Monatsarchive: November 2013

Den Här Asselborn iwwer den EU-Adhesiounsprozess vun der Tierkei

Déi tierkesch Agence Anadolu weist dësen interessanten Interview mam lëtzebuergeschen Bausseminister Jean Asselborn: http://www.aa.com.tr/en/mod/video-gallery/1967101/stopping-turkeys-eu-process-a-big-mistake-says-luxembourg-fm Den Här Asselborn mengt et wär en „enorme Feler“  den tierkeschen  Bäitrëttsprozess ze stoppen. Dee Prozess wär am Interessi vun der EU an vun der Tierkei. Et … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

En Abiergerungstest fir Lëtzebuerg!

An Däitschland musse Persounen, déi déi däitsch Nationalitéit wëllen en Abiergerungstest maachen an dem si hiert Wëssen iwwer Däitschland musse beweisen. Do geet et em Staatsrechtleches mee och ëm Kultur. Ech froe mech, ob mir net och hei am Land sollten … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

D’Chrëschtentum nach eng Generatioun virum Ausstierwen?

Dë fréieren Aerzbëschof vu Canterbury, Lord Carey, huet sech déi Fro gestallt, wuel op Groussbritannien bezunn, mee et kann een sech déi roueg och fir onst Land stellen. http://www.telegraph.co.uk/news/religion/10458380/Christianity-at-risk-of-dying-out-in-a-generation-warns-Lord-Carey.html Interessant ass et, dat sou Aengscht vun engem Bëschof kommen, dem … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

„De Patriotismus huet näicht méi hei zu Lëtzebuerg verluer“

Lo gëtt et spannend! Vu wem ass wuel dëse Sproch? Vum Gauleiter Simon? Vum Damian Kratzenberg? Hätt jo kënne sinn, mee neen! En ass vun dene Jonke Gréngen! Déi lénksradikal Jugendorganisatioun huet och scho mol um Radio sou schéi Saachen erzielt … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

De Fall vun der Madame Eva Herman

Déi lëtzebuergesch NRO (Nët-Regierungs-Organisatioun)  „Famill 2000“, déi et lo leider net méi gëtt,  hat eemol e Viirtrag mat der Madame Eva Herman hei zu Lëtzebuerg organiséiert. Ech wor dee lauschteren an hat e ganz gutt an iwwerzeegend fonnt. D’Madame Herman bleift fir … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Deutsche konservative Parteien: Einheit macht stark!

Als konservativer Politiker beobachte ich natürlich mit Wohlwollen und viel Sympathie, dass in Deutschland einige Parteien entstehen, die eine ernstzunehmende Alternative zur CDU darstellen. Meine Sympathie als ausländischer Beobachter gehörte über viele Jahre  der CSU, die ich seinerzeit noch als wertkonservativ einschätzte … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

„Autorité parentale“ oder „responsabilité parentale“?

Zënter e puer Joer besteet eng Tendenz fir den Ausdrock „autorité parentale“ duerch déi nei Terminologie „responsabilité parentale“ ze ersetzen. Am Ufank hat ech dat, a menger Naïvitéit,  fir eng Iwwersetzungsfro am internationale Privatrecht gehal. Mee wéi ëmmer kann een … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Net all Stuerm ass en Zeechen fir eng global Opwiermung

Dee fuerchtbaren  Taifun Hayian op de Philippinen den dausenden vun Doudegen hannerloos huet, wor e fuerchtbaren, mënschlechen Drama. Op der Weltklimakonferenz huet de philippineschen Delegatiounschef doroppshin eng ganz emotional Ried gehal, déi ee ka mënschlech méi wéi novollzéien – awer … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

De schwaarzen Houseker mol aus enger anerer Perspektiv

Den 21. Oktober hat ech en Artikel op dësem Blog publizéiert, dee sech mat där UN-Enquête iwwer e vermeintlech „rassistesche“ Charakter vum Houseker beschäftegt huet. Wéi den Zoufall et wëll, hunn ech lo eppes Neits zu dem Thema ze soen. E … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Zypern: Den Här Erdogan provozéiert nees

Den tierkesche Premier Recep Tayyip Erdogan huet nees gemengt missen ze behaapten et géif kee Land ginn, dat Zypern heescht.  http://www.cyprusnewsreport.com/?q=node/7170 http://www.ekathimerini.com/4dcgi/_w_articles_wsite1_1_14/11/2013_527787 Den Här Erdogan huet domat nach eemol ënnerstrach, datt d’Tierkei weltwäit bal dat eenzegt Land ass, dat den … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar