Archiv der Kategorie: Lëtzebuerg

Fir d’Mammen an d’Familljen!

Iwwer där aktueller Debatt ëm d’Homo-«Bestietnis» an en Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen, därf en net den Interessi fir déi richteg, also déi traditionnell, heterosexuell Familljen an hir Aufgaben a Suergen verléieren. D’Famill ass en extrem wichtegt Thema, och an der … Weiterlesen

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Identitéitsverloscht op den Dräi Eechelen

No ville, laange Joeren Aarbecht, ville Budgetsdépassementer, a villem intellektuellem an administrativem Duercherneen,  ass de Festungsmusée ënnert dem Numm Musée « Dräi Eechelen » am Joer 2012 endlech opgemaach ginn. Nach am Januar 2010 wor zu dem Thema eng gréisser Debatt an … Weiterlesen

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

LSAP-Kongress: véier Punkten fir den Ennergank

No hirem Kongress ass d’LSAP net besser drunn wéi virdrunn. Déi Partei déi an d’Regierung gaangen ass, fir – wéi si sot – de Sozialstat ze verdeedegen, huet an der Regierung just dat net gemaach. Vun der Manipulatioun vum Index, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Iwwer d’Geforen vun engem politiséierten „Conseil national de la Justice“

Den Här Justizminister huet dëss Woch d’Schaafung vun engem « Conseil national de la Justice » virgeschloen. En éichten Textviirschlag (avant-projet de loi) gouf um Site vum Justizministère publizéiert: http://www.mj.public.lu/actualites/2013/02/Cour_supreme/APL_Conseil_national_de_la_Justice_25_fevrier_2013.pdf Meng Begeeschterung hällt sech an enke Grenzen. Besonnesch geféierlech schéngt mir d’Nominatioun … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Gëtt et ë „primären“ Anti-Kommunismus?

Am Kontext vun der Bommeleeër-Affär konnt een dëss Woch dat Argument héieren, verschidden Entwécklungen an den 80er Joeren wären op e « primären » Anti-Kommunismus zréck ze féieren gewiescht. Dowéinst meng Fro : gëtt et dat iwwerhaapt, ë « primären » Anti-Kommunismus? « Primär » kënnt hei … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

De klengen Ennerscheed – an der Pai an um Aarbechtsmaart.

Dëser Deg, fir genee ze sinn den 20. Februar, hat de Journal mol nes e feministeschen Leitartikel. Dat ass näicht aussergewéinleches, well ë wäert  där op d’mannst eng honnert am Joer hunn. U sech also kee Grond fir  ze reagéieren, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Girls‘ Day. Boys‘ Day, Nonsense Day!

Gläich dräi Ministeren haten sech dësst Joer zësummefonnt fir d’Editioun 2013 vum „Girls’ Day“, respektiv vum „Boys’ Day“ ze presentéieren. D’Meedercher, respektiv d’Jongen, tëschent 12 an 20 Joer sollen den Dag mat, fir hiert respektivt Geschlecht, “atypeschen“ Beruffer familiariséiert ginn. … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Kannerrechtskonventioun vs. Homo- „Bestietnis“

D’Zeitung « Le Quotidien »  hat de 26. Februar eng Rei vun Artikelen publizéiert, déi sech mat dene Problemer befaassen, déi déi Leit hunn, déi aus engem „accouchement sous X“ stamen. Zu Lëtzebuerg gëtt et déi legal Méiglechkeet vun enger anonymer Gebuert … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Dossier Bommeleeër – e Kommentar vun engem fréieren Offizéier vun der Arméi

Ech war et net – mä ech wor awer an den 80er Joeren Offizéier vun der Arméi an hunn nach e puer Erënnerungen un déi Zäit. Haut stoung am „tageblatt“ eng Affekotin vun der Verdeedegung hätt op „rietsextrem Tendenzen“ an … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Manner Europa, méi Lëtzebuerg!

Haut de Mëtteg huet d’Madame Reding d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber besicht fir besonnesch iwwer d’Fraequot an den Verwaltungsréit vun den boursenotéierten Entreprisen ze schwätzen. Perséinlech sinn ech strikt géint sou Quoten. D’Entreprisen sollen vu qualifizéierte Leit geféiert ginn, an net … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar