. Sous couvert de bons sentiments, cette proposition de résolution porte gravement atteinte aux droits des parents qualifiés de simple « protagonistes » de l’éducation sexuelle de leurs propres enfants. Ce texte sur lequel vous êtes appelé à vous prononcer très prochainement réduit les parents au rang de simples consultants parmi d’autres, fragilisant une nouvelle fois la structure familiale et ce qui la constitue en tout premier lieu : le rôle du père et de la mère, premiers éducateurs de leurs enfants. Outre la promotion imposée de l’idéologie du genre, la proposition de résolution entend affirmer le caractère obligatoire de l’éducation sexuelle des enfants, non seulement à l’école mais également en dehors. Le Parlement Européen semble oublier le principe de subsidiarité qui doit s’appliquer en la matière. Je vous rappelle, d’ailleurs, que cette disposition est contraire à l’article 26 de la Déclaration Universelle des Droits de l’Homme qui stipule que le droit d’éducation est reconnu prioritairement aux parents.

 J’attire également votre attention sur les droits de l’enfant. La proposition de résolution entend en effet imposer, au nom du principe de non-discrimination, « la procréation pour tous » (& 84) en permettant « aux femmes célibataires et lesbiennes de bénéficier de traitements de fertilité et de services de procréation médicalement assistée » (& 8). L’identité du père a vocation à disparaître !

 Je dénonce le risque de supprimer dans tous les Etats membres qui l’autorisent les conditions qui encadrent la pratique de la PMA. Je vous rappelle qu’en France,  cet acte médical est réservé aux couples hétérosexuels mariés depuis au moins deux ans et qui se trouvent face à une infertilité médicalement constatée ou risquant de transmettre une maladie grave à l’enfant ou sa mère.

 Je me félicite néanmoins que cette proposition de résolution rejette fermement la GPA (Grossesse – ou Gestation – Pour Autrui), c’est à dire les mères porteuses.

 Vous êtes député luxembourgeois au Parlement Européen. Je souhaite donc connaître votre position et votre intention de vote sur ce prochain vote en plénière à Strasbourg. Serez-vous présent à cette session et défendrez-vous les intérêts des citoyens luxembourgeois  qui souhaitent dénoncer cette proposition de résolution ? Soyez assuré de ma vigilance et de mon vif intérêt pour les travaux législatifs que mène le Parlement européen qui ne manqueront pas d‘éclairer mon choix lors des prochaines échéances électorales, en particulier les élections européennes de mai 2014.

             Je vous remercie du temps que vous m’accorderez à me répondre. Dans cette attente, je vous prie de croire, Madame le député, Monsieur le député en l’expression de mes sentiments les meilleurs.

 XXXX

Citoyen luxembourgeois et européen

Adresse postale

Adresse mail“

 

 An hei ass d’Lëcht vun den Deputéierten un déi ee ka säi Protest schécken:

Astrid Lulling: astrid.lulling@europarl.europa.eu

Robert Goebbels:robert.goebbels@europarl.europa.eu

Charles Goerens: charles.goerens@europarl.europa.eu

Georges Bach:georges.bach@europarl.europa.eu

Frank Engel: frank.engel@europarl.europa.eu 

Claude Turmes: claude.turmes@europarl.europa.eu

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Shoura huet den ADR-Walprogramm gelies!

Mat grousser Freed an Dankbarkeet hunn ech festgestallt dat d’Shoura den ADR- Walprogramm gelies huet!

http://www.shoura.lu/?p=796

La Shoura note que l’ADR se croit obligée de mentionner l’interdiction de la “Burqa”, de la polygamie ou de tribunaux basés sur la “Sharia”. Il semble à la Shoura que ces questions ne posent pas de problèmes concrets au Luxembourg. Par ces prises de position, ce parti semble s’inscrire dans cette phobie voire cette psychose européenne concernant les musulmans, leurs intentions et leurs revendications supposées.“

 (…)

Do ass d’Shoura awer schlecht informéiert. Well lo schonn lafe vill Dammen mat enger Burqa duerch ons Uertschaften. An do gëllt et lo e Schlussstëch ze zéien, ier dat zu enger Moud gëtt!

„Le CSV est le seul parti qui se prononce pour le conventionnement immédiat du culte musulman

La Shoura salue évidemment la position du CSV qui se prononce une nouvelle fois explicitement pour le conventionnement du culte musulman. Ce parti est le seul qui le fait. Nous regrettons toutefois que le CSV ne reprenne pas à son compte la motivation de l’égalité devant la loi et le respect de la constitution actuelle pour justifier sa position de conventionner immédiatement le culte musulman.“

Och dat ass eng Iwwerleeung wäert ier een de Sonndeg wiele geet!

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Hurra! Déi Gréng erlaben eis provisoresch nach mat eisem eegenen Auto ze fueren!

Am Wort sti jo ausser den Doudesannoncen, de Massen an dem Wierder heiansdo och soss nach Artikelen déi ee liese soll. Sou zum Beispill den Interview mam Här François Bausch am Wort vun haut (15.10.13).

Den Interview dréit den, e bësschen onglécklechen, Titel „Wir denken in Generationen„. Ech hoffen, datt keen doran eng Uspillung op déi vill pädophil Skandaler vun dene Grénge gesäit. 

Op de Carsharing ugeschwat huet den Här Bausch  eis frëndlecherweis  erlaabt – mee fir wéi laang nach? – mat eisem eegene Auto ze fueren. „Wir wollen Mobilität, nicht den Verkehr, fördern. (…) Das bedeutet nicht, dass ein Fahrzeughalter nicht mehr alleine mit seinem Wagen fahren darf.“ Uff! Lo si mir awer frou!! Et freet sech awer ob déi Gréng, wa si da sollte   „méi Verantwortung“ kréien, nach laang sou generéis bleiwen. Vläicht musse mir dann den Här Bausch all Kéiers ëm Erlabnis froen, wa mir mat eisem eegenen Auto wëlle fueren. Vläicht ginn och eis Kilometere beschränkt fir Kuelendioxyd anzespueren. Oder mir mussen ëmmer e gréngen Oppassert mathuelen, dee kuckt ob mir déi vum Här Bausch autoriséiert Streck fir eisen Individualtransport genee anhalen.  

Well déi Gréng entlarven sech virun de Walen als kollektivistesch Partei géint Privateegentum.  Si si fir Sovchosen a Kollektivéierung. Hei e puer flott Zitater aus dem Interview. Si sinn e beängschtegende Viirgeschmaach op dat wat op eis duer kënnt wann déi  gréng Ideologie e Sonndeg ieren un d’Rudder kéim:

Man muss allerdings die Frage aufwerfen können, ob jeder Haushalt einen eigenen Hochdruckreiniger benötigt, oder ob es nicht besser wäre, ein Gerät für ein Wohnviertel zur Verfügung zu stellen und sich die Einwohner je nach Bedarf bedienen.“ 

Eng flott Iddi! An e grénge Blockwart verdeelt d’Maschinn a féiert eng Lëscht wen, wéini, fir wéi laang an zu wéi engem Zweck  d’Maschinn därf benotzen. Wee Member bei dene Gréngen ass, kritt d’Prioritéit.

Aehnlich gelagert ist der Gedanke gemeinsam ein Stück Erde zu bewirtschaften. (…) Zusammen ist vieles einfacher“.

Ah, wéi mech déi grénge Programm  dach un dee gudden, alen Manifest vun der kommunistescher Partei erënnert:

Für die fortgeschrittensten Länder werden jedoch die folgenden ziemlich allgemein in Anwendung kommen können:

 Expropriation des Grundeigentums und Verwendung der Grundrente zu Staatsausgaben.

 Starke Progressivsteuer. (…)

 Zentralisation des Transportwesens in den Händen des Staats.“

Et gesäit een dach nach, dat eis Gréng vun haut hir Wuerzelen bei denen ultra-lénke Bewegungen hunn, déi déi vollkommen zu Recht vum SREL observéiert goufen..

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Net nach méi Kompetenzen fir d’EU!

Grondsätzlech ass d’Aféierung vu soziale Mindeststandarden an der EU eng gutt Saach. Schliisslech wëll keen Sozialdumping oder Delocaliséierungen vu Betriber um Bockel vun hire Mataarbechter.

Awer et muss ee ganz gutt oppassen, datt en d’EU-Kommissioun domat net nach méi staark mecht. Wen hir wëll am Sozialberäich Kompetenze ginn, muss bedenken datt si den Index ofschafen an eise Pensiounssystem méi schlecht maache wëll. A prinzipiell denken ech, datt ee muss ganz vill Kompetenzen un d’Memberstaten zréck ginn a just nëmme nach en absolute Minimum un Zoustännegkeeten bei europäeschen Institutioune loossen. Déi Tendenz vun denen leschte Joerzéngten muss emgedréit ginn. Mir mussen eis endlech géint den europäeschen Zentralismus an d’Arroganz vun den europäeschen Institutioune wieren.

Datt d’Europäesch Kommissioun sech fir déi kleng Staaten geng asetzen wor vläicht 1970 nach richteg. Haut ass dat scho laang net méi wouer. D’EU-Kommissioun behëllt sech wéi e grousse Memberstaat a wëll eis rondrëm kommandéieren. Sou wéi  verschidde Commissairen, wéi z.B. d’Madame Reding, sech opféieren, ass net tolerabel. D’Komissioun spillt sech zu enger europäescher Regierung op, déi si awer net ass.

An dene nächste Joeren  muss Lëtzebuerg seng Interessen an Europa geschéckt vertrieden a verhandelen. Mir brauchen Europa als Friddensprojet an als Wirtschaftsraum. Mir brauchen awer bestëmmt keng  Bréisseler Amëschung an aner Politikberäicher.

Lëtzebuerg brauch dofir Politiker déi däitlech neen zu engem europäesche Federalstat soen an déi drop oppaassen, dat eis Souveränitéit sou wäit wéi nëmme méiglech retabléiert gëtt. Eis Allianzen gi mir dohi sichen, wou d’Leit ähnlech denken, an där gëtt et der Gottseidank ëmmer méi an Europa! Mat Freed gesi mir besonnech déi staark Tendenzen bei de Briten a bei den Hollänner fir den europäeschen Zentralismus ze bremsen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Dem Här Nicolas Schmit seng abstrus Asylpolitik

Ufank Oktober koum et virun der italienescher Insel Lampedusa op e Neits zu engem schrecklechen Drama. Ganz vill Mënschen si schonn erdronk wou si probéiert hunn europäeschen Territoire op ongëeegente Schëffer ze erreechen. Niewent allem Leed a Matleed, dat eis duerch sou Katastrophe bewegt, muss och ëmmer d’Fro gestallt ginn, ob politesch Konsequenze musse gezu ginn.

Richteg ass jiddefalls d’Mëttelmier besser ze iwwerwaachen. Sou Initiativen goufe lo geholl. Richteg ass et och, datt d’EU-Partnerlänner Italien dobäi ënnerstëtzen, z.B. duerch eng operationnell Capacitéit vu FRONTEX.  Richteg ass et mat aller Häert géint Schleiserbanden a Mënschenhändler  virzegoen. Falsch wär et awer lo déi europäesch Immigratiounsgesetzer oder d’Asylregelen nei ze faassen fir si nach méi permeabel ze maachen. 

Den Här Nicolas Schmit (LSAP), huet awer net nëmme genee dat wëlles, mee ën huet dobäi och nach komplett d’Orientéierung verluer. Ech verstinn all Emotiounen viru mënschlechem Leed, mee wann een als Minister schwätzt, misst een awer trotzdem nach zu enger rationneller Analys fäheg sinn.  

Den Här Schmit probéiert et lo ze erméiglechen, datt all déi Wirtschaftsflüchtlingen – wëll et si jo där ëm déi et hei geet – schonn an hire Länner kéinten Asyl an Europa froen:   

Ne faudrait-il pas travailler directement sur place? Voir s’il ne serait pas possible pour les gens de faire leur demande d’asile là-bas.»

 http://www.lequotidien.lu/politique-et-societe/49403.html

Ech gesi schonn d’Schlaangen virun den Ambassaden. An da gi mir sëcher déi Leit mat der Luxair sichen?

Sou Iddien si jo sëcher gutt gemengt, mee misst een als Politiker net awer eng Grëtz méi wäit denken? Wat wären dann déi laangfristeg Konsequenzen vun sou Initiativen fir komplett oppe Grenzen? Wéivill Leit packt Europa, wéivill packt eist Land? Wéi naiv däerf e lëtzebuerger Minister eigentlech sinn?

Ech denken, datt mir eis mol als Lëtzebuerg sollten drop konzentréieren fir eis 44% auslännesch Matbierger an eis Gesellschaft ze integréieren. Domat hu mir op Joeren méi wéi genuch ze dinn. Selbstverständlech musse mir dobäi och nach politesch Flüchtlingen ophuelen, dat ass jo eng nobel, international Verflichtung. Awer mir kënnen dach net am Eecht drunn denken, fir all déi Millioune Leit déi leider an Aarmut op dëser Welt liewen an Europa oder hei zu Lëtzebuerg opzehuelen!

Fir dene Leit ze hëllefen gëtt et aner Méiglechkeeten, wéi z.B. eng gutt a fair international Handelspolitik, eng vernënfteg Kooperatioun, eng verantwortlech Finanzpolitik am internationale Bankewiesen wéi och diplomatesch Mëttelen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här Ministerkandidat Goerens huet Problemer mam DP-Walprogramm

Am Walprogramm vun der DP stet heiansdo en intelligente Saz. Zum Beispill den hei: „Die DP wird auch dafür sorgen, dass luxemburgische Unternehmen sich verstärkt an der Verwirklichung der Projekte der Luxemburger Entwicklungszusammenarbeit beteiligen.“

Domat hat d’DP witzegerweis e Schlussstrëch ënner d’Aera vum Här DP-Ministerkandidat Goerens gezunn, well just hien jo duerchgesat hat, dat d’Entwécklungshëllef misst absolut ongebonne sinn. 

Gëschter owend op engem Ronndëschgespréich huet dunn den Här Goerens d’DP vertrueden a gouf och vun der Modératrice op dee Punkt ugeschwat. Den Här Goerens ass dunn e bësschen a Verleeënheet geroden an huet direkt mol präziséiert dat dee Passage geschriwwe gi wär, ier hien sech iwwerhaapt decidéiert hätt fir Kandidat ze ginn. An dono huet hien den do Programmpunkt sou klenggeried, datt bei engem Minister Goerens fir déi lëtzebuerger Entreprisen awer wierklech net méi vill ze huelen ass.

Lëtzebuerger Entreprisen, déi wëllen un der Enwécklungshëllef mat verdéngen – wat nëmme richteg a legitim ass – mussen also op d’ADR setzen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar