Kee Boykott vu Sotchi!

Vu verschiddenen Säiten héiert een, datt déi olympesch Wanterspiller vu Sochi sollten boycottéiert ginn. Déi eng mengen, datt dat misst geschéien well Russland dem Här Snowden politeschen Asyl ginn huet, anerer argumentéieren Russland géng géint Homosexueller diskriminéieren.

Meng Positioun ass zwar, datt den Här Snowden virun en amerikanescht Geriicht gehéiert mee dowéinst sinn ech awer nach laang net där Meeenung, datt Russland misst wéinst sengem Geste sanctionnéiert ginn. Déi russesch-amerikanesch Bezéiungen, wéi iwwregens och déi russesch-lëtzebuergesch Bezéiungen, sinn wichteg a wäertvoll an si verdéngen et fir mat allem diplomatesche Geschéck behandelt ze ginn.  D’Iddi vun engem Boycott vun den olympesche Spiller wéinst dem Fall Snowden, sou wéi en amerikaneschen Senator se proposéiert hat, fënnt iwwregens och net d’Ennerstëtzung vum Amerikaneschen Olympesche Kommittee.    

 http://www.itar-tass.com/en/c32/811912.html

Am Fall vun den russeschen Gesetzer géint „Homosexuellenpropaganda“ a Präsenz vu Kanner schwätzen verschidden Homosexuelle-Lobbyen vun „hate laws“ an vergläichen déi russesch Legislatioun mat der Apartheid. Déi Vergläicher sinn awer an all Hinsicht iwwerzunn.

http://edition.cnn.com/2013/08/07/world/europe/russia-gay-rights/index.html?hpt=hp_t4

Hei fillen ech mech un de Begrëff vun der „Gender-Apartheid“ erënnert, den ech viru kuerzem an aus ähnleche Grënn op dësem Blog kritiséiert hat. D’Situatioun vun denen Homosexuellen a Russland ass net mat där vun denen Fuerwegen ënnert dem Apartheidsregime ze vergläichen.

Et gëtt am Abléck verschidde Reaktiounen op déi russesch Legislatioun,  vun Boykott-Fuerderungen bis zu engem schonn praktizéierten Vodka-Boykott. Jiddefalls ass kloer, datt déi russesch Legislatioun net déi sexuell Orientéierung vun Erwuessenen ënner Stroof stellt, mee just d’Propaganda fir d’Homosexualitéit wann Kanner dat kéinte mat kréien.  Dat sinn ganz sëcher zwou verschidde Saachen, an déi Diskussioun iwwer déi Legislatioun sollt dowéinst och méi differenzéiert ginn, wéi dat bis elo dacks de Fall ass.  

http://www.itar-tass.com/en/c32/833165.html

Et ass an dësem Zësummenhank ze notéieren, datt och homosexuell Athleten sech géint e Boykott ausschwätzen:

http://edition.cnn.com/2013/08/09/sport/russia-anti-gay-diack-athletics/index.html?hpt=hp_t3

Hei ass och nach d’Positioun vum britesche Premierminsiter an dëser Saach, den op en Opruff vun engem Homosexuellen zum Boykott geäntwert huet:

http://www.huffingtonpost.fr/2013/08/10/jo-sotchi-boycott-participer-david-cameron_n_3735906.html?utm_hp_ref=international

Ech hoffen, datt mir endlech aus enger Logik vun engem Boycott vu grousse Sportsevenementer eraus kommen. De Sport soll d’Mënschen méi no bréngen a Brécke bauen. Méi Politiséierung brauch et net.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wouerechten iwwer d’Ofdreiwung

Eng amerikanesch Frëndin huet mir dësst wärtvollt Bild geschéckt, dat op Facebook ze gesinn ass. 

https://www.facebook.com/photo.php?fbid=636205709737200&set=a.111941312163645.13544.111925638831879

Vun hei aus e grousse Merci fir dëss Informatioun – besonnesch well ech selwer net op facebook wëll sinn. Dat Bild seet ganz vill aus an et sollt a kénger Ofdreiwungsdiskussioun ignoréiert ginn. 

Den „pro-Choice“-Aktivismus geet jo genee sou wéi dee bekannten, däitschen pro-Ofdreiwungs-Slogan „Mein Bauch hehört mir“ gläichzäiteg un der Realitéit an un der Wouerecht laanscht: dë Bauch vun der Fra steet jo iwwerhaapt net zur Diskussioun, mee d’Liewen vun hirem Kand. Dem Kand seng Rechter ginn awer aus politeschem Opportunismus ëmmer méi  ignoréiert.

Hautzudaags gëtt leider virun allem iwwerflächlech an populistesch argumentéiert. Kaum eng politesch Partei ass nach ofdreiwungskritesch, well just nach op den feministeschen Elektorat gekuckt gëtt. Och déi kathoulesch Kierch hei am Land huet jo an der Ofdreiwungsdiskussioun komplett versot, ech huelen mol un op Drock vun der CSV. 

Alléng d’ADR huet bei där leschter Reform vum Ofdreiwungsgesetz  nach d’Indikatiounsléisung vun 1978 verdeedegt an domat och als eenzeg Partei nach fir de Wäert vum Liewen argumentéiert.

Ech denken, et sollt een de Leit awer och mol virun An féieren, wéi ethesch komplex schonn d’Indikatiounsléisungen sinn. Datt dat net populär ass, dat wees ech och. Mee mech interesséiert d’Wouerecht nun eemol bedeitend méi, wéi mäin perséinlecht Walresultat. 

Dowéinst wëll ech haut d’Madame Rebecca Kiessling zu Wuert komme loossen. D’Madame Kiessling gouf an enger Vergewaltegung gezeugt an hir Mamm wollt si eigentlech ofdreiwen, wär et dann legal gewiecht. Haut ass d’Madame Kiessling eng Affekotin fir d’Liewen.

 

 

 D’Madame Kiessling huet och hiren eegenen Internet-Site:

www.RebeccaKiessling.com

Interessant ass och dësen Artikel vun kath.net zu dem Thema: 

http://www.kath.net/news/39687

An Amerika gëtt et wéinstens nach Leit déi decidéiert fir d’Liewen antrieden. Hei am Land gëtt et awer leider bal keng politesch Lobby fir d’Recht op Liewen. Bei ons schéngen materiell Wärter fir vill Leit leider bedeitend méi wichteg ze sinn wéi idéeëller. Dëss Gesellschaft huet just nëmme nach ë puer Pseudo-Wäerter wéi eng referenzfräi „Toleranz“ oder eng ondefiniéiert „Net-Diskriminéierung“. Virun allem gëllt: nëmme keng onbequem oder onpopulär Positiounen vertrieden! Wéi déif si mir gefall?

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Auslännerwalrecht: der CSV hiren geplangten Wielerbedruch

An dem Artikel „Och d’CSV ass fir d’Auslännerwahlrecht“ op dësem Blog hat ech schonn ënnerstrach, datt d’CSV am Prinzip FIR d’Auslännerwahlrecht ass, och wann si lo am Walkampf ën aneren Androck wëll vermëttelen.

An der Chamberkommissioun iwwer d’Institutiounen, do wou iwwer d’Reform vun eiser Verfaassung diskutéiert gëtt, hunn all Parteien, déi an där Kommissioun vertruede sinn, den 13. März 2013 d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht awer schonn konkret virbereed, also ausdrécklech och d’CSV! D’ADR ass leider am Abléck an dàr Kommissioun net vertrueden.

Konkret geet et an där Diskussioun ëm den Artikel an eiser Verfaassung den am Abléck nach d’Wahlrecht de Lëtzebuerger Staatsbierger virbehällt:

Art. 52.

(Révision du 27 janvier 1972)

«Pour être électeur, il faut:

1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise;

2° jouir des droits civils et politiques;

3° être âgé de dix-huit ans accomplis.

Il faut en outre réunir à ces trois qualités celles déterminées par la loi. Aucune condition de cens ne pourra être exigée.»

(Révision du 18 février 2003)

«Pour être éligible, il faut:

1° être Luxembourgeois ou Luxembourgeoise;

2° jouir des droits civils et politiques;

3° être âgé de dix-huit ans accomplis;

4° être domicilié dans le Grand-Duché».

(Révision du 27 janvier 1972)

«Aucune autre condition d’éligibilité ne pourra être requise.»“

Dësen Artikel soll an där zukünfteger Verfaassung sou ëmgeännert ginn, datt d’Walrecht net méi nëmmen fir d’Lëtzebuerger reservéiert ass, mee dat duerch ë Gesetz mat enger 2/3 Majoritéit och d’Auslänner kënnen dat aktivt Walrecht kréien.

 http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/104/297/120936.pdf

Wéi et ausdrécklech an dësem Rapport steet, huet de President vun dëser Kommissioun, den CSV-Deputéierten Paul-Henri Meyers,  selwer déi betreffend Formuléierung proposéiert:

„Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois.“

Wat dat passivt Walrecht fir Auslänner ugeet, ass d’CSV just „à ce stade“ nach „plutôt“ dogéint:

„Dans le cadre de l’échange de vues afférent, M. le Président soumet encore à discussion la proposition de texte suivante : « Une loi adoptée à la majorité qualifiée peut, dans les conditions qu’elle détermine, accorder le droit de vote à des non-Luxembourgeois. », ainsi que la question de l’ouverture du droit de vote passif à des non-Luxembourgeois, question à laquelle il tend à ce stade plutôt répondre par la négative. “

D’CSV ass also net nëmmen fir d’Auslännerwalrecht, neen, si huet och nach selwer an der Chamber déi néideg constitutionnell Amendementer proposéiert! Déi eenzeg Partei am Land, déi kloer, zouverlässeg an éierlech géint d’Auslännerwalrecht antrëtt ass  d’ADR.

Fir  dëse Walkampf kann een der CSV nëmme roden wéinstens an där do Fro d’Wouerecht ze soen an nët och nach beim Auslännerwalrecht de Wieler wëllen ze beléien..

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

CID-Femmes: näicht verstanen!

De „Conseil national des femmes“ an den „CID-Femmes“ iwwerschwemmen dëser Deeg déi politesch Parteien alt nees mat hiren gewinnten Fuerderungen no Paritéit op de Lëschten, bei de politesche Funktiounen, an sou virun. Bei alle Parteien ass de Constat awer den nämlechten: vill ze wéineg Fraen engagéieren sech an der Politik, vill ze mann sinn der wëlles op enger Lëscht ze kandidéieren. Aanecht wéi déi feministesch Lobbyen respektéieren ech awer déi Decisioun vun ville Fraen. Keen ass gezwongen fir an d’Politik ze goen, an wen keng Loscht oder aner Prioritéiten huet, dee soll et eben sinn loossen. 

Déi Tatsaach, datt awer all Partei ganz aktiv Frae sicht fir op hir Lëschten, bedeit datt d’Fraen et an der Politik net ieren méi schwéier wéi d’Männer hunn, mee datt si et am Géigendeel vill méi liicht hunn fir eng Chance ze kréien. Dat selwecht gëllt fir déi méi héich Parteifunktiounen an verschiddenen Parteien.

Eigentlech interessant ass bei all denen feministischen Propagandabréiwer, Communiquéën an Interviewen nëmmen fir ze gesinn, wéi primitiv argumentéiert gëtt. De CID-Femmes schéisst seng eegen Argumentatioun z.B. selwer of. An engem Bréif  „La parité sur les listes électorales – un gage de démocratie“  weisen si op eng beandrockend Aart a Weis, datt si vun hiren eegenen „Theorien“ näicht verstanen hunn.

http://www.cid-femmes.lu/id_article/919

De CID-Femmes nennt sech well „CID Femmes et Genre“ (Frauen und Gender). Lo ass jo d’Gender-Theorie awer eng , déi bekanntlech wëll den biologeschen Geschlechterkonzept ganz duerch e sozialen Geschlechtskonstrukt ersetzen. Firwat also iwwerhaapt nach eng Geschlechterparitéit nom biologeschen  „Fraen“/“Männer“ Critère?

De Combel ass dëse Saatz: „De plus, il s’avère que des listes alternant des candidats de sexe masculin et féminin ont un effet positif pour une représentation plus équilibrée des genres en politique.“ Dat ass eng glaat Datz! Well „sexe“ a „genre“ ass eben grad net dat nämlecht! Un sech ass et sou, dat d’Applicatioun vun der „théorie du genre“ (Gender) all biologesch Geschlechterdenken  ad absurdum féiert, inklusiv iwwregens e CID „Femmes“. Wéi wär et mat engem „CID identité féminine momentanément et culturellement choisie ou initialement déterminée par un milieu socio-éducatif avec orientations sexuelles multiples, alternées et variables possibles“. Dat géng d’Saach natierlech schonn méi einfach  an  méi kloer maachen!

Ech hunn schonn ëmmer de Feminismus als eng an vun denen intellektuell dommsten Theorien an der Geschicht vun de politeschen Extremismen gehal. D’Gendertheorie ass nach e Grad méi absurd. Gutt, datt et wéinstens nach d’ADR hei am Land gëtt, déi dat och seet an dorop opmierksam mecht!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

Frëndschaft a Solidaritéit mat Amerika, Friendship and solidarity with the United States

Nodeems ech elo vill Deeg laang Artikelen iwwer Prism, X-Keyscore an ähnleches méi gelies hunn, mengen ech, datt et un der Zäit wär, datt och mol e Lëtzebuerger Politiker géng kloer an däitlech soen: I am friend of the United States of America! 

Net Amerika ass eise Feind, mee d’Terroristen an déi  Kriminell – am Spaweck genee sou wéi an eisem net informatiséierte Liewen. D’Geheimdéngschter vun den demokratesche Staaten hëllefen eis dëss Geforen ze bekämpfen. Ech sinn net naiv a kennen och déi manner schéin bis ganz däischter Säiten vun der amerikanescher Geschicht. Och ech sinn ni vum George Bush jr. sengem Irak-Krich iwwerzeegt gewiecht, och ech condamnéieren d’Folter, inklusiv de „waterboarding“, an geheim Prisongen an och ech wënsche mir an hoffen, datt d’USA iwerall an ëmmer hiren eegenen, héigen Mënscherechtsstandarden kënne gerecht ginn.   

Mee Amerika ass zënter 9/11 eng gepéngegt Natioun. An ech stinn solidaresch op der Säit vun eisen amerikanesche Frënn, och wann ech munches net richteg fannen. Mee meng Kritik ass ni e verkleetenen Anti-Amerikanismus, mee den Ausdrock vun der Suerg ëm e gudde Frënd.

Bei der Kontroll vum Spaweck wär méi Ofstëmmung  tëschent den Alliéierten sënnvoll gewiecht. De Schutz vun der Privatsphär vun normale Bierger an d’Verhënnerung vun der Industriespionage sinn berechteget Uleies vun der europäescher, ëffentlecher Meenung. Eis politesch Ustrengungen sollten als Zil hunn d’Vertrauen ze stärken an dobäi awer déi Kriminell kënnen efficace ze joen. Mir brauchen méi transatlantesch Zësummenaarbecht an méi Kontroll bei där sonner Zweifel néideger a sënnvoller Iwwerwaachung vum Spaweck.

The National Security Agency (NSA) and their staff do a valuable job in the interest of the US and  its Allies. Their relentless efforts have protected many innocent people from cowardly, murderous attacks. Not only the United States but many other countries around the world engage in electronic intelligence. For this reason alone, but also for many others more, it would be wrong and even dangerous to downgrade our efforts in this field.

We Europeans, including the Government of Luxembourg,  have to cooperate more closely with the  US Government in order to agree on a set of rules aiming at protecting the interests of our law-abiding citizens  as well as the economic and other interests of our Nations.  This should be done  in a spirit of mutual trust and confidence. 

I thank the United States and its security agencies for all that they do to protect the freedom and the security of our countries. Clearly, Europeans do not bear enough of this burden. Therefore, we shouldn’t limit our contributions to naive criticism but we should stand ready to shoulder responsibility for a greater part of our common defense.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

D’Piraten änneren de Nationalfeierdag!

Eng gutt Séil huet mir dëser Deeg den Enregistrement vum Pirat Weyer sengem Optrëtt bei der däitscher Piratepartei geschéckt. Dofir ën häerzlechen Merci! Et ass eng relativ konfus Presentatioun vun der Geheimdéngschtaffär, vermëscht mat enger Portioun Bommeleeër.  

http://www.youtube.com/watch?v=yA9ZUdHzXh4

Interessant ass, datt de Pirat Weyer den Datum vum Lëtzebuerger Nationalfeierdag nët kennt. Den ass nun eemol net de 24. Juni, wéi d’Piratepartei dat ze menge schéngt, mee den 23. Dat hängt vläicht domat zësummen, dat net jiddereen den hei zu Lëtzebuerg lieft an lëtzebuergesch schwätzt sech och als Lëtzebuerger fillt a bezeechent.

Den Här Weyer schreift dat hei iwwer sech op sengem Blog:

„About

bartjez_@jerryweyer_#PiratenPI_photo_by_bartjez.cc_DSC3099_XS (max. 400px)_326174
I am a 27 year old European currently living in Luxembourg. I studied European law in Strasbourg at Université Robert Schuman and in London at the London School of Economics and Political Science.

I am a European citizen interested in Luxembourgish, European and international politics. I am a founding member of Pirate Party Luxembourg and was Vice-President of the Pirate Party till October 2012. From April 2010 to March 2011 I was Co-Chairman of the Pirate Parties International (PPI), the umbrella organization of Pirate Parties. I worked for the luxembourgish Parlamentary Monitoring Organisation (PMO) Politikercheck.lu, support the ECI campaign and am following the development of citizens’ participation and parlamentary transparency in Luxembourg and Europe, promoting tools of direct democracy.

I am diving into new media focussing on Blogs in and around Luxembourg as well as the use and development of social media in the Grand-Duchy.“

Also „European“ an „European citizen“ amplaatz „Luxembourger“ an „Luxembourgish citizen“.  Ech froe mech wéivill Leit bei de Piraten sech iwwerhaapt nach als „Lëtzebuerger“ bezeechnen… Si sinn jo géint Grenzen. 

An sengem Bäitrag behaapt den Här Weyer, ënner anerem, datt de SREL sech zënter sénger Grënnung „ausserhalb des Rechtsstaats“ bewegt hätt. Dat nennen ech eng Geschichtsverfälschung.

Interessant ass och, wéi d’Piratepartei hire Wahlkampf finanzéiert: den Här Weyer huet confirméiert, datt dat zum Deel mat Spenden aus Däitschland an Russland geschitt. De Layout vun hire Plakater ass „inspiréiert“ vun denen vun denen däitschen Piraten „ganz nach Piratenidee“. Domatt ass gemengt, datt een aneren Leit hir intellektuelt Eegentum därf ongestrooft stielen.

Eppes an dem Bäitrag huet mech awer aus priratenonofhängegen Grënn irritéiert: datt de Site srel.lu net vum Service de Renseignement reservéiert wor an dowéinst iwwerhaapt konnt vun anere Leit benotzt ginn.  Dat misst eng Internetsäit sinn, op där sech de SREL presentéiert, sou wéi aner Geheimdéngschter dat och maachen.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Auslännerwahlrecht; der Chambre de Commerce hire strategesche Feler

An dem Artikel „Iwwer d’Walrecht bei de Chamberwalen“ sinn ech schonn op e puer Argumenter zu där Thematik agaangen. Vläicht wor dat awer nach ze vill abstrakt.

D’Chambre de Commerce huet dat Walrecht an d’Debatt bruecht fir dat staarkt Gewiicht vun der Fonction publique hei am Land ze briechen. Ausserdem gouf et vläicht och nach e puer auslännesch Geschäftsleit déi gemengt hunn, datt wann si hei géngen hir Suën verdéngen hätten si och dat Recht eist Land politesch mat ze féieren.

Mee d’Chambre de Commerce huet e grousse Feler gemaach. D’LSAP an d’CSV hunn direkt verstaan, datt dëss Initiativ denen Parteien zëgutt kënnt déi grouss Gewerkschaften hunn, also den OGBL an den LCGB. D’Resultat vum Auslännerwahlrecht ass, datt d’Sozialisten gestärkt ginn, wéi och dë lénke Fligel vun der CSV. Dat ass awer wahrscheinlech net dat wat d’Chambre de Commerce wollt…

Et kann een sech jo viirstellen, wéi dann d’Debatten hei am Land geféiert ginn wann et ëm d’Emverdeelung vun de Ressourcen geet. Dogéint sinn déi Froen déi dat aktuellt grousst Gewiicht vun der Fonction Publique eventuell opwierft, nach éichter kleng.

D’DP huet praktesch näicht an där Operatioun ze gewannen, genee sou mann wéi déi Gréng. Trotzdem schwadronnéieren déi vun „Demokratiedefizit“ an „Diskriminatiounen“, ouni ze verstoen em wat et eigentlech geet.

D’ADR jiddefalls ass als eenzeg Partei géint d’Auslännerwahlrecht. Wen hei wëll wiele goen, soll sech fir t’éicht an eis Geselschaft integréieren, eis Sprooch léieren an eis Nationalitéit unhuelen. Ze vill verlaangt ass dat bestëmmt net!

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | 1 Kommentar

Piraten-Phantasien go international

Eis lëtzebuerger Piratepartei – eng lokal Filial vun der däitscher „Piratenpartei“  – probéiert lues an lues hir Spaweckspillplaatz ze verloossen an sech un aaner Sujeten runn ze woen. Op dësem Blog hunn mir schonn ënner anerem iwwer hir „kannerfrëndlech“ Moralviirstellungen geschwaat an och iwwer hir fundéiert Wëssen iwwer dat „Drëtt Räich“.  Mat vill Geschéck maachen d’Piraten sech lächerlech sou gutt et geet! Dat ass natierlech hirt gutt Recht.

Et ass iwwregens net sou, datt ech eppes géint d’Piratepartei hätt, ganz am Géigendeel! Dee Klibchen presentéiert sech jo als „sozialliberal“ an hëllt domat denen Gréngen an denen Bloen Stëmme wech. Dat fannen ech prinzipiell ganz sympathesch! Bonne chance!  Wann ech also heiansdo op dësem Blog eppes iwwer d’Piraten erzielen, dann ass dat eng gutt gemengten Gratis-Reklamm.

Ee vun eisen Lokal-Piraten ass dëser Deeg iwwer d’Grenz geschwommen fir bei senger däitscher Mammepartei e Viirtrag (!) iwwer d’Affär Bommeleeër, de SREL  an eng méiglech Verwécklung vum BND ze halen.  Schued dat ech den Evenement verpasst hat! Eng Opzeechnung vun dem intellektuellen Héichpunkt hunn ech bei denen jo soss sou absolut transparenten Piraten bis elo leider nach net fonnt.

Bei dem Viirtrag schéngen och déi verrécktesten Iddien vun der Défense am Bommeleeërprozess zu Eieren komm ze sinn:

 „Inhalte:

  • Chronologie der Ereignisse
  • Überschneidungen der Geheimdienstaffäre und des Bombenlegerprozesses
  • Verwicklung des BND?
  • Reaktion der etablierten Parteien?
  • Aktionen der Piraten
  • Neuwahlen“

http://www.piratenpartei.de/2013/07/25/infoabend-zu-geheimarmeen-bombenattentaten-unkontrollierten-geheimdiensten-und-den-neuwahlen-in-luxemburg/

Mäin Opruff un d’Piraten: onbedéngt publizéieren w.e.g!!! Gär och op dësem Blog! Wann d’Piraten, sou qualifizéiert wéi se nun eemol sinn, déi lëtzebuergesch Geschicht aus den 80er Joeren opschaffen, dann wëll „déi konservativ Säit“ onbedéngt och mat dobäi sinn an hir Lieser informéieren!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

CSV-Wahlkongress zu Ettelbréck: d’Ried vum Spëtzekandidat Juncker

Nach 5 Joer Juncker? Déi Fro hunn sech wahrscheinlech och ganz vill CSV-Memberen gëschter zu Ettelbréck gestallt. Wen sech d’Méi gamaach huet op d’Gesiichter vun den Delegéierten ze kucken an d’Spontanéitéit vun hirem Applaus anzeschätzen, den huet wahrscheinlech och gemierkt, dat et un Begeeschterung an Iwwerzeegung am Sall dacks däitlech gefeelt huet.

Den Här Juncker huet, ausser sengem rhetoreschen Talent a séngem geleeëntlechen Charme, net méi vill ze bidden. Hien huet seng Erfahrung betount, wat no 18 Joer Premier jo nëmme normal ass, mee nei Perspektiven fir dësst Land huet hien keng. Juncker wielen heescht weider wurschtelen wéi bis elo. Fir mech ass dat mat Sëcherheet keng Léisung an keng Perspektiv fir dësst Land!  

Gëschter schonn hunn ech gesot, dat den „C“ an der CSV beim Här Juncker iwwerhaapt keng Roll méi spillt. Et ass zwar e Palliativ-Dokter Kandidat ginn, mee kee Wuert, datt d’CSV d’Euthanasie-Gesetz géng a Fro stellen, kee Wuert zur Liberaliséierung vun der Ofdreiwung, kee Wuert zum Homo-„Bestietnis“! D’Juncker-CSV ass eng Partei ouni chrëschtlech Iwwerzeegungen.

Den Här Juncker huet gesot et sollt een keen géint den aaneren ausspillen. Gläichzäiteg rappeléiert hien, dat hien de Fraeministère gegrënnt huet, den jo awer zënter bal 20 Joer näicht aanecht mecht wéi d’Fraen géint d’Männer ausspillen. Wen erënnert sech net un der Madame Jacobs hiren „Matriarchatskongress“? An un all déi männerfeindlech Propaganda, déi d’CSV zënterhier als Fraënpolitik presentéiert? Chamcengläichheetspolitik ass jiddefalls an mengen An keen Géintëneen mee e Matëneen vu Mann a Fra. Fir d’Juncker-CSV awer ass et Feminismus, Männerhaass an Zersetzung vu rechtsstaatleche Grondprinzipien. 

Den Här Juncker seet, d’CSV wär d’Partei vun de Baueren an de Wënzer. Firwat wor si dann sou wéineg un dem Ressort interesséiert, datt si der LSAP en iwwerlooss huet? An wen huet dofir gesuergt, datt och d’Baueren an d’Wënzer sollen anstänneg Pensiounen kréien? Dat wor d’ADR an net d’CSV! D’CSV fäert lo fir hir Stëmmen am Osten an am Norden an mecht dowéinst sou als wär se nach un de Baueren a Wënzer interesséiert. Si wor et jorelaang iwwerhaapt net, wëll si sech denen Stëmmen vill ze vill sëcher wor!  

Schockant ass datt d’CSV un den Delvaux-Schoulreformen wëll festhalen. Dozou soen ech just: d’ADR net! Et muss Schluss sinn mam Zerfall vun eisem Schoulsystem an mir brauchen nees méi Niveau, méi Wëssen, méi Fläiss an méi Leeschtung!

D’Mammerent? D’CSV huet den Bezuchsalter zësummen mat der LSAP vu 60 Joer op 65 Joer erop gesat! D’ADR wor dogéint.

Den Index? Den Här Juncker wëll den jo deckelen. Datt dat gläichzäiteg eng schlecht an eng onsozial Iddi an datt wees an der Tëschenzäit bal jiddereen hei am Land. D’Argumenter stinn och op dësem Blog an engem Artikel iwwer d’CSV an de gedeckelten Index.

D’Entwécklungshëllef?  Dat ass e Konzept vu gëschter. An der Tëschenzäit setzt sech lues an lues déi Erkenntnis duerch, datt d’Entwécklungshëllef denen Länner déi se kréien méi schued wéi se bréngt. Déi Suen sinn dacks net gutt, mee ganz schlecht investéiert. Fir déi Problematik ëm eng global Solidaritéit an enger bëlleger Floskel mam Waffenhandel ze vergläichen wor däitlech ënnert dem Niveau vum CSV-Kongress. D’ADR seet mat Recht, datt d’Entwécklungshëllef muss rofgoen!

D’Fonction publique? Den Här Juncker wëll d’Reform, seet awer näicht méi  iwwer d’Erhéigung vun de Paien. Do ass d’ADR vill méi éierlech: mir soen keen Bewärtungsystem fir d’Beamten well den d’Fonction publique géng politiésieren, awer och keng Erhéigung vun de Paien an Zäiten vun Budgetsdefizit!

Simplification administrative? Datt d’CSV iwwerhaapt nach de Culot huet dat Wuert an de Mond ze huelen, datt kann een nëmme wonneren. Joerelaang wor déi zur „Chefsaach“ erkläert ginn, mee well de Chef ni do wor ass do net grad vill geschitt. Lo soll d’Madame Modert datt iwwerhuelen – an dat ass bekaantlech och keng Garantie fir eng dynamesch Approche!

Auslännerpolitik? Keen Wuert zu der Bedeitung vun enger reeëller Integratiounspolitik op Basis vun eise Wäerter an eiser Sprrooch. Keen Wuert doriwwer, dat d’CSV d’Auslännerwahrecht fuerdert. Dofir awer elektoral Geschärs bei denen Leit déi déi duebel Nationalitéit ugeholl hunn. Mee wat sollen grad déi Leit dann dovun denken, datt d’CSV lo jidderengem wëll d’Wahlrecht ginn, och denen déi den Effort fir eis Sprooch ze léieren net gemaach hunn an dat Bekenntnis zu eisem Land net ofgeluegt hunn? Den Här Juncker vermëscht bewosst déi zwee Konzepter vu „résident“ an vu „citoyen“. Dat ass juristesch falsch a politesch onéierlech! Nët jiddereen den an engem Land wunnt ass och ë Bierger vun dem Land!

Staatsfinanzen? Eng eenzeg CSV-Katastroph!  Et wor den Här Juncker den am Joer 2000 zu Feira kapituléiert huet an d’Bankgeheimnis opginn huet! An et wor den Här Juncker den säin Accord ginn huet fir den Besteierungssystem beim elektoneschen Handel an Europa ze änneren. Den Här Werner hat eis Bankeplaatz opgebaut, den Här Juncker huet se futti gemaach! 

Neen, nët nëmmen onst Land mee och d’CSV brauch en neien Wand, e neien Profil, e neien Ufank. Dat wor gëschter zu Ettelbréck däitlech ze mierken.  D’Juncker-Aera ass zu Enn, souguer dann wann d’CSV et nach eemol sollt packen an den Här Juncker nach eemol geng Premier ginn.  Seng Ried vu gëschter wor ganz kaale Kaffi. 

Souguer bei denen, déi haard soen „Grad elo, den Här Juncker“  oder bei denen déi politesch an mënschlech Matleed mam Här Juncker hunn well si un d’Dolchstousslegend gleewen, sinn d’Zweifelen ëmmer méi däitlech ze spieren.

Et wär gutt fir d’CSV, wann och an där Partei endlech géng eng éierlech Diskussioun ufänken!  Mat all Dag Juncker, gëtt et méi schwéier fir d’CSV en neien Ufank ze fannen.

Veröffentlicht unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik | Hinterlasse einen Kommentar

CSV 2009: Joncker mam Juncker! CSV 2013: Jéimeren mam Juncker!

Lo kennen mir also d’CSV-Kandidaten fir déi nächst Wahlen. Eng gutt Neiegkeet fir d’Land: keen Henckes wäit a breet! An dofir all déi schéin Judas-Rieden an der Chamber!

Wat ass soss nach ze soen? D’CSV packt mol net hir eegen 1/3 Fraenquot. 19/60 ass nun eemol manner wéi 20/60, an dat och nach ënner der Présidence vun der Madame Jacobs! Si hätt déi Lëschten onbedéngt missen ëffentlech refuséieren!!

 D’CSV schéngt och weiderhinn streng dynastesch ze denken. Weiler, Margue, Weydert, Hansen, Biltgen… et wär mol interessant do all Familljenrelatiounen zë kennen. Wen ass mat wem Famill? Spautz, Wolter an anerer kommen jo och schonn aus al bekannten CSV-Kreeser. Kéint et ieren sinn, datt net nëmmen d’CSV mengt datt d’Land géng hir gehéieren, mee dat och nach e puer Familljen an der CSV mengen, d’Partei wär hier? Iwwer e bësschen Transparenz géng ech mech freeën!

An wat de Programm vun der CSV ugeet: sou wäit ech bis elo wees keen Wuert vum Här Juncker iwwer d’Ofdreiwungsreform, keng Aennerung um geplangten Homo-„Bestietnis“ mat Adoptiounsrecht, keen Bedaueren iwwer déi massiv Staatsverschëldung, keen Zweifel un där horrender Schoulreform, keen Festhaalen um sozialen Indexmechanismus… ..Dofir e Koup  rechthaberesch Toxkäppegkeet! Weider sou wéi bis elo, de sëchere Wee an d’Mauer!

D’CSV huet a Wierklechkeet nëmmen een Kandidat an een Numm: JUNCKER. „Mir mam Premier“… Mee den ass béis ugeschlon, an dat vollkommen zu Recht. Joerelaang huet hien dësst Land vernooléissegt, joerelaang huet hien sech an Europa ausgetobt well hien sech heiheem gelangweilt huet. Europa an Lëtzebuerg ass eben net „dat nämlecht“. Dësst Land brauch Politiker déi sech ëm seng Problemer këmmeren an net nëmmen ëm hir eegen Presenz an auslänneschen Televisiounsshowen! A propos: wéivill kommen där nach am Oktober op eis duer? 

Neen, de Premier brauch net méi op Matleed ze hoffen – hien huet dësst Land mat ruinéiert, finanziell an soss och. Léif Kolleegen vun der CSV: „Jéimeren mam Juncker“ zitt net!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar