Brauche mir 9 Parteien?

Nee. Jiddereen huet natierlech dat Recht eng ze grënnen, oder och zwou oder dräi. Dat ass e wichtegen Deel vun enger lieweger Demokratie. Mee eng Partei sollt awer fir eng droend Iddi stoen,  e bestëmmte Gesellschafts- oder Wirtschaftsmodell favoriséieren oder e Léisungsviirschlag fir iergend ee laangfristegen Problem proposéieren. Si sollt also eng Existenzberechtegung hunn déi iwwer eng Moud oder en Egotrip eraus geet.

Konkret geschwat: dem Här Colombera seng Sekt halen ech fir politesch iwwerflësseg. Ech mengen och net, datt si d’Walen iwwerlieft. D’Piratepartei halen ech och éichter fir eng Moud, doriwwer raus fir en importéierte Phänomen, mee och ouni kloer Plaz an eiser Parteielandschaft. Hir Internetiddien ginn, souwäit se vernënfteg sinn, lo schonn vun allen anere Parteie matvertrueden. An hir gesellschaftspolitesch Virstellungen si banal a lénks. An domat ass och dat Thema ofgeschloss. Ech gesi si däitlech ënner 2%.

Dene Lénken an de Kommunisten ginn ech awer eng Zukunft. Ech menge si sollte fusionnéieren an eng staark lénk Alternativ an dëser Gesellschaft sinn, virun allem och a schwiregen Zäiten. Ech halen zwar absolut näicht vun hiren Iddien, mee ech mengen, datt et déi awer onbedéngt muss an eisem Parlament ginn. Hir Konzepter sinn zwar net realisabel, mee op d’mannst intellektuell interessant.

Déi Gréng an déi Liberal kéinten och eigentlech fusionnéieren. Dat wat si trennt ass wierklech alles verhandelbar. D’Fro ass awer: gëtt et déi Konkordanz nëmmen un der Spëtzt oder och un der Basis? Anscheinend zitt déi gréng Basis méi no lénks. Bei denen Liberalen froen ech mech ob wierklech all Member mat dem lässeg-légèren-Sunny-Boy Optrëtt vun der Partei zëfridden ass. Déi Liberal fréier woren eng eecht Partei, haut ass et méi Show. Ech kéint mer viirstellen, datt et och an der DP Leit gëtt, déi sech aner Féierungsperséinlechkeeten génge wënschen. Sollt déi Konkordanz un der Spëtzt an dene jeweilegen Basisstrukturen net gedroe gëtt, driften déi Parteien awer mëttelfristeg nees auserneen.

D’LSAP ass zerrappt tëschent dene Lénken an hirem liberalen Spëtzekandidat. Wann si net an d’Regierung kommen, da kritt déi Partei ganz eecht intern Konflikter. Dat géng hir vläicht gutt doen. Jiddefalls awer ass d’Existenzberechtegung vun der Sozialdemokratie a mengen An net  a Fro ze stellen.

D’CSV huet keng Séil méi. Si ass just nach eng Politgestiounsmaschinn mat engem Kinnék. An dee gëtt all Dag méi schwaach. Dat lähmt déi Partei an eis ganzt Land mat. Politesch steet d’CSV egal wou a néierens: federalistesch, anti-chrëschtlech, verschwenderesch, feministesch, tiersmondistesch,  euthanasistesch, ofdreiweristesch, homoistesch: you name it, they do it. Ech froe mech, ob d’CSV-Memberen wierklech all sou karierristesch sinn, datt si dat do nach laang mat maachen. Wou sinn d’Chrëschten an der CSV? Wou d’Patrioten? Wou d’Lëtzebuerger? Ech mengen, datt d’CSV sech roueg kéint deelen, een Deel bei d’Sozialisten an een Deel bei d’ADR.

Iwwer d’ADR soen ech net vill, well ech si kloer befaang. Mee ech zweifelen net un der prinzipieller Existenzberechtegung vun enger wäertorientéierter, konservativer Partei.

Fir mech sollt et also eng KPL/Lénk ginn, eng öko-liberal Partei, eng sozialdemokratesch an eng konservativ. Dat si véier kloer Iddien. Eigentlech kann ech a menger Analys vun haut am mannsten mat der PID, de Piraten an der CSV ufänken.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Paix Juste au Moyen Orient“, wou bass Du?

Mir hunn hei am Land och eng Associatioun fir e gerechte Fridden am Noen Osten – u sech eng formidabel Iddi! Leider ass dee Comité zimmlech eesäiteg anti-israelesch. Obschonn ech Versteesdemech fir eng Rei vun hiren Uleies hunn, besonnesch an humanitäre Froen, sinn ech awer absolut géint déi plakativ Verdäiwelung vun Israel déi do dacks bedriwwe gëtt. 

Ech bedaueren, datt iwwer dat vill Gutts wat Israel mecht ni, awer och absolut ni, an eise Medien geschwat gëtt.

Zum Beispill gi vill syresch Krichsverletzter am Abléck an israelesche Kliniken versuergt – absolut gratis natierlech. Ech fannen, och dat verdéngt et mol ernimmt a gelueft ze ginn.

„De Comité pour une paix juste au Moyen Orient“  heescht jo net „Comité anti-israélien“, och wann een dat dacks kéint méngen. Firwat seet de Comité näicht iwwer Syrien, e Land dat bekanntlech och am Noen Osten läit? Oder iwwer Aegypten? Iwwer d’Nout vun de Kopten?

An hirer Charta steet als Zil: „soutenir une paix juste dans cette région du monde“.

Texte de la Charte du CPJPO

suite à l’AG extraordinaire du 19 janvier 2011

.QUI SOMMES NOUS ?

° Hommes et femmes d’horizons politiques, professionnels, philosophiques et religieux différents, nous avons créé le Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient – Luxembourg en avril 2002 afin de soutenir une paix juste et durable dans cette région du monde.“

Abee, well Israel net verantwortlech fir de Krich a Syrien ass, ass dat nach laang kee Grond fir zu dem Thema näicht ze soen. Ech fannen d’Credibilitéit vu sou enger Organsiatioun, déi jo déi politesch Parteien vill démarchéiert, hänkt och dovun of, ob si och z.B. iwwer Syrien an iwwer  Aegypten eppes Pertinentes ze soen huet. De Noen Osten besteet  net nëmmen aus dem israelesch-palästinensesche Konflikt.

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

D’DP als ethesch Problempartei

An enger DP-Broschür déi dëser Deeg an eise Bréifkëschte loug, huet eng Kandidatin dee schéine programmatesche Sproch bruecht: „D’Rechter vun de Kanner méi ënnerstëtzen“. Komesch, dat vun enger Partei ze héieren déi fir en Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht antrëtt an dobäi och nach fir eng Leihmutterschaft. D’DP steet net fir d’Rechter vun de Kanner mee fir e Recht OP e Kand. An dat ass eppes fundamental Anecht!

Am DP-Programm steet:  

 „Leihmutterschaft gesetzlich regeln

Die DP wird die Grauzone die zur Zeit im Bereich der Leihmutterschaft besteht, beheben und eine ausgeglichene gesetzliche Grundlage dafür schaffen„.

A genee dat ass ethesch problematesch. Da si mir mol drop gespaant, wat d’DP dann sou alles proposéiert fir d'“Grozon“ opzehellen. Aarm Fraen an Indien an a Südafrika ginn schonn haut fir dat do neit Massegeschäft a „Gebärfarmen“ gehal. Ech froe mech och, wat d’DP dann vun der psychologescher Situatioun vun enger Fra denkt, déi hire Kierper verlount fir Kanner op d’Welt ze setzen déi hir net sinn. Ech hu jiddefalls den Androck als géng d’DP déi fraefeindlech Dimensioun vun hirer Propositioun mol geeschteg ausblenden.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Gestation_pour_autrui

An dësem Artikel iwwer d’GPA (Gestation pour autrui/ Leihmutterschaft) gëtt zu Recht betount: “  Leur (gemengt sinn d’mères porteuses) rôle soulève des problèmes d’ordre éthique concernant notamment le risque de marchandisation du corps humain, l’atteinte à la dignité des femmes et la négation du lien qui s’établit entre la gestatrice et l’enfant pendant la grossesse[5].“ All eenzelne vun dësen Aspekter géng eng detailléiert an déif Diskussioun verdéngen. D’DP huet jiddefalls net verstaan, dat net alles wat ee fir Suë ka maachen och erlaabt muss sin. Déi Barrière déi dat verhënnert heescht Ethik. Déi huet awer net jiddereen.

D’Bestelle vu Kanner a vu Fraen déi se sollen ausdroen wéi  Wueren an engem Katalog ass jiddefalls keng Banalitéit. Déi Manéier wéi eng geléinte Mamm eraus gesicht a behandelt gëtt ass dacks mënschenonwierdeg. An niewent denen etheschen an affektive Problemer gëtt et och nach eng ganz Rei vu legale Problemer. Dorun kaann een zwar juristesch dokteren, mee déi fundamental Problemer bleiwen trotzdem bestoen.   

Ech gesi jiddefalls en direkten Zësummenhank tëschent der DP-Fuerderung no engem Homo-Bestietnis an der Fuerderung d’Situatioun vun de geléinte Mammen gläich mat ze regelen. D’Recht op e Kand eben…

Aktualiséierung:

An dem Zësummenhank fannen ech och nach dësen Artikel bedenkenswert:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/Schwangere-aus–Babyfabrik–befreit-20514643

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Geschlechtsspezifesch Ofdreiwungen am Vereenegte Kinnekräich net illegal

Dacks genuch gouf jo a leschter Zäit vun engem „Recht“ op Ofdreiwung geschwat. Sou eppes gëtt et a mengen An net. Et gëtt just gesetzlech festgeluegte Conditiounen an denen eng Fra ka strooffräi ofdreiwen. A menger Meenung no misst et dofir kloer a präzis definéiert Indicatioune ginn, well ech sinn en decidéierte Géigner vu Fristeléisungen an ech trieden an fir de Schutz vum ongebuerene Liewen.

Fir all déi, déi lo un d’Wale denken: ech verzichte gär op eng Plaatz an der Chamber, wann de Präis dofir wär, datt ech misst meng moralesch Iwwerzeegungen verroden. Wann d’ADR net sollt gewielt ginn, da sëtzen an der Chamber souwisou 60 pro-Ofdreiwungsdeputéierten, also 100%. Eng aussergewéinlech Situatioun fir en demokratescht Land… Dat selwecht gëllt iwwregens fir d’Homo-Bestietnis. Wann ech do u Frankräich denken…

Mee zréck bei eis britesch Frënn: 

http://www.telegraph.co.uk/health/healthnews/10365070/Ministers-in-new-row-over-abortion-ruling.html

De Feminismus frësst seng Kanner…. D’Ofdreiwung ass bekanntlech jo duerch feministesch Bewegungen errstridde ginn, mat dem berühmte Nët-Argument „Mein Bauch gehört mir“, wou et awer jo awer iwwerhaapt net ëm de Bauch geet, mee em dat Kand am Uterus. An lo dréint sech d’Ofdreiwung spezifesch géint déi kleng kleng Meedercher… Ass dat lo d’Resultat vun der „Befreiung“ vun der Fra?

Ech hat an der Chamber gesot – an och op dësem Blog geschriwwen – dat déi Haaptdoudesuersaach vun de Meedercher net iere Gewalt vu Männer ass, wéi déi feministesch Propaganda dat ëmmer nees wëll behaapten, mee d’Ofdreiwung. Gewaltawierkung, ausser der Ofdreiwung, als Doudesuersaach ass an eiser Gesellschaft – Gottseidank – eng statistesch Raritéit. D’Meedercher stierwen haaptsächlech, genee wéi d’Jongen,  duerch Ofdreiwungen oder Krankheeten.

Ech rode jidderengem och dee klenge Film ze kucken, den dën Daily Telegraph op sengem Site huet. Sou einfach a gewësselos gëtt hautdesdaags iwwer d’Liewen an den Dout vun engem Mënsch decidéiert.

Emmer nees froen ech mech wéi déif dëss Gesellschaft scho gefall ass?

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Däitsch Verhältnisser

2030.lu, respektiv d’Wort, haten zwou „tables rondes“ organiséiert zu denen si nëmmen déi véier Parteien invitéiert haten, déi an der leschter Chamber op Fraktiounsstäerkt woren. Op där enger Säit kann ech si verstoen, well wee wëll scho Folkloristen, Piraten oder PID-leren eng Tribün ginn. Op där anerer Säit bedaueren ech den Ausschloss vun dene Lénken, de Kommunisten an der ADR. Net well ech selwer ADR-Politiker sinn (oder war, dat gesi mir geschwënn :-)) ), mee well déi do Selectioun eng enorm Veraarmung vun der politescher Landschaft bedeit.

Dat Ganzt erënnert mech un de Bundestag – ouni FDP an AfD ass dee leider politesch zum Eenheetsbräi ginn. Just „Die Linke“ setzt do nach aner Akzenter. Hei am Land ass et nach méi schlëmm: DP. CSV,  Establishment-LSAP an Armani-Gréng ënnerscheeden sech bal iwwerhaapt net.

 DP, CSV, LSAP a Gréng sinn fir d’Auslännerwalrecht (d’CSV mecht dobäi just en Emwee)

DP, CSV, LSAP a Gréng ennerstëtzen prnzipiell d’Delvaux-Schoulreformen

DP; CSV, LSAP a Gréng stinn fir en Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht

DP, CSV, LSAP a Gréng  manipuléieren den Index

DP, CSV, LSAP a Gréng si géint de Reliounsunterrecht am Secondaire

DP, CSV, LSAP a Gréng si fir en Tram an der Stad

DP, CSV, LSAP a Gréng wëllen en europäesche Federalstaat

an déi Lëscht kéint ee nach ganz laang weiderféieren! Déi Gréng an déi Blo kéinte praktesch ouni Problemer fusionnéieren a si hu jo och scho vill Presskonferenzen zësummen organiséiert. U sech sinn déi „Griberal“ just nëmmen nach eng eenzeg öko-liberal Partei.

Wou ass do déi aner politesch Meenung? Wou ass d’Alternativ? Ouni KPL, Lénk an ADR felen wichteg an eben ANER Meenungen, vu lénks bis méi konservativ an der Diskussioun. Wann 2030.lu an d’Wort hoffen, datt déi nächst Chamber aus denen do véier Parteien soll zësummegesat sinn, dann ass awer dee leschte Recht vu politëschem Pluralismus hei am Land gestuerwen.

Sou „tables rondes“ wéi déi, déi mir do erlieft hunn liewe just nach duerch d’Ennerscheeder an de Perséinlechkeeten vun de Spëtzekandidaten – net méi duerch hir Politik. An dat ass net nëmme schued – et ass geféierlech fir déi politesch Kultur hei am Land.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Cannabis: Police Integral Dogéint (PID)

D’PID kann sech jo druginn wéi se wëll, mee et ass schlecht ze verstoppen datt eent vun hiren Haaptuleies, wann net dat wichtegst, de fräie Konsum vum Cannabis ass. Hire President ass jiddefalls ni midd ginn de Cannabis als Wonnermëttel fir absolut alles ze beschreiwen.  Dat fënnt sech och am PID-Walprogramm rëm, an dem de Cannabis als Medikament fir vill Krankheeten gelueft gëtt.

D’Police ass do wäit méi virsiichteg a lancéiert lo eng Opklärungscampagne géint de Cannabiskonsum – eppes wat ee nëmme ka begréissen!

http://news.rtl.lu/news/national/475976.html

Ech halen d’PID net nëmmen fir eng u sech folkloristesch Polit-Gruppéierung, mee an dem Sënn och nach fir geféierlech datt si den Drogekonsum bewosst a konsequent verharmlost. Cannabis ass alles aanecht wéi eng harmlos Drog  oder e Medikament fi all Méigleches. Natierlech streiden ech net of,  datt et och ka wierksam Medikamenter op Cannabis-Basis ginn mat ganz spezifeschen Asatzméiglechkeeten. Mee déi Diskussiounen iwwerloossen ech léiwer eise Mediziner.   

Hei ass awer mol en Artikel iwwer d’Schiedlechkleet vum Cannabis:

http://de.wikipedia.org/wiki/Cannabis_als_Rauschmittel

Politesch ass nach dësst festzehalen: Verschidde Leit hate geduecht, datt d’PID der ADR geng Stëmme wech huelen, wëll den Här Colombera fréier bei der ADR wor. Dat gleewen ech all Dag manner.

Eichtens hat den Här Colombera net ganz vill Ennerstëtzung an der Partei: säin Austrëtt  hat praktesch keng Inzidenzen um Niveau vun de Parteimemberen.

Zweetens ass de PID-Programm eppes total Aneschtes wéi den ADR-Programm. D’PID geet bei verschidde gesellschaftlech Randgruppe fëschen, z.B. bei d’Cannabis-Konsumenten oder divers lénk Sekten, déi ee soss éichter bei dene Grénge fënnt.

Den Här Colombera wéi och d’Piraten sinn zu Konkurrenten fir déi Gréng ginn an net fir d’ADR.  Déi Gréng hätten hien vläicht awer sollen huelen…

D’Methoden vun der PID ginn iwwregens ëmmer méi verwonnerlech: zu Réimech kruten d’Schoulkanner e Kuerf an e Waasserball am Schoulhaff an d’Hand gedréckt. An d’PID huet och en Ziedel verdeelt, ob dem steet si wären op fir Leit déi schonn an enger anerer Partei sinn. Ech wees net, ob déi PID-ler verstaan hunn dat d’Konkurrenz tëschent de Parteien och eng Konkurrenz tëschent Iddien ass.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den éichte Wal-Quiz!

Lo, wou d’Wale méi no kommen, fänkt och  nees déi beléifte Quiz-Serie vun där „konservativer Säit“ un.

Haut sinn dëss zwou Froen ze beäntwerten:

1. Wéivill Baueren si bei der selwer ernannter Bauerepartei CSV op de Wallëschten?

o, 30 oder 60?

2. Wéivill Aarbechter si bei der Lëtzebuerger Sozialistescher Aarbechterpartei (LSAP) op de Lëschten?

0, 30 oder 60?

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Auslännerwalrecht: d’Taktik vun der CSV

De Sonndeg huet den Här Claude Wiseler an enger „Table ronde“ nach eemol ëffentlech confirméiert, datt d’CSV wëll den Artikel 52 vun der Verfaassung änneren. An dem Artikel steet bis elo, datt nëmmen d’Lëtzebuerger däerfen d’Chamber wielen.

FRO: Firwat ass d’CSV dofir den Artikel aus der Verfaassung eraus ze huelen, wann si jo behaapt géint d’Auslännerwalrecht ze sinn?

Hei ass den nach eemol den Extrait aus dem Chamberrapport iwwer d’Aennerung vum Artikel 52. D’CSV selwer huet proposéiert den Artikel aus der Verfaassung eraus ze huelen!!!

Wéi et ausdrécklech an dësem Rapport steet, huet de President vun dëser Kommissioun, den CSV-Deputéierten Paul-Henri Meyers, déi betreffend Formuléierung proposéiert. Hei ass së:

Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois.“

Wat dat passivt Walrecht fir Auslänner ugeet, ass d’CSV just „à ce stade“ nach „plutôt“ dogéint. Den Här Paul-Henri Meyers sot an der Chamber (de „Président“ ass den Här Meyers (CSV)):

„Dans le cadre de l’échange de vues afférent, M. le Président soumet encore à discussion la proposition de texte suivante : « Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois. », ainsi que la question de l’ouverture du droit de vote passif à des non-Luxembourgeois, question à laquelle il tend à ce stade plutôt répondre par la négative. “

Conclusioun: d’CSV LITT!

An hei ass d’AENTWERT op eis Fro.

D’CSV wëll:

1. An dëse Walen keng Stëmme verléieren an dem si sou mëcht als wär si géint d’Auslännerwalrecht,

2. No de Walen d’Verfaassung änneren (Artikel 52) wéi an der Propositioun Meyers virgesinn.

3. Zoulossen dat e Gesetz mat enger 2/3 Majoritéit gestëmmt gëtt, dat d’Auslännerwalrecht aféiert, oder, alternativ hiren eegene Walprogramm applizéieren:  

 „Wir werden innerhalb der EU aktiv für eine einheitliche Lösung werben, die allen EU-Bürgern die gleichen politischen Rechte in Europa einräumt.“

A bis déi fonnt ass, gëtt d’CSV dann alt schonn den EU-Bierger hei am Land dat Recht fir bei de Chamberwalen matzewielen. Dat si jo schliesslech keng Auslänner mee „EU-Bierger“. Bei där Léisung geng d’CSV dann an der Chamber och sou e Gesetz matstëmmen.

Fazit: Wee géint d’Auslännerwalrecht ass, muss d’ADR wielen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi Gréng: vu Spläiteren an Dunnen

Am Evangelium steet: „Warum siehst du den Splitter im Auge deines Bruders, aber den Balken in deinem Auge bemerkst du nicht?“ (Matthäus 7,3)

Frënn aus der ADR hu mir gesot, datt eenzel Grénger sech doriwwer opreegen, datt op engem ADR-Kongress ee jonken Här opgedaucht ass, den scho laang net méi Member an der Partei ass. Den Här wor zwar net invitéiert mee hie wor anscheinend do, wëll en als Famiiljemember vu sengem Papp mat koum. Säi Papp ass Member an der Partei.  Et handelt sech bei dem jonken Här ëm een vun denen déi vu mir gebiede goufen, d’Partei ze verloossen, well si Kontakter zu rietse Gruppéierungen haten.

Do gesäit een: d’ADR hat hir Aarbecht gemaach.

 Déi Gréng maachen hir awer net. Iwwer d’Proximitéit vun denen jonke Gréngen zu lénksextreme Stréimungen hat ech nach viru kuerzem op dësem Blog geschwat („Déi jong Gréng an déi Lenksextrem“).

Och am Dossier Pädodophilie kann een sech iwwer déi Gréng nëmme wonneren. Den Här Turmes akzeptéiert nach ëmmer den Här Cohn-Bendit als säi Fraktiounschef am Europaparlament. An hien an den Här Bausch hunn souguer nach zësummen mam Här Cohn-Bendit Bréiwer un den Här Juncker geschriwwen (2010), wou dem Här Cohn-Bendit seng Vergaangenheet scho laang bekannt wor:  

http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2010/05/verts-jcj-eurozone/verts-lettre-jcj.pdf

Den „Dany“, de Fränz an de Claude schéngen sech jiddefalls gutt ze verstoen… 

 

 

Ech géng jiddefalls kee Bréif zësummen mat dem do Här ënnerschreiwen. Ech mengen déi Gréng wäre gutt beroden, beim Thema Moral mol hir Hausaufgaben ze maachen!

Déi Gréng sinn eng Partei déi sech zwar fir Dëschtelen an Mouken engagéiert, mee ongebuere Kanner einfach sou ëmbrénge loosse wëll. Si sinn och eng Partei déi d'“Euthanasie“ op behënnert Kanner wëll ausdehnen (cf. Ried vum Här Huss an der Chamber – och op dësem Blog ze fannen).  Fir mech gëtt et an där grénger Ideologie däitlech faschistoïd Tendenzen.   

Déi Gréng hunn den Här Cohn-Bendit iwwregens net nëmmen net ausgeschloss, mee en ass nach ëmmer an allen Eieren. An an Däitschland kënnt ee grénge Pädophilie-Skandal nom anere raus. Ech hoffen, datt déi Gréng och hei am Land den 20. Oktober dat kréien wat si verdéngen: e miserabelt Resultat!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wat wëllen d’Parteien bei der Ofdreiwung?

Op déi ongebuere Kanner hei am Land komme nach méi schwéier Zäiten zou! Eng eenzeg Partei, nämlech d’ADR, bekennt sech zum Schutz vum Liewen. Bei dräi konnt ech am Programm näicht zu dem Thema  fannen (sauf erreur de ma part), dat sinn d’PID, d’KPL an d’CSV.

Datt d’CSV keen eenzegt Wuert zu dem Thema fënnt, seet ebe just ganz vill! Et ass ën Aarmutt! Dat déi kathoulesch Kierch grad och nach grad déi Partei ënnerstëtzt  ass eng Schaan fir eise Klerus. 

D’DP an d’LSAP wëllen eng bedéngungslos Fristeléisung.

Déi Lénk, déi Gréng an d’Piraten wëllen d’Ofdreiwung doriwwer raus och nach ganz aus dem Stroofgesetzbuch eraushuelen. 

Et ass also kloer wat am nächste Koalitiounsofkommes steet, ausser d’ADR wär mat an der Regierung: op d’mannst eng bedéngungslos Fristeléisung.

Mech ekelt dat aus ganzem Häerz! Eist Land ass net nëmme finanziell bankrott, mee och moralesch.  An et ass en Hohn, dat grad déi eenzeg Partei déi sech fir de Schutz vum Liewen asetzt vun enger Partie vu Leit – déi ech lo hei net méi genee wëll qualifizéieren – als „rietsextrem“ portraitéiert gëtt. Déi Leit déi sou Saache behaapten léien entweder mat voller Absicht oder si hu net déi geréngsten Ahnung vun der Geschicht vun de politeschen Iddien.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar