No Klima-Alarmismus, elo éicht Schrëtt a Richtung Klima -Wouerecht?

Joerelaang gouf de Leit Angscht mat der „Klimakatastroph“ gemaach. Mam „global warming“, dem Nordmir zu Arel an de Wüsten am Eisléck, der ausgedrëchenter Musel an de Flüchtlingsstréim vun Hëpperdang op Uespelt.

Et wor dat gréngt Geschäft mat der Angscht, hir Haaptmethoud fir sech an der Politik op Käschten vun der Wouerecht eng Daseinsberechtegung ze verschafen.    

Lues a lues brëcht dat ganzt Gelitts  awer lo zësummen. Den IPCC  huet no de „climate-gaten“ schonn sou munches missen zréck zéien, an et gesäit sou aus, als wär dee nächsten Klima-Rapport och nees e Schrëtt an déi richteg Richtung – no hannen!  

http://www.achgut.com/dadgdx/index.php/dadgd/article/kleine_sensation_ipcc_rudert_offenbar_noch_deutlicher_zurueck

„Déi konservativ Säit“ hällt hir Lieser natierlech um Laafenden…  Op dësem Blog stinn fir interesséiert Leit jo och schonn eng Rei Artikelen zum Thema Klima.

An ech verweisen speziell och op den (ëmmer liesenswäerten) Site vun der ADR an dem ganz interessanten Dossier vum Här Professer Massen iwwer d’Sënnhaftegkeet bezéiungsweis d’Sënnlosegkeet vun de Vitesselimitatioun bei méi héigen Ozonkonzentratiounen hei am Land.

http://www.adr.lu/wei-sennvoll-si-vitesselimitatioune-bei-mei-heijen-ozonkonzentratiounen/

Och ech sinn fir Emweltschutz – awer virun allem sinn ech dofir de Leit d’Wouerecht ze soen! 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Madame Tanson, Här Kmiotek,

Als Co-Presidenten vun „déi Gréng“ verfollegt Dir jo bestëmmt och d’Aktualitéit an Däitschland a besonnesch déi Debatten rondrëm Aer  Schwësterpartei „Bündnis 90 – Die Grünen“.

Zënter Méint gëtt et bal all Dag nei Informatiounen iwwer déi pädophil Politik vun dene Gréngen an dene leschten Joerzéngten. Am Ufank gouf behaapt, dat wäre nëmmen Eenzelpersounen gewiescht, dono koum raus datt déi gréng Homosexuellen – a Pädophilegrupp  „SchwuP“ organiséierten Afloss hat, an lo si mer scho sou wäit, datt ëmmer méi Parteiprogrammer vun dene Gréngen mat oppe pädophile Fuerderungen entdeckt ginn. Och déi gréng Spëtzepolitiker stinn dëser Deg am Zentrum vun der Kritik. Och si hu pädophil Programmer ze veräntwerten.

Ech fuerderen Iech op fir déi lëtzebuergesch Gréng Stellung ze huelen a hunn dräi ganz konkret Froen un Iech. Ech hoffen op dräi konkret Aentwerten:

1. Wéi stellen sech déi lëtzebuergesch Gréng zu denen Entwécklungen bei denen däitsche Gréngen, mat denen Dir op europäeschem Niveau all Dag zësumme schafft?

2. Wéi ass et méiglech, datt dee gréngen Europadeputéierten Claude Turmes den Här Cohn-Bendit als Fraktiounspresident vun dene Gréngen am Europaparlament akzeptéiert? Dem seng Här seng pädophil Vergaangenheet ass jo gutt dokumentéiert.

3. Sinn déi lëtzebuergesch Gréng bereet onparteiesch Historiker domat ze beoptragen fir d’Vergaangenheet vun dene lëtzebuergesche Gréngen an hire Viirleeferparteien op eventuell pädophil Aktivitéiten hin ze duerchliichten? Ech verweisen do op den Optrag den eng däitsch Universitéit vun denen däitsche Grénge kritt huet.

Dir erënnert Iech wahrscheinlech un déi massiv Kritiken, déi déi lëtzebuergesch Gréng géint d’kathoulesch Kierch hei am Land haten, wou bei hir Fäll vu Pädophilie entdeckt goufen. Ech erwaarde mir vun dene Gréngen och lo bei sech selwer fir Eierlechkeet an Transparenz ze suergen an d’Effentlechket ze informéieren.

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Kuriéises aus engem lëtzebuergesche Schoulbuch (2): den Extremismus

An dem Geschichtsbuch „Entdecken und verstehen 3, Geschichte: Luxemburg“ aus dem  Cornelsen-Verlag,  gëtt et selbstverständlech och eng ganz Säit géint de Rietsextremismus (S. 144 „Gefahr von rechts, Rechtsextremismus heute“). Dat fannen ech eng ganz gutt Saach!   

Wat mech scho méi stéiert, ass dat ech keng Säit fonnt hunn iwwer de Lénksextremismus. Sou eng Säit „Gefahr von links, Linkesextremismus heute“ feelt einfach an dem Buch… komesch… a schued! Mir liewen an engem Land an dem et praktesch kee Rietsextremismus gëtt, mee wou awer eng KPL an „déi Lénk“ dë Lénksextremismus wierdeg representéieren.

Virun enger praktesch inexistenter Gefor gëtt also gewarnt, virun enger „real existéierender“ (fir am marxistesch-leninistesche Jargon ze operéieren) awer net. Gutt, den Optrag fir dat Buch kënnt vun engem sozialistesche Ministère, mee e bësschen Objektivitéit an intellektuell Eierlechkeet wären trotzdem net schlecht gewiecht.

Lo kéint ee vläicht soen, datt déi Warnung géint Riets besonnesch néideg wär, well jo am Buch vill iwwer den Zweete Weltkrich Rieds geet an iwwer d’Nazi-Okkupatioun vun eisem Land. Dat akzeptéieren ech. Mee wéi wor et dann mat der Sowjetunioun an der Okkupatioun vu sou ville Länner duerch déi kommunistesch Mäerderbanden?  Gëtt hei vläicht vergiess wéivill Doudeger de Kommunismus an all senge Formen ze veräntwerten huet? Solle mir net an Zäiten vun der Europäescher Unioun och un d’Leed am Osten vun eisem Kontinent erënneren an net nëmmen nombrilistesch un eis eegent? A solle mir dowéinst d’Schüler net genee sou virum Kommunismus wéi virum Nazismus warnen?

Dovun ofgesinn, fannen ech dat déi am Buch opgezielte Critèren fir „rechtsradikales Denken“ ze erkennen, e bësschen holpreg sinn.

Ech hätt z.B. dovu geschwat, datt d’Nazien och déi behënnert Mënschen als „net lieweswäert“ ugesinn  a si „euthanaséiert“ hunn. An dann hätt ech dë Kanner gewisen wéi déi Gréng an d’Sozialisten an der Chamber dofir Reklamm gemaach hunn, fir denen behënnerte Kanner an denen Demenzkranken ze „hëllefen“. Faschistesch Gedanken sinn eben net ëmmer do, wou ee mengt, datt se wären!  Déi Chambersdebatt ass iwwregens och op dësem Blog ze gesinn  (Bäitrag: „Gréng-roude Faschismus“).

Ech geng och net soen, datt de „Glaawen“ (dat Wuert ass hei e bësschen falsch op der Plaatz) un e „Vollék“ oder eng „Natioun“ schonn e Critère fir Rietsextremismus wär.  D’CSV ass eng „Vollékspartei“ – sou seet si mol – a si steet politesch do wou an anere Länner d’Sozialisten sinn, an dat och nach ënnert der strammer Féierung vun engem bekennende Kommunist. D’CSV ass och keng Vollékspartei mee eng Kaderpartei. Mee dat ass eng aner Diskussioun.

Artikel 32 vun eiser Verfaassung bestëmmt eis „Natioun“ als de Souverän. Dofir si mir awer nach laang kee faschistesche Staat!

Dat d’Fraen an d’Famill  „gehéieren“  KANN e Gedanke sinn, den an extremistesche Milieuen geflegt gëtt, e MUSS awer net. Vill Fraen decidéieren sech fir e Liewen fir hir Famill, a si sinn dowéinst nach laang net rietsradikal! Ech perséinlech hunn den allergréisste Respekt fir déi Fraen a Mammen déi hir Famill un déi éicht Plaatz setzen! 

Wou ech dem Buch awer wierklech Recht ginn, dat ass wann et seet, datt een déi Rietsradikal dorun erkënnt, datt si „Buttons“ oder „Kleidung“ als Zeeche vun enger „gemeinsamer Auffassung“ hunn. Wann eng Chambersessioun opgeet, hunn déi Gréng emmer all eng Sonneblumm um Revers, an d’Piraten laafen dëser Deeg mat engem mofe Sabbelduch duerch d’Stroossen. Domat ass bewisen: si si Rietsradikaler! Där Meenung wor ech scho laang, mee wann et an engem lëtzebuergesche Schoulbuch steet, da muss et stëmmen!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Bëschof, firwat ënnerstëtzt Dir eigentlech nach d’CSV?

Entschëllegt, ech wees et ass eng rhetoresch Fro , wëll et geet der Kierch – sou wéi se hei zu Lëtzebuerg optrëtt an handelt – jo just nëmme nach ëm Suen, Muecht an Afloss.

De Moien hunn ech op RTL gelies, datt d’CSV de Reliounsunterrecht aus dem Secondaire wëll eraus huelen… abee merci! Ass dat vläicht Aer Aentwert op de „Multikulti“? Mir verleegnen, diminuéieren a verstoppen eis eegen Tradiounen a Wäerter fir denen aneren ze gefalen? Oder wëll Dir och lo vläicht, datt d’Theologie a Joerdausenden vu geeschtegen  a moraleschen Ustrengungen vun der Mënschheet – vu Striewen no Wouerecht, Asiicht, Weisheet a Léift –  an eppes gepresst ginn, wat iergend ee geeschteg Mannerbemëttelten eemol an dat konzeptuellt Wuertmonster „philosophie pratique“ gepresst huet?

Aer CSV, Här Bëschof, déi déi Dir all Dag an Aerer Zeitung vun der Säit 1 bis x lueft, heemelt, unhimmelt a verherrlecht, genee déi CSV:

– huet d’Euthanasie méiglech gemaach,

– d’Ofdreiwung liberaliséiert,

– d’Homo-Bestietnis mat Adoptiounsrecht propagéiert, an lo

– schaaft si och nach de Reliounsunterrecht of – Schrëtt fir Schrëtt: fir t’éicht am Neie Lycée, lo am ganze Secondaire. 

Als Bëschof geng ech déi do Partei net ënnerstëtzen.  Dir bréngt et jiddefalls fäerdeg, mat Aerer CSV-Höregkeet, déi lëtzebuergesch kathoulesch Kierch och nach ëm de leschte Recht vun hirer Glaafwierdegkeet ze brengen! Wann Aer Kiirchen sou eidel sinn, dann och well d’Kiirch net fir dat asteet, wat se priedegt. Glaafwierdegkeet ass eppes anecht!

Schued, dat déi Zäit riwwer ass, wou déi kathoulesch Bëscheef sech nach fir hire Glaawen agesat hunn! Ech vermëssen den Don Camillo. Dir net?

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Kuriéises aus engem lëtzebuergesche Schoulbuch (1): de Noen Osten

An eise Bicherbuttécker leien dëser Deg jo vill wonnerschéin Schoulbicher. De Moien konnt ech mech net zréckhalen an hunn eent dovu kaf: Entdecken und verstehen 3: Geschichte Luxemburgs aus dem Verlag Cornelsen – u sech e gutt Haus. Ech hat optimistescherweis geduecht, datt ech vläicht och nach am Alter eppes kéint bäiléieren.

E bëssche mësstrauesch wor ech awer, well am Buch steet  „Im Auftrag des Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle„. Dat ass schonn e bedeitend manner gutt Haus – nämlech e streng sozialistescht. 

An natierlech gouf ech net enttäuscht. E bësschen bliederen a scho wees een, datt een Geschicht net nëmme ka schreiwen, mee och ëmschreiwen. Op de Säiten 200 an 201 geet et z.B. em d'“Konflikregion Nahost“. An do liest een:

Wenngleich die dominierende Religion der Islam ist, so gibt es doch seit zwei Jahrtausenden bedeutende christlische Minderheiten“.

Ah bon?? Tiens!! An där Zäit wou ech an d’Schoul gaange sinn, hu mir nach geléiert, datt d’Chrëschtentum ongeféier 2.000 Joer al ass an datt de Prophéit Mohammed am Joer 632 (no Christus!)  gestuerwen ass. An där Géigend déi haut zu engem groussen Deel islamesch ass, hu keng „chrëschtlech Minoritéiten“ gelieft, mee d’Leit wore ganz einfach chrëschtlech oder ënner chrëschtlechem Afloss, nämlech duerch dat byzantinescht Räich.

Den Islam huet vill vun denen Géigenden bis an dat 8. Joerhonnert eran eruewert, an dë Chrëschten, déi wéi d’Judden an islamesche Staaten als Bierger vun zweeter Kategorie gëllen, gouf d’Bezuelen vun der Jizya operluegt. Si goufen eruewert an ënnerdreckt, fir et kloer ze soen. Haut ginn se verfollegt, ermuert oder verdriwwen.

Mee gutt,  vläicht kann dat an där nächster Oplo verbessert ginn, och wann et net an dat sozialistescht Weltbild vum éiweg béise Chrëschtentum passt.

Richteg propagandistesch gëtt et dann op där nächster Säit. Do steet:

Auf militärische Einsätze der israelischen Armee antwortet die palästinensische Seite mit Raketen und Selbstmordattentaten“.

Dee Saz ass sou falsch a sou verdréint, datt e géng en eegent Buch als Aentwert verdéngen. Huet den Här Asselborn dat do vläicht perséinlech geschriwwen? Den Här Ahmadinejad kann et jo net gewiescht sinn, well den Här hëllt dat Wuert „israelesch“ net an de Mond.

Mat „déi palästinesech Säit“ sinn hei sëcher déi zwou terroristesch Organisatiounen Hamas an Hezbollah gemengt. A gewéinlech äntwert déi israelesch Arméi op déi feig Attaquen vun denen Organisatiounen an net ëmgekéiert.

Richteg ass awer, datt een déi Situatioun als „Spirale der Gewalt“ kéint bezeechnen. Wéi wär et dann, wann „déi palästinensech Säit“, d’Existenzrecht vun Israel mol geng unerkennen? Dat wär schonn e grousse Schrëtt an déi richteg Richtung.

An eisem beléifte Feuilleton iwwer lëtzebuergesch Schoulbicher geet et dann muer weider, mat engem Artikel iwwer den Extremismus…

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

DP-Familljeprogramm: D’Elteren verstinn näicht vun hire Kanner!

„Déi konservativ Säit“ kann alle Leit nëmme roden fir d’Programmer vun de politesche Parteien ze liesen. Fir d’DP zum Beispill sinn d’Elteren ganz offensichtlech Leit, déi vun hiren eegene  Kanner näicht verstinn.

Ier ech lass fueren, hei ass mol den Original-Text fir datt jiddereen sech ka selwer eng Meenung maachen :

  http://www.dp.lu/wahlen2013_index1_v1.php?cat=11&lang=1

Ech hunn den Text gelies a sinn op ville Plazen hänke bliwen. Hei si meng Kommentaren:

1.  „Für die DP muss die freie Wahl der Lebensmodelle im Mittelpunkt der Familienpolitik stehen. Es geht uns nicht darum, den Menschen eine Idealvorstellung des Zusammenlebens aufzuzwingen, sondern die Grundlage dafür zu legen, dass jeder seiner Vorstellung von Familie nachgehen und diese ausleben kann.“

Mir feelt do den absoluten Haaptcritère: d’Wuel vum Kand! Hei ass zwar alles erlaabt, och déi polygam, polyandresch, déi homosexuell, déi lesbesch etc. „Familljen“  an d’Wunngemeinschaften a Gott wees wat nach,  jiddereen därf sech à sa façon „ausliewen“, mee vun de Kanner geet hei keng Rieds. Datt dann am nächste Paragraph vun enger „kannerfrëndlecher Gesellschaft“ schwadronnéiert gëtt, asss a mengen An schlechte Goût.

 2. „Leihmutterschaft gesetzlich regeln

Die DP wird die Grauzone die zur Zeit im Bereich der Leihmutterschaft besteht, beheben und eine ausgeglichene gesetzliche Grundlage dafür schaffen.“

 Domadder hëllt een dem Kand wichteg Repèren a senger Filiatioun wech. D’DP wëll denen homosexuelle Koppelen ganz einfach e Recht op e Kand ginn.

Ech halen och näicht vun der Benotzung vum weibleche Kierper fir Reproduktiounszwecker géint Suen. Do ginn jo och  Gefiller verletzt. Ech si jiddefalls fir e Verbuet vun der GPA.

3. „Es geht darum, dass Mütter und Väter in ihrem Berufsleben und in ihrer Lebensplanung nicht durch ihren Familienwunsch diskriminiert werden.“

An dem ganzen Text ass kee Wuert vun Unerkennung fir déi Mammen a Pappen déi als Beruff hir Kanner wëllen doheem erzéien a sech ëm hir Famill wëlle këmmeren. Fir mech ass eng Hausfra a Mamm en extrem wichtege, schéinen a wäertvolle Beruff!!

4.  „Neben der Schulpflicht, die ab dem Cycle 1.1 gilt, sollte jedes Kind das Recht auf einen qualitativ hochwertigen Kinderbetreuungsplatz in Luxemburg haben.“

Och do feelt mir déi – a mengen An – beschten Alternativ fir kleng Kanner: doheem bei der Mamm oder beim Papp! Schued, datt dat net ëmmer méiglech ass!

 5. „Emotionale Bindung fördern

Neben der altersgerechten Förderung muss die emotionale Bindung der Kinder im Vordergrund stehen. Kinder brauchen eine Bezugsperson, zu der sie Vertrauen und Zuneigung aufbauen können. Aus diesem Grund setzt sich die DP für eine viel stärkere Kontinuität der Betreuungsteams in den Strukturen ein.“

 Och hei schreift d’DP net, wat op der Hand läit: déi beschten a stabelst Bezuchspersounen  fir e Kand si seng eegen Elteren!

6. Genee vun denen hällt d’DP awer näicht. Déi brauchen nämlech dréngend Berodung wat hir eege Kanner ugeet:

 „Die DP möchte mittelfristig die „maisons-relais“ und Kindertagesstätten zu Familienzentren nach dem englischen Vorbild ausbauen. Durch das sukzessive Aufbauen von Know-how über Fragen der Kleinkindpädagogik sollen die Betreuungsstätten in die Lage versetzt werden, neben der Betreuung auch Aufgaben in den Bereichen der Information, Sensibilisierung und Beratung der Eltern übernehmen zu können.

Dadurch sollen auch Eltern, die ihre Kinder zu Hause betreuen vom Know-how der pädagogischen Fachkräfte und den Infrastrukturen der Kindertagesstädte profitieren können. Die Strukturen sollen dadurch auch stärker zu einem Ort des regelmäßigen Austauschs zwischen Eltern und Erzieher(innen) werden, in denen die Eltern wichtige Ratschläge erhalten, was die Bedürfnisse der Kinder und ihre altersgerechte Förderung anbelangt.“

 7. An zu gudder Lescht mecht sech d’DP nach fir d'“autorité parentale“ staark, an dat nodeems si am Ofdreiwungsgesetz dofir gestëmmt huet, dat mannerjähreg Meedercher ouni d’Wëssen vun hiren Elteren därfen ofdreiwen! Dat ass dach nach eng Partei déi sech konsequent ass!!

Elternrechte schützen

Für die DP darf der Entzug der „autorité parentale” nur in absoluten Ausnahmefällen und im höheren Interesse des Kindes geschehen und nicht einher gehen mit der Unterbringung von Kindern in Pflegefamilien oder Heimen.“

Ech hunn net den Androck dat ech nach een kann domat iwwerraschen, datt ech d’DP net wielen.   

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Asyl fir syresch Chrëschten!

Mat där Decisioun fir 60 Flüchtlingen hei am Land opzehuelen sinn ech selbstverständlech d’accord. Dat ass e wichtegen humanitäre Geste fir Leit déi an dem Biergerkrich schrecklech leiden.

Ech denken awer, mir sollten déi Leit prioritär bei eis ophuelen, déi vu kenger Säit a Syrien besonnesch gelidde sinn, an dat sinn d’Chrëschten. 

http://www.kath.net/news/42830

Dat e Régime Assad sech laangfristeg hale kann ass onwahrscheinlech. Egal wéi e Régime Syrien an der Zukunft dirigéiert, wahrscheinlech sinn islamistesch Extremisten mat um Pouvoir. Et geet also drëm prioritär un déi Leit ze denken, déi a Syrien wahrscheinlech keng Zukunft méi hunn. Fir dee Fall, wou déi Leit missten méi laang bei eis bleiwen, sollte mir och Leit eraus sichen, déi am liichtesten kéinten hei integréiert ginn.  

Dofir en Appel un d’Regierung fir 60 syresch Chrëschten opzehuelen.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Dr. Mengele wielt d’Piraten!

Et ass einfach eng Beräicherung fir eist Land, sou eng Partei wéi d’Piraten ze hunn!

An hirem Walprogramm steet z.B. op der Säit 116 e wonnerbare Passage zum Thema „Embryonal-Fuerschung erlaben“.  Mir zitéieren:

„Et ass net u Politiker fir moralesch oder ethesch Entscheedunge fir Fuerscher ze huelen. Vill Decouverte konnten nëmme gemaach gi well sech d’Politik aus de moralesche Froen erausgehalen huet. Dofir fuerderen d’Piraten d’Entscheedung ob e Fuerscher mat embryonale Stammzellen fuerscht oder net genee dësem z’iwwerloossen.“ 

Ech well jo net behaapten d’Politiker wäre perfekt Leit, mee ëmmerhin stinn si an der Effentlechkeet an si musse – op d’mannst an der Theorie – hir Decisisiounen veräntwerten (mat Ausnam vum Här Juncker natierlech).

Dat brauch e Wëssenschaftler net am selwechte Mooss. D’Geschicht vun der Wëssenschaft ass voll mat intelligente Leit déi, zwar heiansdo mat engem schlechte Gewëssen, awer dann dach ganz fläisseg Schreckleches gemaach hunn. Gutt Grënn fënnt een ëmmer.

An d’Wëssenschaft huet virun allem och – genee sou wéi d’Politik – hir Krimineller, wéi z.B. de Josef Mengele, an hir Verréckter, wéi déi Hären Lombroso oder Bérillon an nach ganz vill anerer. 

Abee, ech mengen jiddefalls dat et genee un der Politik ass fir moralesch Verantwortung ze iwwerhuelen an sech net aus denen  ethesche Froen an der Fuerschung eraus ze halen! Ech mengen, datt et just un denen verantwortleche Politker ass fir normativ ze wierken an un déi Dimensiounen vum mënschleche Sinn mat ze denken, déi villen aneren net genuch bewosst oder ganz einfach egal sinn.

Ech erkennen hei d’Essenz selwer vun engem verantwortungsvollen Emgank mat enger politescher, dat heescht gesamtgesellschaftlecher Verantwortung. 

Mee gutt, eng Partei där hir Suergen WLAN a Gigabyte heeschen , ass do wahrscheinlech iwwerfuerdert.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

FEMEN-Prozess zu Paräis

U sech wollt „Déi konservativ Säit“ ni d’Roll vun enger Noriichtenagentur spillen. Mee well eis Press déi interessant Saachen déi hir net an de Krom passen, fir gewéinlech iwwerhaapt net bréngt, hëllefen ech hir alt e bësschen no.

Also: ITAR-TASS mellt, datt lo de Prozess vun denen Feministinnen  zu Paräis ufänkt, déi sech an der Kathedral Notre-Dame d'“BattInnen“ gestallt hunn. Hei déi englesch Versioun:

   http://www.itar-tass.com/en/c32/876058.html

An dem Artikel steet iwwregens och nach, datt no franséischem Recht bis 5 Joer Prisong méiglech wären. Da wären déi „BattInenn“ vu Pussy Riot a Russland nach gutt wechkomm….

Sou wéi d’Welt haut fonctionnéiert kréien déi Paräiser Extremistinnen awer éichter d’Légion d’honneur wéi och nëmmen een Dag Prisong.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E Mann, dee geschloe gëtt, ass selwer schold…

An eiser Gesellschaft ass et leider nach ëmmer sou, datt bal kee Mënsch d’Nout vun denen Männer versteet, déi an enger Gewaltsituatioun liewen. Och bei eis an der Chamber, wann ech dee Problem uschwätzen, feelt et zwar u Versteesdemech fir männlech Affer vu Gewalt, mee dofir awer net un domme Kommentaren. 

Et ass awer eppes fundamental Ongerechtes dobäi, d’Suergen vun dë Fraen eecht ze huelen, déi vun de Männer awer net. Hei ass en interessant Experiment: wann eng Fra vun engem Mann geschloe gëtt, gräifen d’Leit direkt an, ëmgedréint awer net, och dann net, wann de Mann sech mol net selwer wiert. Schwätzt een dann mat de Leit déi einfach laanscht gaange sinn, dann héiert een sou Kommentaren wéi „ech hat geduecht hien hätt si bedrunn“…

Ech mengen, datt jiddereen seng eege Conclusiounen kann zéien. Ech wënsche mir jiddefalls eng Gesellschaft wou d’Suergen vun denen engen genee sou eecht geholl ginn, wéi d’Suergen vun denen aneren. Hei zu Lëtzebuerg si mir nach leider ganz wäit dovu wech.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare