Déi heefegst Doudesuersaach bei de Fraen a Meedercher

An denen leschten Deg konnt een gläich an e puer Zeitungen déi feministesch Behaaptung liesen, dat d’Gewalt doheem déi heefegst Doudesuersaach bei Fraen tëschent 16 a 40 Joer wär, nach virum Kriips an de Verkéiersakzidenter. Dobäi gëtt sech op den Europarot als Quell beruff.

Tatsaach ass, dat déi Parlamentaresch Versammlung vum Europarot  den 27. September 2002 eng Recommandatioun mat der Nummer. 1582 adoptéiert huet mam Titel « Violence domestique à l’encontre des femmes ». Am zweeten Artikel vun der Aleedung steet – wuelgemierkt am Conditionnel  – dësen Text :

« 2. Or, la violence perpétrée au sein de la famille continue d’être considérée comme une question d’ordre privé. Selon les statistiques, pour les femmes de 16 à 44 ans, la violence domestique serait la principale cause de décès et d’invalidité, avant le cancer, les accidents de la route et même la guerre. Elle doit, en conséquence, être traitée comme un problème politique et public, et une violation des droits de l’homme. »

Hei ass de Link :

http://assembly.coe.int/mainf.asp?Link=/documents/adoptedtext/ta02/frec1582.htm

Dëss Behaaptung  schéngt a priori extrem onwahrscheinlech. Wen wëll genee Statistiken iwwer d’Doudesfäll gesinn, den fënnt déi um Site vum Gesondheetsministère :

http://www.sante.public.lu/publications/maladies-traitements/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces-2011-extrait.pdf

Dee rezentst Statistiken betreffen domat d’Joer 2011.

Op der Säit 13 sinn d’Doudesuersaachen no Geschlecht opgezielt. Am Joer 2011 gouf et am Ganzen 1.931 weiblech Doudesfäll, dovun woren déi Haaptuersaachen :     Kreeslafkrankheeten : 700, Tumoren : 494, Otemkrankheeten : 165.

Sougenannten « Extern Uersaachen » goufen et der bei de Fraen 112, bei de Männer 171. Dëss sinn awer selbstverständlech net all op « Gewalt doheem » zréckzeféieren. Ech verweisen op den Tableau op der Säit 20, wat d’ Oplëschtung  vun de « causes externes  selon le sexe» ugeet.

D’Analys vun dem Tableau gëtt net hier, dat den Dout duerch d’Agressiounen vu baussen eng signifikant Doudesuersaach bei de Fraen am Joer 2011 gewiescht wier. Bei de Mànner gouf et véier Affer, bei de Fraen keent (null). Fir als wichtegst Doudesuersaach nach virum Kriips, Strrossenakzidenter a Krich ze figuréieren, schéngt dat mir, bei allem guddem Wëllen, a priori numeresch vläicht awer nach net ganz duer ze goen.

Och d’Analys vun der altersrelevanten Donnéeën erlaabt menger Meenung no net, déi feministesch Behaaptungen ze ënnerstëtzen. Relevant Mortalitéitstableauen no Alterskategorie fënnt een hei :

http://www.sante.public.lu/publications/maladies-traitements/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces-2011.pdf

Natierlech wëll ech net behaapten, dat keng Fraen géngen duerch Gewalt doheem stierwen. Och wann dat vläicht am rezentesten Referenzjoer 2011 net de Fall wor, wat ech  wierklech hoffen, kann dat awer an anere Joeren de Fall gewierscht sinn. Et ass ëmmer tragesch, wann e Mënsch duerch Gewalt stierft, an ech géng mir nimols erlaben sou Wouerechten wëllen ze verleegnen oder ze verharmlosen.

Allerdéngs wëll ech awer mat aller Däitlechkeet e puer Punkte maachen:

1)      Déi feministesch Behaaptung iwwer d’Mortalitéit duerch d’« Gewalt doheem » léisst sech, jiddefalls, wat d’Doudesfäll ugeet, menger Meenung no nët nëmmen net statistesch beleeën, mä souguer kloer an däitlech infirméieren. Déi Behaaptung ass also falsch a gehéiert an d’Kategorie vun der politescher Ligen zu propagandisteschen Zwecker.

 

2)      Zur Infirmitéit kann ech nach näicht soen, dozou hunn ech d’Donnéeën nach nët fonnt. Ech fuerderen d’Feministinnen op, déi Behaaptung ze beweisen.

 

3)      Déi arbiträr Selektioun vun der Alterskategorie vu 16 bis 44 Joer ass zréckzeweisen. Gewalt doheem trëfft dacks Kanner an eeler Leit an aus moralesche Grënn wëll ech si net aus der Gesamtbetruechtung ausschléissen.

 

4)      Gewalt doheen betrëfft och Männer a Jongen. Et ass moralesch, politesch,  rechtlech a statistesch falsch si aus der Betruechtung vum Problem auszeschléissen. D’Police huet net méi spéit wéi gëschter gesot, dat hiren rezentesten Statistiken no, ee Véierel vun den Täter weiblech sinn. Ech verweisen an dem Zësummenhank och nach eemol op den SPIEGEL-Artikel am Bäitrag op dësem Blog « Verféiert Meedercher op der Plëss ».

 

Wat ass also déi wichtegst Doudesuersaach bei de Fraen a Meedercher ? Fir mech ass d’Aentwert méi wéi kloer : d’Ofdreiwung ! Joer fir  Joer ginn zu Lëtzebuerg bis zu 2.000 Kanner duerch Ofdreiwungen brutal ëmbruecht, dovun also ronn 1.000 ongebuere Meedercher. A wen engagéiert sech leidenschaftlech fir d’Ofdreiwung, bei där all Joer ronn 1.000 Meedercher stierwen ? Richteg ! Déi feministesch Bewegungen! Da loosse mir si haut mol schéint géint Gewalt demonstréieren. Hoffentlech léieren si eppes draus a kucken sech och mol an de Spigel!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Meenungsfräiheet

D’Veruerteelung gëschter vum Här Pierre P. wéinst « auslännerfeindlechen Parolen » (no denen enge Medien), respektiv wéinst « Opstëppelung zum Haass » (no anere Medien), wierft eng Rei vu ganz fundamentalen  Froen iwwer eise Rechtsstat op.

Där Prozesser déi d’Meenungsfräiheet uginn, hate mir der an der Lescht méi hei zu Lëtzebuerg. Dowéinst sollte mir déi Diskussioun vläicht mol domadder ufénken, dat mir eis e puer grondsätzlech Prinzipien an Erënnerung ruffen :

Artikel 19 vun der Universeller Mënscherechtserklärung seet :

« Article 19

Tout individu a droit à la liberté d’opinion et d’expression, ce qui implique le droit de ne pas être inquiété pour ses opinions et celui de chercher, de recevoir et de répandre, sans considérations de frontières, les informations et les idées par quelque moyen d’expression que ce soit. »

Artikel 24 vun eiser Verfaassung seet :

 «Art. 24.

La liberté de manifester ses opinions par la parole en toutes matières, et la liberté de la presse sont garanties, sauf la répression des délits commis à l’occasion de l’exercice de ces libertés. – La censure ne pourra jamais être établie.»

Dee  selwechten Prinzip gëtt och vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun gedroen . An engem bestëmmte Prozess , (Hachette Filipachi associés (« Ici Paris »)  c. France)   huet de Communiqué vum Europäeschen Mënscherechtsgeriichtshaff preziséiert :

« La liberté d’expression vaut non seulement pour les « informations » ou « idées » accueillies avec faveur ou considérées comme inoffensives ou indifférentes, mais aussi pour celles qui heurtent, choquent ou inquiètent : ainsi le veulent le pluralisme, la tolérance et l’esprit d’ouverture sans lesquels, il n’est pas de « société démocratique ». »   

Déi kloer Affirmatioun vun der Meenungsfräiheet gëtt awer an eise westlechen Demokratien ëmmer méi ageschränkt. Gesetz fir Gesetz  gëtt gestëmmt, dacks aus gudden a novollzéibare Grënn. Mä mir musse wëssen: dat ass  e schwiiregen a virun allem een ëmmer méi  geféierlechen Exercice. Wou sinn d’Grenzen ?  Wéini fänken déi Aschränkungen vun der Meenungsfräiheet un de Prinzip selwer a Fro ze stellen ? Vu wéini un hu mir eng Zensur, sief et eng staatlech oder eng déi mir eis selwer operleeën, aus Angscht virun Sanktiounen?

Si mir vläicht am gaangen fir d’Fräiheet am Numm vun der Fräiheet ofzeschafen, an d’Toleranz am Numm vun der Toleranz ?

Besonnesch den Ongeescht vun der « political correctness » huet ëmmer méi dozou geféiert, dat eis Grondfräiheeten aus villen, gutt gemengten Uersaachen progressiv ageschränkt ginn. Mir därfen awer hei de Rôle vun den Institutiounen  net mateneen verwiesselen : d’Justiz ass net do fir eng politesch Debatt ze ersetzen an si ass scho guer net do fir eng politesch Debatt zë verhënneren.

Virun d’Wiel gestallt tëschent der Fräiheet an der – och wann se gutt gemengt ass – Aschränkung vun der Fräiheet muss ech mech als Mënsch an als Politker decidéieren. Ech wielen also d’Fräiheet.

Dat heescht net, dat ech et gutt fannen wat verschidde Leit soen. Ech fannen et net gutt,  wann Leit op facebook entgleisen. Ech fannen et net richteg, wann eng Madame B. anti-semitesch Meenungen huet. Ech fannen et net akzeptabel, wann « Auslänner-raus-Parolen » vun engem Här P. an d’Welt gesat ginn. Vun all denen Saachen distanzéieren ech mech däitlech, decidéiert a mat voller Iwwerzeegung!

Mä ech entzéien mech awer net der Debatt! Als Politiker wëll ech net, dat e Riichter meng Aarbecht iwwerhëllt. Natierlech ass d’Politik selwer un dem aktuellen Zoustand Schold : mir Politiker – vläicht ech selwer och, wat mir dann géng Leed doen – hunn libertizid Gesetzer gestëmmt. Dat ass dee falsche Wee ! Ech wëll keng Märtyrer virun der Justiz schafen, mä ech wëll mech mat Anti-Semiten, Rassisten, Extremisten, Faschisten a Kommunisten Argument fir Argument duelléieren. Dat ass déi Fräiheet déi enger Demokratie würdeg ass !

Wen mengt mir wären d’ « Sklaven vun den Auslänner » den soll seng Argumenter op den Dësch leeën. Wen mengt, mir wären den « Auslänner ausgeliwwert », den soll erklären firwat hien dat mengt. A mengen An sinn dat do politesch Froen déi solle politesch diskutéiert ginn – an ech fäerten sou Debatten net! Wen de Riichter muss zu Hëllef ruffen, den traut vläicht net der Stäerkt vu sengen Argumenter.

Mat denen aktuellen Gummiparagraphen am Stroofrecht (wen wees scho genee, wat rechtstheoretesch soll eng « Diskriminéierung » sinn ?), gëllt et d’Noutbrems ze zéien. Mir mussen de Rechtsstat virun sech selwer schützen an zréckfannen an eng Kultur vun der fräier Ried an dem kultivéierte Sträit. Ech wëll dat d’Leit nes wëssen, dat si kënnen denken a soen wat si wëllen – mat sou mann Aschränkungen wéi nëmme méiglech – mä dat si sech awer dann och mussen als Staatsbierger der politescher Debatt stellen. De Maulkuerf ass keng Léisung, mä en ass e grave  Problem fir eis Demokratie.

Et ass Zäit  dat mir eis nes all zësummen un déi apokryph Zitatioun vum Här de Voltaire erënneren : « Je ne suis pas d’accord avec ce que vous dites, mais je me battrai pour que vous ayez le droit de le dire. »

An ech soen dobäi : “ a wann Dir dann Aer Meenung kënnt fräi soen, da streiden ech mat Iech iwwer Aer Iddien.“

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

D’ADR an den Johann Gottfried von Herder

Am Januar dësst Joer haten d’Froen ëm d’Nationalitéitegesetz an d’Wahlrecht fir Auslänner héig Wellen geschloen. Op rtl.lu woren Honnerten vu Kommentaren publizéiert ginn, vun denen ech der vill gelies hunn.

Een dovun huet mech awer besonnesch verwonnert. Et goung em d’ADR an et gouf do gesot,  dat een d’ADR net kéint wielen, soulaang si sech geng ob den däitschen Dichter aus der Romantik Herder beruffen. Nun, zënter 2008 sinn ech Member an der ADR, am Joer 2012 wor ech souguer fir ë puer Méint Parteipresident, mä et wor mir bis dohin ni zu Ouere komm, dat meng Partei sech geng op den Johann Gottfried von Herder beruffen. Ech stoung virun engem Rätsel.

Pousséiert wëssenschaftlech Nofuerschungen bei Wikipedia hu mir bäibruecht, dat : «  In der Zeit des Nationalsozialismus wurde Herders Nationenbegriff, seine Polemik gegen den späten Kant, seine Ideen über Nationalcharakter unter anderem umgedeutet und instrumentalisiert, um die NS-Ideologie auch im früheren Bildungsbürgertum zu verbreiten.“

Do wousst ech : hei probéiert alt nes een d’ADR an de rietsen Eck ze drécken. De groussen Denker Johann Gottfried von Herder (1744 – 1803) gouf vun de Nazien  (1933 – 1945) mëssbraucht, an dowéinst soll lo – 2013 – an hei – zu Lëtzebuerg – d’ADR iwwer eng temporal Gedankebréck zum Här von Herder en nationalsozialistesche Stempel opgedréckt kréien.  Souwäit wor mir also lo mol alles kloer. Mä wat sot dann eigentlech den Här von Herder  iwwer d’Natioun ? Ech zitéieren zwee Passagen aus Wikipedia :

„Sein Hauptwerk Ideen zur Philosophie der Geschichte der Menschheit (1784–1791)[7] beruht auf den Gedanken, die er bereits in kleineren Schriften veröffentlicht hatte. Es ist eine Zusammenfassung seiner Erkenntnisse über die Erde und den Menschen, „dessen einziger Daseinszweck auf Bildung der Humanität gerichtet ist, der alle niedrigen Bedürfnisse der Erde nur dienen und selbst zu ihr führen sollen“. Er legte seine Auffassungen über Sprachen, Sitten, Religion und Poesie, über Wesen und Entwicklung der Künste und Wissenschaften, über die Entstehung von Völkern und historischer Vorgänge dar. Vernunft und Freiheit hielt er für Produkte der „natürlichen“ ursprünglichen Sprache, Religion für den höchsten Ausdruck menschlicher Humanität. Die unterschiedlichen natürlichen, historischen, sozialen und psychologischen Umstände führen zur vielschichtigen Differenzierung der Völker, die verschieden aber dennoch gleichwertig sind. Herder „interpretiert die Menschheitsgeschichte als die vernunftgeleitete Fortsetzung der Naturgeschichte: So, wie die Organisationsweise eines Lebewesens zugleich durch seine organische Kraft und seine Umwelt bestimmt ist, muss die kulturelle Entwicklung eines Volkes, wenn sie gelingen soll, zugleich bestimmt sein durch den »Charakter« oder »Genius eines Volks« und durch die physischen Bedingungen (»Clima«) des »Landes« oder »Erdstrichs«, in dem es lebt. Diese beiden Determinanten beeinflussen sich wechselseitig: das jeweilige »Clima« prägt die Sinnlichkeit und Denkart des Volkes, das Volk prägt sein Land, indem es dieses zweckmäßig gestaltet, d. h. kultiviert. Im Laufe ihrer Geschichte bildet so jede Kultur eine organische, Mensch und Natur umgreifende Einheit, die einzigartig ist, weil jedes Volk besondere Anlagen hat und jedes Land spezifische Anpassungen erfordert bzw. Nutzungsmöglichkeiten bietet. … Auf der Erde entsteht so eine Vielfalt einzigartiger, inkommensurabler, gleichberechtigter Formen von Kultur und eben darin besteht, so betont Herder gegen die aufklärerische Idee einer Universalgeschichte, das Ziel der Menschheitsgeschichte; »zur Vollkommenheit der menschlichen Natur gehört, daß sie unter jedem Himmel, nach jeder Zeit und Lebensweise sich neu organisiere und gestalte«[8] … Eine Vielfalt von Landschaften mit Eigenart ist der räumlich-materielle Aspekt dieser kulturellen Vielfalt.“[9]

An hei den zweeten Passage :

«   In seiner Schrift Auch eine Philosophie der Geschichte zur Bildung der Menschheit formulierte er die These, dass die „Mächte der Geschichte“ wie Nationen, Epochen jeweils ihren eigenen Wert in sich tragen und unabhängig vom Betrachter zu beurteilen sind. Herder gilt damit als Erfinder des Nationenbegriffs. Seine Vorstellung der Nation unterschied sich allerdings vom Konzept des Nationalismus im 19. Jahrhundert.[17] Herder zufolge bestimmen Gleichwertigkeit und Mannigfaltigkeit den Charakter der Nationen. Auf die Frage „Was ist [eine] Nation?“ antwortete er:

„Ein großer, ungejäteter Garten voll Kraut und Unkraut. Wer wollte sich dieses Sammelplatzes von Torheiten und Fehlern so wie von Vortrefflichkeiten und Tugenden ohne Unterscheidung annehmen und…gegen andre Nationen den Speer brechen?… Offenbar ist die Anlage der Natur, daß wie Ein Mensch, so auch Ein Geschlecht, also auch Ein Volk von und mit dem anderen lerne…bis alle endlich die schwere Lektion gefaßt haben: kein Volk ist ein von Gott einzig auserwähltes Volk der Erde; die Wahrheit müsse von allen gesucht, der Garten des gemeinen Besten von allen gebauet werden.“ (nach Sunnus[18]).

Die den Aufklärern bedeutende Idee der Toleranz wandte Herder auf andere Völker und Geschichtsepochen an. Er legte damit den Grundstein zum Historismus.
Mit seiner Kulturtheorie und Geschichtsphilosophie, die, entgegen dem Universalismus der Aufklärung, als Ziel der Menschheitsgeschichte die Entwicklung einzigartiger Einheiten aus Volk und Land begreift,[19] hat Herder eine wesentliche Grundlage konservativer Kulturtheorie (siehe z.B. Wilhelm Heinrich Riehl) entwickelt und auch die Basis für das Forschungsprogramm der klassischen länder- und landschaftskundlichen Geographie gelegt,[20] das Carl Ritter, unter explizitem Hinweis auf Anleihen bei Herder, formuliert hat.“

Lo kann een all déi Iddien natierlech diskutéieren, mä, éierlech gesot, hunn ech lo net direkt eppes an dem Text entdeckt, wat d’ADR haut géng « onwielbar » maachen, souguer wann si sech géng explizit op dem Här von Herder seng Iddien aus dem 18. Joerhonnert bezéien, quod non. Jiddefalls schéngt den Här von Herder a sénger Zäit e besonnesch  tolerante Mënsch gewiescht ze sinn,

Meng naïv Meenung hunn ech awer missen iwwerdenken wou mir en Artikel vum 11. Juni 2009 aus dem Lëtzebuerger Land presentéiert gouf.  Den Artikel wor vum Här Fernand Fehlen an huet geheescht « Soziologie des Wahlresultats – Abfuhr für die ADR ».

Ech zitéieren aus dem Här Fehlen séngem Artikel :

In ihrem im Mai 2008 vorgestellten Manifest zur Förderung der Luxemburger Sprache unternimmt die ADR einen recht hilflosen Versuch, die Luxemburger Nation und Sprache theoretisch zu begründen, und fällt dabei in eine ideengeschichtlichen Kontroverse der Mitte des 19. Jahrhunderts: Sie lehnt eine politische Definition der Nation, die sie ASTI und Ernest Renan zuschreibt, ab, um die Gegenposition der deutschen Romantiker einzunehmen, für die der Wunsch zusammenzuleben nicht genügt, sondern es einer tieferen Begründung der Volksgemeinschaft bedarf. Gegen die Willensnation entscheidet die ADR sich für die Abstammungsnation, indem sie Herder und Fichte zitiert. Aber nicht vom Volksgeist oder von gemeinsamer Abstammung ist die Rede, sondern von der Sprache, in der das Volkstum verankert ist: „De Wonsch zesummenzeliewen geet alleng net duer, dëst Zesummeliewen kann nëmmen iwwer eng gemeinsam Sprooch geregelt ginn, an déi ass zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch.“

Lo wees ech bis haut nach net, ob d’ADR jemools offiziell « Herder und Fichte » zitéiert huet. Eigentlech wär ech doriwwer net traureg, well dat erlabe géng festzestellen, dat d’ADR och an der däitscher Philosophigeschicht an Dichtung en absolut anstännegen Bildungsniveau opweises hätt. Fonnt hunn ech awer leider nach näicht, och net den Manifest op den den Här Fehlen  sech bezitt. Vläicht kann den Här Fehlen oder soss een mir jo déi Quellen uginn oder déi Dokumenter weisen.

Am Abléck schéngt et mir als wär déi Verbindung tëschent der ADR an  dem Här von Herder eng perséinlech Interpretatioun vum Här Fehlen, opgrond vun dem Saz den hien zitéiert: “De Wonsch zesummenzeliewen geet alleng net duer, dëst Zesummeliewen kann nëmmen iwwer eng gemeinsam Sprooch geregelt ginn, an déi ass zu Lëtzebuerg Lëtzebuergesch.“

Ma gutt, ech loosse mech gär beléieren an da warden ech alt mol nach op weider  Zeienaussoen, DNA-Spueren a Fangerofdréck am Dossier Herder. Bis och déi lecht geheim Réseauen an international Conspiratiounen an där do Saach opgedeckt goufen, behaapten ech jiddefalls mol d’ADR ass absolut wielbar. An ech soen, dat et gutt ass, dat et hei am Land nach eng Partei gëtt déi sech fir d’Lëtzebuerger Natioun, d’Lëtzebuerger Nationalitéit an d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt,  an dat ouni all Xenophobie.

Den Här von Herder hätt dat wahrscheinlech och sou gesinn. Am nächste Liewen froen ech en dat.

 

Commentaires

Soyez le premier à ajouter un commentaire!

Click here to cancel reply.

Haut du formulaire

  • ·Name (required)
  • ·Mail (required)(will not be published)

Bas du formulaire

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Fir d’Mammen an d’Familljen!

Iwwer där aktueller Debatt ëm d’Homo-«Bestietnis» an en Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen, därf en net den Interessi fir déi richteg, also déi traditionnell, heterosexuell Familljen an hir Aufgaben a Suergen verléieren. D’Famill ass en extrem wichtegt Thema, och an der Politik, an et ass net fir näicht, dat sech d’Programmer vun de Parteien grad op dësem Punkt staark ënnerscheeden. Ech ënnerstëtzen jiddefalls voll d’Propositioun vun der ADR fir de Familljen déi finanziell Méiglechkeet ze ginn, fir kënnen fräi ze wielen, ob si wëllen hir Kanner doheem erzéien oder ob si se wëllen an eng Struktur ginn.

Meng perséinlech Meenung ass, dat een et dë Mammen net nëmmen soll erméiglechen, mä si och soll aktiv encouragéieren fir hir Kanner selwer an doheem ze erzéien. Dofir sollen si jo eng Pai kréien vun där all üblech Sozialcotisatiounen bezuelt ginn. Op déi Manéier gëtt et och am Fall vun enger Scheedung keng sozial Noutfäll, zum Beispill am Beräich vun de Pensiounen.

Et gëtt keen méi ë wichtege Beruff wéi den vun der Mamm. D’Kanner brauchen eng Mamm déi fir si do ass an déi och ëmmer Zäit fir si huet. D’Kanner brauchen hir Mamm an natiirlech och hire Pappp, fir si opzefänken, si ze stäipen, ze tréischten, staark ze maachen, ze förderen awer och fir anstänneg gezillt ze ginn. Si brauchen hir Mamm an hire Papp als Virbiller. Si brauchen si fir hir eegen Identitéit ze fannen. Si brauchen si, well d’Elteren hinnen nach kënnen richteg Wärter vermëttelen, wann si et dann net dem Stat erlaben, fir hir Kanner schonn vu Klengem un ze endoctrinéieren. Kanner brauchen Rouh an en Doheem. Eng Koppel déi Kanner op d’Welt setzt iwwerhëllt eng enorm Verantwortung a leescht e wichtege Bäitrag fir eis Gesellschaft! De Stat muss déi traditionnell Famill dowéinst schützen an si ënnerstëtzen.

Natierlech muss een dene Mammen, déi spéider an hire Beruff zréck goe wëllen,  hëllefen. Natierlech muss een hinnen d’Méiglechkeet ginn sech berufflech nes op den aktuelle Stand ze bréngen. A selbstverständlech gehéiert et zu den Aufgaben vun der Politik et méiglech ze maachen fir Beruff a Famill sou gutt wéi méiglech ënnert een Hutt ze bréngen.

An leider ass et net ëmmer méiglech fir eng Wiel ze hunn:  Mammen déi aus iergend engem Grond alléng am Liewe stinn (natierlech och Pappen an sou enger Situatioun) hunn meeschtens keng Alternativ zum Beruff. Si sinn dacks a schwiiregen Situatiounen, souwuel zäitlech wéi och materiell. Och déi allengerzéiend Persounen mussen genuch Versteesdemech an Ennerstëtzung kréien.

Dat ännert awer absolut näicht u menger Grondastellung zur Famill: ideal wär et wann d’Mamm soulaang wéi et geet doheem bleiwe géif a fir hir Kanner do wier. Déi finanziell, staatlech Ennerstëtzung fir d’Fammilljen soll virun allem den do Modell aktiv ënnerstëtzen.  Ech sinn iwwerzeegt, dat vill vun denen aktuellen Problemer an der Gesellschaft vun denen leider dacks schlechten Zoustänn an de Fammilljen hirkommen. Wann d’Kanner eng Mamm doheem hunn, profitéieren net nëmme si dovun, mä déi ganz Gesellschaft mat.

Duerch en ausgezeechente Lieserbréif dëser Deg am Wort, sinn ech op eng Schwäizer Etüd zum Thema Wichtegkeet vun der Famill fir d’Kanner a vun der Roll vun der Mamm opmierksam ginn.  Et ass déi sougenannten Franz-Studie vun der Universitéit vu Fribourg an der Schwäiz.

http://www.unifr.ch/pedg/franz/

Eng Rei vun interessanten Bemierkungen stinn an enger Zësummefaassung vun där Etüd:

http://www.unifr.ch/webnews/content/20/File/Dossier%20Bildungsort%20Familie.pdf

An hei ass och nach en Zeitungsartikel aus der NZZ zu dem Thema (Michael Schoenenberger : Die Familie ist entscheidend)

http://www.nzz.ch/aktuell/schweiz/die-familie-ist-entscheidend-1.17930089

Ech sinn nach laang net mat allem averstaan wat an där Etüd steet, virun allem net mat der Kritik un de Pappen an der Interpretatioun vun der Roll vum Papp déi heiansdo do gemaach gëtt. Trotzdem: den moraleschen Absolutheetsusproch vum Modell Crèchen an Maison-Relais muss duerch sou Etüden hannerfrot ginn. An dat ass e wichtegen a positive Schrëtt.

Vill Fraen wären eigentlech léiwer eng Beruffsmamm fir hir eege Kanner wéi a soss engem Beruff oder an enger « Carrière », wat dat och ëmmer soll sinn. Déi Mammen mussen onbedéngt besonnesch ënnerstëtzt ginn.  Et muss Schluss sinn, mat dem gesellschaftlechen Drock fir d’Fraen onbedéngt wëllen an e Beruff ze dreiwen. Si sollen sech endlech nes fräi kënnen entscheeden, ob si net hirer Famill an hire Kanner wëllen d’Prioritéit ginn!

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Identitéitsverloscht op den Dräi Eechelen

No ville, laange Joeren Aarbecht, ville Budgetsdépassementer, a villem intellektuellem an administrativem Duercherneen,  ass de Festungsmusée ënnert dem Numm Musée « Dräi Eechelen » am Joer 2012 endlech opgemaach ginn. Nach am Januar 2010 wor zu dem Thema eng gréisser Debatt an der Chamber, an där d’ADR och e Paradigmewiessel an der Konzeptioun vun dem Musée ugeschwat an ugeprangert hat. Ufanks wor virgesinn, dat um éichte Stack vum Fort Thüngen eng Ausstellung iwwer d’ Lëtzebuerger « Identitéit » (am Singular) sollt entstoen, ë bësschen am Geescht an an der Nofolleg vun der 150 Joer-Ausstellung aus dem Joer 1989. 2010 ass dunn op eemol, anscheinend op Initiativ vun der Uni, déi Iddi opkomm amplaatz vun der « Identitéit » léiwer vun den « Identitéiten » (am Plural) ze schwätzen, an dat, wéi kéint et och aanecht sinn, mam Accord vun der CSV an ënnert der Verantwortung vun der Madame Minister fir Kultur, Octavie Modert.

Wen e bësschen e Gespier fir dat « politescht Korrekt » huet, den huet direkt verstaan, dat hei eppes ganz Wichteges verännert gouf, an net nëmme grammatesch. D’Lëtzebuerger Identitéit sollt verwässert ginn, opgeléist am Multi-Kulti, onkenntlech gemaach well politesch net méi erwënscht. A genee sou sollt et och kommen! Déi Ausstellung déi lo – wuel vun der Uni Lëtzebuerg, mä ënnert der politescher Verantwortung vun der CSV – um éichte Stack vum Fort Thüngen installéiert gouf, ass eng Frechheet fir d’Lëtzebuerger Vollék.

Den éichten Deel vun der Ausstellung besteet aus e puer Filmercher déi am Auditorium gewise ginn.

An dem Film den iwwer d’Geschicht vum Land geet, gëtt de Referendum am Zweete Krich mat kengem Wuert ernimmt. Dat d’Lëtzebuerger sech deemools nach mat Leif a Séil fir hir Sprooch agesat hunn, schéngt den Auteuren absolut net gepasst ze hunn, well am Film iwwer d’Migratioun gëtt Lëtzebuergesch als eng « langue d’exclusion » portraitéiert. Zwar e bësschen méi subtil (eng Sprooch déi net als Kommunikatiounssprooch consideréiert gëtt, gëtt zu enger Exclusiounssprooch), mä de Message ass awer kloer. D’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch oder dat Franséicht als « Exklusiounssprooch » fir vill Lëtzebuerger, sou Gedanken kommen an denen Propagandafilmer selbstverständlech net vir.

D’Asylanten ginn als Krichsflüchtlingen porträtéiert, där hiren Afflux « Remouën » verursaacht hätt. Den gréissten Problem an dem Kontext, den vum Asylmëssbrauch, gëtt selbstverständlech net thematiséiert. Et ass awer nëmmen de Mëssbrauch vum Asylrecht den bei ville Leit net gutt gesinn ass, an net d’Asylrecht per se. Trotzdem gëtt de Lëtzebuerger ënnerschwelleg Rassismus ënnerstallt.

Suergen mecht och de Lëtzebuerger Text wann et em d’Verfolgung vun de Judden ënnert der Okkupatioun geet. Wuel gëtt gesot, dat de Protest vun de Lëtzebuerger sech a Grenzen gehaalen hätt, mä « wou déi jonk Lëtzebuerger » hätte missen an d’Wehrmacht goen, do hätten d’Leit dann net méi stall gehal. Dorunner gefällt mir net, dat een kéint mengen, den Auteur hätt net verstaan, dat d’Judden genee sou Lëtzebuerger waren wéi déi aner Leit och! Sëcher, et gouf demools och vill auslännesch Judden hei am Land, méi déi verbal Oppositioun tëschent « Judden » a « Lëtzebuerger » ass fir mech absolut net akzeptabel.  Mäi Grousspapp wor ë Lëtzebuerger Judd an ermuerd gouf en am KZ Mauthausen.

Schliesslech iwwerloossen ech denen sérieuxen Historiker – dat mussen net onbedéngt där vun dene  sinn, déi un där Ausstellung am Festungsmusée matgeschafft hunn – fir ze iwwerpréiwen op den däitlechen Parallelismus tëschent der Nidderschlooung vun Opstänn 1917 duerch däitsch Truppen an der Nidderschlooung vun engem aneren Opstand 1921 duerch franséich Truppen, den an denen Filmer hiergestallt gëtt, gerechtfärdegt ass oder net.

Den zweeten Deel ass déi eigentlech Ausstellung iwwer eis pluralistesch « Identitéiten ».

Wen do ieren mengt Statuen vun de Lëtzebuerger Keeser aus dem Mëttelalter ze fannen, oder Referenzen op d’Sprangprësessioun, d’Schueberfouer, d’Octave oder den Hämmelsmarsch dee läit falsch. Wat do opgebaut gouf, dat spott all Beschreiwung.

Et geet, de Schëlder an der Entrée no, ëm « Morals », « Geschlecht », « Centre de rétention », « typesch männlech/weiblech », « Kierperhygiène », « Umweltschutz », « Jouets », an sou virun. Déi selwecht Sujeten hätte kënnen an enger Ausstellung iwwer « Identitéiten » op de Fidji-Inselen oder am Botswana behandelt ginn. Eis « Identitéiten » si well offiziell austauschbar an ouni signifikanten Bezuch zu dem wat mir Lëtzebuerger wierklech sinn. Genee sou wor et och geduecht, dat wor Absicht a Programm, well dat wat mir sinn, därfe mir net méi bleiwen.

An der Sektioun « Spillgezei » geet et ëm Gender, an der Sektioun « Gender » geet et em Gender a soss och nach ganz ville ëm feministescht Gedeesems aus dem Wolléckenkukucksheem vun der politescher Lénker. An dat, wuelverstan, ënnert der Autoritéit vun der ex-chrëschtlecher Partei CSV!

Iwwer eis Sprooch geet och Rieds, nämlech fir d’Fro ze stellen « Dialekt oder Sprache ? ». Ech zitéieren: « Ist ein Luxemburger jemand, der Luxemburgisch spricht ?  Die Realität ist komplexer. So sprechen die Bewohner aus dem Norden Luxemburgs sehr ähnlich wie die Belgier aus der Nachbarregion. Die einen sehen es als « Luxemburgisch », die anderen als Teil des « Deutschen ». Merci, Madame Modert ! Eigentlech hate mir geduecht, zënter 1984 déi do Fro definitiv geregelt ze hunn, nodems an der däitscher Nazi-Press nes völkesch Theorien iwwer d’Lëtzebuerger an hir Sprooch opgedaucht woren.

D’Lëtzebuergescht gëtt gläich nach eemol relativéiert. Op engem Ziedel steet : « Heute gibt es drei offizielle Sprachen : [wat iwwregens net wouer ass, et sinn dräi administrativ Sproochen] Deutsch, Französisch und Luxemburgisch [an där Reihenfolleg !]. Dem Gesetz von 1984 nach ist Luxemburgisch die « nationale Sprache ». In der EU ist sie aber keine offizielle Amtssprache. Sie gilt als eine « Regionalsprache ». » Hei ass de Message : och wann d’Lëtzebuerger sou maachen als hätten si eng Nationalsprooch, an der EU zielt dat net! An och fir déi do Situatioun, nämlech  fir den onbefriddegenden Statut vum Lëtzebuergeschen an den europäeschen Institutiounen, dréit un éichter Plaz déi Lëtzebuerger Regierung d’Schold!

Eng ganz Vitrin ass dem Tëschefall dediéiert, den mat der Präsenz vun anti-semiteschen Ausdréck a Sprachwierder am alen Lëtzebuerger Dictionnaire ze dinn huet. Sëcher, dat ass eng Diskussioun wäert, mä muss grad dat an enger Ausstellung iwwer eis national Identitéit thematiséiert gëtt, an där soss bal näicht Positives iwwer eis gesot oder gewise gëtt ? De Message soll nach eemol sinn : de Lëtzebuerger ass u sech en Anti-Semit an e Rassist.

En ass iwwregens och schonn Rassist wann en sech d’Zänn wäscht. Ech zitéieren : «  Heutzutage ist das gängige Schönheitsmodell: jung und schlank, gerade weisse Zähne und weisse Haut. Die Grenzen zwischen Körperkult und Rassismus sind fliessend. »  Ech hunn nach net decidéiert ob den Text besonnesch hannerhälteg oder einfach nëmme stréihdomm ass.

Mä ech hat « Gender » versprach, also zitéieren ech nach ë bësschen aus der Ausstellung iwwer d’lëtzebuerger « Identitéien » am staatlechen Festungsmusée : « Auch das biologische Geschlecht steht zur Diskussion. Seine Eindeutigkeit ist zu hinterfragen. Inter- und transsexuelle Menschen beweisen, dass die Grenzen zwischen Mann und Frau unklar sind. ».

Just an engem Punkt ass déi Ausstellung ënner CSV-Autoritéit, trotz alle Geschlechteronkloerheeten, sech awer sëcher: Fraen (secher där, déi et wierklech sinn, an net där déi mengen dat si et wären) musse kënnen fräi ofdreiwen : «Die Diskriminierung fängt schon vor der Geburt an. Der Schwangerschaftsabbruch ist in Luxemburg nicht allein die Entscheidung der schwangeren Frau. Der Embryo steht im Mittelpunkt. Wird er als « anormal » angesehen, ist eine Abtreibung eher möglich. »

An dann gëtt et nach en drëtten Deel an dëser Ausstellung: Konferenzen a Virträg.

Och do, geet et net em Geschichtsfleg odre m eis Identitéit, mä em Identitéitsdemontage. Als Illustratioun zitéieren ech  einfach mol d’Titelen vun e puer Konferenzen (Cyvle de conférences « Identitéiten ») déi fir 2013 geplangt sinn :

–          Baustelle Identität

–          Nation, nationalité, nationalisme

–          Wie wir Raum (ab)schaffen

–          Die Verkörperung der Identität (Entdecken Sie aus der Sicht psychologischer Forschung wie wir unseren Körper wahrnehmen….)

–          De-/Konstruktion von Geschlecht

–          L’islam en tant que système de valeurs

Meng Conclusioun ass ganz einfach : ech verlaangen dat eng anstänneg, historech a kulturell fondéiert Ausstellung iwwer déi lëtzebuerger Identitéit an de Festungsmusée kënnt, an dat déi Ausstellung déi lo do ass virun de Fidji-Inselen versenkt gëtt.

P.S. De CLAE organiséiert zësummen mam Informatiounsbüro vum Europaparlament am März  eng Konferenz an der Foire iwwer d'“Citoyenneté européenne et identités culturelles„. Dat Ganzt ass an der langue d’exclusion Franséich, eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch gëtt et net.  Den Här LSAP-Minister Nicolas Schmit schwätzt iwwer „Les limites de la citoyenneté européenne en matière de genre, migrations et inégalités sociales“ an den Här  CSV-Chamberpresident Laurent Mosar schwätzt iwwer „La citoyenneté européenne au Luxembourg, un modèle à suivre“. Ech notéieren, dat a kengem vun denen am Ganzen fënnef Virträg iwwer Themen wéi „Citoyenneté européenne et intégration“ oder iwwer déi Lëtzebuerger Identitéit geschwat gëtt.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

LSAP-Kongress: véier Punkten fir den Ennergank

No hirem Kongress ass d’LSAP net besser drunn wéi virdrunn. Déi Partei déi an d’Regierung gaangen ass, fir – wéi si sot – de Sozialstat ze verdeedegen, huet an der Regierung just dat net gemaach. Vun der Manipulatioun vum Index, der Desindexéierung vum Kannergeld, massiven Steier- an Taxenerhéigungen bis hin zum Nëtausbezuelen vum Ajustement vun de Renten: d’Lëscht ass laang vun all dem wat een grad vun enger sozialistescher Partei  net erwaart hätt, mä wat si awer konsequent gemaach huet. Kee Wonner, dat um lénke Bord d’Wieler vun der LSAP hir Waliss scho gepaakt hunn, a bei déi Lénk ënnerwee sinn.

Wat huet d’LSAP lo op hirem Kongress konkret versprach?

1.      Weider Zerstéierung vun der Schoul :

Den Här Bodry sot : „Wir müssen die Schulreform umsetzen, weil es dem Luxemburger Schulsystem nicht gelingt, soziale Korrekturen vorzunehmen und für mehr Chancengerechtigkeit zu sorgen“. Et bleift also dobäi : d’Schoul ass keng Bildungsanstalt, mä eng Sozialfabrik. « Schulisches Scheitern » soll bekämpft ginn.  Wen d’Sozialisten kennt, den wees, dat dat do heescht, dat och nach deen allerleschte Rescht vu Niveau soll ofgeschaaft ginn.

2.      Steiererhéigungen :

Et soll zu massiven Steiererhéigungen fir d’Entreprisen an d’Privatleit kommen.  D’Wort zitéiert « (…) eine wirkliche Minimalbesteuerung der Betriebe und eine gerechte Reform der direkten Besteuerung  (…)». « Déi direkt Besteierung wär dat adäquat Mëttel zu méi Steiergerechtegkeet », sou den Här Lux.  Déi Propositiounen treffen awer virun allem déi kléng- a mëttelgrouss Betriber an natierlech déi kleng Leit, d’Salariéën an d’Beamten.

3.      Aféierung vum Auslännerwahlrecht :

Dat soll « progressiv » bei de Chamberwahlen ageféiert ginn. (« um eine Anpassung am Wahlsystem komme Luxemburg nicht umhin »).

4.      Ofbau vun der Demokratie :

D’LSAP ass géint e Referendum iwwer déi zukünfteg lëtzebuergesch Verfassung. Si wëll léiwer eng orchestréiert « Debatt » iwwer eis politesch gesteiert Medien. D’ Lëtzebuerger Vollék  froen d’Sozialisten léiwer net!

Sou e Programm ass eng Gefor fir eis Gesellschaft, fir eis Economie a fir eis Demokratie. Besser ass, d’Sozialisten iwwerstinn déi nächst Walen net!

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Iwwer d’Geforen vun engem politiséierten „Conseil national de la Justice“

Den Här Justizminister huet dëss Woch d’Schaafung vun engem « Conseil national de la Justice » virgeschloen. En éichten Textviirschlag (avant-projet de loi) gouf um Site vum Justizministère publizéiert:

http://www.mj.public.lu/actualites/2013/02/Cour_supreme/APL_Conseil_national_de_la_Justice_25_fevrier_2013.pdf

Meng Begeeschterung hällt sech an enke Grenzen. Besonnesch geféierlech schéngt mir d’Nominatioun vu Persounen an de Gremium ze sinn, déi net aus der Magistratur kommen (Art. 31 an 32).

D’Regierung behaapt zwar, si wéilt keng Politiséierung vun dem Gremium :

« Le Gouvernement veut éviter une politisation du Conseil national de la Justice. Aucun mandataire politique ne pourra faire partie de cette nouvelle institution. Et, contrairement à la proposition initiale du Médiateur, les membres du Conseil national de la Justice ne seront pas choisis par un organe politique.

Il y a également lieu d’ouvrir le Conseil national de la Justice au monde extérieur de la magistrature. Sur un nombre total de quinze membres effectifs, il y aura dix magistrats et cinq personnalités extérieures à la magistrature. Vu que les magistrats exercent le pouvoir judiciaire, ils seront majoritaires au sein du Conseil national de la Justice. »

D’Regirung behaapt weider, si wéilt net, dat Leit an dee Gremium kéimen déi e politesch Mandat ausüben. Si seet awer NET, dat keng Leit däerften dodran sëtzen, déi e politesch Mandat HATEN. Aanecht ausgedréckt:  déi Plazen kéinten zum Beispill mat net rëmgewieltenen Deputéierten besat ginn, mam Zil fir och d’Justiz ze kontrolléieren:

« Dans un souci d’éviter une politisation du Conseil national de la Justice, la qualité de membre sera incompatible avec l’exercice d’un mandat politique, y compris la qualité de membre du Conseil d’État. Par ailleurs, les qualités de magistrat et d’avocat seront incompatibles avec la représentation de la société civile et du monde académique au sein du Conseil national de la Justice. »

Iwwer d’Wal däerf een sech keng Illusiounen maachen. Sou Gremien kann eng aflossräich Partei progressiv mat hiren eegenen Leit besetzen, och wann de Wahlmodus a priori apolitesch ze si schéngt.

An dësem Zësummenhank wéilt ech och un déi Publikatioun vum « Groupement des Magistrats » erënneren, déi mat ausgezeechenten Argumenten virun sou engem Gremium gewarnt huet:

Groupement des Magistrats luxembourgeois, « Les yeux bandés… Le visage voilé ? » Réflexions sur l’institution d’un Conseil de la Justice, éditions promoculture, 2010, 108 pages, ISBN 978-2-87974 – 102- 4.

Ech zitéieren aus de Conclusiounen (p. 106) :

« Nous ne saurions trop insister sur le danger majeur qui guette notre profession et les citoyens dans le contexte qui nous occupe et qui est celui d’une perte d’indépendance du  pouvoir judiciaire par rapport au pouvoir politique et aux justiciables.

(…)

Le Groupement des Magistrats adhère à l’idée de création d’un Conseil de la Justice, composé exclusivement de magistrats élus par leurs pairs et représentatifs des différents corps composant la magistrature qui se porterait garant des valeurs essentielles de la Justice. »

Där Positioun vun de Magistraten schléissen ech mech un.

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Gëtt et ë „primären“ Anti-Kommunismus?

Am Kontext vun der Bommeleeër-Affär konnt een dëss Woch dat Argument héieren, verschidden Entwécklungen an den 80er Joeren wären op e « primären » Anti-Kommunismus zréck ze féieren gewiescht. Dowéinst meng Fro : gëtt et dat iwwerhaapt, ë « primären » Anti-Kommunismus?

« Primär » kënnt hei aus dem franséiche Sproochgebrauch a méngt, nom Larousse, « Qui est la manifestation d’un dogmatisme simpliste, sans vraie réflexion ni culture : Anticommunisme primaire ».  Muss een also fir antikommunistesch ze sinn, dogmatesch sinn, net iwwerluegt hunn, a net gebild sinn ? Ech géng soen, de Contraire ass wouer!

Wann ech sou Behaaptungen héieren, da froen ech mech, ob de Bommeleeëprozess net vun verschiddenen, politesch méi lénken Perséinlechkeeten, lo soll dofir benotzt ginn, fir eng spéit Revanche géint d’NATO ze orchestréieren. Ech wëll hei net fir oder géint d’Thes vun engem Zësummenhang tëschent der Bommeleeëraffär an dem « Stay behind » argumentéieren. Dozou hunn ech eng privat Meenung. Ech maachen awer en däitlechen Ennerscheed tëschent enger historescher an och juristescher Opklärung vun de Faiten zu Lëtzebuerg Mëtt vun den 80er Joeren, an engem generell politesch motivéierten Prozess géint d’NATO an déi westlech Gesellschaftsuerdnung géintiwwer dem Warschauer Pakt an séngem marxistesch-leninisteschem ideologeschen Fëllement.

Anti-kommunistesch kann een – ech geng souguer soen muss een – aus enger ganzer Rei vu Grënn sinn. Als Offizéier hunn ech mech natierlech intensiv mat denen kommunisteschen Doktrinen beschäftegt, a meng Bibliothéik ass haut nach mat kommunisteschen Schrëften gutt gefëllt – vun Marx, Engels, Lenin, Trotski, Stalin, Briejniev a Mao bis hin zu politeschen Texter aus der fréierer DDR.

Kaum eng vun eisen westlechen, politeschen Definitiounen konkordéiert mat denen sozialisteschen. D’Natur vum Marxismus-Leninismus wor konsequent a permanent op d’Weltrevolutioun ausgeriicht. Eréicht mam Michail Gorbatchov, an der Endphas vun der Sowjetunioun, gouf et signifikant politesch Verännerungen. Mä och deemools gouf nach déi selwecht Doktrin op de sowjeteschen Universitéiten enseignéiert wéi virdrun.De proletareschen Internationalismus, zum Beispill,  wor nach ëmmer  d’Iddi vum gemeinsamen Kampf vun der internationaler Aarbechterklass fir hir politesch a sozial Befreiung a fir de « Fridden ». De  Klassenkampf  wor fir d’Kommunisten eng logesch an inevitabel Konsequenz aus dem permanenten a gesetzméissegem Konflikt tëschent de Klassen. En huet missen, hirer Meenung no, ouni Paus an mat allen méigleche Mëttelen geféiert ginn. « Anti-Kommunismus » wor fir eis am Westen ë Selwerschutz, e Widderstand géint de Kommunismus. Am Kommunismus awer, wor den Anti-Kommunismus definéiert als eng imperialistesch Reaktioun op déi revolutionär Ideologie vum Proletariat, déi ëmmer Hand an Hand mam Kolonialismus, Faschismus, Klerikalismus a Militarismus geet. « Demokratie » am Osten wor, wéi aus engem DDR-Dictionnaire herviirgeet :

«Sozialistische Demokratie – Diktatur des Proletariats, die höchste Form der Demokratie, der Volksherrschaft, wie sie sich in der UdSSR als Sowjetdemokratie  auf der Grundlage der Stalinschen Verfassung , der demokratischsten Verfassung der Welt, voll entfaltet. » 

Bei souvill Demokratie ass et Zäit un d’Affer vun dem Regime ze erënneren. Net nëmmen un déi an der DDR – un déi aarme Prisonnéier zu Bauzen oder un déi Doudeg un der Mauer – méi un déi Dosenden vu Milliounen Doudeger déi de Kommunismus gefuerdert huet. Dat zë wëssen an dat net ze vergiessen – dat huet mat Bildung a mat Kultur ze dinn. An dat misst eng Biergerflicht sinn – och fir Affekoten!

Erënnert sief un d’Affer vun der Revolutioun vun 1917 an un déi vum russeschen Biergerkrich, un d’Affer vun der Verfolgung ënnert dem Stalin, un déi Milliounen Hongerdoudeger an der Ukraine, un d’Affer vum Gulag an der Psychiatrie,  un d’Affer vum Amarsch an d’Tschekoslowakei an un déi vum  Widdderstand an der DDR am Joer 1953, un déi vum Opstand an Ungarn, un d’Affer vun der rumänescher Securitate, un d’Okkupatioun vun de baltesche Staten, un d’Affer vum « Grousse Sprong no vir » an un déi vun der « Kulturrevolution » a China, un d’ « Killing fields » a Kambodscha, an sou weider an sou virun…. Wien wëll méi wëssen, fënnt iwwerall vill a gutt Literatur zu dem Thema.

Nä, ët gëtt keen primären Anti-Kommunismus, mä et gëtt en philosophesch raisonnéierten, moralesch verantwortlechen, historesch opgeklärten Anti-Kommunismus!

An ech sinn houfreg drop, dat ech als Offizéier vun der Arméi hunn därfen mäi kléngen Deel dozou bäidroen fir eis westlech, fräi Welt virun dem kommunisteschen Monster ze verdeedegen. All denen Leit déi sech dem Kommunismus entgéintgestallt, an dacks en héige Präis dofir bezuelt hunn,  gehéiert meng héchsten Unerkennung a mäin déifsten Merci.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De klengen Ennerscheed – an der Pai an um Aarbechtsmaart.

Dëser Deg, fir genee ze sinn den 20. Februar, hat de Journal mol nes e feministeschen Leitartikel. Dat ass näicht aussergewéinleches, well ë wäert  där op d’mannst eng honnert am Joer hunn. U sech also kee Grond fir  ze reagéieren, wann net de Journal an dem Artikel bewisen hätt, dat en net grad gutt informéiert ass.

D’Journalistin schreift : « Die Debatten treten auf der Stelle und es wird abgewartet und geprüft : Bei der Quote für Frauen in leitenden Positionen und auch bei den Lohnunterschieden zwischen Männern und Frauen für denselben Job .»     

Abee dach, et gëtt eppes Neits – jiddefalls mol fir de Journal! Wann een nämlech net dauernd Aeppel a Biren mateneen vergläicht, da fënnt een raus, dat d’Fraen méi verdéngen wéi d’Männer. Sou jiddefalls de Statec a séngem Bulletin 2 vun 2012 op der Säit 5 :

« En se limitant aux seuls travailleurs à temps plein, la différence se réduit. Le salaire moyen des hommes ayant travaillé à temps plein durant toute l’année est de 57 742 Euros et celui des femmes de 52 286 Euros. La différence n’est plus que de 9%. En considérant le salaire médian, la tendance s’inverse. Le salaire médian des femmes travaillant à temps plein est, avec 45 767 euros, légèrement supérieur à celui des hommes, qui est de 44 224 euros. Le fait que les salaires des femmes sont légèrement supérieurs à ceux des hommes provient du fait que les femmes ont plus tendances à travailler dans des activités à « hauts » salaires, tandis que les hommes ont plus tendance à travailler dans des activités moins bien rémunérées. »

http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/bulletin-Statec/2012/PDF-Bulletin2-2012.pdf

An wéi wär et dann, wann de Journal och mol géng heiansdo de « Bulletin  de l’emploi » vun der ADEM liesen ? Do kritt een nämlech e ganz aanert Bild vun eiser Gesellschaft an hire sëllegen Problemer! Fir  dem Journal eng laang Sich ze erspueren, hei ass de Link op de neitsten Bulletin vum Januar 2013:

http://www.adem.public.lu/actualites/2013/02/news_01_13/bulletin_emploi_janvier_2013.pdf

Sou wäit ech gesinn hunn, sinn an all Kategorie vum Chômage méi Männer wéi Fraen betraff.

Demandeurs d’emploi résidants disponibles :  8.268 Männer, 6.698 Fraen.

Inscription de demandeurs d’emploi résidants au cours du mois de janvier 2013  (Flux): 1.306 Männer, 983 Fraen.

Demandeurs d’emploi résidants disponibles bénéficiant de l’indemnité de chômage complet en fin de mois : 3.638 Männer, 2.717 Fraen.

Mesures pour l’emploi : 2.976 Männer, 1767 Fraen.

Ech wëll lo keng grouss Analys vun där Situatioun maachen. De Chômage ass einfach e schreckleche Problem fir jiddereen déi betraff ass. An dësem Kontext wollt ech just de Berufsfeministinnen an eiser Press signaléieren, dat d’Realitéit bedeitend méi komplex a manner eesäiteg ass, wéi si et op d’mannst honnert mol am Joer schreiwen.

Eppes well ech awer och nach soen: ech hoffen dat all déi Leit geschwënn eng anstänneg Schaff fannen, ob Mann oder Fra.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Diskussioun ëm „Pussy Riot“ – e puer faktuell Informatiounen

Haut wor an der Chamber eng Diskussioun ëm « Pussy Riot ». An dem Kontext, hei e puer faktesch Informatiounen.

Verschiddener hunn probéiert d’Aktioun vum Grupp  « Pussy Riot » entweder als « Concert » ze presentéieren, oder als ë relativ harmlost « Gebiet » fir de Putin « wech ze kréien ».

Zum Thema « Concert » kann een am Artikel « Juncker Riot II » de Video ukucken an sech eng eege Meenung maachen.

Zum Thema  « Gebiet » publizéieren ech hei den Text op Däitsch, Franséich a Russesch. Och do ka selbstverständlech jiddereen sech seng Gedanken maachen, ob den Text der gängeger Definitioun oder och senger perséinlecher Viirstellung vun engem Gebiet entsprecht oder net.

Déi russesch orthodox Kierch wor jiddefalls mol der Meenung, datt et sech ëm e blasphemeschen Text handelt. Doriwwer raus beleedegt en och direkt héig Memberen vum Klerus.

Hei ass den Text an däitscher Iwwersetzung (vun der Spaweckssäit vum « Focus »):

Mutter Gottes, du Jungfrau, vertreibe Putin! Vertreibe Putin, vertreibe Putin!

Schwarzer Priesterrock, goldene Schulterklappen,
alle Pfarrkinder kriechen zur Verbeugung,
das Gespenst der Freiheit im Himmel
Homosexuelle werden in Ketten nach Sibirien geschickt.

Der KGB-Chef ist euer oberster Heiliger,
er steckt die Demonstranten ins Gefängnis.
Um den Heiligsten nicht zu betrüben, müssen Frauen gebären und lieben.

Göttlicher Dreck, Dreck, Dreck! Göttlicher Dreck, Dreck, Dreck!

Mutter Gottes, du Jungfrau, werde Feministin, werde Feministin, werde Feministin!

Kirchlicher Lobgesang für die verfaulten Führer,
Kreuzzug aus schwarzen Limousinen.
In die Schule kommt der Pfarrer,
geh zum Unterricht, bring ihm Geld.

Der Patriarch glaubt an Putin. Besser sollte er, der Hund, an Gott glauben.
Der Gürtel der Seligen Jungfrau ersetzt keine Demonstrationen,
die Jungfrau Maria ist bei den Protesten mit uns!“

An op franséich  (vun der Spaweckssäit « le bagnolet en vert ») :

« Vierge mère de Dieu, chasse Poutine,

Chasse Poutine, chasse Poutine.

Soutane noire, pattes d’épaules dorées

Tous les paroissiens rampent pour s’incliner

Le fantôme de liberté est aux cieux

Le gay-pride est envoyé en Sibérie, dans les fers.

Le chef du KGB, leur saint principal

Conduit des protestataires en prison, sous escorte,

Pour ne pas offenser le Très Saint Synode,

Les femmes doivent accoucher et aimer

Chiasse, chiasse, chiasse de Dieu

Chiasse, chiasse, chiasse de Dieu

(En chœur) Vierge mère de Dieu, deviens féministe,

Deviens féministe, deviens féministe

Louange de l’Eglise aux chefs pourris

Procession religieuse de limousines noires

Le prédicateur va venir dans ton école

Va à son cours – apporte lui des sous !

Le Patriarche Goundiaev croit en Poutine

Il aurait mieux fait, salaud, de croire en Dieu

La ceinture de la Vierge ne remplacera pas des meetings

C’est la Vierge Marie qui proteste avec nous !

(En chœur)

Vierge mère de Dieu, chasse Poutine,

Chasse Poutine, chasse Poutine. »

Déi franséich Iwwersetzung « chiasse de Dieu » schengt dem russeschen Original méi no ze sinn, wéi déi Däitsch. Hei de russeschen Original vum Blog vu « Pussy Riot » :

Богородица, Дево, Путина прогони
Путина прогони, Путина прогони
(конец хора)

Черная ряса, золотые погоны
Все прихожане ползут на поклоны
Призрак свободы на небесах
Гей-прайд отправлен в Сибирь в кандалах

Глава КГБ, их главный святой
Ведет протестующих в СИЗО под конвой
Чтобы Святейшего не оскорбить
Женщинам нужно рожать и любить

Срань, срань, срань Господня
Срань, срань, срань Господня

(Хор)
Богородица, Дево, стань феминисткой
Стань феминисткой, феминисткой стань
(конец хора)

Церковная хвала прогнивших воджей
Крестный ход из черных лимузинов
В школу к тебе собирается проповедник
Иди на урок – принеси ему денег!

Патриарх Гундяй верит в Путина
Лучше бы в Бога, сука, верил
Пояс девы не заменит митингов –
На протестах с нами Приснодева Мария!

(Хор)

Богородица, Дево, Путина прогони
Путина прогони, Путина прогони

(конец хора)

 

Wat déi rechtlech Situatioun ugeet, gëtt et och hei am Land pertinent Artikelen am Code  pénal déi d’Culten sollen protegéieren, an zwar am Kapitel « Titre II. – Des crimes et des délits qui portent atteinte aux droits garantis par la constitution. (…) Chapitre II.- Des délits relatifs au libre exercice des cultes. (…)

« Art. 142. Toute personne qui, par des violences ou des menaces, aura contraint ou empêché une ou plusieurs personnes d’exercer un culte, d’assister à l’exercice de ce culte, de célébrer certaines fêtes religieuses, d’observer certains jours de repos, et, en conséquence, d’ouvrir ou de fermer leurs ateliers, boutiques ou magasins, et de faire ou de quitter certains travaux, sera punie d’un emprisonnement de huit jours à deux mois et d’une amende de 251 euros à 2.000 euros.

– Voir C. pén., art. 483; Const., art. 19; 20.

 

Art. 143. Ceux qui, par des troubles ou des désordres, auront empêché, retardé ou interrompu les exercices d’un culte qui se pratiquent dans un lieu destiné ou servant habituellement au culte ou dans les cérémonies publiques de ce culte, seront punis d’un emprisonnement de huit jours à trois mois et  d’une amende de 251 euros à 5.000 euros.

– Voir Const., art. 19; 20.

 

Art. 144. Toute personne qui, par faits, paroles, gestes, menaces, écrits ou dessins, aura outragé les objets d’un culte, soit dans les lieux destinés ou servant habituellement à son exercice, soit dans des cérémonies publiques de ce culte, sera punie d’un emprisonnement de quinze jours à six mois et d’une amende de 251 euros à 5.000 euros.

– Voir C. pén., art. 275; 276; 483, al. 2.

 

Art. 145. Sera puni des mêmes peines celui qui, par faits, paroles, gestes, menaces, écrits ou dessins, aura outragé le ministre d’un culte, dans l’exercice de son ministère.

S’il l’a frappé, il sera puni d’un emprisonnement de deux mois à deux ans et d’une amende de 500 euros à 5.000 euros.

(…)

 Art. 146. Si les coups ont été la cause d’effusion de sang, de blessure ou de maladie, le coupable

sera puni d’un emprisonnement de six mois à cinq ans et d’une amende de 500 euros à 10.000 euros.

– Voir C. pén., art. 281 ».

 

Am Prinzip ass et selbstverständlech all Land fräigestallt, de Schutz vun de Reliounen op séngem Territoire sou ze regelen, wéi et dat fir richteg fënnt. Problemer bestinn allerdéngs dacks bei der Fräiheet vun de Reliounen a bei der fräier Praktizéierung vum Glawen an Staten mat totalitärem Charakter oder mat enger Staatsrelioun.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt | Hinterlasse einen Kommentar