Keng Quoten!

Dat anert Joer si Wahlen an wéi ëmmer kënnt dann nes eng Quotendebatt iwwer d’Fraen an der Politik op eis zou. Ausserdem geeschtert jo och nach ëmmer der Madame Reding hir Propositioun duerch d’Welt fir eng Fraequot vu 40% bei der Besetzung vun de Posten an de Verwaltungsréit vu boursenotéierten Entreprisen viirzeschreiwen.

Grond genuch fir „déi konservativ Säit“ fir d’Quoten nach eemol kritesch ze beliichten. Am Laf vun denen leschten bal zwanzeg Joeren, hunn feministesch Kreeser ëmmer nes probéiert  fir e Quotendenken an der Politik, an der Economie,  op der Universitéit an op anere Plazen  duerchzesetzen. Egal wéi eng Form dëss Fuerderungen am Eenzelnen haten, dohannert stoung ëmmer de Wonsch fir dem Wieler oder aneren Décideuren eng Geschlechterlogik opzezwéngen oder eenzel Persounen, alléng opgrond vun hirem Geschlecht, automatesch Viirdeler ze ginn.

Quoten stinn ganz allgemeng am Widdersproch zu  rechtsstaatleche Grondprinzipien, wéi zum Beispill der Gläichheet vun de Bierger virum Gesetz. An der Politik bedeiten si e Verstouss géint demokratesch Grondrechter, well si de fräie Wëllen vum Wieler aschränken. An der privater Economie bedeiten si ë gravéierenden staatlechen Agrëff an privat geféiert Betriber, an denen de Stat kee Kapital huet a keen Risiko dréit, an déi no maartwirtschaftleche Critèren an an der Verantwortung virun den Actionnairen an all hire Mataarbechter geféiert ginn.

Bei Wahlen an eiser repräsentativer Demokrati ass all Kandidat no sengem politischen a sozialen Engagement, sengen individuellen Iwwerzegungen, sengen intellektuellen Fähegketen a sengen moralechen Qualitéiten zu beuertelen. Reng biologisch Eegeschaften, wéi d‘Geschlecht, d‘Rass oder ähnleches sinn an eiser westlecher, demokratischer Kultur irrelevant. Eng Quot reduzéiert ë Kandidat op eng eenzeg vu senge Charakteristika, nämlech säi  Geschlecht. Dobäi ginn all déi aner villfälteg Eegenschaften vill ze vill ignoréiert. Zum Beispill kann eng Kandidatin, wat hir politesch Iwwerzeegungen ugeet, méi mat aneren männleche Kandidaten verbannen wéi mat aneren Kandidatinnen. Politisch Meenungen sinn net geschlechtsgebonnen.

Déi lëtzebuergesch Demokratie ass eng repräsentativ Demokratie, keng „paritéitesch“. Ons Chamber ass net no bestëmmten Critèren an Ennergruppen ënnerdeelt (wéi zum Beispill nom Geschlecht, dem Beruf, dem sozialem Status, der nationaler Origine, der Relioun, a.ä.m.), mä déi a fräier a geheimer Wal gewielten Perséinlichketen setzen sech am Numm vun hiere Wieler fir dat allgemengt Gutt an. Jiddereen vun den Deputéierten vertrëtt am Prinzip dat ganzt Vollék. E Quotendenken géng dogéint zu enger ëmmer méi grousser Opsplitterung vum Parlament féieren. Wien mat enger Geschlechterquot ufängt, den gëtt ganz geschwënn och nach mat aaneren Partikularfuerderungen fir eng parlamentaresch Vertriedung confrontéiert a kann eigentlech aus senger eegener Logik raus déi da net méi refuséieren. Dat féiert an d‘Logik vum „Ständestaat“, den onsem Konzept vun der Gläichhet vun  alle Bierger virum Gesetz radikal widdersprëcht.

Durch Quoten gewielten Deputéierten sind dacks ganz schwaach Politiker, well si hirer Partei vill ze vill verdanken. Si sinn mat Sëcherhet weder besonnesch kritesch, nach terribel couragéiert oder soss iergendwéi onofhängeg oder onbequem. Domat fëllen si hir Mandat och net sou aus wéi si dat sollten. Dat gëllt besonnesch dann, wann hir eege Partei an der Regirung ass. D’Chamber, déi jo d’Regirung soll kontrolléieren, gëtt duerch sou Quotendeputéierten méi schwaach, wat der Glaafwierdegket vun der Demokratie ganz allgeméng schued.

D‘Quoten diskriminéieren grad déi Leit am meeschten, déi eigentlich dovun profitéieren sollten. Sou gëtt virausgesat, dat Persounen déi „quotegeschützt“ musse ginn, wuel kaum aus egener Kraaft de Sprong an d‘Chamber gepackt  hätten. Am Fall vun enger Fraequot ass dëst virun allem fir all déi  Fraen ongerecht, déi och ouni Quot vill politeschen Erfolleg hätten. D‘Quotefraen schueden der Reputatioun vun de Fraen ganz allgemeng, well déi an den ongerechtfärdegten Verdacht geroden, eng ongenügend Qualitéit oder Leeschtungsfähegket durch e besonnesche Schutz oder eng speziell Ennerstëtzung ausgläichen ze missen. Aus ganz ähnliche Grënn woren a sinn vill schwaarz Intellektueller, virun allem an den USA an an Südafrika, decidéiert géint déi sougenannten  „affirmative action“ zugonschten vun dene Schwaarzen.

Duerch hir emgekéiert Wierkung verschléissen d‘Quoten villen talentéierten Kaderen, Wëssenschaftler oder politikinteresséierten Mënschen den Zougank zu den Wahllëschten oder Féierungspositiounen, iwwerdeems d’Qualitéitsusprëch un d‘Quoteprofiteuren praktesch inexistent sinn. Mir wësse jo zum Beispill genee, dat verschidde Parteien virun de Wahlen eng regelrecht „Juegd“ op Frae maachen, nëmmen fir der genuch ze kréien. Op den Universitéiten ginn Fraen systematesch avantagéiert. Wat dobäi rauskënnt, sief hei aus Héiflechket net gesot. Ee Phänomen sief trotzdem ernimmt: weiblech Familljememberen vun  méi bekannte Politiker ginn alléng scho gär wéinst hirem Numm rekrutéiert. Dat féiert zu enger Kastenstruktur an der Politik, zu Fammilljeclanen an domat zu enger weiderer Schwächung vun transparenten an demokratesche Strukturen.

D’Quot ass nach aus anere Grënn eng geféierlech Denkverierung. Wen numeresch Quoten richteg  fënnt, dem gefalen vläicht iwergendwéini och nach Meenungsquoten. Déi „politesch korrekt“ Iwwerzeegungen mussen vertrueden sinn, déi „richteg“ Ideologie.  Dat ass dann och nach déi allereenzeg Qualifikatioun déi d’Quoteleit mussen matbréngen: si mussen fanatesch a skrupellos genuch sinn fir déi nobel Aarbecht vum ideologiséierten Politkommissar kënnen ze erledegen.

Wéinst dëse grondsätzleche Kritiken um Quotendenken, sinn och all Varianten vun der Quot ze refuséieren, wéi zum Beispill paritéitesch besate Wahllëschten, no engem Geschlechtercritère festgeluegte  Plazen op de Wahllëschten, sougenannten „Tirettesystèmer“, an ähnleches méi. All déi Systèmer limitéieren d‘Wahlfräihet vum Wieler. Och virun der Méiglechket fir de Panachage ofzeschafen muss gewarnt ginn. Well wann déi  Optioun vun der fräier Auswiel sollt verschwannen, da loossen sech vill méi liicht Quoten op de Wahllëschten aféieren, laanscht déi de Wieler dann nët méi kënnt.

Hei ass och nach den Enworf fir meng Ried an der Chamber bei der Quotendebatt am Joer 2010 (de Video kënnt hannendrunn):

Här Präsident,  Dir Dammen an Dir Hären,

 Als Basis vun där Debatt vun haut, gouf den Artikel 7 vun der Konventioun iwwer d’Eliminatioun  vun alle Formen vun Diskriminatioun vun de Fraen gewielt. Zesummen an zefridden kënne mir hei feststellen, datt Lëtzebuerg all Dispositiounen vun dem  Artikel erfëllt!

Bei eis am Land kënnen  d‘Fraen– an ech zitéieren den Artikel –

a)      Bei alle Walen a Referenden wielen a kënnen an all Funktioune gewielt ginn, déi duerch Walen ze besetze sinn,  

b)       Si kënnen un der Gestaltung vun der staatlecher Politik deelhuelen a kënnen ëffentlech Aemter op alle Regirungsniveauen exercéieren; an

c)       Si kënnen un allen Organisatiounen an Associatiounen deelhuelen, déi sech mat dem ëffentlechen a politesche Liewen vum Land beschäftegen.

 Zu Lëtzebuerg hu mir also all eis international Verpflichtungen an dem Zësummenhank a vollem Emfank erfëllt. Doriwwer freeë mir eis a mir hoffen, datt dat och geschwënn eng Kéier an alle aanere Länner op der Welt de Fall ass!

Eigentlech brauche mir also eng Diskussioun fir déi heiten hei am Land nët méi ze féieren. Wann awer nawell haut nach eng Debatt zu dem Thema an lëtzebuergeschem Parlament stattfënnt, da muss een sech froë firwat eigentlech?

Well verschidde  Leit mengen, d’Fraën wären hei am Land awer nach an der Politik benodeelegt, si wären och  nach „ënnerrepresentéiert“ (an Anführungsstrëcher) , si missten an der Politik nach weider gefördert ginn,  jo, souguer eise Walsystème misst geënnert ginn fir méi Fraen an d’Politk ze brengen, a fir hir politesch Promotioun ze erméiglechen.

Op sou Iwwerleeunge musse mir also an dëser Diskussioun agoen, an zwar ëmmer mam Bléck op d’Realitéiten an eiser Gesellschaft,  mee och a virun allem am Respekt virun eiser Demokratie an der’Rechtsstaatlechkeet.

Wa mir vum Konzept vun der „Ennerrepräsentéierung“ schwätzen, da musse mir wëssen, datt  mir eis an enger Quotelogik befannen . Well u sech ass jo déi éicht a wichteg Fro déi, op Fraen déi sech wëllen an der Politik engagéieren, dat och kënne maachen?

 D’Entwert op déi Fro ass e klore JO! Et ass souguer sou, datt  d’Parteien all Méigleches maachen, fir d’Fraen fir d’Politik ze motivéieen. Eng Fra déi haut decidéiert fir an d’Politik ze goen, huet wahrscheinlech souguer besser Chancen wéi e Mann fir Carrière ze maachen – all Partei ass frou wa  Fraen si  wëllen ënnerstëtzen an sech bei hir engagéieren.

Déi behaapten Ennerrepresentéierung vun de Fraen an der Politik gëtt et net, wann een d’Fro richteg stellt: gemooss um respektiven Interessi vun de Fraen a vun de Männer un der Politik an hirer respektiver Bereetschaft fir sech politesch ze engagéiern, sinn d’Fraen do ënnerrepresentéiert? D’Entwert op déi Fro ass en däitleche NAE, well all Sondage weist, datt d’Fraen sech am Duerchschnett manner fir d’Politk interesséieren wéi d’Männer an och manner dacks wëlle politesch aktiv ginn.

A feministesche Kreeser héiert een dee Phänomen hätt eng Rei Uersaachen, dorënner – fir der just e puer ze nennen: d’Fraen gengen aanecht sozialiséiert gi wéi d’Männer, de Fonctionnement vun de politesche Parteien wär net fraefrëndlech,  d’Männer gengen de Fraen kee Fräiraum ginn well se Konkurentinne wären, an esou virun.

Dozou wär ze soen, dat d’Simone de Beauvoir sech dramatesch geiert huet, wou si behaapt huet « On ne naît pas femme, on le devient ». All neurologesch a physiologesch Fuerschungen beweisen, datt et vill a ganz fundamental natierlech Ennerscheeder an der Denkweis an am Gefillsliewen tëschent Fraen a Männer gëtt – duerch aaner  Gehierstrukturen, Hormoner, an esou virun  – an dat iwwersetzt sech och a Präferenzen fir aaner Aktivitéitsfelder an aaner Beruffer. Nä, net eng aaner Sozialisatioun ass hei um Wierk mee eng aaner Natur vu Mann a Fra. Déi feministesch Ideologie huet als Basis fir d’Natur vum Mensch wëllen auszeblenden fir d’Gesellschaft ëmzebauen, an dem Usaz muss si scheiteren wéi sou vill aner Ideologien virun hir!

Vergiesse mer net, dat zënter Joerzengten eis Kanner an eis Léierpersonal mat feministeschen Theorien gefiddert ginn – a et huet sech fundamental awer näicht geënnert: méi jonk Meedercher wéi Jongen interesséieren sech staark fir e sozialen oder edukative Beruff, méi jonk Männer wéi Meedercher fir eng technesch oder  eng wëssenschaftlech Carrière. Dobäi ass iwwerhaapt näicht Schlechtes. Jidderree soll kënnen dee Beruff wielen, den hien oder hatt erfëllt, ouni ideologeschen Afloss vu baussen! A wen e sougenannten „atypesche“ Beruff wëll wielen soll dat kënne maachen – an aller Fräiheet – mee eng Endoctrinéierungspolitik dofir brauche mir beileiwe net!  Och keen girls- oder boys day!

Wat ass un dem Argument drunn, datt Fraen net géngen an d’Politik goen, wëll zum Beispill d’Reunioun zu net familljefrëndlechen Zäite génge stattfannen? Meechtens si politesch Reuniounen owends oder de Weekend – fir och dene Leit déi schaffen d’Méiglechkeet ze ginn deelzehuelen. Net  jiddereen kann awer dohi kommen: Leit déi Schichtaarbecht maachen, Leit a Féierungspositiounen a Fräiberuffler mat besonnesch laangen an onregelméissegen Aarbechtszäiten, Mammen a Pappen déi Kanner versuergen, Leit déi eeler Leit oder krank Leit versuergen; si a nach aanerer hu Schwiregkeeten fir um politesche Liewen deelzehuelen. Dat betrëfft souwuel Fraen wéi Männer. D’Parteie sollte probéiere fir sou flexibel wéi méiglech ze sinn, mee et ass schwéier fir dee richtege Wee ze fannen.

Et siew hei drunn erënnert, datt ech eng Motioun proposéiert hat, fir den Deputéierten mat Kanner an dem Personal vun der Chamber eng Crèche zur Verfügung ze stellen. Dat hätt och ville jonken Mammen a Pappen de Schrëtt an eng politesch Carrière vläicht méi liicht gemaach. Leider huet all Partei, ausser der ADR, déi Motioun verworf. Wéi hypokritesch ass d’Politik vun all dene Parteien, déi hei fuerderen dat méi Fraen – also och Mammen – sollen an d’Politik kommen, mä géint déi Motioun gestëmmt hunn déi just dat méi einfach gemaach hätt! Nenne mer déi hypokritesch Parteien  beim Numm: d’CSV, déi Greng, d’LSAP, d’DP an déi Lénk.   

Dat Männer de Fraen kee Fräiraum an de Parteien génge ginn ass einfach net wouer: all grouss Partei, och d’ADR,  huet eng Fraesectioun obwuel ee kann gedeelter Meenung iwwer sou eng Struktur sinn. Eenzel Parteien hu Fraequoten ageféiert – wat en ondemokratesche Wee ass: de sécheren Ierwee, souzesoen,  den CSV iwwregens net nemmen an der Fraepolitik mat grousser Treffsëcherheet wielt.  All Partei probéiert och sou vill wéi méiglech Fraen op hire Lëschten ze hunn. Ouni Quoten hat d’ADR  26 weiblech Kandidaten vu 60 bei dene leschte Parlamentswahlen – déi zweethéchsten Zuel vun alle Parteien an déi héchst vun dene Parteien déi ouni déi ondemokratesch Quoten auskommen. 

Loos mer mol e Wuert iwwer d‘Quoten soen – Paritéit ass jo just eng Variant am Kader vun dem Quotendenken.  Quoten wëllen der Politik eng Geschlechterlogik opzwengen – amplaatz der Qualitéit vun engem Kandidat, séngen Iddien, sengen Iwwerzeegungen, sengen politeschen Ziler, senger Biographie, senger Intelligenz a Glaawwierdegkeet, gëtt op eemol en eigentlech onwichtege Critère an d’Mëtt gestallt: säi biologescht Geschlecht. A mat dem Critère, deen eigentlech keen ass, soll déi fräi Wal vum Wieler ageschränkt oder manipuléiert ginn.

Quoten hu nëmme Nodeeler. Wou fänken se un a wou halen se op? Firwat nëmme Quoten no Geschlecht a net och no aanere Critèren? Firwat net och Quoten fir aner Kategorien vu Matbierger? Kuckt Iech mol déi soziokulturell Zësummesetzung vun eiser Chamber un: ass et net schued dat heibannen bal kee Bauer ass, a bal keen Handwierker? Sollte mer net och Quoten fir ënnerrepresentéiert Beruffer hunn? Oder Quoten no Relioun a philosophescher Iwwerzeegung? Quoten no Schoulbildung? Quote no Familjesituatioun? Quoten no der sozialer Origine?  Wou liewe mir dann: an enger parlamentarescher, repräsentativer Demokratie oder an engem Ständestaat wou all Grupp an all Grippchen mengt missen am Parlament vertrueden ze sinn?  Wee wëll Quoten aféieren, dee muss sech och dat iwwerleeën!   Bei eis vertrëtt all Deputéierten d’Vollék a sénger Gesamtheet, jiddereen vun eis huet un all seng Matbierger ze denken a net nëmme Partikularinteressen ze vertrieden: sou ass et gutt a sou muss et och bleiwen!

A loosse mer dach mol éierlech soen wéi et ass: déi mannste Quoteleit iwwerzeegen duerch hir Kompetenz! De Quotegeroch pecht un hinnen wéi eng Pescht!  D’Quot huet si zwar an eng Funktioun bruecht, mee dat ass net onbedengt gutt fir d’Funktioun, an dat ass dach dat eenzegt wat wichteg ass: dat kompetent Leit op de Poste setze a net egal wen! Dir sot mir vläicht, wann een schon eng Regirung huet wéi eis, dann kënnt et op Quoten och net méi un! Dat ass natierlech e staarkt Argument, dat muss ech leider zouginn!

 Här Präsident,

Quoten si keen Instrument fir Ongerechtegkeeten ze iwwerwannen, Quoten sinn ongerecht. Si promouvéieren d’Mediocritéit an behënneren aaner gutt a motivéiert Leit an hirer Carrière.

An d’Qoten diskriminéieren d’Fraen! Gudd Kandidatinnen kënnen sech ganz gutt ouni Quoten duerchsetzen! Gutt Fraen brauche keng Quoten! Gutt Männer iwwregens och net.

 Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

An dene leschte Joeren hunn dee genee sou deieren wéi  iwwerflëssege Fraeministère a seng befrënnten an héig vum Steierbezueler subventionnéiert  Metastasen ëmmer nees probéiert fir eise Walsystème ze manipuléieren an de Système vun der fräier, geheimer an universeller Wal ze ënnergruewen.

Et gouf fir t’éicht mol probéiert de Panachage ofzeschaafen. Wat d’Zësummesetzung vun der Chamber ugeet,  hätten d’Parteien dann vill méi ze soen gehat wéi de Wieler! Dat konnten d‘DP an d‘ADR awer Gottseidank verhënneren! E nodréigleche Merci dofir un déi Demokratesch Partei. Si hat fréier och hir gutt Zäiten – mee dat ass leider laang hier.

An dono hat de Conseil national des femmes déi wonnerbar Iddi fir zwou Fuerwen vu Walziedelen anzeféieren : bloer fir d’Männer a rosaer fir d’Fraen. Domadder hätt een da kënne besser kontrolléieren wéivill Fraen fr Männer stëmmen a wéivill Männer fir Fraen. A wen weess, als nächste Schrëtt kéint ee jo da soen, dat e bloe Walziedel nëmmen da gëllt wann op d’mannst sou an sou vill Fraën ugekräizt goufen. An och d’Fraen kriiten esou Virschrëfte gemaach. Erënnert iech un déi Campagne d’Fraen solle nëmme fir Frae stëmmen!

A wann dann eng Fra engem männleche Kandidat vertraut? Soll si da net fir hee stemme, nëmmen well en e Mann ass? Solle mir Männer dann ieren och nëmme nach fir Männer stëmmen? Beileiwe net! Ech verrooden Iech e Geheimnis: ech wor nach ni stëmmen ouni dat ech och fir Frae gestëmmt hätt, an zwar fir Fraen denen ech vertrauen, dat heescht besonnesch déi vun der ADR!

De Feminismus well – wéi all ondemokratesch a fanatesch Besserwësser – d’Leit  zwangsbeglécken. D’Madame Jacobs, wou si nach Fraeministesch wor, sot zum Beispill eemol : « (…) je suis arrivée à la conclusion qu’il est indispensable de réfléchir à la mise en place de mesures contraignantes, afin d’augmenter le nombre de femmes au niveau de la prise  de décision des partis, sur les listes électorales et dans les organes politiques. »  Dat ass een vun dene ville fundamentalen Enerscheeder tëschent der CSV an der ADR: d’CSV geet de Wee vun Zwang, Virschrëften  an Onfräiheet, d’ADR geet de Wee vun Iwwerzeegung, Respekt a Fräiheet.

Déi neitsten Iddi aus dem Fraemnistère ass elo e Kappgeld  op Kandidatinnen auszesetzen.  Dat ass mol fir t’alleréicht eng Violatioun vum Gläichheetsprinzip vun de Lëtzebuerger virum Gesetz: fir d’ADR ass ee Mënsch sou vill wäert wéi en aaneren. Wee mat Suen probéiert fir an der Politik seng Ziler ze erreechen muss oppassen  – an dësem Fall geet d’CSV op de Wee vun der politescher Korruptioun. D’Parteien solle kaaf ginn, bestach fir et däitlech ze soen, fir de Virschrëfte vum Fraeministère nozekommen. Dat verstéisst géint all politesch Ethik. Vläicht muss d’CSV bezuelt ginn, fir méi Fraen op hir Lëschten ze huelen, mir vun der ADR hu bewisen, datt mir dat net brauchen. „

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

François 1ten: Aussoen zum Homo-„Bestietnis“

Fir interesséiert Leit, weisen ech hei op e Bäitrag vu www.kath.net hin, an dem eng Stellungnam vum Jorge Mario Kardinol Bergoglio aus dem Joer 2010 reportéiert gëtt. Demols huet dat argentinescht Parlament iwwer d’Aféierung vum Homo-„Bestietnis“ diskutéiert:

http://www.kath.net/news/40542

Eng ähnlech Positioun vum Aerzbëchof vu Lëtzebuerg ass mir net bekannt. Dozou och op dësem Blog den Artikel: „Homosexuellen – „Bestietnis“: Här Bëschof, wéi wor dat gemengt?“.

Mäin Androck ass a bleift, dat d’Kierch hei am Land un éichter, zweeter an drëtter Plaatz d’Interessen vun der CSV vertrëtt.  D’Wort ass nach ëmmer voll mat gratis  CSV-Reklammen. Egal wéi eng Lokalsectioun vun der CSV grad e Keelenowend organiséiert – si packt et bal bis op d’Titelsäit. Glaafwierdeg ass déi zu 100% parteigebonnen lëtzebuergesch, kathoulesch Kierch mat Sëcherhet net méi.

Déi Dräifaltegket déi ech ubieden heescht jiddefalls net Juncker, Wolter an Zeimet!

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Euro als Gefor

Et ass nach net laang hier, dat den Euro ageféiert gouf. Deemools, am Joer 2000, gouf et eng ganz Rei vu politeschen an economeschen Iwwerleeungen fir dee Schrëtt ze woen. Fir vill Leit wor den Euro virun allem e politesche Projet duerch den déi europäesch Unifikatioun sollt gläichzäiteg verdéift an irreversibel gemaach ginn. Den Euro gouf als wichtegsten Ecksteen an der europäescher Friddenskonstruktioun gesinn an als Bréck tëschent denen Völker déi, an de Viirstellungen vun de Grënnungspäpp, sollten ëmmer méi no zësummewuessen. Dëss primordial politesch Finalitéit vun engem monetären Instrument huet zu enger Rei Ufanksschwächten vum Euro geféiert, déi  mat der Zäit ëmmer méi dramatesch Konsequenzen kritt hunn. Sou goufen zum Beispill bewosst Länner an d’Eurozon opgeholl, déi economesch fir eng Währungsunioun mat staarken a kompetitiven europäeschen  Natiounen net fit genuch waren. Et gouf zu dem Zweck politesch a statistesch gefuddelt a gelunn – haut geng ech soen: vun Ufank un.

Niewent denen direkten economeschen Viirdeeler déi sech vum Euro erhofft goufen, wéi méi Wuesstëm, méi Handel an der Eurozon, en Ausbau vum Bannemaart, méi Liberaliséierung an Deregulariséierung gouf et och ënnert den Economisten eng wirtschaftspolitesch Agenda. Hir Ziler woren d’Stärkung vun der europäescher währungspolitescher Roll an der Welt an och eng Harmoniséierung vun der Steierpolitik  an deelweis och vun der Sozialpolitik an Europa. D’Irreversabilitéit vun der Memberschaft an der Eurozon – déi jo och lo mat alle Mëttelen duerchgezunn gëtt – huet als Zil de Finanzmäert d’Impressioun vun engem dauerhaft stabilen Währungsblock ze ginn. Hannergedanken war an ass awer och, dat net op eemol e grousst Land wéi zum Besipill Däitschland kéint austrieden. Sou juristesch Argumenter halen awer op laang Siicht de politeschen an economeschen Entwécklungen net stand.

Och schonn an der Viirbereedungsphas vum Euro wor net jiddereen begeeschtert an Eenzelner hunn vun Ufank un d’Geforen vum Euro erkannt a benannt. Een vun hinnen wor den Här Bernard Connolly, e fréieren Fonctionnaire vun der EU-Kommissioun den entlooss gouf, nodem hien säi Buch « The rotten heart of Europe »  publizéiert hat.  Europa verdréit eben keng aaner Meenungen a schonn guer keng Kritik.

Haut ass den Euro en Albdram fir Europa. Economesch si mir an der Rezessioun, politesch an der Desintegratioun. An dat ass net nëmmen, wéi dacks behaapt gëtt, wéinst der Scholdekris, mä et ass eng originär Eurokris. Fir eis ass dat besonnesch dramatesch.  Mir Lëtzebuerger sinn schicksalshaft vun enger Währungsunioun ofhängeg an alles wat mam Euro an ëm den Euro geschitt, kann fir eist Land vun bal existentieller Wichtegket sinn. Emsou méi dréngend ass et, dat mir d’An opmaachen a kucken wat geschitt.

Economesch kann een d’Entwécklungen vun denen leschte Joeren ongeféier sou zësummefaassen: déi südeuropäesch Länner hunn vun denen niddregen Zënsen an der Eurozon profitéiert a kruten Onmassen vu bëllegem Geld. Dat ass aus denen méi stabilen Economien ofgefloss an huet do zu enger relativer Andämmung vum Wuesstëm geféiert. A Südeuropa awer koum et zu Blosen, dat onheemlecht vill Geld dat op eemol disponibel war gouf consomméiert ouni dat strukturell Upassungen gemaach gi wären. Den Inflatiounsdrock an dene Länner huet hir Kompetitivitéitsnodeler géintiwwer denen nordeuropäeschen Staten nach däitlech verstärkt. Hir Handelsbilanzen a Leeschtungsbilanzen hunn sech lafend verschlechtert. Alles dat sinn strukturell an  eurobedéngten Entwécklungen. Déi europäesch Scholdekris hängt zwar nëmmen delweis domat zësummen, si kënnt déi negativ Tendenzen awer nach emol dramatesch verschärfen. Déi aktuell Spuerustrengungen sinn wuel e richtegen Usaz, behandelen awer nëmmen d’Scholdekris an huelen dacks net genuch Rücksicht op déi sozial Schwaach. Doniewwent bleiwen déi strukturell Euro-Problemer erhalen. Wann lo eng nei (a falsch) Wuesstumspolitik mat manner Spueren a nes méi Scholden geng gemaach ginn, da genge just nëmme nei Blosen mat mëttelfristeg engem neien Zësummebroch an mat enger nach méi schlëmmer Situatioun entstoen. Dat ass och déi eigentlech Gefor beim Här Draghi sengen Moossnamen vun der EZB – he throws good money after bad money. Mir brauchen niewent enger Bekämpfung vun der Scholdekris gläichzäiteg och eng Reform vum Euro – dee Sujet ass awer tabuiséiert. Den Euro nët nemme „retten“ mä reforméieren, dat misst am Abléck eis Prioritéit sinn!

Fir eng verantwortungsbewosst Politik därf et keng Tabuthemen ginn. Mir mussen kënnen denken,  soen a maachen wat néideg ass. Verschidden Länner brauchen zum Beispill eng nei Perspektiv an eng begleeten Zukunft baussent dem Euro. E neien Ufank op Basis vu Paralellwährungen an en Austrëtt aus der Eurozon mussen onbedéngt  méiglech sinn – aus economësche Grënn, mä och aus politeschen. Well mir hunn an Europa gläichzäiteg dräi Krisen : eng Eurokris, eng Scholdekris an eng politesch Kris.

Mir hunn eng Vertrauenskris an d’Politik. Et ass einfach zëvill gelunn ginn. Europa huet seng eeege Verträg a seng eege Verspriechen ëmmer nes gebrach. D’EU sollt zum Beispill ni zu enger Transferunioun ginn, mä mir sinn genee do ukomm. D’Maastrichter Critèren goufen ëmmer nees mëssuecht, iwwregens mat massgeblecher Matwierkung vun engem gewëssen Här Juncker.

Eis Demokratie ass a voller Erosioun. Symptomatesch ass, dat Lettland zwar wëll dën 1. Januar 2014 Member vun der Eurozon ginn, dat awer nëmmen 13% vun sénge Bierger dat ënnerstëtzen. Europa gëtt haut géint de Wëllen vun de Leit gamaach. Wat hu mir net alles an denen leschte Joeren schonn erlieft! Negativ Referenden hu missen widderholl ginn, bis dat d’Leit « richteg » ofgestëmmt hunn. Oder et gouf eng kleng Paus no engem negativen Referendum gemaach, an dono  gëtt en neien Ulaf geholl an et gëtt einfach sou viru gemaach als wär näicht geschitt. Souguer d’Opportunitéit vu Walen a Kriselänner gouf schonn a Fro gestallt!

D’Budgetsrechter vun der Chamber ginn ëmmer méi ageschränkt a sinn schonn zu engem groussen Deel deleguéiert ginn. Opgrond vu Majoritéitsdecisiounen an sougenannten Drénglechkeetsprozeduren kann déi lëtzebuergesch Staatsverscholdung zum Zweck vun där x-ter Euro-„Rettung“ dramatesch ropgeschrauft ginn.

Eis Souveränitéit ass méi wéi menacéiert. Fir Verschiddener ass dat vläicht eng gutt Neiegket, fir vill aner Leit awer net. D’EU-Kommissioun an dat Europäescht Parlament trieden ëmmer méi arrogant op an behuelen sech wéi eng europäesch Regirung. D’Länner fillen sech friembestëmmt, exploitéiert jo koloniséiert.

Et feelt der Politik un Transparenz an un Predictibilitéit. All puer Méint kënnt e neit Instrument oder e neie Vertrag, den kee Mënsch méi verstet. Two-Pack, Six-Pack, Fiskalpakt, Europäescht Semester, ESM, FRTMES, FSQQFM, FSRTVEXYZ: Kuddel-Muddel! Virun allem, wat dohannert stet ass ën immensen Souveränitéitsverloscht bei gläichzäiteger Kollektivhaftung fir Scholden. Wéivill Leit sinn dann nach wierklech domat d’accord och wann an der Chamber – ausser der ADR – soss jiddereen brav mam Kapp wénkt, egal wat do grad kënnt?

Wat besonnesch schlëmm ass, ass dat iwerall an Europa radikal politesch Parteien wuessen oder zentrifugal Tendenzen sech verstärken. A Griicheland an an anere Länner gëtt et well staark radikal lénks a riets Parteien. An Däitschland gouf grad eng Anti-aktuell-Europolitik vun héig respektablen Leit gegrënnt. Italien, eent vun denen gréissten a wichtegsten europäesche Länner, ass am Abléck net méi ze regéieren. An dene Länner wou haart Spuermoossnamen vun der EU an dem FMI diktéiert ginn, gesi mir eng progressiv sozial a politesch Destabiliséierung. Wou féiert dat alles hinn ? Den Här Juncker schwätzt vun den Dämonen vun der Vergaangenhet mä huet hien se dann net selwer mat erwächt ?

Nord-Europa a Süd-Europa sinn haut bal zu antagonisteschen Gruppen ginn, soll dat ieren déi europäesch Vereenegung sinn, déi mir gär hätten ? Et ass de Géigendel ! De Klima tëschent de Staten ass zum Del total vergëft. Eenzel Länner, déi mol net Member an der Eurozon sinn, denken schonn drunn d’EU ze verloossen. Ass dat net schued? An ass et  net ee Beweis méi dofir, dat Europa sech an eng falsch Richtung entwéckelt?

D’Leit empfannen déi europäesch Politik als onsozial an als ongerecht. Wann d’Risiken vun de Privatbanken wechgeholl an hier Passiva verstaatlecht ginn, soll dat eng vertriedbar Politik sinn ? De Privatleit hir Scholden ginn jo och net verstaatlecht! Dat systemesch Banken kënnen kuerzfristeg ënnerstëtzt ginn ass jo an der Rei, mä ass et um Steierbezueler fir op éiweg d’Banken ze retten ?

A nach wësse mir net wat alles u Geforen op eis duer kënnt. TARGET an aner Mechanismen  sinn an der Effentlechket kaum bekannt an awer vun héchster Geféierlechkeet. D’Solidaritéit an der Europäescher Unioun gëtt villl ze vill beméit. Et gëtt einfach keen gesamteuropäescht Vollék dat all Risiken vun enger Währungsunioun wéilt matdroen. Mir sinn hei net am Szenario vun der däitscher Eenheet an der DM-Währungsunioun vun 1990.

Lëtzebuerg ass an enger besonnesch schrecklecher Situatioun : déi aktuell Krisen ginn als Virwand geholl fir och nach all kompetitiv Viirdeler vun eiser Bankeplaz wech ze nivelléieren. Eis Regierung mecht dat natierlech mat well si hirer Aufgab net gewuess ass. Mat dem Demontage vun eiser Finanzplaz ass natierlech weder d’Eurokris, nach d’Scholdekris geléist. Dat eenzegt wat mir erreechen ass dat dee wichtegste Secteur vun eiser Economie geschwächt gëtt. Dëss Regirung wees wierklech net méi wat si mecht!

Lëtzebuerg an eis Finanzplaz sinn op den Euro – oder jiddefalls op eng staark Währungsunioun, déi net muss Eurozon heeschen – ugewisen. Mä momentan rutsche mir  ëmmer méi séier an d’Opléisungsphas vum Euro ran. Denkt eis Regierung un alternativ Strategien ? Nä ! Huet si e Konzept, Iddien, e Plang B ? Nä!  Brauche mir also sou eng Regirung wéi mir se lo hunn ? Mat Sëcherhet net!

Mir brauchen eng Regierung déi Europa als eng politesch Dimensioun vun eiser politescher an economescher  Baussepolitik erkennt an net eng déi Europa zu engem Dogma erhieft. Mir brauchen eng kloer Identifizéierung vun eisen nationalen Interessen an e Wëllen fir déi ëmzesetzen. Mir brauchen eng aner Europapolitik – déi vun engem Europa vun de Natiounen. Och wann vill Lëtzebuerger dat lo net sou oder nach net sou gesinn – d’Wahrscheinlechket ass grouss dat d’Ausland dofir suergt, dat mir endlech waakrech ginn.

Hei am Land brauche mir endlech eng decidéiert, konservativ Partei, déi d’Interesse vu Lëtzebuerg, senger Souveränitéit a senger Economie op eng intelligent a verantwortungsvoll Manéier verdeedegt.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De „sëchere Wee“ an d’Faillite – e Bléck an eis finanziell Zukunft 2014

D’nächst Joer si Walen, an selbstverständlech wëllen déi meeschte Parteien de Leit net soen, wat op si zou kënnt. Léiwer gëtt dat Blot vum Himmel versprach, wéi dat si géngen  d’Wouerecht soen. Dat ass net de Wee vu menger Partei an schonn guer net mäin eegenen. No beschtem Wëssen a Gewëssen, well ech also probéieren, e Bléck an d’Kristallkugel ze wierfen.

Virun denen leschte Walen – obschonn d’Keesen och deemols schonn sou gutt wéi eidel waren, huet d’CSV nach enorm Wahlcadeauen verdeelt : d’Paien vum Léierpersonal an der « Grondschoul » goufen massiv gehéigt an d’ « chèques-service » goufen ageféiert. D’CSV  huet Wahlkampf op Käschten vum Steierbezueler gemaach a gouf dofir mat 26 (!) Mandater  belount.

Déi Kéier sollen d’Staatsbeamten nach kuerz virun de Walen eng Augmentatioun vun hirer Pai kréien, obschonn den Defizit am Staatsbudget well Joer fir Joer bei wäit iwwer enger Milliard Euro läit. Dat heescht mir missten nach eemol zousätzlech Suë léinen goen fir dat d’CSV d’Walen och déi Kéier  gewënnt.  Ech si selwer Beamten, mä ech well keng Augmentatioun vu menger Pai op Kredit. Ech wëll net dat déi nächst Generatiounen musse schaffe goen, fir mäi Konsum vun haut ze bezuelen. An ech akzeptéieren  keng Politik déi nëmmen kann bis zum nächsten Wahltermäin denken!

Dësst Joer geet de Lëtzebuerger Stat 4 (!) Milliarden Euro léinen, dat bei engem Budgetsvolumen vun am Ganzen ronn 12 Milliarden Euro.  Dovun sinn alléng 1,5 Milliarden fir de Budgetsdefizit auszegläichen. Zum Vergläich : Däitschland geet 2013 bei engem Budget am Zentralstat (Bundeshaushalt)  vun 302 Milliarden Euro 17,1 Milliarden Euro léinen an 2014 bei engem Budget vun 296,9 Milliarden nëmme nach 6,4 Milliarden.  D’ëffentlech Verschëldung vun eisem Land ass a kuerzer Zäit dramatesch an d’Luucht gaang, dat bei enger gläichzäiteger Verschlechterung vun eiser Kompetitivitéit, enger ongenügend diversifizéierter Economie, enger Deterioratioun vun eisem steierlechen Emfeld an engem ëmmer méi rapiden Verfall vun eisem Schoulsystème.  De Chômage klëmmt an gëtt zu enger ëmmer méi grousser Laascht fir de Statsbudget, genee wéi d’Scholdzënsen déi well iwwer 200 Milliounen Euro leien, dem Géigewärt vun zwee Lycéeën.

2015 falen d’Recetten vun der TVA um elektroneschen Handel bal ganz wech, sou dat nach eemol ronn 800 Milliounen Euro Recetten felen. De Staatsdefizit, wann net endlech richteg  gespuert gëtt (wat ech awer net gleewen), klëmmt dann op eppes iwwer 2 Milliarden Euro d’Joer!

Ech halen vun där Theorie, dat d’CSV eng besonnesch finanzpolitesch Kompetenz hätt strictement iwwerhaapt näicht. Ech mengen, dat si am Géigendel bewisen huet, dat si NET kann verantwortungsvoll mat den ëffentleche Gelder ëmgoen. Si huet e puer gutt Leit awer dë Wëllen, d’Eierlechket an de Courage felen!

 An der – absolut onsëcherer – Hypothes, dat et keng weider grouss Euro-Turbulenzen gëtt, ass mäi finanziellen Prognostic  fir 2014 am Abléck den hei: (CSV-geféiert d’Regirung ouni d’ADR)

Weider « kal » Steiererhéigung duerch d’Nëtupassung vun der Steiertabell

Weider liicht Augmentatioun vun der Solidaritéitssteier,  Augmentatioun vun der Grondsteier

Abrël/ Mee 2014 : Augmentatioun vun de Beamtepaien virun de Walen

WALEN

Oktober 2014 : den Index gëtt gedeckelt, Erhéigung vun de Bäiträg fir d’Flegversëcherung an d’Gesondheetskees

Verloscht vum „AAA“ Status vum Land wéinst eiser Iwwerverschëldung – Verdeierung vun eise Krediter.

Zweet Pensiounsreform well déi éicht ze spéit gräift

November 2014 : 13. Mount gëtt definitiv gestrach  an den Index-Wuerekuerf gëtt « iwwerschafft », d’Akzisen op Alkohol, Tubak a Petrolsproduiten ginn gehéigt, d’TVA gëtt gehéigt

Weider Käschtenerhéigungen fir d’Bankeclienten duerch eng EU-wäit Finanztransaktiounssteier (an doduerch och  eng weider Verschlechterung vun der Situatioun vun eiser Finanzplaz)

Steiererhéigung fir d’Betriber duerch EU-wäit Normen iwwer d’Bemiessungsgrondlag an eng national Decisioun iwwer d’Erhéigung vun der Mindestbesteierung fir d’Betriber

Virun allem wann « déi Gréng » sollten mat an d’Regirung kommen : zousätzlech eng däitlech Verdeierung vun den Energiekäschten. Wann d’DP mat an d’Regierung kënnt; d’Sträichung vum Rentenajustement.

Ech mengen net, dat den do Szenario fir 2014 iwwerdriwwen oder onrealistesch wär, sinn awer ganz gär bereet fir en unzepassen wann Korrekturen proposéiert ginn oder nach Iddien sollte kommen.

Meng Alternativ ass ganz kloer : ech geng déi ëffentlech Ausgaben konsequent reduzéieren fir der Scholdepolitik en Enn ze maachen. Ech sinn eben e Konservativen a bekennen mech dozou. De Stat därf net méi Suen ausginn wéi en der huet.  An ech mengen, dat waer am Abléck nach méiglech ouni missen allzevill un Sozialofbau ze denken.

Ech mengen och, dat d’ADR insgesamt op dem Wee geng matgoen. Eng Rei vu Spuerpropositiounen huet si jo schonn proposéiert a publizéiert. Ausser der ADR gesinn ech awer keng Partei déi d’Spueren geng virun d’Scholdemaachen oder Steiererhéigungen setzen.

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn. Drëtten Del: d’Fräihet vun der Press (2)

Eng aner Gefor fir d’Fräihet vun der Press  zu Lëtzebuerg kënnt vun der Méiglechket  de Contenu vun de Medien ënner strofrechtlech Bestëmmungen ze stellen.  Déi Fro hat sech ganz konkret gestallt, wou d’Regirung de Projet de loi 6127 virgestallt hat bei dem et ëm d’Emsetzung vun der Direktiv 2004/113/CE goung, déi d’Gläichbehandlung vun de Männer an de Fraen beim Zougank zu Gidder an Déngschtleeschtungen betrëfft.

Hei ass d’Direktiv :

http://eur-lex.europa.eu/LexUriServ/LexUriServ.do?uri=OJ:L:2004:373:0037:0043:FR:PDF

an hei ass d’Gesetz vum 19. Juni 2012 dat opgrond vum Gesetzesprojet 6127 gestëmmt gouf :

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/129/170/112689.pdf

Ursprünglech wor déi Direktiv duerch e Gesetz vum 21. Dezember  2007 emgesat ginn, ouni dat de Prinzip vun der Pressfräihet a Fro gestallt gi wier. Den Artikel 3, §4 vun dem Gesetz hat erklärt, dat et sech net geng applizéieren « au contenu des médias et de la publicité, ni à l’éducation. » D’Fraëministesch huet awer am Joer 2010 proposéiert déi Restriktioun ofzeschafen.

Doropshin huet d’ADR eng Presskonferenz organiséiert fir op d’Gefor fir d’Pressfräihet opmierksam ze maachen déi duerch Initiativ vun der Regirung entstan ass:
http://www.adr.lu/pressekonferenz-dpressefraiheet-ass-a-gefor-letzebuerg-ungarn/

Ausserdem hat ech e Bréif un d’Europäesch Kommissioun geschriwwen, mat Kopie u ganz vill Leit, inklusiv un de Conseil de Presse, den vun der Regirung mol net ëm seng Meenung iwwer dësst Gesetz gefrot gi wor. Hei ass de Bréif :

« Luxembourg, le 4 février 2011

 

A Monsieur le Président du Conseil de Presse
Monsieur Joseph Lorent
Maison de la Presse
24, rue du Marché-aux-Herbes
L – 1728 Luxembourg Luxembourg

 

Objet : Le Gouvernement luxembourgeois menace la liberté des médias au Grand-Duché

Le soussigné, membre de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, a l’honneur de s’adresser à vous pour vous faire part de ses plus vives préoccupations concernant la liberté des médias au Grand-Duché de Luxembourg.

Au cours des semaines prochaines, le Parlement luxembourgeois votera un projet de loi présenté par le Gouvernement et portant sur le principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes dans l’accès à des biens et services et la fourniture des biens et services. Ce projet de loi, qui porte le numéro 6127 sur le rôle des affaires du Parlement, vise principalement à soumettre dorénavant aussi le contenu des médias et de la publicité à la législation anti-discriminatoire déjà applicable en matière de traitement égal des sexes.

Le Gouvernement argue que « les communications et l’information, par quelque moyen que ce soit, se doivent d’être impartiales, objectives et respectueuses des droits d’autrui et de garantir l’absence de toute discrimination à l’égard des personnes concernées pour quelque motif de ce soit, y compris le sexe ». La nouvelle loi s’appliquera « dorénavant implicitement aussi aux domaines de la publicité et des médias, c’est-à-dire tous les médias et multimédias comprenant les médias proprement dits, comme la presse, la télévision, l’affichage, la radio, l’internet et le cinéma et les hors médias tels le sponsoring, les salons et foires, les relations publiques, le marketing direct (entre autres le publipostage, l’e-mail, le mécénat…) »

Il est à noter que l’argumentaire développé par le Gouvernement luxembourgeois rappelle en partie celui utilisé par le Gouvernement hongrois en relation avec la liberté de la presse et qui se trouve actuellement vivement contesté sur le plan national en Hongrie comme au niveau européen et international. En effet, les notions « d’objectivité » et « d’impartialité », entre autres, peuvent mettre en danger la liberté éditoriale des organes de la presse et leur faculté de critiquer librement les actions du Gouvernement.

Le domaine d’application visé par le projet de loi numéro 6127 est lui-même marqué par de fortes controverses scientifiques, philosophiques et idéologiques, portant par exemple sur les concepts mêmes d’« images stéréotypées » ou de « discriminations sexistes ». Les lecteurs de la présente lettre sont certainement informés des clivages qui existent de plus en plus entre les résultats des recherches scientifiques, par exemple en neurologie, pédopsychiatrie et biologie, d’une part, et les assertions de l’idéologie féministe sur la nature des sexes et les rôles respectifs des femmes et des hommes, d’autre part. Il faut donc relever que les notions utilisées par le Gouvernement ne font l’objet d’aucun consensus ni dans la communauté scientifique, ni dans la société au sens large, ni dans le milieu politique. L’utilisation de telles notions associées à la possibilité de poursuites judiciaires témoigne d’une mauvaise approche en matière législative, la loi se devant d’être toujours claire et précise, notamment en matière pénale.

Une règlementation comme celle que le Gouvernement cherche à imposer maintenant dans un domaine particulier, à savoir celui du traitement des femmes et des hommes, risque de s’étendre de façon analogue et progressive encore à d’autres sujets. La liberté des médias s’en trouvera de plus en plus limitée.

Pour soumettre les médias à une certaine pression, voire à la censure, il n’est pas nécessaire de créer des organes de contrôle étatiques mais il suffit de menacer les médias de nombreuses poursuites en justice.

Au Luxembourg, toute personne qui s’estimera discriminée par des « images stéréotypées et sexistes » dans les médias pourra, après l’entrée en vigueur de la loi, s’adresser aux tribunaux pour réclamer une indemnisation de son préjudice. La personne qui aura contrevenu à l’interdiction de la discrimination devra verser à la victime de la discrimination, au titre du préjudice moral subi par elle du fait de la discrimination, une indemnité correspondant, selon le choix de la victime, soit à une indemnisation forfaitaire, soit une indemnisation correspondant au dommage réellement subi par la victime. A noter qu’il incombe à la partie défenderesse de prouver le cas échéant qu’il n’y a pas eu violation du principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes. Ce procédé juridique, communément dénommé le « renversement de la charge de la preuve » est extrêmement controversé du point de vue des droits de la défense.

Le Gouvernement se tait dans son argumentaire sur les implications qu’une telle loi pourrait avoir sur des sociétés, actives dans les domaines des médias, de la communication ou de la publicité qui ont leur siège à Luxembourg. Le projet de loi visé omet également d’analyser les implications de la règlementation proposée sur les médias étrangers vendus ou distribués au Grand-Duché. Ces questions mériteraient d’être examinées en particulier sous l’angle de leur compatibilité avec la règlementation européenne en matière de concurrence.

Le projet de loi numéro 6127 se réfère explicitement à la directive européenne 2004/113/CE du Conseil du 13 décembre 2004, qui exclut toutefois expressément les médias, la publicité et l’éducation de son champ d’application. Lors de l’élaboration de ladite directive il avait en effet été estimé qu’une réglementation des médias constituerait une interférence avec la liberté fondamentale et la pluralité des médias.

L’auteur de la présente lettre défend le point de vue que la liberté des médias ne peut en aucun cas être mise en danger par un texte légal tel que celui actuellement proposé par le Gouvernement luxembourgeois à la Chambre des Députés sous la dénomination de « projet de loi no. 6127 ». Il se réfère en particulier aux termes de l’article 11 de la Charte des droits fondamentaux de l’Union Européenne, relatif à la liberté d’expression et d’information, comme à toute Convention ou Déclaration internationales soulignant la liberté d’information et la liberté de la presse dans le contexte du plein respect des Droits de l’Homme.

Je vous saurais gré, Monsieur le Président, de bien vouloir attirer l’attention de vos membres à la situation de la liberté de la presse au Luxembourg. Je vous saurais gré de bien vouloir charger les institutions compétentes de procéder à un examen de la situation de la liberté de la presse au Grand-Duché de Luxembourg et de faire connaître publiquement votre prise de position à toute personne ou institution intéressée.

Dans l’attente de votre estimée réponse, je vous prie de bien vouloir agréer, Monsieur le Président, l’expression de ma très haute considération.

Fernand Kartheiser

Député »

Den 13. Dezember 2011 huet de Conseil de Presse en Avis ofgin an dem hien och seng Oppositioun zu dem Gesetz bekannt ginn huet :

« Estimant par conséquent qu’au Grand-Duché de Luxembourg toutes les garanties quant au principe de l’égalité de traitement entre les femmes et les hommes sont données du point de vue journalistique et qu’il est dangereux voire même néfaste pour tout système démocratique d’entraver directement ou indirectement au très sensible principe fondamental de la liberté de la presse, le Conseil de Presse ne voit ni l’opportunité ni la nécessité pour une initiative législative en la matière. Il est donc d’avis que le législateur devrait renoncer à inclure le domaine relatif au contenu des médias dans le projet de loi numéro 6127.

Cette position concrète lui semble d’autant plus justifiée comme les auteurs de la directive commu­nautaire ont déjà été confrontés à la position qu’une réglementation du contenu des médias revient à une interférence avec la liberté fondamentale et la pluralité de la presse.

Cet avis a été adopté par l’assemblée plénière du Conseil de Presse en date du 13 décembre 2011. »

Hei ass dee ganzen Avis vum Conseil de Presse:

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/175/029/107248.pdf

Den Site Europaforum huet déi Virgéng em de Projet 6127 a séngen Artikelen gutt resuméiert :

http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2011/01/adr-liberte-presse/index.html

http://www.europaforum.public.lu/fr/actualites/2012/01/adr-projet-loi-6127/index.html?

Trotz der Oppositioun vum Conseil de Presse huet d’Chamber dat Gesetz am Juni 2012 ugeholl – géint d’Stëmmen vun der ADR. Hei ass déi Ried den ech den Dag gehalen hunn :

 

Domat ass Lëtzebuerg als dat eenzegt Land an Europa op e ganz geféierleche Wee gaangen. An Ungarn an an anere Länner wär et mat Sëcherhet zu Protesten wéinst der Aschränkung vun der Fräihet vun der Press komm. Hai am Land huet ausser der ADR – a ganz spéit dem Conseil de Presse – keen reagéiert. Fir Fräiheet muss een awer kämpfen! Eist Land schéngt souguer dozou schonn zevill passiv ginn ze sinn.

Et ass besonnesch ze bedaueren, dat de Conseil de Presse sech zënter dem Vote vun dem Gesetz an där Saach net méi zu Wuert gemellt huet. Dat kënnt dohir, dat eis Press vun denen selwechte Parteien kontrolléiert gëtt, déi dat Gesetz gestëmmt hunn. Aaremt Lëtzebuerg!

Aktualiséierung:

Den 2. Juli 2013 hunn ech an der Chamber eng Proposition de loi zur Pressfräiheet deponéiert.

http://www.adr.lu/proposition-de-loi-vun-der-adr-fir-dpressefraiheet-ze-verdeedegen/

 

 

 

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn. Drëtten Del: d’Fräihet vun der Press (1)

3) D’Fräihet vun der Press

Iwwer d’Fräihet vun der Press zu Lëtzebuerg kann een natierlech vill Meenungen hunn. Déi eng mengen, hir Fräihet wär limitéiert, well si zëvill vun e puer décken Reklammsclienten ofhängeg wär, anerer gesi Geforen an där massiver direkter an indirekter Presshëllef duerch de Stat an aner ëffentlech Instanzen.

Leider kann ech net un eis Press denken, ouni fir t’éicht menger bal dagdeeglecher Enttäuschung Ausdrock ze ginn.

Fir mech ass, allgemeng gesinn, déi lëtzebuergesch, bal komplett parteigesteiert, Press qualitativ am ënnechte Mëttelfeld vun der europäescher Zeitungslandschaft. Besonnesch blamabel ass, dat d’Press akzeptéiert dat de Premier si zu enger Neijooschreceptioun invitéiert – emgekéiert wär scho besser – dat de Premier de Journalisten Gielecher uspéngelt an hinnen och nach Rootschléi mat op de Wee gëtt wéi si hir Aarbecht ze maachen hunn. Op déi soumissiv Interviewen an divers Bléien vum Persounekult ginn ech lo léiwer net an.

RTL – theoretesch neutral – ass awer alles anescht wéi dat. Am Conseil d’administration setzen d’CSV, d’LSAP an d’DP – déi aner Parteien net. Journalisten déi besonnesch « méritoire » sinn, därfen mat op eng Wahllëscht a kënnen Minister oder Deputéierten ginn. Am Ausland beméien sech ëffentlech-rechtlech Institutiounen ëm politesch Objektivitéit an Neutralitéit. RTL spillt hei am Land mat sengem enorme Gewiicht an op Basis vum Konzessiounsvertrag zwar eng analog Roll, mä ass politesch alles aanescht wéi neutral.

Well de Sujet vun dësem Artikel jo awer de Vergläich vun eiser Situatioun mat där an Ungarn ass, sief drunn erënnert dat am Januar 2011, verschidde lëtzebuergesch Ministeren de Mond ganz voll geholl wou et ëm dat ungarescht Pressgesetz goung.  Den Här Asselborn hat zum Beispill verlaangt, dat déi Europäesch Kommissioun misst d’Pressfräihet an Ungarn duerchsetzen an hëllefen fir dat d’Meenungen an der Press kéinte fräi ausgedréckt ginn. Dat ungarescht Mediengesetz géng géint Artikel 11 vun der Europäescher Charta vun de Grondrechter verstoussen.

Den Artikel schreift vir :

« Artikel 11

 Freiheit der Meinungsäußerung und Informationsfreiheit

(1)    Jede Person hat das Recht auf freie Meinungsäußerung. Dieses Recht schließt die Meinungsfreiheit und die Freiheit ein, Informationen und Ideen ohne behördliche Eingriffe und ohne Rücksicht auf Staatsgrenzen zu empfangen und weiterzugeben.

(2)    Die Freiheit der Medien und ihre Pluralität werden geachtet. »

 De konkrete Problem war, dat an Ungarn e « parteipolitesch dominéierten Medienrot » sech geng an d’Press amëschen. Abee jo… wéi wor scho méi d’Zësummesetzung vum Verwaltungsrot vun RTL?

Tatsaach ass, dat den ungaresche Medienrot NMHH, den 2010 geschaafe gouf, politesch zësummegesat wor an effektiv en Drock hätt kënnen op d’Press ausüben. Deelweis konnt een jo nach mam Optrag vun dem Gremium d’accord sinn – sou huet den NMHH zum Beispill missen oppassen, dat an den ëffentlech-rechtleche Medien d’Reportagen  « politesch equilibréiert » wären. Definitiv problematesch gouf et awer wou un eng Ausdehnung vun denen Kompetenzen op déi privat Medien an souguer op d’Internet geduecht gouf.

Dat Gesetz iwwer den NMHH gouf schaarf kritiséiert, souwuel an Ungarn wéi och international. No engem Uerteel vum ungareschen Verfaassungsgeriicht gouf et 2012 reforméiert. De Quelleschutz vun de Journalisten gouf verbessert an d’Méiglechkeeten vun enger staatlecher Amëschung an d’Press staark limitéiert.  D’Europäesch Kommssioun huet sech mat den Aennerungen zëfridde  ginn.

Déi Méiglechkeeten déi den NMHH haut nach huet, fir Sanktiounen och géint privat Medien auszeschwätzen (zum Beispill bei engem Verstouss géint déi « ëffentlech Moral ») ginn nach ëmmer staark kritiséiert. Mä och hei zu Lëtzebuerg gëtt et sou Tendenzen.

Sou soll de « Conseil national des Programmes » zu enger ALIA (« Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel ») ëmgebaut ginn, déi och wäitgoend Sanktiounsméiglechkeeten huet. E Projet de loi gouf vum Här Minister Biltgen an der Chamber deponéiert (Nummer 6487):

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/160/135/115394.pdf

D’ALIA ass och kompetent fir d’Kontroll vun private Medien hei am Land  (an dat geet, niewebäi bemierkt, bis an de Beräich vun de Reklammen fir d’Séissegketen).

Am Artikel 21 vun dem Gesetz gëtt en neien « Artikel 35 sexies » geschaf. An dem ass eng impressionant Rei vu Sanktiounsméiglechketen virgesin. Doriwwer freet sech den aktuellen CNP (Conseil national des programmes) :

« Dans ce contexte d’ailleurs, le CNP ne peut que se réjouir du fait qu’une de ses revendications de très longue date, à savoir le catalogue et la graduation des sanctions en cas de violation d’une disposition de la loi, verra finalement le jour avec le projet de réforme sous examen. »

Quell : http://cnpl.lu/fr/2013/02/lalia-lavis-du-cnp/#more-3416

Déi Sanktiounsméiglechkeeten kënnen aus héige Geldstrofen (bis zu 25.000 Euro) bestoen, oder souguer en Réckzuch vun enger Konzessioun bedeiten. Déi ALIA huet also, konkret geschwat, d’Méiglechkeet fir kléng, privat Medien finanziell ze ruinéieren oder duerch e Verloscht vun der Lizenz zum Ophalen ze zwéngen. Dat an Ungarn d’NMHH kann Lizenzen vu privaten Medien zréckzéien ass, wéi mir gesinn hunn, jo eng vun denen nach ëmmer aktuellen Kritiken géint den Gremium.

Sou Sanktiounsméiglechketen goufen ënner anerem vu feministeschen Organisatiounen gefuerdert, déi sech ëm d’Bild vun der Fra, d’Zuel an d’Wichtegket  vun der Präsenz vun de Fraen an de Neiegkeeten, an d’Bild vun der Fra an der Publicitéit Suergen maachen.

Wéi et am Gesetzesprojet stet kritt d’ALIA eng « assemblée consultative » där hir Zësummesetzung soll an engem Règlement grand-ducal festgeluecht ginn. Déi assemblée  soll aus Vertrieder vu sozial oder kulturell repräsentativen Organisatiounen zësummegesat ginn. Och do misst een vläicht en An drop halen…

Aus all denen genannten Grënn,  halen ech dee Projet vun der ALIA net fir ongeféierlech fir d’Fräiheet vun der Press hei am Land.

 Aktualiséierung: am Juli 2013 ass dat Gesetz iwwer d’ALIA gestëmmt ginn. Ech hunn dozou an der Chamber Stellung geholl.

view video on chd.lu 
Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn. Zweeten Del: d’Onofhängegket vun der Zentralbank

2) D’Zentralbank

Och wat d’Onofhängegkeet vun der ungarescher Zentralbank uget, hat d’Europäesch Kommissioun eng Rei vu Suergen :

« 1) Unabhängigkeit der nationalen Zentralbank

Die Kommission hat mehrere Verstöße gegen das Primärrecht festgestellt. Diese betreffen insbesondere Artikel 130 AEUV, in dem eine vollständige Unabhängigkeit der Zentralbank gefordert wird, und Artikel 127 Absatz 4 AEUV, dem zufolge „zu allen Vorschlägen für Rechtsakte der Union im Zuständigkeitsbereich der Europäischen Zentralbank“ diese angehört werden muss.

  • Laut Artikel 130 AEUV „darf weder die Europäische Zentralbank noch eine nationale Zentralbank […] Weisungen von Organen, Einrichtungen oder sonstigen Stellen der Union, Regierungen der Mitgliedstaaten oder anderen Stellen einholen oder entgegennehmen.“
  • Gemäß Artikel 127 Absatz 4 AEUV wird die EZB „zu allen Vorschlägen für Rechtsakte der Union im Zuständigkeits­bereich der Europäischen Zentralbank“ angehört.

Auch Artikel 14.2 des Statuts des Europäischen Systems der Zentralbanken und der Europäischen Zentralbank sowie Artikel 4 der Entscheidung 98/415/EG des Rates über die rechtzeitige Anhörung der EZB wurden missachtet. Die Kommission hat Ungarn zu einer Reihe von Fragen um Klärung ersucht.

Die im Aufforderungsschreiben genannten Vertragsverletzungsverfahren betreffen das MNB-Gesetz („Magyar Nemzeti Bank“), aber auch die neue Verfassung.

Nach dem MNB-Gesetz kann der Minister direkt an den Sitzungen des Währungsrats teilnehmen, so dass die Regierung von innen Einfluss auf die MNB nehmen kann. Zudem muss die NMB der Regierung im Voraus die Tagesordnung ihrer Sitzungen vorlegen, so dass vertrauliche Beratungen erschwert werden. Änderungen des Vergütungssystems für den Gouverneur haben wieder unmittelbare Wirkung, während sie eigentlich erst ab einem neuen Mandat gelten sollten, um zu vermeiden, dass über die Gehälter Druck auf die MNB ausgeübt wird. Schließlich müssen der Gouverneur und die Mitglieder des Währungsrats einen Eid (auf Treue zum Land und dessen Interessen) leisten, dessen Wortlaut aufgrund der Tatsache, dass der Gouverneur der MNB auch Mitglied des Erweiterten Rats der EZB ist, problematisch ist.

Die Kommission hat Zweifel hinsichtlich der Bestimmungen über die Entlassung des Gouverneurs und der Mitglieder des Währungsrats angemeldet, bei denen sie die Gefahr der politischen Einflussnahme (selbst das Parlament kann die Entlassung eines Mitglieds des Währungsrats vorschlagen) und möglichen Missbrauchs sieht. Auch die häufigen Änderungen im institutionellen Rahmen der MNB geben Anlass zu Bedenken, da beispielsweise die Anzahl der Mitglieder des Währungsrats erhöht wird und die Anzahl der stellvertretenden Gouverneure ohne angemessene Berücksichtigung des Bedarfs bei der MNB erhöht werden kann.

Ferner wird in einer Verfassungsbestimmung die mögliche Fusion zwischen MNB und Finanzaufsichtsbehörde geregelt, wobei die Fusion an sich kein Problem darstellt, der MNB-Gouverneur in der neuen Struktur jedoch einfacher stellvertretender Vorsitzender würde, wodurch seine Unabhängigkeit strukturell beeinträchtigt wäre. »

 Et ass also ze notéieren, dat d’Kommissioun Problemer  virun allem mat dëse Froen hat :

–          Méiglech Participatioun vun engem Minister un de Reunioun vum Währungsrot,

–          Kommunikatioun am viraus vun der Dagesuerdnung un d’Regirung

–          Eed vum Gouverneur an de Memberen vum Währungsrot

–          Méiglechkeet vun der Entloossung vum Gouverneur an de Memberen vum Währungsrot

Wen awer lo dat lëtzebuergesch Gesetz (« loi organique »)  iwwer d’Zentralbank kuckt, mierkt dat eng Rei vun séngen Artikelen och kéinten analog zu der ungarescher Situatioun monéiert ginn. Sou kann zum Beispill no Art. 9 (5) e Minister, also e Member vun der Regirung,  un de Reuniounen vum Conseil vun der BCL participéieren. D’Memberen vum Conseil leeschten en Eed, si kënnen revoquéiert ginn  an och d’Héicht vun hiren Indemnitéiten gëtt vun der Regirzung fetsgeluegt (Art. 8 (2)).

Hei ass den Text vum Gesetz :

http://www.bcl.lu/fr/bcl/Loi_organique/10_novembre_2009.pdf

Opgrond vun denen verschiddenen Dispositiounen an dësem Gesetz déi un déi am ungareschen Kontext kritiséiert Emstänn erënneren,  hat ech zwou parlamentaresch Froen un d’Regirung gestallt. Déi publizéieren ech hei zësummen mat den Aentwerten vun der Regirung als  dokumentaresch Quellen.

An  där éischter Fro geet et em d’Onofhängegket vun der BCL an d’Nominatioun an déi méiglech Revocatioun vu Memberen vum Rot (Conseil)  vun der Lëtzebuerger Zentralbank :

http://www.chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application%2fpdf&id=1130999&fn=1130999.pdf

An hirer Aentwert betount d’Regirung d’Onofhängegket vun de Memberen vum Rot an dat de Statut vun der BCL vun der EZB iwwerpréift gi wär.

http://www.chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application%2fpdf&id=1131000&fn=1131000.pdf

An enger zweeter parlamentarescher Fro geet et em den Eed, den d’Memberen vum Conseil musse leeschten:

http://www.chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application%2fpdf&id=1133575&fn=1133575.pdf

An hirer Äntwert gesäit d’Regirung  och an där Hinsicht kee Problem.

http://www.chd.lu/wps/PA_Archive/FTSShowAttachment?mime=application%2fpdf&id=1133576&fn=1133576.pdf

Ech huelen all déi berouegend Erklärungen gär zur Kenntnis, ginn awer den Androck net lass, dat déi konkret Dispositiounen um Pabeier, also am Text vun der „loi organique“ iwwer d’BCL och kéinten anescht interpretéiert ginn. Jiddefalls ass och d’Onofhängegket vun der Lëtzebuerger Zentralbank ën Thema, dat politesch interesséiert Leit net sollten aus den An verléieren.

Wat mir sollten verhënneren ass eng Appréciatioun nom Système „deux poids et  deux mesures“: wat an Ungarn falsch ass, kann hei net richteg sinn an ëmgekéiert. Emmerhinn sinn déi zwou Zentralbanken Member an der EZB.

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Vergläich Lëtzebuerg – Ungarn. Eichten Del: d’Onofhängegket vun der Justiz

Zënter lo schonn e puer Joer gëtt Ungarn an der internationaler Press staark kritiséiert. Dem Här Orban seng Regierung soll d’Onofhängegkeet vun der Justiz a vun der Zentralbank verletzen an d’Fräiheet vun der Press aschränken – sou déi heefegst Viirwërf. Dem Här Premierminister Orban seng Partei, d’Fidesz, ass iwwregens Member an der Europäescher Vollékspartei  (EVP) an domadder eng Schwësterpartei vun der lëtzebuergescher CSV.

Hei en Auszuch aus engem Communiqué vun der Europäescher Kommissioun vum Januar 2012:

„2) Unabhängigkeit der Justiz

Im Mittelpunkt des Vertragsverletzungsverfahrens zur Justiz stehen das neue Renteneintrittsalter für Richter und Staatsanwälte und die Entscheidung Ungarns, zum 1. Januar 2012 das verbindliche Rentenalter für Richter, Staatsanwälte und öffentliche Notare von 70 Jahren auf das allgemeine Rentenalter von 62 Jahren zu senken.

Die EU-Vorschriften über die Gleichbehandlung in Beschäftigung und Beruf (Richtlinie 2000/78/EG) verbieten eine Diskriminierung aufgrund des Alters am Arbeitsplatz. Nach der Rechtsprechung des EU-Gerichtshofs muss eine Regierung die Entscheidung, das Renteneintrittsalter nur für eine bestimmte Personengruppe zu senken, durch objektive und angemessene Gründe rechtfertigen. Dieser Grundsatz wurde im Urteil des Gerichtshofs vom 13. September 2011 bestätigt, dem zufolge das Verbot für Verkehrspiloten, über das 60. Lebensjahr hinaus ihrer Tätigkeit nachzugehen, eine Diskriminierung wegen des Alters darstellt.

Im Falle Ungarns hat die Kommission keine objektiven Gründe dafür ausmachen können, dass Richter und Staatsanwälte anders behandelt werden sollen als andere Gruppen, und dies zu einem Zeitpunkt, da das Rentenalter in ganz Europa schrittweise angehoben und nicht gesenkt wird. Diese Entscheidung ist aus rechtlicher Sicht umso fragwürdiger als die Regierung der Kommission bereits ihre Absicht mitgeteilt hat, das allgemeine Rentenalter auf 65 Jahre zu erhöhen.

Auch im Hinblick auf die Unabhängigkeit der Justiz ersucht die Kommission Ungarn um mehr Informationen darüber, wie in den neuen Rechtsvorschriften die Struktur der Gerichte geregelt ist. Dem Gesetz zufolge vereint der Präsident des neuen Nationalen Justizamts in seiner Funktion Befugnisse über die operative Verwaltung der Gerichte, Humanressourcen, Budget und Zuweisung der Fälle. Hinsichtlich der operativen Verwaltung der Gerichte wird die kollegiale Beschlussfassung aufgegeben und werden auch keine anderen geeigneten Sicherheitsmechanismen vorgesehen. Somit trifft in der Justiz nun eine einzige Person alle wichtigen Entscheidungen, einschließlich der Benennung von Richtern. Außerdem wurde das Mandat des ehemaligen Präsidenten des Obersten Gerichtshofs, der im Juni 2009 für sechs Jahre gewählt wurde, Ende 2011 vorzeitig beendigt. Andere ehemalige Richter des Obersten Gerichtshofs können ihr Mandat in der neuen Struktur, die den Obersten Gerichtshof ersetzt hat, dagegen fortführen. Um über die Notwendigkeit weiterer Vertragsverletzungsverfahren entscheiden zu können, hat die Kommission Ungarn aufgefordert, weitere Einzelheiten mitzuteilen.“

Hei ass d’Quell:

http://europa.eu/rapid/press-release_IP-12-24_de.htm

Dat an Ungarn net alles perfekt ass sief dohigestallt, dat ass awer am Abléck net eisen Thema. E lëtzebuergeschen Minister hat schonn 2011 an enger Ried zu Bayreuth, Ungarn als e « net méi demokratesche Stat » bezeechent. Dat ka sinn, mä eis interesséiert villméi ob et eventuell Parallelismen tëschent Ungarn a Lëtzebuerg gëtt. Anescht wéi eist Land stet Ungarn an der internationaler Kritik, mä ass Lëtzebuerg dofir wierklech besser? Gëtt et vläicht och hei Problemer an denen genannte Beräicher? Ass och eis Demokratie a Gefor?

Fir eng informéiert Diskussioun ze erméiglechen, wëlle mir e kuerze Bléck op déi dräi am meeschten diskutéiert Problemberäicher wierfen, an mir fénken haut mat der Justiz un.

  1. D’Justiz

Der ungarescher Regirung gëtt viirgeworf d’Verfaassungsgeriicht ze schwächen an Afloss op d’Justiz iwwer de Wee vun der Fréipensionnéierung vun de Riichter wëllen ze huelen. Ausserdem géng si allgeméng probéieren d’Onofhängegkeet vun der Justiz anzeschränken.

Déi Problematik vum Verfaassungsgeriicht ass nach relativ nei a gouf nach net an dem Communiqué vun der Kommissioun vun 2012 ernimmt den ech méi wäit uewen zitéiert hunn.

Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg ?

An Ungarn soll d’Verfaassungsgeriicht en Deel vu sengen Kompetenzen verléieren, wat sëcherlech ze bedaueren ass. Hei zu Lëtzebuerg proposéiert de Justizminister iwwerdeems d’Verfaasssungsgeriicht gläich ganz ofzeschafen! Hei soll an Zukunft d’Verfaassungskonformitéit wéi virun 20 Joer nes vum eenzelne Riichter iwwerpréift ginn – e chaoteschen an inefficacen  Système den schonn demools net fonctionnéiert huet. Nëmmen iwwer komplizéiert Weeër kéint déi nei « Cour suprême » nach als Verfaassungsgeriicht agéieren. En direkten Zougank vun de Bierger zu där Institutioun géng et natierlech och net ginn. D’lëtzebuerger Regirung wëll offensichtlech iwwerhaapt keng wierksam Verfaassungskontroll vun de Gesetzer méi, an dat nodeems – a vläicht just well – an denen leschte Joeren eng ganz Rei vu Gesetzer duerch d’Riichter als net verfaassungskonform erklärt goufen. Vun eisem Här Biltgen kann den Här Orban nach ëppes léieren!

http://www.mj.public.lu/actualites/2013/02/Cour_supreme/Dossier_de_presse_reforme_Justice.pdf

Den Här Orban wollt de Pensiounsalter vun de Riichter op ee Schlag vu 70 Joer op 62 Joer roofsetzen. Nodeems den Europäeschen Geriichtshaff lo decidéiert huet, dat wär eng Diskriminéierung aus Altersgrënn, mussen Iwwergangszäiten ageféiert ginn. Sou stet et jiddefalls mol an der Press. Dohannert verstoppt sech de Viirworf, den Här Orban wéilt eng Rei vun eleren Riichter lass ginn déi him net passen fir si duerch seng eege Leit kënnen ze ersetzen. Domadder wär d’Onofhängekeet vun der Justiz a Gefor.

Hei zu Lëtzebuerg ass d’Onofhängegkeet vun der Justiz op d’mannst op zwou Manéieren menacéiert.

De « principe d’inamovibilité » vun de Riichter ass duerch e Gesetz vum Mee 2012 iwwer d’Organisatioun vun der Justiz a Fro gestallt ginn. Enner gewëssen Conditiounen kënnen verschidde Riichter neierdéngs och géint hire Wëllen versat ginn.

Dat ass – menger modester Meenung no – eng Verletzung vum Artikel 91 vun eiser Constitutioun, dee set :

« Art. 91.

(Révision du 20 avril 1989)

«Les juges de paix, les juges des tribunaux d’arrondissement et les conseillers de la Cour sont inamovibles. »  Aucun d’eux ne peut être privé de sa place ni être suspendu que par un jugement. – Le déplacement d’un de ces juges ne peut avoir lieu que par une nomination nouvelle et de son consentement. Toutefois, en cas d’infirmité ou d’inconduite, il peut être suspendu, révoqué ou déplacé, suivant les conditions déterminées par la loi. »

An dem Zësummenhank ass et och interessant den Avis vum Groupement des Magistrats zum Gesetzesviirschlag 6446 iwwer den Artkel 6 vum Gesetz iwwer d’Organisatioun vun der Justiz ze liesen :

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/199/179/119788.pdf

Déi zweet Manéier wéi d’Regirung d’Onofhängegkeet vun der Justiz menacéiert ass iwwer d’Schafung vun engem « Conseil national de la Justice ». Ech verweisen zu dem Thema op dën  Artikel « Iwwer d’Geforen vun engem politiséierten « Conseil national de la Justice » » op dësem Blog.

Wann een also d’Situatioun vun der Justiz zu Lëtzebuerg kuckt, da wees ech net ob mir wierklech déi sinn, déi am allerbeschte placéiert sinn fir aneren Lektiounen ze ginn. Déi lëtzebuergesch CSV – sou wéi déi ungaresch Fidesz – plangt eng Rei vu Moossnamen déi fir eis Justiz an domadder fir eise ganzen demokratesche Système geféierlech sinn.

Dohir verlaangen ech:

–         D’Bäibehalen vun der « Cour constitutionnelle » an souguer eng substantiell Stärkung vun där Institutioun

–         Déi integral Nesaféierung vum Prinzip vun der Onversetzbarket vum Riichter

–         De Verzicht op e « Conseil national de la Justice » soulaang iwwer dee Wee och nëmmen déi geréngste Méiglechket vun enger Politiséierung vun der Justiz bestet.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’CSV an de gedeckelten Index

Um CSV-Kongress gëschter ass et hiergaang wéi  all Joer bei der Ried vun der Lag vun der Natioun an der Chamber. Den Här Juncker kritiséiert d’Zoustänn  hei am Land – zum Deel zu Recht – mä vergësst ze soen, wéi eng Partei dann dofir verantwortlech ass.  Et wor jo net d’ADR, mä d’CSV déi an denen leschten Joeren d’Kar an den Dréck gesat huet, an et ass mat Sëcherheet eng CSV déi d’Kraaft an d’Fantasi net méi huet fir déi nei Politik ze maachen déi eist Land lo brauch. D’CSV huet eist Land an eng katastrofal Finanzsituatioun geféiert an mir sinn haut op Generatiounen iwwerverschëllt. D’CSV huet déi moralesch Grondlagen vun eiser Gesellschaft ugegraff an ofgebaut. D’CSV huet eis national Souveränitéit opginn. D’CSV hat joerelaang den Aarbechtsministär – och den Här Juncker selwer wor schonn fir den Beräich verantwortlech – an haut beklot si sech iwwer d’Zoustänn um Aarbechtsmaart.  D’CSV huet den RMG an sénger aktueller Form mat ze verëntwërten, an haut jéimert si  iwwer den Système. Fir chrëschtlech stet den « C » an CSV jo scho laang net méi. Vläicht fir Chamäleon?

Jiddefalls sief dem Här Juncker säin rhetorescht Talent hei net bestridden. Hien bréngt et färdeg, d’Debatt op ee klenge Punkt ze lenken – de « Nebenkriegsschauplatz » vum gedeckelten Index. Dat ass en Usaz, den ech awer net deelen : net d’Manéier vum Sozialofbau soll d’Debatt bestëmmen, mä eng konsequent Spuerpolitik am Staatsbudget misst eis Prioritéit sinn, an dat fir de Sozialofbau kënnen ze verhënneren. Richteg spueren wëll d’CSV awer net well si zënter Joeren elektoralen Klientelismus mam Staatsbudget bedreiwt – Subsiden a Subventiounen mat der Strenz an dat op Käschten vun alle Steierbezueler. Fir d’CSV ass de Stat eben do fir sech un der Muecht ze halen. Fir d’ADR ass eng Partei do fir dem Stat an dem Vollék ze déngen.

Et sief, mä wéi ass dann elo déi Saach mam Index ? Den Index ass a mengen An eng ganz positiv Saach. En huet iwwer laang Joeren de soziale Fridden hei am Land mat gesëchert, d’Kaafkraaft vun de Leit erhal an domadder och eiser Economie a besonnesch dem Handel wäertvoll Déngschter geleescht. En huet mat dozou bäigedroen, dat d’Lounfuerderungen am Groussen an am Ganzen moderat bliwwe sinn.

Sëcher den Index huet e puer inflatiounsverstäerkend Aspekter. Mä lo, wou e manipuléiert gouf, gesäit een awer och, dat ën inflatiounshemmend gewierkt hat. Zënter dat den Index manipuléiert, blockéiert, échéancéiert gëtt, sinn déi staatlech an kommunal Taxen massiv an d’Luucht gaang. Verschiddener goufen schonn virdrunn per Gesetz „indexneutral“ gemaach.  Géif et nach e normalen a net manipuléierten  Index, da wär déi ëffentlech Hand mat Sëcherheet méi viirsiichteg. D’Ofschaafung vum normalen Indexmechanismus  verstärkt de Verloscht vu Kaafkraaft also gläich op e puer Manéieren : net nëmmen duerch d’Felen vum Inflatiounsausgläich, mä och duerch eng enthemmten, konfiskativ Steierpolitik.

Perséinlech denken ech, dat eng Reform vum Index sech op e puer Kléngegkeeten misst beschränken : den Indexmechanismus soll normal fonctionnéieren, mä dat bei enger verstärkter  Präiskontroll. D’Post-Index-Präiserhéigungen vun de Geschäftsleit därfen nëmmen an dem Moos akzeptéiert ginn, wéi se lounrelevant an hirer Käschtestruktur sinn. Fir d’Baueren an d’Wënzer mussen nei Mechanismen fonnt ginn, fir hiren speziellen Präiscontrainten Rechnung ze droen.  Den Index op den Index muss mat statistesche Mëttelen zum Deel neutraliséiert ginn fir säin « effet d’auto-allumage » ze reduzéieren. Mä meng grondsätzlech Positioun ass  e Jo zu engem net manipuléierten Index.

D’Iddi vum gedeckelten Index ass a méngen An manner sozial wéi se klengt an dowéinst sinn ech och dogéint.

Den Här Juncker soll mol de Leit soen, bei wéivill Euro genee hien dann ufängt den Index ze deckelen. Beim Mindestloun? Beim duebelen Mindestloun? Hien soll de Leit klore Wäin aschenken, fir dat jiddereen d’Rechnung ka maachen!

Wat sinn zum Beispill d’Konsequenzen fir bestuete Leit mat Kanner déi vun enger Pai liewen am Vergläich mat Leit déi net bestuet sinn, allen zwee schaffe ginn an einfach nëmmen zësummeliewen? Ginn d’Familljen do net massiv benodeelegt?

Hien soll denen Leit déi indexéiert Alimenter musse bezuelen, soen ob si déi musse ganz indexéieren och wann si selwer net méi de ganzen Index kréien ?

Hien soll de Leit erklären, dat d’Deckelung vum Index zu enger Nivelléierung vun de Lounënnerscheeder féiert. Desto méi laang den Index gedeckelt bleift, desto méi kleng ginn d’Ennerscheeder tëschent de Paien vun denen verschiddenen Carrièren. Dat féiert mat Sëcherheet zu sozialer Onzefriddenheet! Déi progressiv Nivelléierung vun der Lounhierarchie  ass  net nëmmen en direkten Effekt vum gedeckelten Index, den jo fir déi kleng Akommen prozentual dann ëmmer méi grouss ass wéi fir déi méi déck Akommen,  mä duerch déi méi héig direkt Steieren bei denen méi héigen Akommen bezuelen déi Leit déi méi verdengen och nach méi Steieren op hir gedeckelt Indextranche wéi déi Leit déi manner  verdéngen. Doduerch verstäerkt sech nach de Lounugläichungseffekt. Hei ginn déi bestroft déi vill an hir Ausbildung investéiert hunn oder besonnesch vill Verantworzung an eiser Gesellschaft droen. Dat ass en demotivéierende Faktor a schued eiser Gesellschaft als Ganzt.

Den Här Juncker soll sech och bewosst sinn, dat eng normal Index-Tranche ë global positiven Impakt op de Staatsbudget huet. Ass den Index awer gedeckelt, dann ass dat e Verloscht fir de Stat. Hien kritt dann manner Recetten rann wéi en emgekéiert duerch d’Deckelung vum Index bei de Paien vun de Beamten spuert.

Och fir d’Pensiounskeesen, d’Krankekeesen an d’Flegversëcherung bedeit de gedeckelten Index en Akommesverloscht bei awer am Prinzip onverännerten, respektiv  zousätzlech indexéierten Leeschtungen.

Et ass och schwéier anzegesinn, firwat vill Gehälter am Vergläich zu där realer Käschtenentwécklung solle progressiv gekierzt ginn, dat iwwer déi aner indexéiert Mechanismen awer net geschwat gëtt, zum Beispill bei de Loyerën oder bei aneren Kontrakter. 

Schliesslech muss een sech och nach froen, wéi e Secteur vun der Economie dann iwwerhaapt géng vun engem gedeckelten Index profitéieren? Wann mir mol unhuelen den Index géif  beim duebelen Mindestloun gedeckelt, da missten praktesch all Geschäfter, Bauerebetriber an Handwierksbetriber trotzdem nach dee ganzen Index un hiert Personal ausbezuelen, ganz einfach well déi meeschte Leit an denen Secteuren manner wéi den duebelen Mindestloun verdéngen. Iwwer dem Akommes  gengen just en Del vun den Employeeën am private Secteur, besonnesch bei de Banken, Versëcherungen, verschiddenen Servicer  an an der Industri, leien, an en Deel vun de Staatsbeamten. Fir de Stat ass de gedeckelten Index awer global gesinn e Negativgeschäft. Richteg profitéieren géngen also vum gedeckelten Index virun allem d’Banken als Patronën. Soll dat ieren als eng sozial gerecht Moosnam verkaf ginn?

A Wierklechkeet ass d’CSV zënter Joeren géint den Index. Ech erënneren just drunn, dat d’Kannergeld zënter Joeren desindexéiert ass, an dat ënner der Regie vun enger Partei déi nach ëmmer de Culot huet fir sech chrëschtlech ze nennen!

D’Economie ka mam Index liewen. Natierlech beklot si sech, dat geng ech an hirer Plaz och maachen, mä si huet ganz aner Prioritéiten. Eis Betriber brauchen eng massiv administrativ Vereinfachung a manner staatlech Amëschung. Eis Economie brauch kuerz Weeër an engem Stat den nach souverän genuch ass, fir kënnen senger Economie Bewegungsraum ze ginn. Et brauch e Stat den sengen Betriber genuch Industriezonen zur Verfügung stellt an den Innovatiounen ënnerstëtzt. Eis Economie brauch e steierlecht attraktivt a kompetitivt Emfeld. Eis Economie brauch qualifizéiert Mataarbechter a gutt Infrastrukturen.

De gedeckelten Index ass Gepléischters op enger ganz falscher Plaz. Ech proposéieren  dowéinst fir léiwer d’CSV ze deckelen, so mer mol op maximum 15 Mandater an der Chamber.

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Newspeak aus dem Fraëministär

An der « Newsletter »  vum  «Ministère de l’Egalité des Chances » vum März 2013 stinn op d’mannst zwee interessant Artikelen. Nodeems de STATEC a séngem Bulletin  2/2012 festgestallt huet, dat d’Fraën deelweis méi verdéngen wéi d’Männer (de Link ass am Artikel « De klengen Ennerscheed – an der Pai an um Aarbechtsmaart » ze fannen) ass déi ganz éicht Säit vun där Zeitung fir d’Relativéierung vun denen Resultater reservéiert. Amplaatz sech doriwwer ze freeën, dat déi iwwer laang Joeren  behaapten global Diskriminéierung vun de Fraen am Beräich vun de Paien – op d’mannst hautzudaags – net  existéiert, kämpft de Fraëministär lo fir d’Iwwerliewen vu sengem eegenen « Stereotyp » – den vun der ënnerdréckter Fra.  Et gëtt zum Beispill dorop  opmierksam gemaach, dat jo awer méi Fraen bei denen wären, déi um Mindestloun leien. Dat kann jo sinn, mä dorënner sinn wahrscheinlech ganz vill Grenzgängerinnen déi frou sinn hei am Land e Loun ze kréien, den si bei sech doheem nimools kéinten erreechen.  Dat gläichzäiteg méi Männer wéi Fraen am Chômage sinn, gëtt mat kengem Wuert ernimmt.

http://www.mega.public.lu/actions_projets/campagnes/newsletter_mars_2013.pdf

Déi Reaktioun vum Fraeministär ass doduerch ze erklären, well d’Leetbild (an d’Leedbild)  vun der ënnerdréckter Fra gläich un e puer Fronten wackelt, där vun der manner héiger Pai an och där vum ëmmer weiblechen Affer vun der Männergewalt. Déi Asiicht, dat och hei am Land ëmmer méi Fraen mussen wéinst « Gewalt doheem » aus hirer Wunnéng verwisen ginn, an dat dat och a gläichgeschlechtlechen Koppelen geschitt, bréngt gläich e puer Dogmen  vun der feministescher Ideologie un d’Wackelen.

http://www.police.public.lu/actualites/statistique/rapport_stat_2012/index.html

Fir de Fraeministär stellen déi Entwécklungen existentiell  Froen. Déi Mythen op denen hien gegrënnt gouf ginn vun Dag zu Dag manner aktuell a manner glaafwierdeg. Dat ee lëtzebuerger Ministär, de Fraeministär,  eng Administratioun vum Wirtschaftsministär, de STATEC,  ëffentlech  kritiséiert amplaatz dem seng wëssenschaftlech Resultater ze akzeptéieren  ass schonn e relativ sielenen Viirfall an en Zeechen vun héiger Nervositéit. Dëss gëtt nach verstärkt duerch déi katastrophal Budgetssituatioun, déi vläicht iergendwéini och souguer dëss Regierung nach wärt dozou forcéieren iwwer e puer éicht Spuermoossnamen nozedenken.

An där Situatioun vun verstäerktem Rechtfertegongsdrock radikaliséiert sech  de Fraeministär ëmmer méi a rutscht wäit a Richtung Egalitarismus an Genderismus – zwou vun de Kärideologien vun der lénker Szen. Et muss een sech ëmmer nes wonneren, wat ennert enger CSV-Ministech alles méiglech ass !

Sou schreift si zum Beispill an hirer « Newsletter » : « Des intérêts divergents rendent impossible un débat public objectif dont nous avons cependant besoin pour rendre notre société plus égalitaire ! » Egalitaire ? Ass dat well d’CSV-Politik ? Chancegläichheet – sou wéi si am offiziellen Titel vum Fraeministàr steet – ass dach eppes ganz aanecht wéi e gesellschaftlechen Egalitarismus ! Dat éicht huet mat den Ausgangspositiounen ze dinn, dat zweet mam Resultat. Mat där do Verschibung vun de gesellschaftlechen Ziler, sinn  wahrscheinelech ganz vill Leit net d’accord, dorënner mat Sëcherheet vill CSV-Wieler,  wann si sech dann bewosst wären wat grad geschitt.

Wat kaum ee wees : d’CSV-Ministesch schaaft systematesch déi biologesch Ennerscheeder tëschent de Geschlechter of. (An dem Zësummenhang, kann och op  den Artikel  « Girls’Day, Boys’Day, Nonsense Day » mat dem Film vum Här Harald Eia verwise ginn.)  D’Gender-Ideologie gëtt am lëtzebuerger Fraeministär extrem wäit gedriwwen. Als Beispill an als Beweis soll hei den zweeten interessanten  Artikel aus där « Newsletter » vum März zitéiert ginn, an dem ët ëm d’Definitioun vum « Sexismus » geet.

Fir t’éicht mol e kléngen Rappel. Wat heescht « Sexismus » am normale Sproochgebrauch ?

Am Duden, Deutsches Universal-Wörterbuch, 7. Auflage aus dem Joer 2011 stet op der Säit 1599 dëss Definitioun :

« Vorstellung nach der eines der beiden Geschlechter dem anderen von Natur aus überlegen sei und die [daher für gerechtfertigt gehaltene] Diskriminierung, Unterdrückung, Zurücksetzung, Benachteiligung von Menschen, bes. der  Frauen, aufgrund ihres Geschlechts. »

Déi Definitioun ass akzeptabel, obschonn een sech kann froen firwat  eng Definitioun vu Sexismus, déi u sech misst neutral an objektiv sinn,  duerch een hervirgehuewent Beispill « besonders der Frauen » de Sexismus géintiwwer dem anere Geschlecht  als manner relevant duerstellt. Mir halen awer  zréck, dat den Duden nach am Joer 2011 dovun ausgeet, dat et genee zwee Geschlechter gëtt (« eines der beiden Geschlechter »), woubäi eent genannt gëtt (« bes. der Frauen ») an et sech bei dem aneren dohir mat grousser Wahrscheinlechket ëm d’Männer handelt.

Richteg interessant ass awer d’ Definitioun vu « Sexismus » duerch den groussherzoglech-lëtzebuergeschen Fraëministär. Hei ass ë « Sexist » een den behaapt et géngen Männer a Fraën  ginn ! Zitat (Säit 8, Newsletter mars 2013):

« Sexismus ist eine diskriminierende Weltansicht, die Menschen anhand ihrer biologischen Geschlechtsmerkmale in Männer und Frauen einteilt und ihnen damit fundamentale Unterschiedlichkeit unterstellt, sowie darauf beruhend unterschiedliche Rechte und Pflichten zuweist. »

Mir sinn hei voll am Genderismus, den jo behaapt, dat d’Geschlecht  e réngt sozial Konstrukt wär an dat jiddereen, onofhängeg vu sénger Biologie, kéint seng sexuell Identitéit an Orientéierung allzäit fräi bestëmmen a wiesselen.

Et sief jidderengem iwwerloos sech eng eegen Meenung iwwer d’Chancegläichheetspolitik vun eiser Regirung ze maachen.  Ech fannen se skandaléis ! Ech si weder bereet d’Geschlechter ofzeschafen, nach hir Ennerschiddlechkeet ze niéieren. Ech behaapten et gëtt zwee Geschlechter, Mann a Fra,  déi komplementar zoueneen sinn. An ech soen, dat nëmmen Mann a Fra zësummen kënnen eng Famill grënnen a Kanner kréien. D’CSV ass domadder jo net méi d’accord. Dont acte.

Als kléngen Gratis-Service fir d’CSV, sief hei un d’Genesis erënnert:

Und Gott sprach: Lasst uns Menschen machen als unser Bild, uns ähnlich. Und sie sollen herrschen über die Fische des Meeres und über die Vögel des Himmels, über das Vieh und über die ganze Erde und über alle Kriechtiere, die sich auf der Erde regen.

Und Gott schuf den Menschen als sein Bild, als Bild Gottes schuf er ihn; als Mann und Frau schuf er sie.

Und Gott segnete sie, und Gott sprach zu ihnen: Seid fruchtbar und mehrt euch und füllt die Erde und macht sie untertan, und herrscht über die Fische des Meers und über die Vögel des Himmels und über alle Tiere, die sich auf der Erde regen.“

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar