Gréng Verdeedegungspolitik

An der Baussen- an Entwécklungspolitik an och soss schwätzen déi Gréng jo sou gär vu Kohärenz. „Déi konservativ Säit“ wëll dowéinst eemol kucken wéi et da parteiintern bei dene Gréngen mat der Kohärenz ausgesäit. Als Beispill hi mir haut – um Dag vum Patronatsfest vun der Arméi – mol d’Verdeedegungspolitik eraus gesicht.

Bei dene Gréngen steet dat hei am Walprogramm:

die berufliche und praktische Ausbildung der Armee-Freiwilligen verbessern  und sie angemessen auf das Berufsleben im Anschluss an ihren Dienst vorbereiten. Die Reform der Armee von 2008 hat die Armee und die Ausbildung der Rekruten zwar auf Auslandseinsätze hin orientiert, dabei ist jedoch die Vorbereitung der Soldaten auf den Übergang zum zivilen Berufsleben vernachlässigt worden. Dies werden wir verbessern;“

Si sinn also jiddefalls mol net fir d’Ofschaafung vun der Arméi.

Déi jonk Gréng denken do anecht: „DJG sind der Meinung dass Luxemburg kein eigenes Militär braucht (…) DJG sind für die Abschaffung der Armee im Sinne einer Umstrukturierung hin zu einem zivilen Corps bestehend aus medizinischem und technischem Hilfspersonal.“ (sou steet et op hirer Spaweckssäit).

Siwe Memberen vun dene jonke Gréngen wore Kandidaten op dene grénge Lëschten fir d’Walen. Fir wéi eng Verdeedegungspolitik sinn si dann an d’Wale gaangen? Fir d’Ofschaafung vun der Arméi oder fir hir Verbesserung?  A wéi eng Politik vertriede si lo? Déi jonk Gréng haten iwwregens och nach en eegene Walprogramm publizéiert, wou awer iwwer d’Arméi näicht gesot gouf.

Sinn déi jonk Gréng da lo fir d’Arméi oder géint d’Arméi? Oder si si just an der Walcampagne fir d’Arméi a soss géint d’Arméi? Affaire à suivre… 

Veröffentlicht unter Allgemein | 5 Kommentare

„Een vun ons“ – Lëtzebuerg huet säin Ennerschrëfteminimum erreecht!

Fir eemol däerfe mir Lëtzebuerger och mol nees richteg houfreg sinn! Mir hunn eise Quorum fir de Schutz vum Liewen bei där europäescher Petitioun „One of us“ erfëllt!

http://www.oneofus.eu/the-european-citizens-initiative-one-of-us-has-surpassed-1-500-000-signatures-17-countries-has-reached-have-reached-the-minimum-quota/

Hei nach eemol wourëms et geet:

Was ist das wichtigste Ziel der Europäischen Bürgerininitiative EINER VON UNS?

 Wir wollen erreichen, dass die EU sich an ihr eigenes Recht hält und die Finanzierung sämtlicher Aktivitäten beendet, welche zur Tötung menschlicher Embryonen führen. Dies betrifft verschiedene Politikbereiche der EU, darunter Forschung, Entwicklungspolitik und das öffentliche Gesundheitswesen. Wir fordern konkret den Stopp von EU-Geldern
  • für Forschung mit embryonalen Stammzellen und des Klonens sowie
  • für Abtreibung als Mittel der Bevölkerungskontrolle und der Familienplanung unter dem wohlklingenden Begriff der »sexuellen und reproduktiven Gesundheit« im öffentlichen Gesundheitswesen und in der Entwicklungshilfe“

Jiddereen den do ënnerschriwwen huet, huet eppes immens Wäertvolles gemaach. Vun dëser Plaatz aus och e ganz häerzleche Merci un d’Associatioun „Pour la vie naissante“ an hirem President dem Här André Grosbusch, wéi och der Madame Marie-Josée Frank.

Ouni hiren Asaz wär dësst formidabelt Resultat net méiglech gewiescht!

Och alle Leit e grousse Merci, déi d’Petitioun vun dësem Blog aus ënnerschriwwen hunn.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Fanpost vun dene jonke Gréngen

„Déi konservativ Säit“ krut haut Post vun dene jonke Gréngen. Dofir en häerzleche Merci!

Si huelen an hirem Bréif Bezuch op den Artikel „Méi Gréng, manner Verantwortung“, den hinnen anscheinend besonnesch gutt gefall huet. Ech muss also wahrscheinlech nach méi dacks op déi Gréng an hir  politesch Iddien agoen.

Ech hat an dem Artikel ënner anerem d’Vulgaritéit, d’Verantwortungslosegkeet an den Egoismus an dene grénge Campagnen kritiséiert.

Si schreiwen doroppshin:

„(…) Wir wollen uns vom Schubladendenken verabschieden und unser Leben und unsere Sexualität selbst in die Hand nehmen! Dafür brauchen wir keine Anleitung oder Vorgaben aus dem konservativen Lager, denn wir wissen selbst, was wir wollen und was gut für uns ist!

(…)

klitorale Grüsse aus dem tiefsten Loch in  Luxemburg,

déi jonk Gréng“

Léif jonk Gréng,

Dir hutt mech iwwerzeegt! Bis elo hat ech geduecht, Dir wärt an Aeren Aussoe primitiv a vulgär, mee bei sou vill vornehmer Eloquenz, Eleganz an Distinctioun muss ech mäin Uerteel natierlech corrigéieren. Aer dichterech Qualitéiten stinn denen vu dene Gréissten an näicht no!

Et freet mech besonnesch, datt Aer Partei lo Regierungsverantwortung kritt.  Ech huelen un, datt och geschwënn déi offiziell Bréiwer sou geblimmelt a plastesch ënnerschriwwe ginn, wéi Dir dat hei virgezeechent hutt.

Da bis geschwënn, op dëser Plaz!

Mat konservative Gréiss,

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Wëllen d’Sozialisten well datt d’Kierchen Europapolitik maachen?

D‚tageblatt mecht sech lo scho Suergen em d’Europawalen.

An  engem Artikel dee mat „AFP/tageblatt.lu“ ënnerschriwwen ass,   http://www.tageblatt.lu/nachrichten/story/18705818,  gëtt festgestallt:  “ Denn überall in Europa gewinnen euroskeptische oder gar europafeindliche Parteien an Zulauf:“ Dat ass jo wierklech keng Iwwerraschung, well et ass nun eemol eng Tatsaach, datt ëmmer méi Leit an Europa ës mat där aktueller Europapolitik méi wéi genuch hunn a sech nees méi nationalstaatlech Kompetenzen wënschen. 

Interessant ass awer, datt grad e ganz lénken SPD-Politiker wéi den Här Jo Leinen, http://de.wikipedia.org/wiki/Jo_Leinen,  gär hätt, datt d’Kierchen sech sollen amëschen fir eng „europäesch Front“ ze maachen:

Auch gesellschaftliche Kräfte wie Gewerkschaften, Kirchen und Teile der Zivilgesellschaft müssten vor der Wahl für Europa mobil machen: „Was wir brauchen, ist eine europäische Front“.“

Engersäits hätten d’Sozialisten also gär eng Trennung vu Kierch a Staat, anerersäits hätte si gär datt d’Kierchen eng Politik maachen déi hir politesch Ziler ënnerstëtzt. Dat ass weder konsequent, nach weist et Respekt virun de Kierchen, déi jo hei just zu Handlanger vun der sozialistescher Europapolitik sollen ernannt ginn. 

De Kierchen kann et awer am Prinzip egal sinn, wéi eng europäesch Institutioun oder wéi e Staat wat genee ze soen huet. Wat d’Kierchen awer onbedéngt misst interesséieren, ass dat Europa nees chrëschtlech gëtt, datt eis jüdesch-chrëschtlech Zivilisatioun nees kann opbléien, an datt eng Kultur vum Liewen déi lénk Kultur vum Dout ersetzt.

Lénksparteien kënne keng politesch Alliéierter vun de Kierche sinn. Sie hetzen dach dauernd géint d’Kierchen, géint d’Reliounen a géint d’Priister! Si wëllen dach an hirem federalen Europa eng Politik maachen, déi de geneeë Géigendéil vun dem ass wat d’Kierche sech misste wënschen. Sozialisten, Grénger a Liberaler sti fir  Homo-Bestietnis, Gender-Politik, Ofdreiwung, Euthanasie, Verbuet vum Reliounsunterrecht a sou weider!

Wéi sot den däitsche grénge Politiker Cem Oezdemir dach nach sou schéin?   Eng jüdesch-chrëschtlech Kultur gëtt et iwwerhaapt net! Wéi kënne sou Leit  dann op eemol wëllem Alliéierter vun de Kierche sinn?

 http://www.medrum.de/content/gruenen-chef-cem-oezdemir-christlich-abendlaendische-kultur-existiert-nicht

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Därf een Delikter provozéieren?

Op wort.lu steet am Abléck en Artikel zum Thema sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjähregen:

http://www.wort.lu/de/view/virtueller-lockvogel-tausende-paedophile-beissen-bei-sweetie-an-5278ec7ce4b0a5fc7cc06f64

Terre des Hommes Holland huet e Computermodell benotzt fir potentiell Pädophiler unzelackelen. Well d’Wort dat net weider kommentéiert huet, well ech awer hei op d’Bedenklechkeet vu sou Methouden hiweisen.

Engersäits ass et jo moralesch gutt, fir sou Delikter ze bekämpfen an d’Kanner viru Mëssbrauch ze schützen. Mee a mengen An kann een net all Methoud gutt heeschen fir dat Zil ze erreechen. Der Zweck heiligt nicht die Mittel, wann een de Rechtsstaat nach wëll eecht huelen.

Ech erënneren hei un déi Debatt rondrëm déi Emissioun „Tatort Internet“ vun RTL 2. Deemools hate sech Journalisten eng falsch Identitéit ginn, fir potentiell Pädophiler unzelackelen. Hei ass en Artikel vu Wikipedia den och op déi Kritik géint sou Emissiounen ageet:   

http://de.wikipedia.org/wiki/Tatort_Internet

Auszuch:

Die Bundesjustizministerin Sabine Leutheusser-Schnarrenberger mahnte zur Zurückhaltung und warnte davor, dass der Rechtsstaat in eine Schieflage geraten könne.[35] Als frühere und designierte Vorsitzende der Kinderkommission des Deutschen Bundestages äußerte sich auch die Bundestagsabgeordnete Marlene Rupprecht. Sie bezeichnete „Tatort Internet“ als rechtsstaatlich bedenklich und erklärte, die Sendung provoziere Straftaten und gehöre verboten.[36]

Auch der Umgang mit den Opfern pädosexueller Straftaten wurde kritisiert. So wurde in der ersten Folge das Schicksal einer 12-Jährigen, die von einem älteren Mann missbraucht worden war, in seinen Einzelheiten dargestellt und szenisch nachgespielt. Wobei es dem Opfer, das nicht anonymisiert wurde, sichtlich schwerfiel, über das Geschehene zu berichten.[37] Drei Kinderschutzvereinigungen distanzierten sich von der Sendung. Diese stärke Vorurteile und leiste keinen Beitrag zum Kinderschutz.[38]“ „

Aehnleches gëtt och fir sou kontroverséiert Methoden wéi den „Testing“, wou Leit bewosst a Situatioune bruecht ginn, an denen hinnen eventuell kéint en diskriminéierend Verhale reprochéiert ginn.  

Ech plädéiere jiddefalls dofir, bei der Wiel  vun den investigative Methouden an engem Rechtsstaat op d’mannst genee sou héig moralesch Critèren u sech selwer ze leeën, wéi un den, dem säi Verhalen ee wëll hannerfroen.

Aktualiséierung (7.11.13):

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/welt/story/14613265

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Mat wéivill Stëmmen kritt een dat federalt Europa fortgespullt?

D’EU-Kommissioun huet der Wëssenschaft alt nees e groussen Déngscht geleescht. Hir Etude iwwer d’Toiletten ass ee vun hire bis elo fundamentalste Bäiträg fir eng ëmmer méi no Unioun tëschent den europäesche Vëlker, sou wéi d’Traitéën et virgesinn. 

http://deutsche-wirtschafts-nachrichten.de/2013/10/29/nach-urin-studien-eu-will-klo-spuelungen-regulieren/

D’Lächerlechkeet vun dem aktuellen Europa brauch jiddefalls net nach extra wëssenschaftlech ënnersicht ze ginn, si ass einfach evident. Vun den elektresche Biren, iwwer d’Stëpssuckler bis hin zum „Urinéierverhalen“ vun eis einfache Bierger, d’Kommissioun wees wou d’Prioritéite leien a wéi ee muss déi méi kleng oder och méi grouss Problemer ugoen.  

De 25. Mee si jo Europawalen. Wen d’ADR wielt, huet déi eemoleg Geleeënheet fir mat senge sechs Stëmmen, dat do Europa fortzespullen – ganz ekologesch an ouni Waasserverbrauch. Mir brauche nämlech manner Europa  a virun allem och en anert Europa.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Niedersachsen: Partizipatioun ouni Integratioun

Wouhinn et féiert wann ee lénks wielt, dat ginn elo d’Leit aus Niedersachse gewuer. Hir Ministech fir Sozialfroen, d’Madame Cornelia Rundt, huet erklärt dat d’Regierung vum Land wéilt de Begrëff „Integratioun“ duerch „dee selbstverständlechen Usproch op Mathunn a Partizipatioun“ ersetzen (den selbstverständlichen Anspruch auf Teilhabe und Partizipation).

 http://www.nwzonline.de/cloppenburg/politik/zuwanderung-wird-um-zehn-prozent-steigen_a_9,4,1596776842.html

Et därf een sech schonn dropp freeën, wat déi lëtzebuergesch Lénkskoalitioun lo alles proposéiert fir eis lëtzebuerger Kultur an Identitéit am Multi-Kulti -Bräi opzeléisen.

Ech muss allerdéngs dobäi soen, datt och d’CSV an dene leschten, gefillten 600 Joer wou si un der Muecht wor, net vill fir eis eege Kultur gemaach huet. Och si ass eng multi-kulti- federaleuropäesch Partei, där un enger  lëtzebuergescher Identitéit net vill läit.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Dossier Snowden: si mir amgaang de Norden ze verléieren?

No dem Här Ströbele sengem Ausfluch a Russland, huet d’Affär Snowden alt nees  u Potential gewonnen fir déi transatlantesch Relatiounen ze vergëften.

Déi Gréng an all déi aner Lénk gesinn doranner eng Méiglechkeet d’NATO auszehiewelen, Europa an d’USA auserneeen ze dividéieren an Däitschland an d’Roll vun engem europäesche Mëttelstaat mat isolationnistescher Tendenz ze féieren.

Eis russesch Frënn musse préifen wéi wäit si hir Relatioun mat Washington kënne belaaschten. Zum Deel decke sech hir Interessen mat denen vun  de west-europäesche Lénksparteien, wéinstens souwäit et ëm eng Divisioun tëschent Amerika a Westeuropa geet.  Vläicht wäre si och einfach nëmme frou fir dem Här Snowden lass ze ginn.  

http://www.itar-tass.com/en/c39/938434.html

Doniewent gëtt lo een europäesche Staat géint den aneren ausgespillt. All Form vun elektronescher Opklärung, och wann se zënter Joere bekannt ass, gëtt lo mediatiséiert an instrumentaliséiert.  Iwwerdeems d’Madame Reding vun engem europäesche Geheimdéngscht fuebelt, wiist d’Mësstrauen tëschent eise Länner all Daag.

Alles dat wéinst engem Här, dee Geheimnisser vu séngem Land verroden huet an dowéinst an den USA wéinst Spionage ugeklot gouf.  Dee Schued den duerch dëss Affàr entsteet ass leider immens grouss.

Ech mengen, datt d’Politiker vun der NATO sech an dëser Situatioun sollten zësumme setzen fir d’Vertrauen an den transatlantesche Relatiounen nei opliewen ze loossen. Mir hunn awer leider eng eklatant Féierungsschwächt zu Washington, wou den Här Obama spéitstens zënter der Syrie-Kris an dem „Government shutdown“ weider staark u Kraaft an Afloss verluer huet. A mir hunn an Europa eng Situatioun wou Amerika op eng irrational Manéier verdäiwelt gëtt a wou ouni all Objektivitéit a Mooss iwwer déi Spionagegeschichten geuerteelt gëtt.

Eis Sëcherheet verlaangt souwuel e staarkt a belaaschtbart transatlantesch Verhältnis am Kader vun der NATO wéi och eng systematesch elektronesch Opklärung. Dat sinn d’Prioritéiten. Den Här Snowden zu engem Star oder engem Held ze maachen ass a mengen An eng vollkomme Verkennung vun eise strategeschen Interessien an eng onverantwortlech Banaliséierung vun där Onsëcherheet an déi mir amgaange sinn eran ze rutschen. Solle mir lo all Verréider vu Geheimnisser als Held feieren? Wéivill där Affäre Snowden kréie mir da nach? A wee profitéiert schlussendlech vun dëser Situatioun? Net eis Biergerrechter, net eis Demokratie, mee all déi, déi sech iwwer eis ëmmer méi grouss Schwächt freeë fir eis kënnen ze schueden.

http://www.spiegel.de/spiegel/prominente-fordern-asyl-fuer-edward-snowden-a-931877.html

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Respektéiert de „Centre pour l’égalité de traitement“ nach d’Gesetz?

Am Gesetz iwwer de Centre pour l’égalité de traitement (CET) si seng Missiounen genee beschriwwen: 

http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2006/0207/a207.pdf

 „Art. 9.

 Le Centre, qui exerce ses missions en toute indépendance, a pour objet de promouvoir, d’analyser et de surveiller l’égalité de traitement entre toutes les personnes sans discrimination fondée sur la race, l’origine ethnique, le sexe, la religion ou les convictions, l’handicap et l’âge.“

Dat Gesetz – dat ech iwwregens an e puer vu sengen Dispositiounen fir iwwerzunn an heiansdo och fir geféierlech fir eise Rechtsstaat halen – bezitt sech awer korrekterweis op d’Rechter vu Persounen.  Mënscherechter sinn u Persounen gebonnen a net u Gruppen. Bei Gruppe muss gepréift ginn wéi et em déi konkret an individuell Rechter vun de Persoune steet, déi sou e Grupp formen. 

Den CET huet lo en Avis iwwer d’Reconnaissance vum „culte musulman“ erausginn.

http://cet.lu/wp-content/uploads/2013/11/Reconnaissance-culte-musulman-10.2013.pdf

Dat läit menger Meenung no net a sengem Kompetenzberäich. Den CET ka préifen op eenzel Muslimen diskriminéiert sinn, e kann awer keng  allgeméng Fuerderungen fir Gruppen erhiewen oder sech zum Affekot vu politesche Fuerderungen vun Associatioune maachen. Dat betrëfft och d’Konventionnéierung oder net vu reliéise Communautéiten.

Den Artikel 10 beschreift d’Handlungsméiglechkeete vum CET:

Art. 10.

 Dans l’exercice de sa mission, le Centre peut notamment:

– publier des rapports, émettre des avis ainsi que des recommandations et conduire des études sur toutes les questions liées aux discriminations visées à l’article 18;

 – produire et fournir toute information et toute documentation utiles dans le cadre de sa mission;

 – apporter une aide aux personnes qui s’estiment victimes d’une discrimination visée à l’article 18 en mettant à leur disposition un service de conseil et d’orientation visant à informer les victimes sur leurs droits individuels, la législation, la jurisprudence et les moyens de faire valoir leurs droits.“

woubäi den Artikel 18 sech op d’Aarbechtsrecht bezitt.

Ech gi mol dovun aus, datt de CET mat dësem Avis seng Kompetenzen iwwerschratt huet.  

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Chrëschtkiermes

Lo kënnt also geschwënn nees d’Saison vun der „Christmas Parade“ an dem „Weihnachtsmarkt new look“ inklusiv Riserad. 

http://www.wort.lu/de/view/riesenrad-die-zweite-5278ea47e4b0c9544cdea7ba

Virun bal engem Joer hat ech mech schonn op dëser Plaatz iwwer sou Entwécklungen opgereegt, déi zu eisen Traditiounen an dem Sënn vu Chrëschtdag iwwerhaapt kee Bezuch hunn. (Artikel : Ho, ho, ho! oder wéi mecht een eng Kultur futti?). 

Chrëschtdag ass nach ëmmer e reliéist, chrëschtlecht Fest och wann eis liberal an aner Kierchenhaasser doraus wëllen eng Kiermes maachen. 

Ech hoffe mol, datt eis Geschäftsleit ë bëssche Verantwortung weisen an aus dem Chrëschtkëndchen dësst Joer kee „Santa Claus“ maachen.

Ech hoffen, datt keen op déi Iddi kënnt aus Grënn vun der politescher Korrektheet den Housécker wäiss an de Kleeschen schwaarz unzesträichen.

Ech hoffen, datt eis Geschäftsleit wëssen, datt de Kleeschen de 6. Dezember zréck an den Himmel geet, an datt en dowéinst net nach de 9. Dezember an dat Geschäft X oder Y ka kommen.

Ech wärt mol jiddefalls all dene Geschäfter hei Merci soen, déi eis Traditiounen duerch hir topech Reklamme mat Féiss trëppelen. Si brauche mech jo net ze wielen.

Aktualiséierung (6.11.13):

Et gëtt awer och nach gutt Neiegkeeten!

http://news.rtl.lu/news/national//484112.html

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar