E puer mol hunn ech schonn behaapt, datt de Feminismus ënner allen totalitären Ideologien déi dommst ass. Et gëtt an dem Beräich net en eenzegen Viirdenker den ee misst gelies hunn. Dozou zielen ech ausdrécklech och Bicher wéi den „Le deuxième sexe“ mat.
Déi Ausso muss ech awer relativéieren. Wann een déi néideg Distanz huet, dann kann een roueg feministesch Bicher liesen wann een mol nees wëll gutt laachen.
Den Här Professer Richard Dawkins huet dat och mol gemaach. Hei ass ë Bespill vu feministescher Wëssenschaft:
Leider ass et engem awer net ëmmer fir ze laachen. Déi systematesch, sexistesch an ideologesch „Priviligéierung“ vu Fraen bei akademeschen Rekrutementer – an hei ass dat Wuert korrekt gebraucht – muss een ganz einfach revoltéieren. Déi „Genderbüroen“ op den Unien maachen alles fir och nach Fraen mat wéineg Publikatiounen a wéineg Erfahrung op déi héchst akademesch Positiounen ze bréngen.
Déi feministesch Rechtfertegung dofir ass dacks vollkommen iwwerzunn. Dat een muss fir Babypausen Versteesdemech weisen ass jo eng Evidenz. Mee Versteesdemech fir Inkompetenz an akademesch Null-Leeschtung geet definitiv ze wäit.
D’Uni Lëtzebuerg ass natierlech Viirreiderin an der héiger Wëssenschaft vum Feminismus an huet ë „Leitfaden“ iwwer de Rekrutement vun akademeschen Personal – ofgeschriwen! D’Original wäert vun der Uni Bonn sinn well vum Lisa-Meitner-Stipendium doran geschwat gëtt.
http://wwwfr.uni.lu/universite/presentation/organigramme/deleguee_a_l_egalite_des_chances/gender_mainstreaming_committee/(language)/fre-FR
Hei e puer Auszich aus dem „Leitfaden zur Verankerung geschlechstsensibler Berufungsverfahren an der Universität Luxemburg„:
1) Fir t’éicht gëtt ë Politkommissar ernannt
„Der bzw. die Vorsitzende der Berufungskommission ist beauftragt, eines der fünf Kommissionsmitglieder mit der Aufgabe zu betrauen, auf die Einhaltung des gendersensiblen Berufungsverfahrens anhand der weiter unten aufgeführten Kriterien/Katalogpunkte zu achten. Dieses Mitglied der Berufungskommission ist als „gender sensitive process owner“ oder als „Hüter“ oder „Hüterin“ eines gendersensiblen Berufungsverfahrens zu verstehen.
Für den Fall, dass sich niemand von den Kommissionsmitgliedern bereit erklärt, diese Aufgabe zu übernehmen, wird eine zusätzliche fachkundige Person gesucht, die diese Aufgabe übernimmt und dem Berufungsverfahren in allen Phasen beiwohnt. Zur Bestimmung dieser Person wendet sich der/die Vorsitzende der Berufungskommission an die Genderbeauftragte.“
2. ) Dono stellt sech dann d’Fro, wat méi wichteg ass: d’Carrière vun de Fraen oder d’Qualitéit vum Enseignement op der Uni. Fir d’Uni.lu ass et et d’Carrière vun de Fraen.
Wéi gesot, och ech sinn d’accord wann et heescht Fraen – an och Männer – net wéinst de Kanner ze benodeelegen. Awer vun nebulösen Bestëmmeungen a Gummiparagraphen wéi z.B. dem hei halen ech net vill:
„Diejenigen Kompetenzen und Expertisen, die im Rahmen innovativer Lebensverläufe erworben werden können, sollen ebenfalls bei der Kriterienfestlegung Berücksichtigung finden.“
Dono komme mer op nach méi glëtschegen Terrain:
„Folgende und ähnliche Kriterien dürfen sich bei der Beurteilung der wissenschaftlichen Qualifikation nicht nachteilig auswirken:
Geringere Anzahl der Publikationen
Weniger Dritt-Mittel-Einwerbungen
Geringere Forschungserfahrung „
Wéi gesot, am Prinzip jo, wann et ëm Kanner geet. Dat selwecht muss awer dann natierlech och fir Pappen gëllen. An der Praxis muss een awer hei ganz gutt oppassen, datt de Niveau trotz Kannerzäiten nach sou héig ass, datt een als Universitéitsprofesser kann bestoen. Meng Prioritéit ass ganz kloer d’Qualitéit vum Professorat an net de „social engineering“ oder „repairing“ fir individuell Carrièren ze reconstituéieren oder ze fabrizéieren.
3) Am nächste Schrëtt geet et dann an déi aktiv Diskriminéierung vun denen besseren männleche Kandidaten:
„Grundsätzlich sollen alle Bewerberinnen, die die formalen Qualifikationen erfüllen, zu einem Probevortrag eingeladen werden. Wenn dies wegen der großen Zahl der Bewerberinnen und Bewerber nicht praktikabel ist, sind mindestens ebenso viele Frauen wie Männer zum Vorstellungsgespräch einzuladen.“
Also am Kloertext: all Fraen ginn invitéiert déi déi „formal Qualifikatiounen“ erfëllen, awer net onbedéngt all Männer. Och wann d’Resultater vun der Selectioun et iwwerhaapt net hier ginn, mussen „mindestens“ esou vill Fraen wéi Männer invitéiert ginn.
4) Dono kënnt et zur Préifung vun der politescher Gender-Korrektheet. All déi Froen hunn mat der fachlescher Qualifikatioun iwwerhaapt näicht ze dinnn:
„In der Ausschreibung wurde die Erwartung an die Bewerberinnen und Bewerber formuliert, auch die Genderaspekte ihres bzw. seines Fachgebietes angemessen zu berücksichtigen. Welche Genderaspekte kommen Ihrer Ansicht nach für Ihr Gebiet in Bezug auf Lehre und Forschung in Betracht?
Der Anteil der studierenden Frauen/Männer in der Fakultät liegt bei … %. Welchen Beitrag möchten Sie leisten, um den Anteil des unterrepräsentierten Geschlechts an Studierenden zu erhöhen?
Wie wollen Sie Gleichstellung zwischen den Geschlechtern in Ihrem künftigen Arbeits- und Verantwortungsbereich verwirklichen?
Aufgabenverteilung,
Verantwortungsverteilung,
Sitzungszeiten,
allgemeine Vorstellungen zur besseren Vereinbarkeit von Beruf und Privatleben.
Wie viele Frauen und Männer haben bei Ihnen promoviert?
Wie viele Mitarbeiterinnen und Mitarbeiter haben Sie zur Zeit?
Werden Sie Mitarbeiterinnen oder Mitarbeiter mitbringen wollen?“
5) Als lëschte Schrëtt kënnt dann d’Recommandatioun. Et feelt wierklech net vill, fir dat hei ausdrécklech steet d’Fra misst ëmmer geholl ginn. Och de Politkommissar muss natierlech Stellung huelen. Iwwer déi aner Dispositiounen an dësem Text brauch ech net vill ze soen, si schwätzen fir sech.
„Entscheidung über Berufungsfähigkeit und Rangfolge
Nach den Probevorträgen kommen zu den objektiven sehr subjektive Eindrücke zur Eignung der Kandidatinnen und Kandidaten hinzu:
Geschlechtsspezifische Vorurteile und Rollenerwartungen können sich hier zuungunsten von Frauen niederschlagen. Was bei einem Mann als professionell und souverän empfunden wird, könnte bei einer Frau als dominant oder profilierungssüchtig wahrgenommen werden.
Auf Berufungslisten sind bei gleichwertiger Eignung, Befähigung und fachlicher Leistung Frauen bevorzugt zu berücksichtigen.
Ist auf einer Berufungsliste für eine Professur keine Frau berücksichtigt und sind Frauen bei den Professuren unterrepräsentiert, soll die Fakultät für qualifizierten Nachwuchs in diesem Fach sorgen. Von der Fakultät wird deshalb erwartet, dass sie sich besonders bemüht, freie Stellen mit Wissenschaftlerinnen zu besetzen.
Die Gutachten sollten sehr genau auf versteckte Diskriminierungen überprüft werden. Gibt es ausschließlich Frauen betreffende negative Bewertungen? Wurden die Kriterien des Ausschreibungstextes angewendet? Die persönliche und fachliche Leistung der Bewerberinnen müssen ausreichend gewürdigt werden.
Berufungsvorschlag
Die Berufungskommission verabschiedet einen Berufungsvorschlag (Listenvorschlag). Der Dekan/die Dekanin übergibt den vollständigen Bericht der Berufungskommission dem Rektorat. Der „gender sensitive process owner“ bzw. die „Hüterin“ oder der „Hüter“ des gendersensiblen Berufungsverfahrens gibt im Rahmen dieses Berichtes ein schriftliches Statement bzgl. der Einhaltung der im Leitfaden festgehaltenen Richtlinien ab.“
Meng Positioun ass einfach, transparent a kloer: „Der Bessere gewinnt“, ob Mann oder Fra. Wann ee Papp oder eng Mamm sech temporär exklusiv ëm d’Kanner gekëmmer hunn, soll dat mat berücksichtegt ginn. Prioritéit virun den individuellen Carrièren huet awer ganz kloer d’Wuel vun der Universitéit an d’Qualitéit vun der Fuerschung an der Léier.