Feministesch Walgesetzer: dee nächste Schrëtt an d’Diktatur!

Wat lo bei eise Noperen a Rheinland-Pfalz geschitt, nämlech d’Beaflossung vum fräie Wielerwëllen um Walziedel an am Wallokal, ass e weidere Schrëtt wech vum Respekt virum Wieler an hin zu enger Virbestëmmung vum Walresultat.

http://www.faz.net/aktuell/politik/rheinland-pfalz-frauen-passus-bleibt-im-wahlgesetz-12659035.html

Wéi wäit geet dat do nach? Ech wëll lo hei net a Spekulatioune verfalen, wat ee nach alles ka maachen an op e Walziedel dropp schreiwen (obwuel et mir net un Iddie feelt…). Mee ech soe kloer an däitlech: ech si géint de Prinzip vun der staatlecher Manipulatioun vum Wielerwëllen. D’Walcampagnen maache sech virun enger Wal an net méi um Walziedel. Eng Demokratie berout op enger FRAIER a GEHEIMER Wal an do gëtt et ganz einfach Grenzen  vun dem wat ee kann an däerf  maachen. Déi Grenzen ginn ons net nëmmen duerch d’Legalitéit an d’Legitimitéit gesat, mee och duerch den Anstand.

Meng Positioun ass: Keng Aschränkungen beim Walrecht (z.B. duerch Quoten) a keng staatlech Manipuléierung vum Wielerwëllen!

http://www.bilderhochladen24.de/show_picture.php?pic=2cfb2788e649f336f13a4eea7f194f610.74372100_1384258689_bildschirmfoto_2013-11-12_um_13.12.06.png

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Anti-israelesch Haasspropaganda an der Tierkei

An der Tierkei gëtt et zënter 2009 eng Televisiounsserie déi Ayrilik (Trennung) heescht an déi op der staatlecher Televisioun gewise gëtt. Et ass eng Serie déi Israel als e Staat duerstellt, dee kaalbliddeg Kanner ëmbréngt. Duerch eng komplett verfälschten Presentatioun vum israelesch-palästinenseche Konflikt séint dëss Serie net nëmmen absichtlech Haass géint Israel mee si huet, a mengen An, och en anti-semitesche Charakter. Déi Serie gouf souwuel vun Israelien wéi och vu Palästinenser schaarf kritiséiert. Am Joer 2009 gouf den tierkeschen Ambassadeur an Israel wéinst där Emissioun bei den israelesche Bausseminister geruff. 

http://en.wikipedia.org/wiki/Ayr%C4%B1l%C4%B1k

Déi Serie ass a mengen An vollkommen inakzeptabel. Ech gesi kee qualitativen Ennerscheed tëschent där tierkescher Haasspropaganda an där déi een aus nationalsozialisteschen Zeitungen aus den 30er Joere kennt.  

Warnung: Hei ass e Beispill, dat awer op kee Fall vu sensible Leit soll gekuckt ginn!

 

 

 Trotz dem israelesche Protest, huet déi staatlech tierkech Televisioun déi Haasspropaganda viru gewisen.

http://www.haaretz.com/news/turkey-won-t-cancel-tv-show-depicting-israelis-as-killers-1.5972

Sou staatlech toleréiert oder souguer encouragéiert anti-semitesch Ligepropaganda ass fir mech nëmmen e weidere Grond fir d’Bäitrëttsverhandlungen tëschent der EU an der Tierkei ze stoppen. Ech hunn ni verstaan wisou déi lëtzebuergesch Regierung a besonnesch den Här Asselborn e Land sou ënnerstëtzt dat e groussen Deel vun der Republik Zypern militäresch occupéiert, dat seng vertraglech Obligatiounen géintiwwer der Unioun net anhällt, dat enorm Problemer mat dem Respekt vun de Mënscherechter huet an dat och nach anti-semitesch Haaspropaganda mecht.

Déi nächst Regierung kann sech schonn op e puer Froe an dem Kontext viirbereeden. Fir hir ze hëllefen: déi tierkesch Säit behaapt déi Uniformen génge jo just denen israeleschen Uniforme gläichen, mee et wäre keng israelesch Uniformen… Aentwerten op dem do Niveau brauche wuel kee weidere Kommentar.

http://www.ynetnews.com/articles/0,7340,L-3790544,00.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Quo vadis, CSV?

D’Madame Caroline Mart hat gëschter eng interessant Kloertext-Emissioun, an där si et souguer fäerdeg bruecht huet, d’ADR fir eemol mol net direkt an oppen als riets-national-radikal-extremistesch-faschistesch Kannerfréisser ze porträtéieren. Dat wor fir mech déi eigentlech Iwwerrraschung vum Owend. Wor si krank? Duercherneen?  Hat si hir Noten vergiess? Oder d’Instruktiounen vum RTL-Verwaltungsrot?

 http://tele.rtl.lu/emissiounen/kloertext/484717.html

Wéi och ëmmer, et gouf e puer interessant Passagen an där Emissioun. Interessant wor zum Beispill, wéi den Här Siweck sech drëm beméit fir eng gewësse Fräiheet géintiwwer souwuel der CSV wéi och der Kierch eraus ze schloen. Dat éicht begréissen ech, dat zweet nëmme bedéngt. Wann och déi aktuell kathoulesch Féierung massiv protestantiséiert, sou wär et awer dach wichteg, datt et eng chrëschtlech Zeitung hei am Land géif ginn. Chrëschtlech Wäerter beschränke sech awer beileiwen net op déi sozial Froen – sou wichteg déi och sinn.

Interessant och, déi Fro vun der Madame Wagner iwwer dat Verhältnis CSV-ADR an der Oppositioun an d’Aentwerten vun den Hären Zeimet a Siweck. Och op dësem Blog gouf déi Fro direkt no de Wale gestallt.

U sech ass et ganz einfach: d’CSV MUSS sech inhaltlech nei positionnéieren well si soss iwwerhaapt keng Substanz huet fir Oppositioun ze maachen. Bis lo gouf et jo kaum Ennerscheeder tëschent det CSV, der LSAP, dene Gréngen an der DP. Mat där personeller Erneierung déi hoffentlech geschwë kënnt, dat heescht konkret dem „Wegloben“ vum Här Juncker an den europäeschen Elysium, MUSS also och eng nei Politik kommen, an dat geet nun eemol nëmme no riets. Anscheinend gëtt et nämlech lénks vun der CSV scho siwe Parteien (wat allerdéngs a priori schwéier ze gleewen ass, wëll d’CSV steet jo selwer scho wäit lénks vun der Mëtt). De Walprogramm vun der CSV wor iwwregens an der Essenz e Compendium vum Här Juncker sengen Iwwerzeegungen. 

Den Här Siweck huet allerdéngs keng richteg Analys gemeet, wou hie geméngt huet d’ADR wär eng Protestpartei. Dat ass si scho laang net méi, jiddefalls net méi wéi iergend eng aner Partei. D’ADR ass déi sozial-konservativ Kraaft hei am Land, konkret eng kloer Programmpartei, dee rietse Flillék vun der biergerlecher Oppositioun an déi eenzeg Partei riets vun der Mëtt. Wann d’CSV lo wëll oder muss méi no riets réckelen: welcome! Och den Här Zeimet muss nach verstoen, dat eng CSV iwwerhaapt keng aner Wiel huet! A mir bei der ADR si jo keng Carrièristen mee Idealisten a Patrioten,  eis geet et ëm d’Saach. Wann d’CSV also wëll eis Politik maachen, tant mieux! Dat sollen all déi aner Parteien roueg och maachen! Jiddefalls huet d’ADR déi besser Politik an déi besser Konzepter, inklusiv an dene sozialen Dossieren.

Mee d’CSV huet  nach e ganz laange Prozess viru sech. Bis den Här Juncker fort ass, bleift si blockéiert. An dono komme schwéier Zäiten, souwuel personell wéi inhaltlech. Dat einfachst an dat séierst ass, si trëtt dann der ADR bäi.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

D’LSAP ass sech oneens bei der Klimafro

Den LSAP-Europadeputéierten Robert Goebbels mëcht op senger Spaweckssäit eng richteg Analys vun der ablécklecher Situatioun ëm de Kyoto-Protokoll:

http://www.robertgoebbels.lu/conference-sur-le-changement-climatique-a-varsovie/

23|10 2013

Conférence sur le Changement Climatique à Varsovie

 Selon l’Europe, le Parlement européen devrait “donner l’exemple” en réduisant ses émissions de gaz à effet de serre. Or celles-ci ne représentent que moins de 11% des émissions globales. Même si l’Union européenne réduisait ses émissions de 30 % jusqu’à l’horizon 2020, cette réduction serait absorbée par les émissions supplémentaires des autres. 18 pays représentent 75 % des émissions mondiales. Parmi ces 18 pays ne figure qu’un seul pays, qui croit encore dans le Protocole de Kyoto, l’Allemagne.

Des 150 pays qui avaient signé l’accord de Kyoto, il ne reste plus que l’Union européenne, la Norvège, la Suisse et le Liechtenstein. Les Américains, les Chinois, les Indiens, les Brésiliens, les Russes et tant d’autres n’ont jamais appliqué Kyoto. Le Japon, le Canada, la Nouvelle Zélande, s’en sont retirés. L’Australie, qui vient de liquider son Haut Commissariat au Changement Climatique s’apprête à le faire.

Et les Européens s’adonnent à l’illusion d’être “un exemple” pour le reste du monde. J’ai voté contre.“

Déi eenzeg Länner, déi nach déi Kyoto-Logik matdroen sinn d’Memberen vun der EU a nach e puer aner Länner. All déi aner hunn entweder vun Ufank un net mat gemaach oder hunn an der Tëschenzäit dee Protokoll verlooss well e komplett ineffizient ass. Weltwäit gekuckt ass d’Klimaschutzpolitik nom Kyoto-Modell e fracassanten Echec an ech wär perséinlech och frou wa mir sou séier wéi méiglech op méi eng realistesch an efficace Approche kéinte kommen. 

Dem Här Goebells seng Partei, d’LSAP, ass awer wéi déi meescht aner lëtzebuergesch Parteien weiderhin komplett weltfriem an där Fro (wéi iwwregens och a villen  aneren…). Déi national LSAP ass stramm op der Kyoto-Linn an an hirem Walprogramm steet dowéinst och eng ganz aner Aschätzung iwwer d’Klimapolitik wéi dem Här Goebbels seng:

http://www.lsap.lu/lsap_Programme-electoral.139-2.html

Die LSAP tritt für aktiven Klima-, Natur- und Umweltschutz ein!

Erderwärmung und Klimaschutz sind eine globale Herausforderung, die sowohl auf lokaler und nationaler als auch auf europäischer und internationaler Ebene angegangen werden muss. Die LSAP bekennt sich zu den vereinbarten EU-Klimaschutzzielen, die bis 2020 eine Reduktion der Treibhausgasemissionen von mindestens 20 Prozent im Vergleich zu 1990 anstreben und dieses Reduktionsziel bis 2050 auf 95 Prozent der CO2-Emissionen erhöhen. Die europäischen Zielsetzungen sollen durch ein entsprechendes Klimaschutzgesetz auf nationaler Ebene für alle klimarelevanten Akteure und Sektoren verbindlich geregelt und schrittweise umgesetzt werden.“

Sou Iddien si net nëmmen vollkommen onrealistesch mee och nach Gëft fir eis Economie. Och dësen Dossier muss dowéinst am neie Koalitiounsprogramm ënner dem Bléckwénkel vun der Competitivitéit, der Re-Industrialiséierung vum Land an der wirtschaftlecher Diversifikatioun ganz genee analyséiert ginn. 

Et wär jiddefalls och net méi wéi fair, wann d’LSAP virun dene nächsten Europawalen dem Wieler geng ganz kloer soen, wéi eng Klimapolitik si dann am Europaparlament an Zukunft wëll vertrieden, déi vum Här Goebbels (déi a mengen An besser ass) oder déi ideologesch aus hirem nationale Walprogramm. Dat selwecht gëtt iwwregens och bei der Fro vun de genetesch verännerten Organismen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Viviane Reding: Léiwer e Kand ofdreiwen wéi eent adoptéieren?

An Ungarn gouf 2011 mat Hëllef vu Suën vun der EU-Kommssioun, dat heescht och mat eise Steiergelder,  eng Campagne am Kader vun der europäescher Sozialagenda lancéiert. Et goung an där Campagne haaptsächlech ëm d’Aarbechtslosegkeet a Chancegläichheet.

Ungarn, dat wéi bal all westlech Länner ënner engem dramatesche Gebuertendefizit leid, hat an dem Kader och eng Plakataktioun gemaach fi d’Zuel vun den Ofdreiwungen ze reduzéieren. D’Leit sollen d’Kanner liewe lossen a si zur Adoptioun fräiginn amplaz si ofzedreiewen. 

http://www.europeandignitywatch.org/day-to-day/detail/article/hungary-eu-funded-pro-life-poster-banned-by-the-commission.html

Doroppshin hu – virun allem – eng Handvoll vu lénksradikalen Europadeputéierten protestéiert. D’Madame Reding (CSV!!) huet dunn direkt vun Ungarn verlaangt mat där Campagne opzehalen, soss misst et mat finanzielle Sanktioune rechnen.

„Déi konservativ Säit“ hofft jiddefalls, dat d’Madame Reding geschwënn keng Roll méi an der Politik spillt.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

DP – Ministerkandidaten

An der Press zirkuléieren jo eng Rei Nimm vu Leit, déi eventuell fir eng Regierungsfunktioun kéinten a Fro kommen. Dobäi ginn an der DP och den Här Berger an d’Madame Cahen genannt.

Den Här Berger, Zweetgewielten am Süden, wor schonn eemol Staatssekretär. Ech hu Problemer mat sénger Astellung géintiwwer de Reliounen a speziell dem Chrëschtentum.

Op der Internetsäit vun AHA steet den Här Berger mat dëser Ausso:

http://www.aha.lu/index.php?option=com_content&view=article&id=76%3Aeugene-berger&catid=23%3Avips-national&Itemid=23

an där hien ënner anerem seet: „An d’Relioun, déi sech dovun ofleed, dat as d’Enn vun dem Wichtegsten wat mer hun, der Fraïheet!“ Ech halen dat nët nëmmen fir e ganzt verkierzten, philosophescht Denken, mee sou eng Ausso ass och eng politesch Relativéierung vun der Reliounsfräiheet u sech.  Wann den Här Berger d’Relioun als Enn vun der Fräiheet begräift, kann hien da nach glaafwierdeg fir dat Mënscherecht vun der Reliounsfräiheet antrieden? Op dësem Blog („Här Berger, hu mir sou eng Reklamm néideg?“) steet dann och en Artikel aus enger däitscher Zeitung an dem den Här Berger – vollkommen zu Recht – kritiséiert gëtt, wëll hien engem besuergten däitsche Chrëscht, den him am Kader vun der Debatt ëm d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung geschriwwen hat, geäntwert huet:

Religiöser Fundamentalist! Fuck you!“

Fir mech ass den Här Berger domat keen akzeptablen  Kandidat fir eng Regierungsfunktioun.

D’Madame Cahen, Fënneftgewielt am Zentrum op der DP-Lëscht, ass politesch, souwäit ech wees, en onbeschriwwent Blat. Si ass eng fréier Journalistin, lo eng Geschäftsfra an eng Damm déi sech selwer als „Babbel“ bezeechent. Dat versprëcht jo mol eng gewëseen Transparenz…

Wat mech bei hir stéiert, ass dat si sech op hirer Facebook-Säit dofir ausgeschwat huet, e bestëmmte Kriminellen ze folteren (Quell: Feierkrop 8.11.13). Si huet déi Propositioun allerdéngs nees zréck gezunn.

Trotzdem erwaarden ech mir vun engem potentielle Minister ee méi viirsiichtegen Emgank mat de Prinzipien vun eisem Rechtsstaat a, virun allem, mat dem Grondstack vun eiser Zivilisatioun. Ech woe net mir virzestellen, wat hei am Land lass wär wann iergend ee Gewielten oder och mol net Gewielten vun der ADR d’Neesaféierung vun der Folter verlaangt hätt! D’Land wär alt nees ze kleng gewiescht. Bei der DP gëtt awer doriwwer an de Medien net geschwat.

Jiddefalls wäert ech ganz gutt op dat oppassen, wat d’Madame Cahen an der Politik nach sou u Propositioune bréngt.

Ech wär jiddefalls frou, wann d’DP mol intern hire Leit e klenge Rappel iwwer sou wiichteg Saachen wéi Mënscherechter a Rechtsstaatlechkeet géng maachen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Belsch: Euthanasie fir Kanner gefuerdert!

An der Belsch huet lo e Grupp vu Kannerdokteren an engem oppene Bréif gefuerdert, dat d’Legislatioun iwwer d’Euthanasie soll och op Kanner kënnen applizéiert ginn.

http://www.presseurop.eu/fr/content/news-brief/4298661-euthanasie-pour-enfants-maintenant

 Hei ass de Bréif:

http://www.demorgen.be/dm/nl/2461/Opinie/article/detail/1735733/2013/11/06/Haal-levenseinde-voor-minderjarigen-uit-het-duister.dhtml

Wéi ëmmer gëtt mat dem schwéiere Leed vu kranke Mënschen argumentéiert fir ënner dem Deckmantel vun der Mënschlechkeet an dem Matleed kënne Leit ëmzebréngen. De Respekt virum Liewen gëtt sou Schrëtt fir Schrëtt ofgebaut. Wat kënnt als Nächst?

Och hei am Land hunn jo schonn déi Rout an déi Gréng probéiert fir d’Gesetz iwwer d’Euthanasie nach op méi Leit kënnen auszedehnen (dozou gëtt et Artikelen op dësem Blog). Et gëllt fir sou Tendenzen decidéiert entgéint ze trieden!  

All Ausnam beim Schutz vum Liewen féiert ëmmer zu neien dramateschen Entwécklungen. Et gëtt einfach an eiser Gesellschaft Kreesser vu Leit déi d’Liewen vum Mënsch NET wëlle schützen. A si kämpfen un all Front, virun allem natierlech bei der Euthanasie a bei der Ofdreiwung. Sou wéi fréier  d’Nazien sinn et haut d’Lénksparteien déi sou eng Politik vertrieden, an dat mat massiver medialer Ennerstëtzung.   

Ech soe jiddefalls lo scho Neen zu dene Leit déi déi do belsch Diskussioun wëllen hei op Lëtzebuerg bréngen. Et gëtt Zäit fir e massive Widderstand!

Vläicht kënnt jo enges Daags och déi kathoulesch Kierch hei am Land nees zou sech a vläicht wees iergend wéini och nees eng post-Juncker-CSV wou hir Aufgab läit. D’Kierch an d’CSV hu jiddefalls an der Ofdreiwungsdebatt 2012 total versot!    

Am Abléck, gëtt et just d’ADR déi d’Recht op Liewen hei am Land nach politesch vertrëtt. An dat maache mir!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Luxemburger Wort: The proof of the pudding…

….. is in the eating!

Här Siweck,

Häerzlech Felicitatiounen fir Aer nei Plaatz!  D’Luxemburger Wort als gréissten Zeitung vum Land als Chefredakter ze leeden ass sonner Zweifel eng grouss Eier an eng grouss Erausfuerderung.

Aer Zeitung wor bis lo – an dat wësst Dir sou gutt wéi ech – haaptsächlech d’Parteibliedchen vun der CSV. Nach an dësem Walkampf stoungen d’Wort a wort.lu exklusiv am Déngscht vun enger Partei déi an hirer Politik net eng, mee gläich eng ganz Rei vu Ponkte vertrëtt, déi dem kathoulesche Glaawen an zentrale Froen diametral géintiwwerstinn. An ech schwätzen hei net  vun der Sozialdoktrin, mee vu nach vill méi wichtegen, ethesche Grondsazfroen.    

Enner Aerer Leedung muss d’Wort dowéinst eng nei Glaawierdegkeet kréien – wann Dir et da sollt wierklech eescht mengen mat dem wat Dir gesot hutt. Dir hätt eng kritesch Distanz zu jiddferengem? Dir géngt kengem méi no stoen? Wéi gesot, the proof of the pudding

Et éiert Iech, datt Dir selwer dorop opmierksam maacht, dat Aer Biographie an dem Sënn net onproblematesch ass. Wéi gëtt een vun engem Beroder vum Här Juncker op eemol de Chefredakter vun enger Zeitung déi eng kritesch Distanz géintiwwer jidferengem wëll weisen? Mee hei gehéiert Iech d’Recht ze weisen, datt Dir et eecht méngt. Ech probéieren jiddefalls an dene nächsten 100 Deeg d’Wort mat kengem Wuert ze kritiséieren, sou gehéiert et sech a sou maache mir et och. A wann ech et an engem Abléch vu Schwächt oder Roserei awer sollt maachen, dann erënnert mech w.e.g. un dëse Kommentar.

An dem Sënn, vill Erfolleg an all Gutts!

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser 

 http://www.wort.lu/de/view/kritisch-und-unabhaengig-aber-nicht-wertelos-527c1d91e4b0a5fc7cc073fc

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Den Här John Howard (Australien) priedegt géint d’Klimarelioun

Den Här John Howard, fréiere Premierminister vun Australien, huet dëss, wéi ech fannen, ganz interessant an intelligent Ried, virgëschter zu London gehalen.

http://en.wikipedia.org/wiki/John_Howard

Den Här Howard seet a klore Wierder dat, wat hei zu Lëtzebuerg (ausser natierlech der ADR) bal kee seet. Mir si jo zu Lëtzebuerg duerch dee gréngen Afloss massiv denk- an initiativgestéiert. A senger Ried ënnersträicht hien ënner anerem d’Wichtegkeet vum Schiefergas, enger Energieform, déi net nëmmen e positiven Afloss op d’CO2-Bilanz huet, souwäit déi iwwerhaapt soll wichteg sinn, mee och nach déi energiepolitesch Onofhängekeet vum Westen ka fir eng Zäit sëcheren.

Fir eis wär et wichteg vun dem Kyoto-Protokoll an ähnlechen Instrumenter sou séier wéi méiglech wech ze kommen fir eng energiepolitesch vernënfteg a finanziell drobar Politik ze entwéckelen. Mir sollten och weider Recherchen am Fracking encouragéieren an der Hoffnung eng méiglechst propper a sëcher Methoud ze kréien fir de Schiefergas kënnen enges Daags ze förderen. A mir sollten als Europäer weider am Beräich vun der Nuklearfusioun fuerschen. An hirem Walprogramm huet sech meng Partei awer géint déi aktuell Technologie vun der Nuklearfissioun ausgeschwat.

 http://www.thegwpf.org/john-howard-religion/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Feministesch Barbarei: Däerf Kino nach Konscht sinn?

Wee mengt Feministinnen géngen an de Kino goen fir d’Aesthetik vun engem Film ze genéissen, seng Aussoen ze stodéieren, sech vu sénger Romantik verféieren ze loossen, vu Spannung an Opreegung ze zidderen, sech Gedanken iwwer d’Leechtung vun de Schauspiller oder vum Regisseur ze maachen, den huet ganz einfach Onrecht. Feministinnen ginn an de Kino mat enger Stoppauer, engem Recheschieber fir kënne bis zwee ze zielen an engem Tounband.

Bis lo wor mir nach net kloer wat an enger „Ladies‘ night“ am Kino sou alles geschitt. Et gouf zwar Rumeuren iwwer Lesbenowender, déi een natierlech net däerf gleewen an déi ech och entsat vu mir weisen,  mee d’Wouerecht wor bis well nach nët bekannt. 

Abee, et gëtt do vu fläissege Feministinnen gezielt wéivill Fraen am Film  wéi laang ze gesi sinn, wéi hiren Image anzeschätzen ass, ob si „stereotyp“ Rollen hunn an iwwer wat si schwätzen an dat alles fir d’Gläichheet an de Filmer kënnen rechnerech ze verifizéieren an duerchzesetzen. An d’Frae musse natierlech och iwwer eppes anecht schwätzen wéi iwwer Männer – iwwer flott Fraen zum Beispill.

De Feminismus wëll sech also och lo an de Konschtformen duerchsetzen. Hu mir och geschwënn eng Zensur fir Biller, Skulpturen an Theaterstécker politesch korrekt ze norméieren? Musse mir d’Operen ëmschreiwen, aus dem Sarastro eng Sarastra bastelen an aus dem Osmin eng Osmina maachen? Huet de Papageno geschwë keng Papagena méi, mee en homosexuelle Partner mat dem ë Kanner adoptéiert? A mussen an Zukunft ëmmer d’Männer d’Fraerollen am Ballet danzen?

De Feminismus ass näicht anecht wéi eng totalitär Ideologie déi wëll eis ganzt Denken aspären an eis Fräiheet zerstéieren fir seng pervers gesellschaftlech Viirstellungen ze imposéieren. 

Déi do Entwécklungen komme natierlech nees aus Schweden. Mee d’Dommheet kennt keng Grenzen a geschwë wäert et eng EU-Direktiv iwwer d’Zerstéierung vun der Filmkonscht ginn. D’ADR stëmmt couragéiert dogéint, an all déi aner dofir. Dat mecht dann 3:57 géint d’Fräiheet vun der Konscht. Brave new world!

http://www.filmstarts.de/nachrichten/18481327.html?utm_source=feedburner&utm_medium=feed&utm_campaign=Feed%3A+fs%2Fnews%2Ffilmnachrichten+(Filmstarts+RSS%3A+movie+news)

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar