Merci, Benedikt XVI !

De Poopst Benedikt XVI huet haut eng wichteg Decisioun fir d’kathoulesch Kierch an all Chrëschten an der Welt geholl.  Mat déiwen Respekt an Dankbarkeet kucken mir op säi Pontifikat zréck. Niewent sengem Déngscht un der Kierch huet hien och ëmmer nees bedeitend Rieden a Priedegten gehal, wäitdroend Enzykliken publizéiert a wichteg Bicher geschriwwen.

Säi Beméien ëm e Mateneen vu Vernonft a Glaawen, vu Wëssenschaft a Relioun hunn säi Pontifikat markéiert, genee sou wéi säi Beméien ëm en oekumenescht Mateneen besonnesch mat der Orthodoxie. Den Anglikaner déi de Wee zréck an déi kathoulesch Kierch gesicht hunn, huet hien generéis Méiglechkeeten  opgemaach. Der kathoulescher Traditioun ass hien duerch d’Opwäertung vum tridentinesche Ritus entgéintkomm.

Eis Politiker huet hien méi wéi nëmmen eemol an d’Gewësse geried. Mat groussem diplomatesche Geschéck awer och mat Determinatioun huet hien un d’Wourecht erënnert. Onvergiess sinn zum Beispill seng Rieden bei sengem Staatsbesuch an Däitschland. Wäertvoll sinn och seng Erklärungen aus dene leschten Deeg iwwer d’Bestietnis an d’Natur vum Mënsch.

Säi Pontifikat ass bedeitend an der Geschicht vun der Kierch. Hoffe mir, dat dee nächste Poopst genee sou wäertvoll Qualitéiten fir dat héchsten Amt  op dëser Welt matbréngt wéi den Här Josef Ratzinger an dat hien an eiser geploter Welt voller Suergen a Nout fir d’Liewen an d’Léift asteet.

Hei dëm Poopst seng Erklärung vun haut (déi ech ganz onchrëschtlech an illegal op der Website vum Vatikan kopéiert hunn – mol eng Kéier wor ech och Pirat an  ech hoffen dat de Benedikt XVI  mir dat verzeiht!).

DECLARATIO

 

Fratres carissimi

Non solum propter tres canonizationes ad hoc Consistorium vos convocavi, sed etiam ut vobis decisionem magni momenti pro Ecclesiae vitae communicem. Conscientia mea iterum atque iterum coram Deo explorata ad cognitionem certam perveni vires meas ingravescente aetate non iam aptas esse ad munus Petrinum aeque administrandum.

Bene conscius sum hoc munus secundum suam essentiam spiritualem non solum agendo et loquendo exsequi debere, sed non minus patiendo et orando. Attamen in mundo nostri temporis rapidis mutationibus subiecto et quaestionibus magni ponderis pro vita fidei perturbato ad navem Sancti Petri gubernandam et ad annuntiandum Evangelium etiam vigor quidam corporis et animae necessarius est, qui ultimis mensibus in me modo tali minuitur, ut incapacitatem  meam ad ministerium mihi commissum bene  administrandum agnoscere debeam. Quapropter bene conscius ponderis huius actus plena libertate declaro me ministerio Episcopi Romae, Successoris Sancti Petri, mihi per manus Cardinalium die 19 aprilis MMV commissum renuntiare  ita ut a die 28 februarii MMXIII, hora 29, sedes Romae, sedes Sancti Petri vacet et Conclave  ad eligendum novum Summum Pontificem ab his quibus competit convocandum esse.

Fratres carissimi, ex toto corde gratias ago vobis pro omni amore et labore, quo mecum pondus ministerii mei portastis et veniam peto pro omnibus defectibus meis. Nunc autem Sanctam Dei Ecclesiam curae Summi eius Pastoris, Domini nostri Iesu Christi confidimus sanctamque eius Matrem Mariam imploramus, ut patribus Cardinalibus in eligendo novo Summo Pontifice materna sua bonitate assistat. Quod ad me attinet etiam in futuro vita orationi dedicata Sanctae Ecclesiae Dei toto ex corde servire velim.

Ex Aedibus Vaticanis, die 10 mensis februarii MMXIII

BENEDICTUS PP XVI

Veröffentlicht unter Allgemein, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

E Lieserbréif vum Här F. Watgen zum Thema Nationalitéit a Wahlrecht

Nationalitéit a Wahlrecht

 

A Frankräch wielen d’Fransousen, an Däitschland déi Däitsch, zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger…bis elo !

Soll dat  elo anescht ginn?  Am Kader vun der Debatt iwwer d’ Upassung vum Nationalitéitsgesetz gëtt hefteg doriwwer diskutéiert.

Fir Lëtzebuerger ze ginn –also fir d’Recht ze hu wielen ze goen – gëtt et zwee Kritären:

-Déi virgeschriwwen Openthaltsdauer zu Lëtzebuerg, déi elo op 5 Joer erofgesat gëtt; déi Openthaltdauer kann ënnerbrach ginn.

-Bleift den heikle  Problem “Lëtzebuergesch” mussen ze kënnen.Vun den 43 % Auslänner am Land schwätzt nëmmen e klengen Deel eis Sprooch. Wéisou ?

Wann een  an e friemd Land wëllt wunne goen, da stellt een sech natierlech d’Fro,wéi d’Sprooch vun deem Land ass… oder net?

Et géif ee mengen, a 5 Joer hätt een Zäit, déi berühmt 2000 Wierder an Ausdréck ze léieren (vläicht esouguer nach manner) , fir eis Sprooch kënnen ze schwätzen. Et schéngt net! Bequeemlechkeet ? Feelt et um Respekt virum Land, dat een ophëlt ?

Et muss een natierlech ënnerscheeden tëschent Leit, déi a längerem Kontakt mat Lëtzebuerger sinn, an deenen déi et net sinn.

Vun engem bestëmmte Bildungsniveau un, däerft bei den éischtgenannte Leit kee Problem sinn, esouguer wa kee Cours besicht gëtt. De Kontakt mat äis géif dee Problem während der virgeschriwwener Openthaltzäit léisen…oder net? Feelt de gudde Wëllen?

Leit, déi ni a Kontakt mat äis kommen, hunn et natierlech méi schwéier (Bauaarbechter…).Wann de gudde Wëllen awer do ass, da geet een entweder an e Cours (1) oder et streckt een d’Nues an eng vun de ville Léiermethoden, déi et ze kafe gëtt (2). Dat ka jiddereen, wann e wëllt. De Chef vun enger Entreprise misst iwwregens seng Leit op d’Wichtegkeet heivun hiweisen.Hei kënnt dann den Niveau vum Sproochentest e bëssen erofgesat ginn.

Vu Grenzgänger, déi mueres hei an eng friem Bank schaffe kommen an owes nees heemfueren, kann een net zevill  verlaangen. Obwuel, wann se jorelaang hierkommen , kënnten se Rücksicht op d’ lëtzebuerger Clientèle huelen !

D’Sproochfuerderung muss bleiwen, mat de genannten Nuancen.Weem dat net aliicht, dee soll sech d’Naturalisatiounsbedingungen an Däitschland ukucken…

Fir un de Chamberwahle kënnen deelzehuelen, sollt et d’Bedingung bleiwen, datt een d’lëtzebuerger Nationalitéit huet.

Fernand Watgen

 

(1)     Samsdes, wann et an der Woch net méiglech ass, oder während de Congésdeeg.

Gëtt vläicht och Lëtzebuergesch an de gesetzleche Fräistellungsdeeg enseignéiert ?

(2)     Z.B.”Ass alles an der Rei”, Lëtzebuergesch fir de Beruff an den Alldag”

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen | Hinterlasse einen Kommentar

Wou steiert eis Gesellschaft hin?

Am Kader vun der Debatt iwwer d’Homo-Bestietnis warnen déi Leit déi méi wäit kucken wéi nëmmen bis bei déi nächst Walen ëmmer rëm virun eventuellen weideren Entwécklungen déi zum Demontage vun eisen traditionnellen, gesellschaftlechen Strukturen féieren. Wann d’Bestietnis bis fir homosexuell Koppelen opgemaach gëtt, dann ass et extrem schwiireg fir sech aneren Fuerderungen nach an de Wee ze stellen. Well wen d’Homo-Bestietnis just mat emotionalen oder anti-Diskriminatiounsargumenter justifizéiert den huet keng Verdeegungslinnen méi géintiwwer aneren a nach méi extremen Fuerderungen, wéi zum Beispill déi no der Polygamie oder der Polyandrie. Jiddereen den sech gär huet, därf sech jo dann sëcher och bestueden, soss ass en jo « diskriminéiert ».

Och d’Gender-Theorie, déi jo vun der lëtzebuerger Regierung a vun der EU ganz offiziell a systematesch ënnerstëtzt gëtt, brengt extrem Geforen fir eis Gesellschaft mat sech. D’Gender-Theorie negéiert d’Natur an d’Biologie vum Mënsch fir déi sexuell Identitéit just nëmme nach als e fräi wielbaren sozialen Konstrukt ze beschreiwen.

Op dëser Plaz wëll ech einfach mol opweisen, wat do alles a nächster Zukunft ka kommen (an ech wärt dësen Artikel ëmmer dann aktualiséieren, wann ech eng nei Entwécklung gesinn).

Polygamie a Polyandrie

Wéi bekannt, schreiwen déi lëtzebuergesch « Gréng » hir Wahlprogrammer jo bal komplett vun hirer däitscher Schwësterpartei « Bündnis 90/Die Grünen » of. Dofir ass et ëmmer interessant fir ze kucken wat déi Säit der Musel geschitt. An an denen däitschen Gréngen hirem « Bundestagswahlprogramm 2009 » stet zum Beispill :

« Realitäten anerkennen
Das derzeitige Familien- und Kindschaftsrecht deckt weder die Vielfalt noch die Veränderlichkeit der vielfältigen Familien¬formen ab. Patchworkfamilien, in denen Kinder mit mehr als zwei erwachsenen Bezugspersonen aufwachsen, oder gleich¬geschlechtliche Regenbogenfamilien sind bislang weitgehend unberücksichtigt. »

Do froen ech mech, ob déi Referenz op « mehr als zwei erwachsenen Bezugspersonen » net
schonn als eng Ouvertür a Richtung Ploygamie oder Polyandrie muss gelies ginn. Wann all déi Erwuessen sech gär hunn, firwat sollten si sech da net all mateneen därfe bestueden? A schliesslech gëtt et jo och an enger Rei vun europäesche Staten gewësse  Communautéiten déi schonn fir eng Unerkennung vun der Polygamie militéieren.

Déi lénk/gréng Zeitung woxx huet den 7.2.2013, zur Geleeënheet vum Vältesdag  (!),  ën Artikel iwwer d’Polyamorie publizéiert. Niewent Villem wat ech hei net wëll am Detail analyséieren, heescht et: „Auf institutionneller Ebene ist für Personen in Mehrfachbeziehungen vieles ungeklärt, etwa was das Sorgerecht für Kinder oder das Erbschaftsrecht betrifft“. Meng Interpretatioun ass, dat de Staat lo soll , nom Homo-Bestietnis, och denen poly-amourösen Bezéiungen e legale Kader ginn.

 

 
Pädophilie

Eng aner Tendenz ass d’Neigebuert vun der Pädophilie, dacks ënnert dem Numm «intergenerational intimacy ». Konform zur « Gender Theorie » gëtt well och d’Kandheet net méi einfach als eng biologesch Realitéit akzeptéiert, mä als e « sozialt Konstrukt » an et därft een, sou behaapten d’Protagonisten vun där Richtung, d’Kanner net dovun ofhalen hir Sexualitéit ze liewen an sech „sexuell auszedrécken“. An dem Zësummenhank verweisen ech zum Beispill op den Artikel um Spaweck vun der Madame Professer Anne Hendershott « The Postmodern Pedophile ». D’Madame Hendershott erzielt, ënner anerem, dat am Joer 1990 den “Journal of Homosexuality” eng extra Zeitung mam Titel “Inter-generational Intimacy” iwwer Sex tëschent Erwuessenen a Kanner publizéiert hätt. Den Här David Thorstad, fréiere President vun der New Yorker “Gay Activists Alliance” an e Grënnungsmember vun der Nordamerikanescher “Man/Boy Love Association” (NAMBLA),  hätt do drann geschriwwen dat “Jongeléift” (“boy love”) haut an all Géigend geng geschéien.
Dat feministescht Theaterstéck “The Vagina Monologues,” dat jo och zu Lëtzebuerg ëmmer nees gewise gëtt, géng a sénger Originalversioun d’Erwuesseginn vun engem Meedchen vun 13 Joer doduerch beschreiwen, dat hatt eng sexuell Relatioun mat enger Fra vu 24 Joer huet. Haut wär a verschiddene Versiounen den Alter vum Meedchen op 16 Joer ropgesat ginn.
Politesch gouf et schonn eng Rei vu Versich fir d’Pädophilie ze legaliséieren. An Holland gouf et vun 2006 bis 2010 eng Partei fir « Nächsteléift, Fräiheet an Diversitéit » (Partij voor Naastenliefde, Vrijheid en Diversiteit, PNVD) déi den legalen Alter fir sexuell Bezéiungen vu 16 op 12 Joer wollt rofsetzen.
Déi Gréng haten no der Revolutioun vun 1968 bis an d’uechtzeger Joeren eng féierend Roll bei der Fuerderung vun der Legaliséierung vun der Pädophilie. An Däitschland hat besonnesch den Här Volker Beck – en Homosexuellenaktivist den haut nach am Deutschen Bundestag ass – sech vehement dofir ausgeschwat. An den 80er Joeren huet hien sech awer dunn vun dene Fuerderungen distanzéiert.
En aneren Gréngen, den Här Daniel Cohn-Bendit, den haut nach am Europaparlament siégéiert, huet seng pädophil Erfahrungen den en als « Kindergärtner » geflegt huet, op der Televisioun erzielt – mat Genoss an offensichtlech ouni eng Spur vu schlechtem Gewëssen :

Wann ech sou decidéiert dofir plädéieren fir d’Bestietnis net fir homosexuell Koppelen opzemaachen, dann ass dat aus enger ganzer Rei vu Grënn. D’Wuel vun de  Kanner natierlech un éichter Plaz, mä och de Schutz vum Bestietnis als Institutioun vum Stat déi eng prokreativ a wichteg sozial Roll fir déi heterosexuell Fammilljen virgesäit a si dowéinst protegéiert.

Wann d’Bestietnis a senger Bedeitung denaturiséiert gëtt an d’Gender-Theorie net endlech offiziell zréckgewise gëtt, dann ass et a mengen An nëmme nach eng Fro vun der Zäit bis aner Fuerderungen op eis Gesellschaft duerkommen, wéi zum Beispill déi , déi ech hei rappelléiert hunn. Ech hunn nämlech näicht erfonnt, mä just u verschidde Saachen erënnert.

Iwwregens hat ech an der Chamber den Här Bausch gefrot wéi déi Gréng zur Polygamie stinn. Op déi Fro huet hien eng evasiv Aentwert ginn. Ech waarden haut nach op eng kloer Ausso vun denen Gréngen zu dem Thema.

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Grondsätzleches, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Déi politesch Linn vu Saint-Paul Luxembourg s.a.

An den internen Direktiven vum Wort (dat heescht all Mënsch huet se) steet ënner anerem dat hei :

« Identité chrétienne : de tendance catholique, les médias de SPL s’efforceront de faire valoir, dans les commentaires notamment, les valeurs d’une culture chrétienne dans le pluralisme sociétal.

(…)

L’inspiration chrétienne, à décliner en fonction des différents supports médiatiques, rapproche les médias de SPL des acteurs sociétaux défendant les mêmes convictions et valeurs ; en ce sens il n’existe pas d’équidistance vis-à-vis des acteurs sociétaux. »  

Mat sou engem Text gëtt also d’Parteilechkeet vum Wort a vu Saint Paul justifiéiert an imposéiert. Mä den do Raisonnement leid un engem fundamentalen Denkfeler : kathoulesch Medien därfen ganz sëcher keng Aequidistanz zu Wäerter a Positiounen hunn, si mussen awer eng Aequidistanz géintiwwer « acteurs sociétaux » a besonnesch de politesche Parteien hunn.

Wichteg ass nämlech wat d’acteurs sociétaux – an ënnert hinnen nes  besonnesch d’Parteien –  soen a maachen. A priori kann een jo net ausschléissen, dat och mol déi Lénk oder d’LSAP gengen eng Positioun vertrieden déi mam kathoulesche Glaawen kéint am Aklang stoen. Op där aner Säit wär et awer ëmgekéiert och denkbar dat eng CSV oder eng ADR vläicht Saache genge soen oder maachen déi net kéinten vu Katholiken akzeptéiert ginn.

Eng kathoulesch Kierch – wéi all aner Glaawenscommunautéit – muss politesch onofhängeg sinnn fir hir Zeechnes kënnen glaafwierdeg ofzeleeën. Si därf sech net un eng Partei bannen, mä just nëmmen un hire Glawen. Si muss all Partei an hir Positiounen aus der Perspektiv vum dem Glaawen beuerteelen an net aus der Perspektiv vu festen Allianzen, « presse amie », finanzielle Verstréckungen oder politescher Kumpanei.

Wéi ech schonn an engem aneren Artikel gesot hunn, ass déi aktuell Subordinatioun vum Aerzbistum Lëtzebuerg ënner d’Autoritéit vun der CSV fir d’Glafwierdegkeet vun der Kierch am héchste Moos schiedlech.

Ech fuerderen den Aerzbëschof Hollerich an de Generalvikar Gillen op fir endlech fir eng glaafwierdeg kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg anzestoen a net méi als CSV-Vasallen ze figuréieren. Déi kathoulesch Medien hunn kathoulesch Positiounen zë ënnerstëtzen, wen och ëmmer déi vertrëtt !

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

E Lieserbréif vun der Madame D. Beffort zum Thema Nationalitéit a Sprooch

La langue est le signe principal

d’une nationalité et devient l’âme même de la nation (Jules Michelet)

Am Interview am Lëtzebuerger Wort vum 1.Februar 2013 schwätzt de Minister Etienne Schneider vun « drei offiziellen Sprachen ». Hee plädéiert dofir, datt en Auslänner de Lëtzebuerger Pass och soll kréien,wann hee kee Lëtzebuergesch kann, ower  entweder Franséisch oder Däitsch.Well,sou mengt den Här Minister, Franséisch an Däitsch wiere jo « offiziell » Sproochen hei am Land . Mä do iert den Här Minister !

Am Sprooche gesetz vum 24.Februar 1984 steet am Artikel 1 : La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. Am Artikel 2 gëtt gesot,datt souwuel Lëtzebuergesch wéi och Franséisch an Däitsch administrativ  Sprooche sinn. Mer hunn also dräi administrativ Sproochen ,vun « offizieller Sprooch » steet néirewou eppes.Domat kippt dat Argument,datt en Auslänner fir de Lëtzebuerger Pass kënnen ze kréien ,just eng vun den dräi « offizielle »(sic)  Sproochen misst kënnen.

Ech verstinn net,firwat vill Politiker eis Nationalitéit einfach wëlle bradéieren .Wann ee gären eppes hätt,da soll een och bereet sinn,eppes dofir ze maachen !Datt Leit hei jorzingtelaang schaffen, bzw. wunnen an net emol e bësse Lëtzebuergesch schwätzen, sech esouguer strikt weigeren, dat ze maachen, ass allerhand (do gëtt et der och drënner,déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn). Esou eppes gëtt et a kengem anere Land !

Fir mat bei de Parlamentswahle wielen ze däerfen,soll een d’Lëtzbuerger Nationalitéit mussen hunn.Haut kënnen iwwregens di meescht Auslänner  och nach hir Nationalitéit derbäi halen.Dat ass Faveur genuch !Déi,bei deenen d’Duebelnationalitéit net méiglech ass,mussen  eben entscheeden,wat fir si méi wichteg ass. Et kann een net op zwou Hochzäiten danzen,sou ass et an der Regel.

Dobäi ass et jo bestëmmt kee Problem ,Lëtzebuergesch ze léieren,besonnesch well d’Ufuederungen op den Niveau A2 sollen erofgesat ginn,an et méiglech soll sinn ze kompenséieren.Kruten a kréien d’Lëtzbuerger Auswanderer och esou Conditiounen ?

D. Beffort

 

 

 

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

EU-Nettobezueler

Op der éisterräichescher Internetsäit presse.com stoung haut (10.02.13) dëss Statistik iwwer d’Nettobezueler an der Europäescher Unioun (ech hunn dëss Lëscht dem Bäitrag pro Kapp no ëmsortéiert) :

 

« Oesterreich und Co. : Wer die Nettozahler sind. »

 

Land                                     Saldo pro Kapp  an Euro                               an % vum BIP

Dänemark                          – 150,5                                                                 0,34

Lëtzebuerg                        – 146,5                                                                 0,24

Schweden                          – 140,8                                                                 0,33

Holland                              – 132,9                                                                 0,36

Belsch                                  – 125,1                                                                 0,36

Finnland                             – 121,3                                                                 0,34

Däitschland                       – 110,1                                                                   0,34

Frankräich                          – 98,5                                                                   0,31

Italien                                  – 97,9                                                                   0,38

Eisterräich                         – 95,8                                                                   0,27

Vereenegt Kinnekräich   – 89,1                                                                    0,32

 

Wann dëss Statistik sollt richteg sinn, wären d’Lëtzebuerger also déi zweetgréisst Nettobezueler pro Kapp an der EU (gerechent wahrscheinlech op d’Gesamtpopulatioun vum Land).

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Juncker Riot

Op wort.lu gëtt well Propaganda fir dem Här Jucker seng Offer un den Här President Putin gemaach fir dräi Memberen vum Grupp « Pussy Riot » no sengem Besuch a Russland mat op Lëtzebuerg ze brengen. Den Ament wou den Här Juncker zu Moskau war, woren déi juristesch Prozeduren an dem Fall mol nach net ofgeschloss. An der Tëschenzäit wësse mir, dat nëmmen zwou vun denen dräi concernéierte Fraen vu « Pussy Riot » an zweeter Instanz zu enger zweejähreger Fräiheets- an Aarbechtsstrof veruerteelt goufen.

Dat Uerteel gouf och beim Besuch vun enger Delegatioun vun der russescher Duma hei  zu Lëtzebuerg ugeschwat. Déi russesch Delegatioun huet mat Recht drop higewisen, dat déi russesch Effentlechkeet eng Bestrofung vun denen Fraen fir richteg hällt. Een russeschen Parlamentarier huet gemengt, d’Uerteel wär ë bësschen ze laang. Jiddefalls hun eis russesch Frënn  – menger Meenung no – zu Recht  d’Fro gestallt, wat da geschitt wär wann den blasphemeschen Optrëtt net an enger orthodoxer Kathedral geschitt wär, mä zum Beispill an enger Synagog oder an enger Moschee ? Am leschte Fall hätten déi betraffen « Sängerinnen » hiren Optrëtt wuel kaum iwwerlieft.

Ass dat net eng berechtegt Fro ? Wat hätt d’Lëtzebuerger Regirung an sou engem Fall gemaach ? Ass et dann net wouer dat eis Regierung anscheinend mengt an chrëschtleche Kierchen därft een alles an egal wat, an déi reliéis Gefiller vu Chrëschten gengen keng Roll méi spillen ? An ass et dann net och sou, dat den Här Asselborn sech net direkt a bilateral fir de Schutz vu Chrëschten an der Welt engagéiert, mä sech an dem Beräich just nëmmen hannert der EU verstoppt?

 De Premier huet Lëtzebuerg kee Gefalen gemaach. Mir sollten mat Russland iwwer eis bilateral Interessien diskutéieren, awer net eis Partner zu Moskau vollkommen onnéideg brüskéieren! D’Russen hunn dee Geste vum Här Juncker net verstan an och vum Standpunkt vum internationale Recht op Asyl ass dat do e Feler gewiecht. Weder wor de Prozess riwwer, nach goufe mir em Asyl gebieden, nach ass et un eis fir déi russesch Stroofgesetzer ze schreiwen. Russland ass vläicht keng Demokratie wéi Island oder d’Schwäiz, mä si sinn garantéiert och net um Mënscherechtsniveau vu Myanmar oder Nordkorea. Russesch Gesetzer ginn an engem demokratesch gewielten Parlament gestëmmt an déi russech Geriichter sinn vläicht net perfekt, mä beméien sech awer ëm Rechtssaatlechkeet.

Déi Russësch Federatioun ass vu ville Reliounen geprägt an ass en äusserst komplexen a vläicht och nach e fragilen Stat. Déi russesch Autoritéiten mussen eng aaner Verantwortung weisen a vill méi komplex Froen bedenken wéi westlech Politiker déi vu Russland braddelen ouni et ze kennen an ouni et ze verstoen. Ech denken do och ausdrécklech un eng Partie vu Parlamentarier.

Et freet een sech, firwat d’Wort grad lo Reklamm fir déi Entgleisung vum Här Juncker zu Moskau mecht? Mengen déi Hären Hollerich a Gillen vläicht, dat déi Initiativ zu Gonschten vun de Blasphemistinnen nach net genuch bewonnert gi wär ? Wat wollt den Här Juncker dann eigentlech erreechen ? En internationalen Publicity-Coup landen ? Oder wollt en heiheem mol nes mat ëppes aanecht wéi mat sengem riisege Scholdenbierg opfalen ? Ass dat net Populismus op Käschten vun eisen internationalen Interessien?

An e puer Wochen oder Méint kréien déi Pussyriotinnen souwisou eng Amnestie vum President Putin. Den ass mat Sëcherheet frou wann en se endlech lass ass. Wann déi Dammen dann wëllen op Lëtzebuerg kommen, dann kënnen si ongestéiert an ongenéiert an der Kathedral Gott an eise Groussherzog beleedegen –  Uebung hunn si jo lo. D’Wort ass live dobäi an  déi Dammen kënnen dono mat der CSV op d’Lëscht fir an d’Chamberwalen goen.

 Zur Informatioun ass hei nach de Communiqué den d’ADR – där eenzeg vernënfteger Partei am Land – zu dem Thema publizéiert hat:

 

 

„Här Juncker: Diplomatie ass eppes anescht!

An deene leschten Deeg hunn d’Medien eng etlech Reportagen iwwer dem Premier seng Visite a Russland bruecht. Den Här Juncker selwer ass a sengem Regierungsbriefing och op déi Rees an op seng Gespréicher mam russesche President Putin agaangen. D’ADR wor awer net wéineg verwonnert, wéi d’Press nom Premier sengem Regierungsbriefing gemellt hat, datt hien am Kader vun engem méi laange Gespréich mam Här Putin iwwer d’Mënscherechter offréiert gehat hätt “déi veruerteelt Sängerinne vun der Band Pussy Riot mat op Lëtzebuerg [ze] huelen, wa Plaz am Fliger wier … “ (Zitat RTL.lu). A weider “De Putin hätt dat awer net esou witzeg fonnt. Op alle Fall wëll de Premier sech net virgeheie loossen, d’Mënscherechter ignoréiert ze hunn.”

Eise Premier huet sech domat e kräftegen, diplomatesche Faux-pas geleescht. Datt den Här Juncker esou Propositioune mécht, weist datt hien iwwer de Fall Pussy Riot entweder net genuch informéiert war oder, wat nach méi schlëmm wär, net genuch doriwwer nogeduecht hat.

An ville Medien an och vun eenzelne politesche Parteien ass dee vun de Pussy Riot an der Erléiserkathedral zu Moskau inszenéierten Tëschefall ganz eesäiteg a plakativ duergestallt ginn. Et gouf zwar, besonnesch hei am Westen, vill vun der kënschtlerescher Fräiheet vun de Sängerinne geschwat, net diskutéiert gouf awer iwwer d’Stéierung vun der Ausübung vun der Relioun an d’Respektlosegkeet vun de betraffene Kënschtlerinne géintiwwer de reliéise Gefiller vun de Gleewegen. Grouss Passagë vum sougenanntenen « Punk-Gebiet » géint de President Putin, dat si an der Kierch opgeféiert hunn, si fir vill russesch-orthodox Mënschen eng Blasphemie. (z. B. : « All Membere vun der Por krauche sech vernäipen, d’Phantom vun der Fräihäit ass am Himmel », oder « Fir den Héchsten net ze beleedege mussen d’Frae Kanner kréien » an dat direkt mat enger ganzer Rei vu besonnesch krasse Fäkalausdréck). Dat « Punk-Gebiet » huet dann och nach déi kierchlech Hierarchie beleedegt, wat jo besonnesch fir vill gleeweg Leit och net onproblematesch ass.

D’ADR verdeedegt d’Meenungsfräiheet a selbstverständlech och d’Fräiheet vun der Konscht hei am Land an och soss iwwerall. Et muss ee sech awer froen, wat d’Lëtzebuerger géinge soen, wann eng Grupp vu Leit mat Boke géing stënterlech an d’Kathedral kommen, do déi Gleeweg op d’Säit drécken an da géingen e Lidd sangen, an deem Gott, de Groussherzog an den Äerzbëschof op eng ganz vulgär a krass Manéier beleedegt ginn. Et gëtt einfach Plazen, wéi zum Beispill Kierchen, Monumenter oder Kierfechter, déi e besonnesche Respekt verdéngen an dowéinst och gesetzlech geschützt sinn. Och hei zu Lëtzebuerg gëtt et Gesetzer, déi d’Rou an d’Dignitéit vun esou Plaze solle garantéieren. Wee seng kënschtleresch Fräiheet notze wëll, sollt dat net grad an enger Kathedral maachen, wann en dofir d’Erlaabnis vun der Kierch net huet.

Datt den Här Juncker dann awer a Russland dem russesche President offréiert fir genee esou Leit Asyl zu Lëtzebuerg ze ginn, muss an den Ae vu ville Russe wéi eng weider Provokatioun geklongen hunn. Sou Initiativen diskreditéiere just nëmmen d’Lëtzebuerger Politiker als Gespréichspartner. Serieux a verantwortungsvoll Baussepolitik gesäit anescht aus!

D’ADR ass sech selbstverständlech bewosst, datt de Rechtsstaat a Russland nach muss bedeitend gestäerkt ginn an engagéiert sech dofir och bei deene russeschen Autoritéiten. De Prozess géint d’« Pussy Riot » ass awer ganz sécher net dee Fall, dee si géing huele fir hiren Engagement an där Saach ze justifiéieren. D’ADR kann dem Här Juncker nëmme recommandéieren, fir sech drun z’erënneren, datt hie soll am Ausland lëtzebuergesch Intressie vertrieden. Fir dat kënnen z’erreechen, muss en awer och dat néidegt Taktgefill weisen.

D’ADR hofft, datt dat definitivt Uerteel géint d’Sängerinne vu « Pussy Riot », am Fall vun engem Scholdsproch an zweeter Instanz, sech am Kader vun dem hält, wat an ähnleche Situatiounen och a westleche Länner üblech wär. Si erwaard sech jiddefalls vun der Russescher Federatioun, datt de Prozess, deen den 10. Oktober virugeet, alle rechtsstaatlechen Normen entsprécht a kee politesche Charakter huet.“

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Wehret den Sozialisten!

D’Lëtzebuerger Revue, eng sozialistesch Zäitschrëft, huet gëschter als Titelgeschicht de Rietsextremismus zu Lëtzebuerg gewielt („Wehret den Anfängen“). Op dat d’Méi wierklech wäert wor, wees ech net, well de Bilan ass – Gott sei dank! – ganz moer.

Mä d’Intentiounen vun de Sozialisten sinn awer dofir glaskloer. De Leetartikel lueft déi geplangten Extensioun vum Walrecht  op d’Auslänner als e « Riiseschrëtt » a bezitt sech alt nees op déi manipuléiert Emfro vun TNS-ILRES fir ze behaapten, dat zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger dofir wären, dat d’Auslänner bei de Chamberwalen dierften mat wielen goen.

Dat d’Sozialisten lo alles mobiliséieren wat si hunn fir d’Géigner vum Auslännerwalrecht an de rietsen Eck ze drécken an si doduerch ze veronsëcheren an der Hoffnung fir si definitiv roueg ze kréien – dat wor ze erwaarden! No dem Här Asselborn senger miserabler Argumentatioun am RTL-Kloertext an dem Stuerm vu negativen Kommentaren op RTL.lu wor jo kloer, dat alles wat rout, gréng a soss lénks ass, lo muss ganz séier untrieden fir ze probéieren fir ze retten wat nach ze retten ass. De roude Message ass: den Här Asselborn an all déi Lénk sinn déi Gutt a wen iere net solllt dofir sinn, dat d’Auslänner därfen bei de Chamberwalen mat decidéieren, dat ass e Nazi. Sou einfach ass et!

D’Sozialisten verknäppen mam Auslännerwalrecht zwou Hoffnungen : si mengen dat d’Auslännerstëmmen virun allem hinnen elektoral notzen an si hoffen den Afloss vun der Fonction Publique an der Lëtzebuerger Politik kënnen ze briechen. Un den « Demokratiedefizit » gleewen si genee sou mann wéi ech. Dat ass just en Argument fir déi Domm an déi Guttgleeweg.

Mä den Hitler op der Titelsäit, dat wor Overkill an mat Sëcherheet e Schoss no hannen. Well et wor Hitler drop, mä keen dran. Souguer déi sozialistesch a greng Propagandisten fannen näicht sou richteg Rechtes an der Parteienlandschaft – an doriwwer sinn ech als alleréichten glécklech! E politesch staark orientéierten Historiker a Lokalpolitiker diagnostizéiert datt d’ADR geng eng « Soft-Versioun » vum Discours vun der « National-Bewegong » propagéieren. Iwwer dee betreffenden Historiker steet op Wikipedia : « Homme de gauche, finalement venu à l‘écologie politique (co-fondateur du parti Déi Greng, dont il a démissionné en 2004), [Numm] a fait partie du conseil communal de Dudelange, dans le bassin minier luxembourgeois (1997-2002). » Gutt, Wikipedia ass als Quell net iwwerzebewärten, mä jiddefalls kann een dem Här kaum eng politesch Neutralitéit ënnerstellen. Dementsprechend muss och säin Uerteel relativéiert ginn.

A wat heescht da schonn  „Soft-Versioun vum Discours vun der National-Bewegung „ ? Dat d’ADR net fir en europäeschen Zentralstat ass ? Dat mir net fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen sinn ? Dat mir d’Lëtzebuerger Nationalitéit net bradéieren ? Dat mir gär Lëtzebuergesch als Integratiounssproch hätten ?  Dozou bekennen ech mech!

De Politolog Philippe Poirier vun der Uni Lëtzebuerg gëtt zitéiert mat de Wierder : « Es gibt in Luxemburg keine rechtsextreme Partei. Das heisst noch lange nicht, dass es keine rechtsextreme Wählerschaft gibt ». Do ginn ech ëm Recht !

Den Artikel huet awer eng ganz Rei vu sachleche Feler. Do gëtt zum Beispill behaapt d’Grenzen tëschent dem Konservatismus an dem Rietsextremismus wäre « porös ». A wouhir ?!! E chrëschtleche Konservatismus ass déi allerbeschte Garantie géint all Form vu Rietsextremismus!

A firwat déi Hären Colombera an Henckes a Wierklechkeet aus der ADR ausgetratt sinn, dat erzielen ech eng aner Kéier – aus verschiddene Grënn maachen ech dat lo awer nach net. Mä et kënnt awer….

Et sollt een ower dëss Diskussioun roueg och benotzen fir sech och ë bësselchen mat denen Rouden a Gréngen ze beschäftegen. Wéi ech op dësem Blog scho gesot hunn, hunn ech den Androck dat et e rout-gréngen Faschismus hei am Land gëtt. Loos mer vergläichen :

ADR : Bekenntnis zum Schutz vum Liewen. Restriktiv Politik bei der Ofdreiwung an géint d’Euthanasie.

Gréng an LSAP : Fristeléisung bei der Ofdreiwung. Jo zur Euthanasie a nach méi schlëmm : Propositiounen an der Chamber vum Lydie Err a vum Jean Huss fir eng « Euthanasie » vu behënnerte Kanner an Demenzkranken ze erméiglechen.

ADR : Fir d’Stärkung vun den demokrateschen Institutiounen. Direkten Zougang vun all Bierger zum Verfaassungsgeriicht. Reform vum Walrecht. Demokratesch Zësummesetzung vum Staatsrot. Méi Rechter fir d’Oppositioun an der Chamber. Méi Referenden.

Gréng an LSAP: pro-demokratesch Rhetorik awer an der Praxis strikt dogéint. Als rezent Beispill kann een déi negativ Stellungnamen vun denen Parteien zu Referenden  zitéieren (Tram, Europapolitik). D’LSAP ass géint e Referendum iwwer déi nei Verfaassung.

ADR: eng equilibréiert Nohostpolitik, op Basis vun enger Zweestateléisung am Respekt vun der Sëcherheet vun Israel an an der Suerg ëm en demokratescht Palästina.

LSAP: bal vollkommen eesäiteg pro-Palästinenser-Politik mat enger geféierlecher Proximitéit zu där terroristescher Hamas. Et gëtt een de Verdacht net lass, dat e schlecht verstopptenen Anti-Semitismus an der LSAP grasséiert, besonnesch och wann een d’Artikelen vum tageblatt analyséiert.

D’LSAP sollt sech mol op eng richteg Manéier mam Rietsextremismus beschäftegen a sech selwer kritesch iwwerpréiwen!

Dobäi soll si och net hir däitsch Kollegen vergiessen. Hire Genosse Peer Steinbrück ass nët nëmmen Kanzlerkandidat, mä och nach e grousse Frënn vun der Kavallerie. Wien géif sech net un dem SPD-Mann (dat ass déi däitsch Schwësterpartei vun der LSAP )  seng äusserst « sympathesch » Zitater erënneren, mat denen hien d’Nopechlänner vun Däitschland wollt militäresch bedréien an ënner Drock setzen ? Dogéint huet den Ausseminister Asselborn ni protestéiert, aanecht wéi déi Schwäizer Regierung !

An Leit vun dem Kaliber gëtt et der nach bei de Sozialisten. Den SPD-Mann Müntefering sot och mol iwwer Länner déi a sengen An « Steierparadäiser » wären: „Früher hätte man dort Soldaten hingeschickt. Aber das geht heute nicht mehr“.  Wéi gesot – Rietsextremismus, Militarismus a Veruechtung vum internationale Recht fënnt een vläicht éichter bei de Sozialisten wéi bei aneren!

Steinbrück a Müntefering – dat  sinn eise Sozialisten hir Kolleegen a Genossen ! Mat sou Leit gëtt eng ADR sech net of. Wen an Europa d’Nopechlänner militärech bedréit ass fir eis keen Gespréichspartner.

D’Titelbild vun der Revue wor vläicht awer net sou schlecht – just hätten e puer Sozialisten  missen dra sinn!

 

 

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Marsch fir d’Liewen zu Bréissel!

De Sonndeg, den 21. Abrël 2013  ass zu Bréissel e Marsch fir d’Liewen.

Hei ass den Opruff, den ech bis elo just an englescher Sprooch gemailt krut. D’Organisateuren hu mech gebieden Member am „Honorary Committee“ vun dem Marsch ze ginn, wat ech gären acceptéiert hunn. Et geng mech natierlech freeën, wann och vill Lëtzebuerger bei dem Marsch gengen matmaachen, den Bierger aus dene 27 Memberstaten vun der Europäescher Unioun zu Bréissel zësummebréngt. De Marsch adresséiert sech ganz besonnesch och un déi jonk Leit déi häerzlech invitéiert sinn fir d’Liewen an d’Famill ze demonstréieren!

 

 

EUROPEAN MARCH FOR LIFE AND FAMILY!

 DECLARATION

 

Faithful to the Commandments given by God which embody the entire natural law that no human law can legitimately contradict;

Adhering to the non-negotiable principles stated by Benedict XVI regarding the protection and dignity of every human life from conception to natural death, and the protection and honor given to the faithful marriage between a man and a woman and the family built upon it;

Aware that an entirely peaceful and united Europe cannot grow without respecting its weakest members;

Remembering the atrocities committed in our countries by the two great atheistic ideologies of the 20th century: communism and Nazism;

We, citizens of the 27 countries of Europe, ask the European legislators for:

1. the creation of a juridical status that assures the complete and effective protection of the unborn child from conception until natural death;

2. the application of an ambitious support program for women during and after pregnancy, especially in distressful situations;

3. the guarantee of the right for each women to be fully informed about the dramatic consequences an abortion may cause on her psychological and physical health;

4. the development of palliative care to replace the laws that authorize euthanasia;

5. the exclusivity of marriage and adoption for couples composed of one man and one woman;

6. the rejection of “gender ideology” and the LGBT agenda that are in total contradiction with the objective reality of the human person and sexuality.

For the organizing comity of the European March for Life and Family,

Michel De Keukelaere, Antony Burckhardt

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik, Relioun | Hinterlasse einen Kommentar

Eng Reklamm fir de Latinum an de Graecum

Wen eventuell Loscht huet fir an enger Summervakanz Latäin oder Algriichesch léieren ze goen, dem kann ech aus eegener Erfahrung  recommandéieren sech un den « Institut für alte Sprachen » zu Marburg  (Hessen) ze adresséieren (www.ifas-marburg.de). Den IFAS ass privat, also leider net gratis, mä d’Couren sinn vun ausgezeechenter Qualitéit an den Engagement vun den Dozenten ass virbildlech. Kontaktpersounen sinn déi Hären Christoph Kuhn (Latäin) a Roland Richter (Algriichesch).

E bësschen houfreg  sinn ech drop, dat duerch meng Interventioun beim Unterrechtsministär en Accord konnt fonnt ginn, den et lo och erlaabt dat Lëtzebuerger déi net an Däitschland wunnen, net hir Première do gemaach hunn an och net do stodéieren,  an Rheinland-Pfalz déi sougenannten « Ergänzungsprüfung in Lateinisch und Griechisch »  maache kënnen.  Rechtlech Grondlag dofir ass eng Ofännerung vun der « Landesverordnung über die Ergänzungsprüfungen in Lateinisch und Griechisch » déi eng « Ausnahmeregelung » krut. Et musse en awer eng begrënnten Demande maachen, well et geet ëm « begründete Einzelfälle ». Sollten Leit Problemer kréien, wat ech awer net gleewen, da wär ech frou, wann si mir kéinte Bescheed soen.

Sou Demanden mussen bis de 15. Februar (fir d’Prüfungen am März zu Koblenz an zu Mainz), respektiv bis de 15. August (fir d’Prüfungen am September zu Tréier an zu Landau) beim « Bildungsministerium »  gemaach ginn.

D’Postadress ass déi hei:

Ministerium für Bildung, Wissenschaft, Weiterbildung und Kultur

Mittelere Bleiche 61

D – 55116 Mainz.

Ech encouragéieren jiddereen den Zäit a Loscht huet, fir déi klassesch  Sproochen ze léieren ! Et mecht onheemlech vill Freed!

 

Veröffentlicht unter Allgemein, Kultur, Sproochen | Hinterlasse einen Kommentar